PODCAST · news
E puer Wierder iwwer Wierder
by radio 100,7
D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.
-
50
mof
Dës Kéier geet et ëm eng ganz schéi Faarf: mof. Mir schwätzen iwwer d'Orthografie, franséisch Wierder a Blummen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat hu mer haut fir e Wiwi-Wuert? C: Pass op, ech fänken haut net direkt mat eisem Wuert un … S: A sou? C: … mee mat engem Erratum. S: O mei, Caroline. Wou wëlls de dech da verbesseren? C: Jo, mäin Erratum ass vun der Episod 85 'bosseg', vu virun 2 Wochen, wou ech gesot hunn, dass dat eeben vu franséisch 'la bosse', also d'Knupp, kënnt. An do hunn ech dat passend franséischt Adjektiv mat der falscher Endung benotzt. S: A, dat war mer mol net opgefall! Wat has de da gesot? C: … ma ech sot leider déi falsch Form "bosseux" op Franséischen, also 't huet näischt mam Bosseur ze dinn, deen, dee vill schafft, mee et ass natierlech "bossu", mat U (ü) hannen. Du gesäis, meng Intuitioun am Franséischen ass net su gutt wéi am Lëtzebuergeschen. S: Haaptssach, déi ass am Lëtzebuergesche gutt an du hues dat jo lo verbessert. Wéi gesot, mir war et net opgefall an der Opnam. C: … ech sinn och vun engem Kolleeg a Wiwi-Fan drop opmierksam gemaach ginn, awer op eng ganz frëndlech Manéier an dofir sinn ech och do absolut transparent, fir ze soen, do hunn ech e Feeler gemaach – an dat heite war mäin Erratum. S: Fannen ech awer gutt, dass een do transparent ass! C: Majo! Ech wëll dem Franséischen awer net Onrecht doen an dofir hunn ech mer fir haut e Wuert erausgesicht, wat och aus dem Franséische kënnt a wat mir scho mi laang immens gutt gefält, an zwar geet et ëm eng Faarf. Kanns de der virstellen … oder nee, komm mer soe mol anescht, wat ass eigentlech deng Liblingsfaarf? S: ____ C: Ech schwanke ganz oft tëscht bordeaux-rout an däischtergréng. Ech fannen di alleguer immens schéin, mee haut geet et ëm d'Faarf 'mof' an mol direkt eng Fro: Wéi géifs du mof schreiwen? S: ___ C: Déi korrekt Schreifweis ass MOF. Ech hat do awer och no eelere Schreifweise gekuckt a M O O F (mat OO) ass tatsächlech eng Schreifweis, wou een 1975 richteg geleeën hätt, mee haut leider net méi, well haut muss de do d'Quantitéitsreegel richteg gräife loossen an et ass just e laangen O mat engem Konsonant hannendrunner, also muss de se M O F schreiwen. S: O vreck, ech wäert mer dat ni verhalen mat deene laangen a kuerze Vokaler. C: Ma wann s de wëlls, kann ech am Fong eng Kéier eng Emissioun maachen iwwert d'Quantitéitsreegel, wou mer dat méi genee kucken. S: Ou jo, ganz gären. Dat interesséiert bestëmmt och e puer Nolauschterer vun eis. C: Jo, et léiert ee jo och an der Widderhuelung, dass et hänke bleift! … mee zréck bei MOF. Et ass am Lëtzebuergesche MOF a weess de, wéi een am Franséische schreift? S: M-A-U-V-E. C: Genee, do ass et nämlech MAUVE och hannen mat engem vill mi mëlle Reif-Laut geschwat, ne? Also mir hunn hannen do VE an am Lëtzebuergesche maache mer F. Dat nennt sech Ennverhäerdung, dat heescht, wa mer esou e Laut hunn, deen et an enger an enger mëller Variant gëtt /v/, dann ass nom Enn vum Wuert ëmmer haart /f/ an dofir heescht dat Auslautverhäerdung oder Ennverhäerdung, well mer dee Laut um Enn ëmmer haart schwätzen. Deemno gouf de VE aus dem Franséischen net eriwwergeholl, mer huelen en F a schreiwen d'Wuert komplett Lëtzebuergesch. Dat heescht, mer schreiwen och net M-A-U-F, well se steet do Mauf wi 'e Maufel', et schreift een M-O-F. Dass deen F awer konsequent do ass, gesi mer, wa mer d'Wuert am Kasus veränneren, also wann eng Endung drukënnt, wéi bei 'e mofe Plower', do ass gutt en /f/ a kee /v/ ze héieren. S: A wou kënnt dat Wuert eigentlech hier? Also jo, "mauve" am Franséischen, mee dat huet dach eppes mat enger Planz ze dinn, nee? C: Ganz genee, "mauve" ass dat, wat mer am Däitschen als "Malve" kennen, an "mauve" ass eng Planz (Latäin malva, Gattung malvaceae). S: Wat kënnt eigentlech ëmmer fir d'éischt, hunn ech mech ëmmer gefrot, fir d'éischt den Nummf fir eng Faarf oder fir d'éischt den Numm vun enger Planz? C: Dat ass ganz intressant, well an deenen allermeeschte Fäll sinn mir als Mënschen inspiréiert vun der Natur. Et gouf fréier och net sou vill Faarfbezeechnungen, mee vill Faarwen an der Natur. Als éischt goufe meeschtens Planze genannt a méi spéit eréischt Faarfbezeechnungen. Genee wéi bei der Orange och! Als éischt d'Fruucht vum Bam an dono als Faarfbezeechnung. An eeleren Texter fënnt een och relativ wéineg verschidde benannte Faarwen. An am Ursprong vun der Sprooch si mer warscheinlich just bei hell oder däischter, dono rout, blo, giel asw. Dat ass a verschiddene Sproochen tatsächlech beluecht. Mee mat der Orange, do maachen ech gär eng separat Episod, dat ass och intressant! S: Jo, dat géif mech och intresséieren! C: Also bei MOF verhale mer eis, dass et vun der franséischer Blumm Mauve kënnt, dat wat am däitschen Malve ass, an do géif ech Iech wierklech recommandéieren, gitt eng Kéier op d'Google Sich oder eng aner Sichmaschinn, déi Der am Internet benotzt. An da gitt der eng Kéier Malven kucken, déi si wierklech wonnerschéin a se sinn och deelweis e Spektrum vu Faarwen, also se sinn heinsdo vu su engem ganz zaarte Mof zu engem su richteg kräftegen Toun mat ënnerschiddleche Blo-Undeeler dran. Mee dat ass elo genuch Faarftheorie fir haut! S: Ma da villmools Merci, Caroline, an da freeë mer eis op déi nächst Kéier, wa mer iwwer Orangë schwätzen. C: Jo, ganz genee. A merci och un dech! Bis dann. A mäi Schlusswuert ass: Äddi.
-
49
Outfit
Dës Kéier geet et ëm Outifts an d'Fro, ob mir e schéinen oder e schéint Outfit kënnen hunn. Donieft schwätze mir och iwwer d'Académie française. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis -– wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut geet et ëm Kleeder? C: Jo, ëm Kleeder an ëm Grammaire. S: Natierlech, ech mengen, dat sinn alles Saachen, déi dech intresséieren! C: Haha, jo. Mir schwätzen haut iwwer d'Wuert Outfit. Outfit ass e Wuert, wat jo ganz däitlech aus dem Englesche kënnt. An d'Englescht gëtt eis keng Genusinformatioune mat. Dat heescht, wa mer 'Outfit' soen, da wësse mer am Fong net, ob dat elo Maskulinum, Neutrum oder Femininum ass. An wa mer dat géifen am Englesche pronominaliséieren, dann hätte mer 'it'. I like your outfit, I like it. An do gesäit een einfach, dass et eng Neutrumreferenz ass, meeeee well am Engleschen d'Pronominaliséierung iwwert Belieftheet leeft an net iwwer e grammatesche Genus, ass eis nach net gehollef. S: Jo, 'it' ass bei Objeten esou, well se net männlech oder weiblech sinn. C: Genee. Just am Lëtzebuergesche brauche mer e grammatescht Geschlecht. Mer hunn 'the outfit', mee mer musse wëssen, ob et potenziell: deen, déi oder dat Outfit ass. S: Ech mengen, 'déi' kënne mer ausschléissen. C: Jo. Definitiv, d'Fro ass 'deen' oder 'dat'. Duerfir geet een normalerweis dann an déi aner Sprooche kucken, déi dat Wuert och schonn aus dem Englesche geléint hunn, fir ze kucken, wéi dann do eng Genuszouweisung gelaf ass. En typescht Beispill heifir ass E-Mail. Do hu mer am Franséischen "un e-mail" an am Däitschen hu mer eine E-Mail (F). An dofir kann een am Lëtzebuergeschen och do Maskulinum oder Femininum huelen. S: Oder Courriel! C: Jo, d'Fransouse brauchen ëmmer eng Extrawurscht, haha. Mir kënne soen: schreif mer nach séier eng E-Mail oder schreif mer nach séier en E-Mail. Do ass et oft dovunner ofhängeg, ob ee sech éischter Richtung Däitsch orientéiert oder éischter Richtung Franséisch. S: Kënnt dat dacks vir? C: Dat huet een och bei verschiddenen Internationalismen, wéi Theema oder Universum. Do hu mer dann och den Universum an dat Universum. Oder bei Theema hu mer den Theema oder dat Theema. Wat sees du dann hei? S: _______ C: Et ass ganz oft sou, dass wann Neutrum eng Optioun ass, dass dat ganz dacks en Afloss aus dem Däitschen ass. Das Thema, das Schema. An do komme mer och scho bei Outfit, well do wier et am Däitschen och: das Outfit. Am Lëtzebuergeschen hu mer, wéi am Franséischen och, heiansdo d' Tendenz fir ganz vill Maskulinum ze benotzen. Also wann d'Leit onsécher si mam Genus, do gëtt et sou eng Grondreegel fir mech. Déi ass am Lëtzebuergeschen: am Zweifel Maskulinum. S: Also 'den' oder 'deen Outfit'. C: Jo. An dat hu mer grad bei deene Varianten, wann ee sech net sécher ass, ob et deen oder dat ass. Awer et mengt een och bal, dass jonk Leit éischter zu deene méi däitsche grammatesche Kategorien tendéieren. Dat heescht, dass éischter jonk Leit do en Neutrum benotzen. An dat kann een tatsächlech och selwer nosichen. Also ee selwer ass jo do e gudde Startpunkt, mat senger Intuitioun, mee keen eenzege Referenzpunkt. Et ass ëmmer gutt ronderëm sech ze froen an ze beobachten. Ech mengen, och Dictionnairë ginn och heiansdo net sou séier mat, wéi de reelle Sproochgebrauch ass, well déi och net ëmmer d'Méiglechkeet hunn, fir sou vill Leit ze froen ODER well sech Saachen och nach veränneren oder Neierungen net bleiwen. Mee dofir kann een awer den Internet benotzen. An interessant ass och, wann een am LOD kuckt, do ass bis elo Outfit just Maskulinum. Et kann een awer elo och googleen, well net all Mënsch huet natierlech Zougrëff op grouss linguistesch Korpora, also Textsammlungen. Ech muss awer mat engem Adjektiv googelen, an dat ganzt tëscht Anführungszeiche setzen, da fannen ech do och Treffer. S: A firwat? C: Ech sichen dann "schéint Outfit", well déi t-Endung um Adjektiv weist eis, dass et hei am Neutrum benotzt gëtt. Maskulinum hunn ech och fonnt: e schéinen Outfit (mat -en bei schéin). Also ech géif soen, hei ass, wéi bei ville Fäll, den Neutrum duerch däitschen Afloss entstanen. Ech géif et awer net per se als falsch ugesinn. S: A vu wou kënnt dat Wuert Outfit eigentlech? Aus dem Engleschen, dat ass kloer. Mee wat et do am Fong bedeit? C: Tatsächlech kënnt et am Fong vun engem Verb 'to outfit', an dat heescht sou vill wéi 'ausstatten', akleeden, wann een nämlech de Leit Saache mat op de Wee gëtt, fir eng Rees oder fir e Projet ëmzesetzen, da sinn déi richteg outfitted, fir dat ze maachen. D'Verb huet sech awer ni etabléiert. Also do hu mer awer éischter d' Substantiv Outfit, wat mer a ville Sproochen iwwerholl hunn. Awer d' Fransousen, déi soen natierlech net esou gären Outfit, mee déi soen Tenue. Ech mengen, d'Académie française wier lo stolz op mech! S: Mir sinn och stolz op dech an deng Erklärunge vun haut! Dat koum och vun engem Nolauschterer, gell? C: Déi Fro krut ech op meng Unisadress geschéckt, well déi Persoun eng grammatesch Äntwert gesicht huet, déi se dann och kritt huet. An um Enn hat ech se gefrot, ob ech dat Wuert fir Wiwi dierft benotzen an dofir hat mer haut eist Wiwi-Wuert Outfit. S: Super! Da si mer och schonn um Enn fir haut a soen der merci, Caroline, a bis déi nächst Kéier! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
48
bosseg
Dës Kéier geet et ëm bosseg Geschichten iwwer bosseg Wierder. Mee wien ass hei de "boss"? S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat hu mer haut fir e Wuert bei Wiwi? C: Mir schwätzen haut iwwert ee Wuert, wat iech vläicht och scho begéint ass, an zwar geet et ëm bosseg. Benotzt du heiansdo bosseg? S: _____ C: A wat heescht et fir dech? S: ______ C: Also ech kennen dat och just passiv. Ech benotzen et selwer net. Awer mir si vun enger Nolauschterin, engem léiwe Wiwi-Fan, gefrot ginn, wou dat Wuert 'bosseg' eigentlech hierkënnt an ob et mam englesche Boss zesummenhänkt. Spoiler! Mécht et net. Mee lo mol vu vir. Also natierlech kann ee sech bei 'bosseg' en Adjektiv virstellen, wat vum englesche Wuert 'Boss' ofgeleet ass, mee vläit géife mer dat och léine goen, also d'Wuert 1:1 aus dem Engleschen huelen: bossy. Oder mengs de, dass Leit do och 'bosseg' soen? En ass zwar just e jonke Mataarbechter, mee e gëtt sech immens bosseg. S: Nee, éischter net. C: A wann, dann ass dat elo éischter eng nei Wuertbildung a keng, déi sou etabléiert ass. Vill méi etabléiert ass dat Wuert, wat d'Grousstatta vun där Persoun mat Wuert vun haut heiansdo seet: bosseg. An dat wier jo dann och ambigu, well et dat Wuert scho gëtt wéi bei: E bossege Kärel oder eng bosseg Geschicht. An hei ëmmer erëm e schéint Beispill, wéi mer oft mengen, dass mer dat Wuert missen aus dem Germanesche kennen oder do siche goen. Mee et ass am Fong aus dem Franséischen. Kanns de der virstellen, wou dat hierkënnt? S: ___ C: Et kënnt am Fong vu bosseux resp. la bosse. Dat heescht, wann s du eng Knupp hues. Sou eppes, wat sou knubbeleg ass oder hubbeleg oder buckeleg. Dat wier dann esou eppes wéi eng holpreg Ausso = eng bosseg Ausso. Dat ass dann eng Metapher, déi heescht, et ass net glat, et ass net riicht, mee et huet eeben esou Hubbel, et huet Ecken a Kanten, et huet Naupen. Dat geet alles esou e bëssen an déi selwecht Metaphorik eran. Dat Wuert 'bosse' geet zeréck op *botan, an dat heescht schloen. Et ass deemno d'Resultat vum Schloen, dass et dono buckeleg a voll mat Knuppen ass. S: Heescht en Höcker vun engem Kaméil net och 'bosse'? C: Jo, dat hat ech och fonnt! Et ass jo och eng Knupp resp. en Hubbel um Kierper! Mer hunn also am Franséischen eng 'Bosse', an dorauser huet sech 'bosseg' dann entwéckelt. Also ewech vun deem wierklech physikaleschen Hubbel zu éischter engem mentalen Hubbel oder dass Saachen einfach e bësse komesch sinn oder e bëssen droleg sinn. An ech hu mer och e puer Beispiller ugekuckt, wou 'bosseg' virkënnt an do hu mer da Beispillsätz, dass Persoune selwer bosseg sinn, meeschtens iwwer Männer, oder dass Saachen engem bosseg virkommen. Et gëtt generell guer net sou vill Beleeër fir dat Wuert aus de leschte Joren, op d'mannst net a menge Schrëftquellen. Dat ass och e bëssen e Wuert vun eelere Spriechergruppen, am LOD sinn do eng Rei Synonymmer: droleg, eegenaarteg, gelungen, komesch, koppeg. Do gëtt et och e Buch vum Henri Losch vun 2017: Koppeges a Bosseges. Do spieren ech schonn, dass dat vun enger eelerer Persoun geschriwwen ass, mat deem Titel! Ech hunn awer och fonnt "e bossegen a laange Wee", ech denken, hei ass et da scho bal wiertlech ze verstoen, also hei iwwerlappe sech Bedeitunge vun 'komesch' an 'holpreg'. Bosseg ass op alle Fall e Wuert, wat een haut net méi sou heefeg héiert, mee et huet definitiv näischt mam 'Boss' ze dinn, well dat englescht Wuert ass och definitiv méi nei wéi d'Form 'bosseg', déi schonn an engem Lëtzebuerger Dictionnaire vun 1847 steet! Wéi géifs du da soen, wann een Typ "bosseg" ass? Also wéi een Ausdrock géifs du benotzen? S: _____ C: Ech mengen, ech géif "komesch" soen, oder vläit nach "weird". Du weess jo, englesch Wierder iwwerrullen alles. Weird. Cool. Easy. S: Haha, jo. Easy. A mir schléissen da fir haut of. Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
47
spannend
Dës Kéier geet et ëm eppes, wat spannend ass! Nämlech de Participe présent a firwat mir esou Wierder wéi "spannend" ganz onbeandrockend fannen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon. S: Haut gëtt et besonnesch spannend! C: Haha, richteg. Haut schwätze mer iwwert d'Wuert spannend. S: Ui, spannend. A wat ass dat Spannend dordun? C: Ech wëll am Fong soen, firwat esou Wierder op -end iergendwéi zum Lëtzebuergesche gehéieren an iergendwéi och net. An firwat dat ëmmer méi Teutonisme ginn, also Formen, déi eis besonnesch Däitsch virkommen. Fänke mer mol un. So mer mol e Saz mat spannend. S: Dee Film ass spannend. C: Okay, doraus kann ech och maachen: e spannende Film. Dat heescht, ech ka spannend am Fong abauen, wéi e ganz normaalt Adjektiv. Ech hätt och kënne soen, de Film ass flott. Dat ass e flotte Film. Awer den -end bei spannend, deen ass speziell. D'Adjektiv 'spannend' kënnt am Fong vun engem Verb (bleiwe mer lo mol am Däitschen) an zwar vun 'spannen'. Am Lëtzebuergesche wier dat Verb elo 'spanen'. Du kanns zum Beispill e Lastik spanen oder e Seel. An genau sou ass am Fong d'Iddi jo och, dass wann e Film spannend ass, dass eng Tensioun do ass. Dat heescht, iergendwéi paakt et een. An och beim Däitschen "der Film ist spannend" – do ass eppes, wat eis Opmierksamkeet spaant, wat emotional spaant. An dorauser gouf elo en Participe présent gemaach, etwas, das spannt, ist spannend. Ein Film, der mitreißt, ist mitreißend. Ein lachendes und ein weinendes Auge. Dat sinn alles Particippen aus dem Däitschen, déi gutt klappen. S: An dat hu mer am Lëtzebuergeschen awer net. C: Am Fong net, mir kënnen net soen 'e laachend A' oder 'e kräischend A'. Ech kann déi Formen zwar souzesoen "nobauen", mee se kléngen iergendwéi schif. S: A wéi géife mer da soen? C: Maja, an esou Fäll mécht een einfach en Niewesaz, an deem Fall e Relativsaz. An et seet een eng Persoun, déi kräischt, oder en A, dat laacht. Awer am Däitschen hues de eeben déi Méiglechkeet, fir dee Participe présent bei bal alle Verben ze maachen. Deen huet een iwweregens och am Latäin an am Franséischen an am Engleschen. S: Am Englesche sinn dat déi ing-Formen? C: Jo, du häss d'Verb to move an doraus gëtt 'moving' S: a moving story C: Eng Geschicht, déi dech beweegt, genee. An dat geet och am Franséischen attendre > en attendant. Dat sinn ëmmer sou Tätegkeeten, déi e bëssen undaueren, oft och wärend eppes aneres geschitt. Mee am Lëtzebuergesche sinn déi net etabléiert. Lo komme mer awer a Fäll, wou Leit och gäre wëllen déi Participe-présenten abauen. S: A firwat? Et geet jo gutt ouni. C: Ma well se maachen d'Sprooch immens kondenséiert domat. Also ech liesen heiansdo eppes wéi "déi säi Wierk durchzéiend Metapher". A grad do am akadeemesche Lëtzebuergeschen, wat ech jo op der Uni ganz vill hunn, mierken ech, dass ëmmer méi jonk Leit d'Tendenz hunn, fir déi Participe-passéen anzebauen, well se einfach gäre wëllen esou en Nominalstil bauen. Also Sätz kondenséieren, Wierder kondenséieren. Well, wéi mer elo grad scho gesinn hunn, wann ech ëmmer en Niewesaz abauen (deen, deen eppes mécht), dann ass meng Informatioun am Geschwaten zwar gutt an effikass eriwwerbruecht, mee am Geschriwwene wéilt ech dat gäre méi kuerz, méi kompakt maachen. Et soll gehuewe kléngen. An do mengen ech, dass vill Leit sech dann um gehuewenen Däitschen inspiréieren. An dofir denken ech, dass dat en Teutonismus ass, well déi Zort vu Schrëftlechkeet an deen Nominalstil ass eppes, wat extreem am Däitsche gefërdert gëtt. A wat een esou e bësse versicht am Lëtzebuergeschen nozebauen, eebe grad bei sou méi fachspezifeschen Texter. Wéi fënns du sou Formen? Hues du do eng Meenung dozou? S: _____ C: A wann een elo seet, oh, mee Lëtzebuergesch huet dat net a mir brauchen dat net,! Jo an nee. Lëtzebuergesch entwéckelt sech jo och weider a mir hunn och einfach akadeemescht Lëtzebuergescht virdrunner net wierklech gehat. An et ass ganz interessant, souguer déi Studenten a Studentinnen, déi selwer guer net esou no um Däitsche sinn, also déi éischter portugiseschstämmeg sinn an och net an Däitschland studéiert hunn, och déi tendéieren dozou, fir ganz vill esou Participe-présenten ze huelen. An d'Struktur mam -end léisst sech an deem Fall liicht iwwerdroen. S: Hues de vläicht nach esou Beispiller mat deene Forme mat -end? C. Maja, du häss de jo spannend, eng spannend Geschicht. Dann hues de iwwerraschend, eng iwwerraschend Wendung. Du hues och Saache wéi opreegend, ne, eppes Opreegendes ass geschitt. Oder grondleeënd Froen, bestoend Mesüren asw. Et ass ëmmer dat selwecht Muster. Du hues e Verb opreegen an dann hues de doraus eng Aktivitéit opreegend an duerno kanns de déi abauen a Sätz. Mee am Lëtzebuergeschen hu mer haaptsächlech eng 10 end-Formen, déi scho lexikaliséiert sinn. S: Wat heescht scho méi lexikaliséiert? C: Ma déi schonn an dengem eegene mentale Lexikon sinn, resp. an d'Sprooch iwwergaangen. Déi si schonn etabléiert. Een einfache Krittär, fir ze soen, wat dann elo etabléiert ass, kéint ee lo soen, géi mol kucken, ob et am Dictionnaire steet. Woubäi en Dictionnaire natierlech net ëmmer alles kann erfaassen, wat d'Spriecher maachen. Well et ass och ëmmer e bëssen zoufälleg, u wat grad geschafft gëtt. Och do huet den LOD beispillsweis Wierder wéi: bestoend, grondleeënd, spannend asw. S: Spannend! C: Gell? An do ass et nawell interessant ze gesinn, dass déi spannend Saache mat dem Participe présent, dass déi absolut ambivalent sinn. Well wann s du mer elo sees, "firwat ass opreegend, e gudde Participe présent a kräischend net?", da muss ech einfach soen, well deen ee schonn esou lexikaliséiert ass, dass en am Fong just wéi en Adjektiv fonctionnéiert an net direkt vum Verb ofgeleet gëtt. Et sinn an deem Sënn méi selbstänneg Formen. S: Ma, richteg spannend fir haut, Caroline, an da soe mer der Merci an bis déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
46
plënneren
Dës Kéier geet et ëm Plënneren an ëm d'Tatsaach, dass plündern a plënneren am Fong op déi selwecht Iddi zréckginn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert ass haut op eisem Ordre du jour? C: Oho, de Monsieur. Ma mir kruten erëm eng Kéier e Message vun engem Wiwi-Fan, dofir als éischt e grousse Merci. An et ass dës Kéier ëm d'Wuert Plënnere gaangen. An et koum vun engem däitschen Nolauschterer. Do muss ech soen, dass ech och ganz frou sinn, dass mer och Leit hunn, déi Wiwi lauschteren, fir méi iwwert d'Lëtzebuergescht gewuer ze ginn, well se selwer nach kee Lëtzebuergesch schwätzen, mee einfach aus Interessi. An en hat ganz léif, eng ganz léif Noriicht geschriwwen an do huet e gefrot, wat dann plünneren, also en huet dat souguer extra mat Ü geschriwwen, wat plünneren eigentlech fir e Wuert wier a wou et géif hierkommen, well dat géif em als Däitsche ganz witzeg virkommen. Du weess jo, firwat et him witzeg virkënnt? S: Jo, warscheinlech wéinst 'plündern'. C: Jo, eeben. A well Plündern eppes vill méi Radikales ass, wéi dat lëtzebuergescht Plënneren, kucke mer awer, wéi dat am Fong historesch zesummegeet. Wann een elo d'Wunneng wiesselt, de seet een am Däitschen natierlech net plündern. S: ... mee et seet een 'umziehen'. C: Genau, do ass Umziehen. Mee mir soen awer net 'ëmzéien', mee mir soen Plënneren. Du kanns de mat dengem Büro plënneren, du kanns awer och Plënnercongé kréien. Also dat si jo normal offiziell Wierder, mir hunn einfach do keen anere Begrëff dofir. An Plënneren an Plündern geet awer tatsächlech op dee selwechten Ursprong zréck. Et huet béides mam däitsche Wuert Plunder ze dinn, kenns de dat? S: Jo, ech mengen, dass einfach esou e bëssen, jo, esou Kreemchen. Also einfach esou ze vill vun allem. C: Jo, jo, genee. An du hues elo scho säit dem 14. Joerhonnert d'Wuert Plunder oder Blunder an dat ass am Fong fir alles, wat esou am Haushalt zesummekënnt: Kleeder, Wäsch, Bettgezei, do steet och 'Hausgerät'. An dat huet sech dann iergendwéi ëmmer weiderentwéckelt. Do hu mer dann och esou eppes wéi Kleider, Gepäck oder dono och fir wertlose Sachen. An am Däitschen hu mer do eng Bedeitungsverschlechterung. An zwar war 'Plunder' iergendwann just nach fir Gerümpel oder Lompen. Sou huet sech also d'Substantiv 'Plunder' extreem verschlechtert mat der Zäit. Mer bleiwen awer lo mol méi an dem Beräich vun Hausrat. Also wann s du däin Hausrat mat op eng aner Plaz hëls. S: An d'Verb 'plündern' kënnt dovunner? C: Wat elo d'Verb 'plündern' ugeet, dat huet sech iergendwann esou manifestéiert, dass et drëm gaangen ass, dass een engem seng Saachen ewechgeholl huet. Do gouf da geplündert, wann ee friem Saachen ewechgeholl huet. A wa mir plënneren, dann huele mer eis eege Saachen ewech. mir sinn et, déi eisen 'Hausrat' ewechhuelen an op eng Plaz bréngen. S: A bei Plünderen, do gi friem Saachen ewechgeholl. C: Jo, dat heescht carrement 'ausrauben, rücksichtslos alles wegnehmen’. A wéi sou dacks rentéiert et sech do, net nëmmen an d'Standarddäitscht kucken ze goen. Well mir hunn heiansdo d'Tendenz, fir ze soen, ah mee am Däitschen ass et anescht, well wéi ëmmer hu mer natierlech och däitsch Dialekter, wou plünderen tatsächlech net just bedeit, dass engem eppes geklaut gëtt, mee wou Plünderen och bedeit, dass een d'Wunneng wiesselt oder och dass ee selwer seng Saachen zesummeraumt an erausplënnert. Also dat fënnt een do tatsächlech och. S: A wou seet een dat genee? C: An dat hu mer zum Beispill am Rheinischen Wörterbuch. An dat passt jo och ganz gutt, well dat ass jo direkt op där anerer Säit vun der Däitscher Grenz. Am Rheinischen Wörterbuch ass et souguer nach méi spezifesch. Do kann een och Saachen vun engem Raum an deen anere plënneren. Hei ass e Beispill gewiescht mat Héichwaasser, dass een do ka soen, wann Héichwaasser kënnt, da gëtt geplënnert. Also wann Héichwaasser kënnt, da gëtt de Keller erausgeraumt an alles kënnt op den éischten Stack. Also dat steet sou ganz spezifesch do. An dat steet do als Verb fir de Raum Tréier Saar Wittlich-Bitburg. Dat heescht, do kennt een och Plündern oder Plinnern oder Plënneren. Dobäi fält mer an, et gëtt natierlech och esou déi Déngen, wann een zu de Leit seet "Géi mer aus dem Wee", dass een da seet "Allez, plënner". Dat fannen ech och richteg wier och cool. An ech plënnere lo och, awer just aus dem Studio eraus. S: Du kënns awer d'nächst Woch erëm? C: Natierlech. Mer hunn nach ze vill cool Wierder, iwwer déi et vill spannend Saachen ze ziele gëtt! S: Da merci, Caroline, a mir freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
45
Hellewull
Dës Kéier geet et ëm vill Saachen, e Koup Saachen, e Risekoup. Eng Hellewull. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat ass haut eist WiWi-Wuert? C: Haut schwätze mer iwwert ee Wuert, wat mer rëm vu baussen erakruten. Dofir villmools merci, fir alleguer déi, déi eis hir Wierder eraschécken. An zwar geet et haut ëm d'Wuert Hellewull. Eng Hellewull Froen hu mer a vläicht och eng Hellewull Äntwerten. Benotz du dat Wuert Hellewull? S: ___ C: A mat weem verbënns de déi Wuertform? S: ___ C: Well ech perséinlech verbanne se éischter mat eelere Leit oder och mat esou Journaliste-Lëtzebuergesch. Also weess de, wann een iergendwéi net wëll 'vill' oder 'immens vill' soen, sou e bësse fir ofzewiesselen, dass een da seet, 'et waren eng Hellewull Leit op der Foire'. Gemengt ass domat einfach 'immens vill'. A mir hu jo am Lëtzebuergeschen net esou wierklech den Intensivéierer 'sehr', wéi am Däitschen, oder 'très', wéi am Franséischen, mee mir hunn do ganz vill Aart a Weisen, fir Intensivéierung auszedrécken. S: Hues de do nach aner Beispiller? C: Jo, bleiwe mer mol bei de ville Leit, do kënne mer 'vill' intenviséieren: sauvill Leit, immens vill Leit, richteg vill Leit. Oder mer veränneren de quantitativen Ausdrock: Tonne Leit, masseg Leit, dausende Leit oder mat spezieller Betounung: do ware Leit! An eng dovunner ass mam Wuert Hellewull. An dat Wuert kléngt sou ureg, weess de, sou urlëtzebuergesch. An dat gefält de Leit heiansdo, fir genee sou Wierder ze huelen. Ech sinn deem Wuert scho viru bësse méi laanger Zäiz eng Kéier begéint, well et ass deemools nämlech ëm d'Orthografie gaangen. S: Natierlech! C: Well beim Wuert Wull ass et relativ kloer. Dat schreiwe mer W-U-L-L. S: A jo, et geet drëm, ob een häll mat Ä oder hell mat E schreift, gell? C: Genee: wat maache mer mat Hell? Et ass dann esou: wa sech /Hell/ nämlech vun Hölle ofleet, da misste mer et mat A mat zwee Punkte schreiwen. A wann /Hell/ sech vun engem anere Wuert ofleet, wat en E huet, da schreiwe mer et och mat E. S: A wou kënnt et hier? C: Dat ass net ganz kloer, resp. gëtt et zwou potenziell Erklärungen. Direkt nach e bëssen Hannergrond: Déi Persoun, déi eis dat erageschéckt huet, schwätzt selwer Hollännesch an huet do e ganz interessante Lien gemaach, deen och passt, anzwar mam hollännesche Wuert: Heleboel. Geschriwwen H-E-L-E-B-O-E-L. Dat heescht och einfach: vill vun eppes, eine ganze Menge. An dass aus boel > Wull gëtt, ass elo guer net esou onwarscheinlech. An d'Bedeitung passt och, ne. Also Heleboel: He(e)l heescht esou vill wéi alles / dat Ganzt (och wéi englesch whole). Boel huet ganz verschidde Bedeitungen, also wann een do am Flammännesche kuckt, do heescht et: Hausrat oder Besëtz, awer och: Duercherneen oder Chaos. Boel heescht also esou vill wéi e Koup Saachen oder generell vill Saachen. S: Dat géif jo effektiv passen. C: Also mir hunn op alle Fall eppes, wat eng Quantitéit ugëtt. Ne? De rise Koup ass eng Heleboel, ass eng Hellewull. Et gëtt awer nach eng aner Richtung. An zwar eng Wull hu mer natierlech och esou am Lëtzebuergeschen. Wann s de an eng Kummer rakënns an dat ass eng eenzeg Wull, da weess de, dass do et einfach immens onuerdentlech a chaotesch ass. Dat ass fir d'Wull, mee 'hell' gëtt et an engem anere Sënn och am Däitschen. An zwar do als Intensivéierer fir 'immens staark'. S: Dat hunn ech zwar nach net benotzt. C: Jo, et ass och éischter eng eeler Form. Also et gëtt se säit dem 16. Joerhonnert. Mee du fënns se effektiv net méi esou vill gebraucht am Däitschen. Dat ass, wann ee esou eppes seet wéi in hellen Haufen, seine helle Freude haben oder in helle Wut geraten. Dat ass dann esou vill wéi grouss, staark oder hefteg. Do ass et och als Intensivéierung. An do hätte mer eppes wéi eng Hellewull, also eng risegrouss Wull. Et iwwerschneit sech natierlech vun der Bedeitung hier e bësse mat deem, wat mer och aus dem Hollänneschen hunn. Dat heescht, d'Iddi ass nach ëmmer vum Koup an deen ass extreem grouss. An trotzdeem kann et sinn, dass sech esou eenzel Saachen intensivéieren. Wat mer awer op alle Fall ausgeschloss hunn, ass d'Hierleedung iwwert een Höllenhaufen mat der Häll (wat mir mat Ä schreiwen). S: Also Hellewull mat E vir an den Däiwel an der Häll mat Ä. C: Gutt resuméiert. Ech hoffen, mer konnten där hollännescher Persoun, déi eis dat Wuert erageschéckt huet, e bësse méi Kloerheet an Iddie ginn a wéi gesot: mir freeën eis ëmmer iwwer Input vu baussen. Schreift eis einfach op wiwi@100komma7.lu S: Da soe mer merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
44
Pippi
Dës Kéier geet et ëm Waasserloossen a firwat mir do ëmmer iwwer eng Plaz schwätzen. Donieft schwätze mir och doriwwer, wéi mir zu der verduebelter Silb Pi a Pi kommen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon. S: Wat hues de eis haut fir e Wiwi-Wuert matbruecht? C: Haut schwätze mer iwwer Pippi an d'Verb pissen. S: O, dat Wuert ass awer ... speziell. C: Jo, ech weess, ech weess, an et geet mer och haut genee do drëm ze soen, firwat dat Wuert vläicht besonnesch speziell ass, wou et hierkënnt, a firwat am Fong Pippi eng spilleresch Aart a Weis ass, fir doriwwer ze schwätzen. Well Pippi ass eng Silbeverdueblung aus dem Verb 'pissen'. An ech wollt d'Episod awer net esou nennen. Wann s de eng Kéier kucks: a bal alle Sproochen, déi mer ronderëm eis hunn, gëtt et dat Wuert an enger änlecher Form: piss, pisser, pissen. An dat geet alles zréck op Vulgärlatäin 'pissiare'. S: Wat genee ass mat Vulgärlatäin gemengt? C: A jo. Dat ass en interessanten Term, kleng Klamer op dëser Plaz: Vulgus heescht am Fong just "Vollek" op Latäin an dat war déi geschwaten Alldagssprooch, am Géigesaz zum méi formelle Schrëftlatäin. Vulgärlatäin ass fir eis lo éierlech gesot keen optimalen Term, well do 'vulgär' dra virkënnt. An am Franséischen, do soen se einfach "latin populaire". S: Pop-Latäin oder Populärlatäin - dat wieren dach cool Begrëffer. C: Dat fannen ech och! Egal wéi ass et also e Wuert, wat d'Réimer fréier am Alldag benotzt hunn: pissiare. An dat ass och scho ganz laang esou benotzt ginn. A well s de jo bei Kanner dat Wuert Pippi hues, ass dat am Fong eng kuerz Form, dass ee seet Pi. A fir et kannersproochlech méi flott ze maachen, ass et reduplizéiert, eng Reduplikatioun: Pi-Pi. Awer et ass kee Verb draus gemaach ginn. Hätt jo theoretesch och kënne soen: pippien. An ech ka mer gutt virstellen, dass bestëmmt verschidde Leit esou soen, wa se mat hire Kanner oder mat de Muppe schwätzen. S: Mat Muppen? C: Ma du hues jo effektiv Lienen tëscht Kannersprooch a Sprooch, déi ee mat sengen Hausdéiere benotzt. Mer këmmeren eis jo och mat vill Häerz ëm eis Déieren. An do kucke mer och, ob se brav gepippit hunn. A bei Pippi huet ee wéi gesot eng spilleresch Aart a Weis fir dat ursprénglecht Verb pissiare, wou och den Zischlaut ewechgeholl gëtt. S: Den Zischlaut, mengs de den S? C: Jo, genee. Also den S, dee wéi eng Schlaang mécht (ssss), deen ass den Zischlaut. An deen ass et och, firwat dat Wuert anscheinend entstanen ass, well deen Zischlaut do dranner ass lautmoleresch, fir d'Geräisch vum pissssssssse quasi nozemaachen. S: Mee Pissen ass jo awer elo wierklech kee schéint Wuert. C: Jo, mee wéi sees du da fir déi Tätegkeet, déi mer all e puer Mol am Dag maachen? S: ____ C: Jo, dat ass interessant, well du bass entweeder bei eppes, wat relativ graff ass oder eppes, wat relativ kannereg ass. An dat ass ganz oft sou, wa mer a Beräicher kommen, déi iergendwéi mat Tabuthemen oder mat Kierperflëssegkeeten ze dinn hunn, déi eis awer alleguer betreffen. An, a weess de, wat en Euphemismus ass? S: Jo, dat ass, wann een eppes méi schéin ausdréckt. C: Jo, genee. A bei den Euphemisme fir Pippi maachen, do hu mer da ganz vill ... Et feelt e bëssen en neutraalt Alldagswuert. A wa mer kucken, wat d'Leit dofir soen, da fanne mer extreem vill Beispiller, déi am Fong dorop ofzielen, dass een anzwousch higeet: op d'Toilette goen, anzwousch higoen, austrieden, gläich erëm sinn asw. S: Wat ganz interessant ass, lo, wou s de et sees ... C: Dat heescht, et si ganz harmlos Aart a Weisen, fir iwwert déi kierperlech Tätegkeet ze schwätzen, et ass haaptsächlech domat verbonnen, dass mer op eng bestëmmte Plaz ginn. Ne, du verbënns dat am Fong mat enger geziilter Plaz an du sees net, dat geschitt el. Et geet awer selten drëm, dass mer grad eng Flëssegkeet wëlle lassginn. Kenns de e puer witzeg Spréch, déi d'Leit soen, wann se Pippi mussen? S: ____ C: Oder, ech weess, am Däitschen, also do kënnen d'Leit jo och immens spilleresch ginn an immens kreativ. Ne, am Däitsch kanns de jo soen, "Ich gehe die Porzelanausstellung besichtigen". Fannen ech super cool. Dat ass wierklech ee vu menge Favorites. A wann ee lo beim Dokter ass, mir hate lo scho mat esou méi medezinnesche Saachen, do seet ee jo dann urinéieren, mee mer kënnen och Waasser loossen soen. S: Do si mer awer lo wierklech an enger ganz medezinnescher Schinn. C: Eeben, well du géifs jo ni, wann s de um Dësch bass, soen, sou, ech ginn lo nach Waasser loossen. Mee och Waasser ass natierlech hei eng Ëmschreiwung fir dat, wat et wierklech ass, eebe Pippi. Och intressant, dass d'Pippi Langstrumpf mat deem Virnumm konnt Karriär maachen ... S: Doriwwer hunn ech nach ni nogeduecht. C: Et ass och komplett random. Wat ech awer och muss soen, e klengen Orthographie-Tipp nach um Enn, dat Wuert Pippi ass jo eng Reduplikatioun vun der P-I-Silb, awer wéinst de lëtzebuergeschen Orthografiereegele musse mer dat am Fong mat zwee P an der Mëtt schreiwen P-I-P-P-I. An nach eng kleng Nohaltegkeetsinfo: eng Toilettëspülung verbraucht 4-6 Liter Waasser, eeler Modeller souguer bis zu 10. Dat ass ganz schéi vill Drénkwaasser, wat do verspullt gëtt fir grouss a kleng Geschäfter. S: A jo, dat klengt Geschäft - dat gëtt et och nach! Mee mir maachen de Buttek haut zou a soen der merci, Caroline, fir deng Erklärunge vun haut a freeën eis op d'nächst Kéier! C: Ech freeë mech och! Merci! A mäi Schlusswuert ass wéi ëmmer: Äddi!
