PODCAST · news
Europa Aktuell
by radio 100,7
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
-
50
EU - US Deal: Wéi eng Konditioune stellt d'EU?
Den ëmstriddenen Deal tëscht den USA an der EU iwwert Douanestaxen ass eng Etapp weider - nodeems d’Europaparlament an d’Memberlänner an der Nuecht vun e Denschdeg op e Mëttwoch ee politeschen Accord fonnt hunn. D’Parlament hat insistéiert, datt beim Accord, deen d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen am Summer zejoert a Schottland mam amerikanesche President Donald Trump ofgemaach huet, misst nogebessert ginn.... an huet sech um Enn domat duerchgesat. Den Deal soll ëmgesat ginn, allerdéngs ënnert bestëmmte Konditiounen. Wéi eng sinn dat? An ass deen Accord, dee virgesäit, datt fir d’USA europäesch Douanestaxen gréisstendeels ewech falen, elo besser? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
-
49
Christophe Hansen wëll de Bauere méi Sue ginn, awer net elo direkt
Zanter datt d’Strooss vun Hormuz zou ass, schéissen d’Präisser fir Düngemëttel an d’Luucht: D’Baueren an Europa kréien d’Suitte vum Krich am Iran ganz konkret ze spieren. Si fuerdere méi Ënnerstëtzung vun der EU-Kommissioun. Déi awer reagéiert elo net direkt. Gëscht huet den zoustännegen EU - Kommissär fir d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, säin Aktiounsplang fir d’Düngemëttelen (dee scho méi laang geplangt war) presentéiert - Subside fir d’Bauere gehéieren do zwar dozou -si sollen awer réischt am Juni konkret op den Dësch geluecht ginn. Firwat net direkt a mat wat kënnen d’Bauere rechnen? Dat froe mir de Christophe Hansen am Interview. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
48
Wat brauch d'EU haut, Viviane Reding?
D'CSV-Politikerin, déi dräi Mol EU-Kommissärin war, krut gëschter den Uerde fir Europäesch Meritten iwwerreecht. Mir froen si: Wat feelt der EU haut, wat se fréier hat? An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
47
Europäesch Arméi: Nach ëmmer keng konkret Diskussioun wäert
Soll d’EU eng eegen, eng Europäesch Arméi op d’Bee stellen? Iwwert déi Iddi gëtt an der EU ëmmer nees diskutéiert. Och de Lëtzebuerger Premier huet se schonn e puer Mol an d’Spill bruecht. D’Annonce vun den USA, massiv Truppen aus der EU ofzezéien, huet de Sujet nees op den Dësch bruecht. D’EU misst op dee Réckzuch duerch d’Opstelle vun enger europäescher Trupp äntwerten, fënnt zum Beispill den EU-Kommissär fir d’Defense, den Andrius Kubilius. Ma säin Appell ass net op Begeeschterung gestouss. Och net bei der Lëtzebuerger Arméisministerin.
-
46
EU-Kommissioun seet Nee zu gemeinsame Mesurë géint Energiekris
Verschidde grouss Länner vun der Europäescher Unioun sinn der Meenung, datt d’EU sollt zesummen op d’Energiekris reagéieren. Si fuerderen zum Beispill eng zousätzlech Steier op exzeptionell Gewënner fir Energie-Entreprisen oder méi labber Budgetsreegelen, fir Investitioune méi einfach ze maachen. Bréissel awer wénkt of. D’EU-Kommissioun wëllt den Ament keng gemeinsam europäesch Mesurë proposéieren. Dat waren déi kloer Wierder vum zoustännegen EU-Kommissär Valdis Dombrovskis. D’Danièle Weber iwwer d’Diskussiounen, déi ënner den EU-Finanzministere geféiert gouf.
