PODCAST · news
Lët'z Inform - de Podcast deen de Jonken eng Stëmm gëtt
by Jugendinfo.lu
Eng Jugendinfo.lu & Eurodesk Luxembourg Collaboratioun. Lët'z Inform - de Podcast deen de Jonken zu Lëtzebuerg eng Stëmm gëtt. Hei kriss du d’Méiglechkeet, deng Erfarungen oder deng Meenung zu verschiddenen Themen ze deelen : Educatioun, Engagement, Gesondheet an Alldag, mat engem Fokus op mental Gesondheet. Du wëlls bei matmaachen, moderéieren ? Da mell dech bei eis.www.jugendinfo.lu/podcast-letzinformwww.eurodesk.luMusic credit : Bruno VenâncioDëse Podcast ass ko-finanzéiert vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an Eurodesk Lëtzebuerg.
-
14
Fraerechter: Firwat ass dat nach ëmmer en Thema?
An dëser Episod vum Lët’z Inform Podcast schwätzt d’Leslie mam Esin Göskoy vum CID Fraen a Gender iwwer den Internationale Fraen Dag. Zesumme schwätze si iwwer Feminismus, Gläichstellung tëscht Fraen a Männer, Drock duerch sozial Medien, Zoustëmmung an d’Realitéit vu jonke Fraen haut. Eng interessant Diskussioun fir Jonker, déi verstoe wëlle, firwat dësen Dag nach ëmmer wichteg ass, a wat jidderee selwer fir méi Gläichstellung maache kann. 🎙️
-
13
Recht op en Affekot oder eng Affekotin fir Jonker
🧑🏻💼 Affekoten sinn net onerreechbar, si si fir dech do!An dësem Episod schwätze mir mat enger Kanner- a Jugendaffekotin an erklären:Wéi s du un en Affekot/eng Affekotin kënnsA wéi enge Fäll du Hëllef ufroe kannsFirwat et wichteg ass sech z'informéieren, wann een onsécher assSpoiler: Ënner 18? Et ass gratis!Episod an Zesummenaarbecht mat @unicefluxembourgMéi Informatiounen an eisem Artikel: https://www.jugendinfo.lu/droit-avocat-gratuit/
-
12
The power of young voices
An dëser Episod vum Lët'z Inform dréint sech alles ronderëm d'Thema: The Power of Young Voices.De Rodrigo an d’Alicia erzielen, wéi et wierklech ass, als jonk Leit hir Stëmm an ze sëtzen. Fille si sech gehéiert? Wéi eng Erausfuerderunge begéinen si? A firwat si hir Stëmmen haut méi wichteg wéi jee?
-
11
Eurodesk - Volontariat en Grèce
Dans cet épisode, Laura Beneduci raconte les moments forts et les imprévus de son séjour à Kavala, où elle a passé plusieurs mois en tant que volontaire dans un refuge pour chiens. Mais son voyage n’a pas été que du travail : de nombreuses surprises l’attendaient en chemin.
-
10
Girls Night Out: Tëscht Party a Panik
Sech zesumme fäerdeg maachen, seng Angscht virum Rausgoen iwwerwannen, d'Nuecht duerch danzen oder och gewësse Leit aus dem Wee goen: Et gi gutt a schlecht Säite vum Rausgoen. Et ass net ëmmer einfach sech beim feiere sécher ze fillen oder sech vu sengen Ängscht ze befreien. D'Laura an d'Tania erziele vun hiren Erfarungen.
-
9
Frëndschaften: Léieren, Liewen a Lasslossen
D'Laura an d'Tania tauchen an déi komplex Welt vun den Frëndschaften: Klappt Frëndschaft tëschent Mann a Fra? Erënnerungen u Frëndschaften aus der Kandheet an der Lycéeszäit. Leit déi een a sengen 20er kenneléiert . ✨ Breakups tëschent Frënn a villes méi, erwaarden iech an dëser Episod! Lauschtert eran.
-
8
Volontariat zu Lëtzebuerg
Carla✨ erzielt vu sengem nationale Volontariat, wéi hat dësen als Bréck tëschent Uni an Aarbechtswelt notzt a wéineg Aufgaben hat aktuell huet. Eng éierlech an inspiréierend Episod fir jiddereen, den sech iwwerleet zu Lëtzebuerg z’engagéieren. > Carte Jeunes Luxembourg
-
7
Leeschtungsdrock am Lycée an op der Uni
D'Laura an Tania schwätzen iwwer Stress an der Schoul an op der Uni 😰 Wéi kann een den Drock vun den Enseignanten, Elteren an der Gesellschaft geréieren, ouni sech ze verlafen? 🤯 Mir schwätzen iwwer FOMO, Vergläicher mat aneren, an doriwwer, wéi wichteg et ass, e Wee ze fannen, dee mat eisen Ambitiounen an Besoinen iwwereenstëmmt. 🧠💪
-
6
Rodrigo's Volunteering Rollercoaster
🌍 Discover Rodrigo's adventure in volunteering in Cyprus! From challenges to unforgettable moments, dive into his unique experience! 🚀 Learn about setting boundaries, learning to live together, exploring yourself, and navigating different languages & cultures. Check opportunities : Eurodesk Luxembourg
-
5
Bi Yourself: Laura's Story Part 2
Laura, 23 Joer jonk, bisexuell, vergläicht d'LGBTQ+ Liewen tëschent dem Paräisser Nuetsliewen an der Diskretioun zu Lëtzebuerg. Lauschter eran: “Consent”, Dating ënnert Fraen, Pride Month a Politik, hei kriss du een Abléck a seng Geschicht.
