35M Elevator Pitch

PODCAST · tv

35M Elevator Pitch

We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies! 

  1. 32

    FRED NEUEN – Parallel Welten 🇱🇺

    Haut hu mer net nëmmen héije Besuch (eisen éischte President!) mee et ass des Kéier och e Podcast, dee struppevoll ass mat de verschiddensten Themen. Well de Fred Neuen ass un allem interesséiert wat mat Geschichtenerzielen a Weltebauen ze dinn huet. De Fred ass duerch an duerch Cinephile vu klengem un, dat erkennt ee spéitstens wann ee säin Tattoo gesäit.Iwwer d'Joren huet hien net nëmme Filmer gemaach als Regisseur a Produzent, mee och Telés Programmer, Musiksvidoen, Reklammen, huet Produktiounsfirme gegrënnt, kreéiert Video Spiller a produzéiert VR Projeten. Als Kréinung ass en dann och nach de President vun der Filmakademie.Also ganz éierlech, keng Anung wéi deen Typ dat mécht, fir alles ännert een Hutt ze bréngen. E Geheimtipp schéngt ze sinn, och als Erwuessenen net ze vergiesse, vu wat een als Kand gedreemt huet. An do war am Fall vum Fred vill lass, wéi een sech ka virstellen.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  2. 31

    SASCHA LEY – Ni opginn! 🇱🇺

    D’Sascha Ley ass sou villsäiteg wéi een als Performer nëmme ka sinn – hatt ass grad sou douéiert als Sängerin a Komponistin, wéi och als Schauspillerin, souwuel op der Bühn wéi virun der Kamera. Also, ech sinn e mega Fan. An dat net réischt zënter, dass ech d’Chance hat mat him ze schaffen op eisem leschte Kuerzfilm „Backstage“ – wou hatt rëm op en Neit bewisen huet, wat fir eng couragéiert Schauspillerin hatt ass, déi sech traut bis zum Äussersten ze goen. D’Sascha erzielt eis wat fir en Afloss Indien op seng kënschtleresch Sensibilitéit hat – wéi een op dee Punkt kennt, sech selwer z‘akzeptéiere wéi een ass – a wéi fir hatt e schrot Akzident zou engem entscheedende Moment gouf, deen hatt op de Wee vun der Konscht gefouert huet.Wisou et huet missen d’Sascha sinn an eisem Kuerzfilm „Backstage“, a keen anert – dat beschwätze mer an dëser Episod. Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  3. 30

    JULES WARINGO – Best of Both Worlds 🇱🇺

    Mir sinn zréck!! Eisen éischte Gaascht vun der neier Saison ass de Jules Waringo.Kaum ee war sou fréi schonn op Filmsets ënnerwee wéi hien. Als Fils vun engem Produzent an enger Schauspillerin, war et jo bal net anescht méiglech, dass hien haut och déi zwee Beruffer mécht.De Jules erkläert eis net nëmme wou den Ënnerscheed läit tëschent Produzent a Production Manager – mee erzielt eis och wéi et op der Premiere zu San Sebastian war, wou hien den neie Film vum belsche Starregisseur Joachim Lafosse presentéiert huet. Am „Six Jours ce Printemps-là“ huet eise Jules nämlech eng vun den Haaptrollen dierfe spillen.Natierlech musse mer awer och iwwert déi News schwätzen, déi iwwert de Joachim wärend dem Dréi erauskomm sinn, an säin – soe mer – problematescht Behuelen op Tournagen an der Vergaangenheet uprangeren.Wéi dem Jules seng Erfarung mat him war – a wisou hien an der Lycée’s Zäit aus der Schoul geflunn ass – dat erzielt hien eis an dësem Interview. Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  4. 29

    EUGENIE ANSELIN – Ausser Otem 🇱🇺

    D’Eugenie Anselin ass voller Iwwerraschungen. Mir kennen hatt natierlech als talentéiert Schauspillerin, dat schonn als Kand virun der Kamera stoung – mee ech hunn nawell gutt gestaunt wéi hatt erzielt huet mat wat et bei him lassgaang ass.D’Eugenie erzielt eis wéi hatt iwwert den Otem a seng Rolle rafënnt mee och wéi ee mat Kritik ëmgeet. Besonnesch dann, wann se perséinlech ass an extra wéi deet. Eppes, dat mer mengen ech alleguer kennen.Gottseidank hu mer d’Opnam vun dësem Podcast ouni Accident iwwerstanen hunn. Well wärend där Stonn, hätt beim Eugenie sou munches kenne passéieren...Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  5. 28

