PODCAST · news
Oppositioun! e Podcast vun déi Lénk
by déi Lénk
Ee Mol de Mount huelen eis Deputéiert, Marc Baum an David Wagner, déi politesch Aktualitéit auserneen, interpretéieren d’Kräfteverhältnisser an der Chamber, geheien ee frësche Bléck op d’Themen déi d’Politik beschäftegen et kucken och wat de Roll vun déi Lénk an der Oppositioun ka sinn. Mat dësem Podcast wëllen déi Lénk eng Alternativ Lektür vun de politeschen Debatte proposéieren, eng ecosozialistesch Lektür déi wierklech lénk ass.Deen éischten Episod setzt sech mam Dossier Caritas auserneen a mat de neien Oppositiounsparteie vun deene verschiddener sech nach sichen.
-
10
Episode 10: Sympathie fir den Däiwel.
Wisou huet d'kathoulesch Kierch fir de Marc gebiet? Wat hunn den ale Luc an den neie Luc gemeinsam wann et em Krich a Westasie geet? A wat kann den Eric Thill aus dem JC Juncker senge Feeler léieren? Dësen an nach weidere Froe wëllen déi zwee Deputéiert haut op de Grond goen.
-
9
Episode 9: "Haaptsaach F*scho!"
No hirer klenger Verschnaufpaus starten de Marc an den David mat mat deem an dat neit Joer wat se am beschte kënnen: eis en Abléck an de Maschinneraum vum Parlament ginn. Et geet em d'ADR, de Statut vum Deputéierten, ee Logementsminister à mi-temps an em politesch Spillercher vum Luc Frieden.
-
8
Episode 8: De Ministeren hir Täschespillertricker.
Zum Ofschloss vum parlamentaresche Joer blécken den David an de Marc zeréck op déi grouss Sujete vun de leschte Méint. Dobäi geet et em déi grouss gewerkschaftlech Manif vum 28. Juni, eis Propos fir d'Recht op Ofdreiwung an der Verfassung ze verankeren, a selbstverständlech rëm em dem Xavier Bettel seng Efforten, méiglechst näischt am Dossier Gaza-Krich z'ënnerhuelen.
-
7
Episode 7: Spezialepisode Palästina.
Eis eemoleg Deputéiert Nathalie Oberweis an eisen Deputéierten David Wagner diskutéieren zesummen iwwer déi katastrophal Situatioun am Noen Osten wou déi rietsradikal israeleesch Regierung grad Vëlkermord un de Palästinenser begeet. Si raumen och mat Clichéen an Onwëssen op.
-
6
Episode 6: D'Ukrain, d'Pensiounen an eng Regierung ouni Plang.
Eis Positioun zum Ukrainkrich, eng Debatt iwwer Demokratie awer ouni sozial Gerechtegkeet, eng Pensiounsreform iwwer déi een näischt gewuer gëtt an eng Regierung déi net vill Schlaues méi vu sech gëtt.Dat steet um Menü vun der 6. Episode vun eisem Podcast Oppositioun! Loosst Iech vum Marc Baum a vum David Wagner duerch dës awer e bësse komesch Genosswelt leeden. Gudden Appetit!
-
5
Episode 5: Sektempfang oder Chamber?
Wéini schwätze mer iwwerhaapt vu Feminzid? Wéi eng Rendez-vousen hu beim Educatiounsminister Prioritéit? A wisou wëll de Xavier Bettel eigentlech keng kloer Positioun zum Ruanda anhuelen?Dës a weider spannend Froe beäntweren de Marc an den David an der 5. Episod vun "Oppositioun!"
-
4
Episode 4: Politik aus der Glaskugel
Mat den Themen: Energiepräisdeckel, Pensiounen, Studiegebühren, Liberty Steel a Palästina.
-
3
-
2
-
1
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Ee Mol de Mount huelen eis Deputéiert, Marc Baum an David Wagner, déi politesch Aktualitéit auserneen, interpretéieren d’Kräfteverhältnisser an der Chamber, geheien ee frësche Bléck op d’Themen déi d’Politik beschäftegen et kucken och wat de Roll vun déi Lénk an der Oppositioun ka sinn. Mat dësem Podcast wëllen déi Lénk eng Alternativ Lektür vun de politeschen Debatte proposéieren, eng ecosozialistesch Lektür déi wierklech lénk ass.Deen éischten Episod setzt sech mam Dossier Caritas auserneen a mat de neien Oppositiounsparteie vun deene verschiddener sech nach sichen.
HOSTED BY
déi Lénk
Loading similar podcasts...