PODCAST · business
Den Jobcast
by ADEM | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
De Wee vun der Aschreiwung bei der ADEM bis an den aktuellen Job. All Episod erzielt eng inspiréierend Success-Story. Den Jobcast ass de Podcast vum Studio J, der Produktiounsunitéit vum Lëtzebuerger Journal, a Kollaboratioun mat der ADEM, der Agence pour le développement de l'Emploi.
-
7
#7 Mathias Treinen
De Mathias Treinen ass 27 Joer al a mécht een Apprentissage Adulte an enger Autosgarage. Nom Lycée huet hien op der Uni verschiddenes ausprobéiert, mee d'Schicksal huet hien zeréck bei seng Passioun bruecht : Autoen. An dat war den Ufank vu senger Karriär bei Merbag zu Hollerech. D'Entreprise, fir déi hien haut nach schafft. Dëse Wee gouf him duerch d'Zesummenaarbecht tëscht Merbag an der ADEM erméiglecht. Den Hans Maes, säi Meeschter, an de Stephan Hawlitzky, Chef de Service Orientation Professionnelle vun der ADEM, erzielen, wéi hir Collaboratioun funktionéiert, a wéi se dem Mathias säi Wee impaktéiert huet.
-
6
#6 Kevin Risch
De Kevin Risch huet 28 Joer, ass aus Lëtzebuerg a mécht Musek. Déi eng oder aner kennen e bestëmmt och ënnert dem Numm Brebo. De Lycée huet hien, wou e méi jonk war, virun der Première ofgebrach. Hien ass an e Fitnesszenter schaffe gaang… bis en do entlooss ginn ass. Vu senger Musek ze liewen – säin endgültegt Zil – war awer (nach) net méiglech. An esou huet hien sech bei d'ADEM ageschriwwen. E puer Joer méi spéit ass de Kevin nach ëmmer bei der ADEM… Elo schafft en awer hei, am Guichet REVIS (kuerz fir Revenu d'inclusion sociale). A wéi d'Schicksal et wollt, ass säin deemolege Conseiller, de Gilles Eckes, haut säi Chef. Zesummen erzielen si dem Kevin seng Geschicht – vum éischte Rendezvous, wou hien ze spéit komm ass, bis hin zu hirer haiteger Aarbechtsbezéiung.
-
5
#5 Merryn Swan
De Merryn Swan kënnt aus Groussbritannien. No engem Ëmwee am Gibraltar ass fir d'Léift zu Lëtzebuerg gelant. Hei huet hien sech ëmmer weider bis zu engem Féierungsposten am Finanzberäich erop geschafft. "Ech hu gemengt, dass dat fir ëmmer mäi Liewe géif sinn", esou de Merryn. An dunn : Burnout, Therapien an eng Aklasséierung als "Travailleur handicapé". Zwee Joer méi spéit féiert de Merryn ee ganz anert Liewen, wäit ewech vun de Costumen a vun den Zuelen. Mat der Hëllef vun der ADEM huet hien een Job fonnt, wou hien seng Kreativitéit a Rou ausliewe kann. Zesumme mam Franziska Peschel, senger Chefredactrice, erzielt hie säi Wee zu sengem Posten als Production Assistant bei Radio ARA.
-
4
#4 Iryna Shevelova
D'Iryna Shevelova ass Ukrainerin. Virun engem Joer huet si déi schwiereg Entscheedung getraff, hiert Heemechtsland, an deem bis haut nach Krich herrscht, ze verloossen. Si ass op Lëtzebuerg komm, fir hir bescht Frëndin ze besichen an huet doropshin entscheet, ze bleiwen. "Ech hunn einfach gemierkt, dass ech hei e bessere Schlof kréien", erzielt si. Professionell huet si sech op eng schwéier Zäit gefaasst gemaach… Déi war méi kuerz, wéi geplangt. Mat der Hëllef vun der ADEM huet si schnell een Job fonnt, deen hir Spaass mécht. Zesumme mam Madeleine Skacel, hir Managerin, erzielt si hire Wee zu hirem Posten als Assistant Office Manager bei M&G Investments.
-
3
#3 Silvia Fernandes
D'Silvia Fernandes ass blann a schafft haut als Guide-Serveuse am Restaurant "Dans le Noir ?" um Kierchbierg. Hei iessen d'Clienten am Däischteren. Ma och wann dës Aarbecht fir d'Silvia – dat net ëmmer blann war – wéi gemaach ass, huet hir Behënnerung hir vill Steng an de Wee geluecht. Zwee Mol huet si missten duerch hir Krankheet mat fréiere Stagen ophalen. No 20 Joer ouni Aarbecht, huet d'Silvia mat der Hëllef vun der ADEM en Job fonnt, dee si glécklech mécht. Si erzielt vun hirem Parcours zesumme mam Marlie Guérin, der Managerin vum Restaurant.
-
2
#2 Johny Dias
Den Johny Dias ass 35 Joer al an zu Lëtzebuerg gebuer. Mat 18 Joer huet hien d'Land awer verlooss, fir a Portugal liewen ze goen. Dohanne war hien eng Zäit laang Zaldot. Wéi säi Papp Gesondheetsprobleemer kritt huet, ass hien zeréck an de Grand-Duché komm. Hei konnt hie keng Aarbecht fannen, déi hien intellektuell gefuerdert huet. Hie wosst: An him stécht méi dran. Mat der Hëllef vun der ADEM huet hien dunn net nëmmen eng Formatioun fonnt, déi zu him passt, ma och säin zukünftegen Employeur: Cap4 Group. Hien erzielt seng Geschicht zesumme mam Fabien Zuili, de Co-Founder vun der Boîte, deen seng Entwécklung säit sengem éischten Dag an der Entreprise verfollegt huet.
-
1
#1 Ayokovi Agbo

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
De Wee vun der Aschreiwung bei der ADEM bis an den aktuellen Job. All Episod erzielt eng inspiréierend Success-Story. Den Jobcast ass de Podcast vum Studio J, der Produktiounsunitéit vum Lëtzebuerger Journal, a Kollaboratioun mat der ADEM, der Agence pour le développement de l'Emploi.
HOSTED BY
ADEM | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Loading similar podcasts...