-
43
Avocado
Dës Kéier geet et ëm Botterbieren, Kierperdeeler an Azteekesch, oder kuerz: ëm d'Avocado! S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Du has eis d'lescht Woch gesot, dass et haut mat Iessbarem weidergeet. C: Maja, d'lescht Woch hu mer eis mat der Tomat auserneegesat. An zwar si mer do op den Ursprong agaangen. Weess de nach, wou dee war? S: Jo, iergendeppes a Mexiko, gell, esou eng azteekesch Sprooch. C: Ganz genee, dat war aus dem Nahuatl, sou nennt een déi azteekesch Sprooch. An do ass et drëm gaangen, dass dat Wuert Tomatl d'Ursprongswuert war. Du erkenns schonn e Muster, well d'Sprooch heescht Nahuatl, mer hate schonn d'Tomatl an och beim Schocki .. S: Do hate mer dach och eppes, Schokolade, Schokolatl! C: Jo, alles Wierder op -atl. An haut kucke mer op en anert Wuert aus dem Azteekeschen, an zwar op d'Avocado. Well Avocado kënnt och aus dem Azteekeschen. Wéi déi Fruucht nach genannt ka ginn, dat gesi mer haut. Dir hutt bestëmmt alleguer eng Avocado am Kapp, oder? Se huet einfach eng gréngelzeg Haut, wat ee se méi laang leie léisst, wat déi méi däischter gëtt a méi schrumpeleg. Bannen huet se hellgréngt bis gielzegt Fleesch an dann deen décken ronne Kär an der Mëtt. A weess du och wéi en Avocado-Bam ausgesäit? S: ____ C: Déi sinn am Fong risegrouss an uewen hänken déi sou an de Beem. Also déi kënne wierklech immens grouss sinn. An an Zentralamerika, wou d'Avocado hier kënnt, do gëtt se säit iwwer 10.000 Joer benotzt. A mir benotze se an Europa am Fong eréischt säit dem 20. Joerhonnert. S: A sou? Net éischter? C: Di éischt Nennung vun der Frucht war vun engem Auteur 1519. Mee d'Avocado ass eréischt nom Zweete Weltkrich am grousse Stil exportéiert ginn. An den Export ass all Joerzéngt geklommen. Do hat ech eng Zuel gelies: 1994 sinn 80.000 Tonnen Avocadoen a Frankräich geliwwert ginn. An 2024, also 30 Joer méi spéit, leie mer scho fir Frankräich bei iwwer 200.000 Tonnen. S: A wouhier kënnt dat Wuert Avocado eigentlech? C: Maja, dat kënnt eeben aus dem Azteekeschen. An do ass d' Wuert, op dat et zréckgeet, Ahuacatl. An Ahuacatl heescht souwuel déi Fruucht wéi och Hoden. S: Hoden? Wéi beim Mann? C: Richteg. Well souwéi se um Bam hänken, dacks zu 2, an hirer Form no erënneren se einfach un e männlechen Hoden. An dat heescht, wa mir vun Avocadoe schwätzen, da geet dat zréck op dat azteekescht Wuert fir Hoden, Ahuacatl. S: A wéi koum ee vun Ahuacatl op Avocado? C: Ma d'Spuenier, déi déi Fruucht dann exportéiert hunn, déi hunn dat natierlech an eng spuenesch Sproochstruktur iwwerdroen, well si hunn dat Wuert jo just geschwat héieren. An am Spueneschen ass de V éischter esou behaucht, wéi bei Avocado, dee gëtt net esou richteg WW geschwat. An dofir ass dat méi no beim H am Grondwuert, Ahuacatl. An TL gëtt oft opgeléist am Auslaut. An de Rescht vun Europa gesäit dat Wuert da geschriwwen an dann etabléiert sech dat. An haut nennt een se am Spueneschen awer aguacate. An Argentinien, Chile, Bolivien a Peru ass et souguer e Quechua-Wuert: palta. Woubäi insgesamt och aner Wierder am Däitschen am Renne ware fir d'Bezeechnung vun der Fruucht. S: A jo? Hu Leit d'Avokado anescht genannt? C: Jo, am Laf vun deene leschten 150 Joer, wou sech d'Avocado einfach ëmmer méi etabléiert huet, oder an deene leschten 100 Joer besser gesot, sinn zum Beispill am Däitschen och verschidde Begrëffer am Ëmlaf gewiescht. Zum Beispill, wat mir immens gutt gefält, ass, Butterfrucht oder Butterbirne, well se einfach esou eng bottreg Konsistenz huet, wann s de se benotz. Also eng normal Avocado besteet zwar wéi all Uebst a Geméis haaptsächlech aus Waasser, mee och aus 23 % Fett, wat relativ vill ass. Et ass e ganz gesond Fett, awer wann se eeben e bëssen zeideg ass, da kanns de dat esou schéin schmieren, wéi Botter. An dofir fannen ech Butterbirne super a Birne einfach wéinst hirer Form. An et gouf awer och de Begrëff Avocado-Birne an een, dee mir besonnesch gutt gefält: Alligator-Birne. Dat heescht, déi sou e bëssen vun der Haut hier, wéi sou eng däischter Reptilienhaut wierkt. Wéi ëss du deng Avocado da meeschtens? S: Ech mengen, ech iesse meeschtens Guacamole. C: Ech och! Do bleift ni eppes iwwereg bei mir! Mee kuck, Guacamole ass och e Wuert aus dem Nahuatl. An zwar ass do d'Grondwuert, op dat et zréckgeet 'Ahuacamole' oder 'Ahuacamolli'. An dat heescht einfach esou vill wéi Avocadoszooss oder Avocadomëschung, well Ahuaca ass jo den Ufank vum Wuert Ahuacatl a molli heescht einfach Zooss. An do gesäis de nees, wéi et de Wee duerch d'Sprooche gemaach huet beim Import an dass mer haut am Fong kee Lien méi gesinn tëscht Avocado a Guacamole, obwuel dat selwecht Wuert an hinne stécht: Ahuacatl, den Hoden. S: Ech mengen, ech huelen eng Avocado vun haut u ganz anescht an de Grapp … C: Du kanns jo ganz zäertlech mat denger Avocado sinn! S: Wéi war dat Wuert elo scho méi aus dem Azteekeschen? C: Ahuacatl. S: Ahuacatl, ma da soe mer der merci, Caroline a freeën eis op déi nächst Wiwi-Episod! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
42
Tomat
Dës Kéier geet et ëm de "Paradiesapfel", Silben an Orthografie. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hues de haut matbruecht? C: Mäi Wuert vun haut ass Tomat. Hues de Tomate gär? An a wéi enger Form am léifsten? S: ___ C: Ech si super frou mat Tomaten! Also meng guilty pleasure ass jo absolut Ketchup, well ech als Kand sou gär mat Nuddelsgratin mat Ketchup giess hunn. An ech weess net firwat, mee et gëtt esou Geschmäcker, déi huet een als Kand ofgespäichert an dat ass nach ëmmer sou Soulfood, wann een erwuessen ass. S: Jo, dat kennen ech och! C: Mee dat ass net mäi Punkt. Ech wëll haut méi iwwert d'Tomat soen. S: Ah, wëlls de eis bestëmmt soen, dass eng Tomat kee Geméis ass, mee eng Fruucht. C: Dat stëmmt, mee am Fong wollt ech eppes soen iwwer Orthografie an och iwwer Betounung an och vläicht, wou d'Wuert Tomat hierkënnt. No wéi enger Sprooch kléngt dat Wuert da fir dech? S: Tomat ... Tomato? Spuenesch villäicht? C: Jo, dat kéint een effektiv mengen, se staamt jo och aus Peru a Mexiko! Tatsächlech kënnt dat Wuert aus dem Azteekeschen an do schwätzt een et "Tomatl". Lo hu mir dat Wuert natierlech net am Lëtzebuergeschen direkt vun den Azteeke kritt, mee et ass iwwert d'Franséischt komm. An déi Däitsch hunn et och aus dem Franséischen. A wou d'Lëtzebuerger et elo hier hunn, ass net ëmmer ganz ze klären. Also generell kann ee sech ëmmer d'Fro stellen, ob e lëtzebuergescht Wuert elo vum Däitschen importéiert ginn ass oder vum Franséischen oder ob de gemeinsamen Afloss einfach dozou gefouert huet, dass mer e Wuert etabléieren. Dat heescht, wann déi Däitsch 'Tomate' soen a wann d'Fransousen 'tomate' soen, dann ass et natierlech net wäit hier, dass mir och eppes änleches maachen: Tomat. S: Mee du wollts och nach eppes soen iwwert d' Betounung? C: Jo, ganz genee. Pass op, vläicht héiers de jo, wéi eng Silb betount ass, wann ech am Franséische soen: tomate. S: Dat ass déi lescht. C: An wann ech am Däitsche soen: Tomate. S: Mmh, dat ass déi zweet. C: An am Lëtzebuergeschen: Tomat. S: Do ass et déi éischt. C: Dat heescht, mir hunn eemol lescht, zweet, éischt. A lo soen ech der: de Betounungsprinzip ass genau d'selwecht am Däitschen an am Lëtzebuergeschen: Et ass sou gesinn net éischt an zweet, mee et ass zweemol déi zweetlescht Silb: die toMAte, eng TOMat. An déi Reegel nenne mer, well mer esou frou si mat laténgesche Begrëffer an der Grammaire, déi nenne mer Penultima-Reegel. Hues de dat schonn héieren? S: Also 'ultimo' seet mer eppes. C: Ultimo heescht 'leschten' an ultima wier déi lescht Silb a Penultima ass déi virlescht Silb. Mir soen zwar oft, dass an zweesilbege Wierder déi éischt Silb betount ass, mee streng gesinn ass et déi zweetlescht Silb. Et kënnt zwar op dat selwecht eraus, mee et ass méi prezis, well ech et iwwer eng Reegel kann erklären. E ganz schéint Beispill fir dee Prinzip ass am Däitschen: HanNOver an HannoveRAner. Do ass et dee selwechte Betounungsprinzip (penultima), awer net déiselwecht Silb. S: Bei alle Wierder oder wéi? C: Nee, mee am LB an am Däitsche bei ganz ville Wierder, also normalerweis hu mer, wa mer zwou Silben hunn, d'Tendenz, fir en Trochäus draus ze maachen, fir ze soen 'betount- onbetount'. Do gëtt et natierlech och Géigebeispiller, mee bleiwe mer mol bei der Tomat. Mer ware bei: TOMat ass vir betount um TOM. An doduerch, dass déi éischt Silb betount ass an den O kuerz ass, misst een den M am Fong verduebelen. Mee dat ass eppes, wou mer net verduebelen. S: A firwat maache mer dat net? C: Well do heescht et ëmmer, dass mer op déi sou genannt international Schreifweisen oppassen. An effektiv hu mer: the tomato, die Tomate, la tomate – déi sinn alleguer mat engem M geschriwwen, dofir iwwerhuele mer déi Schreifweis op där Plaz. Sou eppes nenne mer oft, gewinnt Schrëftbiller. Dofir gëtt dat net verduebelt. Reng theoreetesch misst een den M awer op där Plaz verduebelen. Vläicht kënnt dat jo iergendwann. Mer schreiwen also TOMAT. S: A wat heescht Tomat oder Tomatl eigentlech? C: Tomatl heescht sou vill wéi Schwellkörper, also prall Fruucht, well se jo sou extreem déck wiisst an och sou rout liicht a se einfach immens grouss a fleescheg ass. S: O Caroline, do komme mer rëm a ganz speziell Sphären. C: Jo, mee kuck, d'Tomat heescht jo och am 17. Jh Liebesapfel oder Paradiesapfel, do hues de haut jo nach am Éisträicheschen Paradeiser. Mee an déi Sphär vum Azteekeschen, also der indigener Sprooch aus Mexiko, där Pist gi mer d'nächst Woch och nach eng Kéier no. An do kann ech Iech soen, et geet nees ëm Iessbares. S: Do si mer da gespaant a freeën eis op d'nächst Woch! Merci, Caroline! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass wéi ëmmer: Äddi!
-
41
Haupi / Häipi
Dës Kéier geet et ëm e Follow-up vun den Haupeschbléiser a mer kucken, wien eigentlech en Häipi ass a wat dat mam Hubert ze dinn huet. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtte Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Effektiv krut ech de Message fir d'Wuert vun haut. An zwar hate mer am Dezember jo eng Episod iwwer d'Haupeschbléiser an do gouf ech gefrot, ob dat och mam léiwen Ausdrock 'Haupi' ze dinn hätt C: A jo, flott! S: Woubäi ech perséinlech éischter déi Form Häipi kennen: Wat ass dat en Häipi! C: Jo, dat kennen ech och, den Häipi. S: Déi Nolauschterin hat gefrot: "An dësem Kontext ass mir agefall, dass an eiser Famill oft den Ausdrock "wat ass dat en Haupi (oder och nach Haupert) gebraucht gëtt, fir eng bëssi eefälteg oder dëlpeszeg Persoun ze beschreiwwen." C: Ok, an elo wollt se wëssen, wat deen Ausdrock mam "Haupert"/ St. Hubert ze dinn huet. Déi kuerz Äntwert ass: Et ass net wäit ewech vun engem Batti oder engem Kätti, oder engem Horst oder engem Nicki. Do huet een einfach Nimm, déi da stellvertriedend si fir Leit mat engem Verhalen, wat opfält: dass se besonnesch tollpatscheg sinn oder vill schnëssen - an dat muss och net béis gemengt sinn. D'Leit schwätzen einfach gären iwwer Persounen, déi hinnen opfalen a benotzen dofir Nimm, déi bei Persoune virkommen. An da soen se net, dat ass esou ee klengen Trëllert, mee se soen, dat ass esou ee klengen Häipi. S: Ech fannen och, dass dat scho bal eng léif Insulte ass, wann een dat sou kann nennen. C: Jo, absolut. Wéi ëmmer si mer zu Lëtzebuerg net eleng domat, am Rhein. WB gëtt et och den Haup oder den Houp, do soen se sou fir e "Flappes, halbnärrischer Mensch, lustiger Witzbruder". Dat si jo lo och keng Eegeschaften, déi besonnesch schlecht oder verwerflech sinn. An am LB Dictionnaire vun 1847 stinn och scho Kuerzforme vum Hubert dran: den Heipé (Abkürzung von Hubert), och mam Verweis op Holl. Huip. A wa mer weider an d'Virnimm eraklammen, do gëtt et nach méi Variante fir den Hubert. Do gëtt et eng Extra-Serie "Eis Virnimm", aus dem Joer 1995 vum Marcel Lamy an erausgi vun der Actioun Lëtzebuergesch. S: Dat ass bestëmmt eng intressant Source! C: Jo, do fënnt een allerlee LB Kuerzformen, grad vun de franséischen Nimm. An do sti fir den Hubert déi follgend Varianten dran: Haupert, Hibbi, Hipp(i), Häip(chen), Häipi, Häipert, Häp, Heep, Hëppchen, Hoppert, Hubbes, Hupp(es), Huppert, Bäert, Bäert(em)es. S: Do sinn se all dobäi! Den Haupert an den Häipi! C: Jo, dofir gëtt et och beim Audrock Variatioun, well d'Leit einfach eng Persoun aus där Nummkategorie wielen: Häipi, Haupi. Den -i hanne mécht et jo souzesoe méi frëndlech. Mee bei der Häip, do hat ech nach en anert intressant Wuert fonnt am LWB, am Dictionnaire aus den 1950er Joren. Do steet d'Häip fir e klengt Haischen, oder e "Bienenkorb" - parallel zum engleschen 'hive'. An och intressant am Sënn vun «armseliger Mensch» - besonders «armselige Alte» (eng al Häip). S: Eng al Häip? C: Jo, dat kennt ee jo och aus dem Däitschen, dass Persounen oder hei Frae mat banalen Objete verglach ginn: eine alte Schachtel. Mee déi al Häip huet dann näischt mam Hubert ze dinn, mee mat der Haube oder Hütte. Ech hat et just spannend fonnt, well ech bei der Recherche un d'Liese komm sinn. S: E Rabbit hole. C: Jo, dat berüümtent. A propos Haupeschbléiser, do steet am Dictionnaire vun 1906 och "d'Hāūpeschbreⁱtchen n., gesegnetes Brötchen zum Schutz gegen tolle Hunde". Wat huet een net alles geseent zu Lëtzebuerg! S: Tolle Hunde? Mat Tollwut, oder wéi? C: Jo, dat ass eng historesch Bezeechnung: tolle Hunde si souer mat Tollwut. Do war jo nach kee breeden Impfscheema do an et gouf vill Begrëffer dofir Wutkrankheit asw. Wéi ëmmer freeë mer eis, wann Der eis schreift, no Wierder frot oder einfach eppes proposéiere wëllt! Mir sinn erreechbar iwwer eise eegen Adress: WiWi@100komma7.lu an da kënnt Äert Wuert demnächst als Episod op de Radio! Ganz anonym, also stellt och gär méi speziell Froen! S: Do sinn ech awer gespaant, wat kënnt. Mee et sinn ëmmer léif an intressant MEssagen! C: Dat ass wouer! S: An domat si mer um Enn fir haut a soen der merci, Caroline, fir den Erklärunge vun haut a freeën eis op d'nächst Woch bei WiWi! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
40
verspellegt
Dës Kéier geet et ëm e Wuert, dat am Dictionnaire als vereelzt markéiert ass a wat mat Leit ze dinn huet, déi gär vill erzielen. Donieft schwätze mir och iwwer Gospel. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun eiser Emissioun et verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut schwätze mer iwwer e Wuert vun engem Nolauschterer, gell? C: Ganz genee. No eise Fake-Wierder komme mer nees bei richteg Ausdréck! An ech muss direkt soen, ech hunn dat Wuert selwer net kannt … S: Ech si schockéiert! C: ... mee ELO kennen ech et. Expertis an der Sprooch heescht jo net, dass een ALLES weess, mee dass ee sech Wëssen uliest, sech fir Detailer begeeschtere kann a Spaass un der Recherche huet! S: Ech menge schonn, dass du do richteg Spaass hues. C: An ech hat elo Spaass mat deem Wuert, wat mer fir Wiwi proposéiert kruten: verspellegt. Kenns de dat? S: ____ C: Ech hunn et selwer missen noschloen, sinn awer op schéi Weeër komm. Als éischt emol déi klassesch Etapp: den LOD. Do ass et als 'vereelzt' markéiert an déi Persoun, déi d'Wuert eraginn huet, war witzegerweis och total iwwerrascht, dass dat als 'vereelzt' gëllt, well si et ronderëm sech nach total vill héiert a benotzt. Ass ëmmer intressant, wéi staark de sozialen Afloss op eis allgemeng Virstellung vum Sproochgebrauch offierft. Mee dofir hu mer jo d'Sproochwëssenschaft, fir do mat Recherche an empirescher Fuerschung op de Grond ze goen! Also: verspellegt: Laut den LOD-Iwwersetzungen heescht et "überfordert, aufgeregt, gestresst" resp. "dépassé (par les événements), agité, stressé". D'Beispiller sinn: du wierks esou verspellegt, hues de vill ze dinn op der Aarbecht? duerch de Kaméidi waren d'Päerd esou verspellegt, datt se no alle Säite fortgelaf sinn. S: Aaa, do si mer nees bei de Päerd! C: Dat ass zwar effektiv Zoufall an dee Saz ass ouni mech an den LOD komm! Et erkennt een um Wuert 'verspellegt', dass do 'spell' dran ass, also Prefix VER-, Basis SPELL, Verbbildungssuffix -EG a Participe-passé-Endung -T, déi et zu engem Adjektiv mécht. Verspelligt fanne mer iwwregens och am Rheinischen WB an zwee Sënner "vielbeschäftigt, mit Arbeit überladen" S: Dat entsprécht dem éischte Beispillsaz aus dem LOD, mat der Aarbecht. C: Jo, an den zweete Sënn ass awer lo méi speziell: einen Gegenstand viel in Anspruch nehmen oder wann et zougestallt oder chaotesch ass: de has mir de ganzen Herd verspelligt, at Zemmer as ganz verspelligt mit allerhand Möbeln. D'Wuert 'spell' fënnt een och am MHD an do sinn ech no laanger Zäit, säit mengem Germanistik-Sudium mol nees an de Lexer siche gaangen, dat ass e mhd. Wierderbuch an do heescht 'spellen' einfach 'erzielen', och enk verbonne mam Substantiv "spël oder spëlles": märchen, fabel, lüge, leeres u. unnützes gerede. A "verspellegt" ass dann esou vill wéi "vercheckt" oder "villbeschäftegt" am Kapp. Wéi wann ee ganz vill Stëmmen op senger mentaler To-do-Lëscht huet, déi all eppes aneres erzielen an een doduerch duerchernee maachen. An dat kann een dann och iwwerdroen, dass Päerd, wann de Fluchtinstinkt gräift, och komplett duerchernee sinn an net méi kloer denke kënnen. D'Stëmmen am Kapp schwätzen dann all mateneen a mer si verspellegt. S: An Englesch 'to spell'? C: Lo gëtt et komplizéiert. Well dat ass eng aner Source, mee, an dat kann ee ganz flott am Merriam-Webster online noliesen, d'Substantiv 'a spell', also den Zaubersproch, dat ass déi selwecht Originn! Dat geet zréck op Germanesch 'spel' fir schwätzen, Geschichten erzielen, gossippen, e Virtrag oder eng Priedegt halen. An do war och eng super intressant Info am Text, anzwar komme mer elo bei d'Wuert 'gospel'. S: Ass dat dee selwechte Spell? C: Jo, well dat sech zesummesetzt aus 'go = good' a 'spel = Virtrag, Erzielung, Priedegt'. Do hält also een eng besonnesch gutt a flott Priedegt, an deem Fall mat Gesang! S: A mat där Erzielung si mer och schonn um Enn fir haut! Mir soen der merci, Caroline, a mer hoffen, dass de net verspellegt bass! C: Neenee, léiwer behellegt wéi verspellegt! Ech soen och merci an d'Schlusswuert ass: Äddi! S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
39
jauschtereg
Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis. D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. S: Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Mir maachen haut nach eng zweet Episod zu de Phantasie-Wierder? C: Genee, ech hat jo d'lescht Kéier e puer Wierder matbruecht, déi aus mengem Orthografie-Cours sinn, wou et drëm gaangen ass, just nozelauschteren a Wierder esou ze huelen an ze schreiwen, wéi se kléngen, och wann ee se net aus anere Sprooche kennt an nach ni falsch geschriwwe gesinn huet, well et dës Wierder net gëtt. S: Wat waren dat scho méi fir Wierder? C: Fuemeschnéck, Lackeschmoussen, Oueflëmmel, mee et waren och e puer fake Verben derbäi: daselen, klueken, oder den Titel vun der Episod haut, e fake Adjektiv: jauschtereg. An ech hat man immense Spaass drausgemaach, fir einfach Wierder ze erfannen an haut wëll ech am Fong kucken, wéi eng KI domat ëmgeet. S: Wéi mengs de dat mat der KI? C: Ech hu Beispiller matbruecht, wou ech d'KI no der Bedeitung vun de fake Wierder gefrot hunn an zwar gi mer nach eng Kéier zréck op d' Wuert vum leschten Episod, Fuemeschnéck, an och nach eng Kéier op en neit Wuert vun haut, jauschtereg. An soe mer sou, d' KI huet hir Fake Expertise richteg breet duergeluecht. S: Lo sinn ech zwar gespaant! C: Also, ech hunn e KI-Programm gefrot, wat e Fuemeschnéck ass, an hei ass d'Äntwert, ech liesen se am Original vir (ech hat op LB gefrot, a krut och esou geäntwert): "E Fuemeschnéck (oft och Fuume‑Schnéck, Foume‑Schnéck) ass e regionalt/ lëtzebuergescht Dialektwuert a bedeit: E Schleek ouni Haus – also eng Nacktschneek." S: O vreck. Wonnert mech elo net. C: Mee et kléngt super authentesch, fënns de net? An dat ass de Problem, eng KI ass ëmmer voller Iwwerzeegung a seet eppes, wat iergendwéi probabel kléngt a verkeeft sech domat gutt. An da komme mer bei d'Wuert vun haut: jauschtereg. S: Wat s de och erfonnt hues. C: Genee, do seet d'KI: “jauschtereg” ass e lëtzebuergescht Dialektwuert a bedeit: geekelt / ofgenee / iwwel. Eng staark Form vu “schonn eppes eklig fannen”. Et gëtt meeschtens benotzt fir Gefiller auszeschwätzen wéi: “Ech ginn esou jauschtereg dovun.” = Dat mécht mech ékelhaft / ech fannen dat richteg eklig. Et läit no bei “jooschtereg / joostereg / jouschtereg”, déi an e puer Regiounen och virkommen." S: Do ass awer vill Quatsch dran, a vill Däitsch. Wat soll dann "ofgenee" heeschen? C: Ech mengen, "ofgenee" ass déi verlëtzebuergescht Form vun "abgeneigt". Weess de, ech si vun de Studentenaarbechten oft gewinnt, kreativ zesummenzepuzzelen, wat gemengt kéint sinn, haha. Mee, dass du déi Äntwert vun der KI als Quatsch erkenns, dat weess du just, well s du Mammesproochler bass an du kanns dat identifizéieren. Mee lo och vum Inhalt hier: Dat kéint schonn alles stëmmen, ass awer alles zesummegedicht. An dat ass eppes, wat ville Leit an och de Studenten op der Uni vill geschitt, wa se mengen, dass KI hinnen eng Ofkierzung oder e kuerze Resümmee zu Wëssen géif ginn - grad wann et sou niischeg ass wéi am LB! Wou et net sou vill Sourcë gëtt. Ech muss einfach genuch Grondlagewëssen hunn, fir d'Performance vun enger KI aschätzen ze kënnen an och déi richteg Froen ze stellen. S: Jo, well et kléngt meeschtens ganz iwwerzeegend, wat do steet. C: Dat ass den Job vun der KI souzesoen. Eppes ze schreiwen, wat authentesch 'kléngt'. Mee Wierder wéi Kréifplaatsch, Mouzeplumm, jauschtereg, daselen oder klueken - déi klénge schonn zimmlech Lëtzebuergesch. Ech hat och no klueke gefrot an do sot se: "klueken" heescht am Lëtzebuergeschen: tratschen, schwätzen, Klatsch verbreeten, also iwwer aner Leit hir Affären zotere oder ronderëm schwätzen. Et gëtt meeschtens am Kontext benotzt wéi: “Si stinn do an der Kichen a klueken.” “Hien huet näischt anescht ze dinn wéi ze klueken.” Et ass en typescht alldeeglecht Wuert fir kleng Klatschereien oder onseriéist Gequatschs. Wann s de wëlls, kann ech der och d’Hierkonft oder Varianten (klacken, klibberen) erklären." Dat, wat d'KI seet ass natierlech alles net wouer. S: Mee et kléngt net schlecht. C: Eeben. Dat sinn awer och Wierder, wou ee soe muss, et kéint jo och e Fachwuert sinn, wat ech einfach nach ni héieren hunn. An dat hu mer jo all Dag. Also wann iergendee seet Kläiper, da kéint dat jo och iergendee Stéck un iergendenger Maschinn sinn, wou e seet, de Kläiper ass futti gaangen. Dat kann dat och wouer sinn. Dat heescht, mir sinn et am Fong gewinnt, esou Saachen ze iwwerspillen a se iwwert de Kontext hierzeleeden. An dofir iwwerrascht et net, dass wann ech Iech elo nach och a menger Positioun als Linguistin géif soen, ma dat Wuert gëtt et natierlech "jauschtereg". Mee mer liewen eeben an enger Welt, wou mer wësse mussen, wou mer gutt Sourcen hunn a wéi Wëssen entsteet a recherchéiert gëtt. Et ass jo schwéier a quasi onméiglech, all Wuert an all Fachbegrëff an enger Sprooch ze kennen. Mee dofir ass et esou interessant, well et begëtt ee sech eeben an d' Positioun vun enger Persoun, déi vill Wierder nach net héieren huet. Déi awer immens authentesch kléngen. S: An da wëll ee sech jo net blaméieren, dass ee vläit eppes net weess. C: Jo, dat och. Mee Net-Wëssen ass och normal an et soll ee sech trauen, eng Fro ze stellen oder virwëtzeg ze sinn. Dat ass mäi Credo op alle Fall! S: Mir bleiwen op alle Fall virwëtzeg a soen der merci, Caroline! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
38
Fuemeschnéck
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat hues de eis haut matbruecht? C: Mäi WiWi-Wuert vun haut ass 'Fuemeschnéck'. Weess de, wat en Fuermeschnéck ass? Vläicht seet der jo Fuem eppes oder Schnéck? S: ____ C: Et kléngt op alle Fall super Lëtzebuergesch, mee – an dat war meng kleng Fal vun haut – Fuemeschnéck ass e Wuert, wat ech erfonnt hunn. S: A firwat erfënns de esou Wierder? Also wann s de mer lo eng Geschicht erzielt häss, dass dat e Champignon ass oder e Plat, dann hätt ech der dat bal gegleeft! C: Merci, dat ass léif. Ech schätzen däi Vertrauen! An elo awer den Hannergrond, firwat ech iwwerhaapt Wierder erfannen. Meng Iddi ass nämlech, d'Leit ze ënnerstëtzen, wa se d'Lëtzebuerger Schreifweis léieren. Weess de, a mengen Orthografie-Coursen ass den Haaptproblem grad net, dass d' Leit d'Reegelen net verstinn, mee et ass vill méi schwiereg, dass se vill ze laang schonn Gewunnechten etabléiert hunn, mat Schrëftbiller, déi net den aktuelle Reegelen entspriechen. Se hunn et schonn 100mol falsch geschriwwen a gelies, ouni dass se dat als falsch wouergeholl hunn. S: Ass jo verständlech, wann dat net an der Schoul enseignéiert gëtt. C: Jo, ganz genee, do kann ech och kengem e Virworf maachen. Dat ass u sech jo och iwwerhaapt kee Problem, dass se nom Gefill schreiwen, well et gëtt keng formal schrëftlech Ausbildung am Lëtzebuergeschen an eisem Schoulsystem. Dat heescht, all Mënsch huet sech sou e bëssen debrouilléiert, mee mer hunn elo de Problem, dass jonk Leit duerch dat Digitalschreiwen immens fréi ufänken, Lëtzebuergesch ze schreiwen an doduerch muss der immens verfestegt ginn. A wa se dann ufänken op der Uni, soe mer elo mat 20 oder 25 Joer, ufänken, Saachen, déi se säit iwwer zéng Joer falsch geschriwwen hunn, beemol misse korrekt ze schreiwen, do kréien se immens vill Problemer. An duerfir hunn ech mer eppes iwwerluet, andeems ech nämlech Fake-Wierder erfannen, déi immens Lëtzebuergesch ausgesinn, fir hinnen emol einfach d'Gewunnechten auszedreiwen a se einfach op dee Punkt zréckzebréngen, wou se just nolauschtere mussen an dat wat se héieren, einfach opschreiwen, ouni dass se en däitscht Wuert am Kapp hunn oder eng falsch Gewunnecht. Also de Prinzip: Wat héieren ech a wéi gëtt dat am Lëtzebuergesche geschriwwen? S: Intressant! C: Ech hunn nämlech immens vill Leit, fir déi ass et och schwéier auseneen ze halen: ei / éi / äi. Si denke ganz oft un déi däitsch Wierder. Wa si zum Beispill 'Zäit' schreiwe mussen, da schreiwe se dat ganz oft Zeit mat EI, well se dat am Däitschen ofgespäichert hunn. S: A wat wier en typesche Feeler am Lëtzebuergeschen? C: Typesch Feeler wieren zum Beispill och fir 'dat' oder 'wat' mat zwee A ze schreiwen, obwuel et just mat engem A geschriwwe gëtt. An soubal se am Cours Zäit hunn, fir iwwer Eenzelwierder nodenken, isoléiert, an ech se dann no der Reegel froen, ass dat iwwerhaapt kee Problem. Mee an engem Diktat, wou se vill Wierder musse beienee managen, do geet et hott an har an do geet et immens séier, dass se dann duerch Onopmierksamkeet einfach an al Gewunnechten erëm erafalen. An dofir hu mer zum Beispill meng schéin Trainingswierder wéi Fuermeschnéck oder Mouzeplumm, lauter Wierder, déi ech erfonnt hunn, fir engersäits hinne wierklech ganz kloer ze soen, lauschtert just, wat d' Wierder maachen an da schreift se. ... an och fir deene Leit am Cours d'Onsécherheeten ze huelen: "Wat ass, wa Wierder kommen, déi ech am Lëtzebuergeschen net kennen?" Weess de, et gëtt ëmmer méi jonk Lëtzebuerger mat Migratiounshannergrond, déi kee Lëtzebuergesch doheem schwätzen. S: Et ass jo fir si och komplizéiert. Well et ass jo scho fir Lëtzebuerger net sou einfach! C: Jo, ech denken och. An duerfir erfannen ech Wierder wéi 'floomsen' oder 'de Schléiwelchen', fir datt se sech einfach op d'Schreiwung konzentréieren. En aneren Aspekt, wéini esou fake Wierder benotzt ginn, ass och an der linguistescher Fuerschung, S: A sou? C: Also elo ewech vun der Orthografie a reng bei der Sproochstruktur, wann ëmmer gesot gëtt, et wier onkloer' ob Saache Femininum, Neutrum oder Maskulinum sinn. Also ob et lo ass 'déi Këscht, dat Këscht oder dee Këscht'. Als Mammesproochler weess de natierlech, et ass déi Këscht, et ass Femininum. Mee a Studie soll erausfonnt ginn, ob verschidde lautlech Strukturen oder Analogieeffekter dozou féieren, dass mir ee bestëmmte Genus benotzen. An do hu mer eeben esou eng Rei fake Wierder an der Linguistik, déi en teste kann, déi entspriechen den typesche Laut- a Wuertbaumechanismen vun enger bestëmmter Sprooch. An da seet een de Leit, dat heite Wuert, ass dat fir dech 'deen, déi oder dat'? Ech kann dech jo mol eng Kéier froen: Ass et fir dech 'deen, déi oder dat' Fuemeschnéck? S: ____ Fuemeschnéck. C: An da gëtt et natierlech Elementer, déi mer vill méi kloer soen, wéi ee Genus se kréien. Wann ech der elo soen: Klieperin ass och eent vu mengen erfonnte Wierder. Do géifs de ganz kloer soen, et ass ENG Klierperin, well de Suffix -in dir seet, dat ass potenziell eng weiblech Persoun an der Referenz. Oder wann ech soen Mouzeplumm? S: ENG Mouzeplumm. C: Ech ginn dovun aus, dass et hei en Analogieeffekt ass. Well 'Plumm' ass eng Mëschung aus 'Blumm' a 'Plomm' a béides (déi Plomm, déi Plumm) ass Femininum. Dat heescht, do gesäis de, dass mir och, wéi mer mat Wierder fueren, déi mer net kennen a wou mer iwwerhaapt kee Genus mat ofgespäichert hunn, dass mer do Analogië bilden oder einfach kucken, wéi d' Wuert opgebaut ass. Dat hëlleft och beim Léiere vun der Sprooch. Komm, ech liesen der nach e puer aus menger Lëscht vir: Grouz, Dréipel, Patzelter, klueken ... mee waart, ech mengen, ech wëll och nach kucken, wat eng KI zu dëse Wierder géif soen, wann ech se do aginn an no der Bedeitung froen! S: Do sinn ech awer gespaant! C: Ok, dat ass meng Aufgab fir d'nächst Woch, ech testen, wéi iwwerzeegend eng KI mat lëtzebuergesche Wierder ëmgeet, déi ech erfonnt hunn! A siche mer e schéint eraus als Titel vun der Episod, vläit en Adjektiv! Mee de Fuemeschnéck war natierlech och super! S: Da soe mer der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op d'nächst Woch mat dem Phantasie-Wiwi-Wuert an der KI! C: Merci och, a mäi Schlusswuert, dat gëtt et wierklech: Äddi!