    HANA SOFIA LOPES – Déi ganz Welt ass eng Bühn 🇱🇺

    D'Hana Sofia (moment, ass dat iwwerhaapt säi richtege Numm!?) ass weltwäit gutt ennerwee. Als Weltenbummler a Polyglott (ganzer 7 Sproochen!) ass d'Hana Sofia Lopes scho vill rondrëm komm. Zu Letzebuerg huet et éischt Schrett gemaach mat der Sitcom "Comeback", wärend hatt a Portugal duerch eng Telenovela engem Milliounepublikum bekannt ginn ass.Haut schwätze awer iwwer seng neiste Roll am actionräichen ZDF Thriller "Flucht aus Lissabon" wou hatt un der Säit vum "Bergdoktor" Hans Sigl drop lass geballert huet.Wat dat mat engem mécht, wann een als Schauspiller permanent am Zentrum vun der Opmierksamkeet steet – a wat ass, wann dat op emol ophält – doriwwer ënnerhaale mer eis ennert anerem mam Sofia.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  6. 27

    CHRISTINA SCHAFFER – Baut sich die Welt wie sie ihr gefällt 🇩🇪

    Unser heutige Gast ist geboren in der ältesten Stadt Deutschlands. Nicht nur deswegen kennt die Christina sich gut aus mit Geschichte. Als Production Designerin hat sie schon viele verschiedene Zeitepochen wahrheitsgetreu in ihren Kulissen wieder aufleben müssen. Bis ins letzte Detail kümmert sie sich um alles was im Film um die Schauspieler herum zu sehen ist. Man kann also sagen, dass Christina Schaffer Welten erschafft.Mit Christina unterhalten wir uns über wie wichtig es ist, unsere Kreativität immer wieder neu zu definieren – Dass der Weg zu einem gewünschten Ziel, nicht immer eine gerade Linie ist – und warum wir uns, voller Nostalgie, in vergangene Epochen zurück träumen.Ein spannendes Gespräch mit einer inspirierenden Frau. Viel Spaß mit der Production Designerin Christina Schaffer.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  7. 26

    ALEX ESPIGARES – Eise Mann mam Oscar 🇱🇺

    And the Academy Award goes to... Alexandre Espigares! Yes, haut hu mer e ganz spezielle Gaascht op Besuch. Nämlech eise Mann mam Oscar. Ier en zu Hollywood di gëlle Statue fir de "Mr Hublot" an de Grapp gedréckt krut, huet den Alex awer fir d’éischt mol misse laang Joren iwwert d’ganz Welt reesen, wou hien op deene verschiddensten Zeechentrickfilmer als Animateur geschafft huet.Mam Alex ënnerhalen mer eis iwwert den Ënnerscheed tëschent Animatioun a Live Action, respektiv wat déi zwou Konschtforme gemeinsam hunn; a wéi eng Animatiounsfilmer eis an der Kandheet iwwelst traumatiséiert hunn.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  8. 25

    ULI SIMON – Kleider machen Leute 🇩🇪

    Uli ist nicht nur unser erster nicht Luxemburgisch-sprachiger Gast, sondern mit ihr haben wir zum ersten mal eine Kostümbildnerin zu Besuch. Einer dieser Jobs beim Film, die viel spannender sind als man sich das als Nichtkenner so vorstellen würde – es geht nämlich um viel mehr als nur Kleider. Besonders wenn man schon so viele, und so große Projekte wie die Uli aufzeigen kann. Man denke nur an die vielen Stars, die sie über die Jahre hinweg an– und auch ausgezogen hat...Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  9. 24

    ERIC LAMHÈNE – Stäerkt & Resilienz 🇱🇺

    "Hors d'Haleine"  ("Breathing under Water") heescht den éischte Feature Film vum Eric Lamhène. An dësem emouvanten Drama geet et em haislech Gewalt, an erzielt d'Geschicht vum "Emma" (wonnerbar verkierpert vum Carla Juri) dat sech de Wee zréck an en eegent, fräit Liewen erkämpft.Den Eric verréit wéi hien de Scenario zesumme mat senger Fra, Rae Lyn Lee, no jorelaanger Recherche geschriwwen huet. Wéi huet hier Kollaboratioun funktionéiert, wärend se net nëmmen um Set Regisseur- a Kamerafra Duo waren, mee gläichzäiteg doheem Papp a Mamm vun engem klenge Bouf.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  10. 23

