PODCAST · news
Level up
by radio 100,7
Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.
-
50
Tomodachi Life
No iwwer 12 Joer ass d'Videospill “Tomodachi Life” zeréck op der Switch. Nees dobäi erëm ee komplett absurden Inselchaos mat den eegene Miis, de Figuren aus dem Spill. Dës Kéier mat vill méi kreative Méiglechkeeten, méi Individualiséierung an nach méi Plaz fir eegen Iddien.
-
49
Spannend Noriichten aus der Gaming Welt
De Pierre Bellion huet den Datum vun der Verëffentlechung vum Gangster Rollespill "Grand Theft Auto 6", eng Rumeur iwwer en neit "Herr der Ringe"-Spill an e Geheimtipp.
-
48
Subliminal
En Horrorspill mat héijem Usproch: Subliminal hëlt ee mat a verstéierend Raim, vu Poollandschafte bis zu Indoorspillplazen. D'Spill beandrockt mat extreem realistescher Grafik, mee schreckt of duerch grujeleg Puzzelen .
-
47
Zwee Videospiller am Genre vun 2D- Kampfspiller
Deen neitsten “Street Fighter“-Deel, nämlech dee 6., deen 2023 erauskoum, a “Guilty Gear Strive”, dee wéi seng Virgänger nees virun allem wéinst der Opmaachung aus der Konkurrenz ervirstécht, nämlech eng Mëschung aus Heavy Metal / Rock’n Roll-Elementer mat Anime Ästhetik.
-
46
Resident Evil: Requiem
Jumpscares garantéiert! De Gilles Schreurs stellt deen 9. Deel aus der "Resident Evil"-Rei vir, dem Survival-Horror-Computerspill.
-
45
Pokémon Pokopia
Pokémon mol ganz anescht: An Pokémon Pokopia gëtt net gekämpft, mee gebaut. Als Ditto stellt een eng zerstéiert Welt nees hier,lackelt nei Pokémon un an erlieft eng Mëschung aus Animal Crossing, Minecraft an Dragon Quest Builders, mat iwwerraschend vill Déift, Nostalgie an engem ganz eegene Charme.
-
44
Anno 117
De siwenten Deel aus der Anno-Réi, dat eis dës Kéier mat an d'Welt vun de Réimer mathëlt. Wéi déi Deeler virdru geet et hei drëms eng eege Stad opzebauen an no de Besoine vun den eegenen Awunner ze kucken. Par Rapport zu de Virgänger ginn et hei e puer Ännerungen an d'Spill kann och virun allem wéinst sengem Setting a senger Atmosphäre punkten.
-
43
Slay the Spire 2
No laangem Waarde kënne sech Fans vun Deckbuilder-Videospiller freeën: "Slay the Spire 2" ass endlech eraus. Wéi beim Virgänger baut ee säin eegent Kaartendeck op, kombinéiert Fäegkeeten a kämpft sech Etage fir Etage duerch e mysteriéisen Tuerm. Nieft neie Charakteren, Kaarten a Géigner bréngt d’Fortsetzung och eng moderniséiert Grafik a fir d’éischt en offizielle Koop-Modus fir bis zu véier Persounen.
-
42
Roadside Research
D’Universum ass 13,8 Milliarde Joer al. Et gëtt onendlech vill Galaxien an eventuell esouguer ausserierdescht Liewen. Am Videospill “Roadside Research” spillt ee genee esou ee Wiesen, getarnt als Tankstellepersonal. Am Kär ass et e Koop-Management Spill, an deem ee sech ëm eng Tankstell këmmere muss an de Betrib um Lafen hält. Gläichzäiteg verstoppt sech hanner dem Alldag eng vill méi grouss Aufgab. Déi richteg Missioun läit doran d’Mënschen ze erfuerschen an dat ouni opzefalen.
-
41
Mewgenics
E Videospill mat enger interessanter Iddi: Et muss ee Kazen ziichten an duerno da mat hinne kämpfen. Et muss ee probéieren de Kazen déi bescht Genen a Fäegkeeten ze ginn. De Yves Meyer stellt eis dat kuriéis Videospill vir.
-
40
YAPYAP
“YAPYAP” ass en neit Koop-Spill, dat perfekt an d'Rei vu Lethal Company an änlechen Titele rapasst. Hei spillt een Zauberschüler:innen, déi an den Tuerm vun engem rivaliséierenden Zauberer abriechen. Amplaz ze looten muss ee randaléieren, fir eng gewësse Quot ze erfëllen. Dat Besonnescht um Videospill: Zauberspréch ginn an de Mikro geschwat, well just esou hir Magie funktionéiert.
-
39
Skate Story
E Videospill, bei deem een op engem Skateboard ënnerwee ass. Allerdéngs fiert een hei net duerch Skateparken, mee duerch d'Ënnerwelt.
