Skip to content
Buvette - De Fussballpodcast podcast artwork

PODCAST · sports

Buvette - De Fussballpodcast

by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Oct 14, 2026 · Source feed

Episodes

  1. Episod 219 - Wou geeeeees de?

    Mir kucken nees op de Lëtzebuerger Fussball: Déifferdeng iwwerrennt Walfer, Stroossen ass nach ëmmer ouni Nidderlag am Championnat, de Ben leeft sengem Géigner fort a schéisst ee Gol. Ënnert anerem kucke mir awer och op d’Trainerwiessel am Fussball, Interviews am Gol an dem Ben säin ale Kolleeg…

    more
  2. Episod 218 - D'Léiwen

    No laangen zwou Woche Lännermatchpaus si mir nees do an et gëtt genuch ze beschwätzen. Wat hunn d’Rout Léiwen eis gewisen? Wéi huet d'U21 gespillt? Wat war déi läscht Wochen an der Éierepromotioun an an deenen ënneschte Lige lass? Alles dat nach villes méi an dëser Episod Buvette mam Titel...

  3. Episod 217 - Schwaarze Weekend fir Vogels

    E schwaarze Weekend fir de Ben an den Dylan. Rouspert verléiert 5:0, Menster 4:0 a Kaiserslautern 3:0... Wat soll een do nach alles erzielen. Mir hunn trotzdeem gekuckt wat soss nach sou am Land lass war a schwätzen iwwer de Spëtzematch Mondorf vs Stroossen, de Start an der 3. Divisioun a vill...

  4. Episod 216 - D'Ballfëscher vum Camping

    Fussballeresch ass dëse Weekend net vill geschitt mee ronderëm gëtt et genuch ze beschwätzen. Wee sinn d'Ballfëscher vum Camping, ween ass "das erstklassige Heilbad" a wat gëtt et bei der Tricolore op der Internetsäit ze gesinn? Alles dat a nach vill méi onwichteg Saachen an dëser Episod Buvette...

  5. Episod 215 - Rout Kaarten iwwer rout Kaarten

    Mir schwätzen erëm iwwer d'BGL Ligue a kucke wat bei den eenzelne Matcher lass war. Rouspert spillt ee gudde Match géint de Racing, Hesper verléiert leider erëm däitlech, Hueschtert huet de Golkipper vum Spilldag, Walfer huet den Toppscorer an da goufen et genuch rout Kaarte bei bal all Matcher.…

    more
  6. Episod 214 - Dem Herbi säi klenge Brudder

    4. Spilldag an der BGL Ligue, 2. Spilldag an der Éierepromotioun,1. Spilldag an der 1.Divisioun an elo gëtt et masseg ze beschwätzen. Rouspert hellt déi éischt Punkten an der Saison, Ettelbréck gëtt vum Trainer als Ofsteiger betitelt a Stroossen huet nach kee Géigegol kasséiert. Zu Beggen gëtt et...

  7. Episod 213 - Stade Brian Madjo

    3. Spilldag an der Nationaldivisioun a Rouspert steet mat zwou aneren Ekippe mat 0 Punkten am Keller. De Ben erzielt e bëssi iwwert déi aktuell Lag, mir beschwätzen de neien Terrain zu Hueschtert a wat zu Käerjeng lass war. Dann ass och d'Éierepromotioun lass gaangen an där den Toni Luisi ee...

  8. Episod 212 -  Do si mir erëm

    No enger laanger an erhuelsamer Summerpaus si mir erëm fir dech do. Mir kucken direkt op déi zwee éischt Matcher vu Rouspert, äusseren eis Wënsch fir d’Saisona kucke wou et e puer Baustelle ginn. Vu kommender Woch u geet et dann nees mam ale gewinnte Programm virun: Nationaldivisioun,...

  9. Episod 211 - Coupe Final

    Wat een Dag! Ee vun deene Gréissten! De Ben huet an der Coupe Final gespillt an sou munches erlieft. Den Dylan huet den Dag a vollen Zich genoss a genee doriwwer schwätzen déi zwee an der neitster Episod vu Buvette: Fanmarsch, Busrees, Match, Béierdusch, Stëmmung an nach villes méi. Dëst ass dann...

