PODCAST · education
wild and free_lux
by Michèle Heusbourg, Michèle Bloes, Tim Schickes
"Nondikass da maach dach elo mol - De Podcast fir deng perséinlech Weiderentwécklung"Ee Podcast an enger klenger Gespréichsronn iwwert a fir perséinlech Entwécklung mam Michèle Bloes, Michèle Heusbourg an Tim Schickes.Mir huelen dech mat an eis reegelméisseg Gespréicher um Stuffenteppech iwwert all Zort Themen déi eis sou op eisem Wee entgéint kommen a beschäftegen. Mir deelen domat eis Usiichten an Erkenntnisser a vläit kenne mer dech mat inspiréieren och emol eppes Neies ze maachen oder mat enger anerer Usiicht bedéngen.Fann eis op Instagram: @wildandfree_lux
-
10
Nondikass - Liewen am Rhythmus vun der Natur
Mir sinn all een Deel vun der Natur also géift et dach Sënn maachen och an deem Rhythmus an am Aklang mat der Natur ze liewen oder net? Wéi oft bass du an der Natur a wei vill kriss du dovun och bewosst mat? Wei eng Naturritualer oder Naturzyklen kann een am Alldag mat abauen an erliewen? Mir beschwätzen an dëser leschter Episode vun der Wantersaison wat do ënnert anerem méiglech ass. Merci fir d'Lauschteren an d'ËnnerstëtzenFir weider Informatiounen iwwert eis an eis Aktivitéiten a Servicer:Telegram : wildandfree_lux Instagram: wildandfree_lux Facebook: Wild & Free Lux
-
9
Nondikass - An der Rou läit deng Kraaft
An der Rou fanne mer eis Kraaft an eis Kloerheet, dat ass schonn aalt Wëssen mee wei oft komme mer BEWOSST an d'Rou? Wei komme mer iwwerhaapt dohinner? Wei kréie mer Zougang zu engem vun deene schéinste Momenter vum Liewen no deem mer eis oft seenen.... d'komplett Rou a Geloossenheet.Um Teppech haut diskutéiere mer eis perséinlech Strategien a mat e bëssi Chance fënns du och an där Selektioun déi perfekt Method fir dech.
-
8
Nondikass - Eegeléift, ass dat dat selwecht wei Egoismus?
"Ech kucke mol fir d'éischt dass et mir gutt geet!" Weieng Reaktioun hues du op dee Saz? Kennt do fir dech ee risege "Jo, natierlech!" oder vläit éischter een "Boah wei egoistesch!"Eegeléift gëtt oft als Egoismus verstan a mir diskutéiere firwat dat oft sou gesi gëtt a wat Eegeléift fir eis bedeit.
-
7
Nondikass - Spills de rëm oder granz de nach?
Spillen ass dat natierlechst vun der Welt also wéini hues du fir d'lescht gespillt? Hëls du d'Liewen och mol spilleresch un oder bass de ëmmer am 'verstännege' Modus a reegs dech iwwer alles éischter op? Huel net ëmmer alles sou serieu a virun allem dech selwer net.Um Teppech diskutéiere mer eis an anere Leit a Kanner hier Spillverhalen a wei een d'Liewe vläit ka vun enger anerer Säit beliichten.Wéini souz du fir d'lescht op enger Schaukel oder waars op enger Rutschban?
-
6
Nondikass - Visiounen fir eis Gesellschaft
Um Stuffenteppech hu mol e bëssi ronderëmgesponnen an eis gefrot wei mir eis déi ideal Zukunft fir eis Gesellschaft virstellen.. Wat géinge mir eis wënschen a wei soll dat idealerweis an Zukunft oflafen? Virun allem si mer eis eens dass et ganz kloer vill Loft no uewe gëtt vis-à-vis vun deem wat grad haut sou dobausse leeft. Wat ass deng Zukunftsvisioun a wat mëss du fir där Iddi mei no ze kommen?
