wëll a fräi podcast artwork

PODCAST · health

wëll a fräi

2x Michèle - 100% Gefill - 0% Schimmt.Mir – Michèle Bloes & Michèle Heusbourg – schwätzen a "wëll a fräi" iwwert Héichsensibilitéit, Nervesystem, Selbstbild, Fraen an der moderner Gesellschaft, Naturverbonnenheet, a nach weider interessant Themen ouni Jugement oder Tabuen.Als Hosts vum Podcast verbanne mir Wëssenschaft mat Erfarung, Déift mat Humor a Podcast mat Perséinlechkeet.Eis Episoden si fir déi, déi méi spiere wéi se erkläre kënnen, déi midd sinn ëmmer "staark" ze sinn, an déi endlech fräi liewe wëllen amplaz sech permanent z’adaptéieren.Egal ob’s de dech grad erëmfënns, dech verluer hues oder dech entfale wëlls – dëst ass däi Raum. Bewosst. Wëll. A fräi.Wann s du eis wëlls kontaktéieren, fënns du eis op follgenden Instagram Accounts:@bewosst.heichsensibel (allen 2)@michi.emotionwave (Michèle Bloes)@natural_soulflow (Michèle Heu

  1. 12

    Jobwiessel

    D’Decisioun den Job ze wiesselen an eng aner Carrière unzefänken ass oft net ëmmer een einfache Wee mee wann de Kierper ufänkt Unzeechen ze ginn da soll een deenen nogoen. Wei mir eis Changementer ugaang sinn a wat nach alles sou mat där Entscheedung zesummenhänkt verziele mir dir an dëser Episod.All Mënsch kann dee richtegen Job a seng Beruffung fannen an dofir ginn et eng Vielfalt vu verschiddene Arbechtskonzepter wou déi verschidde Besoine kënne respektéiert ginn an dofir soll een sech selwer gudd kennen.Des Episod ass den Ofschloss vun eiser Wantersaison a mir freeën eis an enger anerer Saison rëm zréck ze kommen. Wann s du wëlls vun den 10% op eise Coaching Offere profitéieren, da mell dech gäre bei eis: Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Bloes @michi_emotionwaveMichèle Heusbourg @natural_soulflow

  2. 11

    D'Zukunft vun der Educatioun

    Wann et kee Standard Gehier gëtt firwat hu mir ëmmer nach eng Standard Schoul?Wei kann eise Schoulsystem sech veränneren dass jiddereen seng Plaz mat ganzem Respekt kënne fannen ouni sech mussen dauernd ze verbéien a géint seng Natur ze goen? Wat sinn eigentlech déi Future Skills déi mir eigentlech sollte fërderen an der haiteger Welt?Mir hunn allen 2 an der Educatioun geschafft an hu selwer vill Ablécker kritt. Mir deele mat dir wéi mir eis d’Verännerung géinge wënschen a wei een och neurodivergent Mënsche gutt an hirem Léiere kann ënnerstëtzen.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Bloes @michi_emotionwaveMichèle Heusbourg @natural_soulflow

  3. 10

    Wat as eigentlech Neurodivergenz?

    Wat ass eigentlech Neurodivergenz a wei kann ech domat ëmgoen?Et ass ee Begrëff deen ëmmer ëfters gebraucht gëtt a mir probéieren opzeklären. Mir verzielen dir wei mir en definéieren, wei mir domat ëmginn a wat eis Asiichten an Usiichten zu deem Thema sinn.Virun allem awer wëlle mir beliichten dass Neurodivergenz eng Stäerkt ass déi mer an eiser Gesellschaft an och an eisem Privatliewe wonnerbar kënne notzen.Wëssen a Bewosstsinn ronderëm Thema mëscht d'Liewe fir jidderee mei einfach.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Bloes @michi_emotionwaveMichèle Heusbourg @natural_soulflow

  4. 9

    Léift op Käschten vun eis selwer: Good Girl Syndrome a People Pleaser

    Léift op Käschte vun eis selwer ass geféierlech well et hätt eis laang kleng an hënnert eis un eisem eegene Wuesstum. Et ass eng Befreiung déi Musteren déi eis vu baussen operluecht ginn ze duerchbriechen an erëm an eis voll Kraaft ze kommen. Mir huelen dech mat op de Wee dee mir bis elo gemaach hunn a begleeden dech och gären an dengem Prozess.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Bloes @michi_emotionwaveMichèle Heusbourg @natural_soulflow

  5. 8

    Äetheresch Ueleger - dem Héichsensiebelen sai stäerksten Tool

    Mir entdecken zesummen d'Welt vun den äthereschen Ueleger, déi mir an eisem Alldag permanent am Asaz hunn. Déi kraaftvoll Essenz vun de Planzen ënnerstëtzt eis an all eisen Themen an ass sou enorm efficace well et eisen denkenden a kriteschen Deel vum Gehier iwwergeet an eis direkt zréck an de Moment bréngt, Des Kéier deele mir eis Léift zu den Ueleger mat dir.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Bloes @michi_emotionwaveMichèle Heusbourg @natural_soulflow