  10. Episod 210 - Wansinn

    An dëser Episod geet et nëmmen ëm déi wichteg Saachen: Rouspert, Rouspert, Rouspert a nach e puer aner Detailer. Wéi huet de Ben déi lescht Woch erlieft, wat ass et fir e Gefill a wat erwaart eis? Natierlech kucke ma dann awer och nach op de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, der Éierepromotioun...

  11. Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi

    De Ben an den Dylan kucken dës Kéier net nëmmen op de Fussball am Seniorsberäich, mee och op den Zuschauermagnéit schlecht hin: d’Coupe du Prince. Méi wéi 2.500 Spectateure bei de Junioren an nëmmen 800 am Spëtzematch vun der BGL Ligue, wouru läit et? Des Weidere kucken d'Jongen awer nach op den...

  12. Episod 208 - No der Coupe ass virun der Coupe

    Mir schwätzen erëm iwwert déi wichteg Saachen: BGL Ligue, Éierepromotioun, Coupe de Luxembourg an nach villes méi. Wien huet zu Kanech en neie Rekord opgestallt? Wie stoung an deene leschte Coupe-Finalen? Wat war zu Bartreng lass? An et ass nach esou vill méi am Lëtzebuerger Fussball geschitt.…

    more
  13. Episod 207 - Et gëtt gemunkelt

    Mir sinn erëm fir dech do a kucke wat an der BGL Ligue, der Éierepromotioun, der 1. Divisioun an an de Reserve lass war! Menster léisst Punkte géint Izeg leien, Rouspert verléiert géint Déifferdeng an nach villes méi. Eng ganz schéi Geschicht gëtt et vun engem Match op der Grenz an der BGL Ligue...

  14. Episod 206 - Bläifouss

    De Benno gewënnt de Match am Ofstigskampf, Péiteng klappt Rodange, Käerjeng sammelt no laanger Zäit keng Punkten an et ass e verdammt grousst Lach an der Tabelle. U wiem läit dat? Wat ass an der Éierepromotioun lass gewiescht? Wat ass zu Menster geschitt a firwat muss den Dylan erëm op d’Bänk?…

    more
  15. Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass?

    No zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och bei de Reserven. Natierlech kucke mir och op déi kommend Wochen, déi spannend ginn.…

    more
  16. Episod 204 - Force à Yannis

    An der BGL Ligue wackelt et un der Tabellespëtzt an am Keller leeft et. Rouspert a Käerjeng sammele ganz wichteg Punkten a probéieren do ënnen eraus ze kommen, fir sou séier wéi méiglech d’Vakanzen ze buchen. An der Éierepromotioun gëtt et schon erëm een neie Spëtzereider a soss war et...

  17. Episod 203 - WhatsApp

    Zu Rouspert gouff an der Song no enger Victoire géint Bissen gewonnen an de Ben ass ganz vir mat dobäi. Péiteng fällt nom Ofpaff ëm wéi d’Keelen am Café an Déifferdeng ass am Kapp lo schonn am Match géint Diddeleng an zwou Wochen. Wat nach esou op eisen Terrain lass war, wéi ëmmer hei an der...

  18. Episod 202 - Firwat am Fong ëmmer Fussball?

    Rouspert verléiert 0:2 géint den UNK a kee vun de Vogels war an der Buvette... pardon dofir. Trotzdeem kucke mir wat an der BGL Ligue leeft, wie wichteg Punkten an der Éierepromotioun geholl huet a wat zu Sandweiler sou besonnesch war. Et geet, wéi et sech och gehéiert, méi ëm déi Saachen niewent...

  19. Episod 201 - Iwwerraschungen

    Iwwerraschungen an der BGL Ligue: Rouspert gewënnt 2:1 géint Nidderkuer, Mamer suergt dofir, dass Diddeleng den Trainer erausgeheit a Munneref gewënnt géint Bissen. De Laurent Jans ass schonn opgestigen, zu Munneref sinn d’Supporter ze haart an d’Terraine sinn iwwerall eng Katastroph. Wat nach…

    more
  20. Episod 200 - Weider geet et

    D'Jonge vun der Buvette sinn nees do a feieren hir 200. Episod! Rouspert hëlt ee Punkt zu Stroossen, Bisse wënnt den Toppmatch géint Diddeleng an am ganze Land goufen déi orange Bäll nees erausgekroopt. An der BGL Ligue an an der Éierepromotioun rullt de Ball nees a wat alles soss nach sou…

    more
  21. Episod 199 - Ab an d'Wanterpaus

    Eng ganz Hironn ass schonn erëm am Lëtzebuerger Land eriwwer. Mir kucken op e puer eenzel Matcher vum Weekend, gratuléieren engem ganz besonneschen Torschützen an zéien de Bilan vun den Tabellen an der Réckronn. Dat alles wëlls du net verpassen, da lauschter dir déi 199 Episod vun der Buvette un.

