EPISODE · Dec 2, 2024 · 39 MIN
Christine Majerus: "D'Häerz hätt nach gewollt, de Kapp wollt awer net méi", 02/12/2024
from Drëtt Hallschent - De Sport-Talk · host RTL Radio Lëtzebuerg
Dës Woch ass d'Christine Majerus eis Invitée am Podcast Drëtt Hallschent. Mat 37 Joer, huet d'Christine Majerus de Vëlo un den Nol gehaangen. An der "Drëtter Hallschent", kuckt de Rich Simon zesumme mat der Grande-Dame aus dem Lëtzebuerger Cyclissem zeréck op eng eenzegaarteg Karriär. Wéi huet alles ugefaangen a wéi huet den Damme-Cyclissem sech an de leschte Jore verännert? Dat si Froen, déi beäntwert ginn. Am Podcast kuckt d'Christine Majerus awer och zeréck op déi manner schéi Momenter, déi et am Laf vun der Karriär goufen. Virun allem d'Accident vum Amy Pieters deet dem Christine Majerus nach ëmmer wéi. D'Ausnameathletin erzielt awer och, wat fir eng Bedeitung déi siwefach Auszeechnung zur Sportlerin vum Joer fir si huet.
Embed this episode
NOW PLAYING
Christine Majerus: "D'Häerz hätt nach gewollt, de Kapp wollt awer net méi", 02/12/2024
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.