PODCAST · news
Wat lauschters du?
by radio 100,7
Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner
-
50
"{ungeskriptet} - Gespräche, die dich weiter bringen"
De Podcast “{ungeskriptet}“ vum Ben Berndt ass eng Gespréichssendung mat laangen, oppene Gespréicher mat ënnerschiddleche Gäscht aus Gesellschaft, Politik a Social Media. D’Gespréicher si meeschtens net geschnidden an erlaben et de Gäscht, hir Meenungen a Perspektiven ouni vill Ënnerbriechung ze deelen. D'Format ass erfollegräich duerch seng Authentizitéit, gëtt awer och kritiséiert, well journalistesch Nofroen an Anuerdnung dacks feelen.
-
49
Mario Basler - Letzter Typ
E véierdeelege Doku-Podcast, an deem d’Journalistin Katharina Reckers dräi Deeg mam fréiere Foussballspiller Mario Basler verbréngt. Am Mëttelpunkt steet d’Fro, wien de Mario Basler hanner sengem Image als "leschte richtegen Typ“ wierklech ass. De Podcast kombinéiert Interview, Observatioun a Storytelling a bitt eng perséinlech an deels kontrovers Approche.
-
48
Familie Verstehen - Gewaltfreie Kommunikation
De Podcast vun der Kathy Weber ass fir Eltere geduecht, déi hiert deeglecht Familljeliewe méi bewosst a manner konfliktgeluede gestalte wëllen. A kuerze, haaptsächlech monologeschen Episoden erkläert si d'Prinzippie vun der gewaltfräier Kommunikatioun mat konkreete Beispiller a weist alternativ Weeër, wéi een op typesch Elteresituatioune reagéiere kann. De Fokus läit manner op séiere Léisungen, mee méi dorop eng laangfristeg Verännerung bei den Elteren ze bewierken.
-
47
"Gemischtes Hack"
E wéchentleche Podcast mam Felix Lobrecht an dem Tommi Schmitt, an deem si iwwer Alldagstheemen, Popkultur a perséinlech Erliefnisser schwätzen. D’Gespréicher si spontan an net staark strukturéiert, mat engem Fokus op Humor an Austausch tëschent deenen zwee. De Podcast gehéiert zu de populäerste Formater am däitschsproochege Raum an huet eng grouss a stabil Audience.
-
46
"Dive in with (e)me“
De Podcast vun der Fondation EME, meeschtens moderéiert vun der Sarah Bergdoll, schwätzt mat Experten an Expertinnen a Participante vu Projete vun der Fondatioun, wéi Musek méi inklusiv an accessibel ka sinn.
-
45
Hors d'Œuvre
En Interview-Podcast, dee vun der Œuvre Nationale produzéiert gëtt, an an deem sozial, kulturell a gemeinschaftlech Projeten zu Lëtzebuerg presentéiert an d'Leit hannendrun interviewt ginn. Host ass d’Sarah Bellissent.
-
44
Zréck zu dir
De Podcast „Zréck zu dir“ vun der Bonnie Losch soll engem hëllefen seng Gefiller ze verstoen, mental méi staark ze ginn an den Zougaang zu sech selwer (rëm) ze fannen. Hei ginn et Interviewen, Themenepisoden a Meditatiounen oder Gebieder.
-
43
1cm
A 6 Episode ginn d’Journalisten a Journalistinne vumLëtzebuerger Journal der Fro no wéi Persoune mat enger Beanträchtegung besserkennen an den Aarbechtsmarché integréiert ginn. Wat sinn d’Erausfuerderungen,d’Kompetenzen, wéi eng Politik bréichten d’Mënschen an d’Gesellschaft fir méiinklusiv ze sinn? Zum Podcast gehéiert och eng innovativ Social Media Campagnemat Artikelen an einfacher Sprooch.