-
4
Bi Yourself: Laura's Story
Am Kader vum Pride Month zielt Laura, eng jonk bisexuell Fra aus Lëtzebuerg, wéi hatt lues awer sécher seng Sexualitéit fonnt huet, a wéi seng Famill, d’Schoul a Frënn a Bekannten dorops reagéiert hunn.
-
3
Eurodesk - Volontariat à Tenerife avec Lesley
Lesley raconte son volontariat à Tenerife au 🌞pour la protection des baleines 🐳. Entre sortie en bateau pour étudier les baleines, la sensibilisation auprès des touristes et la colocation à 30, voici son expérience. Plus d'infos sur le volontariat sur Eurodesk Luxembourg et ses missions de volontariat ici.
-
2
My music is healing
De Nicolas, AKA Cino, ee jonke Lëtzebuerger Rapper, zielt wéi hien am Rapgame hei zu Lëtzebuerg ugefaangen huet, an deelt seng Erfarungen an Tipps. Check it up ! Tëschent Struggles, Schoul a real life, ass et net ëmmer einfach, en Equiliber ze fanne fir säin eegene Wee. Cino - Spinnin
-
1
Schizophrenie, wat ass dat?
Am Kader vun der Campagne vun der Ligue "Schizophrenie - et ass net esou wéi s du mengs" äntwert Nicole, Psychologin vu Jugend- an Drogenhëllef, op d'Froe vum Laura a vum Tania. Méi Infoen op Prévention-Schizophrénie.lu, Jugend- an Drogenhëllef, an an eisem Artikel "Wat ass Schizophrenie ?"
-
0
Eurodesk - Volontariat à Peniche avec Elvis
Elvis raconte son volontariat à Péniche dans l'association Juvenil ProAtlantico, au Portugal. Il est resté plusieurs mois sur place et a passé ses journées entre son travail caritatif, le surf et la découverte de Péniche et ses alentours. Plus d'infos sur le volontariat sur Eurodesk Luxembourg et ses missions de volontariat ici.
-
-1
Éischte Kéier beim Psy mam Tania & Laura
D'Tania & d'Laura erzielen iwwer hier éischte Kéier beim Psy. Wéi leeft dat of? Wéi hunn aner Jonker dat erlieft? Op wat soll een oppassen? Méi Infoe zu eisem Podcast op https://www.jugendinfo.lu/podcast-Lët'z Inform Podcast | Jugendinfo.lu
-
-2
Am Psy'Dschungel mam Tania & Laura
2 Jonker, d'Tania & d'Laura erzielen iwwert hier Erfarunge fir e Psy ze fannen. Firwat geet een iwwerhaapt bei de Psy? Psychologe, Psychotherapeut, Psychiater - wat brauch ech iwwerhaapt a wou kann ech sichen? Méi Infoen zu eisem Podcast op https://www.jugendinfo.lu/podcast-letzinform/
-
-3
Eurodesk - Sixtine at the European Youth Event 2023
Eurodesk - Sixtine at the European Youth Event 2023 on June 9th and 10th in Strasbourg. The EYE brings together thousands of young people from all over the European Union and the world to share and shape their 💡 ideas on Europe's future at the 🇪🇺 European Parliament in Strasbourg. 💪 More about the EYE and Eurodesk Luxembourg #eye2023 #EuropeanParliament #youth #EU #Strasbourg #YouthEngagement #YouthParliament
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Eng Jugendinfo.lu & Eurodesk Luxembourg Collaboratioun. Lët'z Inform - de Podcast deen de Jonken zu Lëtzebuerg eng Stëmm gëtt. Hei kriss du d’Méiglechkeet, deng Erfarungen oder deng Meenung zu verschiddenen Themen ze deelen : Educatioun, Engagement, Gesondheet an Alldag, mat engem Fokus op mental Gesondheet. Du wëlls bei matmaachen, moderéieren ? Da mell dech bei eis.www.jugendinfo.lu/podcast-letzinformwww.eurodesk.luMusic credit : Bruno VenâncioDëse Podcast ass ko-finanzéiert vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an Eurodesk Lëtzebuerg.
HOSTED BY
Jugendinfo.lu
CATEGORIES
Loading similar podcasts...