    JULIE KIEFFER – D’Julie war ni fort 🇱🇺

    Ugefaangen huet fir d'Julie alles um Set vun der Sitcom „Comeback“, wou hatt fir d’éischte Kéier huet dierfen eng Haaptroll spillen. Dobäi huet seng grouss Loscht fir d’Schauspillerei schonn an der Kandheet an him gebrodelt.Haut ass d’Julie net nëmmen eng vun de villverspriechendste Lëtzebuerger Actricen – hatt huet sech parallel dozou fir de Wee als Pädagog entscheet, wou hatt de Nowuess un den Theater eruféiert. Dat wëll awer net heeschen, dass een net och ka fir Präisser op internationale Film Festivallen nominéiert ginn.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  11. 22

    Special: "QUICKIES" Round Table – Go Make Films Now! 🇬🇧

    "QUICKIES" is an anthology of low budget short films, each directed by another filmmaker, created by the Luxembourg Filmmakers’ association FILMREAKTER. We celebrate the premiere of the 2nd season with a live round table, where we talk to one of its creators, Govinda van Maele, and four of the participating filmmakers: Julie Schroell, Eileen Byrne, Ganael Dumreicher, and Roxanne Peguet.Created to inspire new approaches to filmmaking in a rapidly changing world, the "Quickies" series welcomes both emerging talents and established filmmakers, encouraging bold and unconventional storytelling through innovative ideas in content and form.This conversation was recorded with a live audience at the Cinémathèque du Luxembourg on November 14th 2024.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  12. 21

    ANDY BAUSCH: PART 2 – Steel crazy after all these years 🇱🇺

    Nodeems den Andy mat vill Asaz de Sprong vu passionéiertem Amateur op Profi gelonge war, ass hie mat sengem "A Wopbopaloobop A Lopbamboom" an der Europäescher Filmlandschaft duerchgestart. Dono huet den Andy an Däitschland bei villen Tëlee's Filmer- a Serië Regie gefouert, an huet deene säi Stempel opgedréckt.Mee d'Heemecht huet hien zréck an de Minett gezunn. Resultat: de "Club des Chômeurs", an een Documentaire nom aneren iwwer lëtzebuerger Geschichten. An och haut gëtt et kee Grond fir den Andy e Gank erof ze schalten!Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  13. 20

    ANDY BAUSCH: PART 1 – D’Kees op an d‘Klacken eraus! 🇱🇺

    Den Andy ass ee vun de Pionéier vum Lëtzebuerger Kino, déi di siwent Konscht an eis klengt Land bruecht hunn. Ufanks den 80er Joren, wéi d’Filmindustrie zu Lëtzebuerg nëmmen aus e puer Gecke wéi him bestanen huet, huet hien seng éischt Filmer gedréint – mat nëmme wéineg Mëttelen, mee ëmsou méi Leidenschaft. An huet esou Kultfilmer wéi den "Troublemaker" geschaf.Et ass e Genoss dem Andy sengen Anekdoten aus där Zäit nozelauschteren, wéi hie mat sengem Frënnt an "acteur fétiche", Thierry van Werveke, des wëll Zäit erlieft huet, a wéi aus deene puer Gecke lues a lues Vollprofien ginn ass...Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  14. 19

    35M Elevator Pitch | RTL PLAY – Trailer

    Elo op RTL PLAY!E Podcast iwwer d'Léift zum Film, a wéi e gemaach gëtt. All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, a poteren iwwert d‘Konscht an de Beruff vum Filmemaachen. Den Émile V. Schlesser an de Fabien Colas wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren.play.rtl.lu/shows/lb/35m-elev...35mfilms.com/podcastSupport the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  15. 18

