Fiasko Fest

PODCAST · news

Fiasko Fest

Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...

  1. 100

    S03E34 Heiansdo deet et wéi: Ricardo Prosperi

    Et ass okay net ëmmer disziplinéiert ze sinn, natierlech. Mee wann ee seng Ziler erreeche wëllt, brauch et dann awer e bëssi dovun. An dann och nach Uni ofgebrach, jonk Papp ginn ... de Ricardo Prosperi huet e wäite Wee hanner sech. An awer: Näischt war eng méi grouss Erausfuerderung wéi sech der Trauer, nom Doud vun engem noe Mënsch, ze stellen, erzielt dee jonken Entrepreneur dem Luc Spada bei Fiasko Fest. A gläichzäiteg weess een duerno: Esou séier kann een näischt méi beandrocken. Méi schlëmm geet et jo awer sécher net, oder?

  2. 99

    S03E33 Heiansdo deet et wéi: Chantal Maquet

    Un deem ganze Misär ass näischt Positives ze gewannen. Do brauch et keng verkläerte Romantik. Et ass een eleng an et muss een eleng do duerch. Wann eng schwéier Krankheet een erwëscht, kann ee sech am beschte selwer hëllefen. An am Fall vun der Kënschtlerin Chantal Maquet war déi eenzeg Chance, datt, um Ufank vun der ustrengender Therapie, net wäit vun hirer Wunneng zu Hamburg, eng Piscine opgemaach huet. An dat huet hier e bësse gehollef am Kampf géint de Kriibs. Moderéiert gëtt Fiasko Fest vum Luc Spada.

  3. 98

    S03E32 Heiansdo deet et wéi: Marianne Donven

    Eppes ass sécher: Wa beim Marianne Donven keen doheem ass, verléisst si hiert Haus direkt erëm. Si huet gäre Leit ronderëm sech. An ass och gäre fir Leit do. Eege Besoinen huet si eegener Ausso no komplett ofgeschaaft. Et gi jo schliisslech genuch Leit, déi nach ni an hirem Liewe Vakanz gemaach hunn. Oder an der Sauna waren. Wéi hänkt dat alles zesummen? De Luc Spada freet bei Fiasko Fest genee no.

  4. 97

    S03E31 Heiansdo deet et wéi: Tania Brugnoni

    D’Tania Brugnoni ass Directrice vum MNAHA, elengerzéiend Mamm a ganz bewosst net an enger Bezéiung. A wéi et sech bei Fiasko Fest mam Luc Spada esou gehéiert, geet et och ëm déi donkel Stonnen, an deenen d’Hoffnung eleng net méi dréit. Fir déi ze iwwerwanne muss een zwar net gleeweg sinn, mee esou e klengt Stoussgebiet ka sécher net schueden. Egal a wéi eng Richtung. Virun allem, wann ee fréi geléiert huet, datt d’Liewen net garantéiert ass. Wat op laang Siicht de Virdeel huet, datt een zimmlech genee weess, wat een am Liewe wëllt.

  5. 96

    S03E30 Heiansdo deet et wéi: Lena Rocca

    E bëssi vun allem, vill Sport, als Model schaffen, un enger E-Sport Weltmeeschterschaft deelhuelen, awer och eng Karriär als Sängerin ustriewen a Biologie studéieren. D’Lena Rocca mécht vill. Vun allem e bëssi, näischt sou richteg? Gutt Fro! Sécher awer net méi zeréck an déi eng Schoul. Do, wou een ee vun deene “Komesche” war a sech net verstane gefillt huet. De Luc Spada freet no, awer et ass allgemeng bekannt: Bei Fiasko Fest ginn et zum Gléck keng sécher Äntwerten.

  6. 95

    S03E29 Heiansdo deet et wéi: Jessica Lopes

    D’Duechter vun enger elengerzéiender Mamm, Schrëftstellerin vun engem Buch a Soziologin, d’Jessica Lopes, weess wéi et ass, wann ee vill Fräiheet huet dat ze maachen, wat ee wëllt. Heescht also och, datt een e bëssi "egal wat" maache kann, éier een dann esou lues op de richtege Wee kënnt. Een, dee si souguer mat engem Master ofgeschloss huet. An haut? Et ass net ëmmer einfach en Deel vum System ze sinn, ouni vun der deemoleger Fräiheet profitéieren ze kënnen. Eng Fräiheet ouni Angscht. Wat ass dann do geschitt? De Luc Spada freet bei Fiasko Fest genee no.

