EPISODE · Jan 16, 2026 · 17 MIN
Umgehungsstrooss Niederkerschen
from Am Bistro mat der woxx · host woxx
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo entscheet huet. D’Trass géif duerch geschützte Bësch- a Natura-2000-Gebidder féieren an hannerléisst no Meenung vun Aktivist*innen irreversibel Schied un Natur, Biodiversitéit an Liewensqualitéit. D’Biergerinitiativ Gemeng Suessem (Bigs) bezweifelt dobäi net nëmmen d’Kompensatiounsmoossnamen, mee och d’Grondargumenter vun der Regierung. Iwwer d’Geschicht vum Projet, d’Alternativen zur Trass an d’juristesch Klo, schwätzt d’María Elorza Saralegui mat der Melanie Czarnik an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Umgehungsstraße Niederkerschen: In Richtung SackgasseThe post Umgehungsstrooss Niederkerschen first appeared on Radio ARA.
Embed this episode
Ready to play
Umgehungsstrooss Niederkerschen
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.
Similar Podcasts
No similar podcasts found.