PODCAST · news
Wat s de net sees!
by radio 100,7
Sprooch, Méisproochegkeet, Lëtzebuergesch ... Eng Emissioun fir all sproochbegeeschtert Persoun
-
50
Vu Buschtawenzopp, Héngerbritt a Gazpacho
An dëser Episod erzielt d’Isabel Andrade Bento vum ZLS, wat een esou alles ënner Zopp ka verstoen. Wéini ass eng Zopp eng Zopp? Wat sinn d’Krittären, déi dës Plate mussen erfëllen, fir esou bezeechent ze ginn, a wat qualifizéiert se, fir am LOD opgeholl ze ginn? Wat sinn d’Iwwersetzungen, déi am Lëtzebuerger Online Dictionnaire fir dës Wierder proposéiert ginn, a wéi eng Froe stelle sech beim Redigéiere vun esou Artikelen?
-
49
Vu Muttergottessen a Wollekekrazerten
Setzt Iech un den Dësch a kuckt Iech d’Läffelsgeschier emol un – mam linguistesche Brëll op der Nues! D’Forschett kënnt aus dem Franséischen, d’Messer aus dem Däitschen. De Läffel och, mee do gouf awer scho méi drun hantéiert: Aus dem däitsche Löffel ass e lëtzebuergesche Läffel ginn. Eent zu eent iwwerholl oder verlëtzebuergescht? Wat fir eng Fäll kann een am Lëtzebuergesche begéinen? A gëtt et eng Upak, fir et ëmmer “richteg“ ze maachen? Den Alexandre Ecker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch presentéiert e puer esou Fäll an deelt seng Gedanken iwwer dës Froen.
-
48
De Léiw oder de Léif? Eng haart Noss … oder net?
Bei ville Wierder ass ee sech net sécher, wéi se hanne geschriwwe ginn. Et schreift een nämlech net ëmmer dat, wat een héiert. Ass et “gudd“ oder “gutt“, “e Léiw“ oder “e Léif“, “eng Kierb“ oder “eng Kierp“? Do kann ee schonn emol duercherneekommen. D’Josiane Boever presentéiert an dëser Episod en einfachen Trick, fir dës kniwweleg Wierder ëmmer richteg ze schreiwen.
-
47
Lues, d’Miissi mécht grad eng Dada!
An dëser Episod hëlt d’Nathalie Entringer Iech mat op eng Rees duerch d’Lëtzebuerger Kannersprooch, vun der Miissi iwwer de Brummbrumm bis bei d’Dada. Lauschtert eran, wann Dir méi wëllt doriwwer gewuer ginn, wéi kleng Kanner - awer och déi Erwuessen, déi mat hinne kommunizéieren - schwätzen.
-
46
-
45
Räifränsch a Rulänner: e sproochleche Bléck op d’Riefzorten
Riefzort a Cepage, Pinot gris a Rulänner – wat gëtt et Sproochleches iwwer d’Riefzort als Wuert selwer, awer och iwwer déi verschidde Riefzorten, déi een op der Lëtzebuerger Musel dacks begéint, ze soen?
-
44
Autoantonymmen (Januswierder)
An der Episod vun haut gi mer eppes iwwer Autoantonymmen, och Januswierder genannt, gewuer. Domat si Wierder gemengt, déi mindestens zwee Sënner hunn, déi kontradiktoresch sinn. Dëst ass e Phenomeen, deen et a ville Sprooche gëtt, awer relativ seele virkënnt.
-
43
Homonymmen, Homofonen an Homografen an der Lëtzebuerger Sprooch
Et geet ëm Wierder, déi d’selwecht ausgeschwat respektiv d’selwecht geschriwwe ginn, awer ënnerschiddlech Bedeitungen hunn. D’Isabel Andrade Bento erkläert och unhand vun e puer Beispiller, wéi déi Wierder am Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) gewise ginn.
-
42
Neologismussen am LOD
Nodeems an enger viregter Episod iwwer d’Neologismussen am eelere Luxemburger Wörterbuch geschwat gouf, kuckt den Daniel Wagener dës Kéier, wat de Lëtzebuerger Online Dictionnaire zu dësem Theema verréit.
-
41
Neologismussen am Luxemburger Wörterbuch
Mixer, Täschebuch a Lënsch: An dëser Episod geet et ëm Neologismussen am Luxemburger Wörterbuch (LWB). D’Sara Martin erkläert, wat sech hanner dem Term “Neologismus“ verstoppt, an huet eng ganz Partie Beispiller aus dem LWB matbruecht.
-
40
"Mammesprooch“
Fir den internationalen Dag vun der Mammesprooch den 21. Februar hëlt d’Sarah Muller de Begrëff "Mammesprooch“ ënner d’Lupp.