-
42
"Stalino - Geschichten einer besetzten Stadt“
En Dokumentar-Geschichts-Podcast iwwer déi däitsch Besatzung vun der Stad Donetsk wärend dem Zweete Weltkrich. E kombinéiert historesch Fuerschung mat narrativer Erzielung a weist de Krich aus der Perspektiv vun eenzelen Awunner:inne vun der Stad. E Podcast vun dekoder.org a Kooperatioun mam Léierstull fir osteuropäesch Geschicht op der Universitéit Heidelberg
-
41
Plottwist
E lëtzebuergesche Filmpodcast vum Mike Winter a Yannick Schumacher, an deem déi zwee Filmnerds mat vill Passioun iwwer hir Léift fir de Kino a fir Serië schwätzen. Si analyséieren nei Releasen an och Klassiker, diskutéieren Theorien, Theemen a filmesch Detailer. De Podcast vermëttelt Fachwësse an engem lockere Gespréichsstil a riicht sech un all déi, déi Filmer net nëmme kucken, mee och wierklech verstoe wëllen.
-
40
KINO.TO - Die verbotene Streamingrevolution
An dësem 5-deelege serielle Podcast vum MDR gëtt d’Geschicht vu kino.to, der éischter a gréisster illegaler Streaming-Plattform an Däitschland an doriwwereraus erzielt.
-
39
"Magic Performer Podcast für Zauberer und Zauberkünstler" an "Trickverrat"
Zwee däitschsproocheg Podcaste vun Zauberer an Illusionisten, déi aneren interesséierte Leit hëllefe solle sech ze professionaliséieren a wéi ee sech als Zauberer ka weiderentwéckelen.
-
38
Dys : ma force
An dësem 6-deelege Podcast vun AirZen Radio an Zesummenaarbecht am der Fondation Henri - Maria Teresa, geet et drëms, Léierschwieregkeeten, also Dyslexie, Dyspraxie oder Dysphasie, net als reng Schwächt, mee als Stäerkt ze gesinn. De Prënz Louis vu Lëtzebuerg, selwer dyslexesch, verbënnt mat sengen Temoignagen déi eenzel Episode mateneen a fungéiert als Beispill, wéi een optimistesch a positiv mat enger Dys-Diagnos ëmgoe kann.
-
37
Down Set Talk!
Down Set Talk! ass en däitschsproochegen NFL-Podcast vun RTL, an deem den Adrian Franke an de Christoph Kröger all Woch déi lescht NFL-Neiegkeeten analyséieren. De Fokus läit op detailléierte Previews, Resuméen an Analyse vun Teams a Matcher. De Podcast richt sech haaptsächlech u Fans, déi sech méi déif mat der NFL beschäftege wëllen a laang, déifgräifend Diskussioune schätzen.
-
36
MedienKuh
MedienKuH ass en däitschsproochege Podcast iwwer Film, Radio, Televisioun an d’Mediewelt. Déi zwee Hosts, de Kevin Körber an de Dominik Hammes, schwätze reegelméisseg iwwer d’Neiegkeeten an der Medielandschaft a ginn hiert kritescht, subjektiivt Meenungsbild dozou of. De Podcast leeft zënter 2009 a gehéiert domat zu de Podcast, déi schonn am längsten am Däitschsproochege Raum lafen.
-
35
Coachseet
D’Profi-Basketballspillerinne Magaly Meynadier an d'Anne Simon diskutéieren an dësem Podcast iwwer de Basket am Allgemengen, d’Entwécklung vum Sport, mental Gesondheet, Training, a wat et heescht, sech als Fra am Profisport duerchzesetzen.
-
34
Good Hang with Amy Poehler
"Good Hang with Amy Poehler" ass e wéchentlechen,witzegen Interview-Podcast, an deem d’Amy Poehler mat Frënn a bekannte Gäschtiwwer hiert Liewen, Karriären a wat si zum Laache bréngt, schwätzt. D’Atmosphärass entspaant an amusant, mat ville Comedy-Anekdoten an engerFeel-Good-Stëmmung. De Podcast huet am Januar 2026 deen éischte Golden Globefir dee beschte Podcast gewonnen.
-
33
Twenty Thousand Hertz
"Twenty Thousand Hertz" erkläert d’Geschichten an d’Geheimnisser hanner de bekanntste Kläng aus eiser Welt - vu Videospiller iwwer Filmer bis hin zu alldeegleche Geräischer. De Podcast vum Dallas Taylor ass héichwäerteg produzéiert a féiert den Nolauschterer duerch spannend akustesch Erfarungen.
