PODCAST · society
RTL - IGEL - Inclusioun ganz einfach liewen
by RTL Radio Lëtzebuerg
De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.
-
100
Episod 101 - SightCity 2026 – eng Plattform fir blann an séibehënnert Leit
D’SightCity ass vum 27. bis den 29. Mee zu Frankfurt an ass déi weltgréisst Plattform fir Hëllefsmëttel, Innovatioun an Inclusioun. Am Interview mat der Dagmar Kruzki geet et iwwert Entwécklungen, Trends an d’Bedeitung vun där Foire. Iwwer 150 Aussteller, Virträg a Workshops bidden konkret Léisunge fir den Alldag vu blannen a séibehënnerte Mënschen. D’Evenement ass mëttlerweil méi wéi eng Messe, et ass eng Plaz fir Austausch, Vernetzung an nei Iddien.
-
99
Episod 100 - D‘asbl Crunchbox stellt sech vir
De Projet Hasilux, beschäftegt sech mat Autismus an Inclusioun Am Mëttelpunkt steet eng Plattform, déi Informatiounen, Erfarungen an konkret Hëllef fir Betraffener an hiert Ëmfeld zesummebréngt. D’Gespréich beliicht besonnesch d’Wichtegkeet vun der Sensibiliséierung fir onsiichtbar Behënnerungen an inklusiv Bildung. Dobäi ginn et inspiréierend Ablécker an e Projet, deen Inclusioun praktesch, verständlech an zougänglech mécht. Am Interview sinn: D'Carla Carvalho, d’Joanne Theisen an de Gérard Kieffer
-
98
Episod 99 - Wéi gëtt a Krisen a Katastrophen u Leit mat Behënnerung geduecht?
E Gespréich iwwert en Internationale Rapport vun der Essel Foundation Am Gespréich mam Michael Fembeck geet et ëm de Crisis Report vun der Zero Project Conference. Des Rapport weist Lücken am Katastropheschutz a stellt konkret Léisungen an Tools vir. Fokus: besser Planung, inklusiv Approchen an den Asaz vu Technologie fir jiddereen.
-
97
Episod 98 - Wann d'Famill keng Loft méi kritt
Wéi d'Nadège Fassi Elteren a Geschwëster stäerkt An dësem Episod begréisse mir d’Coach an dräifach Mamm Nadège Fassi, déi sech zanter siwe Joer intensiv mat der Begleedung vun Elteren a Geschwëster vu Kanner a Jugendlechen mat Beanträchtegung befaasst. Si erlieft an hirer Aarbecht ëmmer erëm, wéi séier ee sech an esou usprochsvolle Liewenssituatioune selwer aus den Aen verléiere kann – als Mamm oder Papp, als Partner oder och als Geschwëster. D’Konsequenze si villfälteg: Frust, Iwwerfuerderung, emotional Erschëpfung. D'Nadège erkläert, firwat Selbstsuerg kee Luxus, mee eng Noutwennegkeet ass, a wéi si Familljen dobäi ënnerstëtzt, gestäerkt, méi bewosst a mat méi Liichtegkeet duerch den Alldag ze goen. Si deelt praktesch Erfarungen, Beispiller aus hirer Coaching-Aarbecht an Impulser, déi all Famill – mat oder ouni besonnesche Besoinen – direkt ëmsetze kann.
-
96
Episod 97 - De Schattenbericht
Een alternative Bléck op d’Umsetzung vun der UN-BRK zu Lëtzebuerg All Land, dat d’UN-Behindertenrechtskonventioun (UN-BRK) ratifizéiert huet, gëtt reegelméisseg zu Genf vun der UNO iwwerpréift, fir ze kucken, ob d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung och wierklech ëmgesat ginn. Deemnächst ass Lëtzebuerg erëm un der Rei, fir déi zweete Kéier. Nieft der offizieller „List of Issues“, wou d’UNO dem Stat vill Froen stellt, gëtt et och d’Méiglechkeet vun engem sougenannten Schattenbericht. Hei kënnen Vereenegungen an Initiativen eng alternativ Analys vun der Situatioun am Land virstellen. De Schattenbericht aus Lëtzebuerg, ausgeschafft vun Info-Handicap an sengen Memberen, läit elo vir. Am IGEL Podcast schwätzt de Sascha Lang mam Christine Zimmer, Nadine Medinger an Shirley Feider iwwer dëse Bericht a kuckt dobäi, wat doraus ervirgeet.
