PODCAST · news
Fënster Op
by radio 100,7
Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
-
50
Portugal
Mir werfen endlech e Bléck op eng Communautéit, déi Lëtzebuerg wéi kaum eng aner gepräägt huet: déi portugisesch Diaspora. Zanter den 1960er Jore koume vill Portugisen a Portugisinnen op Lëtzebuerg - dacks fir hei ze schaffen a sech e Liewen opzebauen. Haut ass dës Communautéit déi gréisst am Land an e feste Bestanddeel vun eiser Gesellschaft. Zesumme mat eise Gäscht schwätze mir iwwer hir perséinlech Geschichten: Firwat koume si oder hir Famill op Lëtzebuerg? Wéi gesäit hiren Alldag tëschent zwou Kulturen aus? Wéi eng Roll spillt Portugal nach an hirem Liewen - a wéi vill Lëtzebuerg koum do derbäi? Et geet ëm Sprooch, Identitéit, Integratioun, Erënnerungen a Verännerungen iwwer Generatiounen. Wéi ënnerscheet sech d’Erfarung vun der éischter Generatioun vun där vun de Jonken, déi hei gebuer sinn? A wou fënnt een haut nach portugisesch Kultur zu Lëtzebuerg - am Alldag, an de Veräiner oder op de Fester? De Cédric Reichel am Gespréich mat der Madalena Queirós, der Isabel Andrade Bento an dem Paulo Jorge Lobo.
-
49
Russland
Zënter dem 24. Februar 2022 an der Invasioun op d’Ukrain ass Russland definitiv e Land ginn, an deem och vill Landsleit net méi kënnen a wëlle liewen. E puer vun dësen huet et och (dacks iwwer Ëmweeër) op Lëtzebuerg verschloen. Wat heescht et fir si hautdesdaags Russen ze sinn? Wéi huet d’Verhältnis zur russescher Sprooch changéiert? Wéi gesi si déi russesch Communautéit zu Lëtzebuerg? Iwwer all dës Froen huet de Cédric mat der Anna Kuleshova, dem Sergey Zhitenev, dem Oleg Greshnev, an der Masha Volikova geschwat.
-
48
Paraguay
Paraguay ass e sougenannte Binnenstaat, also e Land ouni Zougang zum Mier. Et läit tëscht Brasilien, Argentinien a Bolivien. D’Land gëtt duerch de Floss Río Paraguay an zwou grouss Regioune gedeelt. Am Oste läit déi méi fruchtbar Géigend, wou déi meescht Leit wunnen a wou Landwirtschaft bedriwwe gëtt. Am Weste läit de sougenannte Gran Chaco, eng dréchen an dënn besidelt Regioun mat vill Natur a wéineg Stied. Paraguay huet offiziell zwou Landessproochen: Spuenesch a Guaraní, eng indigene Sprooch, déi nach haut vun engem groussen Deel vun der Bevëlkerung geschwat gëtt. Wirtschaftlech ass virun allem d’Waasserkraaft wichteg. Paraguay huet zesumme mat Brasilien ee vun de gréisste Staudämm vun der Welt, den Itaipú Dam, an exportéiert vill Stroum an d’Nopeschlänner. Onofhängeg ginn ass Paraguay am Joer 1811 vu Spuenien, an haut liewen do ronn 7 Millioune Mënschen. D’Haaptstad vum Land ass Asunción.
-
47
Belarus
Belarus ass en osteuropäesche Binnenstaat, deen u Russland, d’Ukrain, Litauen, Lettland a Polen grenzt. Fälschlecherweis ass dëst Land a villen Schoulbicher nach als Wäissrussland bezeechent ginn. Belarus gëtt och oft als déi leschten Diktatur an Europa bezeechent. D’Land besteet zu 40% aus Bëscher an do lieft ënner anerem dat gréisste Mamendéier an Europa, nämlech den europäesche Bison. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Katja, der Margarita Kuzmina an dem Michel Kucherov.
-
46
Ukrain
D’Ukrain ass de 24. Februar 2022 vu Russland iwwerfall ginn, mä eigentlech huet de Krich scho méi fréi ugefaangen. Mat 603.700 km² ass dëst Land mat Ofstand dat gréisste Land an Europa. Eigentlech liewen em déi 45 Mënschen do, mä vill hunn an de leschte Joren d’Land verlooss. E puer Dausend sinn och op Lëtzebuerg komm. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Yevgeniya Inozemtseva, der Iryna Skrypak an dem Oleksiy Kononov.