-
32
"Hotel Matze"
Zenter 2016 féiert de Matze Hielscher a sengem Podcast, dem “Hotel Matze”, laang, déifgräifend an éierlech Gespréicher an enger roueger an intimer Atmosphär. Zu Gaascht si ganz bekannten a méi onbekannte Perséinlechkeeten aus Kultur, Politik, Medien a Gesellschaft.
-
31
REALITY - Ein TV-Skandal
An der 6-deeleger Mini-Serie "REALITY - Ein TV-Skandal" geet et ëm ee vun de gréissten TV-Skandaler an der brittescher Fernseegeschicht an ëm d’Schicksal an d’Liewe vun der Protagonistin vun der Reality-TV-Sendung “There’s Something About Miriam“, der Miriam Rivera.
-
30
Lëtz Mind Up
De Podcast vun der Sandrine Gashonga, enger bekannter antirassistescher an dekolonialer Aktivistin zu Lëtzebuerg. Si gëtt an dësem Podcast hir Aschätzung zur der antirassistescher Beweegung zu Lëtzebuerg, erkläert verschidde Konzepter a gëtt och Iddie wéi et kéint anescht goen.
-
29
J'ai peur, donc j'y vais
De Podcast vun der Life Coach Stef Bluelips gëtt Rotschléi an Tools un d’Hand, fir säi Liewen nei ze uerden, ze organiséieren a Verännerungen unzestoussen. Besonnesche Fokus gëtt op d’berufflech Weiderentwécklung geluecht. E Podcast, dee Courage soll maachen.
-
28
NDA: Die Akte Kasia Lenhardt
An 6 Episode gëtt an dësem Podcast d’Geschicht vum Model Kasia Lenhardt an dem Fussballer Jérôme Boateng erzielt. Et geet ëm Virwërf vu partnerschaftlecher Gewalt an d’Roll vun de Medien. Produzéiert vum SPIEGEL a recherchéiert vun de Journalistinnen Nora Gantenbrink a Maike Backhaus.
-
27
"Männerleben" an "The Evolving Man"
2 Podcasten, déi sech mat moderner Männlechkeet an eiser Gesellschaft beschäftegen. "Männerleben" ass en däitsche Podcast mam Carlson El Murtadi an “The Evolving Man” ass en engleschsproochege Podcast mam Ben Goresky.
-
26
SauerBeen-Podcast
De Podcast vum SauerBeen-Lafgrupp. Zu den Hosts gehéieren d’Vera Hoffmann, de Val Weicherding an den Tom Winbomont. Si ginn e perséinlechen Abléck an hiren Training, beschwätze Competitiounen a wat nach soss esou leeft.
-
25
"Endlech" - De Podcast vum Trauerwee
Den Trauerwee begleet Kanner a Famillen an Trauer. An hirem Podcast gräife si Theeme ronderëm den Doud an Trauer op a ginn och Tippen, wéi een domadder ëmgoe kann.
-
24
Déi gutt Mod
D’Melody Hansen, Chefredactrice an d’Lynn Warken, Managing Director vum Lëtzebuerger Journal leede zesummen dëst Lëtzebuerger Medium. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Erkentnisser, Beobachtungen an d’Aktualitéit am Betrib.
-
23
Am Bistro mat der woxx
All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx hiert Thema vun der Woch vir. Desbeschwätzt den zoustännege Journalist oder déi zoustänneg Journalistin matenger Redaktiounskolleegin oder engem Redaktiounskolleeg.
-
22
Lëtzmeditate
14 guidéiert Meditatiounen op Lëtzebuergesch, ageschwat vun der Aline Nowacki, der Rosanna Pacchioli an dem Mathieu Nowacki.
-
21
"On the Record“
All Freideg invitéiert d’Redaktioun vu Reporter.lu an d’Kulisse vun hirer journalistescher Aarbecht a liwwert an dësem Podcast Hannergrënn zu engem aktuelle Sujet.
