Skip to content
And One - De Basketpodcast podcast artwork

PODCAST · sports

And One - De Basketpodcast

by Luxemburger Wort

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Feb 6, 2025 · Source feed

Episodes

  1. #48 - Yves Braun a Max Reuter

    An der leschter Folleg schwätzt de Bob Hemmen mam Yves Braun a mam Max Reuter iwwert den Opstig vun Avanti Mondorf. De Veräi spillt nächst Saison fir d'éischte Kéier an der LBBL. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  2. #47 - Maik Zirbes

    Der ehemalige deutsche Nationalspieler spricht im Podcast über seine Rückkehr nach Trier und die Gerüchte um einen möglichen Wechsel nach Luxemburg. Außerdem erklärt der 34-Jährige, warum er sich in Interviews nie besonders wohlgefühlt hat. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  3. #46 - Vic Heuschling

    De Vic Heuschling schwätzt iwwert seng éischt Saison an der Fiels an erzielt, wisou och Zolwer e ganz spezielle Club ass. Ausserdeem verréit hien, wéi et ass, Géigespiller ze behandelen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  4. #45 - Tessy Hetting

    D'Ex-Nationalspillerin huet sech am Lëtzebuerger Basket net just um Terrain en Numm gemaach, mee dréit och vill zu der positiver Entwécklung bei der FLBB bäi. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  5. #44 - Ivor Kuresevic

    De jonken Nationalspiller huet de Schratt an d’USA gewot a spillt elo zu Wien. Am Podcast schwätzt hien iwwert d’Zäit zu Steesel, säi geplatzten Dram a seng Ambitiounen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  6. #43 - Lisa Jablonowski

    D’laangjäreg Nationalspillerin erënnert sech am Podcast un d’Joren um College an den USA an als Profi an Italien. Ausserdeem erkläert et, wisou et villäicht net méi mam Basket ufänkt. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  7. #42 - Rui Nunes

    E Beroder huet mat ville Virurteeler ze kämpfen. Am Podcast erzielt de Rui Nunes, wéi säin Alldag als Agent ausgesäit, wourop hie beim Recrutement oppasst a wat zu Lëtzebuerg am Ëmgang mat de Profie schif leeft. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  8. #41 - Ehis Etute

    D'Ehis Etute ass wuel déi talentéiertst Basketspillerin, déi Lëtzebuerg jee hat. An d'T71-Spillerin liwwert net just um Terrain of. D'Ehis erzielt e puer witzeg Anekdoten a verréit, wisou et net onbedéngt an d'WNBA wëll. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  9. #40 - Christophe Flammang

    Basket ass dem Christophe Flammang seng grouss Passioun. De Coach vun de Sparta-Männer ass scho fréi Trainer ginn an huet sech als éischt am Jugendberäich engagéiert. No e puer Joer zu Bascharage ass hien op Bartreng zeréckkomm, wou e vill verschidden Aufgaben hat, ier en an Däitschland innerhalb...

  10. #39 - Cathrin a Yann Wolff

    D'Cathrin an de Yann Wolff sinn net just Geschwëster, mee och allen zwee leidenschaftlech Basketspiller. Am Podcast schwätzen si iwwert hir Kandheet an d'Bedeitung vum Sport am Liewen. Ausserdeem beäntwerten si, wien éischter mol géif en Training verpassen a wien heiansdo e Gebuertsdag vergësst....

  11. #38 - Sam Ferreira

    De Sam Ferreira spillt net just an der LBBL fir Mamer, mee och fir d'3x3-Nationalequipe. Am Podcast erzielt hien, wéi et dozou komm ass a wisou him d'Ënnerstëtzung vun der Famill esou wichteg ass. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  12. #37 - Liz Schmitz

    D'Liz Schmitz war Profi an huet hei am Land vill Titele gewonnen. Am Podcast bléckt d'Ex-Nationalspillerin net just op hir aktiv Karriär zeréck. D'Liz erzielt och, wisou et haut net just selwer coacht, mee och motivéierten Trainerinnen an Trainer hëlleft. See omnystudio.com/listener for privacy...

  13. #36 - Oliver Vujakovic

    Den Olivier Vujakovic zielt zu de beschte Lëtzebuerger Basketspiller. Säit leschtem Joer ass hien zeréck am Land a spillt och nees fir Walfer. Am Podcast verréit de Nationalspiller, wéi d'Goldmedail zu Malta gefeiert gouf. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng Originnen a beäntwert zum Schluss e…

    more
  14. #35 - Virschau op d‘Saison 2023/2024 mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer

    D‘Basket-Saison geet endlech nees un. Virum éischte Spilldag beäntwert de Bob Hemmen zesumme mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) déi wichtegst Froen zum Damme- an Härechampionnat. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  15. #34 - Samy Picard

    De Samy Picard ass schonn zanter 2020 President vun der FLBB. Och no der Corona-Pandemie haten den Ex-Nationalspiller a seng Equipe genuch ze dinn. An der leschter Folleg vun der Saison erzielt hien, wéi e perséinlech mat de villen Diskussiounen eens ginn ass, déi et dës Saison goufen. Ausserdeem...