-
45
Lettland
Lettland läit am Nordoste vun Europa, tëschent Estland a Litauen, un der Ostsee, an ass eent vun de baltesche Länner. D’Haaptstad Riga ass déi gréisste Stad am Baltikum a bekannt fir hir schéi Jugendstil-Alstad. Am Land mat ronn 1,9 Milliounen Awunner ass méi wéi d’Hallschent vun der Fläch mat Bëscher bedeckt. Zanter 2004 ass Lettland Member vun der EU an der NATO an zanter 2014 bezilt een do mam Euro. Eng wichteg Traditioun ass d’Lidder- a Danzfest, wou Dausende Leit zesumme sangen - eng Kultur, déi och vun der UNESCO als immateriellt Weltkulturierwen unerkannt ass. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Ieva Freija-Peccati, der Inguna Miluna-Gillen, der Viktorija Sevcenko an dem Maris Miglans.
-
44
Uganda
Uganda läit an Ostafrika a grenzt am Norden un de Südsudan, am Osten u Kenia, am Süden un Tansania, am Südwesten u Ruanda an am Westen u d’Demokratesch Republik Kongo. D’Land grenzt och un de Victoriaséi, deem gréissten afrikanesche Séi. Ronn 45 Millioune Mënsche liewen do; Englesch ass d’Amtssprooch, Swahili eng wichteg Lingua franca, nieft ville Regionalsproochen. Uganda ass eng Republik, um Fändel gesäit een eng Hoergäns, déi och der Fussballnationalekipp hiren Numm gëtt. D’Haaptstad ass Kampala, d’Wärung ass de Schilling. Bekannt ass Uganda besonnesch fir seng Nationalparken a seng räich Déierewelt mat Gorillaen, Elefanten a Léiwen. De Cédric Reichel am Gespréich mam Andrew Byekwaso, der Rachel Byekwaso, der Sophine Okello, an der Lydia Nabwami.
-
43
Kapverden
D’ Kapverden sinn eng fréier portugisesch Kolonie a bestinn aus zéng Inselen, déi ongeféier 570 Kilometer virun der Westküst vum afrikanesche Kontinent leien. Déi gréissten Insel heescht Santiago. Aus de Kapverden kënnt och eng vun de gréissten net-europäesche Communautéiten zu Lëtzebuerg. Am Land selwer liewe ronn eng hallef Millioun Mënschen, an ongeféier esou vill Kapverdianer wunnen am Ausland. D’Musek spillt eng ganz wichteg Roll op den Inselen. Déi bekanntst Museksrichtung ass de Morna, an déi bekanntst Sängerin war Cesária Évora. D’Crioulos, esou nennt een d’Fussballnationalmannschaft, hunn sech sensationell fir d’Weltmeeschterschaft an dësem Joer qualifizéiert, an och hei am Land wäert bei hire Matcher eng gutt Stëmmung sinn. D’Nationaliessen vun de Kapverden ass Cachupa. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Jailza Dos Santos; der Marlee Dos Reis an dem Helder Da Graça.
-
42
Zentralafrikanesch Republik
D'Zentralafrikanesch Republik läit zimmlech genau am geografeschen Zentrum vum afrikanesche Kontinent. Des Republik ass 1958 onofhängeg vu Frankräich ginn. Niewent Franséisch ass Sango ei Sprooch déi vun allen ethnesche Gruppe geschwat gëtt. An de Reebëscher liewen ënner anerem och nach Gorillaen. Dëst Land vun iwwer 600.000 km2 ass mat 5,5, Milliounen Awunner*innen éischter dënn besidelt. De Cédric Reichel am Gespréich mat der der Lauraine Diberet an dem Lucien Gaba Meyer.
-
41
Libanon
De Libanon läit am Noen Osten, an huet ee vun de markantste Fändelen iwwerhaapt: e gréngen Zedernbam op engem rout-wäiss-gesträifte Fong. Et liewe ronn 5 Millioune Mënschen op enger Fläch vu gutt 10.000 km² am Libanon, woubäi d’Diaspora bal dräimol esou grouss ass wéi d’Bevëlkerung am Land selwer. De wirtschaftlechen a kulturelle Mëttelpunkt vum Land, an och wäit doriwwer eraus, ass Beirut. Am Libanon liewe vill verschidde reliéis Communautéiten zesummen, dorënner Moslemen, Chrëschten an Drusen. D’Amtssprooch ass Arabesch, mee vill Leit schwätzen och Franséisch an Englesch. An de leschte Jore gouf de Libanon allerdéngs staark vu politescher Instabilitéit an enger schwéierer Wirtschaftskris getraff. Vill Mënsche leiden ënner héije Präisser, reegelméissege Stroumausfäll a knappe Ressourcen. De Cédric Reichel am Gespréich mam Hadi Deaibes an dem Toni Mattar.