    THIERRY FABER – D'Handwierk vum Storytelling beherrschen 🇱🇺

    Vun der Schéier zum Stëft: Dem Thierry Faber säin Talent als Geschichtenerzieler couvréiert all Aspekt vun der Filmproduktioun – vum éischte geschriwwene Wuerd, iwwert d'Regie-féieren, bis hin zum Schnëtt vum fäerdege Film.Den Thierry ass de Mastermind vun der erfollegräichster Lëtzebuerger Serie "Capitani" 1 & 2 – déi Serie, déi via Netflix d'ganz Welt erreecht huet.Mir schwätze mam Thierry iwwert dësen onerwaarte Succès; wéi hie mat Kritik ëmgeet; wéi wäit hie geet an der Recherche... a wéini kennt endlech déi 3. Staffel vu "Capitani" eraus, Thierry!?Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  16. 17

    GOVINDA VAN MAELE – Däi Selbstvertrauen schützen 🇱🇺

    De Govinda ass net nëmmen ee vun de Createuren vun der "Quickies" Kuerzfilm-Anthologie, hien ass virun allem den Auteur & Regisseur hannert eisem Liblings Lëtzebuerger Film : dem Bauerenduerf-Thriller "Gutland" (2017) mam Vicky Krieps.Mir ënnerhalen eis iwwer Selbstvertrauen – déi wichtegst  Qualitéit vun engem Filmemaacher, dat ee mat alle Mëttele schütze muss; a wisou et wichteg ass kleng Karriärs-Schrëtt ze maachen, fir seng Kreativitéit net duerch ze vill Geld ruinéieren ze loossen.D'Gespréich mam Govinda ass eent op dat mir eis scho laang freeën. Hien ass ee vun den intressantsten an intelligentste Kënschtler zu Lëtzebuerg, mat deem et onméiglech ass e langweilegt Gespréich ze féieren. Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  17. 16

    KEN BARTHELMEY – Monsters & Blockbusters 🇱🇺

    Kaum ee Lëtzebuerger schafft u sou ville risegen Hollywood Blockbuster wéi de Ken Barthelmey. Hien erschaaft Monsteren a Kreaturen fir Filmer wéi Thor, Fantastic Beasts, Godzilla, Predator, Pokémon, Maze Runner, Aquaman... a ville méi.De Ken erkläert wéi hien et fäerdeg bruecht huet, seng Visioun ze erreechen; wisou et haut ëmmer nach wichteg ass mat Stëft op Pabeier ze schaffen; a fir wéi ee Film de Guillermo del Toro hien héchstperséinlech recommandéiert huet.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  18. 15

    LUKAS GREVIS – Einfach just maachen! 🇱🇺

    De Lukas Grevis gëtt Vollgas. Déi meescht schwätze vill an téinen déck – wärend de Lukas einfach mécht. Mat 25 Joer huet hie schonn seng éischt 2 Feature Filmer an der Këscht! Dat muss ee mol fäerdeg bréngen. Den éischte Film, "D'Land am Schiet" (am Optraach vu Respect.lu) ass eng Etude iwwert eng Gesellschaft déi sech radikaliséiert. Fir säin zweete Film, e Roadmovie, huet de Lukas mat quasi null Budget seng jonk an hyper-motivéiert Crew queesch duerch ganz Europa geleet.Wat no baussen immens inspiréierend wierkt, huet awer säi Präis. De Lukas huet geléiert heiansdo e Gang erof ze schalten, an sech net fir seng Passioun selwer ze zerstéieren."D'Land am Schiet" Trailer:https://youtu.be/gLEJ1YbuKhQLukas Grevis Vimeo Channel:https://vimeo.com/user37476509Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  19. 14

    JERRY FRANCK – De Wee bei d'Oscars (Hollywood Series) 🇱🇺

    HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.De Jerry Franck ass ee vun deene wéinege Lëtzebuerger, déi et bis bei d'Oscars gepackt huet! 2016 war hie bei den Academy Awards mat sengem "Chau Beyond the Lines" fir beschten Dokumentär Kuerzfilm nominéiert. Ugefaang huet beim Jerry awer alles als Steadycam-Operator.De Jerry erzielt eis wéi et war iwwert de rouden Tapis gejot ze ginn; wéi hien seng Léift zu belschem Béier an en erfollegräiche Film verwandelt huet; a wéi et war mam James Franco a Will Ferrell Fänkches ze spillen!Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  20. 13

