Skip to content
Ceci, Do You Love Me? podcast artwork

PODCAST · society

Ceci, Do You Love Me?

by Cecilia Said Vieira

Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed May 4, 2025 · Source feed

Episodes

  1. #57 Festival Edition: Koll & Aktioun

    FESTIVAL SEASON IS ON! Et ass rëm waarm dobaussen an de Summer steet virun der Dier. Dat heescht och dass d’Festivalsaison endlech rëm lass geet. Dofir leeën mir an dëser Episode de Fokus op e Festival deen sech vu villen ervirhieft an zwar den Koll & Aktioun. De fënnt dëst Joer de 6. bis den 8....

  2. #56 LOIVOS - E Bléck an d'Band

    Als kleng Chrëschtdags Iwwerraschung hunn ech eng nei Episode fir iech virbereet. An zwar mat de Jonge vun der Band Loivos. Loivos ass eng post-emo alternativ Band besteeënd aus follgend Leit: Phillipp Noppeney, Michel Hubert, Christian Lage & Gilles Dax. Déi 4 maache säit Joren zesumme Musek -...

  3. #55 Eileen Byrne - Wat geschitt hannert de Kulisse vun engem Filmset?

    Déi heiten Episode gouf a Kooperatioun mat SAMSA Film produzéiert fir d'Promo vum Film "Marianengraben" vum Eileen Byrne. An dëser Episode hat ech d'Geleeënheet d'Regisseurin & Dréibuchautorin Eileen Byrne kennenzeléieren. Eng Saach kann ech iech scho verroden: Si LIEFT hire Beruff mat vollem...

  4. Special Edition - Semaine de la Santé Mentale - Mental Generation Gap - Am Gespréich mam Psycholog Fränz D'Onghia

    Triggerwarnung: Suizid, Mental Krankheeten - wann's du dech mat dësen Themen onwuel fills, lauschter léiwer net eran. Déi heiten Episod ass eng Special Edition, gesponsert vun der Ligue Santé Mentale am Kader vun der Semaine de la Santé Mentale. An dëser Episod schwätzen ech mam Psycholog Fränz...

  5. #54 Jill Lallemang - GenZ vs Millenial

    Wéi den Titel et scho verréit, kommen an dëser neier Staffel zwou Welten zesummen! Dës Episode ass u sech näischt anescht wéi ee grousse Sträit tëscht engem Millennial an engem Gen Z. Wanns du nach net wees, wous de dech befënns, kanns de et an dëser Episode erausfannen. Identifizéiers du dech…

    more
  6. #53 Loïc Juchem - The Show must go on!

    Normalerweis ass et de Loïc, deen dat mécht wat ech hei maachen, an zwar virun der Kamera, mat Mikro, Froe stellen. Hien ass nämlech ënner anerem ee Moderator a Wetterfee beim RTL. An dat alles schonn mat nëmme 24 Joer. An dëser Episode kréie mir een Abléck a seng Aarbecht als Moderator. Wat…

    more
  7. #52 Saint Charles - Ëmmer humble bleiwen.

    Zu Gaascht an dëser Episode hu mir de Charel, éischter bekannt als Saint Charles. Mäin Zil mat dëser Episode war et rauszefannen, ween alles hannert senger Persona stécht an dat heiten sinn d'Themen wouriwer mir ënner aanerem geschwaat hunn: - New-Comer: Bis wéini ass een e New-Comer Artist? -...

  8. #51 Marlee Dos Reis - Fighting For Representation

    Endlech rëm ee méi laange Podcast! Et war och zimmlech schwéier NET laang mam Marlee ze schwätzen, well hat bréngt ganz vill mat :) D'Marlee ass, ënner ganz vill aanerem, Grënnerin vun der Non-Profit Organisatioun "Imani" mat der hat fir méi Representatioun zu Lëtzebuerg kämpft. De Wee zur…

    more
  9. #50 Thomas Roland - De Maale Gars mécht Schluss

    Ech hunn dem Maale Gars versprach, dass ech hie fir déi 50. Episode a mäi Podcast alueden. E Versprieche gëtt natierlech agehalen, dofir: Here you go! (Just als kleng Side Note: Mir sinn eng Koppel.) Also: Wouriwwer schwätze mir dann eigentlech? Hei sinn d'Themen: - Maale Gars, bass du nach ëmmer...

