-
50
Wéi gesäit et mam Waasser aus?
Drénken déi Jugendlech vill Waasser? An éischter aus der Fläsch oder dach Waasser aus dem Krunn? De Simon Larosche war mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
-
49
Wat soll mam Timmy geschéien?
Zënter Wochen hänkt de Wal Timmy an der Ostsee fest a kënnt net méi fort. Vill Fräiwëlleger probéieren zanterdeem him ze hëllefen. Mee wéi ass et mat de Jugendlechen, hu si dat iwwerhaapt matkritt a wéi enger Meenung si si? Sollt een dem Wal hëllefen oder soll een der Natur léiwer fräie Laf loossen?
-
48
K-Pop
Déi südkoreanesch Popmusek gëtt ëmmer méi beléift. Och hei zu Lëtzebuerg? De Simon Larosche wollt vun de Jugendleche wëssen, ob si dës Musek lauschteren oder och Fan vun der Kultur ronderëm sinn.
-
47
Wéi fillt ee sech, Wochen nom 16. Gebuertsdag?
An engem viregten Episod hat sech de Simon Larosche d'Fro gestallt, wat sech alles mat dem 16. Gebuertsdag ännert. Dës Woch wollt hie wëssen, wéi ee sech dann elo e puer Wochen no dësem wichtege Gebuertsdag fillt?
-
46
Et geet an de Gaart
Wat halen déi Jugendlech vu Gäert an hëllefen si och am Gaart? Oder ginn se léiwer an d'Gréngt fir ze entspanen? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
45
Ramadan
De Faaschtemount vun de Muslimen ass nach bis den 19.03 um gaangen. Dofir wollt de Simon Larosche vun de Jugendleche gewuer ginn, wat si driwwer wëssen oder ob si och selwer matmaachen.
-
44
D'Situatioun am Noen Osten
Wat wëssen déi Jonk iwwer den aktuelle Krich an der Regioun? Wat sinn d'Grënn a wien ass iwwerhaapt dru bedeelegt? De Simon Larosche war ënnerwee an huet bei de Jugendlechen nogefrot.
-
43
Internationalen Weltfraendag
Wat soen déi Jugendlech zum Weltfraendag a gi si op d'Marche Féministe, déi op dësem Dag organiséiert gëtt. A wat sinn och hir weiblech Virbiller? De Simon Larosche huet sech nees mam Mikro op de Wee gemaach an nogefrot.
-
42
Roboter am Stot?
Verschidde Firmen hunn ugekënnegt, datt se 2026 Roboteren op de Marché wëlle bréngen, déi am Stot hëllefe kënnen. Wéi fannen déi Jugendlech déi Iddi? Wier dat eppes, wat si géifen notzen oder gesi si do och Problemer? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
41
Wat ännert mam 16. Gebuertsdag?
Grad wann ee Jonk ass, ginn et eng ganz Partie Gebuertsdeeg, déi Saachen änneren. Et dierf een dann zum Beispill Saache maachen, déi ee virdrun net huet dierfen. De 16. Gebuertsdag ass esou eng wichteg Etapp. Wéi fillt ee sech dann no dësem groussen Dag? De Simon Larosche wollt dat wëssen.
-
40
Weltradiodag
Den 13. Februar ass de Weltradiodag. An deem Kontext ass de Simon Larosche lassgaangen an huet mat de Jugendlechen doriwwer geschwat, ob si Radio lauschteren a wa jo, wéi?
-
39
Genderneutral Toiletten
En Theema iwwert dat an der lescht vill geschwat gouf. Mee wat soen déi Jugendlech dozou? Halen si dat fir eng gutt Iddi? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
38
Ginn déi Jonk nach an de Kino?
A wa jo, wéini a fir wéi eng Aart vu Filmer? De Simon Larosche huet bei de Jugendlechen nogefrot. A wat si Snacks, déi dobäi net feelen dierfen?
-
37
25 Joer Wikipedia
25 Joer feiert mëttlerweil schonn d‘Internet-Enzeklopedie Wikipedia. Well awer ëmmer méi Leit hir Infoen duerch eng kënschtlech Intelligenz raussiche loossen, ass den Traffik op der Säit ëm e gutt Stéck erofgaangen. Mee wéi ass et bei de Jugendlechen. Ginn si nach vill op Wikipedia? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
36
Ob wat freeë sech déi Jonk dëst Joer?