-
38
Routine
Eng verlooss Moundstatioun, Bildschiermer a Luuchten déi flackeren a Roboter, déi duerch däischter Korridore patrulléieren an ee joen. Routine ass e Survival Horrorspill, an deem een op enger verloossener Raumstatioun um Mound erausfanne muss, wat mat de Mënschen do geschitt ass. Déi ganz Atmosphär erënnert staark un Alien Isolatioun a riicht sech u jiddereen, dee psychologeschen Horror gär huet mat enger interessanter Grafik.
-
37
Hytale
E Videospill, op dat vill Leit bal zéng Joer gewaart hunn. Eng riseg, faarweg Sandbox Welt voller Detailer, interessante Kreaturen, epesche Landschaften an enger vun de turbulentsten Entwécklungsgeschichte vun de leschte Joren. Hytale ass no laangem hin an hier endlech spillbar, aktuell awer nach an engem ganz fréienEarly Access.
-
36
Battlefield 6
Den Yves Meyer schwätzt iwwer deen neitsten Ofleeër vun enger vun de bekanntste Videospill-Serien. E Multiplayer-Shooter, bei deem also vill verschidde Spiller op d'Schluechtfeld kommen a sech bekämpfen.
-
35
Tavern Keeper
Eng eegen Taverne opbauen, Gäscht zefridde stellen a Chaos managen: D'Videospill “Tavern Keeper” ass aktuell am Early Access verfügbar, kënnt awer schonn elo extreem gutt un. Am Spill erschaaft ee seng ganz perséinlech Taverne an erlieft eng Mëschung aus Management, Storytelling a léiwer Fantasy Atmosphär, mat immens grousser kreativer Fräiheet an Humor.
-
34
Ausbléck op 2026
Op wéi eng Videospiller, déi 2026 erauskommen, freeë sech eis Videospill-Experten an -Expertinnen am meeschten? De Pit Walté huet beim Yves Meyer, Patrice Sadler a Sophie Kucharzyk nogefrot.
-
33
Réckbléck op 2025
DeN Yves Meyer, d'Sophie Kucharzyk an de Patrice Sadler erzielen eis, wat hir Liblingsspiller 2025 waren.
-
32
Ball x Pit an Absolum
"Ball x Pit" ass e Block-Breaker mat Shooter-Elementer, dat Ganzt a Pixelgrafik. “Absolum” ass eng flott Reimaginatioun vum Beat-em Up-Genre am Stil vun enger Bande dessinée. Béid Videospiller wäerten deene gefalen, déi Fans vun alen Arcade-Spiller sinn.
-
31
Ghost of Yotei
E Videospill dat eis an dat aalt Japan mathëlt. Et geet ëm d'Geschicht vum Atsu, dat sech un de Männer räche wëll, déi seng Famill ëmbruecht hunn. Am Laf vum Spill gi mer dann ëmmer méi Hannergrënn gewuer.
-
30
Mimesis
“Mimesis” ass en neit Coop-Horror Survival Spill, dat perfekt an d’Rei vun Titele wéi Lethal Company, R.E.P.O. an Headliners passt. Mat enger aler Tram fiert een op verloosse Plazen, sammelt Géigestänn, erfëllt eng Quot a muss dobäi de Mimesis entkommen. Dës Géigner imitéieren d'Spiller:innen op eng immens realistesch Manéier a bréngen en intensive Mix aus Spannung an Humor mat sech, deen een an där Form nach net gesinn huet.
-
29
ARC Raiders
En Extraction Shooter, deen zimmlech villes richteg mécht. Eng kloer artistesch Linn, spannend Interaktioune mat anere Spiller an en detailräiche Leveldesign maachen “ARC Raiders” zu engem vun de bessere Spiller vum Genre. Wat och iwwerzeegt: Et kënnt gutt optimiséiert op de Maart a leeft erstaunlech propper.
-
28
Keeper
“Keeper” ass en atmosphärescht Adventure-Videospill vum Studio Double Fine. Et kënnt ganz ouni Dialog aus an erzielt eng beréierend Geschicht iwwer e Liichttuerm an e klenge Vull. Zesumme reesen déi Zwee iwwer eng aussergewéinlech schéin Insel mat surreale Kreaturen, magesche Ruinen an impressionante Landschaften.
-
27
"Bye Sweet Carole"
“Bye Sweet Carole” ass e komplett op der Hand gezeechent Horror-Adventure-Videospill. Et erënnert vum Gameplay hier u “Little Nightmares”, vermëscht awer eng märchenhaft Disney-Ästheetik mat déifgräifenden Theeme wéi Angscht, Verloscht a gesellschaftlechen Drock. Eng poetesch Geschicht iwwer e Meedchen, dat net esou liewe wëllt, wéi d’Welt et verlaangt, an dat versicht, d’Geheimnis ronderëm seng verschwonne Frëndin Carole ze léisen.
