PODCAST · society
PROST
by Moskito
De Lëtzebuerger Wäin, seng Wënzer a seng Regioun.
-
22
Ep. 22) Wat wiere mir ouni Cremant? - Mam Lisa Vesque vu Cep d'Or
Cremant ass méi wéi just e leckert Gesëffs – en ass Präzisioun, Handwierk a vläicht déi stäerkst Visittekaart vun der lëtzebuergescher Musel. An zanter 1762 steet d’Domaine Cep d’Or fir Wäibau un dëser lëtzebuergescher Musel. Mam Lisa Vesque ass säit enger gudder Zäit déi nächst Generatioun mat u Bord – ausgebilt zu Geisenheim a Bordeaux, mat engem internationale Bléck, mee déif verwuerzelt zu Stadbriedemes. An dësem Episod schwätze mir bewosst a ganz detailléiert iwwer Cremant. Iwwer déi zweet Gärung, Dosage a Reifedauer – ma och iwwer de Maart, Image an d’Fro, firwat Lëtzebuerg grad an dësem Beräich esou staark ass. Et gëtt technesch, perséinlech – an natierlech locker. 45 bis 50 Minutte ronderëm Traditioun, Zukunft a fein Perlage. Vill Spaass beim Nolauschteren, well d'Claire an de Pit haten es genuch beim Ophuelen !
-
21
Ep.21) VIGNUM: D’Konscht vum Terroir – mam André Mehlen // Domaine Vinsmoselle
An dëser Episod vu PROST schwätze mir mam André Mehlen vun Domaine Vinsmoselle. Mir tauchen an d’VIGNUM-Gamme eran – déi Premium-Linn vun der Genossenschaft, déi mat Lieu-dits, Vieilles Vignes, Fût-de-Chêne-Wäiner a Stréihwäin eng aussergewéinlech Villfalt weist. Mir ginn der Fro nogoen, wéi eng Genossenschaft mat iwwer 160 Wënzerfamilljen esou präzis den Terroir erausschaffe kann, wéi al Riewen an Holzfässer d’Konzentratioun am Glas veränneren, – a wat fir eng Aarbecht hannert engem Stréihwäin stécht. Zousätzlech kréie mir en Abléck an d’Struktur vun Domaines Vinsmoselle, an d’Roll vun der Musel als modern, nohalteg Wäiregioun, déi sech ëmmer méi iwwer héichwäerteg Spezialitéiten definéiert. Eng Episod fir all déi, déi Wäin net nëmmen drénke wëllen, mee verstoen.
-
20
Ep.20) Vun der Ellenger Gare bis op d'Expovina – mam Guy Krier // Domaine Krier-Welbes
Un der Musel trëfft een op Mënschen, déi an der Traditioun opgewuess sinn – an op déi, déi se mat vill Rou, Präzisioun a modernen Iddien an d’Zukunft droen. Ee vun hinnen ass haut bei eis: de Guy Krier. Wënzer vun der Ellenger Gare, Bio-Pionéier a Mann mat enger kloer erkennbarer Handschrëft an all senge Wäiner. Zanter 2023 steet hien och un der Spëtzt vun de Privatwënzer. A wien hie kennt, weess: Dat ass keng Roll fir am Mëttelpunkt ze stoen, mee eng fir zesummen eppes ze beweegen. Hien setzt op méi Oppenheet, méi Transparenz an eng Moderniséierung vum Verband – mat wiesselenden Presidenten a Presidentinnen a méi Zesummenhalt tëscht de Betriber. A mir schwätzen haut iwwer säi Wee, iwwer d’Entwécklung vu sengem Betrib vun 3,5 op bal 15 Hektar, iwwer säin éischte Schrëtt an de Bio-Wäibau – an doriwwer, wéi Lëtzebuerger Wäin am Ausland ukënnt, besonnesch no der Expovina zu Zürich. Eng Episod iwwert Hierkonft, Verantwortung an d’Zukunft vun eiser Wäiregioun....