-
45
EU-Defense-Kommissär: Ukrain kéint Deel vun EU-Arméi sinn
D’Ukrain sollt integral an den europäesche Verteidegungssystem integréiert ginn. Dat hat déi lescht Woch den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gefuerdert. Net géint déi Iddi weist sech elo den EU-Kommissär fir d’Verteidegung. D’Europäesch Unioun misst ee System op d’Bee setzen, deen iwwer just d’Länner vun der Unioun erausgeet. An d’Ukrain hätt duerch hir Experienz mam Krich an der Waffeproduktioun Kapazitéiten, déi d’EU net huet, seet den Andrius Kubilius op eis Nofro. De Litauer schléisst net aus, datt d’Ukrain och kéint Deel vun enger europäescher Arméi ginn. Den EU-Kommissär fir d’Defense stoung Journalisten a Journalistinne vum Radios-Reseau Euranet Plus, an deem den 100,7 Member ass, Ried an Äntwert. D’Danièle Weber war beim Interview derbäi a mécht de Resumé vum Gespréich.
-
44
No Orbán-Out: Ungarn an d'EU sti virun intensiven Debatten
An der EU gouf e Sonndeg den Owend op ville Plazen opgeotemt: Datt de Viktor Orbán an Ungarn no 16 Joer ofgewielt gouf, gouf zu Bréissel allgemeng ganz positiv opgeholl. Den ungaresche Premier blockéiert zanter Joren ëmmer nees Decisiounen op europäeschem Niveau - elo gëtt erwaart, datt eng méi konstruktiv Approche en vue ass. An Ungarn ass ëmgedréit d’Hoffnung grouss, datt Bréissel déi agefrueren EU-Suen ënner där neier Regierung geschwë fräischalt. Wéi séier kann dann elo domat gerechent ginn, datt déi Blockagen op béide Säiten opgehuewe ginn? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
43
Péter Magyar: Dee Politiker, deen de Viktor Orbán kéint klappen
Woufir steet de Politiker? Eis Europakorrespondentin Danièle Weber huet zu Budapest mat Experte geschwat.
-
42
Walkampf an Ungarn: Kënnt et zum Wiessel?
No 16 Joer un der Muecht kéint de Viktor Orban an Ungarn ofgewielt ginn. Vill Leit schéngen es genuch ze hu mam Regime, deen hien opgebaut huet. Ee Bléck op de Walkampf, deen op Héichtoure leeft - mat eiser EU-Korrespondentin, Danièle Weber, déi op der Plaz ass. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
41
EU-Parlament: EU-US-Deal soll u Konditioune geknäppt ginn
D’Europaparlament stëmmt iwwert den EU-US-Handelsaccord of, nodeems d’Diskussiounen doriwwer widderhuelt op Äis geluecht gi waren. D'Parlament hat dee Vott ausgesat, no de Menacë vum Donald Trump, fir d’Taxen nees an d’Luucht ze setzen an d’USA domat gedreet hate Grönland ze annektéieren oder awer nodeems dat iewescht Geriicht an den USA déi amerikanesch Douanestaxen als net gülteg deklaréiert hat. Et gëtt elo awer erwaart, datt d’Parlament säi Blockage opgëtt - dee “Jo” allerdéngs u Konditioune knäppt. Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
40
Internationaalt Recht an Irankrich: EU-Parlament ass sech net eens
An der europäescher Debatt iwwer den Irankrich huet bis elo virun allem de spuenesche Premier Pedro Sanchez erausgestach. Hien hat déi amerikanesch-israeelesch Attacke besonnesch däitlech kritiséiert. D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, huet dat wéi vill anerer net gemaach an hat e Méindeg duerch eng Ausso fir Diskussioune gesuergt. Europa kéint net weider iwwer déi al Weltuerdnung waachen. Déi wier fort a kéim net erëm, esou d’Cheffin vun der Kommissioun. Dës Ausso gouf hir als eng Zort Support fir dem Donald Trump seng Politik op der internationaler Tribün ausgeluecht. Zum Beispill e Mëttwoch am Europaparlament - wou d’Debatt iwwer de Krich am Iran och däitlech gemaach huet, wéi ënnerschiddlech dorop an der EU reagéiert gëtt.
