-
50
Filmtipp: "A Sad and Beautiful World"
Dem Michel Delage säi Kinostipp vun dëser Woch spillt am Libanon.
-
49
Wéi schwéier ass et am Moment d'Leit zum Spenden ze beweegen?
D’lescht Woch huet d’Croix-Rouge hiren traditionelle Mois du Don, de Mount vun der Spend, lancéiert. Dëst Joer stinn d’Aarmut an déi sozial Exklusioun am Mëttelpunkt vun der Campagne. D’Spende si generell fir Hëllefsorganisatiounen e wichtegt Standbeen - e Standbeen dat nom Skandal ronderëm de Finanzbedruch bei der Caritas op ville Plazen agebrach ass. Wéi schwéier ass et am Moment d’Leit zum spenden ze beweegen? Dat froe mir d’Fundraising-Direktesch vun der Croix-Rouge Dominique Hansen.
-
48
Premières-Examen ouni Gefuddels: geet dat nach?
D'APESS huet Bedenken, ob am Zäitalter vun de moderne KI-Technologien nach e korrekten Oflaf vun den Exame ka garantéiert ginn. De Gilles Everling, President vun der Proffegewerkschaft, erkläert och firwat seng Orgnisatioun der Meenung ass, datt déi sougenannt “smart school” eng Gefor fir d’Gesondheet vu Schüler:innen an Enseignanten ass.
-
47
Wéi gëtt e Site zum UNESCO-Weltkulturierwen?
An den nächste Jore soll bei der UNESCO eng Kandidatur déposéiert ginn, fir d’Schiferlandschaft zu Uewermartel an d’Lëscht vum Weltkulturierwen opzehuelen. Dee Prozess gouf gëschter um Site vun de Schifergrouwen an der Gemeng Rammerech offiziell lancéiert. D’Paule Rodesch huet sech méi am Detail mat de Modalitéiten dovu beschäftegt.
-
46
Éiwegkeetschemikalien: Wéi wäit soll ee Verbuet goen?
PFASen, déi sougenannten Éiwegkeetschemikalien, gi villsäiteg genotzt. Si accumuléiere sech am Waasser, an de Biedem an och am mënschleche Kierper. A si bréngen eng ganz Rei gesondheetlech Risike mat sech. An der EU kéint d'Notze vun dëse Chemikalien dowéinst massiv ageschränkt ginn. Wéi wäit dës Restriktioune solle goen, ass awer nach ëmstridden. D'Pia Oppel huet doriwwer mam Gaston Trauffler vun der Industrielle-Federatioun FEDIL, der grénger Europadeputéiert Tilly Metz a mat der Christine Hermann vun der ONG Europäeschen Ëmweltbüro geschwat.
-
45
Ass d'Erfaassung vun Handydate konform mam Dateschutzgesetz?
D'Stater Gemeng huet vun Editus anonymiséiert Donnéeë kritt vun de Visiteuren an der Stad, fir ë. a. Beweegungsflëss kënnen nozevollzéien. Wat seet d'Dateschutzkommissioun dozou? Mir hu beim Kommissär Florent Kling vun der CNPD (Commission nationale pour la protection des données) nogefrot.
-
44
"May the 4th be with you": Haut ass internationale Star Wars Dag
Den Alessandro Comisso vum offizielle Star-Wars-Fanclub hei am Land erkläert eis, wéi deen Dag geféiert gëtt.
-
43
Gottesbezuch nei an der saarlännescher Verfassung
D'Decisioun ass déi lescht Woch mat grousser Majoritéit am saarlännesche Landtag gefall. Den SPD-Fraktiounschef Ulrich Commerçon erkläert.
-
42
Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt: Wéi grouss ass d'Nofro?
De Centre National pour victimes de violence huet virun engem Joer mat senger Aarbecht ugefaangen. Mir hunn nogefrot, wéi vill Affer bis elo betreit goufen.
-
41
Haut an engem Joer huet Frankräich en neie President
Mir froen eise Frankräich-Korrespondent, wéi d'Parteien sech ee Joer virun der Wal positionéieren.
