PODCAST · news
Philo am Gespréich
by radio 100,7
Philosophie kennt een aus der Schoul, aus Bicher, aus der Fuerschung. Mee wat mécht d’Philo an der Welt? Wou ginn et philosophesch Froen? Wéi verhält sech Philo zu anere Beräicher aus eiser Welt; a virun allem, am Alldag?
-
11
Philosophie a Sport
Kierperlech Beschäftegung schreift een engem Philosoph vläicht net esou direkt zou. Virun allem huet de Geescht d’Philosophie faszinéiert - mee de Mënsch ass dann awer vill méi wéi dat. Duerch de Kierper erliewe mir eis selwer an och eis Welt, dat war eng zentral Thees vum Merleau-Ponty. Wa mir Sport maachen, schéngt sech nach eemol e ganz aneren Zougang zu eis an eisem Ëmfeld, souguer zu eiser Gedankewelt opzemaachen. Doriwwer schwätzt d'Nora Schleich mam Benoît Vervier. Hien ass Kiné am Beräich Thérapie manuelle a Sport-Pro a weess, wéi vill Beweegung fir de Mënsch bedeit.
-
10
Philosophie an Digitalitéit
D'Digitaliséierung - also dee Prozess, bei deem Analoges digital gëtt, schéngt in aller Munde, noutwendeg an disruptiv. Wann dat schonn d'Liewe vun eis all verännert, sollte mir eis mol froen, wat eigentlech domat gemengt ass. Digitalitéit ass den Uewerbegrëff vun allem, wat zum Digitale gehéiert. An dës Sphär huet d'Nora Schleich mam Bob Reuter vun der Uni Lëtzebuerg am Gespréich auserneegeholl. Erstaunlech ass, datt déi mënschlech Welt eigentlech schonn ëmmer virtuell war an ass, a mir dat als zum Deel geeschteg Wiesen och brauchen. Mee net alles, wat virtuell ass, ass och digital!
-
9
Philosophie und Kritische Theorie
Wéi kann et eigentlech ëmmer erëm dozou kommen, datt autoritär a repressiv Regimmer an der Gesellschaft Fouss faassen? D'Institut für Sozialforschung (1929 zu Frankfurt gegrënnt) huet sech mam Opstig vun den Nazie beschäftegt a besonnesch d'Vertrieder vun der Frankfurter Schule hunn déi ekonomesch, psychologesch a philosophesch Aspekter vun der Verflëssegung vun der Muecht ënnersicht, déi dozou geféiert hunn, datt d'Mënsche sech quasi fräiwëlleg den totalitären Iddien ënnerworf hunn. Mam Nils Köbel, Soziolog a Professer fir Pädagogik, huet d'Nora Schleich d'Problemer mat der sougenannter "instrumenteller Vernunft" nogezeechent an iwwerpréift, ob déi rettend "kommunikativ Vernunft" net just en Idealbild ass.
-
8
Philosophie a Medien
Medien: quasi ëmmer present, mee wat awer trotzdeem ganz schwéier ze gräifen. Medie benotze mir gewollt oder ongewollt all Dag an a ganz villfältege Formen. D’Nora Schleich geet der Fro op de Gronn, wat "e Medium" eigentlech ass, a wéi wäit de Mënsch Medie schaaft - a selwer och duerch si gepräägt gëtt. Déi digital Welt huet do nach eemol méi geännert, mat imposante Konsequenze fir d'Verstoe vun eis an eiser Welt. Den Invité ass de Misch Strotz, Matgrënner vu LetzAI an Neon Internet.
-
7
Philosophie a Relioun
D’Relioun an hire Géigestand: Mam Louis Berger (Redakter vu Kirche & Leben, Münster) schwätzt d’Nora Schleich doriwwer, wat Relioun eigentlech ausmécht. Wéini gëtt den einfache Glawen zur Relioun? A wat heescht et, wa Relioune sech eng institutionell Struktur ginn? Et geet ëm spirituell Erfarungen, genee esou wéi ëm de Problem vum diktéierten Dogma.
-
6
Philosophie a Politik
Philosophie am Gespréich huet dës Kéier d'Politik an de Studio invitéiert, fir sech philosophesch ze hannerfroen. An dëst a Persoun vu kengem anere wéi dem Jean-Claude Juncker. Et gëtt gefrot, wat ass iwwerhaapt Politik? Nom Hannah Arendt fënnt Politik an deem Raum statt, deen entsteet, wa mindestens zwee Leit zesummekommen. Eréischt da kann de Mënsch sech realiséieren. Mee wat muss Politik dofir leeschte kënnen? Wéi legitiméiert se d'Muechtverdeelung an der Gesellschaft? Huet déi politesch Fräiheet am Zesummeliewe Grenzen? Muss se där hunn? A wat bréngt dës Fräiheet a Gefor? De politesch extreemen an awer dach eidele Jargon ass och Deel vun der Diskussioun.