  7. 94

    S03E28 Heiansdo deet et wéi: Christophe Reitz

    Pragmatesch kann deChristophe Reitz (All Reitz Reserved) zimmlech gutt. Wéini dës Eegenschaft ubruecht ass (oder eben och net), erkläert de Museker dem Moderator LucSpada bei Fiasko Fest. Mee souvill sief verroden: Et huet natierlech mat Bequeemlechkeet ze dinn, mee net nëmmen. Och mat Angscht, mee net nëmmen. Et ass ni just dat eent oder dat anert, mee ëmmer bësse vun allem. An dohëlleft et sech heiansdo drun ze erënneren net ze streng mat sech selwerze sinn. Et muss jo awer weidergoen. Pragmatesch halt.

  8. 93

    S03E27 Heiansdo deet et wéi: Krick

    D’Krick ass zum Zombie ginn. Dat war éier si ugefaangen huet sech op hir Karriär als Musekerin ze konzentréieren. An domat och eng Iddi dovun ze kréien, wat et heescht fräi ze sinn. D’Fräiheet sech net zu eppes ze zwéngen, wat ee guer net wëllt a vläicht och guer net kann. Dat wier den Ufank. An da wier do nach dat mam sensibel sinn. Eigentlech eng gutt Saach, wéi de Luc Spada bei Fiasko Fest mengt. Oder net?

  9. 92

    S03E26 Heiansdo deet et wéi: Alessia Bicchielli

    Wéi eng Maschinn schaffen, einfach weider, net op den eegene Kierper lauschteren, alles fir d’Karriär. Datt dat net onbedéngt de richtege Mindset fir ee muss sinn, huet d’multidisziplinär Kënschtlerin a Moudendesignerin Alessia Bicchielli um eegene Kierper fir sech misse feststellen. Allgemeng kann ee soen, datt si hier Studienzäiten zu Mailand net a beschter Erënnerung huet. Wat alles geschitt ass a wisou si net méi den Dram huet fir d’Big Playeren an der Industrie ze schaffen, erzielt si dem Luc Spada bei Fiasko Fest.

  10. 91

    S03E25 Heiansdo deet et wéi: François Benoy

    Engagéiert sinn, voll a ganz un der Gesellschaft deelhuelen. An am Idealfall, klenge Spoiler, dës Welt e Stéck besser hannerloossen, wéi ee se virfonnt huet. Dat ass et, wat de François Benoy wëllt. An natierlech och méiglechst vill Leit op dëse Wee mathuelen, mee et muss een natierlech och entscheeden, wéini et genuch ass, well net all Mënsch bereet ass Léisungen op komplex Situatiounen ze fannen. Do gelt et “et net ze no u sech erunzeloossen.“ Méi dozou bei Fiasko Fest mam Luc Spada

  11. 90

    S03E24 Heiansdo deet et wéi: Ninon

    Just fir dass et kloer ass: Wann dir Anglizismen net verdrot, da musst dir elo ganz staark sinn. Et ass esou wéi d’Ninon sech am beschten ausdréckt an dat ass e Gléck, well d’Sängerin huet vill ze soen an och vill erlieft. Dat war net ëmmer einfach. Haut geet et hier awer gutt. Esou gutt, dass si Angscht huet et kéint all Moment eriwwer sinn, wat wierklech schued wier: Et ass grad sou schéin. Fiasko Fest gëtt moderéiert vum Luc Spada.

  12. 89

    S03E23 Heiansdo deet et wéi: Laura Ferber

    D’Laura Ferber leet zesumme mat hirem Brudder an der 4. Generatioun eng grouss Firma. Et geet ëm Hoer, souvill sief verroden. Hoer schneide ka si selwer leider net méi an den Dram vum Modele gouf iergendwann ënnerbrach. Et koum ee Moment, wéi si 24 Joer al, deen alles verännere sollt. An et huet vun do un och eng Zäit gedauert, bis si soe konnt: Et ass awer gutt. Vläicht ass et souguer e Kaddo. Fiasko Fest mam Luc Spada sicht alt erëm no Luucht am Donkelen, well Dir wësst: Mir sinn all Loser.

  13. 88

    S03E22 Heiansdo deet et wéi: Céline Zimmer

    An engem Raum mat (dacks) nëmme Männer. Eng Situatioun, déi dem Luc Spada seng Invitée bei Fiasko Fest scho méi dacks huet missen erliewen. A wéi dat dann esou ass, fillt sech dat besote Geschlecht net seelen dozou auserwielt, ongefrot seng Meenung matzedeelen, obwuel d’Expertin an deem Raum d’Architektin Céline Zimmer ass. A si och genee aus deem Grond an deem Raum do sëtzt. Hei brauch et Training an Zäit. An da geet et nach ëm dat eent Meedchen do, dat mat den Hoer am Gesiicht. Jo, dat spillt och eng Roll.

