PODCAST · society
Endlech - De Podcast vum Trauerwee
by Trauerwee asbl.
Als Trauerwee ennerstëtzen a begleede mir Kanner a Familjen an hirer Trauer an et läit eis um Häerz d'Themen ronderëm den Doud an Trauer méi an eiser Gesellschaft ze integréieren. An dofir: Endlech gëtt et dëse Podcast.
-
13
#12 De Papp fir alles
Wat geschidd mat enger Famill, wann d'Mamm op eemol feelt? An dëser Episod schwätze mir mam Yves Barthels iwwert de Verloscht vu senger Fra an d'Verännerungen, déi doduerch a sengem Lierwen agetruede sinn.
-
12
#11 Suizid
Suizid vum Papp an der Kandheet, wéi geet een als Erwuessenen mat dësem Verloscht em? An dëser Episod schwätzt d'Simone Thill mat der Erzielkënschtlerin dem Luisa Bevilacqua iwwert Konscht an den Doud.
-
11
#10 Ronderëm de leschten Äddi
Wéi geet een domat ëm, wann een e Mënsch verléiert, deen engem immens vill bedeit huet? Wéi kann een traueren, ouni sech selwer ze verléieren? Wat heescht et, wierklech Äddi ze soen a wéiwäit däerf oder soll e Kanner mat abannen? D’Simone Thill schwätzt an dëser Episod mam Martine Wirtz iwwert de leschten Äddi.
-
10
#9 Trauer an der Schoul
D'Rentrée steet virun der Dir - a fir verschidde Kanner ass alles aneschters well an der Summervakanz e wichtege Mënsch gestuerwen ass. Fir den Enseignant stellt sech d'Fro: Wéi reagéieren ech bei engem betraffene Kand? Wat kann hëllefen? An dëser Folleg, gi mer dëse Froen no a schwätze mam Nadine Wagner, Enseignante am Cycle 1 iwwert hir Erfarung mam Thema Trauer an der Schoul.
-
9
#8 Trauer als Aarbecht - E Gespréich mat enger Trauerriednerin
Wéi geet ee mat der Trauer vun anere Mënschen ëm? Wat bedeit et, Wierder ze fannen, wann anerer se verléieren? An dëser Episod vum Podcast schwätzt d'Simone Thill mam Marceline Goergen iwwert hier Aarbecht als Trauerriednerin.
-
8
#7 Trauer - En Deel vum Liewen
Dës Episod ass eng Opnam vun der Konferenz déi d'Simone Thill den 23.04.2025 am Kader vun der Ausstellung Trauer - En Deel vum Liewen an der Gemeng Kielen gehalen huet.
-
7
#6 Trauer als Kand - Trauer haut
An dëser Episod schwetzt d'Simone Thill mam Zoe. D‘Zoe war engt vun den éischte Kanner wat virun 10 Joer an d'Trauergruppe vum Trauerwee komm ass nodeems säi Papp verstuerwe war.
-
6
#5 Suizid
An dëser Episod dréit sech alles ronderëm di komplex Themen vum Suizid. D'Simone Thill schwätzt mam Vicky Pundel, enger betraffener Schwëster.
-
5
#4 Feierdeeg an Trauer
Wéi erliewen Läit d'Féierdeeg déi an Trauer sin? Kann een sech doroper virbereeden? D'Simone Thill an d'Martine Wirtz schwëtzen iwwert des Themen zesumme mam Betty, enger betraffener Persoun a Mamm vun 3 Kanner.
-
4
#3 Kannertrauergruppen
An dëser Episod zielen d'Simone Thill an d'Christiane Rassel Iech wat de Sënn hannert dëse Gruppen ass a wéi esou Nomëtteger oflafen.
-
3
#2 Trauer - Schwarz, gro oder faarweg?
An der zweeter Episod vum Podcast schwëtzen d'Simone Thill an d'Martine Wirtz iwwert Trauer a wat dat esou mam Mënsch mécht.
-
2
#1 Eis Geschicht
An der éischter Episod gi mir der Fro no: Firwat gëtt et den Trauerwee? Dem Simone Thill a Christiane Rassel hier perséinlech Geschichten waren d'Motivatioun fir dëse Projet unzegoen. Wéi war dat deemols wéi Sie mam Verloscht konfrontéiert waren, wéi geet et hinnen haut? Sie deele mat Iech hier Gedanken, Ängschten an Hoffnungen an erzielen Iech vum Ufank vun hierem Häerzensprojet.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
Loading similar podcasts...