-
39
Ali Akbar: eng Paräisser Legend
Zanter 1973 verkeeft den Ali Akbar Dageszeitungen an de Stroossen, Caféen a Restauranten am Paräisser Staddeel Saint-Germain-des-Prés. Hien ass dee leschte sougenannte “vendeur de journaux à la criée” a Frankräich, vläicht esouguer an Europa. Fir säin Engagement krut hien am Januar eng Éierung vum President Macron - een ale Bekannte vum Zeitungsverkeefer. De Max Tholl huet den Ali Akbar op senger deeglecher Tournée zu Paräis begleet.
-
38
EU-Kommissioun wëllt keen extraen EU-Fonds fir sécher Ofdreiwunge schafen
Bréissel verweist en Vue vun der Fuerderung vun der Biergerinitiativ My voice my choice op den Europäesche Sozialfonds, dee kéint fir den Accès op Avortemente geholl ginn.
-
37
Stierfhëllef a Frankräich huet eng weider Hürd geholl
D'Deputéiert vun der Assemblée nationale hu sech fir déi entspriechend Gesetzespropos ausgeschwat. Eise Korrespondent Max Tholl analyséiert den Debat.
-
36
Les PFAS au Parlement européen
Les PFAS, ces substances chimiques plus connues sous le nom de “polluants éternels”, vont faire parler d’eux, cette semaine, au Parlement européen. Des discussions auront lieu cet après-midi, entre eurodéputés et experts, sur l’accumulation dans nos cours d’eau et nos aliments de PFAS hautement persistants utilisés dans les pesticides. Demain, d’autres députés débattront, eux, de l’importance des PFAS pour la compétitivité de l’industrie européenne. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
35
Multi-Speed-EU: Lëtzebuerg kéint de Kierzeren zéien
An der EU kënnt eng al Iddi nees op: Een Europa mat zwou Vitessen - gemengt ass, datt sech verschidde Länner zesummendinn an a bestëmmte Beräicher ouni de Rescht zesummeschaffen. An den Traitéen ass dës sougenannte “coopération renforcée” virgesinn - et gouf awer meeschtens probéiert, dee Fall ze evitéieren. Mee, en vue vum ekonomeschen Drock, deen an der Lescht staark gewuess ass, schéngen elo verschidden EU-Länner prett ze sinn, op dee Wee ze goen. Lëtzebuerg kéint do de Kierzeren zéien.
-
34
No de Walen a Portugal - wien ass den Antonio Seguro?
Mir hu mat der Chefredaktesch vu Contacto a Radio Latina, Manuela Pereira, iwwer d'Prioritéite vum zoukënftege President vu Portugal geschwat. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
33
Bettel iwwert EU-Indien-Handels-Accord: Lëtzebuerg ass dofir
Engem Handels-Ofkommes mat Indien steet d’Lëtzebuerger Regierung positiv géintiwwer, sou de Xavier Bettel am 100,7-Interview. Virun allem am Beräich vun de Finanze gesäit hie “grouss Opportunitéiten” fir de Grand Duché. D'Danièle Weber huet mam Aussen- an Handelsminister geschwat.
-
32
US-Menacë splécken d'EU: Weider Dialog oder Fauscht op den Dësch?
D’EU ass sech net eens, wéi op déi neisten Annonce vum amerikanesche President Donald Trump soll reagéiert ginn. Wéi wäit d’Positiounen auseernee ginn, weist ee Stëmmungsbild queesch duerch d’Parteien Europaparlament. Déi zwou Parteien, déi zu Lëtzebuerg an der Regierung an enger Koalitioun sinn, si komplett anerer Meenung.
-
31
Solidaritéit mat Grönland
D'Souveränitéit vu Grönland wier net negociabel, seet de President vun der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament David McAllister.
-
30
D'EU-Kommissioun erlaabt méi staatlech Subventiounen
Zil ass et, Secteuren, déi besonnesch vill Energie verbrauchen, méi kompetitiv ze maachen an ze verhënneren, datt sech méi Entreprisen aus Europa zeréckzéien. Detailer vum Danièle Weber
-
29
EU-Parlament: Wéi robust ass déi pro-europäesch Plattform?