-
40
Peru
De Peru läit op der Westküst vu Südamerika, a grenzt am Norden un den Ecuador a Kolumbien, am Osten u Brasilien, am Südosten u Bolivien an am Süden u Chile. De Peru ass bekannt als Häerz vun der fréierer Inkakultur mam absolutten Highlight Machu Pichu. Haut ass dëst Land e wichtege Produzent vu Koffer a Selwer. Niewent der fréierer Kolonialsprooch Spuenesch, sinn de Quechua an Aymara och nach haut offiziell Sprooche vum Land. Déi peruanesch Kichen huet an de leschte Joren e richtegen internationale Boom erlieft. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Carmen Benavente, der Claudia Benavente an dem Francisco Benavente.
-
39
Südafrika
Südafrika läit un der Südspëtzt vum afrikanesche Kontinent an zielt als eenzegt afrikanescht Land zu de G20 a gehéiert och zu de BRICS-Staaten. Iwwer 60 Millioune Mënsche liewen do, an et ginn 11 offiziell Landessproochen. Südafrika huet dräi Haaptstied: Pretoria als Regierungssëtz, Kapstadt als Parlamentssëtz a Bloemfontein als Sëtz vun der Justiz. D’Kinnekräich Lesotho ass als Enklav. komplett vu Südafrika ëmschloss. Am Kruger-Nationalpark kann een déi sougenannt „Big Five“ gesinn: Léiw, Elefant, Nashorn, Leopard a Büffel. Mee Südafrika ass och e Land mat enger schwéierer Vergaangenheet – d’Apartheid huet d’Gesellschaft laang gepräägt. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Marise Hyman an der Beate Stiehler-Mulder."
-
38
Kirgistan
Kirgistan läit a Zentralasien an huet ongeféier siwe Milliounen Awunner:innen. D'Land ass staark vu senger eenzegaarteger Geographie beaflosst: méi wéi 90 Prozent vu senger Landfläch besteet aus Bierger. D'Tian-Shan-Bierger, och bekannt als Himmelsbierger, si besonnesch prominent. Bekannt ass och de Séi Issyk-Kul, ee vun de gréissten Héichteséien op der Welt, an deen, wéinst sengem héije Salzgehalt, och am Wanter seele veräist. Kulturell ass Kirgistan déif an nomadeschen Traditioune verankert. Jurten, Päerd a saisonal Véizuucht spillen nach ëmmer eng wichteg Roll. Den Nationalepos "Manas", ee vun de längsten Epen op der Welt, ass en zentralen Deel vun der kirgisescher Identitéit a gëtt nach ëmmer mëndlech weiderginn. De Cédric Reichel am Gespréich mam Viktor Vlasov, dem Ourmat Katchaganov, dem Adilet Zheenbekov an der Aigul Alieva
-
37
Australien
Australie läit op där anerer Säit vun der Welt, ee vun den éischte Länner, an deem dat neit Joer begréisst gëtt. Staatschef ass de Kinnek Charles III., an am Land liewen ongeféier 26 Milliounen Awunner:innen, virun allem an de Küstestied. Déi riseg bannenzeg Géigenden, den Outback, sinn haaptsächlech dréchen a wéineg besidelt. Eng zentral Roll an der Kultur spillen d’Aborigines, déi schonn zënter op d’mannst 60.000 Joer um Kontinent liewen a domat eng vun den eelste kontinuéierleche Kulturen op der Welt hunn. Am Sport ass Australie virun allem am Rugby (Rugby League a Rugby Union) an am Cricket staark vertrueden. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Danielle Edwards, der Maya Joshi an dem Darren Shipard.
-
36
Feierdag-Spezial 2
Wann et dorëms geet, wéi een d’Feierdeeg verbréngt, huet jiddweree seng eegen Traditiounen. Wa mir dann nach e bëssen iwwer den Tellerrand kucken, ginn déi Ënnerscheeder nach eemol e gutt Stéck méi grouss. An dat maache mir an enger Spezial-Feierdag-Editioun vun eiser Serie Fënster Op. Mir hunn och dëst Joer nees bei eisen Invitéen nogefrot, wéi an anere Länner uechtert Welt Chrëschtdag oder Silvester gefeiert gëtt.
-
35
Uruguay
Uruguay ass e Land mat 3,5 Milliounen Awunner:innen, dat tëschent Brasilien an Argentinie läit an als stabil Demokratie an der Regioun gëllt. Déi éischt Fussballweltmeeschterschaft gouf hei ausgedroen, bei där d’Heemekipp och gewonnen huet. Bekannt sinn d’Uruguayer:innen och fir hire Mate-Konsum. Doriwwer an iwwer villes méi schwätzt de Cédric Reichel mat der Maria Dupin, der Clara Etcheverry an der Silvana Ferreira.