    ANNE KLEIN – Raus aus der Comfort Zone (Hollywood Series) 🇱🇺

    HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschlo huet.D'Standup Comedian & Schauspillerin Anne Klein huet seng siwe Saache gepak an ass op Los Angeles geplënnert fir sengem Dram nozegoen. D'Anne fäert näischt. Obwuel hatt vun sech selwer behaapt schei an onsécher ze sinn, klëmmt hatt Owend fir Owend op d'Bün fir seng Ängscht ze iwwerwannen. Well Standup a Live Improvisatioun, si warscheinlech déi zwou "schlëmmsten" Disziplinnen déi sech eng schei an onsécher Persoun ka raussichen.D'Anne huet déi bewonnerenswäert Fäegkeet, sech ëmmer nees raus aus senger Comfort Zone ze katapultéieren . Wou hatt dee Courage hierhëllt – a wéi schwéier et ass op Lëtzebuergersch witzeg ze sinn – dat verréit eis d'Anne an dësem Gespréich. A mir hu gutt gelaacht... wéi een sech ka virstellen!Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  21. 12

    JEFF DESOM – Vergaangenheet an Zukunft (Hollywood Series) 🇱🇺

    HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.Als Regisseur an VFX (visual effects) Kënschtler, ass de Jeff Desom e reegelrechten Zauberer, mat engem Talent fir Biller, déi engem am Gedächtnis bleiwen. Zënter méi wéi 10 Joer ass LA dem Jeff säin Doheem, wou hie mat groussen Nimm zesummeschafft.De Jeff erzielt wéi alles ugefaangen huet, wéi hien als Teenager mam Vicky Krieps éischt Erfarungen als Schauspiller gesammelt huet; wéi hie mat e puer Kolleegen d'visuell Effekter fir den Oscar-Gewënner "Everything Everywhere All At Once" gebastelt huet; a wéi de Medium Film sech an Zukunft wäert veränneren.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  22. 11

    DAVID GOLDRAKE – D'Spill mat der Illusioun (Hollywood Series) 🇱🇺

    HOLLYWOOD SERIES An eiser "Hollywood Serie" ënnerhale mer eis mat Lëtzebuerger aus der Entertainment Industrie, déi et op LA an d'Dramfabrik verschloen huet.Eisen éischte Gaascht ënnert dem Hollywood Zeechen ass den Illusionist David Goldrake, en Entertainer par excellence. Mat enormer Selbstdisziplin a Fokus huet hie säi ganzt Liewe kompromësslos senger Konscht verschriwwen.Mir schwätzen iwwert seng Entwécklung als Kënschtler, wéi säin Dram vun enger eegener Show zu Las Vegas sech verwierklecht huet, a wéi seng "Synästhesie" hien zu neien Tricker inspiréiert. Den David scheit net zréck fir och iwwer onconfortabel Themen ze schwätzen, wéi Alteren an Doud – an dat Accident, dat hien déif geprägt huet.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  23. 10

    EILEEN BYRNE – Film ass Emotioun 🇱🇺

    D'Eileen ass mat vill Leidenschaft op senge Filmsets derbäi, wou hatt och kee Problem huet heiansdo mol Emotiounen ze weisen. Wat anerer als eng Schwächt ugesinn, emfënnt hatt als eng Stäerkt. Et soll een sech net hannert enger Fassad vu Keelt a falscher Häert verstoppen.D'Eileen kennt frësch vum Set vu sengem éischte Feature Film, der Verfilmung vum däitschen Erfolgsroman "Marianengraben". Hatt verréit eis wat hatt an dëser stresseger mee wonnerschéiner Zäit geléiert huet – wat ee Schauspiller op kee Fall soll soen – an wisou trotz Studenten-Oscar ëmmer nach eng Imposter-Stëmm heiansdo dertëschent pëspert.An Däitschland huet d'Eileen eng Beweegung gegrënnt, déi sech fir eng besser Ennerstetzung vu jonke Filmemaacher a couragéierte Produktiounen asetzt. Et wier eng traureg Welt, wann des Filmer net géifen entstoen. Dofir Merci, Eileen!Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  24. 9

    MAGALY TEIXEIRA – Nom Applaus 🇱🇺

    D'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den übleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrëtt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no.Och wann een d'Magaly als Energiebündel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustécht, wëll dat net heeschen, dass hatt net och déi schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen – grad wéi bei all Kënschtler – och bei him Dämonen op.D'Magaly schwätzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert déi negativ Gefiller, Zweifel an Ängscht, déi mat dësem Liewensstil verbonne sinn. En Thema, wat oft Tabu ass.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  25. 8