  6. 7

    Selbstverantwortung a Grenze setzen

    Wa mir wëlle wëll a fräi liewen dann däerfe mir fir eis genee sou astoe wéi mir dat fillen. Do gehéiert vill Kierpergefill an och oft vill Mut dozou.Wéi kritt een dat hi mat engem héichsensibelen Nervesystem?Wéi huelen ech a bleiwen ech a menger totaler Selbstverantwortung?Wéi kommunizéieren ech dat no baussen?Mir erzielen dir vun eisen Erfarungen, deene gudde grad sou wéi vun deene mei erausfuerderenden.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Bloes @michi_emotionwaveMichèle Heusbourg @natural_soulflow

  7. 6

    Slow living - Bréng Rou an Zefriddenheet an däi Liewen

    Kanns du dir virstelle ganz an d'Rou ze kommen an dech sécher ze fillen an dengem Liewen, däi Nervesystem stabil ze hunn a kloer Gedanken ze féieren. Mir erklären dir an dëser Episod wei mir dohinner komm sinn a wat eis Erfarungen mat deem Thema sinn.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Heusbourg @natural_soulflowMichèle Bloes @michi_emotionwave

  8. 5

    Héichsensibel Kanner an Teenager verstoen a begleeden

    Mir beschwätzen eis Erfarungen mat héichsensibelen a neurodivergente Kanner an Teenager déi mir an eisem Alldag an och an eisem professionelle Kontext begéinen a begleeden.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Heusbourg @natural_soulflowMichèle Bloes @michi_emotionwave

  9. 4

    D'Nervesystem als Zentral vun eisem héichsensibele System

    Eist Nervesystem ass eis Zentral déi all d'Reizer vum Dag mat duerchgeet an eis och déi Signaler gëtt déi eis am Liewe steieren. Als Héichsensibel Persoun ass Reizüberflutung net ëmmer vermeidbar – mä mer kënnen am Kontakt sinn mat eisem Kierper an am Alldag ënnerstëtzen. Dës Episod proposéiert Strategië fir an d'Rou zréckzefannen.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Heusbourg @natural_soulflowMichèle Bloes @michi_emotionwave

  10. 3

    Déi verréckte Kombi: Héichsensibel (HSP) & High Sensation Seeker (HSS)

    Kann ee gläichzäiteg héichsensibel sin an trotzdem staark Reizer siche goen?JO – a mir erklären déi paradoxal Kombinatioun dei oft d'Gefill vun Zwiespaltegkeet kann ausléisen mee wann een et bis versteht kann een sech endlech wëll a fräi a séngem eegene Liewen beweegen.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Heusbourg @natural_soulflowMichèle Bloes @michi_emotionwave

  11. 2

    Déi 4 Sailen vun der Héichsensibilitéit

    Mir tauchen an déi 4 Kär-Komponente vum héichsensibele System an: wéi se sech manifestéieren a wéi ee ka selbstbestemmt domat emgoen.Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Heusbourg @natural_soulflowMichèle Bloes @michi_emotionwave

  12. 1

    Wat as Héichsensibilitéit? A firwat ass dat kee Feeler?

    Déi éischt Episod setzt de Grondsteen:Wat heescht et, héichsensibel ze sinn?Wat leeft am Gehier a Kierper vun sou engem Mënsch – a firwat fillen HSPs méi, méi séier a méi déif?Fann eis op Instagram @bewosst.heichsensibelMichèle Heusbourg @natural_soulflowMichèle Bloes @michi_emotionwave

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

2x Michèle - 100% Gefill - 0% Schimmt.Mir – Michèle Bloes & Michèle Heusbourg – schwätzen a "wëll a fräi" iwwert Héichsensibilitéit, Nervesystem, Selbstbild, Fraen an der moderner Gesellschaft, Naturverbonnenheet, a nach weider interessant Themen ouni Jugement oder Tabuen.Als Hosts vum Podcast verbanne mir Wëssenschaft mat Erfarung, Déift mat Humor a Podcast mat Perséinlechkeet.Eis Episoden si fir déi, déi méi spiere wéi se erkläre kënnen, déi midd sinn ëmmer "staark" ze sinn, an déi endlech fräi liewe wëllen amplaz sech permanent z’adaptéieren.Egal ob’s de dech grad erëmfënns, dech verluer hues oder dech entfale wëlls – dëst ass däi Raum. Bewosst. Wëll. A fräi.Wann s du eis wëlls kontaktéieren, fënns du eis op follgenden Instagram Accounts:@bewosst.heichsensibel (allen 2)@michi.emotionwave (Michèle Bloes)@natural_soulflow (Michèle Heu

HOSTED BY

Michèle Heusbourg & Michèle Bloes

Frequently Asked Questions

How many episodes does wëll a fräi have?

wëll a fräi currently has 12 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is wëll a fräi about?

2x Michèle - 100% Gefill - 0% Schimmt.Mir – Michèle Bloes & Michèle Heusbourg – schwätzen a "wëll a fräi" iwwert Héichsensibilitéit, Nervesystem, Selbstbild, Fraen an der moderner Gesellschaft, Naturverbonnenheet, a nach weider interessant Themen ouni Jugement oder Tabuen.Als Hosts vum Podcast...

How often does wëll a fräi release new episodes?

wëll a fräi has 12 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to wëll a fräi?

You can listen to wëll a fräi on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts wëll a fräi?

wëll a fräi is created and hosted by Michèle Heusbourg & Michèle Bloes.
URL copied to clipboard!