Schären episode artwork

EPISODE · Mar 3, 2025

Schären

from E puer Wierder iwwer Wierder · host radio 100,7

Et geet ëm Päerd, déi schären, a Leit, déi geschäert kommen. Donieft gesi mir och, wat d’Wuert Ohrfeige mat kieren ze dinn huet. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline! C: Moien alleguer, moie Simon S: Haut kënns de schären? C: Schären ass en interessant Wuert, wat am Lëtzebuergesche ganz vill verschidde Bedeitunge kann hunn! An ech schwätzen elo net vun enger lëtzebuergescher Aussprooch vum Verb “to share”, also eppes op Instagram “schären/sharen”, mee ëm dat lëtzebuergescht Verb schären, wat ganz vill Bedeitunge kann hunn. Falen dir der schonn e puer an? S: ____ C: Fir mech perséinlech natierlech den éischte Sënn mat de Päerd: “Schären” ass dat Geräich, wat se maachen, wa se mam Huff sou iwwert de Buedem schären, also wa se ongedëlleg sinn oder wa se iergendwéi op Iesse waarden, dass se dann esou mam Fouss maachen, iwwert de Buedem, an dat ass dann d’Schären. Schären huet och beim Mënsch meeschtens eppes mam Fouss ze dinn: also wann ech d'Féiss net hiewen, da kann ech och d'Féiss iwwert de Buedem schären an da gëtt et jo och am Lëtzebuergeschen de geschäert kommen: d'Leit, déi aus dem Café geschäert kommen oder “Wéi kënns du dann do geschäert?”, dat ass beispillsweis e Saz aus dem LOD, an dat ass, wéi d'Leit einfach e bëssen ausgesinn. Et kann een awer och mat enger Iddi geschäert kommen – am iwwerdroene Sënn. S: A jo! C: Dann hu mer, wéi elo éinescht scho gesot, dass Déiere schäre kënnen, also Hénger schären zum Beispill oder Päerd schären. Dann hu mer nach “engem eng schären”, kenns de dat? S: ___ C: Dat ass wann een eng an d'Akaul kritt, da kritt een eng geschäert, eng Ohrfeige. Do sinn ech souwisou och Fan vum Wuert Ohrfeige. An “engem eng schären” ass warscheinlech och déi Sträifbeweegung vun der Hand, dass de iergendwou eng Reiwung erzeugs. A wann s de engem eng schäers, dann hues de jo quasi hien esou u sengem Kapp beréiert. An hei fannen ech ganz interessant, dass beim däitschen “scharren”, dat Ganzt sech haaptsächlech op de Fouss bezitt, awer am Lëtzebuergesche ka “schären” och mat der Hand gemaach ginn. Also “engem eng schären” oder Saache vum Dësch schären oder eppes mat den Hänn zesummeschären. Do hu mer net nëmmen de Begrëff vum Fouss, mee “schären” kann dann och d'Hand betreffen. S: Du has elo grad vun der Ohrfeige geschwat? Wou kënnt dat eigentlech hier? C: Ech hat mech do elo nach net ganz erageschafft, mee eng Pist geet an d’Hollännescht. An elo gëtt et interessant, well am Hollänneschen heescht die Ohrfeige = oorveeg. An vegen heescht och “kieren, wëschen oder schären”. “Ohrfeige/oorveg” ass wuel eng Vermëschung vun dem eelere Wuert aus dem mëttelnidderdäitschen “Ōrvīge” mam hollännesche Verb “vegen”. An elo hu mer dann d'Iddi vum “Schären” an “eng geschäert kréien” an eng “Ohrfeige” oder “jemandem eine wischen” – wéi alles iergendwéi zesummekënnt! An dat hunn ech bei de Sproochen einfach ëmmer richteg gären. S: Mee déi Sproochen hänke jo och zesummen, gell? C: Ganz genee, dat ass d’Sproochfamill vun de Westgermanesche Sproochen, wou een op esou klenge Saachen erkennt, dass se änlech opgebaut sinn! S: A firwat Schärepäerd eigentlech? C: Päerd schären, fir Opmierksamkeet ze kréien. Dat heescht, wann ech zum Beispill an der Fudderkummer eppes maachen, da schären se, well se ongedëlleg sinn a well se gäre wëlle soen: Hei, ech, ech, ech! Oder och Rennpäerd an de Startboxen, do sinn der och oft déi schären, also déi schnauben, déi schären, well Päerd maache jo keng haart Geräicher, fir op sech opmierksam ze maachen. Also e Mupp, dee géif jaulen oder eng Kaz géif miauen. Mee ee Päerd ass e Fluchtdéier an dat mécht normalerweis net esou vill Geräicher, ausser et rifft en anert Päerd. An da schäre se mat de Féiss, fir ze soen: Hei, kuck, ech, hei! Dat heescht, iergendwéi si se e bësse gestresst an iergendwéi heeschen se och. An ech perséinlech haassen dat, wa Päerd schären, well dat ass immens ustrengend an dat ass eng Ongedëllegkeet, déi ech beim Päerd net wëll fërderen. Dat heescht, wa meng Päerd schären, da gëtt et guer näischt, well wa se schären a se kréien eppes, dann hunn ech dat positiv verstäerkt an dann dresséieren d'Päerd mech. Fir dass ech op si reagéieren. An dat ass net gutt. S: Ech verstinn. C: An do am iwwerdroene Sënn hu mer dofir och fir “bei enger Fra schären” fir “flirten”. Beispill: en huet jorelaang bei him geschäert, fir ze soen, e wollt iergendwéi Opmierksamkeet hunn oder “de ganzen Owend huet hatt bei deem Typ geschäert”. An domat ass gemengt, dass och do eng Zort vun Opmierksamkeet an Interessi do ass, wéi beim Päerd, wat schäert. S: Mir hunn och nach Intressi a soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Saachen iwwer d’Lëtzebuergescht erziels. C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!

