EPISODE · Mar 4, 2026 · 44 MIN
#3 Nathalie Neumann: „Zu Abu Dhabi eng Course ze fuere war onbeschreiflech a wéi een Dram.“
from Sport aus der Heemecht - De Podcast · host Ben Schlammes
An der drëtter Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass d'Nathalie Neumann op Besuch. Am Gespréich mam Ben gëtt hat exklusiv Ablécker an hir Karriär als ambitionéiert Fra am Automobilsport & schwätzt iwwer hir Ziler am europäeschen NASCAR. D'Lëtzebuergerin huet Motorsport am Blutt & ëmmer eng enk Verbindung zu hirem Rennwon.Lauschtert elo déi drëtt Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi et sech ufillt, um Yas Marina Circuit eng Course ze fueren, wat d'Nathalie mëscht, wann et op der Streck e bësse méi knapp zougeet & wéi hat nieft dem Motorsport och eng Léift zum Hyrox entwéckelt huet. Ech wënschen iech vill Spaass. Den Opbau vun der Episod:0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.0'50" - Den Ufank vum Nathalie senger Karriär am Autocross.3'00" - De grousse Schrëtt an de Radical Cup UK.5'35" - Dem Nathalie seng gréisste Lektioun & den Ëmgang mat Accidenter.9'30" - Firwat opgi fir d'Nathalie ni eng Optioun ass.10'30" - Anekdoten & Ritualer.14'15" - De nächste Schrëtt an d'NASCAR Euro Series.18'55" - Dem Nathalie säi Fuerstil.20'40" - Eng Ronn um Yas Marina Circuit & wat eng perfekte Ronn ass.24'25" - Training, Virbereedung & Hyrox.29'40" - Entweder, oder?38'15" - Wéi kënnt een als Fra vu Lëtzebuerg an déi grouss Motorsportwelt?40'20" - Ass d'Formel 1 iwwerhyped?43'30" - Wéi bleift d'Nathalie gär bei de Leit an Erënnerung?44'05" - Outro.
Embed this episode
Ready to play
#3 Nathalie Neumann: „Zu Abu Dhabi eng Course ze fuere war onbeschreiflech a wéi een Dram.“
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.