  14. 87

    S03E21 Heiansdo deet et wéi: Nadine Robert

    D’Nadine Robert ass Influencerin, Model an eng Persoun, déi aus den Erausfuerderunge vum Alldag eppes mécht, wat schwéier a Wierder ze faassen ass. Ëmmer faarweg ugedoen, ëmmer gutt gelaunt, ëmmer um "klimperen". De Luc Spada huet awer an dëser Emissioun vu Fiasko Fest Asiicht an d’Vergaangenheet vu senger Invitée kritt. Et war net ëmmer faarweg, net ëmmer schéin, mä och dacks ganz ellen, traureg an tragesch. E Gespréich vun enger Déift an Intimitéit, wéi een et esou guer an enger Sendung iwwer d'Scheitere seelen erlieft.

  15. 86

    S03E20 Heiansdo deet et wéi: Gérard Thein

    De Gérard Thein kennt seng Grenzen, et ginn der zwou. Eng no der éischter Bezéiung matt enger Etapp am Senegal an déi aner Grenz ass no Covid an engem schrecklechen Accident a sengem Betrib. Sécher ass: De Gérard Thein ass elo net méi "de Bouf vun", hien ass keng 10 Joer méi a muss elo Verantwortung droen. Och sécher: Zäit feelt ëmmer. De Luc Spada schwätzt hei an enger weiderer Folleg Fiasko Fest, heiansdo deet et wéi, mam Direkter vu Bonaria Frères iwwert Krisen, Famill a natierlech den Doud.

  16. 85

    S03E19 Heiansdo deet et wéi: Alain Wolff

    Et brauch am Liewe Grenzen. Dat heescht, datt et ënner anerem wichteg ass ze leieren Nee ze soen an op sech opzepassen. Wann een dat net mécht, kann et och mol séier schifgoen. Woubäi dat och net ganz richteg ass: et geet net séier, mee éischter lues, esou ee Gefill, dat ëmmer do ass, een net wierklech faasse ka bis et ze spéit ass an op eemol guer näischt méi geet. Dat huet och deen haitegen Hypnotiseur Alain Wolff missen erliewen. A wann et och kitscheg klengt: et war eng Chance, wéi bal alles am Liewe vum Luc Spada sengem Invité bei Fiasko Fest.

  17. 84

    S03E18 Heiansdo deet et wéi: Nancy Braun

    Eng vun de Spezialitéite vum Luc Spada senger Invitée bei Fiasko Fest? Eckeg a kanteg Projeten. Ganz besonnesch déi mam Kulturjoer, de ville politesche Faarwen an Erwaardungen. An dertëschent iergendwou: d'Nancy Braun, déi et mam Familljebetrib net méi hikrut a frësch aus Japan zeréck ass. An elo? Gutt Fro. Wat ëmmer hëlleft: trëppelen a beim trëppelen zu sech fannen. No dem ganzen Trubbel, der schwéierer Krankheet an den Europawalen. Endlech: déi absolut Rou. Iergendwou an der Pampa. A bis dohin ass vill geschitt.

  18. 83

    S03E17 Heiansdo deet et wéi: Yannick Iannelli

    Authentesch sinn. Dat ass sou e Wuert ... All Mënsch wëllt et sinn. Oder mengt et ze sinn? Et ass net einfach soen ze kënnen, wou d’Floskel ufänkt an de Contenu ophält. Fiasko Fest mam Luc Spada huet den Influencer Yannick Iannelli agelueden, fir hei Äntwerten ze kréien. Mat Succès? Jo, vläicht, eigentlech, naja, net wierklech, vläicht e bëssi. Wat sécher ass: Et gëtt en direkte Lien tëschent dem Süde vu Lëtzebuerg an dem faméisen Jogging.

  19. 82

    S03E16 Heiansdo deet et wéi: Steffi Buchler

    Definitiv war fréier net alles besser an och un de Soziale Medie muss net alles schlecht sinn. Do sinn de Fiasko Fest Moderator Luc Spada a seng Invitée, d’Steffi Buchler, sech eens. An da wieren do nach d’Frëndschaften. Wat si gutt Frëndschaften a wat braucht et fir datt eng Frëndschaft och bleift? Sécher ass, datt et keen allgemengt Rezept gëtt. Awer et hëlleft natierlech, wann ee sech vertraue kann an net viru schwierege Situatioune fortleeft. Woubäi lafen ass net ëmmer schlecht. A virun allem net iwwerflächlech. Wéi passt dat alles zesummen? Dat muss Dir selwer erausfannen an Iech dës Episod Fiasko Fest ganz ulauschteren.