Am Europaparlament rumouert et - virun allem nodeems déi lescht Woch d’Europäesch Vollekspartei eng Majoritéit zesumme mam riets-extreeme Bord gesicht (a fonnt) huet - d’Brandmauer no riets wier gebrach, esou de Reproche vun de Sozialisten, de Liberalen an deene Gréngen. Elo freet ee sech, wéi et virugeet. Zum Beispill beim Vott haut iwwer dat an der Tëschenzäit ëmstriddent Reglement iwwer d’Deforestatioun, wat dem Ofholze vu Bësch bei eis, mee och an de Länner vum Süden, entgéintwierke soll. Wéi déi Lëtzebuerger EU-Deputéiert haut ofstëmme wäerten, dat weess eis Korrespondentin d'Danièle Weber.
-
28
Chaotesch Deeg an der Belsch
Et gëtt een Accord fir een neie Budget an der Belsch. Mee dat ass net nëmmen eng gutt Nouvelle. E Streik riskéiert d'Land ze paralyséieren. Mir maachen de Point mat eiser Korrespondentin Agathe Cherki.
-
27
Drogegewalt a Frankräich
Zwou grujeleg Dote schockéiere Frankräich. Zu Marseille gouf d’lescht Woch de Brudder vum Aktivist Amine Kessaci erschoss, dee sech géint d’Drogegewalt an der Stad engagéiert. De Weekend gouf zu Grenoble een 12 Joer jonke Bouf ugeschoss - och dës Dot ass wuel op den Drogemilieu zeréckzeféieren. En Dënschdeg hat de President Emmanuel Macron eng Krisesëtzung aberuff, d’Regierung wëllt elo méi strikt géint d’Drogebande virgoen.
-
26
Pensiounsreformpläng an Däitschland
Och an Däitschland suergt eng ugekënnegt Pensiounsreform fir vill Diskussiounen, esouguer bannent der Koalitioun. Explikatioune vun eisem Korrespondent Matthias Kirsch
-
25
Drogegewalt a Frankräich
Zwou grujeleg Dote schockéiere Frankräich. Zu Marseille gouf d’lescht Woch de Brudder vum Aktivist Amine Kessaci erschoss, dee sech géint d’Drogegewalt an der Stad engagéiert. De Weekend gouf zu Grenoble een 12 Joer jonke Bouf ugeschoss - och dës Dot ass wuel op den Drogemilieu zeréckzeféieren. En Dënschdeg hat de President Emmanuel Macron eng Krisesëtzung aberuff, d’Regierung wëllt elo méi strikt géint d’Drogebande virgoen.
-
24
Kritik u Vereinfachung vun EU-Dateschutzgesetzer
Déi aktuell Europäesch Kommissioun ënner hirer Presidentin Ursula von der Leyen huet bekanntlech d’Simplificatioun administrative ganz uewen op hir Agenda gesat. Elo soll do eng weider Etapp agelaut ginn an een neie Pak vu vereinfachte Reegele presentéiert ginn: Dës Kéier geet et ëm Gesetzer, déi déi digital Welt reegele sollen. D’Zil vun de proposéierten Ännerunge wier et, Entreprisen ze entlaaschten an d’Entwéckele vun neien Technologië wéi der Kënschtlecher Intelligenz méi einfach ze maachen, esou d’Kommissioun. Mee schonn am Virfeld suergt dee Projet fir Opreegung: Am Europaparlament schloen déi Gréng, déi Liberal an d’Sozialisten Alarm - a schwätzen dovun, datt Grondpiliere vum europäeschen Dateschutz elo nees a Fro gestallt ginn.