  22. Episod 198 - Maske-Ben

    Virun enger Woch war deelweis ee fräie Fussballsweekend an elo gouf awer erëm gespillt. De Ben spillt eventuell mat Mask, den Dylan hat Bulli um Schung hänken, Bissen gewënnt weiderhin an Äischdall kann sech no engem zéie Kampf leider net belounen. Wat nach esou lass war wéi ëmmer an dëser Episod...

  23. Episod 197 - Päifen, Pech a Pannen

    Et war Lännermatchpaus a genee iwwert déi schwätzen d'Jonge vun der Buvette an der neitster Episod. Lëtzebuerg geet mat 0 Punkten aus dem Match, mee et gi genuch positiv Saachen, déi ee mathuele kann a mat deenen et och méiglech sollt si fir géint Malta ze gewannen. An der Éierepromotioun...

  24. Episod 196 - Alaaf

    Coupe Weekend zu Lëtzebuerg an 11.11. zu Köln, wat gëtt et Schéineres? Rouspert gewënnt zu Monnerech mat enger motivéierter Buvette, Bissen klappt Diddeleng, dräi Ekippen aus der 2.Divisioun kommen an der Coupe FLF weider an den Dylan war zu Uespelt ënnerwee. Et ass nees vill geschitt a de ganzen...

  25. Episod 195 - Der frühe Vogel

    Et ass moies frei an de Ben an den Dylan huele beim Kaffi eng nei Episod op. Um Programm steet wéi ëmmer de Lëtzebuerger Fussball, mee dës Kéier awer och eng Rees Auswäerts op Düsseldorf, een Äishockeymatch vu Rosenheim an normal Kaffisgespréicher. Et gëtt driwwer geschwat wien an der BGL Ligue…

    more
  26. Episod 194 - Fetzerei

    D'Jonge vun der Buffet sinn nees fir dech do! No zwou laange Woche Paus kucke mir nach eemol op de Lännermatch zu Sinsheim, schwätzen iwwer dem Dylan säi Comeback am Lëtzebuerger Fussball a kucke wat leschte Weekend alles esou an eise Lige lass war. Goler, giel Kaarten, Kläppereien an nach villes...

  27. Episod 192 - Alle Oberkörperfrei

    Alt erëm ee Weekend mat Fussball zu Lëtzebuerg op deem et genuch z'erziele gëtt. Rouspert suergt fir déi éischt Victoire vum Racing, Déifferdeng verschenkt wichteg Punkten un Diddeleng a Nidderkuer gewënnt den Derby géint Käerjeng. Wat nach esou lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser Episod…

    more
  28. Episod 191 - Coupematcher

    32 Matcher an der Coupe de Luxembourg an e puer Iwwerraschunge ware mat dobäi. D'Jeunesse Esch muss an d'Eelefmeterschéissen, Käerch gewënnt sensationell mat véier roude Kaarten an nach vill weider spannend Geschichten si geschitt. Wat alles op eisen Terraine lass war, gëss du wéi gewinnt an…

    more
  29. Episod 190 - Waars du och do?

    Alt erëm Lëtzebuerger Fussball an alt erëm Goler iwwer Goler a schéin Aktiounen. Rouspert geet zu Bissen ënner, Käerjeng gewënnt den Toppmatch géint Péiteng, zu Monnerech gëtt et eng sensationell Réckpass, déi zu näischt féiert an et ass nach villes méi geschitt. Wat nach alles lass war, gëss du...

  30. Episod 189 - Onverdéngt

    Lëtzebuerg verléiert seng zwee Matcher an dat leider trotz gudde Leeschtungen. Woran hat's gelegen? Wéi kann een sou Matcher an Zukunft op seng Säit zéien a wat ass géint Däitschland dran? Dat alles a nach villes méi an der neier Episod Buvette.