-
34
Dominikanesch Republik
D’Dominikanesch Republik läit op der Insel Hispaniola, déi zu de groussen Antille gehéiert. Dëst Land deelt sech dës Insel mat der Republik Haiti, déi de westlechen Deel vun der Insel anhëlt. Aus der dominikanescher Republik kommen d’Urspréng vun der Bachata an dem Merengue. Nationalsport ass de Baseball. De Cédric Reichel am Gespréich mam Michael Martinez Gonzalez a Jackar Valenzuela.
-
33
Demokratesch Republik Kongo - 2
Et gëtt dës Kéier eng Première bei Fënster Op: Fir déi éischte Kéier schwätzt de Cédric Reichel direkt zweemol hannerteneen iwwer dat selwecht Land, awer mat aneren Invitéen. Et geet och dës Kéier nees ëm d’Demokratesch Republik Kongo. E Land, dat zu méi wéi 60 Prozent mat tropeschem Reebësch bedeckt ass, an d’Haaptstad Kinshasa ass eng vun de gréissten a bevëlkerungsräichste Stied an Afrika. Dem Cédric Reichel seng Invitéen: Emmanuel Kibanzala, Philippe Akele, a Shimen Zouzoua
-
32
Demokratesch Republik Kongo
Mir huelen Iech dës Kéier mat an d’Häerz vum afrikanesche Kontinent, an e Land mat enger faszinéierender Natur an enger beweegter Geschicht. IIwwer 60 Prozent vum Land si mat tropeschem Reebësch bedeckt, an d’Haaptstad Kinshasa ass eng vun de gréissten a bevëlkerungsräichste Stied an Afrika. Trotz enger schwiereger Vergaangenheet huet de Kongo eng räich Kultur an eng begeeschtert Sportszeen. Legendär bleift de Boxkampf Rumble in the Jungle tëschent dem Muhammad Ali an dem George Foreman, deen 1974 zu Kinshasa stattfonnt huet. De Cédric Reichel am Gespréich mam Jean-Paul Shungu, dem Pierre Fikula Nzingaan an der Fanny Tshijik Kalend.
-
31
Schottland
Schottland ass en Deel vu Groussbritannie mat eppes iwwer 5 Milliounen Awunner:innen an enger ganz eegener Geschicht an Traditiounen. D’Haaptstad ass Edinburgh an déi bevëlkerungsräichst Stad ass Glasgow. Hei fënnt och reegelméisseg ee vun de geschichtsträchtegste Fussballderby statt, den Old Firm. Duddelsäck, de Schotterack, Whisky an d’Monster vu Loch Ness si fest Bestanddeeler vun der schottescher Kultur. Iwwer dës Theeme schwätzt de Cédric Reichel mat der Anthea MacDonald, dem Daniel Kelly an dem Finlay Mason.
-
30
Finnland
Finnland ass e Land a Skandinavie mat Grenzen zu Norwegen, Schweden a Russland. An der Landessprooch heescht Finnland Suomi. D’Finne gëllen zënter Joren als besonnesch glécklech Leit, wei de World Happiness Rapport behaapt. D'Klischeeën iwwert d’Land sinn déi grouss Léift zur Sauna, datt d'Mënschen net vill schwätzen, d'Melancholie an Nokia. Iwwert all des Theme schwätzt de Cédric Reichel mat der Maija Voutilainen, dem Jouko Raatikainen, an dem Lassi Kangasluoma.
-
29
Burkina Faso
De Burkina Faso leit a Westafrika, ouni direkten Accès zum Mier, mat als Nopeschlänner de Mali, Niger, Benin, Togo, Ghana an der Cote d’Ivoire. Lëtzebuerg ass zënter den 90er Joren en enke Kooperatiounspartner an huet och eng Botschaft an der Haaptstad Ouagadougou. Den Nationalsport ass d’Vëlofueren. De Cédric Reichel am Gespréich mat dem Serge Daniel Kaboré, Roger Kiemdé Yamnoma, Stanislas Kaboré.
-
28
Montenegro
Montenegro läit am Balkan a Südosteuropa. An der Landessprooch heescht des Land ganz einfach schwaarze Bierg, Crna Gora.. Zanter 2006 ass dëst Land, dat laang Joren en deel vun Ex-Jugoslawie war an dono an enger Federatioun mat Serbie war, komplett onofhängeg. D’Bevëlkerung vu Montenegro ass ongeféier esou grouss wei Lëtzebuerg, dat awer op enger 5 mol esou grousser Fläch. Déi montenegrinesch Communautéit zu Lëtzebuerg ëmfaasst Schätzungen no tëschent 10.000 a 15.000 Leit. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Emina Hodžić, dem Hasan Šaćirović, an dem Aldin Avdić.
