PODCAST · history
80 Joer Battle of the Bulge - Lëtzebuerg wärend der Ardennenoffensiv
by RTL Radio Lëtzebuerg
Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich eragezunn, wéi et vun Nazi-Däitschland iwwerfall gouf. De Grand-Duché war bis September 1944 besat. Den 10. September sinn US-Zaldoten an d'Stad agezunn. D'Freed vun der Lëtzebuerger Populatioun iwwert déi zeréckgewonne Fräiheet war grouss. Dee Moment konnt nach kee wëssen, datt se just vun zimmlech kuerzer Dauer sollt sinn. De 16. Dezember 1944 ass déi däitsch Wehrmacht nämlech am Kader vun der Ardennenoffensiv nees an d'Éislek amarschéiert. Bis Enn Januar sollten déi deels ganz bluddeg Kämpf daueren. Réischt den 12. Februar 1945 gouf mat Veianen déi lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit. An dësem Podcast kuckt de Marc Hoscheid mat verschiddene Gespréichspartner op d'Evenementer vun deemools zeréck.
-
3
12. Februar 1945, 12/02/2025
Veianen gëtt als lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit (Minnen als Gefoer nom Krich an den Neesopbau)
-
2
25. Januar 1945, 25/01/2025
Clierf gëtt befreit (Roll vun der Fra)
-
1
21. Januar 1945, 21/01/2025
Wolz gëtt befreit (Roll vun den Zwangsrekrutéierten)
-
0
12. Januar 1945, 12/01/2025
Zerstéierung vun der belscher Grenzuertschaft Bras (D'Roll vun der Sprooch wärend der Offensiv)
-
-1
6. Januar 1945, 06/01/2025
Den US-Zaldot mat Lëtzebuerger Originne Philip Weis stierft am Kampf (Lëtzebuerger an Amerikaner mat Lëtzebuerger Originnen an der Offensiv)
-
-2
25. Dezember 1944, 25/12/2024
D'Zerstéierung vun Eschduerf an d'Kommunikatioun mat Doheem Op Chrëschtdag 1944 war d'Ardennenoffensiv matzen amgaang. Besonnesch brutal waren d'Kämpf an der Géigend ronderëm Eschduerf. Wärend esouwuel op däitscher wéi och op alliéierter Säit vill Zaldoten hiert Liewe verluer hunn, huet d'Zivilpopulatioun musse flüchten an nokucken, wéi hier Haiser a Flamen opgaange sinn. Ma an der Zäit ronderëm Chrëschtdag hunn d'Zaldoten och besonnesch intensiv no hire Familljen an hirer Heemecht verlaangert. Wann een d'Bréiwer vun deemools liest, fält op, datt sech d'Hoffnungen an d'Ängscht vun den Amerikaner net grouss vun deene vun den Däitschen ënnerscheet hunn. Anescht war et iwwerdeems bei der offizieller Propaganda.
-
-3
19. Dezember 1944, 19/12/2024
Wolz gëtt ageholl (Krichsgefaangener op béide Säiten)
-
-4
16. Dezember 1944, 16/12/2024
Ufank vun der Ardennenoffensiv, Clierf gëtt ageholl (Zäit virun an Ufank vun der Offensiv)
-
-5
Den RTL Podcast: 80 Joer Battle of the Bulge, 12/12/2024
D'Éislek am Wanter 1944/45. Dräi Méint nodeems déi Alliéiert Lëtzebuerg vun den Nazie befreit hunn, kommen déi Däitsch rëm zeréck. Ee Mount laang gëtt am Norde vum Land bluddeg gekämpft, Uertschaften zerstéiert an d'Zivilpopulatioun steet tëscht de Fronten.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Den 10. Mee 1940 gouf Lëtzebuerg an den Zweete Weltkrich eragezunn, wéi et vun Nazi-Däitschland iwwerfall gouf. De Grand-Duché war bis September 1944 besat. Den 10. September sinn US-Zaldoten an d'Stad agezunn. D'Freed vun der Lëtzebuerger Populatioun iwwert déi zeréckgewonne Fräiheet war grouss. Dee Moment konnt nach kee wëssen, datt se just vun zimmlech kuerzer Dauer sollt sinn. De 16. Dezember 1944 ass déi däitsch Wehrmacht nämlech am Kader vun der Ardennenoffensiv nees an d'Éislek amarschéiert. Bis Enn Januar sollten déi deels ganz bluddeg Kämpf daueren. Réischt den 12. Februar 1945 gouf mat Veianen déi lescht Lëtzebuerger Uertschaft befreit. An dësem Podcast kuckt de Marc Hoscheid mat verschiddene Gespréichspartner op d'Evenementer vun deemools zeréck.
HOSTED BY
RTL Radio Lëtzebuerg
CATEGORIES
Loading similar podcasts...