PODCAST · education
Vill am Kapp
by Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP)
„Vill am Kapp“ ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren – egal ob Elteren, Professioneller oder Mënsche mat engem Kapp voller Froen.Mir ginn Ablécker an d’Aarbecht vum Zentrum, deelen Erfarungen aus der Praxis (souwuel Elteren, wéi och Kanner a Jugendlecher) a schwätze mat Expert*innen iwwert Chancen, Erausfuerderungen a Virurteeler ronderëm d’Héichbegabung. Eist Zil: Informéieren, inspiréieren an Äntwerte ginn.Egal ob s du selwer betraff bass, berufflech domat ze dinn hues oder einfach nëmme virwëtzeg bass – hei bass du richteg.
-
3
Underachievement
An dëser Episod schwätze mir doriwwer, firwat Héichbegabung net automatesch héich Schoulleeschtung bedeit. Vill héichbegaabte Kanner weisen net ëmmer dat, wat eigentlech an hinne stécht – heiansdo wéinst Langweil, Demotivatioun oder anere Facteuren aus hirem Ëmfeld.Zesumme mam Laurence Di Letizia, Enseignante-ressource am CEJHP, kucke mir méi genee op dat Phänomen vum Underachievement. Mir erklären, wéi Facteuren ewéi Stress, Motivatioun, Selbstvertrauen oder d’Léierëmfeld d’Leeschtung beaflosse kënnen, wéi een éischt Warnzeechen erkennt a wéi d'Schoulen an d'Elteren d'Kanner gezielt ënnerstëtze kënnen.Zum Schluss gëtt kloer: Leeschtung reflektéiert net automatesch Potenzial. Nolauschteren, Verstoen an individuell Ënnerstëtzung si wichteg Schrëtt, fir Kanner an hirer Entwécklung ze stäerken.
-
2
-
1
Wat bedeit Héichbegabung?
An dëser Episod schwätze mir iwwert d’Fro, wat Héichbegabung eigentlech bedeit – a firwat de Begrëff sou dacks falsch verstan gëtt. Eisen Invité Danielle Rod erkläert op verständlech Aart a Weis, wéi sech fachlech Definitioune vun den Alldaagsvirstellungen vun Elteren an Enseignanten ënnerscheeden. Mir klären heefeg Mythen a Froen, déi am Kontext Héichbegabung opkommen, a ginn Abléck an d’Praxis. Och d’Roll vun der Famill an der Schoul kënnt zur Sprooch, sou wéi konkret Beispiller aus dem Alldag. Zum Schluss huele mir mat: Héichbegabung ass vill méi wéi héich Leeschtung – a Versteesdemech ass de wichtegste Startpunkt.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
„Vill am Kapp“ ass de Podcast fir all déi, déi sech fir d’Thema Héichbegabung interesséieren – egal ob Elteren, Professioneller oder Mënsche mat engem Kapp voller Froen.Mir ginn Ablécker an d’Aarbecht vum Zentrum, deelen Erfarungen aus der Praxis (souwuel Elteren, wéi och Kanner a Jugendlecher) a schwätze mat Expert*innen iwwert Chancen, Erausfuerderungen a Virurteeler ronderëm d’Héichbegabung. Eist Zil: Informéieren, inspiréieren an Äntwerte ginn.Egal ob s du selwer betraff bass, berufflech domat ze dinn hues oder einfach nëmme virwëtzeg bass – hei bass du richteg.
HOSTED BY
Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel (CEJHP)
CATEGORIES
Loading similar podcasts...