EPISODE · Dec 18, 2023 · 44 MIN
Jeanne Lehair, 18/12/2023
from Drëtt Hallschent - De Sport-Talk · host RTL Radio Lëtzebuerg
An der Drëtter Hallschent ass d'Triathletin Jeanne Lehair op Besuch am Studio. Déi gebierteg Franséisin vu Metz, huet déi duebel Nationalitéit a geet zanter zwee Joer bei internationale Triathlon-Kompetitiounen fir Lëtzebuerg un den Depart. An eisem Podcast erzielt d'Europameeschterin vun dësem Joer iwwert déi kuerz Distanz, wéi hir Sportpsychologin hir an deene leschte Joren souwuel op sportlechem, wéi och op privatem Plang vill gehollef huet. D'Geschicht, wéi d'Jeanne Lehair gewuer ginn ass, datt se och Lëtzebuerger Originnen huet, ass emouvant. Nieft dem Triathlon huet si sech an hirer Jugend awer och am Turnen, Judo an Tennis probéiert. D'nächst Joer sinn d'Olympesch Summerspiller zu Paräis, an d'Triathletin huet d'Ambitioun, do e richteg gutt Resultat ze realiséieren. Wann alles deen Dag passt, ass esouguer eng Medail méiglech.
Embed this episode
NOW PLAYING
Jeanne Lehair, 18/12/2023
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.