EPISODE · Jan 9, 2026 · 13 MIN
EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt
from Am Bistro mat der woxx · host woxx
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de kommende Deeg erfollegen. Mä d’Kritik ass grouss: Ëmweltschutz-NGOen, landwirtschaftlech Verbänn an indigen Communautéiten a Südamerika warnen viru méi Offorchtung, steigenden Emissiounen an onfaire Konkurrenz fir europäesch Baueren. Iwwer d’politesch Dynamiken, d’Roll vun der Landwirtschaft an d’Froen, wien vum Abkommen profitéiert, schwätzt de Joël Adami mat der María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: EU-Mercosur-Abkommen: EndspurtThe post EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt first appeared on Radio ARA.
Embed this episode
Ready to play
EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.