The Dora Journey

PODCAST · news

The Dora Journey

E Podcast iwwer dat inspiréierend an tragescht Liewe vun der Komponistin Dora Pejačević.

  1. 8

    Episod 7 - Seng Musek

    Wärend d’Dora nach gelieft huet, huet hire Papp seng Musek net appreciéiert. Eréischt no sengem Doud gouf him warscheinlech bewosst, wéi talentéiert seng Duechter war. Domat war hien net deen eenzegen. Dem Dora seng Musek gëllt et bis haut ze entdecken.

  2. 7

    Episod 6 - Otto

    D’Dora bestuet sech mam Ottomar Lumbe a gëtt schwanger. Huet hatt sech domat schlussendlech de gesellschaftleche Konventioune gebeugt? Kuerz no der Gebuert vu sengem Jong stierft d'Dora. Domat ass et mat der Tragik - déi sech wéi e roude Fuedem duerch säi Liewen zitt - awer nach net eriwwer.

  3. 6

    Episod 5 - Rosa

    An dësem Episod geet et ëm dem Dora seng Bezéiung zum Rosa Lumbe-Mladota, der Schwëster vu sengem spéidere Mann. Wousst dem Rosa säi Brudder iwwer dës Bezéiung Bescheed? Et ginn e puer Hiweiser, déi d’Annalena an d’Carole dozou bruecht hunn ze denken, datt vläicht e puer Leit eppes iwwer dem Dora seng homosexuell Bezéiung gewosst hunn.

  4. 5

    Episod 4 - Géint säi Stand

    D’Dora versteet net, wéi aner Adeleger an hire Schlässer kënne bleiwen, wärend gläichzäiteg Dausende vu Mënschen am Éischte Weltkrich stierwen. Hatt entwéckelt eng staark Ofneigung géintiwwer senger eegener gesellschaftlecher Klass a geet als Infirmière an e Lazarett schaffen.

  5. 4

    Episod 3 - Eng Insel vu Rou

    D’Dora gëtt an eng räich Adelsfamill gebuer. Am Schlass, an deem hatt grouss gëtt, gi reegelméisseg Concerten organiséiert, bei deenen och déi éischt Kompositioune vum Dora opgeféiert ginn. Et ass eng glécklech Kandheet, déi an engem grousse Kontrast zu sengem spéidere Liewe steet. An dësem Episod gëtt d’Annalena och en Abléck an d’”Berceuse”, eng Kompositioun, déi am Alter vun 12 Joer entstanen ass.

  6. 3

    Bonus-Episod - Siddy, Diddy an Dora

    D’Frënschaft tëschent dem Dora, dem Sindonie an dem Karl hannerléisst och emol méi witzeg Spueren. Eng dovun ass e Gedicht wat entstanen ass, wärend d’”Siddy” an de Karl eng Kéier op d’”Diddy” an d’Dora hu misse waarden.

  7. 2

    Episod 2 - Sidonie

    D’Annalena stellt sech d’Fro, wisou hatt an d’Carole bei hire Recherchen op verschiddene Plazen net virukommen: “Firwat fanne mir näischt eraus iwwer hatt? Wien hält do den Daum drop? Wien huet Interêt dorun, datt näischt iwwer hatt gewosst gëtt? An du koum mir e Gedanken: Hatt hat bestëmmt eng Bezéiung zu enger Fra!”

  8. 1

    Episod 1 - Johannes

    Am éischten Episod geet et an d’Jugend vum Dora, bei seng éischt grouss Léift. Et ass eng, déi vun hirer Mamm net acceptéiert gouf, déi no enger Zäit bal nees opgeblitt wier, an déi schlussendlech tragesch op en Enn gaangen ass. Eng Tragik, déi sech wéi e roude Fuedem duerch der Komponistin hiert Liewen zitt.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

E Podcast iwwer dat inspiréierend an tragescht Liewe vun der Komponistin Dora Pejačević.

HOSTED BY

opus 100,7

CATEGORIES

URL copied to clipboard!