  20. 81

    S03E15 Heiansdo deet et wéi: Maurice Molitor

    Bei dëser Emissioun vu Fiasko Fest huet de Luc Spada sech en Aarbechtskolleeg a seng Emissioun agelueden: de Maurice Molitor. An hei gëtt séier kloer: deen hausinternen Invité ass sech senge Privileegie bewosst. An dofir muss hie sech och net entschëllegen, dat ass puer Chance. Mee wat ass mat all deenen, déi keng Chance haten? Mënschen a Krisegebidder oder deenen aner Ongerechtegkeete passéiert sinn: déi kënne jo och näischt dofir. Wat elo? Heescht dat et muss e Liewen nom Doud ginn, fir datt iergendwann all Mënsch säi Stéck vum privilegéierte Kuch ofkritt? Vläicht. An hei stellt sech d'Fro vun der Gerechtegkeet. Eng, déi net oder och guer net endgülteg ze beäntweren oder ze léisen ass.

  21. 80

    S03E14 Heiansdo deet et wéi: Nora Koenig

    Ganz éierlech. D’Nora Koenig gëtt elo einfach al. Dat muss een dann mol sou soen, wéi et ass, seet d’Schauspillerin. Do brauch de Moderator Luc Spada och guer net sou matt groussen Ae kucken. An ass dat schued? E bëssi, villäicht. Déi Energie ass eben net méi grad sou "wéi fréier". Dofir kennt eppes ewéi Rou an d’Plaz, e bëssi manner »et muss elo sinn« an dofir méi "dann ass et eben net, och okay". An heiansdo geet et eben och einfach an "d’Merde" an dat ass okay. D'Sendung heescht jo net fir näischt: Fiasko Fest.

  22. 79

    S03E13 Heiansdo deet et wéi: Georges Krombach

    Net jugéieren, nolauschteren an e Gespréich zouloossen, onofhängeg dovun, ob ee mateneen averstanen ass oder net. Dat ass wichteg fir eng gutt Diskussioun an och eng vun de Richtlinne bei Fiasko Fest. Dës Kéier agelueden ass de Georges Krombach, Chief Commercial Officer vun Heintz van Landewyck. Wéi ass et méiglech Mënsche gären ze hunn an awer och Gëft ze verkafen? Natierlech ass et net ëmmer just schwaarz a wäiss. Eng éierlech an intensiv Ausernanersetzung tëschent dem Luc Spada an engem Invité, dee vill verschidde Säiten huet. Dat mécht et natierlech ëmsou méi interessant op dëser Sich no Sënn a Genoss.

  23. 78

    S03E12 Heiansdo deet et wéi: Sylvia Camarda

    Eppes ass sécher. D'Sylvia Camarda gehéiert net an eng Këscht. Net am Liewen a ganz sécher och net duerno. Wat ass nach sécher? Disziplin ass wichteg, mee net nëmmen. D'Dänzerin a Politikerin ka béides, ofdauchen an zeréckkommen. Et ass vill geschitt: Vun der stolzer Massendéngerin zu Nidderkuer iwwer hir net ganz einfach Zäit beim Cirque du soleil bis hin zu dem Moment virum Spigel, bei deem d'Sylvia Camarda dem Alter begéint ass. Eng weider erausfuerderend Emissioun vu Fiasko Fest mam Luc Spada, op der Sich no Schéinheet a Stäerkt

  24. 77

    S03E11 Heiansdo deet et wéi: Pit Arnold

    Guer näischt fillen? Jo, dat geet. Et huet alles mat engem Tinnitus ugefaangen an et huet, am beschte Sënn: mat engem besonnesche Mënsch opgehalen. Esou kéint een ofgekierzt en Deel vum Wee vum Fussballfan, Journalist, Konzept -Kreateur a Stand-up-Comedian Pit Arnold beschreiwen. A mëttlerweil kann hie mat engem gewësse Stolz soen, datt hien zanter 3 Joer d’Panikattacken hanner sech gelooss huet. Et kann also elo voll Power weidergoen. Mee wat maachen? Vun allem e bëssen an näischt richteg? Ass dat déi eenzeg Méiglechkeet en erfëllte Liewen ze féieren? Déi Äntwert kritt Dir bei Fiasko Fest mam Luc Spada.

  25. 76

    S03E10 Heiansdo deet et wéi: Indira Idrizovic

    Et huet alles mat engem Camping zu Stengefort ugefaangen a vun do aus huet d’Indira Idrizovic sech hiert Liewen zu Lëtzebuerg opgebaut. Haut ass si Grafikerin a Mamm vun dräi Kanner. Woubäi de Fokus ëmgedréit ass. Fir d’éischt d’Kanner an dann alles anescht. Dat huet d'Zäit net ëmmer zougelooss an dat bereit si bis haut. Famill huet absolut Prioritéit, dat gëtt ëmmer erëm kloer an dësem intensive Gespréich mam Luc Spada an dëser 10. Episod vu Fiasko Fest. A sécher ass: Erënnerunge sinn do, fir datt ee wuesse kann. Et dierf näischt vergiess ginn.