-
95
Episod 96 - Actiounsplang 2.0 – Gesondheet an Educatioun am Fokus
Den Actiounsplang 2.0 fir d’Rechter vu Mënsche mat Behënnerung ass den 31. Dezember 2024 ausgelaf. An de leschte Méint hu mir an dräi Episoden driwwer geschwat, wat gutt gelaf ass a wou et nach Verbesserungspotential gëtt. An dësem neien Episod vum IGEL Podcast geet et ëm zwee zentral Beräicher: Educatioun an Gesondheet. De Sascha Lang schwätzt mat der Sarah Scholtes vun der Direction de la Santé an aus dem Educatiounsministère mat der Nathalie Scholtes an dem Ben Haas. Zesumme ginn d’Aktiounen analyséiert, déi aktuell ëmgesat ginn, an et gëtt och e Bléck op déi nächst Schrëtt an den nächste Jore gehäit.
-
94
Episod 95 - "50+1" a "Paralympic-day": 2 wichteg Projen vum LPC
Mam Mathis Finke an Ruben Goncalves schwätzen mir iwwer zwee spannend Projeten „50+1“ – ee Projet, dén d’Inklusioun am Sport stäerke soll „Paralympic Day“ den 08.11. am Rehazenter, wou 20 Sportaarten fir jidderee fir matzemaachen ugebuede ginn.
-
93
Episod 94 - Malta Meets Luxembourg
An dësem Episod kritt de Sascha Lang Besuch vun enger Delegatioun aus Malta. Mat der Ënnerstëtzung vun Christine vun Info-Handicap sinn de Mathis, President vum nationale Dachverband MFOPD (Malta Federation of Organizations of Persons with Disability), an d’Gail, Member vun der MFOPD, op Lëtzebuerg komm. Am Gespréich schwätzen si iwwer d’Erfarunge vun der Delegatioun, d’Zesummenaarbecht tëscht Malta a Lëtzebuerg an d’Inspiratioun, déi si duerch den Austausch mat Lëtzebuergeschen Organisatiounen a Ministère gesammelt hunn. D’Themen gi vu Bildung a Beschäftegung iwwer Selbststännegkeet a Perséinlech Assistenz bis bei d’Wichtegkeet vu Kommunikatioun a Partizipatioun, ënnert dem Motto: „Näischt iwwert eis, ouni eis“. Dës Episod weist, wéi wichteg internationalen Dialog a Best-Practice-Austausch sinn, fir d’Liewe vu Persoune mat Behënnerung konkret ze verbesseren, an d’Stëmm vun de Betraffenen ze stäerken.
-
92
Episod 93 - Etüden an hier Wichtegkeet aus dem Aktiounsplang Handicap 2.0
D’Etüden hu wichteg Ablécker ginn an de Wunn- a Betreiungsberäichm, an d’Bedeitung vun der Selbstbestëmmung vir Menschen mat Behënnerung. Am Gespréich geet et ëm d’Roll vum ASP, de geplangten One Stop Shop, an d’Haapterkenntnisser aus de Studien. E wichtege Schwéierpunkt ass déi geplangte Aféierung vun der Perséinlecher Assistenz zu Lëtzebuerg, déi d'Fräiheet an d'Autonomie stäerkt. D'Elisabeth Scheier huet als studéiert Soziologin a Sozialpolitikerin, des Etüden am Familje-Ministère (Division Handicap) begleet, an presentéiert déi wichtegst Erkenntnisser.
