B-Radio podcast artwork

PODCAST · news

B-Radio

B-Radio ass déi aner Kulturemissioun um 100,7, déi sech all Mount op eng speziell Manéier mat Kultur am breede Sënn beschäftegt.

  1. 0

    Wann et muss sinn, zeréckschloen!

    Fraen als Affer, déi sech net physesch géint Aggressioune wiere kënnen, net wiere sollen - dat Bild akzeptéiert d’Andrea Böhm net! Déi erfueren däitsch Journalistin ass jorelaang als Auslandskorrespondentin a Krichsreporterin ëm d’Welt gereest. Si ass uechter d’Kontinenter enger Hellewull u Frae begéint, déi sech am Alldag der Gewalt ënner all hire Formen hu missen upassen. Och d’Geschicht liwwert genuch Beispiller vu Fraen, déi sech näischt gefale gelooss hunn; Fraen, déi sech allméiglech Kampftechniken ugëeegent hunn; Fraen, déi fir hir Rechter gekämpft hunn. Iwwer all dës Kämpferinne vu gëschter an haut liest een an der Andrea Böhm hirem Essai “Fighting Like a Woman. Die Geschichte der Frauen, die zurückschlagen” (Rowohlt Verlag).

  2. -1

    Eng Welt voller Krëppeng

    Scho gemierkt, datt Alldagsprodukter méi schlecht gi sinn, mee net onbedéngt méi bëlleg? Dat huet System! "Verkrempelung" nennt dat den däitschen Essayist Gabriel Yoran.

  3. -2

    "Ech militéiere fir den Derapage"

    Wann ee gutt kuckt, fënnt ee se a ville vu sengen Zeechnungen erëm, déi kleng Maus, d’Friddensdauw oder de klenge Männche mam Globus-Kapp. Et sinn d’Markenzeeche vum Plantu, alias Jean Plantureux, engem vun de bekanntste Pressezeechner vun der Welt. 50 Joer laang hat de Plantu seng Karikaturen an der franséischer Dageszeitung Le Monde verëffentlecht. Wärend senger Visitt zu Lëtzebuerg huet de Michel Delage sech e gekroopt!

  4. -3

    Andy "Lonesome" Bausch

    Troublemaker oder lonesome Cowboy? An den 80er hat de Kult-Cineast Andy Bausch déi Lëtzebuerger Filmzeen uerdentlech opgemëscht. Duerno gouf hie méi melancholesch a méi nostalgesch. Wéi eng Geschicht(en) erzielen da seng Kuerzfilmer a Publicitéiten, déi hien iwwer véier Joerzéngte gedréit huet a vun deene viru Kuerzem eng Selektioun ënner dem Titel “Make it short” an de Kino koum? E Gespréich mam Andy Bausch a sengem Co-Produzent an Acteur Nilton Martins

  5. -4

    Lidder géint de Krich

    Soulaang een nach däerf: lauschtert eng B-Radio-Auswiel vu Lidder géint de Krich.

  6. -5

    Staark Vollekshelden

    De Michel Delage schwätzt mam Zeechner Marc Angel iwwer Geschicht a Legenden, ligne clair a stilistesche Flou, politeschen Engagement a Vollekshelden.

  7. -6

    Keng Toleranz fir Ongerechtegkeeten! E Gespréich mam Paul Laverty

    Vum Affekot fir Mënscherechter a Mëttelamerika zum attitréierten Zeenarist vum Ken Loach ... De Paul Laverty huet de Krich a seng Konsequenzen op d’Mënsche vu ganz no materlieft.

  8. -7

    Deen ideale B-Radio-Soundtrack

    Wéi soll eigentlech e B-Radio kléngen, fir datt een en och direkt erëmerkennt?