-
39
Eng Ausstellung iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch
"D’Lëtzebuerger Sprooch(en)“- esou heescht déi mobil Ausstellung vum ZLS, dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, déi zanter 2023 den Tour duerch d’Land mécht. Wéi déi Ausstellung ausgesäit a wat den Inhalt ass, gitt Dir an dëser Episod gewuer.
-
38
D’Sprooch vun den Aen
Géi mer aus den Aen! Oder éischter: Ech hunn nëmmen Ae fir dech? Villes dréint sech an eiser Sprooch ronderëm d’Aen, wa mer iwwer Gefiller schwätzen. D’Josiane Boever huet eis e puer Beispiller matbruecht.
-
37
From digits to digital: D’Liesmaschinn an d’Zuelen
Vun Zuelwierder a Kommazuelen: An dëser Episod schwätzen d’Sara Martin an de Christopher Morse vum ZLS iwwer d’Zuelen am Lëtzebuergeschen an doriwwer, wéi d’Liesmaschinn léiert, mat verschiddenen Zueleformater ëmzegoen.
-
36
Beim Wënzer an der Kellerei
Wat ass Balleg? Wat sinn Heffen? Haut geet et ëm Begrëffer, déi ee wärend an och no der Lies beim Wënzer an der Kellerei héiert.
-
35
Verkéiert a verknäppt - E puer Wierder ëm d’Gezei
Jiddereen huet sech alt emol moies an der Däischtert ugedoen an ass da méi spéit am Dag - méi oder manner diskreet - drop higewise ginn, datt e Stéck Gezei net esou gedroe gouf, wéi et am Fong geduecht war. Mee wéi eng Wierder gi gebraucht, fir dat ze maachen? Den Alexandre Ecker geet op déi verschidden Aart a Weisen an, mat deenen ee kann ausdrécken, datt e Kleedungsstéck falsch ugedoe gouf.
-
34
De Klickklack beim Fänkches
Buet, Haischen a Klickklack: D’Sara Martin vum ZLS hëlt eis mat zeréck an d’Kandheet a schwätzt iwwer Fänkches an déi verschidde lëtzebuergesch Bezeechnunge fir déi "sécher“ Plaz, wou een net konnt gefaange ginn.
-
33
D’Etymologie vu lëtzebuergesche Wierder
De Sam Mersch gëtt en Abléck an d’Originne vu verschiddene Wierder.
-
32
Chrëschtdagslektür: Lëtzebuergesch. Vom Schnëssen und Schneeken
D’Nathalie Entringer schwätzt an dëser Episod iwwer e flott a kompakt Buch, dat si zesumme mam Sam Mersch geschriwwen huet an dat am September beim Duden (Cornelsen Verlag) erauskoum.
-
31
Vu gefëllte Croissanten a selwergemaachte Boxemännercher
An dëser Episod geet et ëm Grammaire, Variatioun an der Sprooch an den LOD. D’Nathalie Entringer erkläert eis, firwat verschidde Leit e gefëllten, anerer awer e gefëlltene Croissant iessen a wat fir Informatiounen een iwwer dëse Phänomeen am LOD fënnt.
-
30
Spréch a Riedewendungen am Lëtzebuergeschen an am Engleschen: Deel 3
D’Sarah Hess an de Christopher Morse kucke sech e puer bekannt Spréch un a probéieren, méi iwwer d’Urspréng erauszefannen.
-
29
Queesch duerch den Déieregaart
Wat ass eng Waasserjoffer, wat mécht e Päerd, wann et hénkelt, wat huet et mam Sproch “dat deet de Bock schnadderen“ op sech? Op dës Froe gëtt et am fuschneie Buch “Vun Inten, déi quaken, a Schof, déi lamen“, dat mir haut virgestallt kréien, eng Äntwert.
-
28
Nach méi Spréchwierder am Lëtzebuergeschen an am Engleschen
An dëser Episod schwätzen d’Sarah Hess an de Christopher Morse iwwer Spréchwierder am Lëtzebuergeschen an am Engleschen.
-
27
Duschgel oder Duuschgeel?
An dëser Episod dréit sech alles ëm d’Wuert "Duschgel“: Wéi eng verschidden Aussprooche ginn et bei deem Wuert, wéi ass de Pluriel a wéi gëtt et geschriwwen? Dat alles gëtt een am LOD gewuer.
-
26
Wierder, déi et net an den LOD gepackt hunn
An dëser Episod geet et ëm Wierder, déi iwwer de Formulaire "e Wuert virschloen“ um Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) erageschéckt goufen an et awer net an den LOD gepackt hunn.