-
91
Episod 92 - De European Accessibility Act an de Roll vum OSAPS
E grousse Schrëtt fir d’digital Barrièrefräiheet Zanter dem 28. Juni 2025 ass de European Accessibility Act an der ganzer EU a Kraaft – och Lëtzebuerg muss elo dofir suergen, datt Produiten a Servicer fir jiddwereen zougänglech sinn. Wat seet d’Direktiv genee? Wéi funktionéiert den OSAPS als Kontroll- an Informatiounsplattform? A wat bedeit Barrièrefräiheet am Alldag? Am Gespréich ass de François Engels, Koordinator vum OSAPS
-
90
Episod 91 - Evaluatioun vum Aktiounsplang 2.0
E Gespréich mam Familljeminister Max Hahn an der Coordinatrice vum Aktiounsplang, dem PAN Handicap, Michèle Stein, iwwert d'Resultater vun der Evaluatioun Si analyséieren d’Resultater, erklären d’Recommandatiounen a kucken zesumme wéi et weidergeet Richtung Aktiounsplang 3.0. D’Rapporte fannt Dir op der Internetsäit vum Familljeministere. Wann dir wëllt bei der Ausschaffung vum neien Plang matschaffen, an am Oktober un de Workshoppe bedeelegt sinn, mellt Iech bis den 31.07.2025 mat enger mail op "[email protected]" un.
-
89
Episod 90 - Sightcity 2025: Sinn all nei Entwécklungen wierklech sënnvoll?
D’SightCity 2025 ass eriwwer – mat spannenden Entdeckungen an Entwécklungen, déi Zukunft hunn oder vläicht och net. Mir schwätzen mam Christian Stahlberg, Messe- an Hëllefsmëttel-Expert a Produzent vum däitsche Podcast Sightviews, iwwer seng Andréck a wat him opgefall ass.
-
88
Episod 89 - Interview mam Madelaine Kayser
D'Madelaine Kayser geet an e puer Méint an d’Pensioun a huet schonn hir Nofollgerin agefouert. Am Podcast schwätze mir mat hir iwwer hir Aarbecht fir Mënsche mat Behënnerung a Migratiounshannergrond, iwwer hir Motivatioun an d’Initiativ vun de Sensibiliséierungswochen. A mir froen och: Wat huet si an der Pensioun vir? En Episod mat enger Fra, déi d’Häerz um richtege Fleck huet!
-
87
Episod 88 - Audiodeskriptioun am Theater
Dëst ass e bedeitende Schrëtt a Richtung inklusiv Kultur. Am Mierscher Theater gouf d’Theaterstéck „Vreckvéih“ opgefouert – fir d’éischt zu Lëtzebuerg mat lëtzebuergescher Audiodeskriptioun fir blann a séibehënnert Persounen. D’Initiativ gouf vun der Fondation Lëtzebuerger Blannevereenegung (FLB) an Zesummenaarbecht mam Mierscher Theater an der Initiativ Hoermal Audiodescription aus Däitschland ëmgesat. Déi éischt lëtzebuergesch Audiodeskriptioun gouf vun de Volontairen Antonia Bruch an Daniel Sousa realiséiert.
-
86
Episod 87 - Sensibiliséierungswochen 2025 an der Stad
Aus de Woche gouf viru langem Méint, mat ville flotten Highlights. An dësem Episod stelle mir Iech de Programm vir, an mir léieren déi nei Responsabel vum Service Intégration et besoins spécifiques, Caris Dias Delgado, kennen. Fir d'Gala kann ee sech op [email protected] umellen.
-
85
Episod 86 - SightCity 2025
2025 ass zu Frankfurt déi 23. Editioun vun der SightCity – där weltwäit gréisster Foire fir Hëllefsmëttel fir blann a sehbehënnert Leit. Well Frankfurt net wäit ewech ass, weise mir gäre op dësen Datum hin. De Sascha Lang schwätzt an dësem Episod mat der Messeverantwortlecher Dagmar Krutzki, déi en Abléck an d’Organisatioun an d'Highlights vun der Foire gëtt.
-
84
Episod 85 - Colloque iwwert Perséinlech Assistenz zu Lëtzebuerg
D’perséinlech Assistenz steet zënter Joren um politeschen Dagesuerdnungspunkt zu Lëtzebuerg. Wäertvollt Liewen setzt sech besonnesch fir chronesch krank Leit an, datt si esou laang wéi méiglech doheem liewe kënnen. Am Koalitiounsaccord an am Aktiounsplang 2.0 ass d’Ëmsetzung nom Artikel 19 vun der UN-BRK festgehalen. Den 13. Mäerz 2025 organiséiert Wäertvollt Liewen e Colloque fir d’Wichtegkeet vun dësem Thema ervirzehiewen. Umelle kann ee sech iwwert "[email protected]".