  10. #49 Elisha Winckel - Aktivismus am Zuch

    Fir déi heiten Episode waren den Elisha an ech am Zuch uechtert Lëtzebuerg ënnerwee. Kënnt dir rode wéi eng Streck mir gefuer sinn? 🚆 Anyways, déi heiten Episode ass bësse méi politesch, mee kenges Falls langweileg! Mir schwätzen ënner anerem iwwert follgend Themen: ➡️ De Rietsruck op Tiktok a…

    more
  11. #48 Marvin Caldarella - Wat leeft schif am Educatiounssystem?

    CDYLM ass no enger kuerzer Paus rëm do an zwar mat enger Episode iwwert den Educatiounssystem. An dëser Episode hu mir de Marvin Caldarella zu Gaascht, deen net nëmmen Enseignant ass mä och ënner anerem Co-Spriecher vun der OGBL an SEW ass. Mir diskutéieren déi aktuell Problemer vum...

  12. #47 CHAiLD - Wéi geet et dir WIERKLECH?

    Eurovision hin, oder hier: Wéi geet et dem Museker a Performer CHAiLD wierklech? De Chaild ass ee vun den 8 Finalisten, déi Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2024 zu Malmö kéinte representéieren. An dëser Episode deelt hien seng éierlech Gedanken iwwer déi ganz Mental Loud, deen de…

    more
  13. #46 DJ DEE - Maach deng Schoul färdeg!

    An der leschter Episode vun 2023 zu Gaascht ass d'lëtzebuergesch DJ Legende DJ DEE am Start. Opgepasst, déi heiten Episode ass méi relatable, wann een aus dem Norde kënnt, well mir thematiséieren nämlech wat aus dem Café du Gymnase ginn ass 👀 Beisdes that, soll natierlech jiddereen…

    more
  14. #45 Nuit des Musées ft. Mudam - Coup de Coeur

    De Samschden ass Nuit des Musées! Don’t miss out on this. Eng Saach déi d’Muséeë wärend der Nuecht gemeinsam hunn ass de Projet “Coup de Coeur”. All Joers kritt eng Kategorie vu Leit d’Geleijenheet ee Konschtwierk, oder eng Ausstellung a sengen eegene Wierder z beschreiwen. Dëst Joer sinn...

  15. #44 Wizard - Cannabis: Alles wat's du wësse muss!

    - De "Wizard" wollt fir dës Episode anonym bleiwen. - An dëser Episode schwätze mir mam "Grower" Wizard iwwert Cannabis an zwar vun A-Z! 🌿 Schwaarzmaart - Wéi geféierlech ass dat? 🌿 Wéi gesäit d'Gesetzeslag zu Lëtzebuerg aus? Wéi legal ass de Cannabis elo? 🌿 Vu wou kënnt de Verbuet? Wat sinn...

  16. #43 IREM - Female Support an der Musekszeen

    Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Musekerin & Astrophysikstudentin Irem Sosay. Dëst Kéier aus menger gemittlecher Stuff! Wouriwwer schwätze mir? ➡️ De Schrëtt an de Studio: Wéi entsteet dem Irem seng Musek? ➡️ Tëscht ville Männer: Wéi setzt een sech am Astrophysikstudium duerch? ➡️ Et feele u...

  17. #42 Talk mat enger Sexologin: Laura Hendriks - D'Hannergrënn vum sexual Abuse

    An dëser Episode schwätze mir iwwert een Thema den an der läscht vill an de Schlagzeilen war: Sexuellen Abus an Muechtausnotzung vu Kënschtler:innen a Leit an enger Muechtpositioun. Mi wäerten eis mat der Sexologin Laura Hendriks 3 Usoen ulauschteren, déi een Abléck an d’Realitéit vum Abus ginn....