  31. Episod 188 - Direkt an d'Blutt

    Mir si no enger klenger Tëschepaus nees fir dech do a kucken op dee leschte Spilldag am Lëtzebuerger Fussball. Rouspert gewënnt géint Nidderkuer a sprëtzt sech d'Victoire direkt an d'Blutt, wéi mir geléiert hunn. Déifferdeng huet einfach guer keng Loscht méi ze spillen, de Stade Municipal zu...

  32. Episod 186 - Spitzenreiter

    D'Buvette ass pünktlech fir déi nei Saison erëm fir dech do! Mir kucken an dëser Episod op d'Transferte vun der Summerpaus, Dribblinger an d'Resultater vum éischte Spilldag. Natierlech thematiséiere mir och d'Victoire vu Rouspert an hirer aktueller éischter Plaz an der Tabell.

  33. Specialepisod - FCK-Fanspill 2025

    Den 1. FC Kaiserslautern kennt fir ee Fanmatch op Biwer!! All d'Detailer, d'Infoen an déi wichtegst Insider gëss du an dëser Specialepisod vun der Buvette gewuer an dat och nach mat engem ganz spezielle Gaascht.

  34. Episod 185 - Eng fir d'Katty

    Et ass eriwwer! Zwar nach net fir jiddereen, mee awer fir déi meescht Ekippen hei am Land. D'Saison ass bis op d'Barragematcher ofgeschloss a wat et Interessantes iwwert déi lescht Woch an déi rezentste Saison ze beschwätze gëtt, gëss du an der neitster Episod vum Podcast Buvette gewuer.

  35. Episod 184 - Heiße Phase

    Et ass déi lescht Woch Fussball bevir et an déi schéinste Woch vum Joer geet. De Ben an de Gilles blécken op déi wichtegst Saachen am Lëtzebuerger Fussball: BGl Ligue, Éierepromotioun, 1. Divisioun an an an… Alles an dëser Episod Buvette.

  36. Episod 183 - Wie packt et?

    Nach zwee Weekender gi Matcher an der BGL Ligue gespillt, ier et dann an déi schéinste Woch vum Joer geet: wien do spillt bleift awer fierchterlech spannend. An der BGL Ligue stinn d'Ofsteiger fest, mee bei de Barragematcher kënnen nach genuch Ekippe spillen. Dat selwecht gëllt fir...

  37. Episod 182 - Crunchtime

    Et ass Crunchtime am Fussball. Et schéngt wéi wann a Lëtzebuerg keen op europäeschem Niveau spille wëll, am Ofstig ass a bleift et bis zum leschte Spilldag spannend, d'Ofsteiger an d'Opsteiger sti fest an et ass trotz den Zoustänn am Lëtzebuerger Fussball méiglech, dass 1.800 Leit op een Terrain...

  38. Episod 181 - Audit's hiren

    Et war erëm sou munches lass am Lëtzebuerger Fussballsland. Rouspert hëlt alt erëm 1 Punkt, verschidde Veräiner kréien d'UEFA-Lizens net, Mamer verléiert no laanger Zäit erëm ee Match, Spiller hunn nach de Neelchen an de Schung an d'Arbittere gi wéi verreckt rout Kaarten. Wat nach esou geschitt...

  39. Episod 180 - Ping Pong a Pyro

    Lëntgen ass opgestigen, Déifferdeng ass Meeschter, zu Beggen ginn d´Eelefmeter ofgepaff, de Kevin Kerger rutscht wéi de Steven Gerrard a villes méi. Zu Lëtzebuerg ass de Weekend erëm vill geschitt a wat genee gëtt wéi ëmmer fir dech an der Buvette beschwat.

  40. Episod 179 - Eier wir brauchen Eier

    Et ass vill geschitt: Déifferdeng ass nach kee Meeschter a gëtt et vläit zu Rouspert, de Ben huet ee Gol geschoss, scho verdammt vill Matcher um Bockel an eng interessant Statistik op d'Bee gestallt. Wéi eng dat ass, wat extra am "RTL Goal" war an an an, wéi ëmmer an dëser Folleg Buvette.