-
83
Episod 84 - 25 Joer Assurance dépendance
Den 1.1.1999 gouf zu Letzebouerg d’Assuracen Dépendance agefouert Wéi wichteg si ass, a firwat si eng Plaz am IGEL Podcast verdéngt huet, verroden d'Pascale Kolb an d'Sandrine Henriquet. Helpline: Allgemeng Froen:24786060 Technesch Hellefsmettel: 24786040
-
82
Episod 83 - Katrin Kohl – méi wéi just Héichleeschtungssportlerin
Botschafterin fir d’Inclusioun, Paraliichtathletin, schafft um 1. Aarbechtsmaart an ass am Gemengerot zu Dikrech An der 83. Episod vum IGEL Podcast wollte mir méi wëssen iwwert hiren Engagement an hir Motivatioun. An och wéi et sportlech weidergeet.
-
81
Episod 82 - Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen
Selbstbestëmmt Liewen ass duerch d’ UNBRK (UN-Behindertenrechtskonvention) an de Fokus komm Wéi ee kann selbstbestëmmt liewen? Dat ass eng vun de ville Missioune vum éischten an eenzegen Zentrum fir selbstbestëmmt Liewen zu Lëtzebuerg Den Zentrum gouf virun engem Joer zu Esch gegrënnt. Mam Tessy Oth an Angie Reuter geet Riets iwwer d'Aufgaben vum ZSL an hir Wichtegkeet.
-
80
Episod 81 - 9. November – Paralympics Day am Rehazenter
Knapps zwee Méint nom Enn vun de Paralympics zu Paräis invitéiert d'Lëtzebuerger Paralympesch Comité (LPC) op de Paralympics Days am Rehazenter. Dësen Dag bitt eng exzellent Geleeënheet, fir d'Inklusioun am Sport ze feieren an sech iwwer d'Wichtegkeet vum paralympesche Sport zu Lëtzebuerg z'informéieren. An virun allem vir matzemaachen! Am Gespréich mam Mathis Finke vum Paralympesch Comité Lëtzebuerg hiert Dir wat d'Visiteuren op dësem speziellen Dag erwaart. Et gëtt eng Villfalt vun Aktivitéiten, dorënner Demonstratioune vu paralympesche Sportaarten, d'Méiglechkeet, selwer verschidden Disziplinnen auszeprobéieren, an d'Presentatioun vu inklusiven Sportprojeten. Een weidert Thema vum Gespréich war och de Projet "50+1 All Zesummen Sport Inklusiv". Dëse Projet fërdert d'Participatioun vu Mënsche mat Behënnerung am Sport a setzt sech dofir an, datt inklusiv Sportméiglechkeete fir jidderee zougänglech sinn.
-
79
Episod 80 - Auswee Wunnstruktur
Dësen Episod beliicht déi emotional Aspekter vun dëser Decisioun D'Suergen an Ängschten, déi d'Tatiana Kerg en Vue vun der Zukunft vun hirem Bouf hat, déi néideg Upassungen am Alldag an déi schwiereg Iwwerleeungen, déi si huet musse maachen. Et gëtt och thematiséiert, wéi den Dave selwer dësen Iwwergank erlieft huet, a mat wéi enge Schwieregkeeten, awer och positiven Entwécklungen, hien dobäi konfrontéiert gouf.
-
78
Episod 79 - Cybathlon 2024: Technik ouni Grenzen
De Cybathlon 2024 gëtt vum 25. bis den 27. Oktober an der Swiss Arena zu Kloten bei Zürich organiséiert, mat 80 Teams aus 26 Natiounen. An dësem internationale Concours gi Pilot:innen mat Behënnerungen duerch nei Assistenztechnologien ënnerstëtzt. Nei Disziplinne sinn d'Intelligent Sehassistenz an d'Assistenzroboter, déi d'Inclusioun weider fërderen. D'ETH Zürich vernetzt Betraffener mat Fuerscher, fir Barrièren ofzebauen. Zousätzlech gëtt den Cybathlon gläichzäiteg op 8 anere Plazen weltwäit duerchgefouert. Mir schwätzen mam Anni Kern vun der ETH Zürich.