  18. #41 Jeremy Palluce - New Projects, Nonna & Léift

    An hei? Eng ganz spontan Episode! An zwar mam Kënschtler Jeremy Palluce. D'OG's vun dësem Podcast kennen hien schonn! De Jeremy huet den 6. Juli eng Vernissage fir seng nei Ausstellung zu Esch an der Galerie Schlossgoart. An dem Kader hu mir eng Episode opgeholl an dat dëst Kéier net an engem...

  19. #40 Cloe von Van - Gamergirl vs Sexismus

    An dëser Episode schwätzen ech mat der Gamerin, Tiktokerin an Influencerin Claire aka Cloe Von Van iwwert seng Erfarung op Social Media an an der ganzer Gamingwelt. Mir diskutéieren och iwwert E-sports zu Lëtzebuerg, iwwert d'Ugesinn als Fra an der Welt an och iwwert schwiereg Zäiten déi hat an...

  20. #39 De Wollef - How to Go Viral & Méi

    An dëser Episode schwätzen ech mam Almin Hrkic aka “De Wollef” aka Blogger vun der Page “Mood Luxembourg” op Instagram a Tiktok. Mir schwätzen iwwert ganz vill interessanten Themen: Wéi geet ee viral op Tiktok/Instagram? Influencer: Moral vs. Image Mood Luxembourg: Wat ass déi bescht Pizza am…

    more
  21. #38 Julien Hübsch - Wat ass onkonventionell?

    Ceci, Do You Love Me? ass rem back on track! An dëst kéier hunn ech mech mam Kënschtler Julien Hübsch am Konrad Café an der Stad getraff. Et war Sonndegmëttes, d’Bud war voll an dat héiert een och. Mais ech denken, dass dat der ganzer Episode ee Charme gëtt. Ech schwätze mam Julien iwwert...

  22. CECI PRESENTS: SUMO - Liewenszil: Vum Hobby Liewen

    An der Staffelfinal vu Kulturpur, hunn ech de Sumo an de Studio agelueden. De Sumo ass ee vun de bekanntsten Urban Art Kënschtler aus Lëtzebuerg a säit Joren an der Kënschtlerzeen aktiv. An dëser Episode schwätze mir iwwert folgend Themen: - Graffiti vs. Streetart: De Sumo huet scho Streetart...

  23. CECI PRESENTS: Blanket Hill - Heavy Metal Mol Aneschters

    An der Episode 10 vu KulturPur hu mir den Ornello an de David vun der Heavy Metal Band Blanket Hill zu Gaascht. Themen vun der Episode: ➡ Ass et schwéier Musek ze maachen, wann ee Problemer huet mam Gehéier? ➡ Een Thema de mir am Summer all um Schierm haten: Shitstorm "Metal ass keng Musek" ➡ Wéi...

  24. CECI PRESENTS: Sarah Mandres - The Inner Child an der Konscht

    An dëser Episode schwätzen ech mat der Kënschtlerin Sarah Mandres @sarah_mandres_art iwwert de Prozess an d'Hannergrënn vu senger Konscht 🎨 ➡ Wéi schwéier ass et "wéi ee Kand" ze molen? D'Konscht vu Kanner ass fräi vun all Jugement vun der Gesellschaft a gëtt als "reng" Konscht bezeechent, déi...

  25. CECI PRESENTS: Sarah Vermeulen- Réckewand an der Kënschtlerzeen

    Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d'Grafikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d'Insights vun der Aarbecht als selbstständeg Graphikdesignerin. Folgend Themen schwätze mir ënner aanerem un: - Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d'Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Platform? -...

  26. CECI PRESENTS: Maale Gars & Damien Giudice - Hannert Frëndschaft, Musek a Konscht

    VIDEOPREMIERE LET'S GO! An der Episode 4 vu KulturPur hu mir dëst Kéier net just eng Persoun mee souguer zwou zu Gaascht! An zwar den Damien Giudice, den als Kënschtler a Museker ënnerwee ass an ee vun senge beschte Kolleegen den Thomas Roland aka de Rapper Maale Gars. Mir schwätzen an dëser...