-
5
Nondikass - Du bass de Regisseur vun dengem Liewen
Wien decidéiert wierklech wat an dengem Liewe leeft? Bas du dat oder hunn deng Gedanke, Glawenssätz a Musteren dech am Greff? Spills du Rollen am Liewen oder decidéiers du authentesch zu dir selwer ze stoen an ze decidéiere wat wierklech richteg ass fir dech?Um Teppech diskutéiere mir wat Selbstbestëmmung a Selbstverantwortung ass a wei een a seng eege Power kennt an dra stoe bleift.Fann eis op Instagram: @wildandfree_lux
-
4
Nondikass: Lassloossen
A ville klengen a grousse Momenter am Liewe muss ee lassloosse fir kenne mei liicht a mei einfach virun ze goen, mee wei mëscht een dat? Wat kenne mer eigentlech alles lassloossen a firwat ass dat och oft sou schwéier? Wei kann een a Krisen an Transitiounen ëmmer rëm bei sech selwer kommen a rëm Kraaft tanken?Du däerfs all Dag nei decidéiere wats du fir dech an däi Liewe wëlls a wat net.Dat a villes mei zu deem Thema diskutéiere mir an eiser Ronn um Teppech.
-
3
Nondikass: Erfolleg a Räichtum
Wat ass fir dech Erfolleg? Wat brauchs du fir glécklech ze sinn? Geld? Carrière? Haus? Bezéihung? Auto?Wéini ass een ErfollegRäich?Mir hunn eis um Teppech doriwwer ënnerhale wat mir an eiser Gesellschaft als Erfolleg a Räichtum geléiert ginn a wat fir eis dat Gefill vu Fülle wierklech mat sech bréngt.
-
2
Nondikass: Gefiller
An eiser 2ter Episode setze mer d'Thema Gefiller an de Fokus. Mir hun der all all Daag an andauernd, mee wei gi mer domat em? Waat beaflosst eis a waat eischter net? Waat triggert eis vlait souguer a waat décidéieren ech dee Moment ze maachen? Wei gi mer geléiert domat emzegoen a wei kenne mer eis nei emprogramméieren?All Gefill passéiert ee natierlechen Zyklus dee mir respektéieren an akzeptéiere sollen mee an eiser Welt as daat alles net mei sou natierlech an évident. Och den Ennerscheed wei Fraen a Männer mat deem Thema emgin as ganz spannend an alles daat diskutéiere mir an eisem klenge Kreess um Stuffenteppech.
-
1
Nondikass da maach dach elo mol
Déi 1t Episode vun eisem Podcast ass do!!!Mir si frou Iech iwwert eise Wee endlech an d'Maachen komm ze sinn ze verzielen. Mir hunn an eiser gemittlecher Ronn och eng Rei Themen ugeschnidde wéi an d'Rou kommen, eng resonant Gemeinschaft kreéieren a sengem Häerz nogoen.Mir deelen eis perséinlech Erfarungen a Gedanke mat fir och aner Leit an hirer Entwécklung ze inspiréieren an ze ënnerstëtzen.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
"Nondikass da maach dach elo mol - De Podcast fir deng perséinlech Weiderentwécklung"Ee Podcast an enger klenger Gespréichsronn iwwert a fir perséinlech Entwécklung mam Michèle Bloes, Michèle Heusbourg an Tim Schickes.Mir huelen dech mat an eis reegelméisseg Gespréicher um Stuffenteppech iwwert all Zort Themen déi eis sou op eisem Wee entgéint kommen a beschäftegen. Mir deelen domat eis Usiichten an Erkenntnisser a vläit kenne mer dech mat inspiréieren och emol eppes Neies ze maachen oder mat enger anerer Usiicht bedéngen.Fann eis op Instagram: @wildandfree_lux
HOSTED BY
Michèle Heusbourg, Michèle Bloes, Tim Schickes
CATEGORIES
Loading similar podcasts...