Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.

PODCAST · society

Ausgerechent Politik - 2 Schwësteren. 2 Mandater. Een ongewéinlechen Wee.

Ee Podcast iwwer Politik, wéi se wierklech ass - no, éierlech an ouni eidel Floskelen.

  1. 13
  2. 12

    Ungarn erwächt, Stol ënnert Drock, a Schildkröten op EU-Niveau

    Mir schwätzen iwwer den historesche Walsieg vun Péter Magyar an Ungarn, deen no 16 Joer Orbán eng nei Säit fir Europa opschléit. Mir erklären firwat den ofgeschlossenen Trilog iwwer Stoolschutzmoossnamen Europa an direkten Impakt och op Lëtzebuerg huet. An jo — mir schwätzen och iwwer Reformen bei den Infirmieren, Mieresschildkröten, den droit à l’oubli, an d'Special Olympics zu Saarbrécken.

  3. 11

    Tëscht Eventer a Politik

    An dëser Episod kucke mir op e Weekend voller Evenementer zu Lëtzebuerg – vum CSV-Kongress iwwer de Bauerenhaff an der Stad bis bei de Relais pour la Vie. Ausserdeem wor och politesch dës Woch vill lass: eng Gemengerotssëtzung zu Diddeleng, e Mini-Plenum zu Bréissel iwwer den digitalen Omnibus an der Kënschtlecher Intelligenz, Migratiounspolitik an d’Relatioune tëscht der EU an den USA. Eng Episod tëscht lokalen Evenementer a grousser Politik.

  4. 10

    Eng Welt ënner Drock

    An dëser Episod kucke mir op eng Rei Themen, déi dës Woch fir Diskussiounen gesuergt hunn. Vu politesche Kontroversen an Europa iwwer d’Situatioun am Noen Osten an d’Bedeitung vun der Strooss vun Hormuz bis bei international Relatiounen tëscht den USA a Kuba. Donieft kucke mir och op Debatten an der Chamber, ënner anerem iwwer PFAS an d’Fro vu Gewalt an der Schoul. Eng Episod mat ville Sujeten – déi awer all weisen, wéi séier Politik sech beweegt a wéi staark se eis Welt beaflosst.

  5. 9

    Digital Regelen a reell Konsequenzen

    An dëser Episod schwätze mir iwwer aktuell Debatten an der Digitalpolitik – vum Digitalen Omnibus bis zu Coco’s Law an der Fro, wéi Online-Räim reguléiert solle ginn. Donieft stelle mir eng méi grouss Fro: Wéi vill Politik beaflosst eigentlech eisen Alldag, och wann een dat net ëmmer direkt mierkt?

  6. 8

    Fraerechter am Fokus

    An dëser Folleg maache mir e Wochenréckbléck op aktuell politesch Themen zu Lëtzebuerg an an Europa. Am Fokus stinn dës Kéier Fraerechter an Gläichstellung. Zu Lëtzebuerg gouf iwwer e wichtege Schrëtt diskutéiert an ofgestëmmt: d’Méiglechkeet, Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren. Op europäeschem Niveau huet d’Europäesch Kommissioun op d’Biergerinitiativ „My Voice, My Choice“ reagéiert, déi sech fir sécher an zougänglech Ofdreiwung an Europa asetzt. Ausserdeem kucke mir op den International Women’s Day 2026, deen dëst Joer ënner dem Motto „Give To Gain“ steet. Wat bedeiten dës Entwécklunge fir d’Politik an Europa – a fir d’Rechter vu Fraen?

  7. 7

    Tëscht Süden a Sécherheet

    An dëser Episod kucke mir zeréck op eng intensiv politesch Woch: Mir schwätzen iwwer de CSV-Kongress am Süden an déi nei Presidentin. Mir erklären, wat hannert den Trilogen zu de Schutzmoossnamen am Stol stécht a firwat dës relevant sinn. An zum Schluss gi mir op déi aktuell Entwécklungen am Krich an der Ukrain an d’europäesch Sécherheetspolitik an. Eng Episod tëscht Parteiarbecht, Industriepolitik a Geopolitik.

  8. 6

    Aarmut am Fokus - Plénière zu Lëtzebuerg a Stroossbuerg

    An dëser Episod kucke mir zeréck op d’Plénièreswoch – zu Lëtzebuerg an zu Stroossbuerg. Mir schwätzen iwwer déi wichtegst Debatten an Decisiounen a setzen e besonnesche Fokus op d’Anti-Aarmutsstrategie: Wat heescht se konkret? Wat ass decidéiert ginn? A wou leien d’politesch Erausfuerderungen? E Réckbléck tëscht nationaler a europäescher Perspektiv – mat Ablécker aus dem parlamentareschen Alldag.