  27. CECI PRESENTS: Brooze - Rap ass net gläich Rap

    Zu Gaascht an der drëtter Episode vu KulturPur ass de Bruce Biren aka Brooze. Säit 2019 polariséiert hien d'Rapscene zu Lëtzebuerg, sief et mat senger Musek oder awer och mat sengem Optrëtt an de soziale Medien. Op d'Medien et agestoe wëllen, oder net - hien huet ee groussen Impakt op...

  28. CECI PRESENTS: MAZ - Ee Solo Artist ass ni eleng.

    An der zweeter Episode vu KulturPur ass den Thomas Faber aka MAZ zu Gaascht. Wosst dir, dass de MAZ ungaresch Wuerzelen huet? Hien erzielt eis dovunner an och doriwwer op wat ee muss oppasse wann ee sou räppe well wéi hien. Eppes wouriwwer mir och schwätzen ass d’Trennung vu Frëndschaft a…

    more
  29. CECI PRESENTS: Pleasing - Kreativen Impakt duerch Mental Health

    Zu Gaascht an dëser Episode ass de Patrick Miranda aka @pleasingsome . Mir schwätzen zesummen iwwert d'Wichtegkeet vun engem Alter Ego bei Kënschtler:innen, ob et schwéier ass sech vun dem ze trennen an a wéi fern een, duerch den Impakt vu mentaler Gesondheet, Konscht kreéiere kann. Lidder déi an...

  30. #37 Liz Breuer - Faszinatioun United States of America

    In New Yooooork, concrete jungle where dreams are made of There's nothing you caaaan't do 🎶✨ Ech hunn d'Liz Breuer zu New York getraff, fir genau ze sinn am Central Park. D'Liz ass no der Première op New York geplënnert fir do Fashion Management ze studéieren. Mëttlerweil huet hat seng eegen...

  31. #36 Raphael Betti - Vu Schoulmeechter op Award-Winning Bartender

    Episode 36: Vu Schoulmeeschter op Award-Winning Bartender Zu dëser Episode soen ech nëmmen: Cheers! Ech hu mech mam Rapahel Betti am Bazaar getraff - déi perfekt Plaatz fir iwwert seng Professioun ze schwätzen. Hien ass nämlech e Full-time Bartender - an zwar ee vun de bäschten aus Lëtzebuerg…

    more
  32. #35 Djuna Bernard - Scoutismus, Feminismus a positive Lobbyismus

    Mäi Gaascht an dëser Episode ass d'Vize-Präsidentin vun der Chamber a Partei-Präsidentin vun de Gréngen - Djuna Bernard. Ech selwer gesinn d'Djuna als grousst Virbild, net nëmme fir mech, mä och fir vill jonk Lëtzebuerger:innen (zumools fir jonk Fraen!) déi an der Politik aktiv wëlle ginn. An…

    more
  33. #34 Hugeriter - Save the Bees!

    Ech sinn zesumme mam Alex (mäin emotional Support Buddy) bis op Wäiswampech gefuer fir dem Lisa an dem Jemp hire Bongert an Imkerei Hugeriter kucken ze goen. Dat war eng mega schéin Erfarung - kann ech iech och nëmmen empfeelen, falls dir Imker:inne kennt! :) Mir schwätzen iwwert folgend Saachen…

    more
  34. Mir si Miersch 2022 - Special Festival Episode

    Ech gouf gefrot fir an der éischter Editioun vum Mir si Miersch Festival ee Festival Podcast ze maachen. Vue dass ech zu Miersch opgewuess sinn a mir déi Staadt am Härze läit hunn ech net gezéckt a Jo gesot. An dëser Episode zu Gaascht sinn folgend Persounen (Der Reih no) : - Tun Van Beest (Mat...

  35. #33 Lindsay Caldarella - Asexualitéit & Polyamorie

    *VERBESSERUNG* Et ass keen während den Riots gestuewen! Asexualitéit bezeechent d'Absence vu sexueller Unzéiung géigeniwwer anere Leit an och d'feelend Interess u Sex - Dat heiten ass déi méi wëssenschaftlech Definitioun vun Asexualitéit déi och zimmlech iwwerflächlech ass. Well hannert der...