  9. -8

    B-Radio: Alice Frohnert, Ex-Prostituéiert

    16 Joer laang war d’Alice Frohnert Prostituéiert. Sexaarbechterin gouf déi gebierteg Polin an den 80er an Däitschland, fir domat hire Studium ze finanzéieren. No hirer Zäit um Stréch war et de Karriärswiessel an de Journalismus, bei d’Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek. Zënter deem setzt d’Alice Frohnert sech dofir an, d’Prostitutioun als Beruff ze rehabilitéieren.

  10. -9

    B-Radio: Nuechtlandschaften

    Dat Irrationaalt mat der Vernonft ugoen? Am Stil vun engem moderne viktorianeschen Dandy oder Steampunker wéckelt de Percy Lallemang a senge Geschichten al Ängschte mat neiem Kaddospabeier an - och fir d'Feierdeeg soll ee sech net ze sécher fillen ...

  11. -10

    Big Trouble in Little Luxembourg

    61 Milliounen Euro si verschwonnen! Hunn se sech einfach esou a Loft opgeléist? Sinn et clever Trickdéif, déi sech d’Klacken ënnert den Nol gerappt hunn? E Skandal oder e weidert Kapitel aus enger onvergläichlecher Success story? D’Equipe vum B-Radio huet hirersäits emol ënnert den Teppech gekuckt, ob de Goss net vläicht do läit...”

  12. -11

    B-Radio - Skateboard

    Op engem Skateboard gesäit een d'Welt ganz anescht... Verschidde Generatioune vu Passionnéierten täuschen sech iwwer d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Zeen aus. Mam Michel Delage diskutéieren den Dan Luciani, den Ornello Haan, den Nicolas Calmes an de Pierre Reyland.

  13. -12

    Drastic (Gaspar Noé)

    "Irréversible", "Enter the Void", "Climax", "Vortex"... E Gaspar Noé-Film wierkt meeschtens wéi e Schlag an de Mo. Prett fir den Trip?

  14. -13

    B-Radio - Skateboard

    Op engem Skateboard gesäit een d'Welt ganz anescht ... Verschidde Generatioune vu Passionnéierten täusche sech iwwer d'Entwécklung vun der Lëtzebuerger Zeen aus. Mam Michel Delage diskutéieren den Dan Luciani, den Ornello Haan, den Nicolas Calmes an de Pierre Reyland.

  15. -14

    M.A.D.

    Déi dräi Buschtawe stounge wärend dem Kale Krich als Warnung virum definitiven atomaren Inferno. Mutual assured destruction ... Mëll! Dës Emissioun ass eng Rediffusioun vum 8. Mee 2022.

  16. -15

    Mandico le Barbare

    Barock, bizarre, bluddeg, romantesch ... A sengem neie Film "Conann" huet de franséische Cineast Bertrand Mandico op en Neits eng farfelue Visioun ëmgesat... an den Industriebroochen zu Esch/Schëffleng!

  17. -16

    B-Radio: Luca Guadagnino

    "Gudde Kino ass en Ugrëff op d'Sënner". Abléck an d'Denke vum italieenesche Cineast Luca Guadagnino, dee Filmer als Chamäleonen, als Rätsele gesäit. Mir ware bei sengem Gaaschtoptrëtt an der Stater Cinemathéik dobäi!

  18. -17

    Schofsmäerchen

    E schéi grausaamt a grausam schéint Mäerchen ëm d'Schof Amalia an de Fabrice.

  19. -18

    B-Radio: De Grand Hotel Cravat

    D’Gëlle Fra ass genee a seng Richtung gedréit: de Grand Hotel Cravat an der Stad. Si ass d’Galliounsfigur vun engem Schëff, dat den Hafen um Boulevard Roosevelt hanner sech léisst fir eng Rees zeréck an eng vergaangen Zäit ...

  20. -19

    Stock-Car

    De Stock-Car, en typesch Lëtzebuerger Motorsport. Selwer gebastelt Schrottkaren, déi rondrem e Feld fueren a sech géigesäiteg dréinen an op d’Kopp geheien. Zwar Auslafmodell vun der Zivilisatioun vum Verbrennungsmotor. Virun allem awer eng Leidenschaft!