  26. 75

    S03E09 Heiansdo deet et wéi: Michel Abdollahi

    An dëser Episod vu Fiasko Fest schwätzt de Michel Abdollahi oppen iwwer d'Liewen als Mënsch mat Migratiounsgeschicht an Däitschland. Wéi fillt et sech un, och no ville Joren ëmmer nach als “Auslänner“ ugesinn ze ginn? Mam Luc Spada geet et ëm riets Tendenzen, déi Leit dozou bréngen, iwwer en zweete, net-däitsche Pass nozedenken. A wat bedeit “däitsch sinn". Kann ee jeemools wierklech ukommen, oder bleift ëmmer e Gefill vun net doheem sinn? Leider jo. Eng éierlech Diskussioun iwwer Identitéit, Zougehéieregkeet a firwat et wichteg ass, iwwer dës Theemen ze schwätzen. Deutsche Versioun: In dieser Folge von Fiasko Fest spricht Michel Abdollahi offen über das Leben mit Migrationshintergrund in Deutschland. Wie fühlt es sich an, selbst nach vielen Jahren immer noch als “Ausländer“ gesehen zu werden? Gemeinsam mit Luc Spada geht es um rechte Tendenzen, die Menschen dazu bringen, über einen zweiten, nicht-deutschen Pass nachzudenken. Und was heißt eigentlich “deutsch sein“. Ist echtes Ankommen möglich, oder bleibt immer Fremdheit? Leider ja. Ein ehrliches Gespräch über Identität, Zugehörigkeit und die Notwendigkeit, offen darüber zu reden.

  27. 74

    S03E08 Heiansdo deet et wéi: Tessy Antony de Nassau

    Et ass ganz kloer: Mir schwätzen hei net iwwer den Elefant am Raum. Fiasko Fest mam Luc Spada ass ëmmerhin eng Show iwwer déif Gefiller a grouss Gespréicher a net iergendeng Klatsch an Traatsch Sendung. Okay, e bëssi vläicht, obwuel d’Tessy Antony de Nassau eigentlech net wëllt. Et gëtt nämlech vill méi ze soen, wéi just déi Saach do mat de Krounen an esou weider. D’Nidderkuerer Meedchen, dat gären an de Bësch geet a bësse verréckt ass, huet vill ze erzielen iwwer hir Zäit als Zaldotin, de versichten Iwwergrëff op si, de Suizid vun hirem beschte Kolleeg an hir Relatioun zu hire Kanner. E Liewen ouni Paus oder och: Eng Gewënnerin ass eng Verléierin, déi et méi wéi eng Kéier probéiert.

  28. 73

    S03E07 Heiansdo deet et wéi: Sandy Heep

    Et ass wichteg sech Hëllef ze huelen, wann een Hëllef brauch. Dat kléngt eigentlech logesch, mee d’Theorie ass méi komplex wéi d’Ëmsetzung. De Kapp an de Mënsch souwisou. Dat weess och d’Sandy Heep, déi mat Suicidegedanken, Depressiounen a jo, et kann een et net anescht soen: mat sech selwer ze kämpfen huet. Déi gutt Noriicht ass: Hëllef ass méiglech. An déi fënnt een dacks scho beim Hausdokter an enger éischter Etapp. Eng Episod, an där d'Donkelheet vill present ass, mee et gëtt och gelaacht, no der Hoffnung gesicht an och schlecht Spréch komme mam Luc Spada an den Asaz: et kann een net ëmmer gewannen, mee et léiert een ëmmer dozou. An dem Sënn: Bonne Ecoute!

  29. 72

    S03E06 Heiansdo deet et wéi: Maja Juric

    „Ach, ich glaube, ich bin ein Mensch, der ständig auf der Suche nach sich selbst ist (...)“. Dat ass den Ufank vun der Äntwert op d'Fro vum Luc Spada, wat seng Invité, d'Schauspillerin Maja Juric ausmécht. Eng ideal Basis fir Fiasko Fest, wou de Moderator sech zwar op den Invité preparéiert, awer keng konkret Froe virbereet. Dat hei ass ëmmerhin nach e Gespréich a keen Interview. Et geet uerdentlech an d'Déift. Iwwert Grenzen, déi net op derSchauspillschoul agehal ginn, e Suizidversuch an der Famill an dem Maja Juric seng Ex-Sucht. DE: DE Versioun: „Ach, ich glaube, ich bin ein Mensch, der ständig auf der Suche nach sich selbst ist (...)“, beginnt die Antwort von der Schauspielerin Maja Juric auf die Frage von Luc Spada, was sie als Person ausmacht. Das ist eine ideale Grundlage für Fiasko Fest, wo sich der Moderator zwar auf den Gast vorbereitet, sich aber keine konkreten Fragen aufschreibt. Schließlich handelt es sich hier immer noch um ein Gespräch und kein klassisches Interview. Es geht dabei ordentlich in die Tiefe: Über Grenzen, die an der Schauspielschule nicht respektiert werden, einen Suizidversuch in der Familie und Maja Jurics ehemalige Sucht.

