PODCAST · leisure
LGS Zeltgepëspers
by LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten
Du kriss net ëmmer mat wat bei den LGS esou leeft oder wéilts gäre wëssen, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit? Eis ass et genee d'selwecht gaangen an dofir hate mir d'Iddi een LGS Podcast ze grënnen.Mir si 6 Chef an hunn et eis zum Zil gesat, Guiden a Scouten, Chef a souguer Elteren aus dem ganze Land ze informéieren an hinnen ze weisen, dass d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten aus méi besti wéi nëmmen de Versammlungen. D’Resultat: LGS ZeltgepëspersAb elo kanns du ëmmer den 1. Dag vum Mount eng nei Folleg vun eisem Podcast lauschteren.Villmools Merci un d'Ronja fir eise flotte Logo <3
-
14
Zeltgepëspers #13 - Wat hunn d'Kelten um Neihaische verluer?
An dëser 13. Episod vum LGS Zeltgepëspers kucke mir eis zesumme mam Tom a mam Alex vun der Native Village Ekipp ënner anerem un, wéi d'Keltenhaus deemools um Neihaischen entstanen ass, wat alles hannert dem grousse Bealtaine Festival stécht, a wat d'Ekipp ronderëm den Native Village soss nach alles sou mécht. Wann dir interesséiert sidd bei engem vun de ville Beräicher vum Native Village matzehëllefen, kënnt dir iech gäre beim Tom Lahr ([email protected]) oder op [email protected] mellen. Weider Informatiounen zum Bealtaine fannt dir op https://bealtaine.lgs.luMat dëser 13. Episod vum Podcast feiere mir dann och eist eejäregt Jubiläum vum LGS Zeltgepëspers. Mir soe jidderengem en décke Merci, deen eis am leschte Joer ënnerstëtzt huet an all Mount fläisseg eise Podcast lauschtert <3Weider Informatiounen zum LGS Second Hand fannt dir op https://chefbox.lgs.lu/event/3-lgs-second-hand/A wann dir motivéiert sidd als Reparateur beim Repair Café vun der Nohaltegkeetsaarbechtsgrupp mat ze hëllefe kënnt dir iech gären op [email protected] mellen.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Interview mam Tom an Alex (05:45)Ausbléck + Outro (54:38)
-
13
Zeltgepëspers #12 - Duty to others: Zesumme Brécke bauen
An dëser 12. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir um Aktivitéitsdag vun der Scouts4Refugees Ekipp. Si hunn eis ënnert anerem gewise wéi si eemol am Mount Aktivitéite fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg organiséieren a si hunn eis erzielt, wéi een als Lokale Grupp bei dësen Aktivitéite mathëllefe kann. Wann dir als lokale Grupp interesséiert sidd, eng Aktivitéit fir Scouts4Refugees ze organiséieren, Kichelcher ze baken, oder souguer an der Ekipp matzehëllefen, kënnt dir iech gäre per Mail op [email protected] mellen.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Interview mam Tun a Marc (03:35)Feldinterviews (39:19)Ausbléck + Outro (48:05)
-
12
Zeltgepëspers #11 - Staark wéi e Bam
An dëser 11. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir dee ganzen Dag um Thinking Day 2026 um Geesseknäppchen ënnerwee fir iech esou vill wéi méiglech Andréck anzefänken. An dëser Episod schwätze mir ënner anerem mam Georges Christen iwwer seng Zänndoktesch a seng ganz Optrëtter, déi hien iwwert d'Joren hat, mam Chris iwwer d'Zesummenaarbecht vun den LGS mam SNJ, mat verschiddene Participanten a Staff iwwer d'Odysseeën a mat ganz ville Kanner a Chef iwwert hir Highlights vum Thinking Day 2026.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Georges Christen (05:50)Feldinterviews (21:09)Chris vum SNJ (38:09)Feldinterviews (45:21)Odysseeën (55:26)Ausbléck + Outro (01:12:32)
-
11
Zeltgepëspers #10 - Bewosst keng Spueren hannerloossen