-
37
rëffeg
Dës Kéier geet et ëm rëffegt Wieder, de kuerzen ö>, deen et am Lëtzebuergeschen net méi gëtt, a Wonnen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Wat hues de eis haut matbruecht? C: Wann d'Wieder richteg naass a kal ass – also typesch elo am Januar – wéi géifs de dat am Lëtzebuergesche bezeechnen? S: _______ C: D' Wieder ass heiansdo besonnesch rëffeg. Mir geet et haut ëm d'Adjektiv 'rëffeg'. Erkenns de vläit, wéi ee Wuert do drastécht? S: _____ C: A rëffeg ass eng Form, déi sech vu 'Roff' ofleet. An de Roff ass jo am Fong näischt anescht wéi Schorf. S: Also dat, wat sech op Wonne bilt? C: Jo, wa Wonnen esou Kruste kréien. Dat heescht och op Franséisch einfach 'croûte', do hate mer och nees den Hittchen, dee fir en historeschen S steet: croûte / Krust. S: An elo am Franséischen dann ouni Hittchen, no der Reform. C: Genee! Mee zréck bei eis Wonnen, de Roff ass jo déi Schicht, déi aus gedréchentem Blutt a Wondsekret besteet. An dat ass iergendwéi esou e bëssen eekleg. Dat ass eppes, wat d' Leit net immens gären hunn. Zréck bleift also d'Iddi vum Eeklegen. E Roff ass eekleg, eppes wat Rëff bilt, rëffeg ass, ass eekleg. An esou léisst sech dat Konzept op eppes iwwerdroen, wat dann näischt méi mam Kierper a mat Wonnen ze dinn huet. Wéi beispillsweis d'Wieder, wat da rëffeg ass. S: A firwat seet ee 'rëffeg' an net 'roffeg'? C: Dat läit dorunner, dass een bei 'Roff' en Ablautmuster huet. Mer hu ganz vill Wierder mat engem systematesche Vokalwiessel. Am Däitsche kennt een dat och, do ass de Vokalwiessel vun O zu Ö: Gott, göttlich. An dee Wiessel ass am Lëtzebuergeschen O zu Ë: Mond > mëndlech an och Gott > gëttlech. Den O gëtt zu engem E mat Treema (ë). S: Firwat kann een am Lëtzebuergeschen do net och e kuerzen "ö" huelen? C: Schreifs du deen dann heiansdo? Bei Wierder wéi nërdlech, Wëllef, gëttlech asw.?S: ____ C: Et ass net wierklech en Ö op där Plaz, well d'Lëpsen net gerënnt sinn. Weess de, beim 'ö' muss een de Mond ganz spatz maachen, a beim 'ë' sinn d'Lëpse ganz labber souzesoen, an enger neutraler Positioun. A virun 1975 huet ee vill Wierder och nach mat 'ö' geschriwwen! Am WLM-Dictionnaire vun 1906 steet de Pluriel 'Wöllef' beispillsweis nach mat engem 'ö'. Mam LWB, also mam nächste grousse Lëtzebuerger Dictionnaire koum dann och d'Dictionnairesschreifweis, déi eis Schreifweis haut nach präägt. An an der sou genannter 75er-Schreifweis, well se 1975 festgehale gouf, huet et da geheescht, dass all dës Wierder mat 'ë' ze schreiwe sinn: hëlzen, Wëllef, gëttlech asw. S: A firwat? C: Ech denken, dass ee sech engersäits nom 2. Weltkrich méi staark vum Däitsche wollt ofgrenzen. An och d'Tatsaach, dass – wéi ech lo grad schonn ugedeit hat – de Laut einfach liicht anescht kléngt, well d'Lëpse beim 'ö' vill méi staark gerënnt sinn. Mee et gëtt definitiv Wierder, wou de Laut iergendwéi e Spillraum huet tëscht dem Schwa, also dem "ë" an dem "ö" wéi lo bei "nërdlech", dat kann ech och e bësse méi rënnen. S: Mee bei 'rëffeg' kann ee lo net wierklech bei en "ö" goen. C: Nee, hei wier et ongewéinlech. Röffeg? Rëffeg? Et ka jo och sinn, dass de Laut virun iwwer 100 Joer méi staark als 'ö' geschwat gouf. Dacks huet de Laut hannendrunner en Afloss op d'Artikulatioun. Op alle Fall ass d'Grondwuert an deene meeschte Fäll mat engem "o", also de Laut entsteet aus engem "o". An an eisem Beispill war et de 'Roff' an dat rëffegt Wieder. Mee stell der mol vir, am Däitsche géif een d'Wieder 'schorfig' nennen, sou wéi mir rëffeg soen. S: Am Däitsche kléngt dat wierklech net gutt. C: An do gesäit een dann och ganz gutt, wéi d'Wuert 'rëffeg' de Lien zu de Wonnen och verluer huet. A well mer haut sou vill iwwer Wonne geschwat hunn, wëll ech och nach eng Kéier all Mënsch dozou opruffen, sech emol an een Éischt-Hëllef-Cours anzeschreiwen. Do léiert een alles iwwer Wonnen an iwwer den Ëmgang domat! A ville Gemenge ginn der ëmmer nees op Lëtzebuergesch oder op aner Sproochen ugebueden. An et ass ni schlecht, sech do weiderzebilden! Dat geet ganz einfach iwwer de Site vum CGDIS. S: Dat ass wierklech e gudden Opruff! Vläit schreiwen ech mech och an! C: A ganz um Enn nach eng Kéier merci un all déi léif Leit, déi eis ëmmer bei WiWi schreiwen, sief et op eis Adress wiwi@100komma7.lu oder iwwer meng Homepage oder meng Unisadress – an ech sinn och ganz dankbar, dass dat ëmmer léif a wäertschätzend Messagë sinn. Ganz oft sinn et intresséiert Leit oder och spezialiséiert Leit, déi mer nach weider Iddie mat op de Wee ginn – op alle Fall richteg léif an e grousse Merci! S: Dat hält een och motivéiert. C: Jo, ganz genee S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
36
Menger Schwëster hir Duechter 2/2
Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter. Mir kucken, wat dës Konstruktioun mam Genitiv ze dinn huet an och wéi se entstanen ass. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut gi mer nees bei e grammatescht Theema resp. maachen den Deel 2 vun "menger Schwëster hir Duechter". C: Richteg, d' Konstruktioun, iwwert déi mer d' lescht Woch geschwat haten, mat menger Schwëster hir Duechter, hat ech a Bezuch op den Hatt-si-Phenomeen erkläert. Dat war de Rapport tëscht 'menger Schwëster hir Duechter' a 'menger Schwëster seng Duechter'. An haut wëll ech am Fong op déi Konstruktioun agoen. Elo wëll ech am Fong gäre kuerz erklären, wéi déi possessiv Konstruktiounen entstinn. Dat sinn déi Besëtz- oder Relatiounskonstruktiounen, fir ze soen, menger Mamm hiren Auto, mengem Hond säi Bett oder mengem Meedche seng bescht Frëndin, etc. Et huet mech nämlech immens interesséiert, dass déi Konstruktiounen och am Däitschen existéieren, mee do gëlle se als Substandard. Do kann ech net an all Kontext soen, "meiner Schwester ihre Tochter". Do géif ech soen, "die Tochter meiner Schwester". Do maachen ech e Genitivattribut, wat hannendrunner steet. S: Dat ass am Däitsche jo och ganz normal, nee? Also mam Genitiv. C: Absolut. Grad de Genitiv-S ass eppes, wat mer immens prominent aus dem Däitsche kennen: die Tochter meines Bruders. Mee dat hu mer am Lëtzebuergeschen net. Dat heescht, déi Zort Genitivattribut kënne mer am Lëtzebuergeschen iwwerhaapt net bilden. An dofir hu mer epeps aneres an dat nenne mer de possessiven Dativ. S: Dat muss de vläit méi genee erklären. C: Mir huelen en Dativ mat engem Possessivartikel, also meng Schwëster, mäi Brudder. Da setze mer dat an den Dativ "menger Schwëster" oder "mengem Brudder". An dann hannendrunner dat, wat zu där Persoun gehéiert. Also menger Schwëster hir Duechter, mengem Brudder seng Duechter, dem Noper seng Duechter asw. S: Mee och am Däitschen existéiert dat, nee? C: Also wann ech da géif soen, "meinem Brudder seine Tochter" – dann ass dat schonn e bëssen net esou elegant am Däitschen. Dat heescht, dat ass net Standarddäitsch, well do géif de Genitiv higehéieren. Mee et sinn nawell Konstruktiounen, déi een am geschwaten Däitschen esou kann héieren. Also jo, se existéieren! An och a villen Dialekter. A wéi déi Konstruktioun entstanen ass, ass am Fong och super interessant. S: Wéi koum et dann dozou? C: Ganz am Ufank war et einfach eng Kombinatioun vun engem normalen Dativobjet (fir déi, déi méi frou mat der franséischer Grammaire sinn, dat ass de COI, de Complément d' Objet indirect). An do hu mer eng Kombinatioun vu Wierder, déi esou no beienee stinn, dass se nei analyséiert ginn. S: Hues de do e Beispill fir eis? C: Naturellement. An zwar hu mer eppes wéi "Hien huet der Fra hir Posch geklaut". Elo humer d'Verb 'klauen', et gëtt engem eppes geklaut an et gëtt eppes geklaut. Dat heescht, fir "klauen" brauch ech dräi Matspiller am Saz. Ech brauch ee Sujet, hien. Ech brauch déi Persoun am Dativ, där eppes geklaut gëtt (der Fra). An da brauch ech och nach en Akkusativ, an zwar den Objet, dee geklaut gëtt (hir Posch). A schonn hunn ech do stoen, "hie klaut der Fra hir Posch". Lo kann ech awer och froen, wat klaut en? S: "der Fra hir Posch". C: Exakt. An domat sinn zwee Sazglidder zesummegeréckelt, déi ech wéi eng nei Eenheet verstinn. Well eigentlech gouf enger Persoun eng Posch geklaut. Mee an der Kombinatioun ass et d'Posch vun der Fra, am Saz niefteneen als "der Fra hir Posch". Also sinn déi possessiv Dativen aus engem normalen Dativ eraus entstanen an déi loosse sech dann esou kombinéieren, dass ee seet "hir Posch" > Wiem seng? > Ma der Fra hir Posch. Ursprénglech huet een dës Konstruktioun also ganz vill bei Verbe gehat, déi souwuel en Dativ wéi och en Akkusativ fuerderen. A wann ech dann do nach e bëssen sou eng Relatioun tëscht deenen zwee Matspiller hunn, dass mer eng Besëtzrelatioun hunn zum Beispill wéi hei, da ka sech dat verfestegen. S: Wéi kéint een et da soss nach ausdrécken? D'Posch vun der Fra? C: Jo! Wéi s de richteg sees, kéint een natierlech och soen "d'Posch vun der Fra". Mat der Prepositioun "vun" loosse sech allgemeng ganz vill Relatiounen ausdrécken. Op där anerer Säit hu mer de possessiven Dativ och op Plaze wéi: Wiem säin Handy ass dat? Him säin! Do géif "säin" jo scho bal duergoen. Par conter kann ech elo net soen "mir mäin". Do muss ech eleng de "mäin" huelen. An dat fannen ech richteg spannend! Et huet warscheinlech mat der Fro ze dinn "wiem säin", déi da just als "him säin" kann ergänzt ginn. Well all déi aner pronominal Äntwerte sinn net kombinéierbar. Ech ka jo och net "hir hiren" soen, mee einfach "hiren". S: Dem Caroline seng Emissioun ass haut eriwwer. C: Schick agebaut! A leider jo! S: Dat war nees eng schéi grammatesch Episod fir haut a mir freeën eis och op weider Episode mat dir! Merci, Caroline! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
35
Menger Schwëster hir Duechter - 1/2
Dës Kéier geet et ëm eng Fro vun enger Nolauschterin, déi am Fong mam Hatt-si-Komplex ze dinn huet. Et geet ëm d'Schwëster an onkloer Referenzen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Du hues eis nees eng Fro matbruecht, déi dech per Mail erreecht huet. C: Genee! Ech krut erëm eng Kéier eng Noriicht vun enger Nolauschterin, an zwar wollt déi wëssen, ass et eigentlech "menger Schwëster hir Duechter" oder "menger Schwëster seng Duechter"? S: … hir Duechter, oder net? C: Dat ass déi eng Léisung, jo. A well et hei sou vill Beschreiwungs- an Erklärungsniveaue gëtt, iwwer déi ech alleguer kéint stonnelaang schwätzen, musst der entweeder e Luxemburgistikstudium ufänken op der Uni.lu a bei mech an de Cours kommen oder dir lauschtert haut Deel 1 vun der Episod an déi Woch drop Deel 2. S: Du hues jo nees vill wëlles! Komm mer schéisse lass! C: Et ass esou, bei "menger Schwëster hir Duechter" wëll ech eemol de Bezuch op den Hatt-si-Phenomeen erklären. Wéini soen ech fir weiblech Persounen hatt, wéini soen ech si? … a wéini vermëscht sech dat? An hei ass nämlech ee vun deene rare Fäll, wou et sech vermëscht. Ech wëll domat soen, dass Forme wéi "menger Schwëster seng Duechter" och am Gebrauch sinn. Ech benotze lo ganz bewosst net richteg a falsch. Kucke mer eis emol eng Kéier fir d' éischt den Hatt-si-Phenomeen un a Bezuch op eist Beispillwuert Schwëster. Schwëster ass vun der Wuertaart hier... S: ... e Substantiv. C: Genee, an et ass Femininum, well ech soen jo eng Schwëster, déi Schwëster. An do mierken ech, et ass am Femininum an et referéiert op eng Fra. Bei Duechter sinn ech och am Femininum. A wann ech just Feminina hunn, da misst et 'hir Duechter' sinn. Gell? S: Jo, a wéi kënnt een dozou ze soen, "menger Schwëster seng Duechter"? C: Kucke mer eis dat emol eng Kéier un, wéi den 'seng', den Neutrum, do erakënnt. Ech kéint eppes soe wéi, huele mer un, meng Schwëster heescht Catherine. Da kéint ech soen, dem Catherine seng Duechter. Ok? Dat fonctionnéiert wonnerbar, well do sinn ech déi ganzen Zäit beim Neutrum: Cathrine > hatt > seng Duechter. An hei ass genee dat, wat sech iwwerschneit. An zwar hu mer zwar bei 'Schwëster' eppes, wat grammatikalesch am Femininum ass, mee well mer esou eng Konstruktioun hunn, déi sech op eppes bezitt, wat och zum Deel am Kapp als Persoun ofgespäichert ass, nämlech de Virnumm vun där Persoun, kënnt et ganz oft vir, dass een dann de Virnumm hëlt, fir dat grammatesch ze verbannen. An da lande mer scho beim Neutrum. Dobäi kënnt nach, dass bei der Schwëster keng grouss Altersdistanz ass. Et huet ee jo d'Tendenz, dass eng héich Altersdifferenz no uewe bei de 'si' tendéiert. Dofir och hei eng oppen Dier fir Neutrum. S: Menger Schwëster seng Duechter – huet also mam Virnumm ze dinn? C: Jo, a mat der sozialer Dynamik, déi dorauser resultéiert. Do gëtt et beispillsweis och Leit, déi vun hirer Cheffin schwätzen. An engem Betrib mat jonker Cheffin a mat flaachen Hierarchien, do ass et net ongewéinlech, dass d'Leit dann an den 'hatt', also an den Neutrum rutschen, wa se vun där Persoun erzielen. An da falen och Sätz wéi: säi Mann war och mat iessen. Obwuel Cheffin e feminiint Substantiv ass, hu mer am Kapp eng Neutrum-Form, déi sech souzesoen iwwer de Virnumm plus déi sozial Facteure festsetzt. S: Et kléngt awer e bësse komesch. C: Jo, wat sécher dorunner läit, dass déi Persoun fir eis an där fiktiver Erzielung komplett onbekannt ass. A mir dat dofir mat kengem Virnumm fest ofgespäichert hunn. Häss de elo eng Cheffin, déi Myriam heescht, da wier dat de Lien an du hues d'Cheffin net als Cheffin ofgespäichert an dengem mentale Modell, mee als Myriam (Neutrum). Dass herno 'Cheffin' gesot gëtt, ass am Fong just, fir mengem Vis-à-vis ze soen, wien d'Myriam ass. Mee d'Referenz am Kapp ass dacks vum Virnumm gepräägt. An et gëtt och Leit, wa se vun hirer eegener Fra schwätzen (déi se natierlech och mam Virnumm uschwätzen), dass do dann deen Neutrum mat erarëtscht. Obwuel déi ganz déi Cheffin, déi Fra, déi Schwëster, obwuel déi alleguer ganz kloer Feminina sinn, hu mer do Elementer vu Persounen, déi sech iergendwéi grammatesch mat dem Virnumm verbannen. An dat fanne mer ëmmer dann, wann de Referent, elo gëtt et e bësse méi technesch, wann de Referent (=déi weiblech Persoun) a mäi Pronomen am Saz méi wäit ewech sinn. Wat mäi Pronome méi wäit ewech ass, wat ech et éischter iwwer mäi mentale Späicher ofgläichen (de Virnumm) an net iwwer de Femininum vum Referenzwuert. S: Kanns de dat mam Schwësterbeispill erklären? C: Jo, gär. Ech hunn eng Schwëster Catherine. A fir mech ass déi Persoun mam Numm Catherine verbonnen. An dat wier ëmmer 'hatt'. Lo erzielen ech dir vun där Persoun an ech soen am Ufank awer, fir dech opzeklären, wien dat iwwerhaapt ass, "meng Schwëster". Wat awer dono geschitt, ass, dass ech onbewosst op den "hatt" zréckfalen, well "Catherine" a mengem Kapp méi staark ass. Fir all Persoun, déi dat vu baussen héiert, ass dat net sou evident nozevollzéien, well dee Lien mam Virnumm net sou grouss ass. Awer passt emol op, wéi vill Leit, wa se vun hiren eegene Familljememberen oder Partner schwätzen, genee déi Konstruktioun wielen: menger Schwëster säi Frënd. Wéi gesot, an engem ganz neutrale Grammaires-Exercice hätt ech lo och "menger Schwëster hire Frënd" geschriwwen. Do spillt déi perséinlech Relatioun an de Virnumm jo och keng Roll. S: A wat sees de lo genee op d'Fro vun der Nolauschterin? C: Menger Schwëster hir Duechter – dat wier déi gewinnte Form: Wann ech dat eebe just op der Texteebene maachen oder wann ech déi Persounen vläicht net kennen, da bleift mer just de Femininum iwwereg. Awer geet et ëm eng perséinlech, reell Erzielung, da si Konstruktioune wéi "menger Schwëster seng Duechter" net ongewéinlech, well se ginn nom Muster "dem Cathrine seng Duechter" gebilt. Mee ech fannen dat sou interessant, wa Leit dat maachen, well dat weist eis, dass mer an deem Komplex vum Hatt a vum Si do immens komplex Mechanismen hunn, déi am Kapp iergendwéi oflafen. S: A wéi maache mer am zweeten Deel da weider? C: An an der nächster Episod, also am zweeten Deel, do wëll ech am Fong gären erklären, wéi déi Konstruktiounen à la menger Mamm hiren Auto, mengem Hond säi Bett iwwerhaapt zustane kommen. S: Da bleiwe mer gespaant op den zweeten Deel a soen der merci fir haut! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
34
Mupp
Dës Kéier geet et ëm Muppen an Hënn a wéi kleng oder grouss verschidde Bedeitungsnuancë sinn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut hu mer eng Fro vun engem Nolauschterer, gell? C: Mir starten an dat neit Wiwi-Joer mat engem Wuert, wat eis en Nolauschterer ageschéckt huet. An zwar geet et do ëm d' Fro, wou dat Wuert "Mupp" eigentlech hierkënnt. S: Dat ass zwar eng gutt Fro. C: A wat ech schonn ëmmer ganz interessant fonnt hunn, ass dass een net nëmme Mupp soe kann, mee och Hond. An Hond, ech mengen do wäert elo all Mënsch direkt kënne soen, wou dat hierkënnt. S: Wéi am Däitschen 'Der Hund'. C: Jo, eeben. Den Hond ass natierlech a ville germanesche Sproochen ze fannen: hollännesch 'hond' oder schweedesch 'hund', dänesch ' hund'. Mee déi intressant Fro ass, firwat een am Lëtzebuergeschen déi zwee huet a wéi se vläicht e bëssen ënnerschiddlech sinn. Hond ass e bësse méi den neutralen Iwwerbegrëff. An de Mupp ass, mengen ech, éischter eppes, wat sou e bësse méi léif ass an sou e bësse méi frëndschaftlech. Awer béid iwwerschneide sech och am Gebrauch. Sees du eigentlech Hondsrass oder Mupperass? S: ____ C: Ech mengen, ech soe béides. Du kanns awer witzegerweis am chen-Diminutiv net béides huelen: wann s de lo sees, o kuck, wat e léiwe klengen …? S: Mippchen. C: Genee, Mippchen, 'Hëndchen' hu mer nämlech am Fong iwwerhaapt net. Also et ass e Wuert, wat mer nach guer net begéint ass. Dat heescht, et weist schonn, dass dat, wat do ass fir ze vernidlechen, dat ass dann och tendenziell de Mupp. An do mengen ech, dass mer do eng Upak hunn, fir ze soen, dass de Mupp dat ass, wat e bësse méi kleng ass. S: A wou kënnt d'Wuert Mupp hier? C: Fir d'éischt muss ech soen, dass d'Form 'Mupp' och als 'Mupp' oder 'Mopp' am Rheinischen Wörterbuch dran ass, also et ass lo net spezifesch Lëtzebuergesch, mee kënnt och am Dialektraum hannert der däitscher Grenz vir. Ma wann et ëm d'Hierkonft vum 'Mupp' geet, do huet sech de Sam Mersch, e gudde Kolleeg vu mir, och schonn domat auserneegesat. An hien hat do schonn e puer Theorië matenee verglach. A wéi dat generell an den Etymologien ass, ass et heiansdo schwéier, eng eenzeg Pist auszemaachen. An als Mënsch si mer ganz oft verleet, déi Pist ze huelen, déi iergendwéi besonnesch flott oder iergendwéi besonnesch intressant kléngt. Mee et muss een awer och kucken: Passt dat mat de Quellen? Passt dat mat der lautlecher Entwécklung? A passt dat och mat deem, wat mer an anere Sprooche fannen? Kucke mer mol eng Kéier, wat de Sam do eng Kéier erkläert hat. Hie war dovun ausgaangen, dass et eeben och mam Mops zesummenhänkt. Dat gesi mer och an deenen ale Lëtzebuerger Dictionnairen. Do gëtt och de Lien gemaach mam Mops. S: Mops, also d'Rass? C: Jo, déi mam zerknautschte Gesiicht an de bëlzegen Aen. An do ginn et fir d'Etymologie vu Mops zwou Erklärungen. Dat eent wier fir d' Beschreiwung vun de Gesiichtsmuster. Do huet een och heiansdo de Verglach mat Englesch "to mope" oder och hollännesch 'mopen' oder 'mopperen'. Dat ass wann ee esou e bëssen grimmeg kuckt oder wann ee esou e bëssen de Mond hänke léisst. Dat kéint natierlech vu verschiddene klenge Muppe-Rassen oder och méi grousse Muppe-Rasse och de Fall sinn, dass et esou e bëssen de Gesiichtsausdrock ass. S: Wat ass 'mopperen' da genee am Hollänneschen? C: Ech hat och nach fonnt, dass 'mopperen' am Hollänneschen och e bëssen "grommelen" oder "knurren" bedeite kann. Generell muss een natierlech soen, dass och aner Rassen grommelen, net just déi kleng. Oder et ass, well de Mops sou haart otemt a schnaarcht! An eng weider Hypothees ass, dass dat Wuert 'Mupp' oder 'Mopp' fir eppes steet, wat ronn a mëll a kleng ass. An deem Kontext fënnt een dann och d'Wierder 'mockeleg' oder 'moppeleg', d.h. e bëssen 'déckeleg'. An do kann et gutt sinn, dass e ronnen Objet, e ronne Kierper dann dozou féiert, dass dat kleng Mippercher sinn. An et ass do hier dann 'moppeleg', 'mopsig', 'mockeleg', dass mer do e bëssen e Lien hunn, mat kleng a ronn. Interessant ass awer trotzdeem, dass sech déi zwee Wierder (Mupp an Hond) gehalen hunn. Mir hunn also de Mupp, deen iergendwéi Famill ass mam Wuert Mops. S: Mee do ass et jo eemol eng Rass an eemol den Numm fir d'Déier. C: Dat stëmmt. An dat ass ganz oft, dass mer a verschiddene germanesche Sproochen eemol en Iwwerbegrëff hunn an eemol en Spezialbegrëff. Dat hu mer zum Beispill och am Engleschen, wou mer 'dog' soen. A kanns de der virstellen, wéi ee Wuert am Däitschen do elo verbonnen ass? S: Eng Dogge? C: Jo, do hu mer lo am Engleschen den Iwwerbegrëff 'dog' an den däitsche Pendant bezeechent eng Rass. An zwar sinn dat déi, déi ech ganz léif als kleng Ponye géif bezeechnen. Well dat sinn déi risegrouss Muppen. An do gesäit een, dass 'Dogge' an 'dog' dat selwecht Wuert sinn, mee eemol bezeechent et se alleguer an eemol just eng Gattung dovunner. Änlech hu mer dat och mat 'Hond' oder 'Hund 'an englesch 'hound'. En 'hound' ass nämlech am Engleschen net iergendeen Hond, mee et sinn déi, déi fir ze joe sinn a vun allem déi, déi schnoffele kënnen. Op Däitsch heeschen se 'Jagd- und Hetzhunde' an net Hënn am Allgemengen. An domat hu mer dräi Beispiller, wéi - innerhalb vun de westgermanesche Sproochen - eenzel Wierder eng Bedeitungsverengung hunn (dass een eenzel Rassebezeechnungen huet) oder och eng Bedeitungserweiderung, andeems se eng ganz Kategorie bezeechnen. S: An ännere sech sou Bedeitungen dann och nees? Also an Zukunft? C: Dat ass ëmmer schwéier soen, a grad bei esou Lexeemer brauch et nawell laang, bis sech do eppes ännert. Mee sou gesinn huet d'Wuert Mupp sech jo och scho mat der Zäit vum klenge Mops op déi ganz Gattung ausgebreet. An et brauch normalerweis e puer 100 Joer, bis sech esou Tendenze weisen. S: 100 Joer musse mer net méi op déi nei Episod WiWi waarden, déi kënnt wéi ëmmer an enger Woch! C: Richteg! S: An domat soe mer der merci a freeën eis op nei Wierder iwwer Wierder vun dir! C: Merci och an d'Schlusswuert ass: äddi!