    AMANDINE KLEE – D'Musikalitéit vun der Kameralëns 🇱🇺

    Wéi d'Amdandine Klee als Teenager déi éischte Kéier eng Kamera op der Schëller hat, stoung fir hatt seng Beruffung fest. Als Frontfra vun enger Rockband war eigentlech Musik seng éischt Passioun – wat haut e groussen Afloss huet op seng Manéier Biller ze komponéieren.Als eng vu wéinege Kamerafraen an dësem männlech-dominéierte Beruff, huet d'Amandine fréi geléiert sech duerchzebäissen, a setzt sech haut als erfollegräich DP an, Gläichheet an Akzeptanz um Filmset eng Normalitéit ze maachen.An dësem inspiréierende Gespréich potere mer mam Amandine iwwer d'Qualitéiten déi en DP muss matbréngen – wéi een trotz klenge Mëttele grousse Kino maache kann – a wisou et nach ëmmer bäi Wäitem net genuch Fraen hannert der Kamera gëtt.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  26. 7

    FÉLIX KOCH – E Superheld am Regie féieren 🇱🇺

    De Félix Koch ass deene meeschte Lëtzebuerger als d'Regietalent hannert dem Succès vum "Superjhemp Retörns" bekannt. Säi Kachkéis-gedriwwene Superhelden Epos huet 2018 fir vill gutt Stëmmung an de Lëtzebuerger Kino's Säll gesuergt.Als Regieassistent vum Michael "Bully" Herbig ugefaangen, ass de Félix zënter 2007 an der Film & TV Branche aktiv. Nom Superjhemp, huet hie Regie fir d'ARD Serie "Großstadtrevier", an d'RTL Actionfilmer "Balko-Teneriffa" gefouert. Hie weess also wéi dat leeft, wann op engem Filmset geballert gëtt!Wéi een effizient schafft, seng Visioun trotz Stress an Zäitdrock duerchsetzt – a wat ee mécht wann den Haaptschauspiller sech e Messer duerch d'Hand stécht  – dat verréit eis de Félix eis an dëser Episod!Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  27. 6

    TOMMY SCHLESSER – E Liewe fir d'Schauspillerei 🇱🇺

    Et ginn net all ze vill Leit zu Lëtzebuerg déi nach näischt vum Tommy Schlesser héieren hunn. Zënter sengem Debut als professionelle Schauspiller an der Sitcom "Comeback" (2012) huet säi Wee hien an international Produktioune queesch duerch d'Welt gefouert.Mee wéi huet alles beim Tommy ugefaang? Als Kand huet hie schonn mat sengem Brudder (eisen Host, Émile V. Schlesser) éischt Filmer gemaach. Déi si schliisslech ëmmer méi grouss an éiergäizeg ginn, bis de Wonsch säi Liewen dëser Passioun ze widmen, net méi ze ennerdrécke war.Den Tommy erzielt eis wéi schwéier et heiansdo ass als Schauspiller d'Familljeliewen an de Beruff ënnert een Hutt ze bréngen; wéi hie virun engem Dréi zum "Rodeo-Stéier" gëtt; a wat mengt den Tommy eigentlech, wann hie seet hie wier "am Tunnel"?Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  28. 5

    TIMO WAGNER – De Kierper als wichtegst Instrument 🇱🇺

    Ugefaangen huet alles mam Sport. De Schauspiller Timo Wagner hat eigentlech schonn de Wee vum Leeschtungssport ageschloe, wéi et hien et op d'Bün a virun d'Kamera gezunn huet. Wéi sech rausstellt hunn déi zwou Welten awer vill méi gemeinsam wéi ee mengt.Zur Zäit ass den Timo um groussen Ecran am spektakuläre "Läif a Séil" ze bewonneren. Eng mysteriéis Roll, déi hie bis an de klengsten Detail virbereet huet. Wéi enge kierperleche Strapazen huet hie sech fräiwëlleg ausgesat fir dës Roll? A wat ass en absolutten No-Go an der Kommunikatioun mam Regisseur?Dat, a villes méi, verréit eis den Timo Wagner an dësem intime Gespréich.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  29. 4