-
25
Maschinell Iwwersetzung am Lëtzebuergeschen
An dëser Episod schwätze mer iwwer d’Theema maschinell Iwwersetzung am Lëtzebuergeschen. Wéi gutt kënne Computerprogrammer aus dem Lëtzebuergeschen an aner Sproochen – respektiv ëmgekéiert – iwwersetzen? Wat brauch et, fir d’Algorithmen an Zukunft besser ze maachen, wéi gesäit d’Iwwersetzungsbranche vu muer aus?
-
24
En Tour duerch d’Stater Infoboxen am LOD – 2/2
Wouhier kënnt den Numm „Knuedler“? A wéi eng Stater Bréck huet am Ganzen dräi Nimm? An de kulturhistoreschen Infoboxe vum LOD fannt Dir d’Äntwerten op dës an nach aner Froen.
-
23
En Tour duerch d’Stater Infoboxen am LOD - 1/2
Wéi e Weltrekord huet d’Nei Bréck jorelaang gehalen? A wéi ee bekannte Komponist hat am Stater Casino säi leschten Optrëtt? An de kulturhistoreschen Infoboxe vum LOD fannt Dir d’Äntwerten op dës an nach aner Froen.
-
22
Mir gi liesen!
Wat huet et mat deem "liesen“ op sech? Wat sinn "Herschtleit“, wat ass eng "Hatt“? Op all dës Froe gëtt et eng Äntwert vum Armand Becker vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
-
21
Spréchwierder am Lëtzebuergeschen an am Engleschen: Deel 1
Een Af mécht der honnert – one monkey makes a hundred? An dëser Episod schwätzen d’Sarah Hess an de Christopher Morse iwwer Spréchwierder am Lëtzebuergeschen an am Engleschen.
-
20
Wat ass eng Schmis?
An dëser Episod dréit sech alles ëm d’Wuert "Schmis“: Wéi eng verschidde Bedeitungen huet d’Wuert a wéi gëtt et geschriwwen? Dat alles gëtt een am LOD gewuer.
-
19
Wat fir eng Zort Dictionnaire ass den LOD?
An dëser Episod kucke mir eis un, wéi eng Zorte vun Dictionnairen et eigentlech gëtt an a wéi eng Kategorie de Lëtzebuerger Online Dictionnaire fält. Wat ënnerscheet den LOD vun anere bekannten Dictionnairë wéi zum Beispill dem Duden oder dem Langenscheidt?
-
18
E Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS: déi administrativ Gestioun
Mir geheien e Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS a schwätze mat der Noémie Santos doriwwer, wat hir Aufgaben als administrativ Gestionnairin am ZLS sinn. Wéi eng administrativ Aarbechte falen am ZLS esou un an inwifern sinn dës néideg, fir dem ZLS seng Missiounen ze erméiglechen?
-
17
E Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS: d’Orthografie
Mir geheien e Bléck hanner d’Kulisse vum ZLS a schwätze mam Helmuth Sperl doriwwer, wat seng Aufgaben als Linguist am ZLS sinn. Wat fir Aarbechte falen am Beräich Orthografie un? Wéi gëtt un dësen Dossiere geschafft?
-
16
De Lëtzebuerger Online Dictionnaire am Iwwerbléck
Wosst Dir, datt een am LOD op verschiddene Sprooche kann no Wierder sichen? A kennt Dir d’Funktioun vun der “erweiderter Sich“ am LOD? An dëser Episod gitt Dir gewuer, wat de Lëtzebuerger Online Dictionnaire alles kann.
-
15
Kënne kommen oder komme kënnen?
Wat ass e Modalverb a wuer setzt een et? Wéi ënnerscheet d’Lëtzebuerger Sprooch sech an där Hisiicht vum Däitschen, vum Franséischen a vun anere Sproochen? Dat alles kucke mir eis unhand vu Beispiller un ... a begéinen dobäi souguer eng Kéier dem Meeschter Yoda!
-
14
Wuertvirschléi fir den LOD: Wierder aus dem Alldag
An dëser Episod geet et ëm Wierder aus dem Alldag, déi iwwer de Formulaire "e Wuert virschloen“ um Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) erageschéckt goufen. Wéi eng gängeg Wierder vermëssen d’Leit am LOD a wéi eng koume rezent bäi?
-
13
Familljenintern Sprooch
An dëser Episod schwätze mer iwwer familljenintern Sprooch, also Wierder an Ausdréck, déi just an der Famill bekannt sinn a just do benotzt ginn. Wéi entsteet esou eng Sprooch, firwat ass se wichteg a wat sinn e puer Beispiller?