-
33
Neijoerschdag
Dës Kéier geet et ëm deen éischten Dag vum Joer a mer ginn der Fro no vum "sch". S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut geet et graff gekuckt ëm Silvester. C: Jo, et ass déi richteg Richtung, et geet mer ëm den éischten Dag vum neie Joer. S: … also Neijooschdag. C: Neijooschdag, den Dag mam Oosch. S: Mam Oosch? C: Ech wëll Iech haut méi erzielen, wéi et zu deem Oosch kënnt. Den Neijooschdag huet deen OOSCH an deen ass ganz typesch, wann en R an en S zesummekommen. Well am Fong setzt sech dat Wuert zesummen aus nei, Joer an Dag. An do hu mer nach en S, dee mer ganz typesch do stoen hunn. S: De Fouen-s! C: Jo, tipptopp, iwwert deen hate mer och scho bei anere Wierder geschwat. Dat ass dee klengen S, deen heiansdo an Zesummesetzungen ze fannen ass. An den R an den S an eelere Wierder, hu mer deen zu Sch verbonnen. Dat nenne mer an der Linguistik assimiléiert. Dat heescht R an S gëtt ganz oft am Lëtzebuergeschen zu Sch assimiléiert. Dat ass awer haaptsächlech bei eelere Wierder sou oder dat gesäit een och bei verschiddenen däitsche Wierder: besonders ass besonnesch oder Bürste ass Biischt oder anescht ass däitsch anders – den R an den S gëtt zu Sch. An do gesi mer am Wuert Neijooschdag, dass deen SCH hei ganz fest dran ass. Well kee vun eis seet 'Neijoersdag', obwuel dat natierlech déi eenzel Elementer wieren. Et gëtt awer och d'Schreifweis "Neijoerschdag", déi gefält mir perséinlech awer manner gutt, well se d'Iddi vun der Assimilatioun net opgräift an amplaz éischter d'Wuert
-
32
Haupeschbléiser
Dës Kéier geet et ëm eng Kulturtraditioun zu Lëtzebuerg: d'Haupeschbléiser. Dir gitt gewuer, wien den Hauper ass a wat do eigentlech geblose gëtt. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht? C: Haut schwätzen ech iwwer e Wuert, wat ech selwer réischt nei geléiert hunn. An zwar geet et ëm d'Haupeschbléiser. S: Haupeschbléiser? C: Kenns de dat, also kanns de der eppes drënner virstellen? S: ______ C: Et ass en Deel vum Patrimoine zu Lëtzebuerg. D'Wuert setzt sech zesummen aus de Bléiser, also vum Blosinstrument, an Haupesch, wat op de St. Hubert zeréckgeet. Dat Instrument, wat se spillen, heescht op Franséisch 'trompe de chasse'. S: Also en Horn fir op d'Juegd? C: Genee, et ass eng Grupp vu Musikanten an hiert Instrument gouf effektiv konzipéiert fir d'Juegd, méi genee nach fir Juegden um Päerd. S: A, lo verstinn ech, firwat s de dat Wuert erausgesicht hues! A wéi muss ech mer dat Instrument virstellen? C: Et ass ronn gedréit, de Blechrouer ass 4,55 m laang, op 3 Toure gedréit an den Toun kënnt hannen eraus, dass een et no hannen héiert. Zu Lëtzebuerg spillen se haut mat der sougenannter Trompe d'Orléans, déi säit 50 Joer benotzt gëtt, well se anscheinend immens praktesch ass. D'Instrument gouf viru ronn 400 Joer entwéckelt, an der Zäit vum Louis 14, wou se op d'Juegd geridde sinn. De Kinnek oder den Adel am Allgemengen ass do matgeridden, a fir de Wee net ze verléieren, resp. fir ze wëssen, wat se am Fong noreiden, gouf dat Instrument entwéckelt, wat ee um Päerd benotze kann. An et huet jee no Lidd ugewisen, ob elo grad en Hirsch oder e Wëllschwäin entdeckt ginn ass. S: Spillt een dat da mat enger Hand oder wéi geet dat um Päerd? C: Jo, dofir och e Blosinstrument ouni Knäppercher, well een déi aner Hand brauch fir ze reiden. En plus kann ee sech et ëmhänke wéi eng Posch. S: An haut? C: Haut blosen se och Fanfaren op Concerten. Et muss een dat Instrument beherrschen! Et geet do och ëm d'Musek! A weess de, wat ech besonnesch cool fannen? S: So mer. C: Et ass hiren Outfit. Well och wann se net ëmmer um Päerd sëtzen (wann se eeben zum Beispill just e Concert spillen), dann ass et eng richteg Reidertenue: se hu Reithelmer un, wäiss Reithändschen, en orangë Gilet an en däischterbloe Paltong mat orangen Accenter a gëlle Knäpp. S: Dat kléngt awer och ganz britesch iergendwéi. C. Jo, effektiv. Et ass eeben dat, wat dem franséischen an engleschen Adel gutt gefall huet a sech an Europa iwwer vill Joren etabléiert huet an dat gëtt an esou Kulure weidergedroen! S: Scho cool, méchs du dat och? C: Ech kann zwar gutt am Gallopp mat enger Hand duerch de Bësch düsen, mee ech spille leider kee Blosinstrument! A sinn och normal ugedoen. An a propos Kultur, d'Haupeschbléiser: déi sinn elo Deel vum IKI. Et ass also eng Traditioun zu Lëtzebuerg, déi elo zum immaterielle Kulturierwe gehéiert. S: A firwat heeschen se scho méi Haupeschbléiser? C: Dat kënnt vum Saint Hauper – eng verlëtzebuergescht Form vum St. Hubert, dat ass hire Schutzpatroun, am franséischen Numm heeschen se "Trompe de Chasse Saint Hubert de Luxembourg". An aus de Bléiser vum Saint Hauper goufen dann d'Haupeschbléiser. S: An du kanns eis bestëmmt soen, firwat den Hauper- zu Haupesch gëtt? C: Naturellement. Ech ka jo net just Kulturwëssen ënner d'Leit bréngen, mee ech si jo hei, fir och linguistesch Saachen ervirzehiewen an ze erklären! Dat ass nees déi berüümt Assimilatioun vun RS zu SCH. Do hunn ech d'nächst Woch och nach e passend Wuert! S: A wéi bass de eigentlech op dat Wuert vun haut komm? C: Iwwer youtube, haha. S: Wierklech elo? C: Jo, kee Witz, de Kulturministère huet e richteg flotte Video vun 13 Minutten doriwwer gemaach mat villen Erklärungen, déi ech och als Grondlag fir dës Episod geholl hunn! S: A wéi fannen ech deen? C: Einfach Haupeschbléiser sichen. An elo nach mäi Claim for fame – dat schwaarzwäisst Päerd am Video kennen ech perséinlech! S: An de Reider net? C: Dach, och de Reider, Lëtzebuerg ass kleng. An nach eppes a puncto Kultur - ech wënschen Iech alleguer doheem ganz schéi Chrëschtdeeg mat Äre Léifsten! S: Ma dat wënschen ech dir och! Merci fir haut, Caroline a mir freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de eis nei Wierder bei WiWi erkläers. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
31
Hittchen 2/2
Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt? S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Mir sinn haut am Deel 2 vun der Hittchen-Episod? C: Jo, ech hat ze vill cool Saache fonnt iwwer den Accent circonflexe, dee mer am Lëtzebuergesche sou léif 'Hittchen' nennen. S: A mer ware stoe bliwwe bei der Fro, wou deen iwwerhaapt hierkënnt. Also firwat brauch ech eigentlech en Hittchen op engem Vokal am Franséischen? C: Generell ass et interessant ze wëssen, dass den Accent circonflexe fir en S steet, dee mat der Zäit verluer gaang ass. Een S, deen och souwisou net méi mat ausgeschwat gouf. An dat gesi mer heiansdo, wa mer Wierder vergläichen, Englesch, Franséisch oder wa mer e Champs lexical am Franséische vergläichen. S: Hues de Beispiller? C: Mir hunn zum Beispill 'forêt', schreiwe mer hanne mat E Hittchen T an am Engleschen hu mer 'forest', do hu mer den S nach. Oder 'la bête' vu 'Beast' oder 'Bestie', wou mer den S gesinn an héieren, 'île' a Latäin 'insula', Spuenesch 'isla' asw. Dat hu mer awer deelweis och am Franséische selwer. Also mir hunn 'arrêt' mat engem Circonflexe, mee 'arrestation', dat heescht do kënnt den S erëm zum Virschäin. Awer verschidde Wierder, déi och schonn emol en S haten, hunn awer haut keen Accent circonflexe. An dat mécht en eeben esou intransparent oder "incohérent", wéi se am LeRobert soten. S: Wat wier do e Beispill? C: Ech hu Wierder wéi 'chaque', also wéi 'chaque matin'. An dat gouf fréier och mat engem S geschriwwen, chasque – ganz zréckgekuckt kënnt et vum Latäin 'quisque' (jiddwer). Awer haut hu mer do kee Circonflexe drop. Et gëtt do Theorien, dass dat och eppes mat der Vokallängt zesummenhänkt, mee dat ass keng Reegel, déi ëmmer gräift. Dofir muss een do e bësse virsiichteg sinn. Wichteg ass awer, dass quasi all Vokal coifféiert ka gi vun engem Circonflexe, den A E I O U. S: An awer fakultativ um I an um U? Heescht dat, dass ech de Choix hunn? C: En ass do generell fakultativ, just vereenzelt ass en nach obligatoresch, fir e Bedeitungsënnerscheed ze maachen oder fir op bestëmmte Verbformen hinzeweisen. Beispillsweis bei 'sur' a 'sûr': sur = op a sûr = sécher. Do muss e stoen. An da gëtt et Wierder, wou en ewechfale kann. S: A wéi eng Wierder sinn dat? C: Ma et ass ganz léif, de franséische Kulturministère huet do esou e klengt Iwwersiichtsdokument. Dat heescht 'Mini Guide de la Nouvelle Orthographe'. An do dinn ech mech iwwregens ëmmer schwéier, dass et am Franséischen net 'Orthographie' ass, mee 'Orthographe' … S: Ech hätt och Orthographie gesot! C: An den Accent circonflexe, dee verschwënnt elo um I an um U. An do sinn als Beispiller entraîner oder coût fir d'Käschten. A béide Fäll KANN een den Hittchen ewechloossen. An do hu mer natierlech elo d' Fro, wat maache mir mat Wierder, déi mir am Lëtzebuergeschen hunn? Bis elo hu mer just Schreiwunge mam Hittche gehalen. S: A wat sinn dat da fir Wierder, déi do am Lëtzebuergesche betraff sinn? C: Mat I hätt mer abîméieren, Boîte, Chaîne, Maître (vu Maestro), maîtriséieren asw. S: A mam U? C: Bûche (passend bei Chrëschtdag), Croûton, Goût, Piqûre, Ragoût. Déi sinn och all den Ament am Lëtzebuergeschen just mat Hittchen. Well mer och net ëmmer direkt sprange kënnen, soubal iergendwéi eppes ugepasst gëtt. An och wéi ech elo grad gesot hunn, ass et net fort am Franséischen, mee fakultativ. Well ganz oft ginn nach déi zwou Schreifweise benotzt. An dann hat ech nach eng Statistik fonnt, wou se einfach e puer Leit gefrot haten, wéi se dat da fannen am Franséischen. An ob se prett wieren, de Circonflexe falen ze loossen, also hire Vokal net méi ze coifféieren. An do ware just 10-20% vun de Leit bereet, fir déi modern Schreifweis ze adaptéieren. Si hunn einfach gären hire klassesche Circonflexe. An ech muss soen, et ass jo effektiv och e bësse speziell, dass déi Reegel just fir den I an den U gëllt an net fir den A, wéi um Pâté zum Beispill. Do fält mer an, Pâté ass och e Wuert, wou ee gesäit, dass de Circonflexe fir en alen S steet! Kanns de der virstellen, a wéi engem Wuert nach den S virkënnt? S: _____ C: Am Däitschen hu mer jo zum Beispill d'Wuert 'Pastete' oder generell kënnt et jo vu Pasta, also pâte = Pasta = den Deeg, dee gemaach gëtt, fir alleguer déi Saachen ze maachen. Ech halen Iech op alle Fall um Lafenden, wéi d'Geschicht mat den Hittercher weidergeet! S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
30
Hittchen 1/2
Dës Kéier geet et ëm coifféiert Vokaler, eng Kappbedeckung a Fransousen, déi Saachen upassen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Den Zinniklos war do an huet eis eng laang Episod matbruecht! C: Jo, ech war en plus an der Virbereedung an esou ee Rabbit hole gefall, dass ech d'Inhalter op zwou Episoden hu missen opdeelen! S: Eisen éischten Zweedeeler also! C: Genee, haut maache mer en Deel iwwer den Hittchen an nächst Woch deen 2. Deel! S: Mer schwätzen also iwwer den Hittchen? C: Genee! Haut schwätze mer iwwer Hittercher, also iwwer den Hittchen. Net direkt iwwer d'Kleedungsstéck, mee och iwwer Orthografie an iwwer déi franséisch Orthografie. A mer starte lass. Den Hittchen ass fir d' éischt emol am Lëtzebuergesche e super Wuert, well et ass den Diminutiv vun Hutt. A mir hunn hei erëm ganz typesch, wéi am Lëtzebuergeschen, e Vokalwiessel. Mer komme vun U zu I, wéi mer zum Beispill och hunn bei Kuch-Kichelchen oder Duch-Dichelchen. S: Awer ass dat haut, wat s de alles erziele wollts? C: Nee, ech wollt nämlech haut och op den Hittchen agoen, fir den Accent circonflexe. Dass mer dat nämlech Hittchen nennen, fannen ech esou léif am Fong. Also wéi wann een einfach esou e Vokal huet an deen huet elo eng Kappbedeckung. S: Deen huet elo e klengen Hutt op. C: A well et ganz kleng ass, nenne mer dat Hittchen. S: Hu mer dann net méi oft Saachen, déi mer mat engem "chen" benotzen? C: Jo, effektiv, mir soe jo och Pinktelcher um A oder e Pinktelchen um I. Oder beim Spillen hu mer eng Zweetchen an eng Véiertchen, mer kafen eng Aachtchen asw. Diminutiv hu mer genuch! Vill méi interesséiert mech awer den Accent circonflexe, also den Hittchen als klengt Zeechen um Vokal, wéi mir en och am Lëtzebuergesche benotzen. S: Dat ass dach bei Wierder aus dem Franséischen? C: Genee, dat ass natierlech e Reflex vum Franséischen. S: Do gouf et dach elo och iergendeng Ännerung, datt iergendwou den Hittche fakultativ ass? C: Jo, richteg. An zwar interesséieren ech mech natierlech dofir, wat maache se a Frankräich mat orthografesche Reformen? Also déi si jo normalerweis bei sou grousse Kultursprooche lues mam Reforméieren, déi di sech ganz schwéier mat orthografesche Reformen. An do ass natierlech och d'Fro, wat hu si geännert? A wéi ass do de Reflex op Wierder am Lëtzebuergeschen? Krus du déi Ännerung am Franséische konkreet mat? S: ____ C. An do muss ech soen, war ech an den Le Robert online gaangen an dat ass esou léif, deen éischte Saz, deen ech beim Accent circonflexe do gelies hunn, deen ass "L'accent circonflexe peut coiffer les voyelles A, E, I, O et U." En Hittchen als Coiffure op engem Vokal! Ech muss mer dat onbedéngt verhalen, dass déi Vokaler do coifféiert sinn. S: Wonnerschéin! C: An dann "Son emploi particulièrement arbitraire et incohérent est à l'origine de nombreuses hésitations." Sou, wat steet elo hei? Okay, mir hunn also quasi eng Coiffure op engem Vokal an da steet do "particulièrement arbitraire", dat heescht et ass iwwerhaapt net kloer, wéini e kënnt, "incohérent", et gëtt iwwerhaapt keng Systematik an e féiert dozou, dass ganz vill Leit zécken, wou en elo kënnt a wou en net kënnt. S: Ech sinn do och oft onsécher, ausser bei Wierder, déi een oft schreift a liest. C: Also ech fannen dat scho relativ staark vun engem Dictionnaire, fir do esou Positioun ze bezéien. Also fir ze soen, e mécht guer net esou vill Sënn bei ville Wierder, en ass richteg schwéier ze setzen, awer ech muss mer einfach verhalen, dass do coifféiert gëtt. S: An wat gouf dann elo geännert? Oder wéi eng Wierder hunn nach ëmmer de Circonflexe? C: Do ass elo eng Ännerung dobäikomm – schonn 1990, an deem Sënn, dass e fakultativ ass um I an um U. Dat ass nees opgerullt ginn, well et säit 2016 och am Enseignement fakultativ benotzt gëtt. S: Firwat ginn am Fong Saache fakultativ gemaach? C: Dat ass eng gutt Fro. Déi stelle mir eis och ëmmer am Conseil vun der Lëtzebuerger Orthografie. A ganz oft geet et drëm, fir lues Ännerungen anzeféieren. Also fir keng Leit virun de Kapp ze stoussen. An heiansdo maachen och zwou Erklärunge Sënn. An da soe mer, wann Der éischter Erklärung A huelt oder éischter eng etymologesch Schreifweis, da kënnt Der Variant A huelen. Wann Der awer nei léiert oder gäre méi eng adaptéiert modern Schreifweis hätt, da kënnt Der och Variant B huelen. Also ganz oft ass Varianteschreiwung ganz praktesch, well ee sech net direkt ëmgewinne muss an een eng méi héich Warscheinlechkeet huet, dass et richteg geschriwwen ass. An normalerweis sinn déi zwou Varianten och gutt ze erklären, eng ass meeschtens méi traditionell an eng méi modern. S: A fir wat steet deen Hittchen iwwerhaapt? C: Ech kéint elo nach ganz laang weider erzielen, mee ech mengen, ech muss en Deel 2 maachen! Do kann ech da méi genee drop agoen, firwat a wéi a wat a wéi eng Wierder dat am Lëtzebuergesche betrëfft. Dofir maache mer d'nächst Woch op dëser Plaz weider! S: Da soe mer merci a si ganz gespaant op den zweeten Deel vun der Hittchen-Episod! C: Merci och a mäi Schlusswuert ass: Äddi!
-
29
muusseg
Dës Kéier geet et ëm Moos, Schampes an eent vun dem Caroline senge Liblingswierder. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hues de haut matbruecht? C: Haut hunn ech nees e Wuert, wat kee Substantiv ass. Mir schwätzen haut iwwer eent vu menge Liblingswierder, an zwar ass dat muusseg. S: Muusseg? C: Muusseg, wéi flauscheg. Dat kann am Fong e Stoff sinn zum Beispill, also esou en Nikki-Stoff. S: A vu wou kënnt dat Wuert? C: Ma 'muusseg' kënnt am Fong aus dem Franséischen an huet eppes mat Moos ze dinn. Dat ass vum Franséischen ofgeleet 'mousseux', also eppes, wat 'mousse' entsprécht. S: Mee ass 'mousse' net esou eppes wéi Schockelasmousse oder Raséierschaum? C: Jo, och, mee ursprénglech war domat wierklech Moos gemengt, 'mousse verte'. Just wa mir um Mousse denken, dann hu mir einfach kulinaresch oder kosmeetesch esou vill am Kapp, dass mir guer net méi de Lien mat Moos als Planz maachen. Dat heescht, 'muusseg' als Adjektiv kënnt vum franséische 'mousseux', wat 'wéi Moos' bedeit. Et geet also éischter ëm d'Gefill oder d'Haptik, déi Moos huet, esou eng ganz mëll Struktur. Du muss jo och iwwerleeën, viru villen honnert Joren, do haten d'Leit natierlech och net esou vill flauscheg Saachen, ausser elo vläit Pelz, a Moos war eppes, wat een einfach gären ugepakt huet, an elo wann et dréchen ass, wat einfach immens schéin un der Hand war. Ech ginn och ganz gär einfach Moos am Bësch heemelen, einfach d'Natur mat alle Sënner op sech wierke loossen. Duerfir mäin Tipp, wann Der d'nächst Kéier Moos am Bësch gesitt an Dir musst duerno keng steril Hänn hunn, da paakt emol Moos un, dat ass richteg flott. Méchs du dat och heiansdo? S: _____ C: Zréck bei eise 'mousseux': et gëtt jo am Franséischen eeben d'Mousse an och de 'vin mousseux'. S: A jo! C: Hei ass d' Iddi, dass een ee Gedrénks huet, wou uewendrop esou e Flom entsteet. Dat heescht, beim 'vin mousseux' ass eeben déi Schaumkroun, de Wäin bilt eng Mousse. Alles, wat 'mousse' genannt gëtt, ass eng Metapher zum Moos. Wann d'Wuert 'muusseg' elo vum Moos kënnt (iwwer d'Franséischt), dann hunn ech mech gefrot, ob 'moosig' am Däitsche vläit och déi Erweiderung hat mat der Textur fir Kulinaresches oder Kosmeetesches. S: An? C: Leider guer net, 'moosig' geet ëmmer e bësse méi an déi naass Richtung. Dat heescht alles, wat am Däitschen 'moosig' war, war wierklech op de Moos zréckzeféieren an do geet et dann nach eng Kéier zréck och op de Sumpf. Dat heescht, Saachen, déi moosig sinn, déi sinn entweeder mat Moos bewuess oder och sou sumpfig, morastig. S: Dat Wuert hunn ech scho laang net méi héieren: Morast. C: Also ech fannen dat Wuert Morast, dat kléngt schonn esou richteg sou, bä, Morast. Dann hunn ech definitiv léiwer, wa mer eppes Muusseges hunn, do geet et jo drëm, dass sech eppes besonnesch gutt ufillt, eebe wéi sou e schéinen dréchene flauschege Mooss an och sou e mëlle Pelz, dee kann och ganz muusseg sinn oder Äre schéinen décke Pyjama, dee frësch aus dem Dréchner kënnt. Muusseg ass dofir ee Wuert, wat ech extra gären hunn! S: So eis awer nach, wéi schreiwen ech dann elo 'muusseg'? C: A jo! Mer musse schonn emol 2 S schreiwen, well soss wier et 'museg'. A wa mer zwee S-en hunn, da musse mer och de laangen U verduebelen. An d'Adjektivendung hannen ass -eg. Also M U U S S E G. S: Sou hätt ech et och geschriwwen! C: Ech si stolz op dech! Hues du eigentlech och esou Liblingswierder? S: _____ C: Dofir och als Erënnerung un eis Nolauschterer: Dir kënnt mir och Är Liblingswierder schécken, wann Der méi dozou wëllt wëssen, dat ka ganz al oder ganz nei sinn oder ganz kreativ! Eis Adress ass wiwi@100komma7.lu! S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
28
Hammbier
Dës Kéier geet et ëm nees ëm Uebst. Mir ginn haut der Fro no, wat "Hamm” an Hammbier eigentlech bedeit a wat dat mat engem Hirsch ze dinn huet. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Eis Uebstserie geet haut weider! C: Jo, ech sinn absolut onsaisonal a schwätzen elo vum frëschen Uebst. Iergendwéi musse mer d'Këscht mat de Bieren haut zoumaachen. Mer hate schonn d'Päerdsbier, mer haten d'Äerdbier. A wat mengs de kënnt haut? S: Hammbier! C: Ganz genee. Also bei der Päerdsbier, fir nach eng Kéier d'Leit alleguer matzehuelen, ware mer e bëssen am Bësch, wou de Wuertdeel 'Päerd' am Fong hierkënnt. Do hate mer Theorië mat, well se esou wéi däischter Päerdsäppel kludderen oder well fréier vläicht Päerd déi besonnesch gäre giess hunn. Bei der Äerdbier war dat vill méi transparent. Ech mengen, do has du am Ufank vun der Folleg scho gesot, dass et mat der Äerd zesummenhänkt, well se einfach iwwert dem Buedem wiisst. S: Jo, dee war relativ einfach! C: A bei der Hammbier ass et elo nach méi spannend, well d''Hammbier' huet eng Rei phonologesch a Léinprozesser matgemaach. An da gëtt et um Enn och nach en orthografeschen Tipp. S: A, eng klassesch Wiwi-Episod! Da komm mer schéisse lass! C: Bei 'Hammbier' ass natierlech d'Bier erkennbar, mer wëssen, dass et eeben zu enger bestëmmter Uebstsort gehéiert. Awer de Wuertdeel 'Hamm', dat seet engem guer näischt. S: Moment, Hamm ass dach am Oste vun der Stad, do Richtung Sandweiler? C: Jo, Hamm ass e Staddeel. Awer Hamm huet näischt mat der Hammbier ze dinn. S: Dat wier och komesch. C: An zwar musse mer fir d' Hammbier als éischt an d'Däitscht kucke goen. An do hu mer d'Himbeere. An bei der Himbeere hu mer e bëssen eng verstoppten Etymologie. S: Mee ganz kuerz, soe mer emol eng Kéier, firwat mir net "Himmbier" soen, mee Hammbier. C: Dat ass ee Lautwiessel, dee mer bei verschiddene Wierder hunn, wou mer am Däitschen en I hunn an am Lëtzebuergeschen en A. S: Hues de nach Beispiller dofir? C: Jo, ech hunn zum Beispill, am Däitschen 'das Kind', am Lëtzebuergeschen 'e Kand'. Mir hunn d' Verb 'finden', ass am Lëtzebuergesche 'fannen'. Also den D ass ewechgaangen, mee den I ass en A ginn. Oder am Däitschen d'Verb 'singen', op Lëtzebuergesch 'sangen', oder 'der Wind' ass 'de Wand'. Dat heescht, dass mer vun engem kuerzen I op e kuerzen A kommen, ass wierklech net esou ongewéinlech. Et ass e systematesche Lautwiessel. Iwwer d'Himbeere kënne mer awer den Ursprong gesinn, well et ass lo sou, dass dat am Fong an der Geschicht vun deem däitsche Wuert net ëmmer mat engem M war, mee et war eng Hindbeere. H I N D oder H I N T. Deemools war d' Orthografie nach net gereegelt. S: A wat heescht dann Hind? C: Ma 'Hind' kënnt vum Wuert 'Hinde' an dat ass eng eeler Form fir eng Hirschkou. Also déi weiblech Form vum Hirsch. An elo si mer am Fong erëm genau esou wäit wéi bei der Päerdsbier, dass een dann erëm net ganz genee novollzéie kann, firwat lo en Déier mat där Bier an Relatioun gesat gëtt. Et ka sinn, dass déi se besonnesch oft giess hunn. Et kann awer och sinn – an dat ass elo och eng Erklärungspist, déi ech fonnt hunn – dass et e Verglach mam Gewei ass. An zwar hu mer jo eng Hindbeere, Himbeere, Hammbier. An déi huet e bëssen méi kleng Dären um Strauch. An dann hu mer nach d'Päerdsbier mat groussen Dären. An dat gouf an der Zäit net just Brombeere, mee och Hirschbeere genannt. An dat kéint eng Analogie sinn, dass d'Hindbeere déi ass mat de kuerze Picken. Also wéi ee sech dat esou virstellt, wéi quasi dann e weiblechen Hirsch da kaum Gewei huet. An déi Päerdsbier, also déi Hirschbeere, dass déi déck Dären huet wéi e risegrousst Gewei. Et gëtt do awer keng eendeiteg Source. Ech fannen awer béides schéin. S: Mee wéi gëtt eigentlech aus der 'Hindbeere' eng 'Himbeere'? C: Dat ass e phonologesche Prozess, deen nenne mer Assimilatioun. Assimilatioun bedeit, wa sech Lauter an der Aussproch ugläichen, also assimiléieren. Déi sinn dann vun der Artikulatiounsplaz am Mond esou no beieneen, dass se iergendwéi aneneen iwwerginn. Dat heescht Hindbeere, wann s du N a B ganz no beieneen hues, da gëtt dat zu MB. Well mir hunn den N, dee gëtt mat der Zong hannert den Zänn gebilt. An de B gëtt mat de Lëpse gebilt. A wa mer elo den N och un de Lëpse bilde wëllen, da si mer beim M. An dofir mer ganz oft d'Kombinatioun vun N a B déi zu M a B gëtt, Hintbeere zu Himbeere hei. S: An du wollts och nach eppes soen iwwer Orthographie? C: Jo, dat Wuert 'Hammbier' schreiwe mer nämlech säit 2019 mat zwee M. Et gouf bis November 2019, éier déi Lëtzebuerger Orthografie aktualiséiert gouf, mat engem M geschriwwen. An dann ass decidéiert ginn, dass een am Fong déi zwee Wuertdeeler erkennt. Also Hamm a Bier, quitt dass 'Hamm' haut fir eis net méi transparent ass. Mee Bier ass awer e Wuert, wat mer kennen. A wa mer déi zwee Wuertdeeler isoléiere kënnen, da schreiwe mer Hamm mat zwee M, well mer e kuerzen A hunn. An da schreiwe mer natierlech Bier wéi Bier, also B I E R. An Hamm mat zwee M, well géife mer nämlech no den neie Reegelen just een M schreiwen, dann hätte mer 'Hambier', mmm, Schinkenbeere! Dat ass e bëssen Homer Simpson hei. S: A mat der Schinkenbeere a mat der Hirschkou soen mer elo schonn äddi a merci fir haut. A mir gesinn eis dat nächst Woch erëm an ech mengen, da si mer och duerch mat de Bieren. C: Jo, dat si mer. Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
27
Äerdbier
Dës Kéier geet et ëm d'Äerdbier an d'Fro, firwat dat Wuert verschidden Artikele kann hunn: “déi” an “dat“, a wa mir op eeler Sourcë kucken, och “deen“. S: Bei eis am Studio ass d'Caroline Döhmer vun der Uni Lëtzebuerg. D'Caroline ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie an erzielt eis haut nees "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon. S: Haut schwätze mer nees iwwer Uebst? C: Genee! Mir ware scho bei der Päerdsbier a ganz léif, dass sech do och Nolauschterer bei mir gemellt haten a mer erzielt hunn, dass déi pickeg Äscht "Bréimen" heeschen an een anere sot, dass och u biologesche Glossären op Lëtzebuergesch geschafft gëtt mat intressante Sourcen! … an haut schwätze mer iwwer d'Äerdbier. Mer hate jo schonn driwwer geschwat, dass et fir d'Päerdsbier ënnerschiddlech Ausdréck gëtt, wéi zum Beispill Schwaarzbier oder och Brommbier, wat natierlech den däitsche "Brombeeren" noempfonnt ass a vrun allem vu jonke Leit benotzt gëtt. An haut si mer bei der Äerdbier. S: Okay, mee bei Äerdbier, do sinn ech mer zimmlech sécher, wou et hierkënnt, et ass jo einfach eng Bier aus der Äerd oder no um Buedem, well se eeben do wiisst. C: Jo, ganz genee, dat ass och guer net esou schwiereg. An haut hunn ech och manner eppes Etymologesches, mee vill méi eppes Grammatesches. An zwar, wann ech der elo hei meng Hand géif opmaachen an do wier elo esou, ech soen elo mol eng Kéier, esou eng rout Fruucht dran, wéi géifs de soen? Du géifs soen: Hues de ___ fir mech? S: Ech mengen, ech géif soen: "Hues de eng Äerdbier fir mech?" C: Ok, dat wier dann Äerdbier am Femininum: ENG Äerdbier. S: War dat richteg? C: Jo, kloer, alles gutt! Awer eng ganz Zäitchen war d'Äerdbier oder eng Äerdbier am feminine Gebrauch guer net am LOD dran. S: Komesch, war dat dann fréier en anert Geschlecht? C: Tatsächlech jo, well an der Zäit ass Äerdbier éischter am Neutrum benotzt ginn, also "frëscht Äerdbier", well domat de Sammelbegrëff gemengt war. Dat heescht, wann s de sees, "et gëtt scho frëscht Äerdbier" oder "zeidegt Äerdbier", dann ass dat Neutrum, um T bei "frëscht" héiere mer, dass dat Neutrum ass. Dat ass dann éischter esou fir d'Gesamtheet vun den Äerdbiere vun engem Joer, déi grad zeideg sinn. S: Wann dat de Sammelbegrëff ass, wéi sot een dann, wann een op eng eenzel Äerdbier wollt weisen? C: Ma dann huet een en extra Wuert agefüügt, an zwar huet een da gesot "e Kär Äerdbier". Also gëss de mer emol "e Kär Äerdbier" oder "e Kär ass mer erofgefall". Kenns de deen Ausdrock? S: _____ C: Ech hat dat éierlech gesot net kannt, mee et léiert ee jo ëmmer bäi! An ech muss soen, dat hunn ech eréischt a menger Zäit matkritt, wou ech beim LOD geschafft hunn. An do war et ganz léif, well d' Leit, déi zum Beispill Lëtzebuergesch geléiert hunn oder och Enseignante vum Lëtzebuergeschen, déi sech an de Coursë vill mam Basiswuertschatz auserneesetzen, déi hunn ëmmer gemengt, am LOD géif e Feeler stoen. S: Do war "eng Äerdbier" also net dran? C: Nee, an do hate vill Leit gefrot, firwat do kee Femininum steet, well et ass dach "eng Äerdbier"! Déi Uebst-Vokabel ass ganz typesch bei deene Saachen, déi een als éischt léiert. A virun e puer Joer ass dann net just den Neutrum-Gebrauch (frëscht Äerdbier), mee och de Femininum "eng Ärdbier" an den LOD zousätzlech opgeholl ginn. An am Femininum, do ass d'Äerdbier zielbar: zwou oder dräi Ärdbieren. Am Neutrum ass et net zielbar (frëscht Äerdbier), an et huet och kee Pluriel, well et eeben net zielbar ass. A wann een am LOD elo bei d'Äerdbier kucke geet, da gëtt dat souguer an enger Infobox am Artikel ganz ënnen erkläert, wéini ee wat benotzt. Dat gëllt och fir déi aner Bieren, also Päerdsbier oder Hammbier! S: Ëmmer Neutrum fir d'Äerdbier am Allgemengen a Femininum als eenzel Fruucht? C: Jo, dat kanns de graff esou zesummefaassen. Woubäi de Femininum fir vill eeler Spriecher guer net als Optioun geholl gëtt, dat ass méi e modernt Phenomeen. A pass op, fir et nach méi wäit ze dreiwen, am LWB, also am Dictionnaire aus den 1950er Joren, do steet souguer Äerdbier och nach als Maskulinum dran. S: Also gëtt et fir Äerdbier all d'Genren? C: Jo, woubäi Maskulinum, mengen ech, manner gebräichlech ass. Am LWB huet et geheescht, dass Maskulinum, also "den Äerdbier", fir déi eenzel Fruucht benotzt gouf, dat, wat mer haut mam Femininum maachen. Donieft fënnt een nach eng Rei regional Forme vun der Fruucht, déi hat ech elo am Klees sengem Buch vun 1994 fonnt: Erpelen, Erperen oder einfach "déck Bier". Wéi gesot, dat sinn elo klengraimeg Formen, also éischter lokal Varianten, déi ee vläit manner oft haut héiert. Do kënne mer awer och an de Variatiounsatlas vun der Uni kucken an do ass d'Form "Äerdbier" am gesamte Land verbreet, also do kënne mer vun der Haaptvariant schwätze bei 80%. An dann hu mer nach esou e bësse Richtung Veianen eng Form 'Ierper' an am Kanton Wolz hu mer dann nach d''Äerdbeer', hanne mat BEER. S: Gëtt et net och en Äerdbierduerf zu Lëtzebuerg? C: Du wäerts laachen, mee ech kommen aus deem Duerf, Steesel war laang Zäit bekannt fir seng Äerdbieren! Mee lo am Moment ass natierlech keng Saison. S: Da waarde mer op d'Fréijoer! An elo soe mer merci, Caroline, a mer freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de eis nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