An dëser 10. Episod vum LGS Zeltgepëspers schwätze mir mam Arbechtsgrupp Nohaltegkeet iwwert hir Aarbecht fir e méi nohaltege Scoutismus. Si zielen eis enner aanerem vun hierem Poster, dee bestemmt deen een oder aanere Grupp bei sech am Home hänken huet a vun hirer nohaltegkeets Checklëscht mat där een als Chefekipp säi Weekend oder Camp méi nohalteg gestalte kann. Méi Informatiounen zu desem Aarbechtsgrupp fannt dir an der Chefbox am Desk ennert dem Kapitel "Nohaltegkeet". Bei Iddiën a Froen oder wann ee bei hinne matmaache wëllt, kann ee sech ganz gäre per Mail bei hinne mellen: [email protected] fir den Theater vun de Réimecher Guiden a Scooute fannt dir op https://theater.remich.lgs.luWeider Informatiounen zum Wisefest vun den Eschduerfer Guiden a Scouten fannt dir op https://www.wisefestival.luPropose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären emmer bis den 20. Dag vum Mount matdeelen. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis emmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet (04:16)Ausbléck + Outro (33:16)
-
10
Zeltgepëspers #09 - Challenge accepted: Mérite Jeunesse
An dëser 9. Episod vum LGS Zeltgepëspers beschäftege mir eis mam Mérite Jeunesse. Zesumme mam Roxane kucke mir wat de Mérite Jeunesse genau ass a wéi ee sech domat zum Beispill säin Engagement a Benevolat zertifizéiere loosse kann. Mam Sara vu Leideleng a mam Kevin vu Beetebuerg schwätze mir dann nach doriwwer, wéi de Mérite Jeunesse an der Praxis ausgesi kann a kréien domat e puer Ablécker an hier Expeditioun an Engagementer.Wann iech d'Thema Mérite Jeunesse interesséiert an dir motivéiert sidd fir matzemaache kennt dir iech ganz gäre per Mail direkt beim Roxane Fijean ([email protected]) oder op [email protected] mellen.Kontakt fir de Simply Scouting:[email protected]@lgs.luAll d'Informatioune fir de Wanterhike vun de Réimecher CaraPio fannt dir am Discord vun der Regionalekipp CaraPio Süden.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Mérite Jeunesse (02:27)Ausbléck + Outro (33:55)
-
9
Zeltgepëspers #08 - D'Zukunft gehéiert eis
An dëser 8. Episod vum LGS Zeltgepëspers tauche mir eng Kéier e bëssi méi déif an d'Thema Participatioun bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten an. Zesumme mam Tom Ketter vum ZpB schwätze mir iwwer déi verschidde Piliere vu Participatioun, wéi ee Kanner a Jugendlecher sënnvoll matbestëmme loosse kann a wat fir Virdeeler aus fréien Erfarunge mat Participatioun entstinn. No dëser méi theoretescher Aféierung an d'Thema schwätze mir dono mam Julie vun Ettelbréck iwwer seng Erfarunge mam Mini-Grupperot a kucken eis u wéi Participatioun bei hinnen am Grupp gelieft gëtt.Mir wënschen iech all ganz schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer. Mir héieren eis nees pünktlech mam Start vum Joer 2026.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Den Tom Ketter iwwer Participatioun (05:02)D'Julie iwwert de Mini-Grupperot (43:14)Ausbléck + Outro (54:14)
-
8
Zeltgepëspers #07 - Eis RaRo an der ganzer Welt verdeelt
An dëser 7. Episod schwätze mir mat engem RaRo an engem Clanchef iwwer de RaRo Lancement an iwwer déi verschidden Odysseeën, déi nächst Joer stattfanne wäerten. Zousätzlech dozou kritt dir nach e klengen Iwwerbléck ëm wat et bei dësen Odysseeën amfong geet a wéi se vum World Thinking Day ënnerstëtzt ginn. Och de Jules war am Juli nees mat sengem Mikro ënnerwee an huet sech um Mystaria ëmhéieren.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Lancement an Odysseeën (02:36)Mystaria Feldinterview (10:15)Ausbléck + Outro (21:16)
-
7
Zeltgepëspers #06 - Tëscht Politik a Benevolat
