Den ACEL Studentecorner podcast artwork

PODCAST · education

Den ACEL Studentecorner

Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner genee déi richteg Sendung fir dech!

  1. 14

    Episod 14 - D'NSA an d'ALESPS op Besuch

    De 24. Abrëll waren de Paul vun der NSA an de Joshua vun der ALESPS am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentencercelen NSA an ALESPS geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an de Beräicher vun den Infirmiersberuffer? Wéi eng Studiegäng ginn et an der Politikwëssenschaft, der Kommunikatioun, dem Journalismus a villes méi? Wou kann een déi Studiegäng jeeweils studéieren? Wéi eng Eventer organiséieren d'NSA an d'ALESPS? P.S.: béid Cercle sinn nach zimmlech jonk a goufen am selwechte Joer gegrënnt!

  2. 13

    Episod 13 - Den ELAN an d'ALEM op Besuch

    De 27. Mäerz waren den Theo vum Elan an de Joe vun der ALEM am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestad Nanzeg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et do? Wéi lieft et sech zu Nanzeg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? Mee et gouf awer och mat der ALEM iwwer all méiglech Studiegäng am medezinesche Beräich geschwat. Wou kann een iwwerall medezinesch Fächer studéieren? Wéi eng Oplage ginn et, wann een an ënnerschiddleche Länner wëll Medezin studéieren? P.S.: och mat enger manner gudder Première kann een nach Medezin studéiere goen!

  3. 12

    Episod 12 - D'ALUS an d'ALSEP op Besuch

    De 27. Februar waren d' vum LSD an d'Sophie vun der ALSEP am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestad Stroossbuerg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et do? Wéi lieft et sech zu Stroossbuerg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? Mee et gouf awer och mat der ALSEP iwwer all méiglech Studiegäng am pädagogesche Beräich geschwat. Wou kann een iwwerall pädagogesch Fächer studéieren? Wéi gesäit d'Zukunft mat engem pädagogeschen Diplom dono zu Lëtzebuerg aus? P.S.: weess du wat d'Stroossbuerger Studenten oft iesse ginn?

  4. 11

    Episod 11 - Den LSD an de SLUF op Besuch

    Den 30. Januar waren d'Lina vum LSD an de Michel vum SLUF am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestied Düsseldorf a Freiburg geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Düsseldorf an zu Freiburg? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? P.S.: wéi ee Lëtzebuerger Museker zu Freiburg studéiert, gëss du och hei gewuer!

  5. 10

    Episod 10 - Den LSW an den LSM op Besuch

    Den 19. Dezember waren d'Joy vum LSW an den Eric vum LSM am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studentestied Wien a Münche geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Wien an zu München? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? P.S.: wéi ee grousse Lëtzebuerger Museker zu Wien studéiert, gëss du och hei gewuer!

  6. 9

    Episod 9 - D'Lëstlé an de CELB op Besuch

    Den 28. November waren d'Marion vun der Lëstlé an d'Diana vum CELB am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Jil iwwert d'Studentestied Léck a Bréissel geschwat. Wéi eng Studiegäng ginn et an deenen zwou Stied? Wéi lieft et sech zu Bréissel an zu Léck? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewen aus? P.S.: wéi d'Sophie vun der ACEL sech d'Nues gebrach huet, gëss du an dëser Episod gewuer!

  7. 8

    Episod 8 - D'ALEP an d'ANESEC op Besuch

    De 24. Oktober waren d'Sam vun der ALEP an de Kevin vun der ANESEC am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert d'Studiegäng an der Psychologie an am Wirtschaftswiesen geschwat. Wéi eng Studiegäng regroupéieren déi zwee Cerclen? Wou kann een dës Studiegäng iwwerall studéieren? A wéi gesäit hei d'Cerclesliewe aus? P.S.: wien op der Sich no enger Stage- oder Aarbechtsplaz ass, huet deemno wéi Succès mat der ANESEC!