-
77
Episod 78 - Dadofonic – Inklusiv Konscht a Kultur
De Collectif Dadofonic ass een Atelier Protégé, dee spezialiséiert ass op Art Visuel an Art sur Scène. Zanter ville Jore sinn si Gaascht op villen Bünen hei am Land, an loosse Leit mat Behënnerung och den Dram vun enger Artistekarriär dreemen. Et ass méi wie just een Atelier Protégé. Dat erzielt de Gary Wirth, Encadrant bei Dadofonic vun der Ligue HMC.
-
76
Episod 77 - Colors of Blindness
Quinzaine vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung D'Quinzaine "Colors of Blindness" ass eng Initiativ vun der Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung. Dës Aktioun soll d'Ëffentlechkeet fir d'Thema Blann- a Séibehënnerung sensibiliséieren. Nieft der Verdeelung vum traditionelle Kalenner gi wärend dësen 2 Woche Spenden gesammelt an Evenementer wéi "Unsichtbare Welten" am Mierscher Theater organiséiert. Mam Thierry Luthgen, Direkter vun der Fondatioun, geet riets iwwer d'Aarbecht an d'Aktivitéite vun der Fondatioun.
-
75
Episod 76 - Bronze fir den Tom Habscheid
E Schub fir de Parasport zu Lëtzebuerg? Ass et elo de Moment, wou méi Ënnerstëtzung an Opmierksamkeet gefuerdert muss ginn? Mam Marc Schreiner (dem President vum Luxembourg Paralympic Committee) a Marc Kieffer (dem Sportdirekter vum LPC) schwätze mir iwwer hir Emotiounen a Gefiller, déi et zu Paräis goufen. Mir stellen och d’Fro no de Fuerderungen un d’Politik, Verbänn, Veräiner an d’Gesellschaft fir mat deem Schwong elo méi an den Parasport ze investéieren, an dëse Sportberäich méi eescht ze huelen.
-
74
Episod 75 - Interview mam Rigo Rink
De Rigobert Rink, deen zanter méi wéi 20 Joer Tetraplegiker ass, deelt seng inspiréierend Geschicht mat Iech. Trotz senger Behënnerung ass hien ëmmer aktiv bliwwen, a säi Motto "Ëmmer erëm opstoen" huet him gehollef, déi gréissten Erausfuerderungen ze meeschteren. Et geet ëm seng Motivatioun, wéi hien Hürden am Liewen iwwerwonnen huet, a seng Rotschléi fir aner Leit mat Behënnerungen. En Episod voller Inspiratioun an Kraaft!
-
73
Episod 74 - All Together – e Concert vun der Fondation EME op der Kinnekswiss
An dësem Episod ass d'Sarah Bergdoll zu Gaascht. D'Coordinatrice Générale vun der Stëftung erzielt iwwert hire Projet an iwwert 15 Joer Fondation EME.
-
72
Episod 73 - „Alles Normal“ - Lëtz celebrate inclusion
An dësem Episod beschäftege mir eis mat dësem groussen Event, den 12. an 13. Juli 2024 am Forum Geesseknäppchen De Familljeminister Max Hahn, d'Christine Zimmer (Chargé de direction Info-Handicap), d'Michèle Stein (vum Ministère de la Famille), de Professor Traue (Uni.lu) an de Mathis Finke (LPC) sinn d’Gäscht an dësem Episod. Mir gi méi genee op de Programm an, an héiere firwat et sech lount de Weekend an de Forum Geesseknäppchen ze kommen.
-
71
Episod 72 - Sightcity 2024
Och hei am Land fueren all Joer vill Leit op Frankfurt op d’Sightcity Dat ass weltwäit déi gréisste Foire fir Blann an séibehënnert Leit. D'Dagmer Krutzki vun der Sightcity huet wieder Informatiounen.
-
70
Episod 71 - 100 Deeg nei Chargée de Direction bei Info Handicap
D'Christine Zimmer ass zanter dem 01. Januer 2024 déi nei Chargée de Direction bei Info Handicap. Fir ons ee gudde Moment Sie am IGEL Podcast virzestellen an nozefroen, wéi d'Zukunft bei Info Handicap ausgesäit.
