just now
Recht an Onrecht, differenzéiert gekuckt, ginn z’erkennen, wat ëmmer scho sozial relevant war: Et geet net duer, nëmmen ze mengen, ‘t wier een am “Recht”. Wat ass Recht? Wouhier kënnt et? Wat fir eng Interesse stiechen hannendrun? Wat heescht Recht resp. “gerecht” a Gerechtegkeet? Setze mer eis historesch mat de Grondfroe vu Recht an Onrecht, souwéi dësen hirer Praxisauserneen, stelle mer permanent Changementer an Deviatioune fest.Mënschen hu sech zënter ëmmer ënnert Recht, Justiz a Gesetzer Verschiddenes virgestallt, och Géigesätzleches. Wat deenen engen als Recht gegollt huet, war deenen Aneren Onrecht. Dës Serie leet dohier d’Varietéit vum Recht aus rechtshistorescher Perspektiv duer, fir datt ee Recht an Onrecht an der Gesellschaft aus der geschichtlecher Dimensioun eraus an d’Liicht vun haut hiewe kann. Natierlech kënne mer sou och eist vergaangent Geschichtsbild veränneren a revidéieren, souwéi besser verstoe léieren, firwat Geschicht - Geschicht vu Recht an Onrecht an dësem F
lb
04/13/2021 04:13:20
radio 100,7
society
Comments (0) -