  36. CECI ASKS: Klichéen vun enger veganer Ernährung

    Veganer hu Proteinmangel, iesse just Zalot a mussen ëmmer jidderengem soen, dass sie Veganer sinn. Dat heiten si just dräi vu ville Clichéen mat deene Veganer:inne am Alldag konfrontéiert ginn. Wat viru 10 Joer eppes komplett Alternatives war, ass haut a ville Grousstied zum Normale ginn. Vill…

    more
  37. #32 Anouk Treff - Wéi lieft ee mat Anorexie?

    Näischt z'iessen, sech z'iwwerginn oder ongesond dënn auszegesinn - Dat sinn déi éischt Saachen déi en sech denkt, wann ee Magersucht héiert. Magersucht steet ëmgangssproochlech fir d'psychosomatesch Krankheet Anorexia Nervosa ënnert der, laut der representativer Studie vun DEGS1, 1,1% vun de…

    more
  38. #31 Andreia Monteiro - Borderline Personality Disorder

    Éischt Episode vun der 3. Staffel: An dëser Episode schwätzen ech mam Andreia Monteiro iwwert eng Krankheet, vun der een oft an den Medien héiert: Borderline Personality Disorder. Wat genau ass déi Krankheet? Wat sinn d'Symptomer, wéi lieft een domad an kann een et heelen? Et ass extrem schwéier...

  39. #30 Jil Devresse - Tëscht Zoufall, Gléck an Talent

    Fir d'Jil Devresse war d'Schauspillerei am Ufank keng Optioun. U sech wollt hat a Richtung Socio, Geschicht oder Philosophie goen. Wéi et schlussendlech awer an der Schauspillerschoul gelant ass, gitt der an dëser Episode gewuer. Hat beschreiwt eis wéi säi Studium gelaf ass, wéi Corona him bei...

  40. CECI ASKS: Fraestreik - Wisou bass du haut hei?

    Den 8. Mäerz, um internationale Fraendag, hunn sech méi wéi 1.500 Mënsche versammelt fir géint Diskriminéierung vu Fraen ze protestéieren. Gefuerdert goufe folgend Punkten: faire Lounausgläich allgemeng Kierzung vun der Aarbechtszäit Congé de paternité vun 3 Méint fir jiddereen automatesch...

  41. #29 Matilda Preka - D'Realitéit hannert der Flucht.

    - DISCLAIMER - Déi heiten Episode gouf den 31.01.2022 opgeholl. Mir thematiséieren also NET den aktuelle Russland - Ukraine Konflikt. D'Matilda huet eng Vergaangenheet hannert sech, mat der just déi wéinegst hei am Land relate kennen. Hat ass 2001 als Flüchtlingskand op Lëtzebuerg komm an huet...

  42. #28 Tun Tonnar - Boys Don't Cry!

    Vill vu menge Kolleegen hunn sech ëmmer gefrot, wisou ech nach keng Episode mam Tun opgeholl hunn. U sech wollte mir scho säit laangem eng Episode ophuelen, mä leider hu mir ni ee richtegt Thema fonnt. Bis lo. Den Tun ass säit 2 Méint net méi op Social Media an dat ass een Thema wouriwwer mir…

    more
  43. #27 Dirk Kesseler - Kréativitéit ass ee Mindset

    Den Dirk Kessler ass an der lëtzebuergescher Illustrator Scene scho zimmlech etabléiert. Hien huet scho zesumme mat den Rotondes een augmented Reality Kannerbuch illustréiert an animéiert, zuelräich Comics a Plakater designt a schonn e puer Awards ofgeraumt. Hien set zwar vu sech selwer, dass…

    more
  44. #26 Angel Cara - Be REAL

    Happy New Year! Wéi fänkt een d'Joer am beschten un? Ma mat enger neier CDYLM Episode natierlech. Dëst Kéier zu Gaascht Angel Cara :) EP: 26 - Angel Cara - BE REAL Oft ass et sou, dass Kënschtler sech hannert enger Fassade verstoppen an eng Persona duerstellen, déi si a Wierklechkeet net sinn.…