  16. #33 - Jean Kox

    No dëser Saison zitt de Jean Kox e Schlussstréch. De laangjärege Nationalspiller trëtt am Alter vun 32 Joer zeréck. Am Podcast erzielt de Kapitän vun de Musel Pikes, wisou en dës Entscheedung getraff huet a wourob en sech elo besonnesch freet. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  17. #32 - Lou Mathieu a Christophe Mertzig

    D'Lou Mathieu an de Christophe Mertzig hunn sech duerch de Basket kennegeléiert. Wärend d'Lou zu Contern bei den Damme spillt, ass de Christophe fir d'Hären am Asatz. Am Podcast geet et em d'Roll vum Sport an hirer Bezéiung an d'Zukunft vum Club. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  18. #31 - Philippe Gutenkauf

    De Philippe Gutenkauf huet e Samschdeg mat der Etzella d'Coupe gewonnen. Am Podcast erzielt den Ettelbrécker, wéi hien dëse speziellen Dag erlieft huet a wéi d'Party nom Match war. Ausserdeem schwätzt de Nationalspiller iwwert seng aner Aufgaben am Veräin an eng iwwerraschend Offer aus Mexiko.…

    more
  19. #30 - Lena Mersch

    D‘Lena Mersch huet déi lescht Joren nieft dem Studium an Éisträich gespillt, elo ass et zeréck am Land a kämpft mat Sparta em Titelen. Am Podcast erzielt d‘Lena, wisou et op Bartreng gewiesselt ass, wéi säin Aarbechtsalldag ausgesäit an ob et sech scho mat der Nationalequipe beschäftegt huet. See...

  20. #29 - Joe Kalmes

    De Joe Kalmes wëll dës Saison mat Diddeleng endlech säin éischten Titel gewannen. Am Podcast schwätzt de Joe awer och doriwwer, wisou ee beim T71 e gewëssenen Drock huet a wéi schwiereg et ass, Polizist a Basketspiller ze sinn. Dobäi ass och seng Gesondheet entscheedend. See…

    more
  21. #28 - Joy Baum

    Säit dëser Saison ass d'Joy Baum als Profi am Ausland aktiv. D'Nationalspillerin erzielt am Podcast, wéi et zum Wiessel op Chemnitz koum a wéi d'Lierwen an Däitschland ass. Ausserdeem schwätzt d'Joy doriwwer, wisou et bei der Arméi bemol Zweiwel krut a wien et schonn ëmmer inspiréiert huet. See...

  22. #27 - Alex Rodenbourg

    Den Alex Rodenbourg huet bal seng ganz Karriär fir Basket Esch gespillt an 2022 dann och säin éischten Titel um Terrain gewonnen. Am Podcast erzielt den Ex-Nationalspiller, wisou en et net emmer einfach hat a wéi eng Tipps en ambitionéieren Nowuesssportler géif ginn. Den Alex schwätzt awer och...

  23. #26 - Peter Rajniak

    De Peter Rajniak war selwer jorelang zu Lëtzebuerg an och am Ausland aktiv. Haut hëlleft hien ënnert anerem Basketspiller dobäi, hiere Schoss ze verbesseren. Am Podcast verréit hien e puer Tipps. Duerch seng Leidenschaft huet den Ex-Nationalspiller viru Kuerzem och en NBA-Star getraff. Ausserdeem...

  24. #25 - Esmeralda Skrijelj

    D'Esmeralda Skrijelj huet schon vill erlieft. Nieft de gewonnenen Titelen mat Steesel arennert sech d'Basketspillerin besonnesch gär un d'Asätz fir d'bosnesch Jugendnationalequipe. Am Podcast erzielt d'Esmeralda, wisou et ni wierklech Zäit hat fir duerchzeootmen a wat et elo nach fir Ziler huet....

  25. #24 - Malcolm Kreps

    De Malcolm Kreps ass ee vun de gréissten Lëtzebuerger Talenter. An dëser Folleg erzielt hien, wéi seng Zukunftspläng ausgesinn a wéi säi Papp him gehollef huet, esou wäit ze kommen. Ausserdeem verréit de Basketspiller, wien besonnesch schwéier ze verteidegen ass. See omnystudio.com/listener for...

  26. #23 - 10 Froe virum Start vum Championnat mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer

    Dëse Weekend geet hei am Land de Basketchampionnat nees un. Virum Start beäntweren d'Jenny Zeyen vum Tageblatt an de Jeff Kettenmeyer vun RTL zesumme mam Bob Hemmen déi wichtegst Froen. See omnystudio.com/listener for privacy information.