-
23
Riets-konservativ Majoritéit stëmmt fir Ofschwäche vum EU-Liwwerkettegesetz
Ass d’Brandmauer no riets elo definitiv gebrach? Déi Fro gëtt sech am Europaparlament gestallt - no engem Vott de Donneschdeg iwwer dat europäescht Liwwerkettegesetz. Fir een ofgeschwächten Text vun där Direktiv huet nämlech eng Majoritéit gestëmmt, déi sech haaptsächlech aus Vertrieder:inne vun der Europäescher Vollekspartei a vu rietsen- respektiv rietsextreeme Fraktiounen zesummegesat huet. Dat gouf et esou virdrun nach net - d’Sozialisten, déi Liberal a Gréng hunn duerno net mat Kritik gespuert - si werfen der EVP Erpressung vir. D’Partei hätt amplaz e Kompromëss an der politescher Mëtt ze sichen, bewosst mam rietse Bord zesummegeschafft. D’Danièle Weber iwwer dee Vott an doriwwer, wat dat fir d’Zukunft bedeit.
-
22
EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz?
No engem reegelrechte Verhandlungsmarathon huet et um Enn awer nach geklappt: D’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner si sech de Mëttwoch eens ginn iwwer en europäescht Klimazil fir 2040 - um Dësch läit elo eng ofgeschwächte Versioun vun deem, wat ursprünglech geplangt war. D’Stéchwuert fir d’Ännerungen, déi um Enn d’Skeptiker ënner de Memberlänner iwwerzeegt hunn, ass Flexibilitéit. D’Länner an domat d’Entreprisë solle manner strengen, manner rigide Reegelen ënnerworf ginn. Mee wat gouf eigentlech festgehalen - a wat heescht dat elo fir d’Klimakonferenz a Brasilien, déi virun der Dier steet?
-
21
Belsch: De Bart de Wever bleift Premier - mee fir wéi laang?
Mir froen eis Korrespondentin Agathe Cherki, wat hanner der belscher Regierungskris stécht.
-
20
EU-Klimazil 2040: Wat bedeit den Accord fir de Klimaschutz?
No engem reegelrechte Verhandlungsmarathon si sech d’Ëmweltministeren aus de 27 EU-Länner eens ginn iwwer een europäescht Klimazil fir 2040. Um Dësch läit elo eng ofgeschwächte Versioun vun deem, wat ursprünglech geplangt war. D’Stéchwuert fir d’Ännerungen, déi um Enn d’Skeptiker ënner de Memberlänner iwwerzeegt hunn, ass “Flexibilitéit”. D’Länner an domat d’Entreprisë solle manner strengen, manner rigide Reegelen ënnerworf ginn. Mee wat gouf eigentlech festgehalen - a wat heescht dat elo fir d’Klimakonferenz a Brasilien, déi virun der Dier steet? Eng Analys vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber
-
19
Albanien: Ee vun de Frontrunner fir Member vun der EU ze ginn
Néng Kandidate sti vrun der Dier, fir Member vun der EU ze ginn. D'EU-Kommissioun presentéiert haut, Dënschdeg, 4.11., de Rapport doriwwer, wou si an deem Prozess dru sinn. Als éischt, an där File vu Länner, fir an d’EU eranzekommen, ass de Montenegro, duerno kënnt Albanien. Den Europadeputéierten Andreas Schieder, éisträichesche Sozialdemokrat a Rapporter vum Europaparlament iwwer Albanien erkläert, wou d'Land den Ament an deem Bäitrëttsprozess drun ass.
-
18
EU-Liwwerkettegesetz: Marc Angel “houfereg” op geplatzte Kompromëss
D’EU-Parlament sollt sech näischt vun de Staats- a Regierungscheffe virschreiwe loossen, seet de Marc Angel. Den LSAP-EU-Deputéierte war ee vun deenen, dee sech net un ee Kompromëss gehalen huet, deen no wochelaange Verhandlungen tëschent de Fraktioune vun der Europäescher Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberale fonnt gi war.
-
17
Martine Hansen mécht weider Campagne géint Deforestatiouns-Gesetz
D’Propose fir d’Reglement géint d’Entwaldung ze vereinfachen, ginn net wäit genuch, sou d’Agrarministerin. Si widdersprécht dobäi deels den Aussoe vun der EU-Kommissioun a schwätzt sech weider dofir aus, datt Lëtzebuerger Betriber gréisstendeels misste vun de Reegelen befreit ginn. D'Fro ass, wéi vill aner Länner sech där Positioun uschléissen.