-
27
Georgien
An der Landessprooch heescht Georgien Sakartvelo. Et huet Landesgrenze mat Armenien, Aserbaidschan, Russland an der Tierkei an Zougang zum Schwaarze Mier. 3,7 Millioune Mënsche wunnen an dësem Land, an deem ee mat Lari bezilt. Scho virun 8.000 Joer gouf hei Wäin hiergestallt. Berüümt ass dëst Land och fir seng Kléischter, zum Beispill an der Kasbek-Regioun oder zu Mzcheta an och fir de polyphone Chakrulo Gesang, deen och immateriellt Kulturierwe vun der Unesco ass. Déi zwee Landesdeeler Abchasien a Südossetien sinn zënter 2008 de facto vu Russland besat. Iwwer all dës Theemen huet de Cédric Reichel mat dem Irakli Kasradze, der Nano Mamageishvili an der Mziko Bukhnikashvili geschwat.
-
26
Venezuela
Venezuela läit am Norde vu Südamerika, huet Grenze mat Brasilien, Guyana a Kolumbien an eng 2.800 Kilometer laang Küst mam Atlantik. An de leschte Joren hu vill Leit dëst Land aus ekonomeschen oder politesche Grënn verlooss. Bekanntsten Iessen aus dësem Land sinn Arepas, eng Zort décke Panech aus Mais. Nationalsport ass de Baseball. De Cédric Reichel am Gespréich mam José Gregorio Gomes Faria, der Carolina Lazo Albrecht an dem Gustavo Morales.
-
25
Bolivien
Bolivie läit an der Mëtt vum südamerikanesche Kontinent. Ëmgi vu Brasilien, Paraguay, Argentinien, Chile a Peru, huet et selwer kee Mierzougang. D’Haaptstad ass Sucre, mee déi meeschte kennen éischter de Regierungssëtz La Paz, mat 3.650 Meter iwwer dem Mieresspigel och den héchste Regierungssëtz op der Welt. Dacks beschwéiere sech auslännesch Fussballnationalekippen iwwer d’klimatesch Bedéngungen, wa si an iwwer 3.600 Meter Héicht e Match zu La Paz oder El Alto spille mussen. Dëst Land ass och bekannt fir seng Sproochevillfalt, mat 37 offizielle Sproochen an dem Undeel un indigene Gruppen an der Bevëlkerung. Touristesch sinn den Titicacaséi an de Salar de Uyuni, de gréisste Salzséi op der Welt, ze erwänen. De Cédric Reichel huet sech mat der Jinneth Miranda, dem René Illanes an der Adda Justiniano ënnerhalen.
-
24
Schweden
Schweden ass e Kinnekräich tëschent Norwegen a Finnland, e Land mat 10 Milliounen Awunner:innen. Et ass d’Land vun den Elchen, vun der Fika, also der Kaffispaus mat Kanelbullar, den Zimtschnecken, an natierlech dat Land, aus deem en zimmlech grousst Miwwelgeschäft kënnt, awer och Abba, Roxette oder Ace of Base. Iwwer all dës Klischeeën an awer och iwwer Den stora älgvandringen - déi grouss Elchwanderung, huet de Cédric Reichel mat der Catharina Biver, der Amanda Biver, der Louise Wettergrin an der Jessica Quigg geschwat.
-
23
Nationalfeierdag-Spezial
Wéi gëtt an anere Länner Nationalfeierdag gefeiert? Wéi ee Stellewäert huet deen Dag do a wat sinn eventuell Ënnerscheeder zu Lëtzebuerg? Eis Invitéen am Fënster Op hunn eis iwwer hir respektiv Länner erzielt. Dir gitt zum Beispill gewuer, wéi wichteg Freedefeier op Malta ass, oder datt a Länner wéi Tschechien oder Schwede guer net esou richteg gefeiert gëtt.
-
22
Usbekistan
Usbekistan ass en duebelt Banneland, also e Land ëmgi vun anere Länner ouni direkten Zougang zum Mier a grenzt u Kasachstan, Kirgisistan, Tadschikistan, Afghanistan an Turkmenistan. Mat iwwer 30 Milliounen Awunner:innen huet et déi gréisste Bevëlkerung an Zentralasien. Usbekistan ass bekannt wéinst senger laanger Geschicht als Deel vun der historescher Seidestrooss. Bekannt si virun allem déi al Medressen, Alstied a Moscheeën zu Samarkand, Khiva a Bukhara. Kulinaresch féiert kee Wee laanscht Plov, en traditionelle Räisplat. Dem Cédric Reichel seng Invitéë sinn: Mukhammaddyior Melikuziev, Jasurbek Ayupov, Goulnora Soultanova, Utkirbek Rustamov.