-
69
Episod 70 - Mosaik, en Netzwierk vun der Kultur fir d’Kultur zu Lëtzebuerg
D’Netzwierk këmmert sech ëm de Thema Inklusion, fir Spektateuren, Kulturschaffend, Acteuren awer och fir d’Kulturhaiser. Am Gespréich mam Sascha Lang presentéieren d'Peggy Kind (Mierscher Kulturhaus), d'Elvira Mittheis (Cooperation Wolz) an Tom Leick (Staater Theater) dëst Netzwierk, seng Erausfuerderungen an Zukunftsperspektiven.
-
68
Episod 69 - Hu Frae mat Behënnerung et méi schwéier ewéi Männer mat Behënnerung?
Een Interview mam Shirley Feider am Kader vum Weltfraendag Sie war bis 2023 d'Präsidentin vun ALAN, ass Member an der Inclusiounkommissioun zu Mamer, an steet hir Fra an enger nach net ganz inklusiver Welt. Mir werfen an eisem Interview och ee kuerze Bléck op de Bilan vum Plan d’Action vun de Maladies Rares, deen de 6. Mäerz 2024 presentéiert gouf.
-
67
Episod 68 - Revivre vum Ensemble Blancontact
Zanter enger Zäit gëtt et d’Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv. Initiator dovu war d'Mierscher Kulturhaus. Bei dësem Netzwierk geet et net just nëmmen drëm Veranstaltungen accessibel ze gestalten, mä och Kënschtler mat Behënnerung zu fërderen. An dësem Episod schwätze mir iwwert dëst Netzwierk, a beschäftegen eis haaptsächlech mam Ensemble Blancontact. Invitéiert sinn: Annick Puetz, Giovanni Zazzera, Ensemble BlanContact an Peggy Kind, Kulturhaus Miersch an Netzwierk Mosaik Kultur Inklusiv.
-
66
Episod 67 - Weltdag vun der Brailleschrëft
Wéi geet et der Brailleschrëft? Dat freet ee sech 199 Joer no hirer Entwécklung duerch de Louis Braille. De Reiner Delgado an d'Sonja Schmidt schaffe beim Däitschen Blannen- a Sehbehënnerteverband op nationalem an Europäeschem Niveau, fir d’Promotioun an d’Weiderentwécklung vun der Brailleschrëft.
-
65
Episod 66 - Hëllef fir eng besser Mobiliteit – Neie Projet vun Info-Handicap
SAMT – sou heescht den neien Projet vun Info-Handicap op Initiativ vum Familje Ministere. Dëse Projet déngt dozou Leit mat Behënnerung ze ënnerstëtzen an der Notzung vum ëffentlechen Transport. Méi Detailer, a wéi ee ka matmaachen, ginn et am Interview mam Valentino Nardella vun Info-Handicap.
-
64
Episod 65 - Perséinlech Assistenz als Schlëssel zur Inclusioun
Een Interview mam Raul Krauthausen Zu Lëtzebuerg lafe Preparatioune fir perséinlech Assistenz anzeféieren. Dat wäert nach daueren an trotzdeem ass et spannend iwwert den Tellerrand ze kucken an nozefroen wéi dat am Ausland ëmgesat gëtt, a wat fir eng Wichtegkeet dës Form vun der Ënnerstëtzung fir Persounen mat Behënnerung an der Inclusioun spillt. De Raul Krauthausen ass Aktivist an Däitschland an hien erzielt am Podcast firwat hien dovunner iwwerzeegt ass, dass déi perséinlech Assistenz de Schlëssel zur Inclusioun ass.
-
63
Episod 64 - Internationalen Dag vun de Mënsche mat Behënnerung
Den 03. Dezember weise vill Associatiounen an Institutiounen op d'Besoine vu Mënsche mat Behënnerung hin. Viru knapps 14 Deeg gouf den Max Hahn als neien/ale Familljeminister bestätegt. Am Koalitiounsvertrag steet op ville Plazen eppes iwwert Inclusioun, mä virun allem vun der Säit 77 bis 83 ginn ambitiéis Projeten ugestouss. Wie interpretéiert de Minister dësen Koalitiounsoptrag? Wat sinn d’Erausfuerderungen a wéi wichteg ass dem Minister den Dialog mat den Leit um Terrain?