-
16
EU-Sommet: keng Visiounen
Ukraine, Klima - den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kuckt zréck op de EU-Sommet vum Donneschdeg a stellt fest, datt déi 27 sech erëm an der Konscht vum Kompromëss üben.
-
15
Russescht Staatsverméigen benotzen: D'Iddi koum net virun um EU-Sommet?
Um EU-Sommet gëscht goufe keng konkret Decisioune geholl - zum Beispill net doriwwer ob d’Ukrain da soll déi Sue vum russesche Staat, déi zanter dem Krich an der EU blockéiert sinn, zur Verfügung gestallt kréien. Och déi ëmstridde Fro, mat wéi engem Klimazil d’EU op d’Klimakonferenz Mëtt November a Brasilie fiert, ass op bliwwen. Wat heescht dat? Ass d’Iddi, déi russesch Suen ze benotzen quasi vum Dësch ? An wéi stinn d’Chancen, datt d’EU net mat eidelen Hänn op der Klimakonferenz do steet? Aschätzungen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
-
14
EU-Defense: Et kënnt op d'Memberlänner un
D’Decisioune méi Suen an d’Defense ze stiechen si scho méi laang gefall - elo muss geliwwert ginn - dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. Si huet den Donneschdeg ee Fahrplang virgeluecht - wéi d’Länner aus der EU solle konkret virgoen. Si sinn et nämlech, déi dee Plang ëmsetze mussen - op si wäert et also ukommen. Wat genee gëtt vun hinnen erwaart a wéi realistesch ass dee Plang? Eng Analyse vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
-
13
EU-Defense: Et kënnt op d'Memberlänner un
D’Decisioune méi Suen an d’Defense ze stiechen si scho méi laang gefall, elo muss geliwwert ginn, dat ass de Message vun der Europäescher Kommissioun. Bréissel huet e Mëttwoch ee Fahrplang virgeluecht, wéi d’Länner aus der EU solle konkret virgoen. Si sinn et nämlech, déi dee Plang ëmsetzen mussen. Op si wäert et also ukommen. Wat genee gëtt vun hinnen erwaart a wéi realistesch ass dee Plang a ween iwwerhëlt de Kommando? Eng Analyse vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.
-
12
Frankräich: Kann de Sébastien Lecornu sech als Premier halen?
Eise Korrespondent zu Paräis analyséiert, wéi déi aner Parteie reagéieren, nodeems de Premier ugekënnegt huet déi ëmstridde Pensiounsreform aus ze setzen.
-
11
Frankräich huet nees eng néi Regierung
Frankräich huet net nëmmen en neien ale Premier mee zanter gëschter Owend och nees eng Regierung, déi haut d’Amt iwwerhëlt an eng schwéier Missioun untrëtt: e Budget duerch d’Parlament kréien a sech méi laang am Amt hale wéi déi dräi Regierunge virun hier. D’Oppositiounsparteien LFI an RN wëllen awer haut schonn e Mësstrauensvote areechen.
-
10
Ried vum Premier Luc Frieden am Europaparlament
D’Europäesch Unioun muss Bürokratie ofbauen - dat sot de Premier Luc Frieden den Dënschdeg am Europaparlament. Hie war dohin invitéiert ginn, fir iwwert d’Zukunft vun Europa ze debattéieren. Och de Xavier Bettel hat deen Exercice a senger Amtszäit als Lëtzebuerger Regierungschef zwee Mol gemaach. Deemools stoung allerdéngs d’Lëtzebuerger Steierpolitik méi am Mëttelpunkt ewéi beim Débat vun haut - D’Danièle Weber iwwert deen éischten Optrëtt vum Luc Frieden als Premier am Europaparlament.
