Coachseet

PODCAST · sports

Coachseet

Am Podcast “Coachseet” huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen net nëmmen hir schéinsten Erliefnisser um Terrain, mee schwätzen och éierlech iwwer hier Erausfuerderungen, déi si hu misse meeschteren.Zousätzlech diskutéieren si och iwwer den Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, als Fra am Profisport säin Deel bäizedroen.

  1. 16

    Episode 16: Update eis Season ass eriwer

    An dëser Episod schwätzen d’Maggy an ech, d’Anne, iwwert d’Enn vun eiser aktueller Saison. Mir kucken zeréck op déi lescht Méint, deelen eis Erfarungen, Highlighten an och d’Erausfuerderungen, déi mir erlieft hunn.Ausserdeem schwätze mir driwwer, wat fir eis an der nächster Saison usteet – eis Ziler, Motivatioun an op wat mir eis am meeschte freeën.Natierlech geet et och ëm de Summer: wéi mir eis Zäit plangen, wéi eng Traininger mir maachen an wéi mir eis optimal op déi nächst Saison erem virbereeden.Eng entspaant an éierlech Episod iwwert Sport, Entwécklung an d’Freed um Weiderkommen.

  2. 15

    Episode 15: Mir sin zeréck: 2 Méint Paus & alles wat geschitt ass...

    No enger Paus vu ronn 2 Méint si mir endlech zeréck 🎙️ An dëser Episod huele mir eis Zäit fir alles nozeschaffen, wat an där Zäit geschitt ass.Mir schwätzen iwwert eis eege Basketball-Saison, déi elo fir d'Anne eriwwer ass, zéien e klore Fazit a deelen eis Erfarungen während eiser National Ekipp Paus mat Iech mat. Donieft kucke mir och op d’Playoffs, wou d’Maggy nach voll am Rennen ass, a ginn eis Meenung zu de Matcher an de Chancen.Natierlech komme mir och op eis Nationalmatcher zeréck, déi mir virun e puer Wochen gespillt hunn – mat all den Highlights, Learnings an Emotiounen, déi dozou gehéieren.Eng locker Episod mat vill Basketball-Talk, Réckbléck an e bësse Bléck no vir.

  3. 14

    Episode 14: Vun der Virbereedung bis zur Victoire - mam Cathrin Wolff

    An dëser Episod schwätze mir mat der Cathrin Wolf iwwert d’Final vun der Coupe du Luxembourg am Fraenbasket. Mir kucken zeréck op d’Virbereedung, d’Emotiounen nom Ofpiff an d’Feierlechkeeten – an natierlech och op dat nächst grousst Zil: den Doublé

  4. 13

    Episode 13: Gestresst, benodeelegt – an d'Reegel mécht et net besser

    Am Podcast vum Maggy an Anne schwätze mir oppen iwwert dat, wat vill betrëfft mee nach ze dacks ënner den Dësch gefall gëtt: Stress am Alldag, Ongläichheet tëscht Fraen a Männer, an och iwwert e Sujet, deen nach ëmmer tabuiséiert gëtt – d’Reegel.Mat Éierlechkeet, Humor an perséinlechen Erfarunge hannerfroe mir gesellschaftlech Normen, de Mental Load, an firwat Frae sou dacks „méi matdroen“. En Podcast fir ze nodenken, ze laachen an ze mierken: du bass net eleng.

  5. 12

    Episode 12: No der Néierlag: D’Stëmmung an der Ekipp

    An dëser Episod schwätze mir, d’Anne an d’Maggy, iwwert déi Momenter, déi net ëmmer einfach sinn: wann d’Ekipp verléiert. Mir deelen eis Erfarungen a schwätzen doriwwer, wéi Traineren an esou Situatioune reagéieren, wéi sech den Toun an d’Atmosphär änneren, a wéi dat d’Ekipp als Ganzt beaflosst.Et geet ëm Frustratioun, Drock, Kommunikatioun – mee och ëm Zesummenhalt, Léieren a Respekt. Eng éierlech Diskussioun iwwert dat, wat nom Verléiere geschitt, a wéi wichteg de richtege Ëmgang an esou Momenter ass.