  27. #22 - Anne Simon

    D'Anne Simon huet en Dram. D'Nationalspillerin wëll Profi ginn an ass 2019 mat deem Zil an d'USA gaangen, wou d'Lëtzebuergerin fir d'University of Maine am Asaz ass. Am Podcast erzielt d'Anne, wéi et him do um a nieft dem Terrain gefält. Ausserdeem äussert sech d'Basketspillerin an der leschter...

  28. #21 - Christopher Jones

    De Christopher Jones war jorelaang ee vun de beschte Basketspiller am Land, dunn huet e positiven Doppingtest alles verännert. Nodeems den Ex-Nationalspiller nees ugefaangen hat, gesäit een hien zanter dëser Saison net méi um Terrain. Am Podcast bléckt de Christopher op eng fir hie schwiereg Zäit...

  29. #20 - Jo a Lynn Schreiner

    D'Jo an d'Lynn Schreiner sinn net just Zwillingen, mee och Teamkolleeginnen. Déi zwou Ex-Nationalspillerinne si virun der Saison vun Ettelbréck op de Gréngewald gewiesselt. Am Podcast erzielen d'Schwësteren, wéi et dozou komm ass a wisou si mat hirer neier Equipe schonn an der Véierelsfinall vum...

  30. #19 - Chris Dentzer

    Als administrativen Direkter vun der FLBB huet de Chris Dentzer genuch ze dinn. Dem 31-Järegen säin Aufgabeberäich geet vun der Organisatioun vun Eventer bis hin zu laangfristege Projeten. Am Podcast erzielt de Chris, wéi en zu dësem Job komm ass, wéi eng Aufgaben him am meeschte Spaass bereeden…

    more
  31. #18 - Lou Demuth

    De Lou Demuth huet mat sengen 22 Joer scho vill erlieft. Den 2,13 m grousse Basketspiller war an der Jugend a Frankräich a Spuenien an dono um College an den USA. Säit dëser Saison spillt de Center nees zu Lëtzebuerg an huet et mat Hiefenech an d'Play-offs gepackt. Am Podcast erzielt de Lou, wéi…

    more
  32. #17 - Billie Schulté

    D'Billie Schulté konnt dëst Joer nach net um Terrain stoen. D'Kapitänin vu Basket Esch misst coronabedéngt eng länger Paus aleeën an hofft elo, esou schnell wéi méiglech nees kënnen ze spillen. Am Podcast erzielt d'Basketspillerin, wisou de Sport schonn ëmmer eng sou grouss Roll fir si gespillt...

  33. #16 - Mike Feipel a Yannick Verbeelen

    Nationalspiller a Schlësselspiller bei der Sparta: De Mike Feipel an de Yannick Verbeelen sinn zwar nach jonk, am Lëtzebuerger Basket spillen déi zwee Bartrenger awer schonn eng wichteg Roll. Am Podcast erzielen si zwee, wéi et ass, bei der Nationalequipe dobäi ze sinn, wisou hire Veräinstrainer...

  34. #15 - Marco Rock

    Am Lëtzebuerger Basket ginn et wéineg Persounen, déi esou bekannt si wéi de Marco Rock. De Rocky, wéi den Ex-Nationalspiller genannt gëtt, huet jorelaang um héchsten nationale Niveau gespillt. No der aktiver Karriär ass de Lakers-Fans dem Basket a verschiddene Funktiounen erhale bliwwen. An dëser...

  35. #14 - Charlie Bidinger

    An dëser Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass d'Charlie Bidinger zu Gaascht. D'Nationalspillerin erlieft eng staark Saison mat de Musel Pikes an ass esou gutt wéi nach ni. Am Podcast geet em der Basketspillerin hire Wee, Gläichberechtegung an der Berichterstattung a weiblech Virbiller....

  36. #13 - Philippe Arendt

    An der dëser Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Philippe Arendt doriwwer, wéi schwéier déi vergaange Saison fir seng ganz Famill war a wisou hien d'Sparta misst verloossen. Ausserdeem erzielt den T71-Neizougang, wat hien hei am Land stéiert a wisou et him näischt ausmécht, als…

    more
  37. #12 - Misch Engel

    An der zwielefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ënnerhält sech de Bob Hemmen mam Misch Engel. De Spilleragent schafft haaptberufflech als Infirmier an huet dowéinst genuch ze dinn. Am Podcast erzielt hien, wéi en zu sengem Niewenjob komm ass, wéi den Alldag als Beroder ausgesäit a wisou...

  38. #11 - Magaly Meynadier

    An der eelefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Magaly Meynadier. D'Nationalspillerin ass säit dëser Saison nees zu Saarlouis, wou d'Profikarriär viru fënnef Joer ugefaangen huet. Am Podcast geet et ënnert anerem em d'Zäit an der Arméi an de Sprong an d'Ausland....