    more
  45. #25 Debbie Kirsch - Sustainable Entrepreneurship

    Mäi Gaascht an dëser Episode ass d’Debbie Kirsch. D’Debbie ass d’Grënnerin vum sustainable & faire Kleedergeschäft Devi. Mir schwätzen an dëser Episode bei engem wuelverdéngte Glas Crémant iwwert sustainable Entrepreneurship an awer och iwwert d’Problemer déi eisen Lifestyle matsechbréngen. Hat...

  46. #24 Khalid Oke - Wa Kulturen openee stoussen.

    De Khalid ass een talentéierten Kënschtler, de mat senger Musek d'Geschicht vu senger Kultur a vu sengem Way of Living erzielt. Hien weist sech ongefiltert sou wéi hien ass an erzielt eis an dëser Episode wat en an senger Kandheet duerchmaachen misst, mee awer och wat en zu dem gemaach huet, wat…

    more
  47. #23 Jeremy Palluce - All Mënsch ass ee Kënschtler!

    All Mënsch ass ee Kënschtler! Wat ass Konscht? Wat ass de Sënn vum Lierwen? Dat si Froen, déi onméiglech sinn, fir ze beäntferen. Trotzdem gouf dat an dëser Episode zum Thema. De Jeremy Palluce beschreift sech selwer als de privilegéierste Mënsch op der Welt. A genau doriwwer, schwätzt hien och a...

  48. #22 Ken Braz - Ee positiven Impakt mat engem Kaffi Business

    Vill kënnen net ouni Kaffi. Et ass eppes wat bei ville Leit zum Alldag gehéiert an dofir dréint sech an dëser Episode quasi alles ronderëm de Kaffi. De Ken an ech schwätzen an dëser Episode ënner anerem iwwert Social Businesses, wéi ee mat Marketing ee positiven Impakt op d'Gesellschaft kann hunn...

  49. #21 Laurent Lamesch - Hannert der Aarbecht vun engem Bestatter

    Wéi geet een mam Doud em, wann een all Dag domadder a Kontakt kënnt? Déi Fro a ganz vill aner hunn ech dem Laurent an dëser Episode gestallt. Hien schafft nämlech als Bestatter bei Erasmy - Pompes Funèbres. Mais wat ass eigentlech konkret seng Arbescht? Wat stécht hannert dem Job? Eppes wouriwwer...

  50. #20 Mathieu Lohr - Wéi leescht een humanitär Aarbecht?

    Wou ech de Mathieu gefrot hunn, als wat hien säin "métier" bezeechne géing, konnt hie mir keng kloer Äntwert ginn, well hien sech selwer net secher ass, wat hien elo schlussendlech ass. Consultant? Humanitären Aktivist? Ee Virbild? Ee Fotograf? Dat si menger Meenung no, d'Beschreiwungen déi seng...

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir normalerweis net sou um Schierm hutt - D'Gespréicher an Iddien sollen inspiréieren, motivéieren an Horizonter erweideren :)

HOSTED BY

Cecilia Said Vieira

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Ceci, Do You Love Me? have?

Ceci, Do You Love Me? currently has 72 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Ceci, Do You Love Me? about?

Lëtzebuerg ass eng Bubble! A genau aus där Bubble well ech iech mat dësem Podcast rausbréngen. Ech schwätzen a diskutéiere mat interessante Leit, déi net onbedéngt dat gemaach hunn, wat d'Gesellschaft vun hinne verlaangt huet. Mäin Ziel ass et, iech Themen a Persounen ze präsentéieren, déi dir...

How often does Ceci, Do You Love Me? release new episodes?

Ceci, Do You Love Me? has 72 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Ceci, Do You Love Me??

You can listen to Ceci, Do You Love Me? on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Ceci, Do You Love Me??

Ceci, Do You Love Me? is created and hosted by Cecilia Said Vieira.
URL copied to clipboard!