-
26
"Monster Train 2”
En Deckbuilding-Kaartespill, an deem een op der Säit vu Monsteren an Dämone géint d’Arméie vum Himmel kämpfe muss.
-
25
RV There Yet?
D'Spill, iwwer dat am Moment jidderee schwätzt. Véier Pappe gi bei e Séi fir ze fëschen, Béier ze drénken an e grousst Feier ze maachen. Den Heemwee gëtt zum Problem: D'Strooss ass gespaart an de grousse Camper muss duerch onméiglechen Terrain manövréiert ginn. Gottseidank ginn et Seelwannen... Et ass absurd, komesch an aus iergendengem Grond ustiechend. Fir den Yves Stephany ass RV There Yet? d'Co Op Spill vum Joer.
-
24
The Annual Ghost Town Pumpkin Festival
The Annual Ghost Town Pumpkin Festival ass e gratis Online-Spill vum A Short Hike-Entwéckler Adamgryu. Zesumme mat anere Spiller schnëtzt ee Kürbissen, entdeckt eng charmant amerikanesch Stad mat Oktober-Flair a sammelt Ofzeechen a klenge Minispiller. Dat Festival gëtt et just eemol d’Joer am Oktober, an duerno heescht et waarde bis d’nächst Halloween.
-
23
Deadly Days: Roadtrip
E giele Schoulbus, eng Hellewull Zombien an eng gutt Portioun Chaos. An Deadly Days: Roadtrip kämpft een sech mat skurrillen Helden duerch eng postapokalyptesch Welt voller Loot, Bensinn a verréckter Waffen. D’Spill kombinéiert Action, Strategie an e besonnesche Pixelcharme zu engem Roguelite-Abenteuer mat engem eenzegaartegen Inventar-System.
-
22
Megabonk
E Spill, bei deem ee sech géint ëmmer méi grouss Welle vu Géigner muss stellen. E Spill, dat sech awer och net all ze eescht hëlt.
-
21
"No, I’m Not a Human"
D'Videospill spillt an enger Welt, an där d’Sonn explodéiert ass an d’Hëtzt dobausse liewensgeféierlech ass. Am Haus muss een all Nuecht entscheeden, wien duerch d’Dier dierf an ob et sech ëm e Mënsch oder eng geféierlech Kreatur handelt. Entwéckelt gouf den Titel vum russeschen Indie-Studio Trioskaz, verëffentlecht vum Publisher Critical Reflex, dee schonn ongewéinlech Spiller wéi “Mouthwashing” op de Marché bruecht huet.
-
20
Grounded 2
Véier Teenager, eng Firma mat hannerlëschtege Pläng an eng Welt, déi op eemol vill ze grouss ass. “Grounded 2” féiert d’Geschicht vun de geschrumpfte Kanner aus dem éischten Deel weider a bréngt méi Biomen, nei Géigner an eng nach méi déif Story. Mat Ameisen, Spannen a ville klenge Begleeder kritt d’Survival-Abenteuer eng ganz nei Dimensioun.
-
19
Hollow Knight: Silksong
En 2D Jump and Run-Spill, bei deem een als Haaptcharakter Hornet verschidde Welten entdecken a sech dobäi géint vill Géigner duerchsetze muss. Den Yves Meyer stellt eis d'Spill vir.
-
18
Peak
Chaos, Scouten um Limitt an e Bierg voller Gefor. PEAK ass e Koop-Kloterspill, e kooperatiivt Spill, dat Survival-Mechanike mat Witz a Spannung verbënnt. Wien zesumme fluchen, laachen a sech duerch d’Schluchten zéie wëllt, däerf dat Spill net verpassen.
-
17
Astro Bot + Jump and Runs
Dës Kéier geet et ëm e ganze Spill-Genre, awer och ëm ee Vertrieder dovunner.
-
16
South of Midnight
E mysteschen amerikanesche Süde voll mat alem Folklor, Bluesmusek a faszinéierende Wiesen: “South of Midnight” ass eng atmosphäresch Action-Aventure, déi eng narrativ Déift, ee Stop-Motion-Animatiounsstil an ee gudde Soundtrack zesummebréngt.
-
15
Dune: Awakening
Ee Wüsteplanéit, Sand, Hëtzt an natierlech Sandwierm. Beim Survival Spill "Dune: Awakening" muss een en Iwwerliewenskënschtler sinn, fir weiderzekommen. Bau eng Basis, produzéier Waffen a virun allem iwwerlief! De Patrice Sadler stellt d'Videospill vir.
