EPISODE · May 24, 2026 · 58 MIN
Zwësche Star Wars-Frust an totaler Obsession
from Plottwist · host Winmi
An dëser Episod vu Plottwist gëtt et waarm — net nëmme wéinst den Temperaturen, mee och wéinst de Meenungen. Mike an Yannick schwätzen iwwer de grousse Star-Wars-Retour mat The Mandalorian and Grogu, deen éischter no Sidequest wéi no groussem Kino-Event wierkt, an iwwer Passenger, deen esou vill Frust ausléist, dass een de Kino léiwer fréi verléisst.Am Mëttelpunkt steet awer Obsession: e Film, deen mat senger düsterer Inszenéierung, ongemittlecher Atmosphär an enger staarker Performance richteg ënner d’Haut geet. Dobäi geet et ëm Wënsch, Kontroll, toxesch Léift an d’Fro, wéi vill vun enger Persoun nach iwwreg bleift, wann eng Obsession alles iwwerhëlt.Donieft ginn et nach kuerz Andréck zu Swabbed an The Sheep Detectives — inklusive Kino-Rants, YouTuber-Regisseuren, Horror-Begeeschterung an der éierlecher Fro: Wéini ass e Film just schlecht, a wéini bleift en engem wierklech am Kapp?
Embed this episode
NOW PLAYING
Zwësche Star Wars-Frust an totaler Obsession
No transcript for this episode yet
Similar Episodes
No similar episodes found.