-
40
Doku-Podcast: Genuch Waasser fir Mënsch an Natur?
Schonn 2040 kéint et zu Lëtzebuerg am Summer knapp gi mam Drénkwaasser. Wuesstum a Klimawandel verstäerken de Risiko vu Waasserknappheet. A wéi de Projet vum geplangten Datenzenter vu Google zu Biissen weist ass d'Land net gutt opgestallt, fir Verdeelungskämpf ëm d'Waasser nohalteg ze reegelen. Bleift genuch Waasser fir d'Uelzecht iwwereg? Ee Gespréich mam Pia Oppel iwwer déi fënneft Episod vun der aktueller Zeenewiessel-Serie
-
39
Eenheetsgewerkschaft: Kënnt et zu enger Fusioun vun OGBL an LCGB?
Dat froe mir den LCGB-President Patrick Dury, deen déi gutt Zesummenaarbecht tëschent den zwou Gewerkschaften a senger Ried um 1. Mee besonnesch ervirgehuewen huet.
-
38
Kadmium am Iessen, och zu Lëtzebuerg?
A Frankräich gëtt Alarm geschloe wéinst héije Kadmium-Réckstänn a Liewensmëttel. Wéi ass d'Lag hei am Land? Äntwerte vum Danny Züst vun der Liewensmëttelverwaltung ALVA.
-
37
Frankräich: héich Tauxe vu Kadmium am Iessen
Bei eisen Nopere maachen Associatiounen Drock op d'Regierung: franséisch Liewensmëttel sinn deelweis staark Kadmium-belaascht. Wat dat bedeit, erkläert de Max Tholl.
-
36
D'Muselfénkelcher feiere 50 Joer
Dee bekannte Kanner- a Jugendchouer gouf virun engem hallwe Joerhonnert zu Gréiwemaacher gegrënnt. Seng aktuell Presidentin Christiane Urwald verzielt vun Héichten an Déiften.
-
35
Kerosin-Engpäss a Loftraumrestriktiounen
D'Cargolux huet d'lescht Joer ee positiivt Resultat gemaach, mee dëst Joer huet d'Fluchgesellschaft wéinst dem Krich am Noen Osten direkt e puer Erausfuerderungen.
-
34
Zolitten Defi fir d'ADEM
Chômeure sollen an Zukunft am Land vun hirer leschter Plaz, an net méi do, wou si wunnen, betreit an indemniséiert ginn. Am Kloertext bedeit dat, datt d'ADEM sech an e puer Joer ëm méi wéi duebel esou vill Leit bekëmmere muss wéi haut. A Lëtzebuerg muss och weesentlech méi Chômage-Indemnitéite bezuelen. Den Aarbechtsminister Marc Spautz reagéiert op déi EU-Decisioun.
-
33
Peter Magyar kämpft zu Bréissel fir ungaresch EU-Suen
De Peter Magyar, dee frësch gewielten zukünftegen ungaresche Premierminister war gëschter op zu Bréissel op Besuch - hie gouf souwuel vun der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun wéi och vum Conseilspresident Antonio Costa empfaangen. Bei den héichrangege Gespréicher dierft et virun allem ëm eent gaange sinn: Wéi eng Konditioune mussen erfëllt ginn, fir datt déi nei ungaresch Regierung vun de ronn 16 Milliarden Euro ka profitéieren, déi Bréissel op Äis geluecht huet, well d’Regierung vum Viktor Orban géint EU-Valeure verstouss huet. Am Europaparlament gouf et iwwerdeems zu deem Theema ënnerschiddlech Meenungen. D’Danièle Weber huet Detailer.
-
32
Paracycling: De Paul Kremer fiert elo mat de Beschten op der Welt
De Lëtzebuerger Paracyclist fiert dës Woch säin éischte Weltcup an der Belsch. Mir froen hien, wat hie sech virgeholl huet.