-
21
Venezuela
Venezuela läit am Norde vu Südamerika an huet Grenze mat Brasilien, Guyana a Kolumbien an eng 2.800 Kilometer laang Küst mam Atlantik. Dëst Land verfüügt offiziell iwwert déi gréissten dokumentéiert Pëtrolsreserven op der Welt. An de leschte Joren hu Millioune Leit dëst Land wéinst Hyperinflatioun, Repressioun, Gewalt a Perspektivlosegkeet verlooss. Den Tourismus am Land ass zënter 2019 total agebrach. De Cédric Reichel am Gespréich mat der Maria Cabrera an der Maryher Delphin.
-
20
Aserbaidjan
Den Aserbaidjan ass e Land a Virderasien, tëscht dem kaspesche Mir an dem Kaukasus. Hei liewen 10 Millioune Mënschen, bal 90% dovu schiitesch Muslimen. An der Haaptstad Baku liewen iwwert 2 Millioune Leit. An de leschte Joren hunn hei grouss Evenementer wéi d'ESC-Finall, d'Weltklimakonferenz COP a Matcher vun der Fussballeuropameeschterschaft 2021 stattfonnt. D’Land vermaart sech och touristesch als "Land of Fire". Et däerf een awer och net verschweigen dass dëst Land wéinst senger Mënscherechtslag an dem rezente Krich mat Armenien an der feelender Pressefräiheet och ëmmer rëm international an der Kritik steet. De Cédric Reichel am Gespréich mam SananYusifov, dem Toghrul Hasanov an der Diana Hasanova.
-
19
Holland
Holland a Lëtzebuerg verbënnt eng joerhonnertelaang gemeinsam Geschicht op villen Niveauen. Holland ass liicht méi grouss wéi d’Schwäiz, huet nach ëmmer Kolonien an et liewe bal 18 Millioune Mënschen an dësem Land. Rotterdam ass ee vun de gréissten Häfen an der Welt, Amsterdam d’Haaptstad a vill international Institutiounen hunn hire Setz an Holland. Klischeeën iwwer dëst Land sinn natierlech, datt d’Hollänner gäre Campen, vill Vëlofueren a gäre Kéis iessen. Ass Holland iwwerhaapt déi richteg Bezeechnung fir dat Land op Lëtzebuergesch? Doriwwer an iwwer villes méi huet de Cédric Reichel mat der Linda Bos, der Marieke Kremers, dem Raymond Aendekerk an dem Hein Gerd Triemstra geschwat.
-
18
Philippinnen
D’Philippinne sinn e Staat a Südostasien a bestinn aus 7.641 Inselen, vun deenen der nëmmen 2.000 bewunnt sinn. Do wunnen insgesamt iwwer 114 Millioune Mënschen. Berüümt ass dëst Land fir seng Räisterrassen, vun deene verschiddener iwwer 2.000 Joer al sinn. Et ass och e Land mat eng grousser Sproochevillfalt a ganz villen Dialekter. An et gëtt dacks gesot, datt d’Philippinnen déi längste Chrëschtzäit op der Welt hunn. Doriwwer an iwwer villes méi huet de Cédric Reichel mam Dennis Yaun, dem Jason Teves an dem Vincent Chong geschwat.
-
17
Armenien
Schonn 301 no Christus huet dëst Land d'Chrëschtentum als Staatsrelioun ugeholl. De biblesche Bierg Ararat gëllt als Nationalsymbol an dësem Land, e läit awer an der Tierkei. Armenien huet eng laang Schachtraditioun an e puer vun de weltbeschte Schachspiller kommen aus dësem Land. Et liewe méi Armeenier am Ausland wéi am Land selwer an d’Diaspora huet e groussen Afloss op d’Land. Iwwer all dës Theemen huet de Cédric Reichel mat der Tatev Margaryan, der Liana Baghdasaryan an dem Seg Kirakossian geschwat.
-
16
Mexiko
A Mexiko liewen dem World Happiness Rapport no déi 10. glécklechst Mënschen op der Welt. Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschsproocheg Communautéit op der Welt. Touristesch interessant ass d’Land fir seng Iwwerreschter vun der Azteken- a Mayakultur a seng Plagen. D’Iesskultur ass immens räich an huet méi ze bidde wéi nëmme Guacamole, Tacos an Enchiladas an och wat d’Gedrénks ugeet, kritt een do sécher och méi wéi nëmmen Tequila oder Mezcal. A wéi eng Bedeitung huet den Día de los Muertos fir si? De Cédric Reichel huet mat der Patricia Schurmann, der Patricia Cabrera an dem Luis Maldonado geschwat.