  30. 71

    S03E05 Heiansdo deet et wéi: Emilie Boland

    Wat d'Emilie Boland sécher net brauch, ass Opmierksamkeet. Dovun huet déi eemoleg Miss Luxembourg a Besëtzerin vum Moudelabel Bogere méi wéi genuch an dat huet si sech selwer verdéngt. Wat d'Gewalt an hirer Ex-Bezéiung ugeet, hat si keen anere Choix, wéi ëffentlech goen. Alles wat si wollt, ass, dass hier gegleeft gëtt. Awer einfach war de Wee net an de Luc Spada schwätzt bei Fiasko Fest mat hier iwwert hier donkelst Momenter no enger Xanax-Iwwerdosis bis zum dem haitegen Dag, wou si matt Stolz soe kann: Et geet hier gutt.

  31. 70

    S03E04 Heiansdo deet et wéi: Mara Stieber

    Mara Stieber ass Aktivist, politesch aktiv bei déi Lénk, spezialiséiert am Genderberäich a versteet sech selwer als non-binär. Et kann ee soen, datt Mara sech fir eng gerecht Gesellschaft fir all Mënsch asetzt. Oder wéi de Cliché vum ale wäisse Mann Mara bezeechne géif: woke. Wéi och ëmmer, et ass eng Welt, déi engem Angscht maache kann an dacks net vill Plaz fir Hoffnung léisst. De Luc Spada geet der Saach bei Fiasko Fest op de Gronn.

  32. 69

    S03E03 Heiansdo deet et wéi: Luca De Michele

    De Luca De Michele huet am 6. Schouljoer vu senger Léierin gesot krut, hie soll sech ophänken. Déi brutal Ausso huet de jonke Maquilleur staark markéiert. Haut kann hien doriwwer laachen an dës Erënnerung huet him och gehollef sech vun allem, wat him net guttdeet, ze distanzéieren. An engem intensive Gespréich mam Luc Spada deelt de Makeup-Artist vill perséinlech Momenter aus sengem Liewen a Fiasko Fest beweist eng Kéier méi wéi no beienee Laachen a Kräische kënne sinn.

  33. 68

    S03E02 Heiansdo deet et wéi: Anne-Mareike Hess

    Als Dänzerin, Kënschtlerin a Fra schafft d’Anne-Mareike Hess sech ëmmer erëm un de Mëssstänn vun eiser Gesellschaft of. Dat ass engersäits Aarbecht, anerersäits eng ongeschriwwe Pflicht fir si. Dobäi ass d’Haaptinstrument als universell Sprooch de Kierper. Mee och deen ass net onendlech a stéisst u seng Grenzen. Virun allem wann den Drock vun Erwaardungen, Leeschtung an dem Alter schwéier op engem leie kënnen. An dësem wéi gewinnt ausféierleche Gespréich mam Luc Spada, bitt Fiasko Fest en ongeschminkte Bléck hanner Kulisse vun enger eenzegaarteger Kënschtlerin.

  34. 67

    S03E01 Heiansdo deet et wéi: Julie Kieffer

    Mam Motto "Heiansdo deet et wéi" geet Fiasko Fest schonn an déi 3. Staffel. An dowéinst brauch et e puer Ännerungen, well och d'Scheiteren dierf net langweileg ginn. Et gëtt just nach en/eng Invité:e fir esou richteg an d'Déift ze goen. A fir déi éischt Show vun der neier Staffel ass dat d’Schauspillerin Julie Kieffer. Si erzielt dem Luc Spada vun hiren Ängschten, wéi onfair den Doud ass oder ka sinn an och wat et heescht eng gutt oder schlecht Schauspillerin ze sinn.

  35. 66

    S02E43 Mir scheiteren ëmmer nach: Anne Faber a Cindy Oliveira

    D'Cindy Oliveira ass Comedian an d'Anne Faber ass eng, jo, wéi soll ee soen? Eng Journalistin, déi gäre kacht. Sécher ass: Iergendeppes mat Iessen. Iergendeppes mat schlechter Stëmmung? Jo, dat muss och heiansdo sinn. Et brauch just dee richtege Moment an e gudde Grond dofir. Dëst ass déi lescht Episod vun der 2. Staffel Fiasko Fest mam Luc Spada, mee mam Scheiteren ass et nach laang net eriwwer.

