EPISODE · Jan 19, 2026 · 1H 16M
#1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“
from Sport aus der Heemecht - De Podcast · host Ben Schlammes
„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass lancéiert. An der éischter Episod diskutéiert de Ben matt sengem Invité Karim Consbruck iwwer wichteg Themen, déi d'Karriär vun engem Sportler hei am Land & am Profiberäich am Ausland beweegen. De Karim huet a senger Karriär scho verschidde Profisportler begleet & gëtt eis ecklusiv Abléck a säin Alldag & seng Erfarungen als Kraaft- & Konditiounstrainer. Bekannt ass hie virun allem am Fussball, mee och Athleten aus anere Sportaarte vertrauen op säin Training.Lauschtert elo déi éischt Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi sech ënner anerem de Jean-Pierre Papin, de Zlatan Ibrahimovic & de Benjamin Henrichs um Karim sengem Wee bedeelegt hunn. Ech wënschen iech vill Spaass.Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.0'40" - Ween ass de Karim Consbruck?3'30" - Dem Karim seng Zäit beim AC Mailand & Olympique Marseille.9'40" - Wéi wichteg ass de Faktor Gléck am Sport?10'35" - Mythos oder Wourecht?27'55" - Dem Karim seng Athleten & Aufgaben.38'15" - Witzeg Anekdoten aus dem Karim senger Karriär.44'15" - Wee géif de Karim an enger 5v5-Ekipp opstellen?48'00" - Dee prominentste Numm, deen de Karim a senger Karriär begéint huet.50'10" - Wat ass eigentlech Talent & wourun erkennt een dat?51'50" - D'Affär Brian Madjo.59'35" - Dem Karim seng Motivatioun & Ziler.63'40" - Prognose fir d'Joer 2026.75'05" - Outro vun der éischter Episod.
Embed this episode
Ready to play
#1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.