-
15
Irland
Irland ass déi drëttgréissten Insel an Europa, awer geopolitesch an zwee gedeelt. Op där enger Säit d’Republik Irland, op där anerer Säit Nordirland, dat zu Groussbritannie gehéiert. Irland huet siwe Mol den Eurovision Song Contest gewonnen, e Rekord. D’Iren zelebréieren och hir Clichéen, wéi hir Léift zum Guinness, der Faarf gréng a rouden Hoer. Mee ass Saint Patrick’s Day eigentlech wierklech iresch? De Cédric Reichel huet mat der Jill Mullan, dem Aidan Mullan, dem Kevin Mohan an dem Ronan Frawley geschwat.
-
14
Iran
Den Iran faszinéiert vill Leit wéinst senger Geschicht, senger joerhonnertenaler Kultur, senge grousse Wäiten oder och der Architektur, déi vum Zoroastrismus beaflosst ass. Den Iran ass eent vun den 20 flächeméisseg gréissten an och bevëlkerungsräichste Länner. Mee et ass och e Land, dat vill Männer a Fraen an de leschte Joren hu misse verloossen, sief et wéinst hirer Relioun, hirer politescher Haltung oder well si als Fra anescht liewe wollte wéi virgeschriwwen. De Cédric Reichel huet mat der Shiva Akhlaghi, der Nadia Kendall, der Shabnam Sabzehi an dem Yasha Zare iwwer den Iran geschwat.
-
13
Ungarn
Ungarn huet 10 Milliounen Awunner:innen a läit a Mëtteleuropa. Et ass e Binnestaat an huet Grenze mat am Ganze siwen anere Länner: der Slowakei, der Ukrain, Rumänien, Serbien, Kroatien, Slowenien an Éisträich. Ungaresch gëllt als eng vun de schwéierste Sprooche, fir se ze leieren. D’Haaptstad Budapest ass duerch dee längsten europäesche Floss, d’Donau, an Zwee gedeelt. An iwwer déi ungaresch Kiche gëtt an dëser Sendung och vill geschwat. De Cédric Reichel huet mat der Judit Nagy, der Julia Nagy an dem Gergő Kovács geschwat.
-
12
Tierkei
D’Tierkei läit zu 97 Prozent um asiatesche Kontinent an nëmmen dräi Prozent um europäeschen. Getrennt si se duerch de Bosporus. D’Haaptstad ass net Istanbul, déi bevëlkerungsräichsten a gréisste Stad vum Land, mee Ankara. Bekannt ass d’Tierkei och fir seng grouss Fussballkultur, seng Plagen un der Ägäis a seng Bierglandschaften an Ostanatolien. An de leschte Joren hunn awer och vill Tierken aus politesche Grënn missten hiert Land verloossen. De Cédric Reichel huet mat der Ezgi Göktürk, dem Fatih Turgut an dem Ahmet Meyveci geschwat.
-
11
Chile
Chile ass fir vill vun eis dat laanggezunne Land a Südamerika. D’Land huet eng Nord-Süd-Längt vu 4.200 Kilometer an dat bei enger duerchschnëttlecher Breet vu manner wei 200 Kilometer. Touristesch huet dëst Land och vill ze bidden. Mee d’Land gouf och gepräägt vun enger Militärdiktatur ënner dem Augusto Pinochet vun 1973 un. Dës huet d’Liewe vun eisen 3 Gäscht vun dëser Woch nohalteg gepräägt. De Cédric Reichel huet geschwat mam Luis Gustavo Roy Contardo, der Marianela Carvajal an dem Daniel Henríquez Kries.
-
10
Tschechien
D’Tschechien an d’Slowakei hu sech 1992 getrennt a goufen onofhängeg Länner. Et war eng friddlech Trennung. An dësem Fënster Op wäert awer doriwwer geschwat ginn. Aner Froen un eis Invitéen aus Tschechie sinn, ob si ënnereneen e Gefill vu Communautéit hunn? Wat gëtt et an Tschechien nach ausser Prag a bëllege Béier? A wéi gesi si hir Relatioun mat hirer Mammesprooch? D’Cally Kerschen am Gespréich mat der Zuzana Rihova, der Tereza Varvarovska an dem Lukas Slunecko
-
9
Slowakei
D’Slowakei gouf 1992 als ee vun den zwee Nofollgerstaate vun der Tschechoslowakei gegrënnt. Et zielt 5,4 Milliounen Awunner:innen an iwwer 200 Schlässer. Bekannt ass et och fir déi wonnerbar Bierglandschafte vun der Héijer Tatra. Hautdesdaags liewen iwwer 1.000 gebierteg Slowaken a Slowakinnen zu Lëtzebuerg. Si ginn net gäre mat Tschechen oder Slowene verwiesselt. De Cedric Reichel huet mat der Adriana Boysova, dem Juraj Stancik an der Michaela Sabolová geschwat.