  36. 65

    S02E42 Mir scheiteren ëmmer nach: Mandy Graff an Emile Schlesser

    D'Mandy Graff huet Karriär gemaach, huet laang Zäit als Model geschafft an ass haut Léierin. Huet si d’Gefill, datt si et zu méi hätt brénge kënnen? Vläicht esouguer internationale Superstar? Net wierklech. Oder dach? Vläicht e bëssi. Vläicht e bëssi méi virsiichteg ass de Kënschtler Emile Schlesser, wann hien déi nächste Kéier an d’Mier geet. Dat ass sécher. Wisou? Do gëtt et just eng Äntwert: Lauschtert Fiasko Fest mam Luc Spada.

  37. 64

    S02E41 Mir scheiteren ëmmer nach: Maale Gars a Ruth Lorang

    Fir mol direkt kloer ze sinn: E Sträit heescht net, datt ee seng Stëmm hiewe muss. Esou gesäit dat jiddefalls den Thomas Roland aka de Museker Maale Gars, deen et elo wierklech wot: Fort vun enger fester Plaz an d’fräiberufflech Welt. Eng Welt, déi der Designerin Ruth Lorang scho méi laang bekannt ass. Wat brauch et nach? Gesond Grenzen, dat ass emol sécher. An um Enn muss och mol gekrasch ginn. An dat ëmmer nach am beschte bei Fiasko Fest mam Luc Spada

  38. 63

    S02E40 Mir scheiteren ëmmer nach:Anne Klein an Eugénie Anselin

    D'Eugénie Anselin an d'Anne Klein si Schauspillerinnen a maachen och Comedie. An allen zwee wëlle si, datt ee si gären huet an trotzdeem kann ee jo net alles richteg maachen. Datt dat okay ass, muss ee léieren. An heiansdo geet et engem och mol richteg schlecht an et weess een net wisou. An esouvill sief gesot: Dofir muss ee sech net schummen. Nimools an am allermannste bei Fiasko Fest mam Luc Spada.

  39. 62

    S02E39 Mir scheiteren ëmmer nach: Dr. med. Thorsten Schwark a Miss Sappho

    An dëser Show vu Fiasko Fest geet et vill ëm den Doud, ëm Kierperen an och Ängscht. De Priv.-Doz. Dr. med. Thorsten Schwark ass Head of Department vum Laboratoire Nationale de Santé a säin Alldag ass Läichen opschneiden. An d'Miss Sappho aka Mandy Boehm huet et gepackt sech aus dem perséinlechen Déifpunkt eraus ze kämpfe fir haut e glécklecht Liewen ze féieren. An dat mat Hëllef vun enger Schwëster. Du wëlls méi wëssen? Lauschter Fiasko Fest mam Luc Spada.

  40. 61

    S02E38 Mir scheiteren ëmmer nach: Ceci an Isaiah Wilson

    Den Isaiah Wilson an d'Ceci si kreativ ënnerwee, awer a ganz verschiddene Genren. Den Isaiah Wilson als Choreograph an d’Ceci als Content Creator (Influencer héiert si net esou gär) an och als Moderatorin vum Podcast “Ceci, Do You Love Me?.“ Et geet vill iwwer Schwächten a wéi een doraus och eng Stäerkt maache kann, mee um Enn bleift eng Angscht an et ass net déi virum Doud. Lauschtert Fiasko Fest mam Luc Spada an Dir gitt alles gewuer.

  41. 60

    S02E37 Mir scheiteren ëmmer nach: Nikita Lutgen a BC One

    De Rapper an Erzéier BC One weess, wou hien hierkënnt. Ëmmer e bësse géint de Stroum a mat vill Häerz, erzielt hie seng Geschichten direkt vun der Long op d’Zong. Einfach war et net ëmmer, mee et huet sech gelount. Dat weess och d’Nikita Lutgen, déi zweet Invitée bei Fiasko Fest mam a vum Luc Spada. D'Nikita Lutgen ass Erzéierin a Musekerin, déi fir sech mat der Zäit geléiert huet, sech e Konstrukt opzebauen, an deem si sech wuelfillt. E Safe Space souzesoen, dee si och un aner Mënsche weidergi wëllt.

  42. 59

    S02E36 Mir scheiteren ëmmer nach: Betsy Dentzer a Jil Devresse

    D’Betsy Dentzer an d’Jil Devresse sinn d’Invitéeë beim Luc Spada. Allen zwee erziele si Geschichten. Op der Bün oder virun der Kamera. Et kéint een och vun der Konscht vum sech verletzlech maache schwätzen, mee et ass keng Therapie. Wat ass et dann? E Geschenk un de Public? Eng Befreiung? Ego? Dir wëllt eng Äntwert? Lauschtert d’Show vun de Loser fir d’Loser!