  6. 11

    Episode 11: En anert Joer hannert eis – 2026 virun eis

    An dëser Episod schwätze mir kuerz iwwert dem Anne säi Match am Eurocup, ier mir zesummen e Réckbléck op eist Joer 2025 maachen. Wat ass gutt gaangen? Wat war méi schwéier? A wat hu mir doraus geléiert? Zum Schluss kucke mir no vir a schwätzen iwwert eis Ziler, Erwaardungen a Pläng fir 2026. Éierlech, reflektiv a mat enger Portioun Humor.

  7. 10

    Episode 10 : Déi legendär Episod déi souwisou keen lauschtert

    An dëser Episode schwätze mir e bëssen iwwer Basket – jo, och wann eis Zuschauerzuelen éischter wéi eng Preseason-Statistik ausgesinn. Mir huelen eis selwer net ze sérieux a maachen e klenge Geck driwwer, dass mer net méi vill Leit hunn, déi eis nolauschteren… mee déi, déi do sinn, si wéi ëmmer déi Bescht!Duerno dréine mir d’Blat ëm an tauchen an d’Chreschtdaagsstëmmung eran. Mir schwätzen iwwer eis eege Traditiounen, wéi mir d’Feierdeeg verbréngen, wat fir Ritualer fir eis wichteg sinn an natierlech iwwert dat wichtegst: Iessen, Famill a gutt Stëmmung.Eng gemittlech Episod mat Humor, e bëssen Nostalgie an engem Touch Holiday Spirit – perfekt fir an d’Stëmmung ze kommen!

  8. 9

    Episode 9: Behind the Scenes - National Team Edition

    An dëser Episode huele mir iech mat hannert d’Kulissen vun eiser Zäit mat der Nationalekipp. Mir schwätzen doriwwer, wéi eis “Fënster” ofgelaf ass – vun den intensiven Traininger bis bei déi méi roueg Momenter tëschendrun. Et geet natierlech och ëm déi vill witzeg Erfarungen, déi mir ënnerwee gemaach hunn: kleng Missverständnesser, spontan Improvisatiounen a Situatiounen, déi een einfach muss mat erliewt hunn, fir se ze gleewen.En anere grousse Punkt an der Episode ass den Trainerwiessel. Mir kucken dorop zréck, wéi dat intern eriwwerkomm ass, wéi sech d’Dynamik verännert huet, an natierlech fale mir och e puer humorvoll Anekdoten iwwer eis Traineren – well ouni déi géif et jo guer kee richtege Behind-the-Scenes ginn.

  9. 8

    Episode 8: Wei wichteg ass d'Ënnerstetzung vun den Eltere wann een et weit packe well?

    Am dësem Episod schwätzen mir éierlech a mat vill Häerz driwwer, wéi wichteg d’Ënnerstëtzung vun hirer Famill war op hirem Wee fir Profi-Basketballerinnen ze ginn. Vun de laangen Deeg an der Hal, iwwer emotional Héichten an Déiften, bis bei déi kleng Gesten, déi alles ausgemaach hunn – si deelen wéi Famill zesummenhalen, Motivatioun a Glawen un sech selwer zu engem richtege Erfollegsrezept ginn.

  10. 7

    Episode 7: EuroCup - Training, Matcher an déi laang Reesen

     An dëser Episode schwätze mir éierlech doriwwer, wéi et eis momentan geet - sportlech an och mental. Vun intensiven Trainingseenheeten bis zu spannende Matcher am EuroCup, huele mir Iech mat hannert d'Kulisse vum Profi-Basketball. Et geet ëm d'Erausfuerderungen vun de villen Deplacementer, déi vill Stonnen am Bus oder Fliger, a wéi mir probéiere, Energie, Motivatioun an Teamgeescht z'erhalen, och wann de Rhythmus haart ass.

  11. 6

    Episode 6: Zwee verschidden Weeër, een Zil: Profisportler

    An dëser Episod huele mir iech mat op eis Reesen: d’Maggy, huet säi Wee iwwer d’Arméi fonnt, an d’Anne, hat d’Méiglechkeet, an Amerika op e College ze goen. Zwee verschidde Startpunkten, mee dat selwecht grousst Zil – Profisportler am Basket ze ginn. Mir deelen mat iech déi schéin Momenter, mee schwätzen och éierlech iwwert d’Erausfuerderungen a Risiken, déi dëse Wee mat sech bréngt.