-
31
Louschläissen: d'Praxis hat fréier eng grouss wirtschaftlech Bedeitung
Fréier gouf den Tannin an der Schuel vu jonken Eeche benotzt, fir Lieder ze gierwen. De Prozess, fir d'Beem ze schielen, gehéiert zum immaterielle Kulturierwen hei am Land. D'Paule Rodesch huet sech d'Praxis erkläre gelooss vum Ranger vum Naturpark Uewersauer, den Tom Schmit.
-
30
Brauch de Filmsecteur méi Ënnerstëtzung? Mir froen de Kulturminister.
Mir froen den Eric Thill als zoustännege Minister, ob d'Regierung bereet ass de Secteur mat méi Suen ze ënnerstëtzen.
-
29
Déi éischt Pop-up-Redaktioun am Land
Ufanks Abrëll huet d'Tageblatt e Büro an engem eidele Geschäft zu Gréiwemaacher opgemaach, am Prinzip fir 3 Méint. Ausgangspunkt dofir war de Projet vum Rivaner Domaine Tageblatt. En Interview mam Co-Chefredakter Chris Schleimer
-
28
Paul Nathan: “Méi héich Käschte fir Baumaterial dinn de Bauentreprisë wéi"
Déi méi héich Energiepräisser féieren zu méi héije Präisser fir d’Produktioun a fir den Transport vu Baumaterialien. Well d’Präisser nach ëmmer relativ volatil wieren, wier et awer schwiereg eng global Ausso ze maachen, zu wéi vill Prozent sech dat op Bauprojeten auswierkt, esou am 100,7-Interview de Vizepresident vun der Handwierkerkammer an Direkter vun der Bau-Entreprise Poeckes, de Paul Nathan.
-
27
Iechternach: Dee geplangte Cityoutlet kënnt net an d'Gäng
Zu Iechternach steet all fënnefte Buttek eidel. Dofir soll deen zënter 2017 geplangte Projet vun der Outlet-Ville neit Liewen an Aktivitéit an de Stadzentrum bréngen. D’Ëmsetzung vum Projet, deen d’nächst Joer säi Soft Launch huet, geet awer méi lues viru, wéi erhofft. Aktuell géing et net nëmmen un Zousoe vu Marke feelen, mee och u Geschäftsfläch an Investisseuren. De Luca Di Santolo war um Terrain.
-
26
Filmtipp: "Gelbe Briefe"
Dësen Drama ëm eng tierkesch Theaterkoppel, déi politesch ënner Drock geréit, ass dem Michel Delage säin aktuelle Kinostipp.
-
25
Taxischauffere fir wëll Déiere gesicht
D'Fleegestatioun fir wëll Déiere sicht Fräiwëlleger, déi d'Déiere vun den Drop-Off-Statiounen op Diddeleng bréngen. Do fänkt am spéide Fréijoer d'Héichsaison un: An de Méint Mee bis Juli fleegt den Zentrum ronn 2.500 Déieren. Iwwer déi lescht Joren ass déi Zuel ëmmer weider geklommen. Dofir gëtt d'Statioun zu Diddeleng aktuell och ausgebaut.
-
24
Literatur: De Servais-Präis geet un de Ian de Toffoli
Mir froen dee jonke Schrëftsteller, wéi wichteg dee Präis fir hien ass.
-
23
Neit Urteel: Ginn déi däitsch Grenzkontrolle vläicht awer gekippt?
En Droitsprofesser vun der Uni zu Saarbrécken hat dogéint geklot, datt hien op der Grenz kontrolléiert gouf - an hie krut Recht. Mir froen hien, wat dat fir d'Grenzkontrolle bedeit.
-
22
Wéi Gaza d’Konsequenze vum Krich am Iran ze spiere kritt
Genee zwee Méint sinn et hier, do hunn d’USA an Israel den Iran ugegraff. Zanterhier ass ee Krich bal a Vergiessenheet geroden: deen a Gaza. Dobäi kréien d’Palästinenser an der Gazasträif och d’Konsequenze vum Krich am Iran ze spieren. Eise Korrespondent Leonardo Kahn huet mat engem Dokter geschwat, den op der Plaz ass.