  43. 58

    S02E35 Mir scheiteren ëmmer nach: Robert Brandy an Laura Deitz

    De Robert Brandy ass Moler. Villäicht souguer den éischte fräischaffende Kënschtler zu Lëtzebuerg. An dat säit iwwert 50 Joer. Geet dat ganz ouni Scheiteren? Sécher net. D’Laura Deitz ass Graphikdesignerin an si sicht ëmmer erëm no Erausfuerderungen. A konfrontéiert sech gäre mat Situatiounen, an deenen si sech net sou sécher fillt. Zum Beispill an d’Sendung Fiasko Fest mam Luc Spada ze kommen.

  44. 57

    S02E34 Mir scheiteren ëmmer nach: Rick Mertens an Diane Jodes

    Heiansdo leegent ee verschidde Saachen, och grad am Alter. Vläicht. Vläicht och net. Esou genee kann een dat och net soen. Heiansdo hëlleft schwaarzen Humor, awer och Schwammen ass gutt. Oder lafe goen. Iergendwou tëschent Tatsaachen an Emotiounen, Ausland a Lëtzebuerg, Doud a Liewen, Noriichten a Konscht, treffen de Rick Mertens an d’Kënschtlerin Diane Jodes op de Moderator Luc Spada an der Sendung vu Loser fir Loser. Oder anescht: Et ass erëm Zäit fir Fiasko Fest.

  45. 56

    S02E33 Mir scheiteren ëmmer nach: Yasin Özen a Versavia Peckels

    De Yasin Özen huet Philosophie studéiert a laang Zäit am Film geschafft, bis hien entscheet huet dat net méi ze maachen a Schoulmeeschter ze ginn. Ass dat Scheiteren? D’Versavia Peckels fänkt grad eréischt un als Video Content Creator a wëllt net just e klengen Deel vun enger grousser Industrie ginn. Wéi soll dat goen? De Luc Spada, de Moderator vu Fiasko Fest, wëllt et ganz genee wëssen.

  46. 55

    S02E32 Mir scheiteren ëmmer nach: Eileen Byrne a Marc Baum

    De Marc Baum ass Schauspiller a Politiker. Do stellt sech d’Fro schonn: Wou muss een am authenteschste sinn? D’Äntwert ass natierlech net einfach, mee Fiasko Fest wot de Versuch. An déi zweet Invité:e beim Luc Spada ass d’Regisseurin Eileen Byrne, déi sech vill Gedanken dorëms mécht, wéi een en Team gutt leet, ouni all Empathie mussen opzeginn.

  47. 54

    S02E31 Mir scheiteren ëmmer nach: Sascha Ley a Grek

    D’Sascha Ley ass zwar u sech eng ganz passionéiert Persoun, mee si huet an de leschte Joren awer geléiert, datt Leed näischt mat Léift muss ze dinn huet. Et muss een näischt erdroen an enger Bezéiung. Wat de Grek awer muss, well hien dat selwer net esou gäre bei sech huet, ass roueg bleiwen. An zwar op der Strooss, wann hien am Auto sëtzt. Fir de Rescht bleift hien an der Reegel éischter roueg. Oder net? De Luc Spada freet bei Fiasko Fest méi genee no.

  48. 53

    Podcast-Tip: Carambolage

    Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Recherche leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht. Abonéiert Iech fir näischt ze verpassen

  49. 52

    S02E30 Mir scheiteren ëmmer nach: Joël Seiller a Maxime Weber

    De Joël Seiller weess, wat et heescht vill Stress ze hunn. Hie weess awer och, wat et heescht, wann et ob eemol ganz roueg gëtt. An een da ganz eleng do steet. Da stellt sech d’Fro: Wéi geet et elo weider? Brauch et vläicht Therapie? Ganz sécher brauch et déi. Dat weess och dem Luc Spada säin zweeten Invité, de Maxime Weber. Hien war laang Zäit mat vill Haass konfrontéiert a huet misse gläichzäiteg seng eegen Ängscht verstoen, verhandelen a verschaffen.

  50. 51

    S02E29 Mir scheiteren ëmmer nach: Marie Jung a Hans Fellner

    D’Marie Jung ass Schauspillerin, awer och e bësse Schrëftstellerin a ganz vill Mënsch. Den Hans Fellner war scho villes an am Moment e Mann mat Projete lénks a riets. Allen zwee hu si vill erlieft an och wann et eescht gouf, et hätt och richteg kéinte schifgoen, war do och ëmmer de Virwëlz, d’Loscht op wat alles nach komme kann.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Mir maache Plaz fir d'Scheiteren. Eng Bün fir Verléierinnen a Verléierer. Eng Anti-Haltung zu éiweger Leeschtung ...

HOSTED BY

radio 100,7

CATEGORIES

URL copied to clipboard!