-
20
Das Lederhosen Kartell
A siwen Episode versicht de Journalist a Rikschachauffer Alexander Gutsfeld de Phänomeen Oktoberfest historesch an aktuell ze beliichten an aus verschiddene Perspektiven ze analyséieren. Wéi huet sech dëst Fest verännert, wat ass dat legendäert Käferzelt a firwat ginn um hallwer 11 d’Luuchten an den Zelter aus?
-
19
Talking Bodies
E Wëssenschaftspodcast vun der Dr. Jana Bressem vun der TU Chemnitz an der Dr. Silva Ladewig vun der Europa-Universität Frankfurt Oder, deen an 48 Episoden tëschent November 2021 a Mäerz 2024 gelaf ass. Déi zwou Wëssenschaftlerinne beschäftegen sech hei mat alle Froe ronderëm déi verbal an non-verbal Kommunikatioun.
-
18
Ein Mensch verschwindet - Daniel Küblböck
Den Daniel Küblböck, dee sech kuerz virdrun als transgender geout huet a Lana Kaiser wollt genannt ginn, verschwënnt den 9. September vun der AIDAluna um Wee fir op New York a gëtt 2021 fir dout erkläert. An engem 10-deelege Podcast an der App Podimo geet den Tom Ehrhardt ville Froen no, fir dësen extreem mediatiséierte Personnage besser verstoen ze kënnen, ouni en ze verurteelen oder ze bewäerten.
-
17
Dispensé·e·s
E franséischsproochege Podcast vum Quentin Chanut-Chaize, deen de Froe vum Gender a Sport nogeet.
-
16
Verboten gut - Wie Frauen den Fußball erobern
E 6-deelege Storytelling-Podcast vum Fussballmagasinn Kicker iwwer d’Entwécklung vum Fussball vun de Fraen an de leschten 100 Joer an Däitschland.
-
15
Ulle und Rick
De Jan Ullrich an de Rick Zabel, Jong vum Sprinter Erik Zabel, hunn zënter Mee 2025 e gemeinsame Vëlopodcast. Hei schwätze si humorvoll a kompetent iwwer Vëloscourssen an iwwer de Profivëlossport allgemeng.
-
14
It’s Reigning Men
Op der Welt ginn et aktuell 40 Monarchien an dovunner gëtt aktuell keng vun enger Fra ugeféiert. An dësem englesche Podcast vum Daniel Rosney ginn déi kinneklech Famillen a Monarchië virgestallt an hir aktuell politesch Roll an de jeeweilege Gesellschafte mat Experten an Expertinne beschwat. Och de Grand-Duc Henri war schonn Theema vun enger Episod.
-
13
Die Peter Thiel Story - Deutschlandfunk
De Peter Thiel gëllt als ee vun de Mastermindehannert dem kulturelle Wandel no riets an den USA an ee vun de wichtegsten Unhänger vum Donald Trump. Hie gouf mat Paypal a Facebook räich. An dësem sechsedeelege Podcast vum Deutschlandfunk gëtt de Wee vum Peter Thielretracéiert.
-
12
«L’avenir leur appartient»
«L’avenir leur appartient» ass e Podcast vun der Sport-Dageszeitung L’Équipe deen sech mat de groussen Talenter am franséische Fussball beschäftegt. Och e Lëtzebuerger Nationalspiller gouf hei scho portraitéiert.
-
11
Um Bols vun der Zäit
Dëse Podcast vun der Partei Fokus, deen als Slogan „De politesche Podcast zu Lëtzebuerg. Riicht eraus, ongefiltert, aktuell.“ huet, ass am November 2024 gestart ginn.
-
10
MIKROSKOP
An dësem Podcast vun der CSV Fraktioun ginn déi aktuell 21 CSV-Deputéiert an der Chamber ënnert d’Lupp geholl.
-
9
Oppositioun - E Podcast vun déi Lenk
E Podcast vun der Lëtzebuerger Partei. Déi zwee Deputéiert David Wagner a Marc Baum beschäftegen sech hei mat der politescher Aktualitéit hei zu Lëtzebuerg. Et gëtt do och mol gären e Bléck hannert d'Kulissen an si erklären wéi d'Aarbecht an der Chamber funktionéiert.