-
19
-
18
Ep.18) Vum Zeechebriet an de Wéngert – mam Michèle Mannes // Domaine Viticole Häremillen
Ween mengt, de Wäibau wier nach ëmmer eng Männerwelt, huet nach net d’Michèle Mannes kennegeléiert. Si ass Deel vu villen jonke Wënzerinnen a féiert säit zanter 4 Joer mat vill Elan, neien Iddien an Häerzblutt d’Domaine Viticole Häremillen zu Ehnen – eng Plaz mat ville Geschichten a nach méi Perspektiv. A wéi ëtt a Familljebetriber sou üblech ass, hëlleft och hei de Papp gären nach mat a léist sech vum Produit vu senger Duechter iwwerzeegen. D’Claire an de Pit treffen an dëser Episod op eng Wënzerin, déi ursprünglech Bauerin wollt ginn, an iwwert de Studium vun der Landschaftsarchitekur, am Familljebetrib gelant ass. Vum Zeechenbriet an d’Wéngerte souzesoen. E Schrëtt deen déi jonk Wënzerin net beréit. Eng flott Episod erwaart iech an e Gespréich iwwert d‘Passioun vum Beruff, der Aarbecht am Fräien a wat Schof domat zedin hunn. Vill Spaß.
-
17
Ep.17) Op en Tour laanscht d'Wéngerten - mam Nathalie Besch // Office Régional du Tourisme Musel
Et ass all Dag op en Neits wéi eng Postkaart aus dem Liewen: D’Muselregioun – mat hiren Dierfer, Wäibierger a Kultur – ass vill méi wéi just e Glas Wäin. Et geet ëm en Erliefnis, Entspanung a Natur pur. An an dëser Episod vum Prost schwätzen d’Claire an de Pit genau iwwer dat, wat d’Regioun esou eenzegaarteg mécht – an dat mat enger richteger Expertin um Gebitt. Well d’Nathalie Besch vum „Office Régional du Tourisme“ vun der Musel war op Besuch. Eng besonnesch Episod, déi vum Wanderen a Vëlosfuere bis bei nohalteg Genossmomenter tëscht Wäinriewe a Panorama-Ausbléck handelt an erkläert, wisou souguer Neiséilänner sech zu Lëtzebuerg wuel fillen. Ma lo verrode mir net ze vill. Falls Dir also d’Musel schonn ëmmer erëm nei entdecke wollt, sidd Dir hei genau richteg. Lauschtert eran.
-
16
Ep.16) Aus Passioun an der Freed um Probéieren – mam Paul Zahlen // Pauls Winery
Wien dem Paul Zahlen vu "Pauls Winery" scho mol nogelauschtert huet, mierkt séier, mat wéi vill Passioun a Freed hien de Beruff vum Wënzer ausübt. Awer nach vill méi – well hien huet e groussen Drang, nei Saachen ze probéieren. Mat der Produktioun vun engem "PetNat" – kuerz fir "Pétillant Naturel" – bis hin zum uviséierte Ubauen vun pilzwidderstännege Wäiner ("PiWi’en") hält den jonken Gréiweldénger sech a säi Betrib op Trab. An dat mat enger grousser Begeeschterung fir säi Beruff an der staarker Ënnerstëtzung vu senger Famill a sengen Frënn. Sidd gespaant op eng Episod, an där d’Claire an den Pit méi gewuer ginn iwwer de Paul Zahlen, säi Betrib, American Football – an spannend Dégustatiounen am Pyjama. A lass!