NOW PLAYING

Schären

0:00 0:00

No transcript for this episode yet

We transcribe on demand. Request one and we'll notify you when it's ready — usually under 10 minutes.

Magnetis Cast Magnetis Investimentos A Magnetis é uma gestora de investimentos que tem a missão de ajudar as pessoas a investir no que importa. Acreditamos que não existe sucesso sem investimento! Aqui você encontrará podcasts relevantes sobre finanças, investimentos e mercado financeiro. La Finanza in Soldoni Massimo Famularo - Hypercast Podcast e newsletter indipendente di informazione ed educazione finanziaria.Nessuno mi paga per vendervi niente e voi non mi pagate per dirvi in cosa investire. Newsletter http://lafinanzainsoldoni.substack.com/Youtubehttps://www.youtube.com/c/MassimoFamularoBloghttps://massimofamularo.com/X(ex-Twitter)https://x.com/MassimoFamularo---Questo podcast fa parte di Hypercast Network — 📧 Per proposte commerciali scrivi a: [email protected] El Aullido del Lobo El Aullido del Lobo Un canal para gente que a pesar de todo, está decidida a ser Fuerte, Libre e Indómita. Si tú no eres una de esas personas, este canal no es para ti… Alcatraz Radio2 "Fratello, la cosa assurda non è che sono un italiano nel braccio della morte di un carcere di massima sicurezza degli Stati Uniti. La cosa assurda è che tu stai fuori. Che tutti lì fuori siete liberi e state di schifo. Dov'è la tua libertà, tesoro? Nei lager dei quartieri di merda in cui vi hanno ficcato come bestiame, che cosa vi aspettate di diventare, onorevoli? Vi tengono in vita solo perché dovete comprare. Consigli per gli acquisti? Fanculo. Chi di noi due è nel braccio della morte? lo o te? Benvenuto ad Alcatraz, tesoro.”

Frequently Asked Questions

How long is this episode of E puer Wierder iwwer Wierder?

Episode duration information is not available.

When was this E puer Wierder iwwer Wierder episode published?

This episode was published on March 3, 2025.

What is this episode about?

Et geet ëm Päerd, déi schären, a Leit, déi geschäert kommen. Donieft gesi mir och, wat d’Wuert Ohrfeige mat kieren ze dinn huet. S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi...

Can I download this E puer Wierder iwwer Wierder episode?

Yes, you can download this episode by clicking the download button on the episode player, or subscribe to the podcast in your preferred podcast app for automatic downloads.
URL copied to clipboard!