An dëser 6. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Méiglechkeet mam Minister Claude Meisch iwwer Benevolat an de Wäert vum Scoutismus zu Lëtzebuerg ze schwätzen. Heen huet eis ënner anerem erkläert wat seng Aufgaben als "Guiden a Scoutsminister" sinn a wéi d'Scoutsbeweegung vun uewen erof ënnerstëtzt gëtt. Zousätzlech dozou hu mir mam Marc a mam Angelique iwwer hier Zäit als Commissaire Generaux geschwat a krute gezielt, wéi eng Aufgaben een an dësem Amt huet a wéi si hier Zäit als CoGe empfonnt hunn. Och de Jules war an dëser Episod nees ënnerwee an huet eis um STAP zu Bilschdref e puer Andréck agefaangen.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)STAP Feldinterview (06:47)Interview mam Claude Meisch (18:48)Interview mat de Commissaire Generaux (31:14)Ausbléck + Outro (54:35)
-
6
Zeltgepëspers #05 - 750 Wëllefcher am Häerz vu Stroossen
An dëser 5. Episod vum LGS Zeltgepëspers hu mir eis mat de Campcheftaine vum Nationale Wëllefcherscamp "Mystaria" ennerhalen. Si hunn eis e puer méi genau Abléck an déi ganz Organisatioun ronderëm de Camp ginn an eis erzielt wéi dëst nationaalt Event mat ongeféier 750 Wëllefcher ofgelaf ass.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Interview Mucky an Anne (01:45)Ausbléck + Outro (21:53)
-
5
Zeltgepëspers #04 - Zäitrees mam Jéiss: Erzielungen aus senger Zäit als Scout
An dëser 4. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir e ganz interessant Gespréich mam Jos Loos, genannt de Jéiss, deen eis e puer flott Geschichten aus senger laanger Zäit als Scout erzielt huet. Vun Theme wéi dem internationale Camp JUBICA, bis zu Erzielungen aus senger Zäit als internationale Commissaire war alles dobäi.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.Mir freeën eis :)Intro + Réckspigel (00:00)Interview Jéiss (02:29)Ausbléck + Outro (22:18)
-
4
Zeltgepëspers #03 - Andréck vum AbsurdCup an FAQ mat de Programmcommissairen
Fir déi drëtt Episod vum Zeltgepëspers ware mir op den AbsurdCup zu Ettelbréck e puer Andréck afänken wouvu mir iech e Best-of presentéieren. Mir hunn AvEx, hier Chef an d'Ekipp interviewt fir iech en authenteschen Androck vum Dag ze bidden. Zousätzlech hu mir d'Cathy an de Charel aus der Programmekipp op Besuch, déi eis Froe wéi: "Firwat brauchen d'LGS eng Programmekipp?", oder "Wat ass de Minigrupperod?" beäntwert hunn.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentaren matdeelen.Mir freeën eis :)
-
3
Zeltgepëspers #02 - Tëscht Trëppeltier an Trophäen
An dëser zweeter Episod vum Zeltgepëspers kritt Dir e ganz exklusive Bléck hannert d'Kulisse vu 4 nationalen Aktivitéiten, déi sech am leschte Mount bei den LGS ofgespillt hunn. Am Interview hu mir de Georges an den JJ, déi eis eppes iwwert den Oflaf vun der dësjäreger Special Edition vum IronScout erzielen, wéi och d'Jil, den Hugo, d'Chloe an de Max, déi eis jeeweils hier Erliefnisser vun der JoCapi, dem Bibertreff an dem Wëllefchersrallye erzielen.Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum LGS Podcast kënnt dir eis ab elo per Mail op [email protected] matdeelen. Mir freeën eis :)
-
2
Zeltgepëspers #01
Episode 1
-
1
Zeltgepëspers #00
Prolog
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Du kriss net ëmmer mat wat bei den LGS esou leeft oder wéilts gäre wëssen, wéi et hannert de Kulissen ausgesäit? Eis ass et genee d'selwecht gaangen an dofir hate mir d'Iddi een LGS Podcast ze grënnen.Mir si 6 Chef an hunn et eis zum Zil gesat, Guiden a Scouten, Chef a souguer Elteren aus dem ganze Land ze informéieren an hinnen ze weisen, dass d’Lëtzebuerger Guiden a Scouten aus méi besti wéi nëmmen de Versammlungen. D’Resultat: LGS ZeltgepëspersAb elo kanns du ëmmer den 1. Dag vum Mount eng nei Folleg vun eisem Podcast lauschteren.Villmools Merci un d'Ronja fir eise flotte Logo <3
HOSTED BY
LGS - Lëtzebuerger Guiden a Scouten
CATEGORIES
Loading similar podcasts...