  21. -20

    Gëtt et e Liewe virum Doud?

    Deen Éischte fänkt mat der Geschicht un, gëtt vun deem Zweeten ofgeléist, deen un deen Drëtte weidergëtt ... Eng Fiktioun fräi nom Prinzip vum cadavre exquis.

  22. -21

    Gëtt et e Liewe virum Doud?

    Deen Éischte fänkt mat der Geschicht un, gëtt vun deem Zweeten ofgeléist, deen un deen Drëtte weidergëtt ... Eng Fiktioun fräi nom Prinzip vum cadavre exquis.

  23. -22

    Dem Cărtărescu seng Metamorphosen

    A senger Kuerzgeschichtesammlung "Melancolia" huet de grousse rumänesche Schrëftsteller Mircea Cărtărescu déi dräi wichtegst Phasen a senger Entwécklung als Kand a Jugendlechen thematiséiert. Wéi gewinnt beweege mir eis iergendwou tëschent Dram a Realitéit, Fantasy a Science-Fiction.

  24. -23

  25. -24

    (Wer)Wollef

    De Wollef, e Superpredateur... Laang verschwonnen, vläicht erëm do... Ënner wéi enger hybrider Form och ëmmer... Eng Projektiounsfläch fir net kloer definéiert Ängschten? Oder mëssbraucht fir opportunistesch Zwecker? Eise bescheidene Bäitrag zur Léisung vum "Heescherte-Problem"...

  26. -25

  27. -26

    D. Lynch

    Wien dem David Lynch seng Filmer net versteet, sëtzt net onbedéngt op der Leitung. Sech op senge faszinante well konfuse Biller- an Tounautobunne verléieren, dat ass vläicht de Schlëssel!

  28. -27

    D. Lynch

    Wien dem David Lynch seng Filmer net versteet, sëtzt net onbedéngt op der Leitung. Sech op senge faszinante well konfuse Biller- an Tounautobunne verléieren, dat ass vläicht de Schlëssel!

  29. -28

    Aner Welten

    Déi nei Sensibilitéit a Kreativéit vun enger ganzer Partie jonken Autorinnen an Auteuren aus Lëtzebuerg kënnt zu engem gudden Deel an der spekulativer Fiktioun zum Ausdrock. Spekulativ Fiktioun, datt ass de Sammelbegrëff fir Science Fiction- a Fantasy-Literatur. Weem déi heite Welt net genuch oder awer ze vill ass, dee fënnt vläicht beim Fanzine Aner Welten säi Gléck, eng Plattform, déi dee breetgefächerte Genre hei am Land an doriwwer eraus wëll fërderen.

  30. -29

  31. -30

    Adventskalenner 2022

    25 Mol esou onnéidege wéi dubiéise Saster, dat ergëtt zesummegewierfelt an zesummegeholl en absolut indispensabelen Adventskalenner fir déi ganz Famill!

  32. -31

    Adventskalenner 2022

    25 Mol esou onnéidege wéi dubiéise Saster, dat ergëtt zesummegewierfelt an zesummegeholl en absolut indispensabelen Adventskalenner fir déi ganz Famill!

  33. -32

    Fir Iessen an Drénken ass gesuergt!

    Gastronomie ass d'Erotik vum Alter, soe se. Dat ass net ganz richteg. Och mir hu Spaass dobäi! Eng kulinaresch Emissioun, déi de Pläséier an de Virdergronn stellt, mat ë.a. de Lëtzebuerger Weltmeeschter am Winetasting!

  34. -33

  35. -34

    Gëtt et e Liewe virum Doud?

    Deen Éischte fänkt mat der Geschicht un, gëtt vun deem Zweeten ofgeléist, deen un deen Drëtte weidergëtt ... Eng Fiktioun fräi nom Prinzip vum cadavre exquis.