Wéi hunn déi Jugendlech déi éischt Woche vum Joer 2026 erlieft an ob wat freeë si sech dëst Joer? De Simon Larosche war mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
-
35
Chrëschtmäert
Eppes, wat mëttlerweil fir vill Leit fest an d'Chrëschtzäit gehéiert, sinn d'Chrëschtmäert. Mee wéi bei allem ginn déi ëmmer méi deier. Wéi gesinn déi Jugendlech dat, kënne si sech op deene Mäert iwwerhaapt nach eppes leeschten? De Simon Larosche war nees mam Mikro ënnerwee.
-
34
Social-Media-Verbuet an Australien
Vum 10. Dezember un dierfe Kanner a Jugendlecher ënner 16 Joer an Australie keng Sozial Medie méi notzen. Wat soen déi Lëtzebuerger Jugendlech dozou? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
33
Sproochen an de Schoulen
Muer (03.12.) gëtt an der Chamber de Projet de Loi iwwer d’Alphabetiséierung op Franséisch gestëmmt. Sollt deen ugeholl ginn, besteet an Zukunft d‘Méiglechkeet, datt d’Kanner schonn am éischte Schouljoer op Franséisch schreiwen a liese léieren, am Plaz vum Däitschen. Fir den Ey Gars wollt de Simon Larosche vun de Jugendleche wëssen, wéi et da mat de Sproochecoursen am Secondaire ass.
-
32
Hausaufgaben
Viru Kuerzem hate sech Eltere beschwéiert, datt d'Kanner ze vill Hausaufgaben an der Primärschoul hätten. Mee wéi ass et am Lycée? De Simon Larosche huet mat de Jugendlechen doriwwer geschwat.
-
31
Klimawandel
Et gëtt vill iwwer de Klimawandel geschwat. Mee geschitt och genuch fir eppes dogéint ze maachen? De Simon Larosche huet bei de Jugendlechen nogefrot.
-
30
Gesellschaftsspiller
Spillen déi Jonk iwwerhaapt nach Briet- oder Kaartespiller? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
29
D'Grippesaison
Gefillt ass jiddereen aktuell krank oder op d'mannst gesondheetlech ugeschloen. Wéi ass et mat de Jugendlechen? Wéi komme si duerch dës Zäit? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
28
Allerhellegen
Traditionell deen Dag, op deem ee bei d’Graf vun de verstuerwenen Familljen-Membere geet. Wat halen déi Jugendlech vun dëser Traditioun a maachen si dat nach? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
27
-
26
-
25
KI a Chatbots
Déi Kënschtlech Intelligenz ass ëmmer méi present, och an der Schoul. Wéi kucken déi Jugendlech op des Entwécklung? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
24
Vapen
Déi ginn ënner de Jugendlechen ëmmer méi populär. Mee wéi vill wësse si iwwerhaapt doriwwer.
-
23
Den Trounwiessel
Lëtzebuerg kritt en neie Grand-Duc. Ass dat en Event, dat déi Jonk interesséiert a wëssen déi jonk iwwerhaapt, wéi eisen neie Grand-Duc heescht? De Simon Larosche war nees mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
-
22
En Israel-Boykott?
Aktuell gëtt doriwwer diskutéiert, ob een israeelesch Museker:innen oder Sportler:innen net méi invitéiere soll wéinst dem Konflikt an der Gazasträif. De Simon Larosche huet bei de Jonken nogefrot, wat si dovunner halen.
-
21
Labubu
Deene klenge Figure kënnt een aktuell net aus dem Wee. No der Rentrée wollt de Simon Larosche vun de Jonke wëssen, wat si vun deem Trend halen.
-
20
Insekten am Summer
Summer bedeit net nëmme waarm Temperaturen, Plage a flott Aktivitéiten dobaussen, mee och Insekten, wéi Harespelen, déi een nerven. Wéi kann een sech virun deene schützen? De Simon Larosche huet bei de Jonken nogefrot.
-
19
Ofkillung
Aktuell ass et richteg waarm, do ass et eng gutt Iddi sech ofzekillen. Mee wéi? Dat huet de Simon Larosche bei de Jugendlechen nogefrot.
-
18
Nationalfeierdag
Den 23.06. an um Virowend gëtt nees de Lëtzebuerger Nationalfeierdag gefeiert. Mee wat bedeit dësen Dag de Jugendlechen? De Simon Larosche war mam Mikro ënnerwee an huet nogefrot.
-
17
Archiven
Wéi stelle sech Jugendlecher d'Aarbecht an engem Archiv vir? Wësse si iwwerhaapt, wat alles an engem Archiv geschitt? Am Kader vum Mois des archives huet de Simon Larosche nogefrot.