  8. 7
  9. 6

    Episod 6 - D'REEL op Besuch

    De 5. September waren de Ben an de Fabien am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer d'REEL geschwat, déi de Weekend vum 18. - 21. September zu Stroossbuerg ass. Wat genee ass eng REEL? Wat mécht een op enger REEL? Firwat soll een als Student oder Studentin un enger REEL deelhuelen? Tipp: all Student a Studentin soll op mannst ee mol eng REEL erlieft hunn!

  10. 5

    Episod 5 - Den LSH an den LSWü op Besuch

    Den 29. August waren d'Cathy vum LSH an de Sébastien vum LSWü am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Heidelberg a Würzburg als Studentestied geschwat an awer och op d'Studiegäng op deene verschiddenen Unien an Héichschoulen an deenen zwou Stied gekuckt. Wat kann een alles zu Heidelberg an zu Würzburg studéieren? A wat ass den LSH an den LSWü? Tipp: virun allem zu Würzburg ginn et Studiegäng mat besonnesche Spezialisatiounen!

  11. 4

    Episod 4 - D'Alesontia an déi Jonk BAD op Besuch

    Den 1. August waren d'Laura vun der Alesontia an den Alexej vun der jonker BAD am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Bonn als Studentestad geschwat an awer och op d'Studiegäng am Bibliothéikswiesen, an der Archivistik an an der Dokumentatioun gekuckt. Wat kann een alles zu Bonn studéieren? Wou kann ee Studiegäng wéi Archivistik studéieren? A wat bedeit eigentlech Alesontia a Jonk BAD? Tipp: d'Laura konnt vill skurril Fakten iwwer Bonn erzielen!

  12. 3

    Episod 3 - D'ANEIL an d'REEL op Besuch

    De 27. Juni waren de François vun der ANEIL an de Ben vun der REEL am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwer Studiegäng am Ingenieurswiesen an an de Naturwëssenschaften sou wéi awer och iwwert d'REEL geschwat. Wat kann een alles am Ingenieursberäich an am Naturwëssenschaftlecheberäich studéieren? Wou kann een dës Studiegäng iwwerall studéieren? A wat ass iwwerhaapt eng REEL? Tipp: jidderee muss op mannst eemol wärend sengem Studium eng REEL matgemaach hunn.

  13. 2

    Episod 2 - Den LSC an den LSMaas op Besuch

    Den 30. Mee waren de Max vum LSC an de Yannick vum LSMaas am ACEL Studentecorner op Besuch. Mat hinnen huet d'Anne iwwert Köln a Maastricht geschwat. Wéi ass et do ze studéieren? Wat kann een do studéieren? A wat maachen déi zwou Stied sou interessant? Fun Fact: Enn Mee ass um Eldo einfach mol Fuesmusek gelaf!

  14. 1

    Episod 1 - D'ACEL op Besuch

    De 25. Abrëll gouf et déi éischt Editioun vum ACEL Studentecorner an hei waren dann direkt dräi Vertrieder vun der ACEL op Besuch am Studio. Zesumme mam Lena, dem Gianni an dem Mattis gouf iwwert de Choix vun der Uni, d'Wunnengssich an d'Bourse geschwat. Donieft gouf awer och iwwert d'Cerclen an iwwer d'Eventer, déi déi Lëtzebuerger Studentenzeen prägen, geschwat.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner genee déi richteg Sendung fir dech!

HOSTED BY

Eldoradio

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Den ACEL Studentecorner have?

Den ACEL Studentecorner currently has 14 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Den ACEL Studentecorner about?

Du wëlls deemnächst studéiere goen an hues dausend Froen? Oder du bass aktuell op enger Uni oder enger Héichschoul ageschriwwen, mee och hei ginn et Onkloerheeten? Dann ass den ACEL Studentecorner genee déi richteg Sendung fir dech!

How often does Den ACEL Studentecorner release new episodes?

Den ACEL Studentecorner has 14 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Den ACEL Studentecorner?

You can listen to Den ACEL Studentecorner on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Den ACEL Studentecorner?

Den ACEL Studentecorner is created and hosted by Eldoradio.
URL copied to clipboard!