-
8
Was bisher geschah
E Geschichtspodcast, dee sech ëmmer nees aner Episoden aus der Weltgeschicht ukuckt, vum Dschinghis Khan, iwwer d'Réimesch Räich an den Napoleon bis zu de leschten Deeg vum Nazi-Regimm an Däitschland. De Cedric Reichel stellt eis de Podcast vir.
-
7
Hitze - Letzte Generation Close-Up“ an Auf (K)Leben und Tod - Wie weit wird die Letzte Generation gehen?“
Zwee Podcasten aus Däitschland, déi sech am Joer 2023 mat de Protester vun der Letzter Generation beschäftegt hunn.
-
6
Muss dat esou?
Deen eenzege Lëtzebuerger Pappe-Podcast. An 18 Episode schwätzen de Mike Winter an den Ayko Pletsch iwwer hir Erliefnesser, Erfarungen an Erausfuerderungen als Papp. Si begleeden eis duerch déi spannend Zäit vun der Gebuert bis op déi éischt Schrëtt an doriwwer eraus.
-
5
SchwarzRotGold: Mesut Özil zu Gast bei Freunden
De Podcast “SchwarzRotGold” erzielt d'Geschicht vum Mesut Özil - vu sengem Opstig als e gefeierten internationale Spiller bis zu senger kontroverser Demissioun aus der däitscher Fussballnationalekipp am Joer 2018 no enger Foto mam tierkesche President Erdoğan. Eng Podcast-Serie vun aacht Deeler, produzéiert vum Khesrau Behroz. Et geet net nëmmen ëm dem Mesut Özil seng Karriär, mee och ëm sozial Debatten iwwer Integratioun, Identitéit a Zougehéieregkeet.
-
4
Strangers on a Bench
Wat geschitt, wann Dir ufänkt mat enger onbekannter Persoun op enger ëffentlecher Bänk an engem Londoner Park ze schwätzen? Dës charmant Serie vu flüchtege Gespréicher geet genee dëser Fro no. Produzéiert gëtt dësen engleschsproochege Podcast, vun deem bis elo 30 Episoden eraus sinn, vum Singer-Songwriter Tom Rosenthal.
-
3
Kaulitz Hills - Senf aus Hollywood
“Kaulitz Hills” ass e Podcast vun den Zwillinge Bill an Tom Kaulitz, bekannt vun der Band Tokio Hotel. An dësem Podcast schwätze si oppen iwwer hiert Liewen, hir Karriär, Promi Klatsch, Bezéiunge, perséinlech Anekdoten an hir Meenung zu aktuellen Theemen. Et gi schonn iwwer 180 Episoden an all Mëttwoch kennt eng nei eraus.
-
2
CUT - Das Virus das uns trennt
Fënnef Joer nom Ausbroch vun der Corona Pandemie beschäftegt sech de WDR Podcast "CUT" mat de gesellschaftleche Konsequenzen. Déi zweet Saison heescht "Das Virus, das uns trennt“ an ass am Mäerz 2025 erauskomm. Fir "CUT", hunn d’Journalisten zwee Geschwëster portraitéiert, déi wärend der Pandemie op ganz verschidde Manéieren op d’Mesure reagéiert hunn. Déi éischt Saison "Das Silvester, das uns verfolgt“ huet 2024 den däitsche Radiopräis an der Kategorie "Beste Reportage" gewonnen.
-
1
Cultures Monde - Norouz, un printemps politique
Norouz ass en traditionellt Fest, dat de Retour vum Fréijoer an den Ufank vum neie Joer markéiert. Gefeiert gëtt et vun 300 Millioune Leit an a méi wéi 15 Länner. De Podcast geet der Fro no, wéi politesch dëst Fest haut ass, wéi eng Symbolik et fir déi verschidde Bevëlkerungsgruppen och a Froe vun der Identitéit oder der Rebellioun, Emanzipatioun spillt.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Aktuell an nach ëmmer aktuell Podcasten aus Lëtzebuerg an den Nopeschlänner
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...