PODCAST · comedy
Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg
by Joël Adami
Angscht a Schrecken ass dat Gefill, wat ech kréien, wann ech un Lëtzebuerg denken. Et fehlt am Grand-Duché u villem, an engt dovunner ass politeschen Commentaire, deen lénks ass ouni parteipolitesch ze sinn an mam Fanger an déi Wonnen piddelen geet, op déi d'Lëtzebuerger*innen gären eng déck Plooschter géife pechen. Dat lei ass de Versuch, dëst Lach ze fëllen.
-
197
Angscht a Schrecken am Paradäis
Wisou reegt sech eigentlech keen op?
-
196
Doubel sou grouss wéi Lëtzebuerg
Een Äisbierg duebel sou grouss wéi Lëtzebuerg brécht vum Südpol of – et gëtt Zäit, datt mir iwwert de Klimawandel schwätzen.
-
195
Angscht a Schrecke mam Tour de France
Wisou den Tour de France zu Lëtzebuerg just de groussen Nationbranding-Trick ass a wisou den Tour de France dofir awer keng gutt Iddi ass.
-
194
Angscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen, Deel 3
"D'Lëtzeboia" sinn erëm lass …
-
193
Angscht a Schrecke mam Noutstand
Wisou de néien Verfassungsartikel zum Noutstand geféierlech an ineffektiv ass.
-
192
Keng Angscht a kee Schrecke mat der Atombomm
Wisou Lëtzebuerg ganz dringend eng Atombomm brauch.
-
191
Angscht a Schrecke mam Donald
iwwert den Ëmgang mam Donald Trump zu Lëtzebuerg an Europa
-
190
Angscht a Schrecken mat der Loftqualitéit
Ass d‘Loftqualitéit dann elo zu Lëtzebuerg esou schlëmm, datt mir eis net méi virun d‘Dir traue sollten?
-
189
Déi, déi eis Misär maachen
D'Regierungspolitiker*innen fëschen um rietsen Bord …
-
188
Angscht a Schrecken am Joer 2016
een Réckbléck op 2016
-
187
An d‘Krichsgebitt Afghanistan expulséiert?
Wisou ginn Refugees an den Afghanistan zeréckgeschéckt, wann do ëmmer nach Krich ass?
-
186
Angscht a Schrecke mat der Police op twitter
D'Police mécht een social media-Dag op twitter. Wat léiere mir dorausser iwwert d'Police? An wat iwwer Geessen?
-
185
Angscht a Schrecken mam Ofdreiwungsverbuet a Polen
Wou sinn déi selwerernannten Fraerechtler, wann et ëm d‘Ofdreiwungsverbuet a Polen geet?
-
184
Angscht a Schrecken mat der Jugendfeindlechkeet
D'Jugendfeindlechkeet zu Lëtzebuerg ass zimlech grouss, dat wéisst net nëmmen d'Police, déi "du Kallef" fir e gudden Ëmgangstoun mat Jonken hält.
-
183
Laurent Mosar, du Terrorist!
De Laurent Mosar hetzt alt nees géint "den Islam" an probéiert seng eegen Astellungen hannert pseudokriteschen Froen ze verstoppen.
-
182
Angscht a Schrecke mat Pokémon Go
Wisou Leit ouni nennenswäert Mediekompetenz besser hätten, sech net iwwert Pokémon Go opzereegen …
-
181
Angscht a Schrecke mat Slutshaming
wisou et kacka ass, Leit duerno ze beurtdeelen, wéi vill Sex se hunn.
-
180
Angscht a Schrecken nom Brexit
Kaum ass de Referendum eriwwer, schwiewen d'Aasgeier schonn iwwert de Londoner Banken an Start-Ups …
-
179
Angscht a Schrecke mat der Natioun
Musse mir d'Natioun lo net just feieren, mä och nach um Kichendësch verdeedegen?
-
178
Angscht a Schrecke mat den Noriichten
E Bléck op d'Noriichten vun de läschte Deeg un: déi Liberal wëllen Flüchtlingen just ophuelen, wann se Frick hunn, d'ADR fënnt Fraequoten extremistesch, etc.
-
177
Angscht a Schrecke mat Ëmfroen
Wisou Ëmfroen wei de Politmonitor iwwerbewäert sinn an vill Journalist_innen net mat den statisteschen Donnéeën aus Ëmfroen ëmgoe kënnen
-
176
Angscht a Schrecke mat Gentechnik
Den däitsche Pharmakonzern Bayer iwwerleet aktuell, den Gentechnik-Konzern Monsanto ze kafen. Wat ass dann sou schlëmm un der Gentechnik?