-
5
Philosophie a Schoul
Jorelaang sëtze mir zesummen an der Schoul - dat wierkt wéi selbstverständlech. Wien net an d'Schoul gaangen ass, schéngt spéider keng Chance ze hunn. Mee wat ass déi Schoul iwwerhaapt? Wat soll se sinn, huet si ee politeschen Optrag? Oder awer een anthropologeschen? Onofhängeg vun den edele Bildungsidealer vum 18. Joerhonnert - jiddweree soll sech zu senger Persoun bilde kënnen - stellt Philo am Gespréich hei ganz konkret d'Konzept Schoul an de Mëttelpunkt. Mam Philippe Demart, Schoulmeeschter an an der Direktioun vum Lycée Ermesinde täteg, stellt sech d'Fro, wéisou d'Schoul an deem enke Cadrage, dee se haut bestëmmt, mat Notten, Programmer a Kompetenzpréifungen, ganz vill vun där Fräiheet fräiwëlleg anzebéisse schéngt, déi se awer eigentlech bräicht, fir ee liewegen Erfarungsraum ze sinn.
-
4
Philosophie a Konscht
An der Emissioun ass ëmmer nees en anere Liewensberäich zu Gaascht, dee philosophesch betruecht gëtt. Dobäi gëtt dacks séier kloer, datt ee villes guer net esou konkret bestëmme kann … an heiansdo ass et ebe grad déi substanziell Oppenheet, déi d’Schéinheet vun Erfarungen ausmécht. Ganz besonnesch trëtt dat bei der Konscht an. Mat der Nora Wagner, fräischaffend Kënschtlerin, diskutéiert d’Nora Schleich, wéini et iwwerhaapt ëm Konscht geet, wat dat fir eis bedeite soll an a wéi enge Formen eis eppes als Konscht uschwätze kann. Dozou ass sech d’Fro ze stellen, ob dat Heelsaamt an dat Beliewend an der Konscht net gebrach gëtt, wa Konscht zum Konsumobjet a monetariséiert gëtt - wou bleift dann d’Konscht als existenziell Liewensform?
-
3
Philosophie an Natur
Dat Grousst a Ganzt, vun deem mir just ee klengen Deel sinn: D'Natur! Wat Natur iwwerhaapt ass, wéi d'Mënschen Natur begraff hunn a begräifen, a wéisou d'Relatioun Mënsch-Natur am 21. Joerhonnert ufänkt ze zerfalen, diskutéieren d'Nora Schleich an d'Annick Meiers, Permakulturgäertnerin.
-
2
Philosophie a Spill
D’Philosophie beschäftegt sech ëmmer mam Liewen a mam Weltverständnis. Dës Kéier geet et ëm Philosophie a Spill. “Der Mensch ist nur ganz Mensch, da wo er spielt.“, sot de Schiller schonn. Spillen hu mir als Kanner gemaach, mee maache mir et och haut nach, heiansdo vläicht onbewosst? Jo! An dat aus guddem Grond. Wat bedeit dat fir eist Mënsch-Sinn, fir eist Zesummesinn, a wéisou ka behaapt ginn, datt eis Kultur aus dem Spillen entstanen ass? Dëst a méi diskutéiert d’Nora Schleich mam Erik Eschmann, deen zu Prozessualitéit a Perspektivitéit gefuerscht huet - an och ganz faszinant Perspektiven zum Theema Spill matbréngt.
-
1
Philosophie a Psychiatrie
D’Philosophie versicht d’Welt ze verstoen - an dorënner fale ganz vill alldeeglech Theemen, déi erstaunlech dacks ganz vill Philosophesches opzedecken hunn. Mam Psychiater Paul Rauchs schwätzt d’Nora Schleich iwwer d’Gebuert vun der Psychiatrie aus de Geeschteswëssenschaften, iwwer d’Definitioune vu Wahn, iwwer Kontroll a Muecht an der Psychiatrie an an der Gesellschaft - an natierlech gëtt sech och gefrot: Gëtt et dat Béist am Mënsch?
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Philosophie kennt een aus der Schoul, aus Bicher, aus der Fuerschung. Mee wat mécht d’Philo an der Welt? Wou ginn et philosophesch Froen? Wéi verhält sech Philo zu anere Beräicher aus eiser Welt; a virun allem, am Alldag?
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...