-
15
15) Ouni Hangover a schlecht Gewësse mam Jean-Marc Schlink // Domaine Viticole Schlink
„Dry January“ – wat fir déi eng d’Onwuert vum Joer ass, ass e fir déi aner eng Chance dem Kierper an der Liewer ee Mount Paus ze gënnen. Sou fänkt 2025 bei eis relativ alkoholfräi un. Dann ass et alt gutt datt een do net ganz op Wäi verzichte muss! Dofir suergt ënner anerem de Jean-Marc Schlink vum Domaine Viticole Schlink. Well als éischte Wënzer zu Lëtzebuerg alkoholfräie Wäin a Cremant produzéiert. An dat mat e bëssen Iwwerzeegungsaarbecht a guddem Wëllen. Eng Episod iwwert sech trauen, kleng Risikoen agoen an dem Bild vum moderne Wënzerbetrib. Ma net just den alkoholfräie Wäi kënnt néi an de Podcast. Well mam Pit ass en néie Co-Host nieft dem Claire um Mikro an ersetzt de Ben. Als Wäin Amateur bréngt en eng néi Perspektiv an de Podcast, an zwar déi vum Novizen, dee méi wësse wëll. Sidd gespaant!
-
14
-
13
13) Morgens halb 10 zu Wuermer beim Ern Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Lethal
Eigentlech ass den Ern Schumacher an der Pensioun an awer och net sou richteg. Zesumme mat sengem Bouf a senger Fra bilden déi 3 dat staarkt Réckrad vum Familljebetrib. Ëmmer um Dill, ëmmer eppes ze soen, ëmmer um schaffen. Mä wéini a wou mécht e Wënzer eigentlech Vakanz? De fréiere President vun de Privatwënzer iwwert (net) lassloossen, Schmaachstuffen a beschter Lag an d'Konkurrenz tëscht de Betriber an den Uertschaften. Feuer frei!
-
12
12) Op de Riesling Open mam Luc Duhr // Clos Mon Vieux Moulin
De Riesling ass eng vun den edelsten Drëpsen déi op der Lëtzebuerger Musel gelies ginn. A wéi sech dat fir Lëtzebuerg gehéiert, gëtt et och dofir dat passend Fest: De Riesling Open (dëst Joer um Weekend vum 13. - 15. September. Doriwwer freet sech och rëm de Luc Duhr, deen zesumme mat sengem Cousin Frank, de Familljebetrib Clos Mon Vieux Moulin an der 11. Generatioun zu Ohn féiert. Vu Familljegeschichten, dem legendäre Palmberg nieft der Schmaachstuff, an och weem seng Millen am Numm vum Betrib iwwerhaapt gemengt ass, schwätze mir an dëser fonkelfrëscher Episod vum PROST Podcast.
-
11
11) E Clown am Wéngert mam Laurence Duhr // Château Pauqué
Déi eng nenne se “d’Enfants terribles” aus der Szene, déi aner soen ouni Problem dass et mat déi beschte Wäiner sinn déi ee laanscht d’Musel fënnt. D’Claire an de Ben wollte méi rausfannen iwwert d’Wäiner an d’Wënzer hannendrun, wéi de Familljebetrib et fäerdegbréngt Joer fir Joer excellent Wäiner ze produzéieren, wéi schwéier et ass géint de Stroum ze schwammen, a wéi seng Ausbildung zum Clown dem Laurence am Alldag weiderhëlleft.
-
10
10) Fir Iessen an Drénken ass gesuergt mam Metty Krack // Koeppchen
An dëser klenger Jubiläumsepisod (Nummer 10!!) schwätze mir mam Metty Krack op der Wormer Koeppchen, der gastronomescher Institutioun op der Musel, iwwert de beschten Accord mets et vins, awer och wéi eng Erausfuerderung et ass quasi all Wënzer op der Kaart vertrueden ze hunn. Ausserdeem wollte mir wësse wéi eng déi déierst Fläsch Wäin war déi de Metty fale gelooss huet...
-
9
9) Op eng Coupe Cremant mam Änder Mehlen // Domaine Vinsmoselle
Dës Episod gëtt sprëtzeg! D'Claire an de Ben hu sech bei Domaines Vinsmoselle zu Remerschen aquartéiert an den Änder Mehlen wousst net wéi eng Fläsch Cremant vum Domaine hie sollt aussichen, dofir goufen et der direkt 3 ze schmaachen. An dëser Editioun schwätze mir virun allem iwwert de sëffege Schaumwäin, deen awer net ëmmer de beschte Ruff huet. Mir konnten eis vum Géigendeel iwwerzeegen!