-
175
Angscht a Schrecke mat Satire
Et muss een net ëmmer direkt de Charlie sinn ...
-
174
Angscht a Schrecke mat schlechtem Goût (Poll-Fabaire)
Wisou d'Poll on Ice-Pub sexistesch war, wisou d'Reaktiounen kanneresch waren an wisou zu Lëtzebuerg keen*t wees, wat Sexismus ass
-
173
Angscht a Schrecke mam Luxleaks-Prozess
Zu Lëtzebuerg steet Antikapitalismus viru Geriicht …
-
172
Angscht a Schrecke mat der béiser béiser Antifa
D'Antifa war zu Iechternach, fir d'Meenungsfräiheet futti ze maachen. Protest ass jo okay, mä net sou "chaotesch" w.e.g. Mir huelen e puer vun deene topegsten Argumenter auserneen.
-
171
Angscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen, Deel 2
erëm e puer erschreckend Zitater, natirlech alles Eenzelfäll …
-
170
Angscht a Schrecke mat der Meenungsfräiheet
Wat heescht Meenungsfräiheet? Kann ech se als Schutzschëld benotzen, fir keng Kritik héieren ze mussen? Gëtt meng Meenungsfräiheet ageschränkt, wann een géint meng Ried demonstréiert? Ass een oppene Bréif den éischte Schratt a Richtung Faschismus?
-
169
Angscht a Schrecken am Panamakanal
Wat steet an den Panama Papers iwwer Lëtzebuerg? Wat fir Konsequenzen ginn lo dorausser gezunn? Sinn illegal Saache geschitt? An wat ass eigentlech zu Wäisswampech lass?
-
168
Angscht a Schrecken no Bréissel
No den Attentater zu Bréissel probéiere Rietspopulist*innen sech mat méiglechst zynesche Kommentaren ze profiléieren
-
167
Angscht a Schrecke mat de Radaren
onmënschlech Radaren halen d'Land an Otem. Däerf een da lo mol net méi bëssen ze séier fueren?
-
166
Angscht a Schrecke mam Generatiounekonflikt
Dir wëllt een Generatiounekonflikt? Dir kritt een!
-
165
Angscht a Schrecke mat der Fro, wou d‘Éislek ufänkt
D'Fro, wou d'Éislek ufänkt, ass vläit méi politesch, wéi een mengt. Mir erklären, wou d'Éislek da lo wirklech ufänkt an wat dat mat dem Referendum vum läschte Joer ze dinn huet.
-
164
Angscht a Schrecke mat der Mobilitéit am Grand-Duché
An engem klengen Land misst dat mam Transport jo net sou schwéier sinn. Denkt een. Mä souguer enger Regierung mat grénger Bedeelegung fällt soss näischt an wéi méi Stroossen an méi (Elektro)Autoen. Rett eis elo den Tram?
-
163
Angscht a Schrecke mat der lëtzebuergescher Sprooch
Lëtzebuergesch – ass dat iwwerhaapt eng Sprooch? A wa jo, ass se sou vunerabel wéi d'UNESCO mengt? Ass et net bëssi blöd, de Croissant onbedengt wëllen op Franséisch ze bestellen, mä keng dräi Wierder richteg schreiwen ze kënnen?
-
162
Angscht a Schrecke mat Refugees
Et ass dat Thema, datt Noriichte säit dem Summer dominéiert: Leit, déi viru Krich a Verfolgung flüchten. An dat zu Fouss. An Europa. E puer méi allgemeng Iwwerleeungen zu Refugees an Europa a speziell zu Lëtzebuerg an d'Reaktiounen dorobber.
-
161
Angscht a Schrecke mam Schoulsystem
Eng Schoulreförmchen huet sech ugekënnegt. Grond genuch, fir mol ze kucken, wou d'Kromm an eisem Schoulsystem da wierklech an der Heck läit …
-
160
Angscht a Schrecke mam Trifolion
Den Iechternacher Trifolion wëll onbedéngt den Thilo Sarrazin alueden an noutfalls mat Policegewalt dofir suergen, datt deen seng rassistesch Thesen verbreeden kann. Mir erklären, wisou den Sarrazin falsch läit an wisou een net jiddereen, deen mengt en hätt eppes ze soen, och schätze muss loossen.
-
159
Angscht a Schrecke mam Terror
Wat hunn Refugees mam Niqab an deen mam Terror vun Daesh an Europa ze dinn? Näischt. Dem rietspopulisteschen Verbalterror ass dat natierlech egal, an all nach esou aarmen Wirschtchen muss matmaachen.