  12. 5

    Episode 5: Mental Health am Fokus

    An dëser Episode schwätze mir, iwwer d’Roll vun der mentaler Gesondheet am Sport. Zumols d' Maggy deelt seng eege Erfahrungen, wéi hat mat senger Verletzungen ëmgaange ass a wéi wichteg et ass, net nëmmen de Kierper, mee och de Kapp ze stäerken.Mir diskutéieren, wéi mental Coaching hëllefe kann, erëm Vertrauen ze fannen, a wéi vill d'Ënnerstëtzung vum Team an der Famill bedeit. Zousätzlech schwätze mir driwwer, wéi mir Strategien entwéckelen, fir Stress a mentalen Drock ze meeschteren – an d’Wichtegkeet vum oppene Dialog, fir sech net eleng ze fillen.

  13. 4

    Episode 4: Trainerwiessel bei der Fraenekipp - Wat bedeit dat fir eis?

    An dëser Episode schwätze mir iwwert eis Preseason: wéi mir eis agelieft hunn, mat wat fir klengen a grousse Problemer mir konfrontéiert waren – vum Auto deen nach net prett war bis bei Saachen déi am Appartement gefeelt hunn. Donieft huele mir och d’Ännerungen an der FLBB ënnert d’Lupp, dorënner de wichtegen Trainerwiessel bei den Dammen. Lauschter eran fir eis Insights a fir en éierleche Bléck hannert d’Kulissen vun der Fraenekipp!

  14. 3

    Episode 3: Pre-Season Talk & Erënnerungen un eis Saison zesummen zu Saarlouis

    An eisem Gespréich erzielen mir, wéi mir eis dëse Summer fit gehalen hunn – bal all Dag an der Hal, bal keng richteg Paus, ëmmer um Ball bliwwen. Mir schwätzen doriwwer, wéi eng Ziler mir eis gesat hunn a wéi et elo erëm zréck an de Veräin geet. Donieft erënnere mir eis un d’Zäit, wou mir zesummen zu Saarlouis gespillt hunn – mat villen witzegen Momenter. A mir schwätzen och iwwer d’Erfarunge mam Coach am leschte Joer, wou mir net an der selwechter Equipe waren, mee alleng an eisem Veräin – wéi en drop reagéiert, wann am Training gelacht gëtt, an datt et heiansdo bal e bëssen ze seriö gëtt… mee mir fannen ëmmer eng Manéier, fir Humor an d’Spill ze bréngen.

  15. 2

    Episode 2: Wou geet den Basket zu Lëtzebuerg hin?

    An dësem Episod hu mir mol serieux geschwat: Wéi steet et ëm de Basket zu Lëtzebuerg?Mir kucken op d’Entwécklung (oder de Manktem dovunner), schwätzen iwwert d’Struktur am Sport, d’Roll vu Vereiner – mee och iwwer eng Thema déi dacks ënner de Teppech gekéiert gëtt:Wéi gesäit et mat der Mentalitéit an der Astellung vun de jonke Spillerinnen aus?

  16. 1

    Episode 1 : Wien si mir & firwat e Podcast?

    An der éischter Episode stelle mir eis vir - Dir kritt en Abléck an eist sportlech Liewen, wéi mir iwwerhaapt op d’Iddi komm sinn, zesummen e Podcast ze starten, a wat dir an de nächsten Episode kënnt erwaarden.Ob Dir selwer am Basket sidd oder einfach gäre méi hannert d’Kulisse vu passionéierte Sportler kuckt – dëst ass den Ufank vun eiser Rees.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Am Podcast “Coachseet” huelen d’Maggy an d’Anne Iech mat op hir Rees als Profibasketballspillerinnen. Si deelen net nëmmen hir schéinsten Erliefnisser um Terrain, mee schwätzen och éierlech iwwer hier Erausfuerderungen, déi si hu misse meeschteren.Zousätzlech diskutéieren si och iwwer den Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, als Fra am Profisport säin Deel bäizedroen.

HOSTED BY

Maggy an Anne

CATEGORIES

URL copied to clipboard!