-
62
Episod 63 - 25 Joer ALAN
D’Maladies Rares ginn zu Letzebouerg vertrueden duerch d’Associatioun ALAN. Wie wichteg dës rar Krankheete sinn gesäit een dorun, dass et en eegene Plan d’Action zu dësem Thema gëtt. Maladies Rares hunn awer och eng staark Auswierkung op d’Thema Inclusioun, well si féieren dax zu Behënnerung, meeschtens där, déi een net gesäit. Mam Daniel Theisen, Direkter vun ALAN feiere mir 25 Joer Associatiounsjubiläum an schwätzen iwwer d’Erausfuerderunge bei de Maladies Rares.
-
61
Episod 62 - Mënsche mat Behënnerung dierfen net vergiess ginn
Wärend de Koalitiounsverhandlunge kommen Associatiounen aus der Behënnerten Zeen zu Wuert. Mat dobäi: Joel Delvaux: Nëmme Mat Eis an ZeFi Patrick Hurst : CSPH, Nëmme Mat Eis an CET Martine Kirsch: ZeFi Nadine Medinger: Conseil National Infohandicap Jean-Marc Scheer: Wäertvollt Liewen Marie-Marthe Müller: Aktivistin an Nëmme Mat Eis Martine Eischen : Trisomie 21 Moderatioun : Sascha Lang
-
60
Episod 61 - LPC - Paralympicdays an Paralympics 2024 zu Parais
D'Paralympics 2024 zu Paräis werfen hir Schied viraus. Virdru sinn den 28. an 29. Oktober 2023 Paralympic Days am Reha Zenter. Mam Mathis Finke a Marc Kiefer kucke mir op déi zwee Evenementer, déi fir de Paralympesche Sport wichteg sinn.
-
59
Episod 60 - Table ronde mat den Kandidaten zum Thema Inklusioun
Wie eng Behënnertepolitik erwaart ons an deenen nächste Joren? An dësem Episod si Kandidaten an Kandidatinnen mat an ouni Behënnerung invitéiert. Zesumme gëtt ee Réck- an Ausbléck gemaach. Mat dobei sinn: Anne Winter – Fokus Joel Delvaux – Déi Lénk Gaby Damjanovic – Déi Gréng Stéphanie Weydert – CSV Susanna Van Tonder – LSAP Raymond Remakel – Piraten Tom Weidig – ADR
-
58
Episod 59 - Biller fir d’Ouren
Audiodeskriptioun beim weltwäit erfolgräichste Musical zu Hamburg Bei der Audiodeskriptioun kréie blann a séibehënnert Leit beschriwwe wat an deene Momenter passéiert, wou op der Bün net geschwat gëtt, oder och am Film keen Dialog ze héieren ass. Fir dat dauerhaft live ëm ze setze war bis elo quasi onméiglech, well et nach keng Technik dofir gouf. Elo ass se do: "Earcatch" heescht eng App déi dat méiglech mécht. Beim "König der Löwen" gëtt déi APP zanter dem 13. September bei alle Virstellungen agesat. De Sascha Lang war bei der Première dobäi, an erkläert an dësem Episod, wéi déi Erfarung war, a wéi d'Technik hannendru funktionéiert. D’App "Earcatch" fannt Dir an all guddem App-Store.
-
57
Episod 58 - Design for All
Méi ewéi just Barrièrefräiheet fir Leit mat Behënnerung Den Design fir jiddereen ass ëmmer ganz enk mam Thema Accessibilitéit verbonnen. No dem Akraafttriede vum neien Accessibilitéitsgesetz, den 1. Juli 2023, zu Lëtzebuerg, ass d'Thema Design fir all méi aktuell wéi jee. Dat ass och d'Zil vun der Associatioun, där hire President de fréieren Direkter vum Info Handicap Silvio Sagramola ass. Hien ass net nëmmen de President vun dëser Associatioun, hie gouf och vun der Europäescher Kommissioun als Kontaktpersoun an Expert zu Lëtzebuerg fir hir Accessibilitéitscampagne ernannt. Am Podcast geet et drëm, wat d'Associatioun mécht, wat Europa plangt a wéi dat Ganzt zu Lëtzebuerg ëmgesat gëtt
-
56
Episod 57 - Daat neit Accessibilitéitsgesetz
Net just eng Chance fir Persoune mat Behënnerung Zanter dem 01.07.2023 ass et a Kraaft. Dës Kéier ass net just den ëffentelche Secteur viséiert, net just d’Neibauten, mee och den Private Secteur an den Bestand! E Gesetz wat ee Meilesteen an der Accessibilitéit wäert duerstellen. „Ee grousse Schrëtt a Richtung Barrièrefräiheet net just fir Persounen mat Behënnerung“, esou gesäit et och dee Familljeminister Max Hahn an dësem Episod. Nieft dem Minister Hahn ginn et och vill Informatiounen vum Architekt vum Familljeministère a President vum Conseil Consultatif à l’accessibilité, Magnus Koerfer.