  39. #10 - Thomas Grün

    An der zéngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Nationalspiller Thomas Grün am Studio. De 26 Joer ale Profi vun Tréier erzielt, wéi et fir hie war, sou fréi an d'Ausland ze goen a wisou en haut manner Drock huet. Ausserdeem schwätzt hien iwwer seng perséinlech...

  40. #9 - Georges Berna

    An der néngter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mam Georges Berna. De President vum Racing erzielt, woufir him d'Verständnis feelt, mat wéi enge Probleemer säi Veräin ze kämpfen huet a wéi et fir hie perséinlech weidergeet. See omnystudio.com/listener for privacy...

  41. #8 - Cathy Donckel a Joe Greisch

    An der aachter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn d'Arbittesch Cathy Donckel an den Arbitter Joe Greisch zu Gaascht. Am Gespréich geet et em si perséinlech, awer och em Virurteeler, Challengen, mat deenen ee konfrontéiert gëtt an d'Rekrutéierung vu jonken Arbitteren. See...

  42. #7 - Derek a Malik Wilson

    An der siwenter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" sinn zwee Bridder zu Gaascht. Den Derek an de Malik Wilson kommen aus enger richteger Basketsfamill. Kee Wonner also, dass d'Jonge vun engem Ex-Profi hei am Land um héchsten Niveau spillen. Am Podcast schwätzen déi zwee Arantia-Spiller iwwer...

  43. #6 - Virschau op d'Saison mam Jenny Zeyen a Jeff Kettenmeyer

    Kuerz virum Start vun der neier Saison ass "And One - De Basketpodcast" zeréck aus der Summerpaus. An dëser Folleg si mam Jenny Zeyen (Tageblatt) a Jeff Kettenmeyer (RTL) zwee Experten zu Gaascht, déi zesumme mam Bob Hemmen ausféierlech iwwer all Equipe aus dem Championnat schwätzen. See...

  44. #5 - Ken Diederich

    An der fënnefter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" erzielt de Ken Diederich, wat seng Pläng nom Meeschtertitel mam T71 sinn. Ausserdeem schwätzt de Nationaltrainer an der leschter Episode vun der Saison iwwer d'Problemer vum Lëtzebuerger Basket. De Coach verréit och, wat hie senge Spiller...

  45. #4 - Jairo Delgado

    An der véierter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen de Jairo Delgado am Studio. Nom Aus géint Basket Esch an der Halleffinall vum Championnat ass dem Ettelbrécker seng Karriär eriwwer. Am Podcast erzielt de laangjäregen Nationalspiller, wat hien dës Saison am meeschte...

  46. #3 - Catherine Mreches

    An der drëtter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" schwätzt de Bob Hemmen mat enger vun de beschte Basketspillerinnen aus dem Land. D'Catherine Mreches huet sech mat T71 an der Finall vum Dammechampionnat géint d'Résidence duerchgesat. Am Podcast erzielt d'Nationalspillerin, wéi den Dag vum...

  47. #2 - Ben Kovac

    An der zweeter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" ass de Ben Kovac zu Gaascht. De jonke Profi verstäerkt Basket Esch bis zum Schluss vun der Saison. Am Podcast schwätzt de Nationalspiller iwwert den Doud vu senger Mamm, d'Zäit an der Arméi an d'Liewen als Profi. Ausserdeem verréit hien, wéi…

    more
  48. #1 - Frank Muller an Tom Schumacher

    An der éischter Folleg vun "And One - De Basketpodcast" begréisst de Bob Hemmen zwee vun de beschte Basketspiller, déi Lëtzebuerg jee gesinn huet. No dëser Saison halen de Frank Muller an den Tom Schumacher op. Am Podcast erklären déi zwee Diddelenger, wisou si ni gewiesselt sinn a wat sech an…

    more
  49. Teaser

    Ab dem 26. Mee schwätzt de Bob Hemmen vum "Luxemburger Wort" all Woch mat Gäscht aus dem Lëtzebuerger Basket. Abonnéiert "And One" fir keng Folleg ze verpassen. Méi Informatioune fannt Dir op wort.lu. See omnystudio.com/listener for privacy information.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.

HOSTED BY

Luxemburger Wort

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does And One - De Basketpodcast have?

And One - De Basketpodcast currently has 49 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is And One - De Basketpodcast about?

Am Podcast vum "Luxemburger Wort" schwätzt de Sportjournalist Bob Hemmen mat Gäscht aus dem nationale Basket.

How often does And One - De Basketpodcast release new episodes?

And One - De Basketpodcast has 49 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to And One - De Basketpodcast?

You can listen to And One - De Basketpodcast on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts And One - De Basketpodcast?

And One - De Basketpodcast is created and hosted by Luxemburger Wort.
URL copied to clipboard!