-
21
Rekord beim London Marathon
Gëschter si beim London Marathon bal 60.000 Leefer duerch d‘Stroossen vun der brittescher Haaptstad gelaf. Dat sinn der esou vill wéi nach ni. Fir d‘Stad an och fir d‘Leefer selwer bréngt dat Erausfuerderunge mat sech. D‘Claire Barthelemy war fir eis kucken an huet mat engem Leefer vu Lëtzebuerg geschwat.
-
20
Optakt vun der 4. Editioun vun der Semaine surendettement
Wéi d’Aarbecht vum Service surendettement vun der Ligue médico-sociale sech entwéckelt huet a wéi de Betraffene ka gehollef ginn, doriwwer schwätzt d’Sophie Schroeder mam Christian Schumacher, dem Chef vum Service surendettement.
-
19
Iwwerschëldung: “Ech war permanent gestresst, ech hu gekrasch, geziddert
Wéi ass et, wann een am Alldag net méi genuch Suen huet, fir säi Loyer, seng Rechnungen oder seng Prêten ze bezuelen? Dat heescht, wann een exzessiv Scholden huet? Dat huet eng jonk Fra eis erzielt, déi an der Iwwerschëldung war an déi sech hëllefe gelooss huet, fir erëm aus dëser Situatioun erauszekommen.
-
18
Atom-Katastroph zu Tschernobyl
An der deemoleger UdSSR ass de 26.04.1986 bei engem Test e Reakter explodéiert. Et kënnt zur Kernschmelze. Och no Fukushima 2011 bleift d’Ongléck vun Tschernobyl bis haut déi gréissten Atomkatastroph, déi jee geschitt ass. D’Atomkraaftwierk läit ronn 130 km nërdlech vu Kiew - an der haiteger Ukrain. D’Areal bleift och haut, 40 Joer no der Katastroph, onbewunnbar. Wéi gesäit et haut um Site aus a wéi en Impakt hat an huet de russeschen Invasiounskrich an der Ukrain, doriwwer schwätze mir mat der Pauline Boyer vu Greenpeace Frankräich.
-
17
Doku-Podcast: Immobilieprojet vs Renaturéierung
De Flëss méi Plaz loosse gëllt als Win-win fir Mënsch an Natur: eng Renaturéierung verbessert d'Gewässerqualitéit a kann zum Héichwaasserschutz bäidroen. Mee Plaz ass knapp am Uelzechtdall: Terraine sinn och fir Landwirtschaft a Wunnengsbau wäertvoll. Een Immobilieprojet zu Walfer weist, wéi schwiereg et ass un Terraine fir d'Renaturéierung vun der Uelzecht ze kommen. Ee Gespréich mam Pia Oppel iwwer déi véiert Episod vun der aktueller Zeenewiessel-Serie.
-
16
Wéi gutt ass d'Atomzentral zu Cattenom viru Katastrophe geschützt?
Där Fro si mir 40 Joer no der Atomkatastroph zu Tschernobyl nogaangen.
-
15
D'Madamm Kloertext geet an d'Pensioun
No méi wéi 40 Joer bei RTL, huet d'Caroline Mart virun e puer Deeg hir lescht Emissioun moderéiert. Am Interview kuckt si zeréck op eng ongewéinlech (laang) Karriär.
-
14
De Grand-Duc kënnt haut op Esch. Ass alles prett?
De Grand-Duc Guillaume an d'Grand-Duchesse sinn haut ass haut fir hir Joyeuses Entrées Tournée zu Esch. Mir schalten e puer Stonne virun der Visitt live op d'Brillplaz.
-
13
Affär Wilmes: Vun US-Experten a Kinosfilmer - Een Abléck an den Dossier
Et war eng decisiv Woch fir den Dr. Philippe Wilmes. D'Gesondheetsministesch huet seng Suspendéierung op Grond vun der Expertis ëm de legale Maximum verlängert. Haut de Mëtteg (24.4.) wëllt hien dofir eng Pressekonferenz ginn - eng éischt an dëser Affär - fir sech selwer zu den Entwécklungen ze äusseren, esou steet et a sengem Communiqué. Mir kucken drop, wat bis elo geschitt ass a wéi et weidergeet.