-
55
Episod 56 - 20 Joer Département des Travailleurs Handicapés
Den DTH huet am Mee seng 20 Joer gefeiert Vun Ufank un ass de Joël Delvaux, selwer betraff, staark engagéiert an och mëttlerweil Responsabel fir dësen Departement. Mat him gëtt et an dësem Episod ee Bléck op déi lescht 20 Joer, mir sträifen den Historique vum DTH a gi gefuer, wat een an Zukunft misst besser maachen.
-
54
Episod 55 - ATVA
Eng Bréck op den éischten Aarbechtsmaart ATVA steet fir Agence pour la transition vers une vie autonome. Si bitt eng Ënnerstëtzung vun der Schoul op den Aarbechtsmaart. Recht op Aarbecht fir jiddereen, Iwwergang: Schoul – Ausbildung – Aarbecht, mee wat ass hier Missioun genee? Wien ass hier Zilgrupp? Wien dierf ënnerstëtzt ginn, a firwat ass den Assistant à l’inclusion bis elo ee gescheiterte Modell? Ënnert anerem déi Froe versiche mer mam Direkter Paul Feitler ze beäntwerten. An da schwätze mer och iwwert d’Table Ronde den 14. Juni an de Coloque den 16. Juni, déi d’ATVA zesumme mam Ministere de l’éducation organiséiert.
-
53
Episod 54 - Rehab zu Karlsruhe
Therapie, Rehabilitatioun an Inclusioun op enger Plaz D'REHAB zielt zu deene gréissten Foire fir de Beräich Inclusioun a Rehabilitatioun an Däitschland. Vum 15. bis de 17. Juni ass déi Foire fir déi 22. Kéier. Mam Annika Gehrmeyer (Projektleiterin) a mam Volker Neumann (Editeur vum Ratgeber MOBITIPP) schwätze mir iwwert dës Editioun.
-
52
Episod 53 - Semaines de Sensibilisation VDL
Sensibiliséirungswochen vun der Stad Letzebouerg – dee Feste Rendez-Vous all Joer Ufank Mee organiséiert d’Stad nees wéi all Joer d'Sensibiliséierungswochen. Gutt De Programm ass gutt gefëllt, vun Iessen am Däischteren iwwert d'Inclusiounsgala bis hin zum Aktiounsdag, de 6. Mee op der Plëss. Mam Schäffen Patrick Goldschmidt an der Responsabel vum Service Integratioun an Inclusioun vun der Stad gi mer op dës Sensibiliséierungswochen an, a kucken och, wéi an der Stater Gemeng dat neit Accessibilitéitsgesetz gelieft gëtt.
-
51
Episod 52 - SightCity
20. Editioun vun der SightCity – Déi gréisst Foire weltwäit fir Hëllefsmëttel fir Blann an Sehbehënnert Leit Wat kleng ugefaangen huet, ass mëttlerweil ee feste Rendez-vous, an den Treffpunkt vun der Blannen- a Sehbehënnertenzeen weltwäit. Iwwert 100 Aussteller aus aller Welt op enger neier Plaz. En Interview mam Dagmar Krutzki, Geschäftsführerin vu SightCity Frankfurt.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
De Podcast fir gelieften Inclusioun. Inclusioun bedeit net just datt Mënsche mat an ouni Behënnerung gutt zesumme liewen, mä och, datt si sech géigesäiteg verstinn. Als selwer Betraffenen traut sech de Sascha Lang och Themen unzeschwätzen un déi net jiddweree sech eruntraut. Inclusioun ganz einfach Liewen ass gelieften Inclusioun.
HOSTED BY
RTL Radio Lëtzebuerg
Loading similar podcasts...