Dinosaurier episode artwork

EPISODE · Mar 17, 2025

Dinosaurier

from E puer Wierder iwwer Wierder · host radio 100,7

Mir gi gewuer, wéi d'Dinosaurier zu hirem Numm koumen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon. Ech starten direkt mat enger Fro. S: Da lee mol lass. C: Bass de Fan vun Dinosaurier? S: ____ C: Ech war perséinlech e grousse Fan vun Dinosaurier (wou ech kleng war, koum Jurassic Park eraus) an do ass mir dann och opgefall, dass déi Nimm hunn, déi ëmmer ganz speziell kléngen. Fält der do spontan een Dinonumm an? S: ____ C: Se heesch dann Brontosaurus oder Tyrannosaurus rex, dat sinn oft Bezeechnungen, déi mat laténgeschen a mat griichesche Wuerzelen zesummenhänken. An do war ech op der Säit vum American Museum of Natural History an do ass e ganz interessante Bäitrag gewiescht iwwer d'zoologesch Nomenclatur, also den Oflaf, wéi Déiere benannt ginn, an hei méi spezifesch Dinosaurier. An hei gëtt et natierlech sou en Code, an dee wëll, dass déi Dinosauriernimm eng bestëmmten Struktur hunn. Also huet ee ganz oft eppes, wat aus dem Griichesche kënnt oder eppes, wat aus dem Laténgesche kënnt an do huet een dann och Ofkierzungen. Also den Tyrannosaurus Rex ass dann einfach T-Rex zum Beispill an ass jo och ee vun de méi Bekannten. S: A wat bedeit ‘Saurus’ eigentlech? C: “Saurus” bedeit eigentlech just “Eidechs”, also “Lizard”. An den Dinosaurier bedeit esou vill wéi “schrecklech Eidechs”, well Deinos ass griichesch an dat bedeit “schrecklech”, also “terrible”. An dat fannen ech super interessant, well Dinosaurier, et gëtt jo och esou Plüschdinosaurier, mee am Fong sinn dat schrecklech Eidechsen. S: Witzeg. C: An dann hues de och nach aner Deeler vun hiren Nimm, also wann zum Beispill Allo, Allosaurus derbäi ass, Allo heescht einfach just “komesch”. Oder du hues “Brontosaurus” a Bronto heescht einfach just “Blëtz”. A kenns de nach den Triceratops? S: ____ C: Ma Cerat heescht einfach en Horn. An Tri heescht dräi. An den Triceratops, dat ass deen, deen eeben op der Nues dräi Hörner huet. Mee esou gesinn hu mer dat haut och nach. En Einhorn ass och en Déier. Dat ass natierlech ee Fabelwiessen, keen normalt Déier, awer en Einhorn huet een Horn uewendrop. An en Nashorn huet och en Horn op der Nues. Dat heescht, mir hunn esou Benennungsmotiver, déi einfach d'Déieren iergendwéi charakteriséieren. A bei den Dinosaurier ass d'Charakteriséierung oft vun deem, wéi se sech beholl hunn, respektiv wéi ee mengt, dass se sech beholl hunn oder wéi se ausgesinn hunn. S: Dofir kléngen déi Nimm heiansdo komesch. C: Genee. Déi mussen awer net ëmmer alleguer op “Saurus” heeschen oder Saurier, mee mir hunn och zum Beispill den Deinodon. An den Deinodon heescht op Griichesch just esou vill wéi “schrecklechen Zant”. Dat heescht, do hu se dann e Gebëss fonnt, hu fonnt, dass dat schrecklech Zänn waren an esou huet sech dat da benenne gelooss. An och interessant, wann Dinosaurier a China fonnt ginn, da si se ganz oft op -long. Well Long heescht einfach “Draach”. An den Dilong, dee kennt ee warscheinlech net, den Dilong, dat ass den Emperor Dragon, also den kaiserlechen Draach, an deen ass e Virfach vum Tyrannosaurus Rex. Do muss een awer och soen, dass Tyrannosaurus Rex vill méi flott kléngt wéi Dilong. S: Dat fannen ech och. C: An den Tyrannosaurus ass natierlech och déi schrecklech Eidechs, déi dann nach Kinnek ass. Well Rex ass jo de Kinnek. S: Mir soen der dann elo merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

NOW PLAYING

Dinosaurier

0:00 0:00

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Magnetis Cast Magnetis Investimentos A Magnetis é uma gestora de investimentos que tem a missão de ajudar as pessoas a investir no que importa. Acreditamos que não existe sucesso sem investimento! Aqui você encontrará podcasts relevantes sobre finanças, investimentos e mercado financeiro. La Finanza in Soldoni Massimo Famularo - Hypercast Podcast e newsletter indipendente di informazione ed educazione finanziaria.Nessuno mi paga per vendervi niente e voi non mi pagate per dirvi in cosa investire. Newsletter http://lafinanzainsoldoni.substack.com/Youtubehttps://www.youtube.com/c/MassimoFamularoBloghttps://massimofamularo.com/X(ex-Twitter)https://x.com/MassimoFamularo---Questo podcast fa parte di Hypercast Network — 📧 Per proposte commerciali scrivi a: [email protected] El Aullido del Lobo El Aullido del Lobo Un canal para gente que a pesar de todo, está decidida a ser Fuerte, Libre e Indómita. Si tú no eres una de esas personas, este canal no es para ti… Alcatraz Radio2 "Fratello, la cosa assurda non è che sono un italiano nel braccio della morte di un carcere di massima sicurezza degli Stati Uniti. La cosa assurda è che tu stai fuori. Che tutti lì fuori siete liberi e state di schifo. Dov'è la tua libertà, tesoro? Nei lager dei quartieri di merda in cui vi hanno ficcato come bestiame, che cosa vi aspettate di diventare, onorevoli? Vi tengono in vita solo perché dovete comprare. Consigli per gli acquisti? Fanculo. Chi di noi due è nel braccio della morte? lo o te? Benvenuto ad Alcatraz, tesoro.”

Frequently Asked Questions

How long is this episode of E puer Wierder iwwer Wierder?

Episode duration information is not available.

When was this E puer Wierder iwwer Wierder episode published?

This episode was published on March 17, 2025.

What is this episode about?

Mir gi gewuer, wéi d'Dinosaurier zu hirem Numm koumen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer...

Can I download this E puer Wierder iwwer Wierder episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!