-
12
Out of the Crowd: E Lëtzebuerger Festival mat Geschicht
Dëse Weekend ass zu Esch an der Kulturfabrik déi 22. Editioun vun dësem Festival.
-
11
Informellen EU-Sommet: EnergieKris: wéi koordinéiert geet d'EU vir?
D’Energiekris a wéi an der Europäescher Unioun soll dorop reagéiert ginn - dorëms geet et haut a muer op engem informellen EU-Sommet op Zypern. D’Staats- a Regierungscheffe wäerten als éischt d’Mesuren ënner d’Lupp huelen, déi d’Europäesch Kommissioun gëschter proposéiert huet. De Krich am Iran an d’Hëllef fir d’Ukrain si weider Sujeten um Ordre du jour an den zukënftegen EU-Budget, bei deem Lëtzebuerg eng schwiereg Positioun wäert hunn. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
10
Kritt d'Energietransitioun duerch déi aktuell Kris neien Opdriff?
Froen un den däitschen Energie-Expert, Auteur a Podcaster Volker Quaschning, deen haut fir en Diskussiounsowend op Lëtzebuerg kënnt.
-
9
Wat seet d'Patronat zur geplangter Tripartite?
Wéinst der Energiekris huet d'Regierung fir Ufank Juni eng Tripartite aberuff. Mat wéi enge Fuerderungen an Erwaardunge geet d'Patronat an déi Reunioun? Froen un de Michel Reckinger vum Patronatsdaachverband UEL
-
8
Wat erwaarden d'Gewerkschafte sech vun der Tripartite?
Mir froen d'Nora Back mat wéi enge Fuerderungen OGBL an LCGB an déi national Dräierronn ginn.
-
7
Israel: Onofhängegkeetsdag ouni Donald Trump
D' Zeremonie fir d' Onofhängegkeet vun Israel gouf ouni den US-President Donald Trump ofgehalen, obwuel dësen eigentlech zougesot haat. Wat bedeit dat fir déi israelesch-amerikanesch Relatiounen? Eng Aschätzung vun eisem Israel-Korrespondent Léonardo Kahn.
-
6
Nei Kontrollautoritéit fir Medien: Ass de Presserot mat de Pläng averstan?
Mir froen de President vum Presserot, de Misch Pautsch.
-
5
Adoptioun vu Kanner: D'Demande bei Celibatairen a Gepacsten ass geréng
Zanter genee engem gudde Joer kënnen zu Lëtzebuerg och net-bestuete Koppelen a Celibaitairen ee Kand adoptéieren. D'Demande dofir wär awer niddereg.
-
4
Irankrich: D'Friddensgespréicher gi virun. Mee ass en Accord méiglech?
Mir froen de Philip Crowther, deen am Pakistan d'Friddensgespréicher tëschent dem Iran an den USA verfollegt.
-
3
Gabriele Bischoff EU-Deputéiert (SPD)
An der Europäescher Unioun kéint et haut zu engem Accord an engem Dossier kommen - deen éischtens schonn zéng Joer schleeft an dee fir Lëtzebuerg zimmlech wichteg ass: Rieds geet vum Reglement, datt d’Securité Sociale-Systemer ënner de Memberlänner koordinéiert soll ginn. Fir de Grand Duché geet et do ëm vill Suen. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.
-
2
Den DemokratieLabo am Neimënster
D’Demokratie ass weltwäit a Gefor. Wa mir dat elo esou hei soen, wieren der warscheinlech vill averstanen. Mee wat mécht iwwerhaapt eng Demokratie aus? Wéi funktionéiert se? Dat gëtt een den Ament an der Abtei Neimënster an der Ausstellung DemokratieLabo vum Zentrum fir Politesch Bildung gewuer. Woubäi d’Wuert Ausstellung net heescht, datt et just eng Presentatioun ass: Wéi den Numm et seet, ass et en interaktive Labo.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
Loading similar podcasts...