  9. 5

    Unisex-Toiletten. Burger. Politik.

    Unisex-Toiletten zu Lëtzebuerg, Burger-Debatten op EU-Niveau – zwee ganz ënnerschiddlech Themen, déi awer eng ähnlech Dynamik hunn. An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat kleng, konkret Alldagsthemen op eemol zu grousse politeschen Debatte ginn, wéi Social Media a Symboler Diskussioune kippe loossen – a wat Politik dovunner léiere kann. Eng Episod iwwer Kommunikatioun, Emotiounen an d’Grenze vun der Politik – national wéi europäesch.

  10. 4

    Vum Text bis Vott: Chamber versus EU-Parlament

    Wat geschitt eigentlech tëscht engem éischten Text an engem Vott? An dëser Episod huele mir iech mat an de politeschen Alldag – vun der éischter Iddi bis zur finaler Decisioun. Mir schwätzen iwwert projet a proposition de loi, d’Aarbecht an de Kommissiounen an d’Roll vum Rapporteur: wien Texter zesummebréngt, Kompromësser sicht a Verantwortung iwwerhëlt. Mir vergläichen d’national Aarbecht an der Chamber mat de Prozesser am EU-Parlament a weisen unhand vu konkrete Beispiller, firwat Politik dacks méi Zäit, Gespréicher a Gedold brauch, wéi een no bausse gesäit. Eng Episod fir jiddereen, dee verstoe wëll, wéi Gesetzer Form unhuelen – an net just, wéi se ofgestëmmt ginn.

  11. 3

    Mercosur & Social Media

    An dëser Episod schwätze mir iwwert den EU-Mercosur Handelsofkommes: firwat et aktuell esou vill Debatt ausléist a wat et fir europäesch a lëtzebuergesch Betriber bedeite kann. Am zweeten Deel geet et ëm eng ganz aner, mee genee esou kontrovers Fro: Soll Social Media verbuede ginn? Fir wien, firwat – a bréngt e Verbuet wierklech eng Léisung? Mir diskutéieren d’Argumenter, d’Risiken an d’politesch Verantwortung an enger digitaler Welt. Eng Episod tëscht Welthandel a gesellschaftlecher Debatt – mat Abléck, Kontext a klorer Haltung.

  12. 2

    KI, Algorithmen & Reegelen

    Wat ass KI eigentlech – a wéini gëtt et op eemol fir Politik relevant? An dëser Episod schwätze mir iwwert Algorithmen, Donnéeën a Kënschtlech Intelligenz – net theoretesch, mee unhand vu Beispiller aus dem Alldag. Vu Plattformaarbecht iwwer Online-Plattforme bis bei automatiséiert Entscheedungen, déi beaflossen, wat mir gesinn, wat mir kréien – oder net. Mir erkläre, firwat d’EU mat Reegelen ewéi dem Digital Services Act (DSA) an dem AI Act agegraff huet, wat dës Gesetzer konkret änneren a wou se scho Wierkung weisen – mee och, wou nach Loft no uewen ass.

  13. 1

    Ausgerechent Politik mam Françoise a Martine

    An dësem Podcast schwätze mir iwwert politesch Themen, Decisiounen an den Alldag hannert de Kulissen – éierlech, verständlech an ouni Floskelen. Mir erklären, wat Politik am richtege Liewe bedeit, wou se komplizéiert ass, wou se iwwerrascht a wou se ganz normal gëtt. Et geet net ëm Parteiparolen, mee ëm Perspektiven: Wéi fillt et sech un, Verantwortung ze droen? Wat leeft anescht, wéi een et vu bausse mengt? A wéi bleift een als Schwëster – an als Mënsch – bei sech selwer? Ausgerechent Politik riicht sech u jiddereen, dee Politik besser verstoe wëll – och (oder grad) dann, wann een sech soss net vill domat beschäftegt. An et soll och eng Méiglechkeet sinn, wou dir är Froen direkt kënnt stellen.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Ee Podcast iwwer Politik, wéi se wierklech ass - no, éierlech an ouni eidel Floskelen.

HOSTED BY

Françoise Kemp a Martine Kemp

URL copied to clipboard!