-
9
Bis muer den Owend wäert de franséische President en néie Premier nennen
Bis muer den Owend also wäert de franséische President Emmanuel Macron en néie Premier nennen. Dat nodeems de Sébastien Lecornu, dee jo um Méindeg demissionéiert hat, 48 Stonne laang mat de verschiddene Parteien diskutéiert hat fir en Auswee aus der politescher Stagnatioun ze fannen an dee schéngt hien och fonnt ze hunn. Op mannst sot hie gëschter op France 2 datt et eng kléng Majoritéit fir e gemeinsame Budget an der Assemblée gëtt.
-
8
Analyse mat eisem Paräis-Korrespondent: Frankräich kënnt net zur Rou
Frankräich kënnt einfach net zur Rou. No der iwwerraschender Demissioun vum Premier Sébastien Lecornu gëschter steet d’Land alt nees ouni Premier a Regierung do an de Wee aus der politescher Kris gëtt ëmmer méi schwéier ze fannen. De President Emmanuel Macron huet de Lecornu beoptraagt bis e Mëttwochowend lescht Gespréicher ze féiere fir awer nach eng Léisung ze fannen.
-
7
Informellen EU-Sommet: Unanimitéit steet zur Diskussioun
Um Ordre du jour vum informelle EU-Sommet zu Kopenhagen steet eng Diskussioun doriwwer, wéi ee kann der Ukrain dat agefruerent russescht Staats-Verméigen zoukomme loossen an doriwwer, wéi d’Ukrain kann am Prozess fir Member vun der EU ze ginn, ee Schratt virukommen. Béid Sujete sinn ëmstridden, mee fir béides brauch een an der EU d’Unanimitéit. A fir se opzehiewen och. D'Danièle Weber iwwer deen EU-Dilemma, iwwer deen net fir d'éischte Kéier debattéiert gëtt.
-
6
Wéi déi europäesch Riets-Extreem den Charlie Kirk zu engem Märtyrer maachen
E puer Wochen nom Attentat op den Charlie Kirk probéieren och déi europäesch Riets-Extreem den Doud vum ëmstriddenen US-Amerikaner fir hir Zwecker ze notzen. Dat mengt den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger neister Chronik.
-
5
Dem Mario Draghi säi Rappell
Déi europäesch Wirtschaft géif nach ëmmer ze lues dréien - dee Constat huet dee fréieren EZB-Chef Mario Draghi dës Woch gemaach. An zwar net fir d'éischt.
-
4
Dialog tëschent Lëtzebuerg a Frankräich fällt op en Neits aus
Zanter 2011 kommen déi Lëtzebuerger an déi franséisch Regierung all Joer fir eng Commission intergouvernementale zesummen. Gëschter hätt et souwäit solle sinn, just a Frankräich gëtt et den Ament keng Regierung, also gouf dës Reunioun verluecht. De Problem ass, datt dat schonn d’lescht Joer de Fall war, esou datt wichteg Sujeten op Äis leien.
-
3
Brasilien: De Prozess géint de Bolsonaro
De fréiere brasilianesche President Bolsonaro soll e Staatsstreech geplangt hunn a steet elo viru Geriicht. De Jean-Claude Gerez aus Brasilien gëtt Detailer.
-
2
Bleift d’Regioun Bréissel nach laang ouni Regierung?
Viru 15 Méint waren an der Belsch Regionalwalen, mee Haaptstadregioun huet nach ëmmer keng Regierung zesumme kritt. Ee grousse Problem fir de Veräinssecteur erkläert d'Aghate Cherki.
-
1
Frankräich - fënnefte Premier bannent zwee Joer no Vertrauensfro
Frankräich kënnt net zur Rou. Alt nees muss e Premier no enger kuerzer Amtszäit a wéinst dem Budget goen. Néng Méint war de François Bayrou am Amt, gëschter Owend krut hie bei der Vertrauensfro keng Majoritéit a wäert elo de Moie beim President Emmanuel Macron seng Demissioun areechen. Frankräich kritt deemno säi fënnefte Premier bannent zwee Joer.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...