-
16
Uebst iessen
Uebst ass gesond. Mee iessen déi Jonk dann och nach Uebst a wéi vill? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
15
Handyverbuet
Vum 2. Juni u gëllen och an de Lycéeë méi streng Reegele fir den Ëmgang mat Smartphonen an der Schoul. Déi genee Ëmsetzung bleift de Lycéeë selwer iwwerlooss, mee eng Grondreegel ass verflichtend. Wärend dem Unterrecht muss eng physesch Distanz tëschent Handyen a Schüler garantéiert ginn. Mee kucken déi jonk do drop? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
14
De Vëlo
Fuere Jonker nach mam Vëlo, a fillen si sech dee Moment sécher? An hunn si selwer e Vëlo oder léinen se sech éischter e vel'OH aus? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
13
Neie Poopst
"Habemus Papam" huet et lescht Woch geheescht, mir hunn en neie Poopst. Mee wéi gesinn déi Jonk dat? Interesséiert si dat iwwerhaapt? De Simon Larosche wollt dat erausfannen.
-
12
Emojien
Wann ee mat anere Mënschen iwwer déi verschidde Messenger-Déngschter kommunizéiert, da gehéieren d'Emojie fest dozou. Mee ass dat och bei de Jonken esou? Benotzen déi Jonk Emojien an hire Message a wa jo, wéi eng? De Simon Larosche wollt dat wëssen a war nees mam Mikro ënnerwee.
-
11
Hausdéieren
Hunn déi Jonk Hausdéieren a wéi eng Bedeitung hu se? De Simon Larosche wollt dat gewuer ginn a war nees mam Mikro ënnerwee.
-
10
Serientipps
Elo an der Vakanz huet ee jo méi Zäit, zum Beispill fir Serien ze kucken. Mee wéi eng? De Simon Larosche wollt vun de Jonke wëssen, wat si da grad kucken oder wat si recommandéiere kënnen.
-
9
Ouschtervakanz
D'Schüler:innen hunn elo an der Vakanz fräi. Wat maachen si elo déi nächst zwou Wochen? An wat bedeit hinnen eigentlech Ouschteren? Dat huet de Simon Larosche bei de Jugendlechen nogefrot.
-
8
Zäitëmstellung
De Weekend sinn d'Auere vun der Wanter- op d'Summerzäit gestallt ginn. Hunn déi Jonk dat matkritt a wat hale si dovunner? De Simon Larosche huet nogefrot.
-
7
5 Joer Corona-Pandemie
5 Joer ass den Ufank vun der Corona-Pandemie elo hier, eng Zäit, déi duerch ongewinnte Restriktiounen, Verbueter a Reegele gepräägt war. Mee wéi hunn d’Schüler:innen d’Pandemie deemools erlieft? De Simon Larosche war nees ënnerwee an huet nogefrot.
-
6
Militärdéngscht an Arméi
Wéi d'Regierung matgedeelt huet, sollen d'Investitiounen an d'Verteidegung an den nächste Joren an d'Luucht goen. Wéi gesinn déi Jonk dës Entwécklung a wieren si selwer dozou bereet an d'Arméi ze goen? Dat wollt de Simon Larosche wëssen.
-
5
Elon Musk
E Personnage, dee scho méi laang polariséiert. An elo nach eemol méi, mat senger Roll an der amerikanescher Politik. Mee wéi kucken déi Jonk op hien, a wat hale si vun him? De Simon Larosche war nees ënnerwee an huet nogefrot.
-
4
Méi Sport am Lycée?
Den Educatiounsminister Claude Meisch huet en neit Konzept virgestallt, nodeem an Zukunft eng drëtt Sportsstonn am Lycée soll bäikommen. Wat halen déi Jonk dovunner? Fanne si dat eng gutt Iddi?
-
3
Fuesent
Mir sinn aktuell matten an der Fueszäit. Eng Zäit, iwwer déi d'Meenungen ausernee ginn. Déi eng verkleeden sech ganz gären, anerer kënnen domadder näischt ufänken. Mee wéi gesinn dat déi Jonk, a wéi sti si zu Fuesent? De Simon Larosche war nees ënnerwee an huet nogefrot.
-
2
Carrington
Dës Woch geet et nees an d'Welt vun den Influencer. Well de Simon Larosche wollt wëssen, wien eigentlech den Influencer Carrington ass, a wat hien esou op de soziale Medie mécht.
-
1
Buddha Blue
Dat ass den Numm vun enger neiaarteger Drog, vereinfacht gesot, syntheetesche Cannabis. Eng Drog, déi een an eng elektronesch Zigarett maache kann an doduercher och virun allem Jugendlecher viséiert. Hunn déi Jonk schonn dovunner héieren, oder et souguer schonn ausprobéiert? De Simon Larosche huet nogefrot.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
Loading similar podcasts...