-
12
D'Kategorien am Lëtzebuerger Online Dictionnaire
An dëser Episod kréie mir e klengen Abléck an d’Kategorien am LOD. Wat ass eng Kategorie, wou fënnt ee se a wéi vill gëtt et der? A mir gi gewuer, a wéi enger Kategorie d’Wierder "Noutbrems“ a "Pressing“ hir Plaz hunn.
-
11
Pärele vun der ZLS-Hotline
An dëser Episod kréie mir nees e klengen Abléck an d’Hotline vum ZLS. Jidderee ka sech nämlech iwwer lod@lod.lu mat Froen iwwer d’Lëtzebuergescht beim ZLS mellen. Dës Kéier huet d’Sara Martin eng Fro iwwer eng Fruucht matbruecht: Ass et “e Kiwi“ oder “eng Kiwi“?
-
10
Vu Kierchen bis op Zowaasch: En Tuer duerch d'Uertschaften am LOD
Wéi ass de lëtzebuergeschen Numm fir “Troisvierges”? Gëtt et fir “Buerglënster” nach en aneren Numm? Kënnt een “aus Éinen“ oder “vun Éinen“? Wéi gouf déi offiziell Schreifweis vun de Lëtzebuerger Uertschafte festgeluecht? Op all dës Froe gëtt et hei eng Äntwert.
-
9
Wéi ginn d’Audioe vun de Beispillssätz am LOD opgeholl?
An dëser Episod geet et ëm d’Audio-Opname vun de Beispillssätz, déi een am Lëtzebuerger Online Dictionnaire mëttlerweil bei enger ganzer Partie Artikele fënnt, an ëm d’Aarbecht, déi derhannertstécht.
-
8
Nach Wierder, déi (relativ) rezent an den LOD opgeholl goufen
Am LOD fënnt een zwar mëttlerweil schonn iwwer 33.000 Wierder, mee et kommen och ëmmer weiderer derbäi. An dëser Episod ginn zwee esou Wierder presentéiert: "Ritschratsch“ an "ula“.
-
7
Wuertvirschléi fir den LOD: Wat feelt? Wat ass schonn dran?
An dëser Episod geet et ëm Wierder, déi iwwer de Formulaire “E Wuert virschloen“ um Site vum Lëtzebuerger Online Dictionnaire (LOD) erageschéckt goufen. Wéini schreiwen d’Leit dem Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch a mat wat fir enge Wuertproposen?
-
6
E Bléck hanner d'Kulisse beim ZLS
Mir geheien nees e Bléck hanner d’Kulisse vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Den Alex Haas erkläert, wat hie beim ZLS alles mécht: vun Audio-Schneiden iwwer administrativ Ënnerstëtzung bis hin zum Kontrolléiere vun de Bichertexter, déi fir de Korpus agescannt ginn.
-
5
Allerlee aus dem LOD: Gutt, besser super(lativ)!
An dëser Episod geet et ëm d’Steigerung vum Adjektiv a grammatesch Variatioun am Lëtzebuergeschen. D’Dr. Nathalie Entringer aus dem ZLS, dem Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch, hëlt eis mat op eng Rees an d’Lëtzebuerger Grammaire.
-
4
En Abléck an d’Hotline vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch
An dëser Episod kréie mir e klengen Abléck an d’Hotline vum ZLS. Jidderee ka sech nämlech iwwer lod@lod.lu mat Froen iwwer d’Lëtzebuergescht beim ZLS mellen. D’Sara Martin erzielt eis, wéi eng Zorte vu Froen den Zenter iwwer d’Hotline gestallt kritt, a geet dobäi och op e puer interessant Beispiller an.
-
3
Computerlinguistik a KI am Lëtzebuergeschen
Dës Episod ass eng Aféierung an d’Computerlinguistik: Wat verstoppt sech derhannert a wat huet dëse Beräich mat der Kënschtlecher Intelligenz ze dinn?
-
2
D’Beispillssätz am LOD
An dëser Episod geet et ëm d’Beispillssätz, déi een am LOD, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire, bei deene jeeweilege Wierder fënnt: Wat ass e Beispillssaz genee a wéi enge Krittäre soll e gerecht ginn?
-
1
Wat ass e sproochleche Repertoire?
D’Soziolinguistin Sarah Muller schwätzt iwwer de "sproochleche Repertoire“. Wat huet et mat dësem Konzept op sech a wéi kann et eis derbäi hëllefen, Méisproochegkeet besser ze verstoen?
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Sprooch, Méisproochegkeet, Lëtzebuergesch ... Eng Emissioun fir all sproochbegeeschtert Persoun
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...