    JACQUES MOLITOR – Horror mat Häerz 🇱🇺

    (SPOILER!) De Jacques Molitor huet net nëmmen e grousst Filmwëssen, mee mat zwee Feature Filmer och genuch Erfarung fir iwwer d'Handwierk vum Regieféieren an seng Schwieregkeeten ze schwätzen. Mat sengem neie Film "Kommunioun" (Wolfkin) liwwert de Jacques e spannende Genre-Mix: Horror, Coming-of-Age an Social Drama. Eppes, dat ee bis haut nach net am Lëtzebuergesche Kino ze gesi krut.De Jacques erzielt eis wéi hien d'Erausfuerderung gemeeschtert huet, mat enger komplizéierter Diva ze schaffen – engem richtege Wollef.Merci un Les Films Fauves fir d'Clips.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  30. 3

    LOIC TANSON – Eng roueg Stëmm am wëlle Westen 🇱🇺

    (SPOILER!) Mat engem Lëtzebuerger Western, dem spektakuläre Läif a Séil, liwwert de Regisseur Loic Tanson säin éischte Feature Film. Poetesch, brutal an eng immersiv Rees an eng vergaangen Epoch.No jorelaanger Erfahrung als Filmkritiker huet de Loic de Sprong op déi aner Säit gewoot. Dräi Kuerzfilmer an e puer Dokumentairen hunn hien op dëse grousse Projet virbereed – déi opwännegst an deierste Lëtzebuerger Produktioun bis dato.De Loic verréit eis wéi hie mat senge Schauspiller "schafft", wat ee mécht fir säin Team zesummenzeschweessen – a wéi ee bluddeg Szenen realistesch an effektiv ëmsetzt!Merci u Samsa Film fir d'Clips.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  31. 2

    FABIEN COLAS – Produzéieren zu Hollywood an zu Lëtzebuerg 🇱🇺

    Als éischt Episod féiere mer mol e Selbstgespräch. An zwar mat eisem eegenen Host, dem Fabien Colas.De Fabien ass zu Lëtzebuerg gebuer, an huet sech iwwert déi lescht 10 Joer zu Hollywood eng Karriär opgebaut. Als Produzent vu Music Videos huet hie scho mat Artiste wéi dem Miley Cyrus, Christina Aguilera, Lil Wayne oder dem ASAP Rocky zesumme geschafft. Obwuel hien sech zu Los Angeles niddergelooss huet, zitt et hien ëmmer nees zréck heem op Lëtzebuerg.An dësem éischten Talk verréit hie wéi de verréckten Alldag op esou grousse Produktiounen ausgesäit. Wat huet hie schonn alles mat exzentresche Stars erlieft? A wiem géif hie gär mol eng Kéier am Lift begéinen? Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

  32. 1

    E Podcast iwwer d'Leidenschaft Filmer ze maachen

    35M Elevator Pitch ass e Podcast iwwer d'Léift zum Film, an alles wat mat der Magie vum Kino ze dinn huet. Och wa mir eis op d'Filmindustrie zu Lëtzebuerg fokusséieren, wëlle mir eis awer net just op eis Heemecht begrenzen.All Episod invitéiere mir eng Perséinlechkeet aus Film & TV, fir am Detail iwwert hier Konscht an de Beruff vum Filmemaachen ze poteren. Mir wëllen e Bléck hannert d'Kulisse fräiginn, Anekdote vum Set erhaschen, an aus Erfarunge léieren. Wat fléisst alles an d'Entstehung vun engem Film? Wéi baut een eng Karriär an dëser Industrie op? Wéi gëtt ee mat deene verschiddenen Challengen eens?A wie wëllen eis Gäscht emol am Lift treffen?De Fabien Colas & Émile V. Schlesser hunn zesummen d'Produktiounsfirma 35M Films gegrënnt a schaffen zënter 2012 als Produzenten– a Regisseuren Duo. Als passionéiert Filmemaacher hunn den Émile & Fabien decidéiert e Podcast iwwer hier Leidenschaft ze kreéieren. Eng Idee, déi scho laang an hire Käpp gebrodelt huet.Support the showËnnerstëtz eis mat engem klengen Don:www.35mfilms.com/podcast-donateHosts: Émile V. Schlesser & Fabien ColasInstagram: @35mfilmswww.35mfilms.com

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

We invite filmmakers from Luxembourg and all over the world to discuss their passion and craft of making movies!

HOSTED BY

35M Films

CATEGORIES

URL copied to clipboard!