-
14
POOLS
An dësem atmosphäresche Walking-Simulator wandert een duerch en endlosen, realistesch wierkende Schwämmkomplex. D’Angscht kënnt hei net duerch klassesch Jumpscares, mee duerch d’Gefill verluer ze sinn an enger Welt, déi vertraut ausgesäit, mee sech iergendwéi net richteg ufillt.
-
13
Impressioune vun der Gameland
Leschte Weekend war an der Schongfabrick zu Téiteng de Gameland 6: Beyond Buttons, wou sech vill Gamer versammelt haten. Hei konnt een da ganz vill Spiller ausprobéieren, ganz neier awer och e puer aler, fir d'Nostalgie. De Patrice Sadler war op der Plaz an huet Impressioune gesammelt.
-
12
Sunderfolk
Sunderfolk ass een taktescht Couch Coop Rollespill, bei deem ee mat bis zu 3 Kolleegen op eng fantastesch Aventure geet. Déi innovativ an erfrëschend Steierung iwwer de Smartphone mécht aus Sunderfolk ee Spill, dat een och gutt mat onerfuerene Gamer spille kann. De Patrice Sadler stellt Sunderfolk fir.
-
11
Doom: The Dark Ages - De Klassiker nei erfonnt
Déi neisten Episod an der Doom Franchise iwwerzeegt mat engem innovative Kampfsystem. D'Grafik, de Sound an de Gameplay maachen d'Spill zu enger ronner Geschicht. Frënn vu brutale Shootere kommen op hir Käschten, mengt den Yves Stephany.
-
10
Clair Obscur: Expedition 33
E Spill, dat esou ee grousse Succès huet, datt esouguer den Emmanuel Macron dem franséischen Entwécklerstudio gratuléiert huet. Den Yves Meyer huet sech d'Spill fir eis ugekuckt a stellt et eis fir.
-
9
Split Fiction
“Split Fiction” hëlt d'Spiller:inne mat an déi fantasievoll Geschichte vun zwou Schrëftstellerinnen. De kooperative Gameplay bitt Rätselen, déi ee just zu zwee léise kann. Presentéiert gëtt d'Spill vum Patrice Sadler.
-
8
Mario a Luigi Superstar Saga a Bowser’s Schergen
Der Prinzessin Peach hir Stëmm gouf vun zwee komeschen Individue geklaut! Elo mussen de Mario an de Luigi zesummeschaffen an d’Stëmm vun der Prinzessin zeréckhuelen. An och de Bowser ass bei dëser Aventure derbäi. De Filip Vukotic stellt d'Spill vir.
-
7
Blue Prince
E Spill, bei deem et vill ze rätsele gëtt. Et geet drëms e geheime Raum an enger Villa ze fannen. Nëmmen da kann ee säin Ierwen untrieden. Den Yves Meyer huet sech d'Spill fir eis ugekuckt.
-
6
Dungeons of Hinterberg
Vakanz an den Alpe mol anescht: An “Dungeons of Hinterberg” verbënnt sech magesch Fantasy mam "normalen" Alpentourismus. Tëschent Monsterjuegd, Rätselen an entspaanten Owesstonne beim Feier entdeckt Dir net nëmmen Dungeons, mee och d'Schietsäite vum Massentourismus.
-
5
Switch 2
Scho méi laang war déi nei Konsol annoncéiert, elo huet Nintendo méi Detailer zu der Switch 2 verroden. Den Yves Meyer huet d'Informatioune gesammelt a bréngt eis op den aktuelle Stand.
-
4
Tetris Forever
"Tetris Forever" ass eng Mëschung tëschent Dokumentarfilm a Videospill. Dëse virtuelle Musée bréngt engem déi spannend Geschicht hanner dem Kultspill "Tetris" méi no. Een absolutte Muss fir Tetris Fans, fënnt de Patrice Sadler.
-
3
R.E.P.O.
Fans vu "Lethal Company" opgepasst, hei kënnt Äert nächst Koop-Horrorspill! Bei “R.E.P.O.” muss ee wäertvoll Objeten zeréckbréngen, fir datt ee seng Steierscholden zeréckbezuele kann a seng Matspiller net am Chaos stoe léisst. Kléngt stresseg? Jo, mee et mécht och immens vill Spaass, fënnt d'Sophie Kucharzyk.
-
2
Two Point Museum
An dësem Spill baut ee säin eegene Musée, et organiséiert een Expeditiounen a këmmert sech ëm d’Gäscht. An dat alles mam typeschen Humor vun der Two-Point-Rei.
-
1
Kingdom Come Deliverance 2
Dee laang erwaarten 2. Deel an der "Kingdom Come Deliverance"-Rei ass endlech do! An dësem mëttelalterleche Rollespill vu Warhorse Gaming iwwerhëlt een nees d'Figur vum Henry. De Patrice Sadler stellt d'Spill vir.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...