PODCAST · comedy
carma club
by Carole & Marylène
Carma Club ass de Podcast fir all déi, déi de Kapp mol ausschalte wëllen.Mir sinn d’Carole an d’Marylène a schwätzen iwwer dat richtegt Liewen: Bezéiungen, peinlech Momenter, Frëndschaften, Alldag, Vakanz-Desasteren an alles, wat eis zum Laache bréngt.Éierlech, spontan an ouni Filter.Also huel dir e Café, eng kuscheleg Decken oder däi Glas Wäin a komm an de Carma Club.XOXO, CARole & MArylène 😉
-
8
#8 Haut fléie Leit aus dem Carole sengem Liewen eraus!
Haut gëtt ausgemëscht. Mir schwätzen doriwwer, firwat et heiansdo gesond ass, Leit aus sengem Liewen ze loossen, wéi vill Labelloen ee Mënsch wierklech brauch, wat mir am Réckbléck vill méi fréi hätte solle maachen a firwat d'Sportveräiner eis Frëndschaft op eng haart Prouf stellen. Eng ganz normal Carma-Club-Folleg also. 😅
-
7
#7 Carma Exterior
#7 Carma Exterior Liebe Grüße aus dem Marylène senger Heemecht, wou hat sech endlech richteg verstanen fillt. Firwaat d‘Caro Tiktok gelöscht huet an vun wem hat romatesch iwwerrascht ginn ass! Sinn Carole an Marylène elo offiziell Schwësteren? Lee dech zréck, huel den Fanger aus der Nues an dréck op Play👉▶️ 👃 👆🚫 #ounidechounimech #carmaexterior
-
6
#6 De Fiat 500
Et geet em Villes… Mir fannen all zesummen eraus wisou d'Marylène esou ass wéi hat ass. Ween de Grond ass dass dem Carole d'Wieder feelen an et gëtt gekuckt ween méi eekelhaft ass wéi deen aneren. Gett déi Kéier d'Geschicht wéi dem Marylène säi Papp fir kuerz Zäit och zum Carole sengem Papp ginn ass endlech gedropped? Schalt de Kapp mat eis zesummen aus. Viiiill Spasssje
-
5
#5 R.I.P. Slip
Firwat muss d'Carole seng Ënnerbox wechgeheien a wat huet dat mat senge Strëmp ze dinn? Kennt dem Marylène säi Papp mat him zesummen an de Prisong a wat der Däiwel ass GLIMMER? Dat kläre mir an der neier Podcast Folleg. Hal op mat scrollen a lauschter eis bëssen no. Cooohool, merciiii an Äddiiii.
-
4
#4 Barbie & Ken
Wat ass dem Marylène säin gréissten Turnoff a wa mir eent Geräisch wieren, wéie wier dat? Ob de Sonnde wierklech traureg ass, a wat et Neies vu Marylène sengem Papp gëtt, gëss du an der neier Folleg gewuer!
-
3
#3 Ass et e Geheimnis?
Ween ass haut besser drop? Ginn et Geheimnisser zwëschent eis zwee déi musse gelüftet ginn oder ass et souguer méi wéi dat! Et gëtt vill gelabert (alt erëm), et geet vill, oft a séier hin an hier an awer geet et aaalt erëm och ebessen méi deep...naja lauschter selwer! Ahjo, nach eppes: LIKEN, KOMMENTÉIEREN, DEELEN!!!!!! Support ist kein M**d ok? Ok! Mir soe merci aaan... ...Äddiiiiii
-
2
#2 Un café con leche avena
D'Señoritas si säit 3 Deeg a Spuenien an dreeme quasi schonn op español. Un Café con Leche hei, eng Enseimada do a mir wëllen och am leiwsten ni mei erëmkommen. Op d'Marylène d'Carole iwwerhaapt leide kann, wat seng gréisste Schwächt ass an op et iwwerhaapt nach eng 3te Folleg wäert gi gëss du hei gewuer. xoxo Carole & Marylène
-
1
#1 Mir ginn zesummen d'Baach erof
Eis éischt an sécher net lescht Podcast-Folleg ass endlech do! Mir stellen eis vir… awer ganz entspaant, well mir wëllen dech jo net direkt iwwerfuerderen. An e puer kuerze Sätz schwätze mir iwwer déi wierklech wichteg Froen am Liewen: Wien wullt sech wéini an der Nues? Dréit een Sandalen mat oder ouni Strëmp? An: gëtt d’Carole nach Presidentin oder lande mir zwee zesummen am Prisong? Eng locker, éierlech an e bëssen chaotesch Aféierung an eise Podcast. Lauschter eran a léier eis kennen...daat hei ass eréischt den Ufank!
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Carma Club ass de Podcast fir all déi, déi de Kapp mol ausschalte wëllen.Mir sinn d’Carole an d’Marylène a schwätzen iwwer dat richtegt Liewen: Bezéiungen, peinlech Momenter, Frëndschaften, Alldag, Vakanz-Desasteren an alles, wat eis zum Laache bréngt.Éierlech, spontan an ouni Filter.Also huel dir e Café, eng kuscheleg Decken oder däi Glas Wäin a komm an de Carma Club.XOXO, CARole & MArylène 😉
HOSTED BY
Carole & Marylène
CATEGORIES
Loading similar podcasts...