  36. -35

    Gëtt et e Liewe virum Doud?

    Deen Éischte fänkt mat der Geschicht un, gëtt vun deem Zweeten ofgeléist, deen un deen Drëtte weidergëtt ... Eng Fiktioun fräi nom Prinzip vum cadavre exquis.

  37. -36

    Sabotage

    Eng Kulturtechnik, déi et a sech huet. Eng Krichstaktik, een Instrument vum Widderstand. Fir dem Feind esou richteg ze schueden! Mat de Stëmme vun: Kerstin Thalau, Valerija Berdi, Michel Delage, Mike Tock, Marc Clement, Jerry Frantz a Guillaume del Pizzo.

  38. -37

  39. -38

    E/A Confidential

    Eng Koppel gëtt doheem ermort. Korrupt Flicken. Ideologesch Kämpf a Politik a Press. An der Aarbechterstad Esch ëm 1910. An alles richteg geschitt! D'Episod vum B-Radio dréit ëm dem Jérôme Quiqueret säi Buch "Tout devait disparaître. Histoire véridique d'un double meurtre commis à Esch-sur-Alzette à la fin de l'été 1910" (Capybarabooks).

  40. -39

  41. -40

    M.A.D.

    Déi dräi Buschtawe stounge wärend dem Kale Krich als Warnung virum definitiven atomaren Inferno. Mutual assured destruction ... Mëll!

  42. -41

    M.A.D.

    Déi dräi Buschtawe stounge wärend dem Kale Krich als Warnung virum definitiven atomaren Inferno. Mutual assured destruction ... Mëll!

  43. -42

    Operatioun G

    Zu Munneref haten si de Kapp vun engem Duerfjong agewéckelt. Fir datt en nees ootme kéint, huet e Spezialkommando vun dräi Leit hie befreit!

  44. -43

    Operatioun G

    Zu Munneref haten si de Kapp vun engem Duerfjong agewéckelt. Fir datt en nees ootme kéint, huet e Spezialkommando vun dräi Leit hie befreit!

  45. -44

    Fear and loathing in Moutfort

    Eisen Hommage un den amerikanesche Realisateur Terry Gilliam an och u säi Kompatriot, de Gonzo-Journalist Hunter S. Thompson! Mam Michel Delage, Valerija Berdi, Kerstin Thalau, Pierre Reyland a Rick Mertens

  46. -45

  47. -46

    Being Mike Tock

    De Mike Tock kennt een. Oder et mengt een, hien ze kennen. Iergendwou tëschent Tockcity an Tockville si mer no him siche gaangen.

  48. -47

    Being Mike Tock

    De Mike Tock kennt een. Oder et mengt een, hien ze kennen. Iergendwou tëschent Tockcity an Tockville si mer no him siche gaangen.

  49. -48

    De MacGyver hätt eng Léisung fonnt

    An enger Welt voller Léisungen, misst ee sech do vläicht net emol froen, wat iwwerhaapt de Problem ass? D'Ekipp vum B-Radio huet sech op eng onméiglech Sich gemaach ... Cast: Michel Delage, Pierre Reyland, Valerija Berdi, Kerstin Thalau, Rick Mertens a Mike Tock

  50. -49

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

B-Radio ass déi aner Kulturemissioun um 100,7, déi sech all Mount op eng speziell Manéier mat Kultur am breede Sënn beschäftegt.

HOSTED BY

radio 100,7

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does B-Radio have?

B-Radio currently has 50 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is B-Radio about?

B-Radio ass déi aner Kulturemissioun um 100,7, déi sech all Mount op eng speziell Manéier mat Kultur am breede Sënn beschäftegt.

How often does B-Radio release new episodes?

B-Radio has 50 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to B-Radio?

You can listen to B-Radio on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts B-Radio?

B-Radio is created and hosted by radio 100,7.
URL copied to clipboard!