26
Fixfeier
Dës Kéier geet et ëm Fixfeier a firwat dat Wuert guer net esou speziell ass, wéi mir vläicht mengen. Et geet och ëm Leit, déi eppes un der Dier verkafen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hu mer haut bei Wiwi? C: Ech schwätzen haut iwwer Fixfeier. An zwar ass dat eent vun deene Wierder, wou ee sech denkt, o esou cool, et ass esou speziell Lëtzebuergesch an am Däitschen heescht dat Streichholz' oder 'Zündhölzer' an dat ass esou extra, mee, Spoiler, esou speziell ass et net, well an den däitschen Dialekter fanne mer dat och. S: A sou? C: Fir d'éischt emol ass Fixfeier e Wuert, wat schonn am Wörterbuch der Luxemburger Mundart steet. S: A vu wéini ass dat? Du schwätz jo soss ëmmer vun deem Dictionnaire aus den 1950er Joren. C: Ma du mengs domat den LWB, mee de WLM ass iwwer honnert Joer al. A wann ech dann elo soen, dass deen 1906 erauskomm ass, da kanns de der virstellen, dass do schonn am 19. Joerhonnert dru geschafft gouf. Also hei si mer wierklech bei engem ganz ale Sproochgebrauch. An do steet och schonn d'Wuert Fixfeier. S: A wat hu se deemools dozou geschriwwen? C: Als éischt emol ganz allgemeng: D'Iddi vum Fixfeier ass, dass een eng Méiglechkeet hat, fir eebe ganz séier mat deene klenge Fixfeieschkëschten oder deene klenge Bréiwercher Feier ze maachen. An dat gouf deemools nach un der Dier verkaf. Dat heescht, do hat een dann déi Verkeefer un der Dier, déi Fixfeier derbäi haten. An déi hate net just Fixfeier am Verkaf, mee och Lompen oder Knäpp oder alles, wat ee esou fir den Haushalt gebraucht huet. S: Déi hu geschellt an hunn de Leit Fixfeier verkaf? C: Jo, ënnert anerem! A mer gesinn och, dass am Elsässeschen an am Pfälzeschen änlech Wierder existéieren. An zwar hu mer am Elsässeschen aus der Zäit och d'Wuert Fixhölzel. Also Hölzel fir e klengt Holz an Fix, fir dass et eebe ganz séier an einfach geet, e Feier unzemaachen. S: Do gouf et nach keng Briqueten, oder? C: Dat hat ech tatsächlech nogelies, an den Zippo, also de Briquet mam Bensinn fir opzefëlle gouf 1933 an den USA agefouert. An déi éischt Briqueten, wéi mer se haut kennen (also déi een net opfëllt, fir wechzegheien), koume réischt an den 1960er Joren op de Marché. S: A virdrunner gouf et näischt? C: Dach, mee dat waren dann esou déck Këschte mat verschiddene cheemesche Substanze wéi Waasserstoff oder Schéisspolver, mee näischt fir de breede Marché an den Haushaltsgebrauch. S: Ech verstinn. Also hat ee laang Zäit dann d'Fixfeier doheem? C: Jo an e Fixfeier geet natierlech net esou fix wéi mat engem Briquet, mee de Briquet, dee war do nach net etabléiert an do ass et dann éischter ëm d'Fixfeier gaangen, well een dat dann och am Haushalt hat. An och am Pfälzesche Wörterbuch, wat och iwwer 100 Joer al ass, do sinn och schonn d'Begrëffer 'Fixfeuer' resp. 'Fixfeier' dran. An hei hu mer och scho Varianten wéi 'Fixholz' oder och 'Fixfeierholz'. Also et huet ëmmer eppes mat 'fix' ze dinn, dass et séier geet an ëmmer iergendeppes mam Holz oder dass eebe Feier do gemaach gëtt. An do hunn ech et och ganz witzeg fonnt, well se hunn am Pfälzesche Wörterbuch hu se esou en Ausdrock, dee esou e klengen Diss géint Lëtzebuerg ass. S: Lo sinn ech awer gespaant, wat do steet. C: An zwar steet do: Déi anere gehe mit Fixfeier, Knäpp un esou Zeugs noh Luxemburg. Dat heescht, alles wat net esou vill wäert ass, déi huelen dat an da verkafen se et de Lëtzebuerger. Awer mir gesinn, dass d'Fixfeier eppes ass, wat einfach am Standarddäitschen net existéiert, mee wat mer an den ugrenzenden Dialekter awer och als Wuert fannen. Opgefall war mer dat fir d'éischt, well ech et an engem aktuelle saarlänneschen Dictionnaire fonnt hunn, well déi Quellen, déi ech lo grad genannt hat, déi sinn an Iech och honnert Joer al, awer och am Saarlänneschen, do seet een haut och nach Fixfeuer oder Fixfeier. S: An domat si mer schonn um Enn fir haut! C: Dat goung féx! S: Mir soen dir e grousse Merci, Caroline, a bis déi nächst Kéier! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
25
déi
Dës Kéier geet et ëm den Artikel "déi", deen een och zu "di" ka kierzen. Donieft schwätze mir och iwwer weider Vereinfachunge bei der Aussprooch. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Wéi ee Wuert hues de haut matbruecht? C: Ech hu jo och en Häerz fir aner Wuertaarten. Haut schwätze mer iwwer 'déi'. S: Wat ass 'déi' da fir e Wuert? C: Ma 'déi' ass en Artikel. A wéi mer dee benotzen, dat gesi mer haut. 'Déi' ass e bestëmmten Artikel am Lëtzebuergeschen, dee mer benotze fir zum Beispill Substantiver am Pluriel: déi Geschichten, déi Saachen, déi Kanner, déi Bicher. Oder och en Artikel am Femininum Singulier: déi Kaz, déi Forschett, déi Geschicht, also alles wat eng Kaz, eng Forschett, eng Geschicht ass, kritt de Femininum-Artikel 'déi' oder och bei Relativpronomen "déi Kaz, déi ech gesinn hunn" oder "déi Bicher, déi ech gelies hunn" oder "déi Forschette, déi do läit". S: Déi ass also ëmmer Femininum? C: Jo, oder Pluriel. Wa mer elo séier schwätzen, da soe mer einfach 'déi': déi Kaz, déi Kanner, déi Woch, déi eng, déi aner. Awer wa mer séier schwätzen, soe mer net 'déi eng, déi aner', mee mir soen 'di eng an di aner'. Déi gëtt zu di. S: Geschitt dat och op anere Plazen? C: Jo, tatsächlech hu mer och den 'wéi', kann och gekierzt ginn zu 'wi'. Also Interrogativpronome 'wéi', wéi geet et dir, kann och geschwat ginn: Wi geet et dir. Oder ech hu ganz heefeg, dass d'Leit soen "wisou" oder "souwisou". Am Fong wier et jo wéi-sou oder sou-wéi-sou. Mee hei ass natierlech och nach eng Kéier den Afloss vum Däitsche vläicht sowieso, dass mer deen esou huelen. An d'Offolleg Ou-I-Ou ass natierlech méi einfach wéi Ou-ÉI-Ou, grad wann et an engem Wuert ass. A mer hätten och den 'wéi' zu 'wi', dee benotze mer ganz vill, och a Vergläicher: Ech si sou grouss wi s du. Dat ass natierlech den "wéi s du", geschwat "wi s du". An ech ka mer virstellen, dass dat schwiereg ass fir Leit, déi d'Lëtzebuerger Sprooch léieren, well déi léieren natierlech d'Form 'wéi', héieren se awer och ganz oft geschwat 'wi'. Oder se léieren d'Form 'déi' an héiere ganz oft 'di, di eng, di aner'. An do ass et esou, dass mer déi orthografesch net mat I kënne schreiwen, mee ëmmer mat "éi", och wa mer se "i" schwätzen. S: Ouni Ausman? C: Ausser bei der Form "souwisou" oder "wisou", déi ass optional mat "éi" oder mat "i". A wéi sees du beim 'déi'? Hues du d'Gefill, dass de éischter "éi" oder "i" sees bei "déi"? Oder kënnt et op de Kontext un? S: _____ C: Insgesamt si mer hei genee a mengem Expertis-Feld, well et geet ëm Grammaire, well et e bestëmmten Artikel ass, an et geet ëm Orthografie, well et drëm geet, dass mer ganz oft genee esou schreiwen, wéi mer schwätzen, mee am Fall vun DI a WI schreiwe mer eeben net, wéi mer schwätzen, mee mer hunn déi nach mat "éi" an der Vollform. Awer och wann ech d'Saachen eenzel a lues ausschwätzen, also am Lento, géifen déi meescht Leit ÉI soen. Also déi géifen da lues geschwat net soen 'di _ Kaz', mee se géifen da soen 'déi _ Kaz'. S: Lues geschwat heescht "lento"? C: Genee, wéi an der Musek, an déi séier geschwat Form, also den DI oder WI, dat ass Allegro. Déi gekierzt Formen hunn och eppes Praktesches. S: Wéi mengs de dat? C: Ech perséinlech benotze beim SMS-Schreiwen dann och gär WI oder DI: "di Woch drop", well wann ech schreiwen "déi Woch drop", da muss ech den Accent aigu um Clavier siche goen. Also heiansdo huet dat och einfach ganz praktesch Grënn, da muss et séier goen. S: Awer dat ass net offiziell erlaabt, sos de? C: Also privat ass een natierlech fräi, mee et si keng offiziell Formen. Et kann een iwwerleeën, ob dat iergendwann och als orthografesch Variant soll opgeholl ginn. Ech kann dat jo eng Kéier an d'Gespréich bréngen an enger vun den nächste Sëtzungen. S: Gëtt et dann do ëmmer Diskussiounen? C: A jo, et gëtt e Conseil beim ZLS, an deem ech och sinn, wou iwwer d'Lëtzebuerger Orthografie geschwat gëtt, wann d'Beispiller am aktuelle Reegelwierk vläicht net eendeiteg sinn oder wann nei Reegelen derbäi komme sollen oder nei Ergänzungen, well deemol vläicht nei Wierder optauchen oder méi Onsécherheeten entstinn. S: Dann hal eis gär um Lafenden! An elo soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi hues. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
24
Geeschter-"r"
Dës Kéier geet et ëm e Schreiftipp an e Buschtaf, deen a ville Wierder ronderëmgeeschtert, obwuel e guer net dohi gehéiert. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: An e puer Deeg ass Halloween an du hues eis e grujelegt Wuert matbruecht! C: Genee, haut geet et ëm de Geeschter-r! S: Geeschter-r, ass dat esou grujeleg? Also de Buschtaf R, mee als Geescht? C: Dat Wuert hunn ech souzesoen erfonnt. Et baséiert op mengen Erfarunge mat der Lëtzebuerger Orthografie a wéi d'Leit schreiwen. Ech hunn deem e ganz speziellen Numm ginn, an zwar ass dat eng ganz, ganz typesch Feelerquell, déi ech gesinn, wann d'Leit Lëtzebuergesch schreiwen, an zwar nennen ech dat einfach Geeschter-R. S: Firwat Geeschter? Wat huet dat mat engem Geescht ze dinn? C: Ma vill Leit schreiwen en R op Plazen, wou en iwwerhaapt net higehéiert. An dee geeschtert sou ronderëm. S: A firwat ass dat esou? A wéi eng Wierder sinn dat? C: Ma mir hunn am Lëtzebuergesche verschidde Wierder, déi mer mat engem R schreiwen, wou mer den R awer iwwerhaapt net héieren. Mir soen zum Beispill stierwen. S: Oh mei, dat ass jo scho rëm e grujelegt Theema. Dat ass jo scho rëm fir Halloween. C: Jo, mee wa mer dat misste schreiwen, rëm zréck bei d'Orthografie, hu mer dat STIERWEN. Ech héieren den R awer net. Ech soen jo net stieRwen. Mee ech soen stie_wen. Den R ass op där Plaz vokaliséiert – wéi et an der Linguistik heescht – well den R ass natierlech kee Vokal. S: … mee e Konsonant. C: Jo, an do hu mer lo e Konsonant, dee mer net esou schwätzen (R). E verschmëlzt souzesoe mat deene Vokaler virdrunner an ech héieren e guer net méi als Konsonant. Doduerch, dass e mat deene Vokaler virdrunner verschmëlzt, wëssen d'Leit intuitiv net méi, ob se deen R elo schreiwe sollen oder net. An dann hu mer de Problem, dat kléngt fir d'Leit dann d'selwecht: stierwen = liewen – wat wonnerschéin Antonymmen haut! S: A wéi schreiwen ech dat? C: Also 'liewen', schreiwen ech, mat IEW a 'stierwen', mat IERW. S: A wouhier weess ech dann, ob en R kënnt oder net? C: Ma well mer dat net esou genee héieren, kucke mer einfach an d'Däitscht, wou mer fir déi meescht Wierder eng Form fannen, wou mer gesinn, ob déi vun der Wuertstruktur hier en R huet oder net. Also do hu mer 'leben' an 'sterben', an do, also den R am Däitsche kann ech och vokaliséieren, ech kann och soen "steaben", ech ka souguer och déi lescht Silb verschlécken (steabm), mee ech kann awer och soen "SteRben", dat ass e bësse méi kënschtlech, mee awer esou geschriwwen. Awer et ass ganz oft, dass grad an deene Wierder, déi vill virkommen, souguer beim Pronomen 'Iech' schreiwen d'Leit deelweis och IERCH: mir wënschen Iech alles Guddes, ech wollt Iech nach eppes soen, asw. Si schreiwen dann den IE(R)CH wéi Kierch – Iech, Kierch. Oder Kuerbel an Nuebel. S: Dat kléngt och erëm genee d'selwecht! C: Jo, an dat ass de Punkt, awer d'Kierch schreiwe mer mat R, kucke mer erëm am Däitschen, KIRCHE, an an der Form Iech, Däitsch EUCH, do hunn ech iwwerhaapt keen R. Kuerbel ass Däitsch "Kurbel" an Nuebel ass "Nabel", dofir Nuebel ouni R, Kuerbel mat R. An duerfir nennen ech dat Geeschter-R, well dee geeschtert sou ronderëm an d'Leit hunn iergendwéi am Lëtzebuergesche oft keng Intuitioun, wéini e kënnt a wéini net. An dat ass haaptsächlech hannert engem IE, wou mer dann de vokaliséierten R sou gutt wéi guer net méi héieren. Op anere Plazen héiere mer en och net, sou eppes wéi Aa(r)becht oder mäi lénken Aa(r)m, mer schreiwe mat R, obwuel mer en net héieren. Beim Aarm hu mer natierlech och eng weider Form Arem/Ärem, mat zwou Silben, jo, oder Duerf, do hu mer och Duerf an Dueref, do héieren ech souguer am Lëtzebuergeschen, ob den R geschwat ka ginn oder net. Et ass heiansdo e bësse blöd, wann ee muss d'Erklärungen an d'Däitscht siche goen, well do sinn einfach deelweis Leit, déi gäre Lëtzebuergesch schreiwe léieren, awer déi keen Däitsch kënnen. Do denken ech elo un déi, déi d'Lëtzebuergescht als Friemsprooch léieren, déi bréngen net ëmmer Wëssen am Däitschen mat, an duerfir ass et am Fong flott, wa mer d'Saachen och iwwert d'Lëtzebuergescht erkläre kënnen. S: Mee dat geet awer net ëmmer? C: D'Schreifweise fir Liewen ouni R a Stierwen mat R, déi erkläre sech an deem Fall just iwwert d'Däitsch, well mer mam Däitschen zesummen einfach déi selwecht Racinnen hunn vun deene Wierder, op déi déi Formen zréckginn. S: Also wann ech am Lëtzebuergeschen onsécher sinn, kucken ech, ob dat Wuert am Däitschen en R kritt? C: Ganz genee! S: An domat si mer och um Enn fir haut. Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! A Wierder natierlech mat R, well op Däitsch WÖRTER. An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
23
Päerdsbier
Dës Kéier geet et ëm Uebst, méi genee ëm Päerdsbier a firwat de Lien mat de Päerd bis haut net ganz kloer ass. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Moie Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat ass haut eist Wiwi-Wuert? C: Lescht Woch hate mer driwwer geschwat, dass mer fir Planze-Bezeechnungen am Lëtzebuergeschen heiansdo ganz onprezis Wierder hunn, an deem Sënn, dass mer eng Bezeechnung hunn, déi vläicht ganz ondäitlech ass. Also mir haten do iwwert Grasblumm geschwat, wat jo relativ vill ka sinn, well vill Blummen am Gras wuessen. Haut kucke mer eis eng aner Planz un a versichen hiert Benennungsmotiv ze verstoen. Mir schwätzen haut iwwer Päerdsbier. Kenns de, gell? S: _________ C: Also an eisen Nopessproochen huet dat näischt mat Päerd ze dinn. Kucke mer emol an deenen anere Sproochen, do hu mer am Däitschen Brombeere, mir hunn am Franséischen mûre an mir hunn am Engleschen blackberry. Blackberry ass e relativ transparent Benennungsmuster, wat mer och am Lëtzebuergesche kennen, well effektiv gëtt et och Leit, déi fir Päerdsbier Schwaarzbier soen an hei komme mer schonn an den Iwwerschneidungsberäich mam Englesche Blackberry. S: Awer wat ass Brom a Brombeere? C: Brom ass näischt anescht wéi dat alhéichdäitscht Wuert brāmo oder brāma fir ‘Dornstrauch’ (8. Jh.), also eng Heck mat Dären. Dat heescht de Wuertdeel Bram-, Brame, Brom- heescht am Fong sou vill wéi Heck mat Dären an dofir hu mer eng Bier, déi an enger pickeger Heck wiisst an dofir Brombeere. Et gëtt och am Engleschen déi regional Form ‘bramble’ amplaz ‘blackberry’, do stécht och bram- dran. Kenns de dat? S: ______ C: An deem Kontext hunn ech fonnt, dass een am Däitschen och Schwaarzbeere ka soen, oder Kratzbeere. An Kratzbeere huet natierlech näischt mat der Fruucht ze dinn, mee mat deem Strauch, an deem se wiisst. Et war also wichteg, dat Däregt ervirzehiewen. S: Wéi komme mer awer lo bei d' Päerd vu Päerdsbier? C: D’Quellen hu mer net vill verroden. Ech hunn dofir e Botaniker gefrot, anscheinend deen Expert fir Päerdsbier zu Lëtzebuerg, dofir e schéine Bonjour geet eraus un den Thierry Helminger, bei deem ech dëst Joer Schülerin am Planzebestëmmungscours war. An hien hat ech gefrot, wat senger Meenung no d'Benennungsmotiv kéint si vum Päerdsbier. An do huet en fir d'éischt gelaacht, well en net mat där Fro gerechent hat. Hien huet fir sech iwwerluet, dass se Päerdsbier heescht, well déi kleng schwaarz Bieren esou uneneekludderen, wéi Päerdsäppel. S: Wierklech? C: Also et ass emol keng sou schlecht Hypothees. Ech hat nach versicht, aner Erklärungen ze fannen a sinn dunn an den Déifte vum Internet verluer gaangen, ech war op Schamanesäiten, ech waren op Hexesäiten, wou et drëm geet, dass fréier Päerd duerch Päerdsbierhecke geschéckt goufen, fir se vun iergendwelleche Krankheeten ze befreien. An aner Ritualer, bei deenen dem Päerdsbier bestëmmt Eegenschaften zougeschriwwe goufen. S: A soss keng passend Erklärungen? C: Ech muss ganz éierlech sinn, et war lo näischt, wat ech schlussendlech kläre konnt. Duerfir kënne mer lo weider iwwerleeën, vläicht heescht se och Päerdsbier, well Leit oft beobacht hunn, dass Päerd aus de Päerdsbierhecken iessen, wat och guer net esou onwahrscheinlech ass. An dofir kann et sinn, dass se dofir Päerdsbier heeschen oder mir bleiwe bei dem Verglach vum Thierry mat de Päerdsäppel. An dann nach eppes aus dem Mëttelalter. An zwar hu mer jo den Tristan an d' Isolde an anscheinend wiere ronderëm hir Griewer Päerdsbierstraicher gewuess. S: An dat heescht? C: Et ass e weidere Fun fact, deen ech aus dem Internet ausgegruewen hunn. An och, dass de Richard Wagner dat soughuer mat an d’Oper opgeholl huet. Wat dat lo bedeit, iwwerloossen ech Iech doheem. Hei ass et warscheinlech just drëm gaangen, dass eppes Staarkes, Schéines a gläichzäiteg Pickeges do erauswiisst. Wat awer och interessant ass, ass am alen Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen – do hu mer erëm en onprezise Planzennumm resp. eng Iwwerschneidung: An zwar steet do, dass op verschiddene Plazen am Land och Päerdsbier a Molbier synonym benotzt gëtt. Dat heescht, dass d'Molbier och op verschiddene Plaze Päerdsbier genannt gëtt. S: Mee Molbier ass dach Heidelbeere, also blueberry an net blackberry? C: Jo, genee, do gesäis de, wéi Nimm net ëmmer ganz eendeiteg zougewise ginn! S: An domat si mer schonn um Enn fir haut, merci, Caroline, fir deng Erklärungen a mir héieren eis an enger Woch erëm! C: Merci och an d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
22
Neelcheskapp
Dës Kéier geet et ëm Neelcheskäpp, Blummen a geléint Fachwierder. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Haut waars de nees inspiréiert vun enger Sendung aus eisem Haus? C: Genee, ech hat nees “Gewierzer aus aller Welt” gelauschtert an do koum mer den Neelcheskapp an d’Ouer an ech wollt méi iwwer Neel an iwwer Käpp wëssen! S: Wat gëtt et dann do ze wëssen? C: Fänke mer mol mat den Iwwersetzungen un, den ‘Neelcheskapp’ ass dat, wat mer op Däitsch kennen als ‘Gewürznelke’ an am Franséischen als ‘Clou de girofle’. An du sees eis elo nach, wéi et op Engelsch heescht? S: ____ C: Genee. Clove och hei vu lat. clavus ‘Nol’. An den Neelcheskapp, dee kënnt vun de Molukkeninselen, also aus Indonesien, dat ass awer net dat, wourop ech haut wëll agoen! Ech wëll haut am Fong weisen, no wéi enge Motiver Sproochen dat Gewierz benannt hunn! Haut d’Fro un dech Firwat heescht dat Neelcheskapp? S: Mee ass et net einfach, well et ausgesäit wéi en Nol? C: Jo, dat ass hei mol eng Kéier super offensichtlech! Déi kleng gedréchent Bléieknospe gesinn effektiv sou aus wéi Neel. Fir mech awer och intressant: Wat huet dat mat der ‘Nelke’ ze dinn a wéi maache mer lo de Lien mat de Blummen? S: Gutt Fro! C: Mee lo mol zréck op den Ursprong! Och hei kënne mer erëm ganz vill Sproochstufen zréckgoen an dat Alhéichdäitscht. An do hu mer schonn d'Form negellī(n) oder nagelken. Dat ass herno am 13. Joerhonnert, wa mer méi an d' Mëttelhéichdäitscht kommen, zu negel(l)īn, ginn. Hei hu mer also d'Wuert Nagel (fir Nol) an enger Diminutivform. Dat, wat mer am Lëtzebuergeschen haut am Fong ganz transparent hunn: Neelchen. Also mir hunn en Nol an dovunner Neelchen. Dat heescht, d' Iddi, dass et en Nol ass, war scho ganz fréi an der Sprooch ugeluecht – och am Latäin – an dat ass dann an enger Diminutivform, well et eebe ganz, ganz kleng ass. A wéi s de scho sos, läit et einfach un der Form vum Objet. S: A firwat ass et net “Neelchekapp”, mee “Neelcheskapp” mam S? C: Dat ass e sou genannte Fouen-s, deen oft an Zesummesetzungen tëscht zwee Substantiver steet wéi bei Schof + pelz = Schofspelz. Woubäi et vläit Leit gëtt, déi Neelchekapp soen, mee ech hunn et ëmmer just mam -s- héieren a gelies. Zréck bei eis Nelke aus dem Däitschen: Déi ass am Fong och näischt anescht wéi eng kontrahéiert an ofgeschwächt Form vun negelkīn: Negel- gëtt zu nel- a -kin gëtt zu -ke. Fäerdeg: Nelke. Hei erkennt een eebe just déi eenzel Deeler net méi sou gutt. S: A wéi war dat elo mat de Blummen? Firwat heeschen déi Nelken? C: Ma dat hunn ech mech och gefrot. Do heescht et am Pfeifer: “Der Name wird auf die einen würzigen Duft ausströmende Gartennelke übertragen”. An dat schonn am 15. Jh.! Dat heescht, d'Nelken am Gaart an d'Neelcheskäpp solle ganz änlech Gerochskomponenten hunn. An duerfir ass dat dunn Nelke genannt ginn. A lo mol ganz éierlech: wéi heescht dat op Lëtzebuergesch? Also d’Blumm? S: _________ C: Ech sinn bei sou Fachwierder am Botaneschen net ëmmer ganz fit. Ech mengen, ech hätt do ganz einfach dat däitscht Nelke geléint. Mir hunn awer och d' Méiglechkeet, fir am Lëtzebuergeschen en anert Wuert ze huelen – ech hat do am LOD gekuckt – an dat hu mer dann einfach aus dem Franséische geléint: Oeillet. S: A gëtt et net och e richtegt lëtzebuergescht Wuert dofir? C: Also bei der lëtzebuergescher Form hunn ech eppes am LWB fonnt, wat Grasblumm heescht oder Hunneblumm. Ganz genee geholl ass d' Grasblumm natierlech extrem onspezifesch, wa mer eis dat unhéieren. An dat ass laut LWB just eng speziell Zort vun Nelken, an zwar déi sougenannt Kartäusernelke. Dat ass esou eng ganz reng mof Blimmchen, déi eeben a Wise bléit. A spéiderhin, sou soen se am LWB, ass mat Grasblumm all Zort vun Nelke gemengt ginn. Beim Klees (1994) hunn ech nach d’Wuert ‘Aarmenä’ oder ‘Aarmenäercher’ fonnt, mee dat konnt ech op kenger anerer Plaz noweisen an hunn et och net kannt. Am LOD steet just Oeillet an do ass et intressant, dass et am Lëtzebuergeschen als Blumm Femininum ass (wéi ENG Rous, ENG Tulp, ENG Oeillet) an am Franséischen awer maskulin: un oeillet. S: Eng Fro nach. Wouhier kënnt de “Girofle” aus ‘clou de girofle’? C: De Clou ass jo wéi op deenen anere Plazen den Nol a Girofle entsprécht senger latiniséierter Form gariofilum oder gariofolum. Do heescht et am CNRTL: “le développement phonétique irrégulier du mot peut s'expliquer par le fait que ce terme, avec l'épice qu'il désignait, s'est très largement répandu à travers les pays par l'intermédiaire des marchands.” Wierder verännere sech eeben, wa vill Leit aus ville Sproochen se benotzen – an dat nach zu Zäiten, wou et haaptsächlech mëndlech benotzt gouf! S: Also hu mer den Neelcheskapp an d’Nelken oder d’Oeilleten an alles ass entweeder en Nol oder richt intensiv! C: Genee! S: An domat soe mer der merci a freeën eis op déi nächst Wiwi-Episod mat dir! C: Ma merci och a mäi Schlusswuert ass: äddi!
-
21
Zant
Dës Kéier geet et ëm Zänn, déi laang sinn a wat dat mat Karies ze dinn huet. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut hues de wéi ee Wuert fir eis? C: Dat Wuert, wat ech haut matbruecht hunn, ass Zant. An zwar hat ech d'Spréchwuert gelies “laang Zänn kréien” oder “dat dote mécht d’Zänn laang”. An do hunn ech mer geduecht, mee wéi kënne Saache laang Zänn maachen? A firwat ass et ‘Zant’ hanne mat T, obwuel mer am Däitschen ‘Zahn’ ouni T hunn? An dat kucke mer eis elo un. S: An duerfir leeë mer lo lass. C. Sou ass et! Am germanesche Vergläich ass am Fong dat Standarddäitscht opfälleg, dass et keen T hannen huet (Zahn), well wa mer eis déi aner Sproochen ukucken, hu mer am Engleschen ‘Tooth’, dat heescht och hannen hu mer do en dentale Konsonant – witzeg, dental, well mer de Laut um Zant artikuléieren, mee och well et ëm Zänn geet! – a mir hunn am Hollänneschen tand an och am Schwedeschen ass et tand. (béid: T A N D). Do si mer guer net méi esou wäit ewech vum Lëtzebuergeschen Zant! S: An den Z vir? C: Ha, do hu mer déi schéin zweet germanesch Lautverschibung, déi aus T en Z gemaach huet a verschiddenen däitsche Varietéiten! Wéi bei tongue an Zong, ten an zéng, tick an Zeck an esou weider! Dat si sou genannt lautlech Gesetzer oder Lautgesetzer. S: A jo, cool! C: Zéreck bei eisen Zant. Ahd. zan(d), also am 8. Jh., mat der Bedeitung ‘vorspringender zackenartiger Teil, Zacke’. A mer fanne schonn eng indoeuropäesch Wuerzel *dont-, *dṇt- fir den ‘Zant’ (mat Dental!). Dat gesi mer och am Latäin (dēns, Genitiv dentis). S: A wat ass elo mat de laangen Zänn? C: Hei geet et ëm eppes Optesches: An zwar ginn am Fong net d' Zänn méi laang, mee se gesi méi laang aus, well d' Zännfleesch sech zréckzitt. Also nach eng Kéier d'Grond-Iddi: Laang Zänn kréien, bedeit, dass ech mech esou ernäert hunn, dass mäin Zännfleesch zréckgeet. An dat ass eppes Schlechtes. Well wéini geet d' Zännfleesch zréck? S: Mam Alter? C: Jo, dat och, mee och mat der Ernärung, haaptsächlech am Zesummenhang mat Zocker a mat Saier. Also alleguer déi, déi vun hirem Zänndokter oder hirer Zänndoktesch ëmmer gepriedegt kréien, dass se solle manner Zocker a manner Saier zou sech huelen. Dat ass schonn am lëtzebuergesche Spréchwuert ‘laang Zänn kréien’ oder ‘Zänn laang maachen’ scho festgeluecht. Et ass jo sou, dass den Zocker u sech selwer d'Zänn net futti mécht, mee mir hu Kariesbakterien, déi sech vun Zocker ernären. An déi huelen den Zocker a verstoffwiesselen dat dann zu Saier. An et ass d' Saier, déi eisen haarden Zanschmelz futti mécht an do ass dann eng oppen Dier fir d'Zänn an Zännkrankheeten, plus Entzündungen um Zännfleesch. A wann dat sech zréckzitt, da gesinn d' Zänn einfach méi laang aus. An duerfir soe mer am Lëtzebuergeschen, dass d' Zänn engem laang ginn, wann een ze vill Schlechtes ësst, haaptsächlech Zockerhalteges oder Jus, wou Zocker a Saier direkt beieneekommen. Dat kann awer och positiv sinn: ‘engem laang Zänn maachen’ kann heeschen, dass een eppes besonnesch gäre wéilt iessen! Mee mer wësse jo och all, dass séiss a salzeg Versuchungen eis ulaachen, och wa mer wëssen, dass se net gesond sinn. Simon, wat ass deng guilty pleasure bei Snacks? Also wou kanns du net laanschtgoen? S: _________ C: Meng ass salzege Popcorn a sou gereechert Mandele mat Salz oder Wasabi-Nëss. Ech kréie vum Zocker tatsächlech heiansdo d’Zänn wéi an dofir war dat hei eng Episod, mat där ech mech gutt identifizéiere kann! S: Et huet eis gefreet, dass de eis nees e puer Wierder erkläert huet an domat soe mer der äddi a merci a bis geschwënn! C: Ma merci och a mäi Schlusswuert ass: Äddi!