  41. Episod 178 - Die 3 Freunde

    D'Sonn ass dobaussen an dat mierkt een och op de Fussballsterrainen: Golkippere schéissen an der leschter Sekonn Goler, d'Leit ginn op Terrainen d'Matcher kucken an de Béier schmaacht erëm besser. De Ben krut de Weekend e gudde Schlag op d Schinnebeen, Miersch verléiert no 5 Matcher erëm an an…

    more
  42. Episod 177 - Camper um Camping

    Alt nees ee gemittleche Fussballweekend am Lëtzebuerger Ländchen: De Ben hat e puer Chancë fir géint d'Jeunesse ze knipsen, Miersch gewënnt schonn nees an zu Kanech gouf de Match ofgebrach. Wat nach esou geschitt ass, wéi gewinnt an dëser Folleg Buvette.

  43. Episod 176 - Déi éischte Kéier

    De Ben hat de Weekend fräi an dowéinst muss den Dylan dru gleewen. Wat ass am Stade de Luxembourg geschitt, wéi war et zu Miersch um Terrain, wat ass esou besonnesch um Lëtzebuerger Fussball an an an. All déi Froen a weider onwichteg Theeme wéi gewinnt an dëser Folleg Buvette.

  44. Episod 175: Pyro oder Bratwurst

    Alt nees ee vergaangene Weekend an der Fussballwelt an de Ben an den Dylan kucken zesummen op d'BGL Ligue, d'Éierepromotioun, d'Champions League, déi ustoend Lännermatcher an dat alles mat Fakten, Fakten a nach méi Fakten. Dat a nach vill weider Saachen an der neier Folg Buvette.

  45. Episod 174: GGGGGewonn

    Et war e rouege Weekend an der Fussballwelt. Trotzdem kucken de Ben, den Gilles an den Dylan op d'Ereignisser. Déifferdeng mécht einfach sou weider wéi se et ëmmer maachen, zu Miersch ass eng Kou rondërem gelaf, Mamer schéisst Biissen of an de Lars Gerson huet Probleemer um Wuessterrain ze…

    more
  46. Episod 173: Der dicke Willi

    D'Buvette ass nees do a kuckt fier ierch wéi gewinnt op d´Fussballsereignisser vun der leschter Woch. Goalkeeper scheisse Goaler, d´Terraien gesinn deels aus wéi bei de Wilden Kerle, Rouspert hëllt nees e Punkt an an an. Villes ass geschitt an wat genau wie emmer an deser Folg Buvette.

  47. Episod 172 - Blockbuster a spannend Tabellen

    Alt nees e Fussballweekend hannert eis. Rouspert hëllt e wichtege Punkt géint Nidderkuer. Hueschtert dréit de Match géint Monnerech, Déifferdeng zitt weider fort an an der Éierepromotioun gëtt et ganz spannend. Fakten, Fakten, Fakten a nach méi Fakten an deser Folg Buvette.

  48. Episod 171 - Kopfballungeheuer

    Et ass geschitt! Eise Ben huet fir déi éischt Kéier dës Saison geknipst an huet senger Victoria sou zu enger wichteger Auswäertsvictoire verhollef. Mir kucken awer net nëmmen op Rouspert, mee och op d'Evenementer zu Hueschtert, der Bundesliga a wou soss nach eng lass war.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am Lëtzebuerger wéi internationale Fussball, brénge si hir gedanklech Doppelpäss ënnert d'Leit. All Woch gëtt sech an der Buvette iwwert Aktuelles aus der Fussballwelt ënnerhalen.

HOSTED BY

Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel

Frequently Asked Questions

How many episodes does Buvette - De Fussballpodcast have?

Buvette - De Fussballpodcast currently has 223 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Buvette - De Fussballpodcast about?

De Fussballpodcast, deen do stattfënnt, wou déi déifgrënnegst Theme beschwat ginn - an der Buvette. De Gilles Immer, Dylan Vogel a Ben Vogel, lafen dem ronne Lieder net nëmme selwer no, se schwätzen och schrecklech gären driwwer. Vun der Currywurst am Stadion bis zu taktesche Meeschterwierker am...

How often does Buvette - De Fussballpodcast release new episodes?

Buvette - De Fussballpodcast publishes regularly with 223 episodes available. Check the episode list for the typical release schedule.

Where can I listen to Buvette - De Fussballpodcast?

You can listen to Buvette - De Fussballpodcast on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Buvette - De Fussballpodcast?

Buvette - De Fussballpodcast is created and hosted by Gilles Immer, Ben Vogel, Dylan Vogel.
URL copied to clipboard!