-
158
Angscht a Schrecken am Summerlach 2015
kënne mir net einfach ophalen, esou e maachen, wéi wann de Maître an seng Meenung wichteg wieren?
-
157
Angscht a Schrecke mat deenen "dommen" Rietsen
Säit Wochen ass a villen europäeschen Länner d'Thema vun den Asylsichenden op der Daagesuerdnung. An Italien, Spuenien a Griicheland kommen bal all Dag honnerte vu Leit un, déi virun Krich an Terror flüchten an dobäi keen aneren Auswee gesinn, wéi sech op déi doudgeféierlech Rees iwwert Mëttelmier ze maachen. Zu Calais a Frankräich versichen se, duerch den Tunnel an England ze gelaangen, an Éisterräich ass d'Lager zu Traiskirchen esou iwwerfëllt, datt Amnesty International eng Enquete mécht an an Däitschland brennt well all Dag een Asylheem.
-
156
Angscht a Schrecke mat e bësse Kräid
Ween mat Konscht zum Nodenken ureege wëll, kann zu Lëtzebuerg just verléieren, well d'Press ass am Fong just een Durchlauferhitzer fir de Policebulletin.
-
155
Angscht a Schrecke mat de léiwe Lëtzebuerger*innen
e puer erschreckend Zitater, natirlech alles Eenzelfäll …
-
154
Angscht a Schrecken nom Referendum
Ohjemine.
-
153
Angscht a Schrecke mam Referendum
Nächste Sonnden, de 7. Juni 2015, ass et esou wäit: Lëtzebuerg stëmmt per Referendum iwwert dräi Froen zur Verfassung of. Eng Wahlempfehlung.
-
152
Angscht a Schrecke mam "Nee"
Wéi dir wahrscheinlech aus deene leschten Angscht a Schrecken-Episode wësst, halen ech den Referendum, dem sech Lëtzebuerg demnächst stelle muss, fir eng Farce. D'Froe sinn Detailer, iwwert déi een sech an der Regierung am Fong eenz ass, an et géif vill méi grondleeënd Froen ze klären: Wat fir eng Staatsform wëlle mir? Wat fir Grondrechter sollen an d'Verfassung? Wat fir Ziler soll Lëtzebuerg hunn? Wat ass mam Staatsrot?
-
151
Angscht a Schrecke mam Artikel 4 vun der néier Verfassung
Endlech ass et esou wäit. Nodeems jorelaang an der däischterster vun allen Donkelkummern dorun gedoktert gouf, ass dëse Weekend endlech den Entworf fir déi nei Verfassung verëffentlecht ginn.
-
150
Angscht a Schrecken am Biergerforum
Et kéint ee scho bal mengen, et wier alles just e Witz gewiescht. Dat mat der Matbestëmmung bei der Verfassungsreform nämlech. Nodeems mir elo wahrscheinlech just dräi Froe kréien, goufen dann elo och nach déi sougenannt „Biergerforen“ ofgeschaf. Respektiv, si guer net agefouert. D'Uni Lëtzebuerg wollt, sou d'Kolleg*innen vum 100komma7, „Diskussiounsforume vun 30 Lëtzebuerger mat Deputéierten an Experten iwwert déi verschidde Referendumsfroen z’organiséieren“.
-
149
Angscht a Schrecke mam Nationbranding
Leschten Donneschden gouf en néie Projet vun eiser Regierung virgestallt: de Nationbranding. Et geet dobäi net ëm richtege Branding, wéi dat fréier bei Kéi gemaach gouf, fir se erëmerkennen, mä ëm Brand-ing, also eng Marque aus eppes maachen.
-
148
Angscht a Schrecke mat der véierter Fro
Et ass nach net esou laang hier, do hunn sech dräi liberal Parteien zesumme gedoen, fir eng Regierung vum Neistart, vun den oppene Fënsteren, vum frësche Wand, vun der Transparenz an der demokratescher Matbestëmmung ze grënnen.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Angscht a Schrecken ass dat Gefill, wat ech kréien, wann ech un Lëtzebuerg denken. Et fehlt am Grand-Duché u villem, an engt dovunner ass politeschen Commentaire, deen lénks ass ouni parteipolitesch ze sinn an mam Fanger an déi Wonnen piddelen geet, op déi d'Lëtzebuerger*innen gären eng déck Plooschter géife pechen. Dat lei ass de Versuch, dëst Lach ze fëllen.
HOSTED BY
Joël Adami
Loading similar podcasts...