-
20
Fäerten
Dës Kéier geet et ëm d’Verb "fäerten", wéi eng Dialekter och de "Fäertaasch" kennen a firwat verschidden al Spréchwierder an Ausdréck u Mobbing grenzen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei Wiwi "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Moie Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht? C: Haut geet et ëm e Wuert, wat mer vun engem Nolauschterer erakruten, an zwar war d'Fro nom Verb fäerten, wou fäerten eigentlech hierkënnt. S: A, intressant! C: An do huelen ech Iech mat op eng Rees duerch däitsch Dialekter an e bëssen duerch d'Zäit. Bei fäerten hu mer natierlech verschidde Wierder am gesamte Champ lexical, déi sech gläichen. Dat heescht mir hunn: Gefor, fäerten, fierchterlech – an dat leeft alles esou e bëssen zesummen, woubäi mer bei der ‘Gefor’ warscheinlech en aneren Ursprong hunn. Kucke mer eis dat eng Kéier méi genee un. D’Verb ‘fäerten’ hat schonn am 8. Joerhonnert verschidde Formen: Do war et dann eppes wéi ahd. for(a)hten, furhten (mat
-
19
Bootsch
Mir schwätzen iwwer d’Bootsch a mir verroden Iech, wéi een eigentlech richteg gutt gebootschte Grompere mécht. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon. S: Wouriwwer schwätze mer dann haut? C: An dëser Episod geet et ëm eng Bootsch. Weess de, wat eng Bootsch ass? S: ____ C: Mee vläicht kenns de d'Verb bootschen oder, vläicht seet och engem doheem eppes, gebootschte Gromperen. S: A jo! Déi kennen ech! Mee d’Wuert Bootsch éischter net. C: Mir sinn haut ënnerwee an der lëtzebuergescher Kichen a kucken eis un, wat eng Bootsch ass, wéi Bootsche fonctionéiert a wéi en déi perfekt gebootschte Grompere mécht – laut dem Luxemburger Wörterbuch vun 1950! S: Do si mer lo gespaant! C: A lass! Eng Bootsch ass am Fong näischt anescht wéi eng Kuuscht. Dat heescht, iwwerall wou sech eng Kuuscht bilde kann, schwätze mer vun enger Bootsch, zum Beispill op enger Wonn kann esou eng Kuuscht gebilt ginn, eng Krust. An dat huet een eebe fréier och am Lëtzebuergesche Bootsch genannt. S: An elo just op enger Wonn? C: Nee, am Fong alles, wat verkruste kann, dat kann och e Bluttfleck sinn, eng Bootsch Blutt um Gezei. An dann hu mer och, nee, komm ech froen dech elo eng Kéier einfach esou: Wéi nenns du dat Stéck vum Brout, wann een et uschneit? Also déi haart Baussescheif, déi eeben dat éischt Stéck ass. S: ____ C: Ma bei eis an der Famill nenne mer dat “eng Knaischen”. An du kanns awer och soen: eng Bootsch oder och Kiwwel, Kniwwel, Knaus. Knaus ass jo am Fong déi Vollform zu deem, wat ech als Knaischen bezeechnen. Aner Bezeechnunge sinn: Kuescht, Kruucht, Kuuscht oder och Opschnatz. Bon, Opschnatz ass éischter Tatsaach, dass een dat opgeschnidden huet … An hei huet Bootsch awer och nees d’Motiv vun der Krust, vun eppes, wat baussen haart ass. S: A wéi komme mer lo bei d’gebootschte Gromperen? C: Bleiwe mer mol bei der Iddi, dass Bootsch, Kuuscht, Krust dat selwecht bezeechent. Da si mer nämlech scho beim Verb bootschen. A Bootschen heescht einfach Kruste bilden. Lo kucke mer mol de Beispillsaz, deen am Luxemburger Wörterbuch steet: den Dreck bootscht mer ënnen un der Box zesummen. S: Ei! C: Dat heescht, du hues scho richteg esou e kuuschtege Bulli ënnen un der Box. An da gëtt et natierlech och de Grompereplat, d’gebootschte Gromperen. An hei steet souguer e Rezept am alen Dictionnaire. Do steet: «kleine, geschälte Kartoffeln mit wenig Wasser (oder schwarzem Kaffee) angefeuchtet in einem Eisentopf ansetzen, damit sie am Boden anbrennen» (das Fett, Grieben oder Speck, wird erst auf der Schüssel beigegeben). S: A firwat Kaffi? C: Vläit fir déi däischter Faarf oder och fir de Goût? Dat war leider ouni Erklärung a konnt och bei kenger Persoun erausfannen, ob do Kaffi dragehéiert a firwat. Dat heescht, d'Iddi vun de gebootschte Gromperen war, dass ech Grompere schielen, kleng schneiden, e bësse Fiichtegkeet dru ginn, fir dass dat verdämpe kann, an da komme se an e gossen Dëppen, wou vill Hëtzt dru kënnt. An dann huet ee se einfach gewäerde gelooss an net gedréit an näischt, bis se eeben ënnen ubootschen, eng Krust bilden. S: Also ubaken. C: Jo, dass de dann déi Krust do hues. An herno kënnen nach Gréiwen oder Speck dobäi. An dat ass eng gebootschte Gromper. An deen Ausdrock huet meng Bomi heiansdo rose gemaach. S: A firwat? C: Ech weess, dass meng Bomi ëmmer rose ginn ass, wa verschidde Leit gesot hunn, gebrootschte Gromperen, mat R “brootschen”, well se et wéi Bratkartoffeln verstan hunn. An do war se dann ëmmer: mir hu kee brootschen! Et gëtt broden a bootschen, awer näischt dertëscht! S: A jo, ech mengen, ech hunn och schonn héieren, dass Leit ‘gebrootscht’ soen. C: An dat ass eng Mëschform, déi et awer esou net gouf, well mer hunn d’Bootsch mam Verb bootschen a béides huet mat Krusten ze dinn an donieft hu mer d’Verb broden. An dat ass béides aus der Kichen, mee et sinn zwee verschidde Verben. S: Mir soen der merci, Caroline, fir déi linguistesch a kulinaresch Informatiounen a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
18
Elster
Dës Kéier geet et ëm Villercher, dialektal Varianten an d’Fro, ob eng Elster wierklech sou “diebisch” ass wéi hire Ruff. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei Wiwi no der Summerpaus nees „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Du hues mir lo grad virun der Opnam nach net gesot, wat eist Wuert vun haut ass. C: Dat ass alles Kalkül! Mer fänken haut nämlech mat engem Quiz un: Kenns de – oder Dir doheem – dëst Wuert: Gabrioul? _ Oder Atzel? Atzelchen? Seet der Kring eppes? Oder Krick? S: Sinn dat elo alles verschidde Wierder? C: Et geet ëm e Wuert am Lëtzebuergeschen, fir dat ech 24 verschidde Bezeechnunge fonnt hunn, mer schwätzen also ëmmer nach iwwer eng eenzel Saach. Mer kommen der Saach mol méi no: Doudevull. Oder Kréi? S: E Kueb? C: Nach net ganz, woubäi d’Famill scho stëmmt: An elo komme mer bei weider Bezeechnungen: Léister, Dälster, Elster an Eelster. An lo weess de schonn ëm wat et geet. S: Haut geet et ëm Elsteren! C: Richteg, also Elstere sinn sougenannt Rabenvögel. Dat heescht, déi hu schonn mat den Kueben eppes ze dinn. Awer et sinn natierlech déi schwaarz a wäiss, déi een och ganz vill zu Lëtzebuerg fënnt. An den Henri Klees huet a sengem Buch (vun 1981) 24 verschidde Forme fonnt, déi zu Lëtzebuerg fir dee Villche benotzt ginn, woubäi eenzel Formen och just eng liicht aner Aussprooch hu wéi Eelster oder Elster, Gabb(e)rioul oder Kabb(e)rioul. S: Do hunn ech awer dat meescht nach ni héieren. C: Ma ech och net, et geet jo och net ëm wäit verbreet Bezeechnungen, mee ëm alles, wat iergendwéi viru 50 Joer fir dee Vull gesot ginn ass. S: Also ech soe meeschtens einfach Elster, mee wou kënnt dat eigentlech hier? C: Ech hu versicht erauszefannen, wou den Numm Elster hierkënnt. An dat ass e bësse komplizéiert, well mer ginn do wierklech ganz wäit zréck an d’10. Joerhonnert an d'Alhéichdäitscht. An och do huet een schonn d'Form Agelster, Eegelster, déi sech dann zesummekierzt zu Elster. A warscheinlech geet dat nach méi wäit zréck. Also elo sprange mer nach eng Kéier 1000 Joer zréck. An do si mer warscheinlech bei engem Wuertdeel ago, aga, dee mer haut och mam Wuert Ecke a Verbindung bréngen. An zwar ass mat ago/aga eppes Spatzes gemengt. Et geet een dovunner aus, dass Elster esou e Benennungsmotiv mat ‘spatz’ huet, well se hannen déi ganz laang Fiederen hunn, déi esou spatz zesummelafen. Et ass awer och interessant, wéi se op Englesch heescht. Weess du dat? S: Maja, do heescht se Magpie. Fro mech awer lo net, wou dat hierkënnt … C: Dofir sinn ech jo do! Well och do hunn ech versicht d’Etymologie erauszefannen, well Magpie léisst sech jo net aus de Bestanddeeler vum Wuert hierleeden. A fir dat Englesch ze verstoen, musse mer fir d'éischt an d'Franséischt goen, well, weess de wéi se op Franséisch heescht? S: Hei ass jo e richtege Vokabeltest haut, keng Anung, éierlech gesot. C: Ech maache lo sou schlau, mee ech kommen natierlech mat recherchéierte Wierder: Do heescht se Pie bavarde. Also pie ass den Numm vum Vull a bavarde, well se esou vill Geräischer mécht, vu bavarder. Pie geet zréck op de laténgeschen Numm Pica pica. S: An d’Englescht? C: Ma franséisch pie hunn d'Englänner dann och iwwerholl, also P-I-E, geschriwwe wéi am Franséischen, just dass si et anescht ausgeschwat hunn. S: Awer wat ass mam Deel ‘Mag’? C: Mag ass d'Kuerzform vum Margaret. An hei geet et och drëm, dass eng Persoun relativ vill geschwat huet. An erënners de dech nach, mir haten d'Folleg vum Batti … an do hate mer och vum Schnësskätti geschwat. Dat heescht, Magpie ass am Fong e Schnësskätti. S: A sou? C: Du hues iergendeen Numm, deen eng Persoun beschreift (Cathrine, Margaret), déi eng Eegenschaft huet oder där eng Eegenschaft zougeschriwwe gëtt. An d’Pie schnësst vill (bavarder) an dorauser entsteet dann eng Magpie. A kenns de nach eppes aneres, wat een iwwer Elstere seet, ausser dass se vill Geräischer maachen? S: A jo, am Däitschen ass et dach “eine diebische Elster”. C: Genee, um Enn wëll ech nach op eppes hiweisen, wat jo vu ville Leit gemengt gëtt, wann et ëm Elstere geet. An zwar, dass se blénkeg Saachen immens gären hunn an dass se klauen. An do gouf et 2014 eng Etüd dozou. An d’Fuerscher an d’Fuerscherinnen hunn erausfonnt, dass dat iwwerhaapt net stëmmt. Op der Exeter University hu se an engem Test mat 64 verschidden Zenarioen erausfonnt, dass Elstere souguer manner huelen a manner iessen, wann d'Saachen entweeder blénkeg oder blo sinn. Firwat dat Blot elo erakënnt, kann ech der net soen. Mee hei goufe wierklech Saachen getest wéi kleng Réngelcher oder Schrauwen oder Sëlwerpabeier. An et huet sech erausgestallt, dass d’Elstere vun allem Saache gefaart hunn, déi einfach nei waren. Dat heescht, se hu sech haaptsächlech fir Saachen decidéiert, déi se scho kannt hunn an déi ware meeschtens net blénkeg. Se hunn also éischter eng Neophobie, also Angscht virun neie Saachen. S: Also Elstere schnësse vill, mee klauen net, an Englänner iwwerhuele Wierder aus dem Franséischen. C: Genee, dat war sou de Resümmee vun eiser éischter Emissioun no der Summerpaus! S: Da soen mer elo merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
17
panéieren
Dës Kéier geet et ëm d’Wuert "panéieren" an den Ënnerscheed tëschent enger Panéierung an enger Panad - awer just fir Leit, déi et ganz genee wëlle wëssen! S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! Haut fänke mer mat enger summerlecher Fro un, nodeems mer schonn Temperaturen iwwer 35 Grad haten! S: Ok! C: Gees de heiansdo kal duschen, wann et sou richteg waarm dobaussen ass? S: ___ C: Kuck, wann et de Päerd ze waarm ass, da kann een se och ofduschen, schéi kal mam Schlauch – a weess de, wat se dono am allerléifste maachen? S: ___ C: Se wenzele sech am déckste Stëbs. S: Aaa, ass ‘wenzelen’ haut eist Wiwi-Wuert? C: Nee, dat net, woubäi ech mer dat mol direkt muss opschreiwen, well et och einfach cool ass. Fir d’Wenzelen am Stëbs soe ech ëmmer panéieren … well nom Wenzele gesinn d’Päerd einfach panéiert aus, grad wann se beispillsweis wäiss sinn an de bronge Sand un hinnen hänke bleift. An DO si mer beim Wuert vun haut: panéieren. S: Panéieren, wéi beim Schnitzel? C: Genee. Haut schwätze mer iwwer panéieren. An als méisproocheg Persoun, also eng, déi duerch de Lëtzebuerger Schoulsystem gaang ass, ass panéieren warscheinlech kloer vun der Zesummesetzung hier. S: Wéinst franséisch ‘pain’? C: Genee dat wollt ech elo soen, well mir kënne séier gesinn, dass et sech ofleet vum franséische pain, an dass et eppes mat Brout ze dinn huet. Pain/Paner geet natierlech zréck op d'Latäin panis, wat Brout heescht. S: Am Franséische gi vill Wierder op Latäin zréck, nee? C: Latäin ass jo och eng Virstuf vum Franséischen, e Virfar souzesoen. Awer mir sinn nach net fäerdeg mam Panéiere fir haut, well et geet mir nämlech och ëm d'Tatsaach, dass iwwerhaapt Liewensmëttel mat Brout verschafft ginn, souzesoen a Brout agepaakt op eng speziell Aart a Weis. A wéi am Däitschen och, kann een – wann ee ganz genee wëll sinn – en Ënnerscheed maachen tëscht “Panade” an “Panierung”, also tëscht enger Panad an enger Panéierung. Kanns de do eppes drënner virstellen? S: Ech mengen, dat wier fir mech genee dat selwecht. C: War et fir mech am Fong och, bis ech a Kachsendungen a bei menger Wiwi-Recherche den Ënnerscheed méi genee nogelies hunn. Fänke mer mer eng Kéier u mam Verb panéieren. Panéiere kennt een zum Beispill beim typesche Wienerschnitzel. Dat heescht, mir hunn en Liewensmëttel, wat an deem Fall Fleesch ass, an dat gëtt dann duerch verschidde Liewensmëttel gezunn, déi eemol pecheg sinn an eemol stëbseg oder grimmeleg. An da verbënnt sech dat. Lo am Fall vum Wienerschnitzel hu mer e Stéck Fleesch, wat da fir d'éischt gesalzt gëtt, an da kënnt e bësse Miel drop. S: A Miel ass jo dann och schonn en Deel vu Brout, mee dat ass awer nach net panéieren! C: Genee, et dréit sech alles ronderëm Brout souzesoen. Da gëtt et dat bemielt Fleesch duerch Eeër gezunn – schéin an enger Schossel opgeklappt – an da kënnt et an déi nächst Statioun mat de Broutgrimmelen, mam Panéiermiel, also an déi Semmelbrösel. Semmel heescht jo näischt anescht wéi Bréitchen. Weess de, wéi Panéiermiel op Franséisch heescht? S: ___. C: Op Franséisch heescht dat chapelure. S: Op Englesch wéisst ech et, do ass et och ganz kloer: breadcrumbs. C: Chapelure ass effektiv e bësse méi komplizéiert. Dat geet nämlech zréck op d'Verb chapeler, wat et scho viru bal 1000 Joer gouf. An dat bedeit, dass ee ganz laang op eppes schléit oder mam Messer beaarbecht an dass esou eppes kleng gemaach gëtt. An d’chapelure ass dann d'Iddi, dass een aalt Brout eeben esou kleng veraarbecht, bis iergendwann just nach déi Grimmelen iwwereg sinn. Mee zréck bei eis Panad: Brout war eppes, wat einfach vill iwwereg war. A wann een net wollt, dass et direkt gro gëtt oder wann et da schonn haart war, dann huet ee sech verschidde Saachen afale gelooss, fir dat weider ze veraarbechten, fir keng Bëtz ze maachen. An ech fannen d'Panéieren einfach super interessant, well een do mam Brout schafft, mee awer d'Iddi vum Brout guer net méi hunn. Also och d'Panéiermiel ass am Fong näischt anescht wéi iergendwéi virgebakent an duerchgehäckselt Brout. S: A wat war dat mam Ënnerscheed tëscht enger Panad an enger Panéierung? C: Also lo si mer natierlech bei Fachsproochen, dat heescht beim Kichejargon, an dat ass heiansdo anescht wéi dat, wat mir am Alldag benotzen. A reng theoreetesch muss een d’Panad an d’Panéierung auserneenhalen, well d'Panad ass dat, wat ech benotzen, wann ech zum Beispill Bullette maachen, do maachen ech oft e Bréitchen oder eeben ageweechtent Toastbrout mat dran, fir dass et einfach méi Mass kritt, awer och fir d'Fleeschtextur e bësse méi locker ze maachen. Panad ass also ëmmer mat vermätscht souzesoen. An dann hu mer nach dat, wat ech nom Panéieren hunn, also d'Panéierung. Bei der Panéierung geet et drëm, dass ech Semmelbrösel hunn, déi Chapelure, an dass ech do d’Fleesch dra wenzelen, wéi zum Beispill de Schnitzel, einfach dass ech eng Hüll ronderëm maachen aus Broutgrimmelen. Wann dir awer lo alles Panad nennt, ass dat kee Problem, et ass jo just an der Fachsprooch, wou den Ënnerscheed gemaach gëtt. S: Mengs de, dass Käch den Ënnerscheed do sou genee maachen? C: Also mat der Prozedur op alle Fall, mee mam Numm – dat kann ech der net soen. Vläit si jo Käch a Kächinnen, déi eis nolauschteren, déi kënne sech jo bei eis mellen! S: An du mells dech souwisou nees am September bei eis. No der Summerpaus! Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, dann nees am September, wann d’Schoul an d’Uni nees ufänken. C: Ma Merci och! A jo, genee, mir maachen eng kleng Summerpaus! Da panéiert iech gutt op der Plage mam Sand, benotzt Sonnecrème a schéckt eis gären Är Wierder fir Wiwi-Episoden op wiwi@100komma7.lu ! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
16
Bëbee
Dës Kéier geet et ëm Schreifweisen a Bëbeeën. Donieft schwätze mir och doriwwer, wat babbelen eigentlech bedeit! S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Haut schwätze mer iwwer Käpp, sos de mer? C: Eis Episod haut heescht “Kee Kapp”. Lo wäert ee soen: o, bei Wiwi geet et dach ëm Eenzelwierder. Mee wat ass da mat “Kee Kapp”? Haut geet et mer nämlech ëm eng Expressioun. An ech fänke lo mol einfach un, wann ech soen, dat doten huet kee Kapp a kee ____? S: _____ C: Bei där Expressioun ginn et elo zwou Optiounen. Ech ka soen, dat doten huet kee Kapp a kee Fouss. Ech kann awer och soen, dat doten huet kee Kapp a kee Schwanz. An et ass interessant, dass déi Konstruktioun bedeit, dass eppes kee Sënn mécht. Also wann ee seet, dat doten huet kee Kapp a kee Fouss, dann heescht dat, dat doten ass inkohärent, dat fonctionéiert net, dat mécht kee Sënn. S: Dat gëtt et awer just mat “keen”, oder? Also “kee Kapp a kee Schwanz”? C: Jo, dat gëtt et u sech just am Negativen. Dat heescht, am Positive kann ech net soen: a, dat doten huet awer Kapp a Fouss oder dat doten huet awer Kapp a Schwanz. An et ass ganz interessant, wéi sech dat an anere Sprooche manifestéiert, well d'Lëtzebuerger sinn et déi eenzeg, déi dat benotzen. S: A sou? C: Och an deenen anere Sprooche wéi Spuenesch ass et ëmmer an der Negatioun an et huet ëmmer mat Inkohärenz ze dinn, dat heescht ,et muss ee sech virstellen, d'Kohärenz ass wéi e Kierper a wann Deeler vun deem Kierper feelen, dann ass eppes inkohärent, also net ofgeschloss, net vollstänneg. An déi Ausdréck, déi gouf et schonn am Latäin, beim Cicero a beim Platon hunn déi déi scho benotzt. Ech zitéieren eng Kéier (o Gott, mäi Latäinsproff wier esou stolz, dass ech lo hei Latäin virliesen, e klenge Shoutout un den Eugène Schmit aus dem LGL.): nec caput nec pedes, wat sou vill heescht wéi weeder Kapp nach Féiss. Et gesäit een also, dass dat Bild vun eng Saach huet e Kierper an do feele Saachen, dass et dat och scho fréier am Latäin gouf. An dat huet sech weiderentwéckelt, am Spueneschen och, well am do kann ech soen: ni pies ni cabeza – hei gëtt de Kapp als leschte genannt! An domat ass och eng Metapher gemengt, dass eppes inkohärent ass. An am Engleschen, do si mer net bei head a feet, mee weess du dat? S: _____ C: Am Engleschen, do hu mer “can't make head nor tail of something” éischter eng Referenz “head” an “tail” op Kapp a Schwanz, wéi am Lëtzebuergeschen och, obwuel een zwar fréier och hat: “neither head nor foot” (do si mer nees beim Fouss) awer herno huet et sech méi entwéckelt zu “neither head nor tail”. S: Also ëmmer Kierperdeeler awer. C: Weess de och, wéi et am Däitschen ass? S: _____ C: Interessant ass awer, am Däitschen kann een net soen, “das hat weder Kopf noch Fuß”. Ech kann och net soen, “das hat weder Kopf noch Schwanz”. Am Däitsche seet een, das hat weder Hand noch Fuß. S: A wouhier kënnt dat? C: Ma do hunn ech versicht erauszefannen, wou dat hierkënnt, well Hand a Fuß ass nach ëmmer d'Bild vum Kierper, ass nach ëmmer d'Bild vun enger Inkohärenz, mee anscheinend geet dat zréck op de Mëttelalter! S: A wat bedeit et? C: Also ech ginn lo mol dat erëm, wat ech esou an der Recherche fonnt hunn: wa Persounen hir riets Hand ofgehackt kruten an hire lénke Fouss, da war se als Ritter oder Reider net méi asazfäeg. Well mäi lénke Fouss brauch ech, fir op d'Päerd eropzeklammen, ne, well dat ass dee Fouss, deen an de Bigel vum Suedel geet, fir mech eropzehiewen, a mat der rietser Hand reiden ech. A meng riets Hand brauch ech natierlech och fir ze steieren. Et ass een einfach an allem gehandicapt. Dat heescht, wann eppes “weder Hand noch Fuß” huet, war et anscheinend esou, dass dat dann e Kierper ass, deen net optimal fonctionéiert an net optimal agesat ka ginn. S: Also nees e Kierper! C: Mir hunn elo natierlech vun engem mënschleche Kierper geschwat, awer bei der Konstruktioun mat kee Kapp a kee Schwanz oder mat deem Head or Tail – dat gëtt et iwwregens och am Spueneschen, “tener ni cola ni cabeza”, also kee Schwanz an kee Kapp – do ass et warscheinlech eng Referenz op Déieren, fir och do ze soen, dat ass e Kierper, deen net vollstänneg ass. S: Am Engleschen ass heads or tails awer och bei der Mënz? Also viischt an hënnescht Säit. C: Genee, am Engleschen hues de dann nach “heads or tails”, also Käpp a Schwänz, fir déi zwou Säite vun enger Mënz ze bezeechnen. An hei hunn ech versicht, och e bëssen ze recherchéieren, wou dat hierkënnt. Bon, de Kapp ass natierlech de Kapp, well mer do och meeschtens eeben e Personnage drop hunn. An den Tail hannendrop, deen ass effektiv och gemengt fir d'Récksäit. Also wa mir soen “kee Kapp a kee Schwanz”, da menge mir wierklech vu vir bis hanne kee Sënn oder wierklech vun där enger Säit bis op déi aner Säit. An do mierks de wéi och d'Iddi bei der Mënz hierkënnt. Dat heescht, du hues déi eng Säit an déi aner Säit. Du fänks quasi beim Kapp un an du hänks beim Schwanz op. An do gëtt et jo souguer an der Fleeschproduktioun gëtt et jo och, also an der Gastronomie gëtt et den Trend nose to tail, dass de net nëmmen d'Filetstécker ëss, mee quasi alles vun der Nues bis bei de Schwanz. An do mierks de d'Iddi vun deem Kierper vu vir bis hannen, wou d’Déier ufänkt a wou et ophält. S: A mir halen elo och leider op fir haut! C: Jo, ech hat haut nees vill ze zielen. An ech hoffen, dat hat Kapp a Schwanz! S: Natierlech hat et dat! Caroline, mir soen der lo äddi a merci a si gespaant op d’Wuert vun der nächster Woch! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
15
Kee Kapp
Dës Kéier geet et ëm Spréchwierder, déi bis bei den Cicero zeréckginn a wéi sech Kapp a Schwanz an den europäesche Sproochen etabléiert hunn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Haut schwätze mer iwwer Käpp, sos de mer? C: Eis Episod haut heescht “Kee Kapp”. Lo wäert ee soen: o, bei Wiwi geet et dach ëm Eenzelwierder. Mee wat ass da mat “Kee Kapp”? Haut geet et mer nämlech ëm eng Expressioun. An ech fänke lo mol einfach un, wann ech soen, dat doten huet kee Kapp a kee ____? S: _____ C: Bei där Expressioun ginn et elo zwou Optiounen. Ech ka soen, dat doten huet kee Kapp a kee Fouss. Ech kann awer och soen, dat doten huet kee Kapp a kee Schwanz. An et ass interessant, dass déi Konstruktioun bedeit, dass eppes kee Sënn mécht. Also wann ee seet, dat doten huet kee Kapp a kee Fouss, dann heescht dat, dat doten ass inkohärent, dat fonctionéiert net, dat mécht kee Sënn. S: Dat gëtt et awer just mat “keen”, oder? Also “kee Kapp a kee Schwanz”? C: Jo, dat gëtt et u sech just am Negativen. Dat heescht, am Positive kann ech net soen: a, dat doten huet awer Kapp a Fouss oder dat doten huet awer Kapp a Schwanz. An et ass ganz interessant, wéi sech dat an anere Sprooche manifestéiert, well d'Lëtzebuerger sinn et déi eenzeg, déi dat benotzen. S: A sou? C: Och an deenen anere Sprooche wéi Spuenesch ass et ëmmer an der Negatioun an et huet ëmmer mat Inkohärenz ze dinn, dat heescht ,et muss ee sech virstellen, d'Kohärenz ass wéi e Kierper a wann Deeler vun deem Kierper feelen, dann ass eppes inkohärent, also net ofgeschloss, net vollstänneg. An déi Ausdréck, déi gouf et schonn am Latäin, beim Cicero a beim Platon hunn déi déi scho benotzt. Ech zitéieren eng Kéier (o Gott, mäi Latäinsproff wier esou stolz, dass ech lo hei Latäin virliesen, e klenge Shoutout un den Eugène Schmit aus dem LGL.): nec caput nec pedes, wat sou vill heescht wéi weeder Kapp nach Féiss. Et gesäit een also, dass dat Bild vun eng Saach huet e Kierper an do feele Saachen, dass et dat och scho fréier am Latäin gouf. An dat huet sech weiderentwéckelt, am Spueneschen och, well am do kann ech soen: ni pies ni cabeza – hei gëtt de Kapp als leschte genannt! An domat ass och eng Metapher gemengt, dass eppes inkohärent ass. An am Engleschen, do si mer net bei head a feet, mee weess du dat? S: _____ C: Am Engleschen, do hu mer “can't make head nor tail of something” éischter eng Referenz “head” an “tail” op Kapp a Schwanz, wéi am Lëtzebuergeschen och, obwuel een zwar fréier och hat: “neither head nor foot” (do si mer nees beim Fouss) awer herno huet et sech méi entwéckelt zu “neither head nor tail”. S: Also ëmmer Kierperdeeler awer. C: Weess de och, wéi et am Däitschen ass? S: _____ C: Interessant ass awer, am Däitschen kann een net soen, “das hat weder Kopf noch Fuß”. Ech kann och net soen, “das hat weder Kopf noch Schwanz”. Am Däitsche seet een, das hat weder Hand noch Fuß. S: A wouhier kënnt dat? C: Ma do hunn ech versicht erauszefannen, wou dat hierkënnt, well Hand a Fuß ass nach ëmmer d'Bild vum Kierper, ass nach ëmmer d'Bild vun enger Inkohärenz, mee anscheinend geet dat zréck op de Mëttelalter! S: A wat bedeit et? C: Also ech ginn lo mol dat erëm, wat ech esou an der Recherche fonnt hunn: wa Persounen hir riets Hand ofgehackt kruten an hire lénke Fouss, da war se als Ritter oder Reider net méi asazfäeg. Well mäi lénke Fouss brauch ech, fir op d'Päerd eropzeklammen, ne, well dat ass dee Fouss, deen an de Bigel vum Suedel geet, fir mech eropzehiewen, a mat der rietser Hand reiden ech. A meng riets Hand brauch ech natierlech och fir ze steieren. Et ass een einfach an allem gehandicapt. Dat heescht, wann eppes “weder Hand noch Fuß” huet, war et anscheinend esou, dass dat dann e Kierper ass, deen net optimal fonctionéiert an net optimal agesat ka ginn. S: Also nees e Kierper! C: Mir hunn elo natierlech vun engem mënschleche Kierper geschwat, awer bei der Konstruktioun mat kee Kapp a kee Schwanz oder mat deem Head or Tail – dat gëtt et iwwregens och am Spueneschen, “tener ni cola ni cabeza”, also kee Schwanz an kee Kapp – do ass et warscheinlech eng Referenz op Déieren, fir och do ze soen, dat ass e Kierper, deen net vollstänneg ass. S: Am Engleschen ass heads or tails awer och bei der Mënz? Also viischt an hënnescht Säit. C: Genee, am Engleschen hues de dann nach “heads or tails”, also Käpp a Schwänz, fir déi zwou Säite vun enger Mënz ze bezeechnen. An hei hunn ech versicht, och e bëssen ze recherchéieren, wou dat hierkënnt. Bon, de Kapp ass natierlech de Kapp, well mer do och meeschtens eeben e Personnage drop hunn. An den Tail hannendrop, deen ass effektiv och gemengt fir d'Récksäit. Also wa mir soen “kee Kapp a kee Schwanz”, da menge mir wierklech vu vir bis hanne kee Sënn oder wierklech vun där enger Säit bis op déi aner Säit. An do mierks de wéi och d'Iddi bei der Mënz hierkënnt. Dat heescht, du hues déi eng Säit an déi aner Säit. Du fänks quasi beim Kapp un an du hänks beim Schwanz op. An do gëtt et jo souguer an der Fleeschproduktioun gëtt et jo och, also an der Gastronomie gëtt et den Trend nose to tail, dass de net nëmmen d'Filetstécker ëss, mee quasi alles vun der Nues bis bei de Schwanz. An do mierks de d'Iddi vun deem Kierper vu vir bis hannen, wou d’Déier ufänkt a wou et ophält. S: A mir halen elo och leider op fir haut! C: Jo, ech hat haut nees vill ze zielen. An ech hoffen, dat hat Kapp a Schwanz! S: Natierlech hat et dat! Caroline, mir soen der lo äddi a merci a si gespaant op d’Wuert vun der nächster Woch! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
14
Schocki