-
8
Tunesien
Tunesien ass deen éischte Maghreb-Staat, dee mir an eiser Serie Fënster op thematiséieren. E Land, dat méi ze bidden huet wéi seng gréissten Insel Djerba, zum Beispill en interessante Sproochemix oder och vill gutt Iessen. De Cédric Reichel huet mat der Sarra Maatallah, der Inès Chihi an dem Nizar Ayed geschwat.
-
7
Malta
Déi féier brittesch Kolonie, déi réischt am Joer 1964 offiziell hir Onofhängegkeet krut, ass Lëtzebuerg eigentlech zimmlech änlech. Malta ass e klengt Land mat enger interessanter Sprooch, an dem och vill Auslänner:innen liewen. Zanterdeem si 2004 Deel vun der Europäescher Unioun gi sinn, hunn och ëmmer méi Malteeser:innen decidéiert, op Lëtzebuerg ze kommen. Wat zitt si heihinner, wei gesinn si Lëtzebuerg a gëtt et eng malteesesch Communautéit zu Lëtzebuerg? D’Cally Kerschen huet bei der Monique Troisi Brosse, der Anabel Hyzler an dem Sean Micallef Trigona nogefrot.
-
6
Pakistan
Pakistan ass dat fënneft bevëlkerungsräichste Land op der Welt mat der zweetgréisster muslimescher Bevëlkerung. Et huet Landesgrenze mat Afghanistan, Indien, China an dem Iran an ass bekannt fir seng héich Bierger a Landschaften. D’Nationaldéier ass de Markhor, eng well Geess an am Sport ass dëst Land virun alle bekannt fir Cricket, Baseball an Hockey, awer net um Äis. Méi gewuer iwwer Pakistan gi mer vun eisen dräi Invitéen: der Ayesha Khan, dem Uzair Farooq an dem Muhammad Tahir Khan
-
5
Slowenien
Slowenien ass bekannt fir seng Bierger an d’Ski fueren, an deementspriechend och eng ëmmer méi reegelméisseg Vakanzendestinatioun fir Lëtzebuerger:innen. Wei fillen sech Slowenier:innen, déi zu Lëtzebuerg liewen? Wéi dacks ginn si zeréck an hier Heemecht an dierfen si nach am Heemechtsland wielen? An kann een hei zu Lëtzebuerg authentesch sloweenescht Iesse fannen? D’Cally Kerschen huet bei der Liljana Savić, der Nina Inkret an der Esada Rastoder nogefrot!
-
4
Kenia
Dat ostafrikanescht Land huet 52 Milliounen Awunner an huet eng grouss Barbecue-Kultur. Fir méi iwwer Kenia gewuer ze ginn huet sech de Cédric Reichel mat der Lucy Kreisher, dem Bernard Ndolo a dem Michael Amatta ënnerhalen.
-
3
Feierdag-Spezial
Wann et drëms geet, wéi een d’Feierdeeg verbréngt, huet jiddweree seng eegen Traditiounen. Wa mir dann nach e bëssen iwwer den Tellerrand kucken, ginn déi Ënnerscheeder nach eemol e gutt Stéck méi grouss. An dat maache mir an enger Spezial-Feierdag-Editioun vun eiser Serie Fënster Op. Mir froen no, wéi an anere Länner uechtert Welt Chrëschtdag oder Silvester gefeiert gëtt.
-
2
Schwäiz
D’Schwäiz ass eent vun de Länner, mat deem Lëtzebuerg am Ausland dacks verwiesselt gëtt, well et jo awer bësse wéi dee klenge Brudder oder Cousin vun eisem Land ass. Och d’Schwäiz ass e Land mat enger komplexer Relatioun zu Sprooch. Wéi fille sech Schwäizer:innen, déi zu Lëtzebuerg liewen? A wéi einfach ass et hinne gefall, Lëtzebuergesch ze leieren? D’Cally Kerschen huet bei der Martina Christen an der Yasmin Labidi nogefrot.
-
1
Neuseeland
Esouguer vun där anerer Säit vum Planéit huet et Leit bis op Lëtzebuerg verschloen. Firwat geet ee vun Neuseeland fort, fir an Europa ze liewen? Spillen déi all Rugby hei a kann een zu Lëtzebuerg och buerféiss ënnerwee sinn? D’Cally Kerschen huet mat dräi Neuseelänner:inne geschwat, déi zu Lëtzebuerg liewen: der Tama Moiser, der Kate Frost an dem Simon Neale.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Mir ënnerhalen eis mat Mënschen aus ënnerschiddleche Kulturen, deenen hire Wee si op Lëtzebuerg bruecht huet.
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...