-
8
8) Blind Tasting mam Frank Schumacher // Domaine Viticole Schumacher-Knepper
SPECIAL EDITION - D'Claire huet sech e puer schwaarz Glieser am IVV stibitzt an ass domadder, a mam Ben, bei Schumacher-Knepper op Wentréng gefuer. Um Programm stoung eng blann Degustatioun. Wéi déi 2 sech geschlo hunn, lauschtert dir am Beschte selwer.
-
7
7) Op e Roude mam Marc Desom // Domaine Desom
An der éischter Episod vum neie Joer schwätzen d'Claire an de Ben, bei engem Patt Pinot Noir mam Marc Desom, iwwert genee deen, awer och déi aner lëtzebuergesch Roudwäiner. Kann een e Roude vun hei iwwerhaapt "Rouden" nennen?
-
6
6) E bësse Marketing mam Ben Duhr // Domaine Madame Aly Duhr
De Ben Duhr huet scho relativ fréi, mat sengem Brudder Max, de Familljebetrib zu Ohn iwwerholl. Hiere jonken Alter, eng deelweis Nonchalence vis-à-vis vu Marketingcoden an e gudde Produit hunn aus dem Haus wat 1872 gegrënnt gouf, eng modern Mark gemaach. Mam Ben schwätze mir iwwert Publicitéit a Kommunikatioun.
-
5
5) Generatiounswiessel mam Isabelle Gales // Caves Gales
Caves Gales ass e bekannte Familljebetrib op der Musel, deen zanter méi wéi 100 Joer Wäin a Cremant produzéiert. Mëttlerweil an der Hand vum Isabelle Gales a sengem Papp erzielt d’Wënzerin eis vun de Chancen an den Erausfuerderungen déi all Dag op ee waarden, et erënnert sech awer och zréck un déi éischt Momenter als Kand am Wéngert an am Keller. Zäit fir e bëssen Nostalgie bei enger gudder Kippchen...
-
4
4) An d'Wäilies mam Jeff Konsbrück // Winery Jeff Konsbrück
Mir si matten an der Wäilies an et kann ee soen dass et alt erëm e Joer mat villen Erausfuerderungen ass. D'Freed ass ëmmer grouss fir am Wéngert endlech d'Friichte vun enger minutiéiser Viraarbecht ze "plécken".
-
3
3) Op e Patt Rosé mam Nathalie Funck // Jongwënzer Vinsmoselle
Wéi steet et eigentlech mat der Relève bei de Lëtzebuerger Wäibetriber? Komme genuch Leit no a wéi schwéier ass et Wënzer ze ginn? Ausserdeem gëtt déi ganz Episod vum Lëtzebuerger Rosé gedroen: ass et e Produit dee mam Ausland ka mathalen?
-
2
2) Wäin-ABC mam Marie Kox // Sunnen-Hoffmann
Déi 2. Episod befaasst sech mat de wichtegsten Termen an der Welt vum Wäin. Vun A wéi AOP bis Z wéi Zukunft ass alles dobäi. Ufänke maache mir awer mat engem wonnerbare Pinot Noir vu Sunnen-Hoffmann an ofgeronnt gëtt dat Ganzt vum Marie Kox sengem Liblingswäin...deen awer net vun him ass.
-
1
1) Den éischte Patt mam Nicolas Schmit // Schmit-Fohl
An dëser éischter Episod vum Podcast zum Magasinn "PROST" fänke mir ganz vir u wann een eng Fläsch Wäin keeft - bis de Moment wou ee se opmécht. Wéi a wou kafen ech? Wéi vill kafen ech? Wéi maachen ech d'Fläsch Wäin richteg op? Wéi schmaachen ech? Firwat richen ech de Wäin? Bref, mir ginn alles gewuer wat ee muss wësse fir eng gutt Fläsch Lëtzebuerger Wäin ze genéissen.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
Loading similar podcasts...