Dës Kéier geet et ëm e Gedrénks, wat vill Kanner an och Erwuessener gären drénken: De Schocki. Mir schwätzen iwwer den Ursprong vum Wuert a wéi et vu Mëttelamerika an Europa a schliisslech am Lëtzebuergesche gelant ass. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis bei Wiwi "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! Wéi versprach gi mer lo och op Wierder an, déi d'Fans vu Wiwi eis eraschécken, an hei krut ech eng Noriicht vun engem treien Nolauschterer, dass hie grad Lëtzebuergesch léiert an immens frou ass, dass et Wiwi gëtt, an do si mir natierlech och frou! S: Absolut! C: Bei deem Här ass et drëm gaangen, dass säi Liblingswuert Schocki ass. Sou, wat ass Schocki fir dech? S: ____ C: Genee, also Schocki ass am Fong d'Gedrénks an wa mer lo Schockela hunn, da géife mer lo net soen, gëff mer de Schocki. S: Ausser vläit an der Schwäiz. C: Haha, jo. Eise Schocki ass ëmmer d'Gedrénks op Kakaobasis an haut kucke mer eis e bëssen un, wou dat Wuert Schocki eigentlech hierkënnt an och wou de Schockela als Wuert hierkënnt . S: A wéi waren déi verschidden Etappe, bis dat Wuert esou ausgesinn huet, wéi et haut ausgesäit? C: Säin Ursprong huet dat Wuert am Azteekeschen, méi genee an enger Sprooch, déi Nahuatl heescht. An am Nahuatl gëtt et dat Wuert chokolatl. S: A wat heescht dat? C: Bei Chokolatl ass net ganz kloer, wat et bedeit. Ech hat a verschiddenen etymologeschen Dictionnaire gekuckt an et ass, wéi am Franséisch steet, “difficilement analysable”. Dat eenzegt, wat ee weess, ass, dass dee leschten Deel -atl Waasser bedeit. A ganz interessant ass, dass d'Schocolatl am Fong och e Gedrénks war. Dat heescht, wéi mir de Schockela kennen, dat war fir d'éischt e Gedrénks an duerno eréischt déi fest Séissegkeet als Tablett Schockela. S: Also gouf et de Schocki virum Schockela? C: Vum kulinaresche Konzept aus jo. Also d'Iddi war am Fong, fir e Gedrénks ze hunn, wat iergendwéi flësseg ass a wou Kakao an Zocker dran ass. An dat huet sech du verbreet, well d'Leit deemools scho gemierkt hunn, dass dat einfach immens gutt schmaacht. An am 16. a 17. Joerhonnert ass dat dann an Europa eriwwer komm. S: A wéi gouf et genannt? C: Och eppes wéi “Chocelatl”. Wéi se et geschwat hunn, kann ech leider net soen, well mer keng Audioopnamen hunn aus dem 16. a 17. Joerhonnert. Am 18. Jh. hues och am Däitschen nach verschidde Schreifweisen Schokolate, Choco-, Schokolade, awer déi lescht ass elo d’Standardform. Et gesäit een awer, dass et am Franséischen, Däitschen, Engleschen oder Lëtzebuergesche relativ änlech kléngt. Well déi Wierder gläiche sech jo am Fong. Mir hunn Schokolade, mir hunn Chocolate, chocolat a mir hunn och Schockela. An sou wéi d'Lëtzebuergesch Wuert Schockela sech presentéiert, ass et héchstwarscheinlech aus dem Franséischen, well mer do jo och hannen kee Konsonant méi héieren. S: Also gouf aus ‘chocolat’ de Schockela? C: An am Lëtzebuergeschen hu mer nach e Phenomeen, dat heescht Niewesilbenofschwächung. Dat heescht, mir soen net Schockola mat O, mee mir soen Schockela. Déi éischt Silb ass sou betount, dass déi niewendrunner manner kräfteg gëtt. An déi gëtt da vum O zum E zu enger Reduktiounssilb. S: A wéi schreift een dat Lëtzebuergescht? C: Et ass eent vun de Wierder, wat eng lëtzebuergesch Schreifweis kritt. Also Schockela schreiwe mer dann S-C-H-O-C-K-E-L-A. An dann nach bei d'Gedrénks Schocki. De Schocki ass eng Kuerzform op -i vum Schockela, scho bal verniidlecht. An dass Schockela ursprénglech e Gedrénks war, a mir mat Schocki nees e Gedrénks benennen, ass jo och eng schéi Geschicht! Et ass zwar net méi ganz kal dobaussen, mee iergendwéi hunn ech elo mega Loscht op e gudde Schocki, du och? S: ______ Mir soen der op alle Fall merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
13
Best-of
Dës Kéier geet et net ëm ee Wuert, mee ëm villWierder, déi mer bis elo bei WiWi diskutéiert hunn. Et ass eng klengJubiläum-Episod a mer kucken zesummen op de Best-of vun den Episoden 1-49. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis wéi ëmmer „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut hu mer eng besonnesch Episod, gell? C: Gutt opgepasst, stell der vir, mer sinn elo scho bei der 50. Episod. S: Wow, 50! C: Maja an dofir gëtt et e klenge Best-of aus de Follgen 1-49. S: “e Best-of” – dat ass och e coolt Wuert! C: Jo, souwuel vun der Schreifweis wéi och de Pluriel: Best-offen. S: A mir maachen haut e klenge Réckbléck? C: Genee, mer schwätzen iwwert déi éischt 49 Wierder, déi mer scho gemaach hunn. Ganz typescherweis hu mer natierlech mam Wuert “gäil” ugefaangen, well ech gäil einfach esou e gäilt Wuert fonnt hunn an ech et och gäil fannen, dass mir zwee ëmmer nach um Radio sinn an iwwert d’Lëtzebuergescht schwätzen. S: Dat ass jo och gäil. C. An do weess ech nach, wéi ech gelaacht hu bei där Recherche, well am Duden déi witzeg Beispillsätz waren. An ech mengen déi hate sech an der Redaktioun deemools och ameséiert fir “Der Boden ist feucht und geil”. Also, wien deen dote Saz sech iwwerluecht huet, dee wosst ganz genee, wat e mécht. Dat gleefs de mer awer. S: Mir hat och de Bäitrag iwwer d’Joffer gefall, also dass dat am Fong eng Jongfra war, déi esou bezeechent gouf. An dat haut haaptsächlech d’Enseignante an der Primärschoul ass! C: Jo, dee Lien mat der Jongfra besteet haut guer net méi. Ganz selte mol gi jonk Fraen als “Joffer” bezeechent, mee genee wéi beim däitsche “Fräulein” geschitt dat ëmmer manner. S: An de ‘random’ war och cool, well ech hat Wuert einfach esou oft am Lëtzebuergesche héieren. Ech fannen et och gutt, wa mer mol iwwer méi nei Wierder schwätzen. Woubäi ech d’Geschicht an de Gebrauch vun eelere Wierder och spannend fannen! C: Ech versiche jo och ëmmer méi onbekannt Begrëffer ze erklären, déi mat Päerd oder mam Bauereliewen ze dinn hunn an dat ass gaange vun “Hott an Har”, fir déi Kommandoen, déi een de Kutschpäerd zourifft, bei bei de Minnesch, dee mat CH geschriwwe gëtt, well en als kastréiert Päerd wéi e “Mönch” ugesi gëtt. S: Mee den Detail kënnen d’Leit jo einfach nolauschteren, mer sinn op Spotify an och op Apple Podcast. Oder dir gitt an d’Mediathéik vum 100,7. C: A mir huelen elo och Wuertvirschléi vun de Leit un, schreift eis dofir einfach op wiwi@100komma7.lu a schéckt eis är Liblingswierder oder souer, iwwer déi der méi wëllt wëssen. Zwëschenduerch ginn ech och ëmmer gären Orthografie-Tipps, dobäi soen ech net just, wéi e Wuert geschriwwe gëtt, mee och firwat een et sou schreift. … an do hat ech beispillsweis iwwert den Äddi geschwat. Mir schreiwen den A mat den zwee Pénktelcher, dee leet sech nämlech am Fong vun Adieu of. An ëmmer, wa mer e Virbildwuert hunn oder e Parallelwuert an enger anerer Sprooch, wou en A dran ass, da schreiwe mer den Ä. Et kann ee sech hei op verhalen: Den Eddie mat E ass den Eddie Murphy, dee mam A ass bye bye. Mat A wéi awar oder awuer! S: Awar hunn ech awer scho laang net méi héieren! C: Et ass och eng Abschidsfloskel, déi net méi vill benotzt gëtt. Ech muss awer och soen, dass ech bei Wiwi och eppes vun dir léieren, Simon. An zwar hunn ech dat mat der Mexican Wave geléiert. Mir hate jo d'La Ola Well. Also La Ola heescht schonn déi Well. A wa mer da soen eng La Ola Well, dann hu mer zwee Artikelen an zwee Substantiver, déi genee dat selwecht soen. An do has du mer gesot, dass dat op Englesch d'Mexican Wave wier, well déi bei enger Fussball-WM, wann ech mech ganz richteg erënneren, vun de mexikanesche Fans gemaach ginn ass an et dofir de Mexican Wave ass. Dat hunn ech cool fonnt. Well ech sinn ëmmer Fan vun Léieren an dat hunn ech vun dir geléiert. S: Ma gesäis de! C: Eppes, wat ech leider guer net gutt léieren a mer och net esou wierklech verhale kann, ass d'Ofkierzung Laser. Weess du se nach? S: _____ C: Komm, ech liesen nach eng Kéier of: light amplification by stimulated emission of radiation. Net nëmmen, dass et ganz komplizéiert technesch Wierder sinn, mee da sinn och nach Funktiounswierder dran, wéi Prepositiounen, déi net an der Ofkierzung dra sinn. An ech hoffen, ech wäert mer dat lo iergendwéi iergendwann verhalen. S: Dann hoffe mer, dass mer och deen nächste Jubiläum zesumme feieren, wann et der dann 100 sinn! Da proste mer! C: A kuck, prost war och schonn eng Emissioun bei Wiwi! S: Da prost a merci, Caroline, an och eisen Nolauschterer an Nolauschterinnen villmools merci fir hiren Intressi un der Lëtzebuerger Sprooch! C: Ech freeë mech schonn! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
12
Kajak
Haut schwätze mer iwwer den Ënnerscheed tëscht engem Kajak an engem Kanu a wouhier d’Wuert Kajak kënnt. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hues de eis haut matbruecht? C: Haut schwätze mer iwwert den Kajak. A wann een an den LOD geet an do Kajak nosiche geet, da gesäit een e Beispillsaz an de Beispillsaz ass eng Fro. An dofir starten ech haut mat der Fro aus dem LOD: “Kenns du d'Differenz tëschent engem Kanu an engem Kajak?” Also wat ass eigentlech den Ënnerscheed tëscht engem Kajak an engem Kanu? Weess du dat? S: ____ C: De Kanu, deen ass uewen ëmmer op. Et ass quasi esou en oppent Schëffchen, wou eng oder méi Persounen drasëtzen, an de Kajak, deen huet richteg esou ronn Sëtzplazen. Wann s de vun uewen op e Kajak erofkucks, dann häss de quasi esou Kreesser, wou dann de Mënsch drasëtzt. S: Ass dat ëmmer fir een eleng? C: En ass net nëmme fir eng Persoun, mee meeschtens schonn. An et geet eeben drëm, dass den Kajak zougedeckt ass – mat deene Sëtzlächer, an de Kanu net. Wat mech awer interesséiert huet, ass, wou dat Wuert Kajak hierkënnt. S: Et kléngt emol net europäesch. C: Effektiv ass Kajak e Wuert aus der Inuit-Sprooch – oder wéi ee fréier sot – aus den Eskimo-Sproochen a gouf do och scho Kajak genannt. Allerdéngs schreift ee Kajak am Inuit Q-A-Y-A-Q. S: A jo, a mir schreiwen et awer mat K? C: De Kajak am Lëtzebuergesche schreiwe mer K-A-J-A-K, wéi am Däitschen. An deene meeschte Sproochen, also am Portugiseschen, am Engleschen, am Franséischen, schreiwe mer de Kajak mam Y an der Mëtt, awer dat ass just en Detail. Bausse steet awer ëmmer e K. Interessant ass awer, wat et am Inuit bedeit. S: Warscheinlech och Boot, oder? C: Jo, méi genee Männerboot oder Juegdboot. An hei hunn ech och e klengen Rabbit Hole fonnt, an deen ech mech do agegruewen hunn. Kajake komme vun den Inuit, déi ronderëm Grönland wunnen. A se haten net sou vill Material a se hu ganz oft Karkasse vun Déiere geholl, wéi zum Beispill Rëpper vun engem Wal, mat Holz verstäerkt. An do hu se dann Haut ronderëm gespaant an dat hu se zu Booter verschafft. An déi speziell Zort Boot, dat ass de Kajak. An do hunn natierlech d'Europäer an d'Amerikaner dee Modell gesinn an hunn dat immens clever fonnt. Déi haten allerdéngs aner Ressourcen an dofir konnte Kajaken dann och aus aneren Elementer gebaut ginn. S: Also éischter mat Holz? C: Deemools hu se och schonn e bëssen Holz dra verschafft. An fir dass d'Haut ronderëm och wierklech waasserdicht bleift, hu se de Kajak all véier bis aacht Deeg mat Ueleg oder mat Déierefett ageriwwen, fir en eebe waasserbestänneg ze maachen an dass e sech net vollsaugt an ënnergeet. Ganz typesch sinn och déi Paddele mat den zwou Säiten, déi ee ka benotzen, déi typesch Dréibeweegung mat béiden Äerm. Et ass elo Radio, mee ech maachen se grad vir! S: Ganz elegant, kann ech soen! C: Iwwregens: Den eelste Kajak, deen ass iwwer 4000 Joer al! Also dat ass wierklech vun Nomadevëlker, déi schonn Kajake gebaut hunn. An haut, an eise Breetegraden, do gëtt de Kajak am Fong just nach als Fräizäit oder als Sportaktivitéit benotzt. Oder kennt dir vläicht Leit, déi nach mam Kajak joe ginn? S: _____ C: A wann ech mech erënneren, mir waren an der Primärschoul, ware mir um Stauséi an do ware mir och Kajakfueren. Mee déi Kajaken, déi waren natierlech aus Plastik. S: An domat si mer haut och schonn um Enn, merci, Caroline, a mir freeën eis op déi nächst Kéier, well do hu mer e klenge Jubiläum, Episod 50! C: Ma merci a wéi séier dat elo goung! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
11
Sabbel
Dës Kéier geet et ëm e Wuert, wat am Lëtzebuergesche vill Nuancen huet: mir kënnen op den Dësch sabbelen, et kritt een eng an d’Sabbel oder den Hond huet Sabbelen un der Schnuff. Wat et alles bedeit a wou et hierkënnt, gitt Dir haut gewuer. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wouriwwer schwätze mer dann haut? C: Haut si mer rëm bei engem Wuert, wat en Nolauschterer eraginn huet, an zwar sinn ech nämlech gefrot ginn, wou kënnt d'Sabbel hier? S: Gutt Fro! C: Fänke mer mol un: D'Verb “sabbelen” ass elo eppes, wat et esou direkt am Däitschen net gëtt, maache mer eis emol op de Wee, zréck an d’Zäit. Am Mëttelnidderdäitschen, also an der Varietéit, déi an Norddäitschland geschwat gouf virun ongeféier dausend Joer, do gouf et schonn d'Form “sabben”. A “sabben” war “einspeicheln”, also vill Spaut benotzen oder net propper iessen. Sabben geet zeréck op sab – a sap fënnt haut nach am Hollänneschen. S: Dat heescht Jus, gell? C: Jo, Sap ass näischt anescht wéi “Saft” mat enger lautlecher Verännerung. Dat heescht Sab/sabben/ geet ëm alles, wat iergendwéi mat Spaut ze dinn huet, mat Jus, deen am Mond produzéiert gëtt, mat Jus, deen aus dem Mond erausleeft, also alles, wat iergendwéi esou kleckert a mat Spaut ze dinn huet. An dat ass d’Basis fir d’Verb sabbelen. Sabbelen ass also, dass Spaut aus dem Mond erausleeft oder dass een net propper ësst. Dat kann och onkontrolléiert sinn. S: Sabbelen ass also iergendeppes, wat mam Mond ze dinn huet. C: jo, ech ginn och dovunner aus, dass “sabbelen” d'Grondbedeitung huet vu “Spaut erauslafen”. Dass zum Beispill de Puppelche sabbelt, wann en d'Zänn mécht – dat ass de Beispillsaz aus dem LOD. Sabbelen am Sënn vu Klecksen oder Kleckeren, dat ass dann wahrscheinlech déi iwwerdroe Bedeitung, dass dat, wat engem aus dem Mond leeft, an dann iergendwéi Flecke mécht. Awer et ass awer och, wann ech zum Beispill eppes aus enger Fläsch erausschëtten, do kann ech och sabbelen. Et geet also ëm en onkontrolléiert Verschëdde vu Flëssegkeet. Fir dann awer am Beräich vum Mond ze bleiwen, kann ech awer och soen, wéi de Beispillssaz vum LOD seet: Haalt dach op esou domm ze sabbelen! Hei sinn et Wierder, déi iergendwéi onkontrolléiert aus dem Mond kommen, eppes, wat iwwerhaapt net wichteg ass (am Däitsche géif ee soen “labern”) oder vläicht och Leit, déi mat besonnesch vill Spaut schwätzen. Kenns de och den Ausdrock “sabbelegt Wieder”? S: _______ C: Et kann dobaussen och sabbelen, also dass et sou eekleg reent. Do wëll een zwar guer net un d’Grondbedeitung mam Spaut denken. Mee d'Wieder kann eeben och sabbeleg sinn an do kann et och dobausse sabbelen. S: A wann een eng an d’Sabbel kritt? C: An hätte mer e Substantiv, d'Sabbel oder de Pluriel Sabbelen, dat huet am Fong zwou Bedeitungen: an zwar d'Sabbel fir d'Schnëss, also ech kann och engem eng an d'Sabbel schloen, do ass da gemengt “Sabbel” fir dee Beräich am Gesiicht, wou Sabbelen erauskommen. Natierlech an engem méi graffe Langage. An dann hu mer nach Sabbelen einfach fir de Spaut, wann de Spaut eeben erausleeft, also dass de Puppelche vläicht Sabbelen um Mond huet oder en Hond vläicht och Sabbelen um Mond huet. An ech mengen, elo sabbele mer net méi vill, a schléisse fir haut of. S: Mir freeën eis ëmmer, wann s de eis nei Saachen erziels, Caroline, a si ganz gespaant op déi nei Wierder bei Wiwi! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
10
E-Mail
Dës Kéier geet et ëm eppes, mat deem mer all Dag ze dinn hunn: E-Mailen. Mer schwätzen iwwer d’Schreifweis an d’Opkomme vum Wuert an anere Sproochen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Moie Caroline! C: Moie Simon! Ech fänken haut direkt mat engem Sproch hunn: Kenns de déi éiweg laang Meetingen, wou um Enn guer net vill erauskënnt a wou een da seet: This could have been an e-mail. S: ______ C: Haut geet et net ëm Mettingen, mee ëm E-Mailen. Kucke mer emol eng Kéier d'Wuert E-Mail wéi et geschriwwe gëtt. Oder wéi géifs du et da schreiwen? S: _____ C: Et gëtt geschriwwen: groussen E, Bindestréch, groussen M, klengen A, I, L. Et kënnt natierlech aus dem Engleschen an et steet fir Electronic Mail. An d'Symbol, wat mer fir E-Mailen hunn, ass jo och eng kleng Enveloppe, well et war jo d'Iddi, fir de Bréifverkéier ze digitaliséieren an haut geet jo bal alles per E-Mail. Alles, wat eebe virdrunner an enger Enveloppe komm ass, kënnt elo per E-Mail. S: Jo, et kritt een awer och vill E-Mailen den Dag, méi wéi Bréiwer fréier. C: Et kascht jo näischt, do gëtt séier profitéiert! Et ass u sech intressant an och rar, dass am Wuert E-Mail och den M groussgeschriwwen ass. Well normalerweis, wa mer Substantiver schreiwen, dann ass just deen éischte Buschtaf groussgeschriwwen an déi aner Buschtawen kleng. Well mer hei awer eng, ech soen elo mol, Pseudo-Zesummesetzung hunn, hu mer Mail, awer och E-Mail. An duerfir musse mer e groussen E maachen an e groussen M. An déi Zort Bannegroussschreiwung ass am Lëtzebuergesche bal ni ze fannen. S: Du sos elo grad “Mail” – ech ka jo och Mail soen amplaz E-Mail? C: Jo, richteg. Intressant ass, dass een dat ofkierze kann, also et kann ee soen: ech hu meng Mailen haut nach net gekuckt. Ass et fir dech eigentlech e laange Mail oder eng laang Mail? S: _____ C: Am Lëtzebuergesche geet tatsächlech béides! Et kann een entweeder Femininum benotzen (eng E-Mail oder eng Mail) oder Maskulinum (e Mail oder en E-Mail), dass ee seet, oh dat war awer e laange Mail oder dat war awer eng laang Mail. Mail am Femininum ass éischter vum Däitsche gepräägt (eine E-Mail). Wa mer eis elo d'Franséisch do kucken, do heescht et och un e-mail an do mierkt een direkt, dass d’Franséischt de Maskulinum am Lëtzebuergeschen e bësse virgëtt. Intressant war och, dass, wann ech online am Larousse no e-mail sichen, da steet do: Anglicisme déconseillé. S: A jo, do soen se och courriel, oder net? C: Genau. A courriel ass e super Beispill fir eng Verschmëlzung, well de courriel ass vum Wuert hier genee sou wéi d'E-mail (electronic mail) an si soen dann courriel (fir courrier électronique). S: Also steet “electronic” eemol vir an eemol hannen? C: An de romanesche Sproochen hues de normalerweis fir d'éischt de Kapp an dann däin Adjektiv an an an de germanesche Sproochen hues de fir d'éischt däin Adjektiv an dann däi Kapp an dofir soe si courriel électronique an dat ass esou zesummegeréckelt, dass et courriel ass. An dat hunn ech am Fong super fonnt als Wuertbildung, awer am Lëtzebuergeschen hu mer nach ni eppes Entspriechendes gemaach, also mer soen net digital Post oder sou. Oder fält der eppes an? S: ____ C: An um Enn nach e Schreiftipp! Wa mer lo beim Spellchecker E-Mail aginn, mee an engem Wuert geschriwwen E-M-A-I-L, da seet de Spellchecker, dass et richteg geschriwwen ass. A kanns de der virstellen, firwat? S: ____ C: Ma et ass, wéi et geschriwwen ass, en anert Wuert, nämlech Email, wéi d’Beschichtung vum Dëppen. An hei ass erëm en typescht Beispill, dass de Spellchecker just seet, dat Wuert gëtt et an net dass e spezifescht Wuert richteg geschriwwen ass. Well Email huet natierlech näischt mat der E-Mail ze dinn, mee de Programm seet jo just, dass dat eng korrekt Schreifweis ass an net, dass et e komplett anert Wuert ass. S: Also kann een dem Spellchecker net 100 % vertrauen? C: Et soll ee kenger Maschinn 100 % vertrauen, mee Spellchecker ass eng super Source, fir Texter korrigéieren ze loossen, well oft falen engem kleng Tippfeeler net op oder et léiert een, wéi d’Wierder geschriwwe ginn. S: Mee dofir bass du jo hei! C: Jo, mee ech ka mech just Wuert fir Wuert duerchschaffen! S: Da freeë mer eis, wann s de d’nächst Woch nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Ech mech och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
9
Prost
Dës Kéier geet et ëm dat, wat mir soen, wa mir mat Leit ustoussen. Donieft geet et och ëm komplizéiert Verben am Latäin. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut komme mer nees bei e Wuert, wat mat Latäin ze dinn huet. Dat has de mer scho verroden. C: Ganz genee. An elo mol ganz allgemeng gefrot: Kenns du nach Leit, déi an der Schoul Latäin gemaach hunn oder Latäin maachen? S: _____ C: Ech war deemools op Latäin, well op Sixième huet et deemools geheescht, wann een eng Sprooch studéiere wëll, da misst een nach Latäin gemaach hunn. A well ech wosst, dass ech gäre wéilt Germanistik studéieren, hunn ech mer geduecht, dass ech dat och nach muss maachen. S: An? Wéi war dat? C: Ech mengen, de Cours hätt kënne méi flott sinn, well mer hu leider just Texter iwwer Kricher op Franséisch iwwersat, also et war inhaltlech just sou mëttel. Ech denken, dat kéint ee bestëmmt oppeppen, mee ech hat witzeg Proffen, déi vill Wëssen haten an ech kann haut och nach bëssi dovu profitéieren. S: A wat ass eist Wuert haut? C: An haut wëll ech gären eppes matbréngen, wat mer alleguer schonn eng Kéier benotzt oder héieren hunn an wat och Latäin ass, just e bëssen an ofgewandelter Form. Also, wann ech lo wëll mat engem ustoussen, wat sees de, wann s de mat engem ustéiss? S: _____ C: Ech soen op Lëtzebuergesch PROST. A mir hu souguer och e Verb, wat prosten heescht. Sou, an elo gëtt et crazy: Prost ass Latäin. Prost ass eng zesummegezunn Form vun der laanger Form Prosit. S: Seet een am Däitschen net och heiansdo Prosit? C: Jo, genee, dozou soen ech gläich nach eppes! Prosit ass den Subjonctif (3. Persoun Singulier) vum Verb prodesse. S: Uh, lo gëtt et komplizéiert. C: Prodesse setzt sech zesummen aus Esse an Pro. An dann nach en D intercaléiert fir d'Aussprooch. An esse heescht être, also sinn. A Pro heescht dofir. Also dofir sinn, an engem sengem Sënn sinn. Mir hunn deemools d’Vokabel geléiert: Prodesse = être utile. A wann prodesse an de Subjonctif setzen, dann ass et prosit = et soll nëtzlech sinn. Op Däitsch: Dass es dir nützlech sei. Dass es dir diene. S: Firwat sos de dat elo op Däitsch? C: Ech muss dat lo op Däitsch iwwersetzen, well mir hu kee Subjonctif, also kee Konjunktiv 1 méi am Lëtzebuergeschen. Deen hu mer just nach am Däitschen. Zréck bei de Prosit an deng Remark och mam Däitschen. Do kann een och soen: Prosit Neujahr – do ass dann direkt e Sujet mat dobäi, do gëtt nach en Element bäigefüügt, wat engem nëtzlech soll sinn. Also dat neit Joer soll nëtzlech sinn. S: A “prost” ass dann einfach déi Kuerzform dovunner? C: Ganz genee. De Prosit resp. Prost, déi gouf et als Wonschformel schonn am fréien 18. Joerhonnert als Ausruff, laut däitsche Quellen. An am Lëtzebuergeschen hu mir dat haut iwwerholl, just dass mir deen O ëmmer kuerz schwätzen. Mir soen ëmmer: Prost. D’Bedeitung ass awer nach wéi vridrun: et soll nëtzlech sinn, et soll positiv sinn. Dass een eeben zesummekënnt an eppes zesummen drénkt. Ech muss awer soen, prodesse oder just esse ass och e komplizéiert Verb, mee kuck och emol d’Verb être am Franséischen, dat ass änlech komplex. Falls de dech erënners, wéi d'Verb-Tabelle vun être ausgesinn huet. S: Lo net am Detail, mee e bëssen. C: Also do hues de jo dann och “sera”, dat ass en anere Stamm, “je suis” ass en anere Stamm, “il est” ass en anere Stamm, “nous sommes”. Dat sinn alles Formen, déi an engem Verbparadigma virkommen, mee komplett anescht ausgesinn. An sou änlech ass et och mam prodesse. Do hues de dann och “prosum” an “profui” an eise “prosit”, dee mer just nach als “prost” kennen. S: Muss een haut eigentlech nach Latäin gemaach hunn, fir Sproochen ze studéieren? C: Am Moment ass et net méi Pflicht, dass ee Latäin gemaach huet, fir eng Sprooch kënnen ze studéieren. Awer et ass och ni verkéiert, well et léiert een esou e bëssen analytescht Denken. An och fir Saachen erëm ze erkennen, déi mir haut vläicht nach benotzen. Awer et ass cool, an esou verschidde Sproochen eranzeschnupperen, fir esou e bëssen d'Struktur matzekréien. Dat kann awer och eng modern Sprooch sinn. Et soll een einfach virwëtzeg bleiwen! S: An domat schécke mer d’Leit an de Feierowend a soe “prost”, merci Caroline a bis déi nächste Kéier! C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
8
Vanill
Mir schwätzen iwwer d’Vanill a wéi se aus dem Spueneschen am Lëtzebuergesche gelant ass. Donieft schwätze mir och iwwer verschidde Variante vun deem Wuert. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wéi ee Wuert hues de eis haut fir Wiwi matbruecht? C: Ech si jo och Fan vun deenen aneren Emissiounen hei um 100,7. An do gëtt et zum Beispill d'Emissioun “Gewierzer aus aller Welt”, déi ech ganz flott fannen. An den 24. Dezember d'lescht Joer, also op Hellegowend, do koum d'Episod Vanill. Bass de e Fan vu Vanill? S: _________ C: Ech hunn de Geroch och immens gär an ech hat och d’Episod ganz flott fonnt, awer ech sinn natierlech och linguistesch un der Vanille interesséiert. Als éischt e bëssen Hannergrond: D'Vanill ass ursprénglech aus Mexiko. An do ass d'Vanill am réien Zoustand eng gréng Kapsel, also eng länglech Schote vun der Vanill. An déi gëtt dann, no opwennege Prozesser, gedréchent a fermentéiert a kritt doduerch déi schrumpeleg schwaarz-brong Optik a kann och esou weider verschafft an haltbar gemaach ginn. S: A wouhier kënnt d’Wuert? C: Ech hat de Prozess vun der Hierstellung selwer sou intressant fonnt, mee du hues recht: Dat ass jo elo och hei e linguistesche Podcast. Op alle Fall ass esou wéi mir d'Vanill kennen, an där schwaarzer bësse verschrumpelter Schote, esou hänkt se natierlech net um Bam, mee dat ass wat de Mënsch herno draus mécht. Dat ass wichteg ze wësse fir d’Benennung vun der Vanill. A fir d'Etymologie vum Wuert ze verstoen, musse mer e bëssen an d'Zäit zréckgoen, well mir hunn d'Vanill warscheinlech aus dem Franséischen an d'Fransousen hunn d'Vanill warscheinlech aus dem Spueneschen, wat da selwer op d’Latäin zréckgeet. S: Dat ass awer e wäite Wee. C. Dat muss ee bei munche Wierder eeben alles kucken, well grad esou kulinaresch Saachen hire Wee lues a lues an Europa fonnt hunn. Lo kucke mer mol fir d'éischt, wéi et sech aus dem Spueneschen erausentwéckelt huet: do ass et VAINILLA oder VANILLA an dat heescht einfach Vanill, d'Planz an d'Frucht dovunner. An bei ILLA ass en Diminutiv, ass eng Verklengerungsform vu VAINA. Et gëtt zwar V geschriwwen, mee am Spueneschen ass dee V net W gelies, mee en ass esou e bëssen wéi en B, wou d'Loft awer liichteg d'Lëpsen erauszitt: vaina. Dofir huet d’Vanill am 17. Joerhonnert och deelweis Banill geheescht, well d'Leit et wéi e B verstanen hunn. Et war awer mat V geschriwwen: vaina oder eeben vainilla. S: A wat heescht vaina? C: Vaina heescht am Fong just esou vill wéi Schote, well se do dra sinn. Et heescht awer och Scheide. S: Scheide? C: Jo, ech hunn elo bewosst dat däitscht Wuert geholl, well et d’Scheide ass fir d’Hüls resp. d’Housse aus Lieder oder Metall, déi fir e Messer, en Dolch oder en Degen geduecht ass. An elo hal dech fest: vaina geet zréck op Latäin Vagina. S: Mee Vagina huet elo schonn eppes mam weibleche Geschlechtsdeel ze dinn? C: Jo, iergendwéi schonn. Eng Vagina ass ursprénglech eng ‘Schwert-, Degenscheide, Hülle’, mee am Latäin fanne mer et och scho fir de weiblechen Intimberäich. Béid Wierder – Scheide a Vagina – hu sech einfach parallel entwéckelt, an zwar eemol als Geschlechtsdeel vun der Fra an eemol awer och fir d'Scheide, wou eeben e Schwäert dragemaach gëtt oder eng Hüls, wou dann och d'Käre vun enger Planz dra sinn zum Beispill. Strukturell gesinn ass d’Vanill also den Diminutiv vu “vagina”. S: Ok, dat muss ech mer verhalen. C: Mer kéinten natierlech elo och weider iwwerleeën a soen, “jo, mee esou eng Orchidee huet dach och eppes vun engem weibleche Geschlechtsdeel”, mee dat iwwerloossen ech Ärer Fantasie. A wou mer vu Fantasië schwätzen … S: Lo sinn ech awer gespaant! C: Et gëtt jo och den Term vanilla sinn. Kenns de deen? S: ____ C: Vanilla heescht nämlech, dass ee keng besonnesch Fetischen huet a keng besonnesch Kinks. An dat ass emol guer net negativ gemengt. Anscheinend ass déi Bezeechnung 1984 opkomm an huet sech an den 90er ausgebreet. D’Iddi ass, dass een an e Glacebuttek geet an elauter Zorte Glace gesäit mat verréckte Goûten, ongewéinlech, kreativ gemëscht. An een dann einfach bei Vanill bleift, well Standard. Vanilla an deem Sënn heescht, dass ee keng besonnesch Virléiften huet an och net besonnesch experimentéierfreedeg ass. An dat mécht oder dat gären hëlt, wat déi meescht Leit gären huelen. Virun e puer Joren hunn ech gelies: Vanilla Girls oder vanilla girl aesthetic. Schonn héieren? S: ______ C: An am Ufank hunn ech mer geduecht, et wier eppes Pornografesches, awer Vanilla ass just fir d’Faarf. An et ass e Kleedungs- an Ariichtungstrend an esou helle Brong- a Beigetéin. Do hat ech bëssi misse laachen, dass dat vläit net dee beschten Trendnumm ass. S: Nee, effektiv. Lo si mer haut awer vum Latäin bis bei TikTok-Trends komm! C: Sou ass dat, wann ee bis ufänkt, sech fir Wierder ze intresséieren! S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
7
Gabelstaapler
Dës Kéier geet et ëm de Gabelstaapler a wéi Wierder an d’Lëtzebuergescht integréiert ginn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wouriwwer schwätze mer haut? C: Ech si jo eng trei Userin vum LOD an do fale meng Ae ganz oft op der Startsäit op déi Wierder, déi nei am LOD sinn. Benotz du den LOD eigentlech vill? S: ________ C: Lo wéini gouf et op der Startsäit e Wuert, iwwer dat ech mech ganz vill gefreet hunn: de Gabelstaapler. Du weess, déi Maschinn, fir Paletten unzehiewen an duerch d’Géigend ze fueren. S: Jo, kloer. C: An ech wëll haut souwuel eppes iwwert d'Wuertbildung erziele wéi och iwwert d'Schreifweis dovunner. Lo kann ee scho mol fir sech iwwerleeën: Wéi géif ech dat da schreiwen? S: Ass et net einfach wéi am Däitschen “Gabelstapler”? C: Bal! Bon, am Däitschen hu mer Gabel wéi Gabel, mee beim Stapler gëtt et am Lëtzebuergesche speziell, well mir hunn e laangen A, hannendrun hu mer zwee Konsonanten, e P an en L, an doduerch muss den A verduebelt ginn, dat heescht “Staapler” schreiwe mer am Lëtzebuergeschen S T A A P L E R. Elo kann ee soen, oh, dat ass jo guer net wéi am Däitschen! Dat ass awer iwwerhaapt kee Problem, well am Lëtzebuergeschen hu mer einfach eng Reegel, déi seet, wann e Vokal laang ass, an et sinn zwee Konsonanten hannendrunner, da verduebele mer en, egal wéi et an där anerer Sprooch ass. S: Also gëtt et do eng Reegel. C: Jo, mee se ass einfach schwiereg, wann een déi aner Schreifweis aus dem Däitsche gewinnt ass. Dorunner kann een awer schaffen! Et ass just schwéier, bei Schreifmuster géint seng Gewunnechten unzekämpfen! Déi Reegel mécht Wierder zwar och liicht ze liesen, well da weess ech direkt: a! Deen A muss ech laang schwätzen. S: Ech verstinn. C: Wa mer eis elo déi Wuertbildung ukucken, ass dat ganz eendeiteg eng Léinform aus dem Däitschen, well mir soe weeder “Gabel” nach soe mer “stapelen”. S: Eng Gabel ass eng Forschett. C: … a fir stapelen soe mer tässelen. Ech weess, ech sinn haut immens vill mat der Ortografie ënnerwee an et ass heiansdo kognitiv schwéier, wann een dat heiten héiert, fir sech dat direkt bildlech a geschriwwe virzestellen, awer ech hunn nach e Schreiftipp fir tässelen! Tässele schreiwe mer am Lëtzebuergesche mat A mat zwee Punkten, well et sech vum Franséisch TAS ofleet, le tas fir de Koup, op deen een eppes leet, eeben tässelt. S: A wat ass do d’Grondreegel? C: Ma ëmmer, wann ech de Laut /ä/ hunn an e leet sech of vun iergendengem Wuert mat A, da schreiwe mer net E, mee mir schreiwen “ä”. S: Hate mer dat net och bei Äddi? C: Richteg! Well dat vun Adieu (à dieu) kënnt. Zréck bei de Gabelstapler. D'Gabel nenne mer Forschett a stapelen nenne mer tässelen an trotzdeem nenne mer dat Gefier, fir Paletten ze transportéieren oder gréisser Objeten, e Gabelstaapler. An do ass am Fong d'Iddi, dass e genee beschreift, wéi en ausgesäit resp. wat e mécht, et ass einfach esou eng kleng elektresch Maschinn mat véier Pneuen, heiansdo och mat dräi Pneuen, an déi wier einfach esou eng Forschett mat zwee Zénken an do kann een dann zum Beispill eng ganz schwéier Palett ophiewen. An dann nach eng kleng Anekdot: Wou ech kleng war, gouf et bei mengen Elteren am Betrib och e Gabelstaapler an ech wier esou gäre mat deem um Terrain gefuer, mee ech konnt net, well, fir dass de Gabelstaapler ugeet, muss genuch Gewiicht am Sëtz sinn an ech war net schwéier genuch, fir de Motor unzemaachen. S: A bass de dono nach eng Kéier gefuer? C: Nee, effektiv net! Obwuel ech haut sécher genuch Gewiicht hätt fir d’Kontaktfläch. Et muss ee just schwéier genuch sëtzen, fir dass en ugeet, fir dass e sech net selbstänneg mécht. Beim Wuert Gabelstaapler, hei kéint een elo och soen, ma da maache mer einfach eng lëtzebuergesch Léiniwwersetzung. S: Wat ass genee eng Léiniwwersetzung? C: Léiniwwersetzung bedeit, dass ech d'Konzept aus der Sprooch huelen an déi eenzel Wierder iwwersetzen. An dann hätte mer hei wat? S: Hei hätte mer dann eppes wéi de Forschettentässeler? C: Deen ass léif, nee? Wann ech awer elo an de Betrib ginn an ech soen, hutt Dir ee Forschettentässeler? Da wëssen déi net, wat domat gemengt ass. Wann ech awer soe Gabelstaapler, dann hu mer dat däitscht Fachwuert an da wësse mer, wat gemengt ass. An hei kënne mer och an déi aner Sprooche kucke goen, well mir hate jo elo de Gabelstapler aus dem Däitschen. Am Franséischen ass et éischter eng Ëmschreiwung. Do ass et den “Charriot élevateur à fourche”, do seet e ganz kloer, wat e mécht. Et ass e Charriot, et ass en Elevateur, dat heescht e kann eppes erophiewen, an en ass à fourche, well en einfach déi zwee Zénken huet, fir eppes opzehiewen. Flott fannen ech et am Engleschen. Kenns de dat Wuert? S: Do ass et den Forklift. C: Dee gefält mer gutt! … an och do seet en am Fong och ganz einfach, wat e mécht, e lift eppes mat enger Fork, oder et gëtt och nach d'Iwwersetzung Pallet Truck, an dat ass och éischter d'Funktioun, well meeschtens domat Palletten transportéiert ginn. S: A wat fënns de soll ee soen? C: Et soll een dat soen, wat engem spontan kënnt, wat déi aner verstinn a wat ee selwer gutt fënnt. Ech si jo keng Sproochpolice, mee Wëssenschaftlerin an einfach intresséiert, wéi d’Leit sech an engem multilinguale Raum debroulléieren. S: Mee komm mer sinn einfach bësse kreativ: Also wat maache mer lo mam Gabelstaapler? C: Ech si fir de Forschettelift – ass dach léif? Och wann een d’Wuert elo net sou oft am Alldag gebraucht … S: Mir bleiwen einfach kreativ a léieren nei Wierder bäi. An elo soe mer merci, Caroline, dass de haut hei waars, a freeën eis op déi nächst Kéier bei WiWi. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
6
Giischtjen
Dës Kéier geet et ëm de Giischtjen an de Prisong a mir kucken, wou dës Wierder hierkommen a wéi se geschriwwe ginn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Wat hues de eis haut matbruecht? C: Op dat Wuert sinn ech opmierksam ginn, well e gudde Kolleeg zu mir gesot huet: "So, RTL benotzt do ëmmer e Wuert an ech weess net, wat et bedeit. Et kléngt immens lëtzebuergesch, mee ech kréien et net zesummegesat. An zwar den Giischtjen. Weess du, wat e Giischtjen ass? S: ___ C: Ma, an de Giischtjen, dee wierkt jo am Fong wéi eppes, wat mat Giicht zesummenhänkt. An dat mécht en awer net. Giischtjen – dat kléngt wéi aner Wierder, déi mer hei scho gesinn haten, wéi en Diminutiv op CHEN. Dat ass awer net vun engem Diminutiv, mee et ass änlech wéi de Schantjen aus der Episod 18 e Wuert, wat aus dem Franséische kënnt. S: A vu wéi engem Franséische Wuert? C: Ma et kënnt do vum Guichetier. De Guichetier ass e Mataarbechter, deen dofir zoustänneg ass, am Prisong opzepassen. Also deen mécht de Guichet vum Prisong op oder zou. Et ass zwar elo e Wuert, wat ech perséinlech ni benotzen. S: Ech och net. C: Et gëtt am Lëtzebuergeschen och nach déi franséisch Form: e Guichetier, zwee Guichetieren. An am Däitschen ass dat en Gefängnisaufseher. An doraus ass dann de Giischtje ginn, Pluriel Giischtercher. Dat heescht, wéi sou oft, och de Pluriel verhält sech wéi en Diminutiv. An am 20. Joerhonnert ass en och nach hanne mat CHEN geschriwwe ginn. An eréischt an der moderner Orthografie vun 2019, déi mer haut hunn, schreiwe mer erëm mat JEN, well mer et vun engem franséischen IER hunn. Also genau wéi beim Chantier, de Schantjen, dee mer och mat JEN schreiwen, obwuel mer et CHEN schwätzen. S: Also wéi schreiwen een dat da lo insgesamt? C: Ech buschtawéieren nach eng Kéier. Den Giischtjen schreiwe mer G-I-I-S-C-H-T-J-E-N. Also well ech de Guichet hunn an de franséische CH, dee gëtt ëmmer S-C-H geschriwwen. Dann hu mer, duerche laangen I, dee muss verduebelt ginn, also I-I-S-C-H an well mer net en Diminutiv hunn, mee eppes wat vun engem franséischen IER ofgeleet ass, schreiwe mer dat mat JEN. An dat ass da schonn déi ganz Hexerei. S: Ech verstinn. Et ass zum Gléck e Wuert, wat een net oft brauch. C: Dat ass wouer. Ech wollt och nach op d'Wuert Prisong ze schwätze kommen. Dat kann een als éischt emol hannen Prison ausschwätzen, wéi am Franséischen, oder Prisong mat O-N-G hannen. An dat Wuert existéiert am Franséischen scho säit iwwer dausend Joer. S: Prisonge gëtt et jo och scho laang. C: Genee. Den Prisong ass den “Lieu de détention”, also déi Plaz, op där een eng Persoun festhält. An d'festhalen, dat ass den Ursprong och am Latäin, an zwar hu mer do “prehensio”, dat gëtt dann verkierzt zu “prensio”. “Prehensio” ass d'Tatsaach, dass ech e Kierper festhalen, also dass ech e Kierper net bougéiere kann. An deen N, dee verschwënnt mat der Zäit an d’Wuert verkierzt sech, dass mer “presio”, “presionem” hunn, an dann hu mer nach am Franséischen de “Prison”, mat engem Nasal, dee mat erakënnt. S: Also kënnt e vu “festhalen”? C: Genee! An esou huet sech dat entwéckelt vun engem Verb, wat a sengem Participe passé eng Aktioun ausdréckt, also d'Tatsaach, dass ee festgehale gëtt, zu der Plaz, op där déi Leit sinn, déi festgehale ginn, an dat ass bis haut den Prisong. S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
5
Bestueden
Dës Kéier geet et ëm d’Bestueden a wat dat Ganzt mam däitsche "bestatten" ze dinn huet. Donieft schwätze mir och vum Pacsen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Haut geet et ëm Hochzäiten? C: Haut hunn ech eppes, wat gutt ass fir déi nächst Hochzäitsried, déi Der musst halen, an zwar wëll ech haut erklären, wéi d'Wuert "bestueden" an dat Däitscht "bestatten" zesummenhänken. Fänke mer emol eng Kéier un. Déi Analysen, déi ech haut virstellen, berouen op Analyse vum Cristian Kollmann, deen déi schonn eng Kéier gemaach huet um Institut fir Luxemburgistik, an hien huet erausfonnt, dass eeben dat Lëtzebuergescht "bestueden", wann een dat historesch kuckt, op dat selwecht Wuert zréckgeet wéi "bestatten". S: Wat bedeit dat genee? C: Ma am Westmëtteldäitschen, also wa mer elo zréckginn, och am Mëttelhéichdäitschen, do hu mer "bestaten" an dat bedeit esou vill wéi “verheiraten, versorgen, ausstatten”. D’Wuert "bestaten" ass eng Verstäerkung vum einfache Verb "staten" an dat heescht “op eng Plaz bréngen”. Dat fanne mer och am modernen Däitsche "Stadt" oder “Stätte” “Werkstatt” oder am Lëtzebuergesche "Stad", einfach fir ze soen: eng Plaz, déi ee kennt, eng bestëmmte Plaz. S: Ok. C: An "bestaten" hu mer elo am modernen Däitschen net fir “op eng bestëmmt Plaz bréngen”, mee "bestatten" heescht “een an e Graf leeën”. An dat ass eng speziell Bedeitung, déi sech häerno eréischt erauskristalliséiert huet a wat am Fong euphemistesch gemengt war. Dat heescht, et huet een net gesot, hie muss elo an d'Lued, hie kënnt ënner de Buedem, mee “mir mussen hien op eng bestëmmt Plaz bréngen” (fir net missen däitlech ze soen, dass een e vergrueft): jemanden bestatten, eine Bestattung. Den Deel "statten" fanne mer awer och bei aneren däitsche Verben wéi "erstatten", "gestatten" an "ausstatten". An dat hänkt alles iergendwéi mat “bestueden” zesummen. S: Huet “bestueden” eigentlech eppes mat dem “Stot” ze dinn, well et kreéiert ee jo e gemeinsame Stot? C: Et kéint ee mengen, dass dat zesummegehéiert, mee laut dem Cristian Kollmann passt dat lautlech net mam Stot. Bestueden ass, dass de eng Persou gutt ënnerkriss, op eng bestëmmt Plaz bréngs. Schonn am Mëttelhéichdäitsche war et gebraucht gi fir ‘verheiraten, versorgen, ausstatten’. S: Mee et muss ee jo och net ëmmer bestuet sinn! C: Nee, effektiv, et muss een natierlech guer net bestuet sinn, an vill Leit zu Lëtzebuerg sinn och gepacst. Weess de, wou Pacsen hierkënnt? S: Ech mengen dat ass iergendeneng Ofkierzung. C: Mee weess de och firwat dat eng Ofkierzung ass? S: Nee, mee du sees eis dat bestëmmt. C: Ma Pacsen ass natierlech Beamtesprooch an déi Zesummesetzung ass “Pacte civil de solidarité”. Dat heescht, et ass eng agedroe Partnerschaft, wéi een dat aus dem Däitsche géif réckiwwersetzen. An dat ass eng Méiglechkeet fir zum Beispill gläichgeschlechtlech Koppelen oder Koppelen, déi sech net wëlle bestueden a vläicht Kanner hunn, fir kënnen sozial als eng Eenheet ugesinn ze ginn, sozial a steierlech. An do ass erëm e flott Beispill aus der Sprooch: Pacs, also P-A-C-S, ass aus der Beamtesprooch iwwerholl aus dem Franséischen. An am Lëtzebuergeschen hu mer einfach e Verb draus gemaach, andeems mer einfach en “-en” drun hänken. Pacsen, si pacse sech, du pacs dech, (also net mat CK, mee mat C), oder och si si gepacst, an do hu mer einfach e Stamm, deen eng Ofkierzung ass, an deen hat schonn esou eng gutt Form, dass et e Verb kéint sinn, an dann ass einfach do e Verb draus gemaach ginn: pacsen. S: A “bestueden” ass “bestatten”? C: Naja, bal. S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
4
Dinosaurier
Mir gi gewuer, wéi d'Dinosaurier zu hirem Numm koumen. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon. Ech starten direkt mat enger Fro. S: Da lee mol lass. C: Bass de Fan vun Dinosaurier? S: ____ C: Ech war perséinlech e grousse Fan vun Dinosaurier (wou ech kleng war, koum Jurassic Park eraus) an do ass mir dann och opgefall, dass déi Nimm hunn, déi ëmmer ganz speziell kléngen. Fält der do spontan een Dinonumm an? S: ____ C: Se heesch dann Brontosaurus oder Tyrannosaurus rex, dat sinn oft Bezeechnungen, déi mat laténgeschen a mat griichesche Wuerzelen zesummenhänken. An do war ech op der Säit vum American Museum of Natural History an do ass e ganz interessante Bäitrag gewiescht iwwer d'zoologesch Nomenclatur, also den Oflaf, wéi Déiere benannt ginn, an hei méi spezifesch Dinosaurier. An hei gëtt et natierlech sou en Code, an dee wëll, dass déi Dinosauriernimm eng bestëmmten Struktur hunn. Also huet ee ganz oft eppes, wat aus dem Griichesche kënnt oder eppes, wat aus dem Laténgesche kënnt an do huet een dann och Ofkierzungen. Also den Tyrannosaurus Rex ass dann einfach T-Rex zum Beispill an ass jo och ee vun de méi Bekannten. S: A wat bedeit ‘Saurus’ eigentlech? C: “Saurus” bedeit eigentlech just “Eidechs”, also “Lizard”. An den Dinosaurier bedeit esou vill wéi “schrecklech Eidechs”, well Deinos ass griichesch an dat bedeit “schrecklech”, also “terrible”. An dat fannen ech super interessant, well Dinosaurier, et gëtt jo och esou Plüschdinosaurier, mee am Fong sinn dat schrecklech Eidechsen. S: Witzeg. C: An dann hues de och nach aner Deeler vun hiren Nimm, also wann zum Beispill Allo, Allosaurus derbäi ass, Allo heescht einfach just “komesch”. Oder du hues “Brontosaurus” a Bronto heescht einfach just “Blëtz”. A kenns de nach den Triceratops? S: ____ C: Ma Cerat heescht einfach en Horn. An Tri heescht dräi. An den Triceratops, dat ass deen, deen eeben op der Nues dräi Hörner huet. Mee esou gesinn hu mer dat haut och nach. En Einhorn ass och en Déier. Dat ass natierlech ee Fabelwiessen, keen normalt Déier, awer en Einhorn huet een Horn uewendrop. An en Nashorn huet och en Horn op der Nues. Dat heescht, mir hunn esou Benennungsmotiver, déi einfach d'Déieren iergendwéi charakteriséieren. A bei den Dinosaurier ass d'Charakteriséierung oft vun deem, wéi se sech beholl hunn, respektiv wéi ee mengt, dass se sech beholl hunn oder wéi se ausgesinn hunn. S: Dofir kléngen déi Nimm heiansdo komesch. C: Genee. Déi mussen awer net ëmmer alleguer op “Saurus” heeschen oder Saurier, mee mir hunn och zum Beispill den Deinodon. An den Deinodon heescht op Griichesch just esou vill wéi “schrecklechen Zant”. Dat heescht, do hu se dann e Gebëss fonnt, hu fonnt, dass dat schrecklech Zänn waren an esou huet sech dat da benenne gelooss. An och interessant, wann Dinosaurier a China fonnt ginn, da si se ganz oft op -long. Well Long heescht einfach “Draach”. An den Dilong, dee kennt ee warscheinlech net, den Dilong, dat ass den Emperor Dragon, also den kaiserlechen Draach, an deen ass e Virfach vum Tyrannosaurus Rex. Do muss een awer och soen, dass Tyrannosaurus Rex vill méi flott kléngt wéi Dilong. S: Dat fannen ech och. C: An den Tyrannosaurus ass natierlech och déi schrecklech Eidechs, déi dann nach Kinnek ass. Well Rex ass jo de Kinnek. S: Mir soen der dann elo merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
3
Reidersallef
Dës Kéier geet et ëm e wonnen Hënner, Wierder am Alen Dictionnaire a Konsonanten, déi net gär nieftenee stinn. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon! S: Iwwer wéi ee Wuert schwätze mer dann haut? C: Vun de Päerd, déi schären, komme mer lo bei d'Reidersallef. S: Reidersallef? Dat ass awer ganz speziell! C: Reidersallef ass e Wuert, wat am LWB steet, am Luxemburger Wörterbuch, dat ass en Dictionnaire a fënnef Bänn, deen erauskomm ass tëscht 1950 an 1977 an am Laf vu menger Recherche sinn ech op dat Wuert gestouss. Elo muss ech e bëssen erzielen, wat ech am Fong wollt erausfannen a wéi ech da bei där faméiser Sallef gelant sinn. Am Fong hat ech mech do auserneegesat mat weibleche Persounen, déi am Wierderbuch opgelëscht stinn. Dat heescht, ech hu gekuckt, wéi gëtt op Frae referéiert, grad an esou Koppelen wéi Pilot, Pilotin oder Dokter, Doktesch a sou weider. An hei ass et super interessant, well, mer vergiessen net, dat war an de Fofzegerjoren – an d'Aarbechten um LWB waren an den Drësseger- a Véierzegerjoren – dat war eng immens männlech zentréiert Welt. Et war en anert Weltbild. An och am Conseil vum Dictionnaire war och genee eng Fra, an de Rescht waren Hären. An dat weist sech iergendwéi och an deenen eenzelnen Entréeën am Dictionnaire. S: Wéi mengs de? C: An do ass mer opgefall, dass ganz vill weiblech Entspriechungen vun Persounebezeechnungen net am Dictionnaire stinn. Dat heescht, ech hunn zum Beispill de Reider, mee ech hunn net d'Reiderin. An ech ginn net dovunner aus, dass et keng Reiderinne gouf zu där Zäit, mee einfach dass dat net wichteg war, fir am Dictionnaire opgeholl ze ginn. Zum Theema Wichtegkeet kënnt awer elo de Witz: Et ass net d'Reiderin dran, mee ech koum der bei d'Wuert Reidersallef. Dat heescht, ech hunn de Reider, dee männlechen, deen dee Päerdssport mécht ,an direkt duerno kënnt Reidersallef. S: A keng Reiderin? C: Nee. An dann denken ech mer: Moment, ech sëtze säit drësseg Joer um Päerd, ech hunn nach ni vun der Reidersallef héieren. S: A wat ass dat dann? C: Ech huelen un, d'Reidersallef ass eng extra Creme, déi géint d'Wondreiden do ass. Dat heescht, wann een de ganzen Dag am Suedel souz oder wann een och an der Zäit net optimal Boxen unhat fir ze reiden, ne, haut ginn et jo speziell Reitboxen, da kann et sinn, dass ee sech scho mol wond geridden huet oder wann d'ënnescht Box einfach net richteg ulouch an da gouf et eng Reidersallef, déi sech quasi op den Dickes geschmiert huet, fir do net wond ze ginn. An d'Wuert Salef fannen ech an deem Sënn interessant, well et vum Däitschen “Salbe” kënnt. S: A jo, dat erkennt ee gutt. C: An do hu mer am Lëtzebuergeschen eng Tendenz, fir déi Konsonantecluster vun L a B auserneenzezéien. Also mir soen net “eng Salb”, mee mir soen “eng Sallef”. Hei si verschidde Phenomeener, déi beienee kommen. Mir huelen eemol dee Konsonantecluster LB auserneen bei “Salbe” an de B ass am Lëtzebuergesch duerch lautlech Gesetzer en F. Dat selwecht fanne mer och bei “hallef”. Wa mer soen, dat doten ass hallef futti, da wier dat jo am Däitschen “halb kaputt”: aus “halb” gëtt “hallef” an aus “Salbe” hu mer “Sallef”. Do mierkt een, et sinn iergendwéi déi selwecht Wierder, awer mir hu lautlech Phenomeener, duerch déi se anescht ausgesinn. S: Gëtt et dat och bei anere Wierder? C: Och bei anere Wierder hu mer dat, wa mer d'Däitscht mam Lëtzebuergesche vergläichen, sou hu mer zum Beispill d'Wuert “Hilfe” ass “Hëllef”. Mir hunn den L an den F auserneegezunn. Dat heescht, mir hunn net “Hëlf”, mee mir hunn “Hëllef”. Oder och bei der Zuel fënnef, déi ass am Däitsche “fünf” an do hu mer den N an den F auserneegezunn, wat am Lëtzebuergeschen do eng Tendenz gëtt, fir déi Konsonanten net beieneen ze loossen an einfach en E dertëscht ze réckelen. S: A jo, tatsächlech! C: Et ginn esou systematesch Saachen, déi ee mat ville Beispiller ka weisen. An esou sinn ech vun engem wonnen Hënner op e lautleche Prinzip komm! S: Da soe mir der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
2
Schären
Et geet ëm Päerd, déi schären, a Leit, déi geschäert kommen. Donieft gesi mir och, wat d’Wuert Ohrfeige mat kieren ze dinn huet. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Haut kënns de schären? C: Schären ass en interessant Wuert, wat am Lëtzebuergesche ganz vill verschidde Bedeitunge kann hunn! An ech schwätzen elo net vun enger lëtzebuergescher Aussprooch vum Verb “to share”, also eppes op Instagram “schären/sharen”, mee ëm dat lëtzebuergescht Verb schären, wat ganz vill Bedeitunge kann hunn. Falen dir der schonn e puer an? S: ____ C: Fir mech perséinlech natierlech den éischte Sënn mat de Päerd: “Schären” ass dat Geräich, wat se maachen, wa se mam Huff sou iwwert de Buedem schären, also wa se ongedëlleg sinn oder wa se iergendwéi op Iesse waarden, dass se dann esou mam Fouss maachen, iwwert de Buedem, an dat ass dann d’Schären. Schären huet och beim Mënsch meeschtens eppes mam Fouss ze dinn: also wann ech d'Féiss net hiewen, da kann ech och d'Féiss iwwert de Buedem schären an da gëtt et jo och am Lëtzebuergeschen de geschäert kommen: d'Leit, déi aus dem Café geschäert kommen oder “Wéi kënns du dann do geschäert?”, dat ass beispillsweis e Saz aus dem LOD, an dat ass, wéi d'Leit einfach e bëssen ausgesinn. Et kann een awer och mat enger Iddi geschäert kommen – am iwwerdroene Sënn. S: A jo! C: Dann hu mer, wéi elo éinescht scho gesot, dass Déiere schäre kënnen, also Hénger schären zum Beispill oder Päerd schären. Dann hu mer nach “engem eng schären”, kenns de dat? S: ___ C: Dat ass wann een eng an d'Akaul kritt, da kritt een eng geschäert, eng Ohrfeige. Do sinn ech souwisou och Fan vum Wuert Ohrfeige. An “engem eng schären” ass warscheinlech och déi Sträifbeweegung vun der Hand, dass de iergendwou eng Reiwung erzeugs. A wann s de engem eng schäers, dann hues de jo quasi hien esou u sengem Kapp beréiert. An hei fannen ech ganz interessant, dass beim däitschen “scharren”, dat Ganzt sech haaptsächlech op de Fouss bezitt, awer am Lëtzebuergesche ka “schären” och mat der Hand gemaach ginn. Also “engem eng schären” oder Saache vum Dësch schären oder eppes mat den Hänn zesummeschären. Do hu mer net nëmmen de Begrëff vum Fouss, mee “schären” kann dann och d'Hand betreffen. S: Du has elo grad vun der Ohrfeige geschwat? Wou kënnt dat eigentlech hier? C: Ech hat mech do elo nach net ganz erageschafft, mee eng Pist geet an d’Hollännescht. An elo gëtt et interessant, well am Hollänneschen heescht die Ohrfeige = oorveeg. An vegen heescht och “kieren, wëschen oder schären”. “Ohrfeige/oorveg” ass wuel eng Vermëschung vun dem eelere Wuert aus dem mëttelnidderdäitschen “Ōrvīge” mam hollännesche Verb “vegen”. An elo hu mer dann d'Iddi vum “Schären” an “eng geschäert kréien” an eng “Ohrfeige” oder “jemandem eine wischen” – wéi alles iergendwéi zesummekënnt! An dat hunn ech bei de Sproochen einfach ëmmer richteg gären. S: Mee déi Sproochen hänke jo och zesummen, gell? C: Ganz genee, dat ass d’Sproochfamill vun de Westgermanesche Sproochen, wou een op esou klenge Saachen erkennt, dass se änlech opgebaut sinn! S: A firwat Schärepäerd eigentlech? C: Päerd schären, fir Opmierksamkeet ze kréien. Dat heescht, wann ech zum Beispill an der Fudderkummer eppes maachen, da schären se, well se ongedëlleg sinn a well se gäre wëlle soen: Hei, ech, ech, ech! Oder och Rennpäerd an de Startboxen, do sinn der och oft déi schären, also déi schnauben, déi schären, well Päerd maache jo keng haart Geräicher, fir op sech opmierksam ze maachen. Also e Mupp, dee géif jaulen oder eng Kaz géif miauen. Mee ee Päerd ass e Fluchtdéier an dat mécht normalerweis net esou vill Geräicher, ausser et rifft en anert Päerd. An da schäre se mat de Féiss, fir ze soen: Hei, kuck, ech, hei! Dat heescht, iergendwéi si se e bësse gestresst an iergendwéi heeschen se och. An ech perséinlech haassen dat, wa Päerd schären, well dat ass immens ustrengend an dat ass eng Ongedëllegkeet, déi ech beim Päerd net wëll fërderen. Dat heescht, wa meng Päerd schären, da gëtt et guer näischt, well wa se schären a se kréien eppes, dann hunn ech dat positiv verstäerkt an dann dresséieren d'Päerd mech. Fir dass ech op si reagéieren. An dat ass net gutt. S: Ech verstinn. C: An do am iwwerdroene Sënn hu mer dofir och fir “bei enger Fra schären” fir “flirten”. Beispill: en huet jorelaang bei him geschäert, fir ze soen, e wollt iergendwéi Opmierksamkeet hunn oder “de ganzen Owend huet hatt bei deem Typ geschäert”. An domat ass gemengt, dass och do eng Zort vun Opmierksamkeet an Interessi do ass, wéi beim Päerd, wat schäert. S: Mir hunn och nach Intressi a soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Saachen iwwer d’Lëtzebuergescht erziels. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
-
1
A
Dës Kéier geet et ëm Aen an d’Variatioun een A oder een An. Donieft schwätze mer och iwwer den Éislek. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Da so eis emol, wéi ee Wuert mer eis haut méi genee ukucken! C: Bei ‘kucken’ si mer scho ganz no bäi: Haut hunn ech e Buschtaf an e Wuert matbruet, an zwar mam Lëtzebuergeschen, deen alleréischte Buschtaf aus dem Alphabet – deen ass och e Wuert … S: Aaa! C: An eng Interjektioun ass et och! Haut geet et ëm d’A oder den A. A wéi bei A-B-C an och A wéi bei zwéi Aen am Gesiicht an och einfach “Aaaaa”. An dat ass an deem Sënn interessant, well mer bei de Guckelcher nach eng Variatioun hunn, déi ech haut och méi no wëll erklären. S: Do si mer gespaant! C: Fänke mer mol mat der Variatioun u vum Substantiv A. Sees du A oder An? Also elo wierklech just am Singulier. Also sees du, ech hunn eppes am A oder sees de, ech hunn eppes am An? S: ____ C: Tatsächlech ass dat e Wuert mat Variatioun, also verschidde Leit soen een A an anerer soen een An, an dann hu mer och nach Variatioun an der Aussprooch, du hues Leit, déi soen dat e bësse méi en [ɔ:] an en [ɔ:n] an anerer soe souguer en ON, an déi Zort Variatioun, also d'Verdeelung vun deenen verschiddenen Aussproochen, ass am Variatiounsatlas vun der Uni Lëtzebuerg festgehalen. S: A wat ass dat heefegst? C: Déi heefegst Variant ass An (496) = 52 %; direkt dono A (347) = 36 %. Och genannt, mee manner oft goufen dann nach Aussproochvariante wéi [ɔ:] (56), [ɔ:n] (7); [o:] (6), Au (40). S: A wéi vill Leit goufen do gefrot? C: Dat ass am Kader vun der Schnëssen-App opgeholl ginn, kenns de déi? S: ___ C: Déi ass och nach ëmmer aktiv, do kann een eng App op den Handy lueden an dann seng Donnéeën eraschwätzen an fir deen heiten Item war et eng Bildbeschreiwung vum A, an do hunn 946 Persounen matgemaach. Dat heescht, mir hu bal dausend Leit gefrot aus dem ganze Land, wéi se dat ausschwätzen an dat si schonn zimmlech cool Donnéeën! S: A wou fannen ech dat? Also wou kann ech dat noliesen, wann ech mer dat elo net verhale konnt oder aner Wierder wëll kucken? C: Dat kann een alles online nokucken op variatiounsatlas.uni.lu. S: An ass dat mat A/An/On elo jee no Dialekt? C: Jo, Dialekt spillt och eng Roll, also grad am Norde vum Land, ween hätt dat geduecht, am Éislek, do huet een eenzel Varianten “O” an “Au”, mee dat sinn net vill Leit, déi dat genannt hunn, also den “O” ass grad mol vu 6 Persoune genannt ginn, wat elo op bal dausend gekuckt net vill ass. Fir d'Variant “A” oder “An” ass et vun allem den Alter, deen eng Roll spillt, wat d'Leit méi jonk sinn, wat se éischter d'Form mam “N” benotzen. S: Intressant! C: Den “A” huet awer nach aner Bedeitungen am Lëtzebuergeschen an zwar hu mer jo och den A als Buschtaf, also a Konstruktioune wéi “dat ass den A an den O” oder den A ass den éischte Buschtaf vum Alphabet. Oder beim Buschtawéieren: “Fra schreift ee mat engem a”. En “a” kann awer och d'Konjunktioun “und” sinn, wann den N duerch d'n-Reegel ewechfält. S: Wéi mengs de dat? C: Wann ech zum Beispill soen “Fësch a Fleesch”, da schreiwen ech dertëscht net „an“, mir schreiwen „a“, well den N duerch d'n-Reegel ewechfält, well dat Wuert duerno mat engem F ufänkt, an dann hunn ech och just “a” do stoen (hei awer oppasse mat der Aussprooch). Ech muss awer wëssen, dass dat net de Buschtaf “A” ass an och net “”, an dofir muss ech dat dann “a” liesen an net “aaa”. An en A, fir dat wat ech am Gesiicht hunn, dat gëtt just mat engem A geschriwwen. S: A sou! Caroline, Mir soen der elo merci a freeën eis op d’nächst Woch bei WiWi. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
D'Lëtzebuerger Sprooch ënner d'Lupp geholl. An all Episod steet en neit Wuert am Fokus.
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...