PODCAST · news
DNA
by RTL Télé Lëtzebuerg
"DNA" déi éischt Lëtzebuerger Kriminalemissioun iwwert geléisten an ongeléiste Lëtzebuerger Kriminalfäll.
Episodes
-
Affaire Jos Nickts: 500 Affer an e Milliouneschued (2017)
Am Januar 2002 brécht fir eng 500 Bréifdréier eng Welt zesummen. De Jos Nickts huet mat hire Sue spekuléiert a sech selwer fir privat Zwecker zerwéiert. De Mann, ëm deen et geet, heescht Jos Nickts. Hie war vun 1986 bis ugangs 2002 President vun der Bréifdréiesch-Gewerkschaft an huet an deem...
-
Erschoss a verbrannt (2016)
En ausgebrannten Auto an enger verloossener Strooss am franséische Grenzgebitt, den Ausgangspunkt vun enger ongewéinlecher Kriminalgeschicht am Summer 2006. An der Mall vum Auto läit eng verkuelte Läich, an eng Kugel aus enger Pistoul. D’Gefier huet Lëtzebuerger Placken an de Proprietaire vum…
more -
Sexuell Mëssbraucht! (2016)
D’Bianca, de Steve, den "Dave" an "d’Nicole" deelen e gemeinsaamt Schicksal. Si sinn an hirer Kandheet vun Respektspersoune sexuell mëssbraucht ginn. Se waren tëscht 5 an 12 Joer al, ewéi de Mëssbrauch ugefaangen huet. De Mëssbrauch huet sech iwwert Méint, heiansdo Jore gezunn.
-
Cali-Kartell - Wäisswäsche vun Drogesuen (2016)
Dräi kolumbianesch Statsbierger musse sech am Oktober 1991 wéinst Wäisswäsche vun Drogesue viru Geriicht veräntweren. Am Hierscht 1989 melle sech 7 Banke bei der Lëtzebuerger Sûreté, well hinne Konte vun kolumbianesche Cliente suspekt erschéngt hunn. Am Fréijoer 1990 mécht eng Bank zu Monaco...
-
Affaire «Panama Charly» (2015)
Eng Affaire iwwert e brutalen Iwwerfall, eng revolutionär Pistoul a riseg Geldzommen. Dëst ass d’Geschicht vun engem Mann vu Veianen. Zënter sengem 50. Gebuertsdag sëtzt hien zu Schraasseg am Prisong. Säin Numm: Charles Ewert. Säi Spëtznumm : « Panama Charly ».
-
DNA-Spezial Prisong - 3 Deeg zu Schraasseg (2015)
Prisonnéier erzielen iwwert hire kriminellen Akt, hiren Alldag hannert Maueren a pickegem Drot an hir Visioun vum Liewen nom Prisong. Am DNA “Spezial Prisong” erklären och dräi fréier Prisonnéier, ewéi schwiereg de Wee zeréck an d’Gesellschaft ass. D’Sich no enger Wunneng an d’Sich no enger...
-
Raymond Guth, Affer vu blanner Gewalt (2015)
Den 20. November 2010 bréngen véier Persounen e 65 Joer ale pensionéierten Aarbechter zu Haler ëm. E plausibelt Motiv kënnen déi 4 net uginn. Et geet an dëser Affär ëm komplizéiert Familljeverhältnisser mat regelméissege Spannungen. Besonnesch tragesch ass d’Tatsaach, dass e klenge Bouf vun dräi...
-
D'Affaire Charles Missenard (2014)
De 26. Juli 1999 schreift en Dokter an der Eecher Klinik "mort de cause inconnue et suspecte" op den Doudeschäin vun enger 47 Joer aler Patientin ... D’Fra heescht Beatriz Vidaror. Eng Police-Enquête gëtt déclenchéiert. Zwou Wochen nom Doud vun der Fra läit d’Resultat vun enger toxikologescher...
-
International Bandekriminalitéit (2014)
Firwat hunn international gutt organiséiert kriminell Banden op eemol Lëtzebuerg an d’Viséier geholl? 6 Iwwerfäll op Sécherheetsfirmaen bannent 8 Méint. D’Joer 2000 war markant. Bis zu deem Zäitpunkt war ni e Geldtransporter zu Lëtzebuerg d’Zilscheif vun Attacken.
-
Den 1. Lëtzebuerger Seriemäerder (2014)
3 Morden, 4 Aggressiounen op Fraen - dat ass dat diabolescht Wierk vun engem Mann: dem Louis. Tëscht 1983 an 1989 ass de Louis säi kriminelle Wee gaangen, ouni gebremst ze ginn. D'Police war dem Louis 1985 zwar op der Spuer, mä hien ass lafe gelooss ginn. Eréischt 1990 ass de Mann festgeholl an…
more -
Finanzkriminalitéit zu Lëtzebuerg (2014)
Ze grouss, ze giereg, ze kriminell? Islännesch Banken an hir Lëtzebuerger Filialen am Viséier vun der Justiz. Am Hierscht 2008 sinn dräi Islännesch Banken auserneegebrach. D’Nowéie vun dësem Crash kréie mer bis haut zu Lëtzebuerg ze spieren. Schlëmmer nach: et gëtt eng Kriminalgeschicht.
-
Mord vun Haassel (2014)
Den 1. November 2010 gëtt den 69 Joer ale Camille Kolber dout a senger Wunneng um Killebierg zu Haassel an der Gemeng Weiler opfonnt. De Mann war mat enger Aaxt erschloen. Den Täter huet zweemol zugeschloen. De Camille Kolber ass verblutt.
-
Waldbëlleger Band - 1. Deel (2013)
22 Iwwerfäll, 6 Mordaffer, 4 Haapttäter tëscht 1983 an 1885 ... déi Waldbëlleger Band ass als déi kriminellsten an d'Lëtzebuerger Geschicht agaangen. Am 1. Deel vum DNA versiche mer ze verstoen, wéi et méiglech war, dass sech zu Lëtzebuerg eng kriminell Band konnt forméieren, déi am Laf vun der...
-
Waldbëlleger Band - 2. Deel (2013)
Wat genee ass den 30. Oktober 1985 beim brutalen Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad passéiert? Am 2. Deel vum DNA kucke mer, wat genau den 30. Oktober 1985 beim brutalen Iwwerfall op den Haaptsëtz vun der BIL um Boulevard Royal an der Stad passéiert ass. Et ass...
-
DNA-Spezial Bommeleeër (2013)
D'Ekipp vum DNA huet iwwert 250 Reportagen duerchgekuckt, déi bannent 28 Joer iwwert d'Bommeleeër op RTL gewise goufen an huet dorauser eng Synthes gemaach. 20 Bommenattentater bannent 20 Méint. Tëscht Mee 1984 an Mäerz 1986. Dat ass Wierk vun de Bommeleeër. Uschléi goufen ni revendiquéiert. Et…
more -
Wie stecht hannert der Bommeleeër-Serie? Stay Behind? (2013)
En Interview mam Me Gaston Vogel Am RTL-Interview sëtzt de Affekot vum Ugekloten ex-Member vun der Brigade mobile, Marc Scheer, ganz op Pist “Stay Behind”, fir déi 20 Attentater ze erklären.
-
NATO-Geheimarméien am kale Krich (2013)
En RTL-Interview mam Dr Daniele Ganser, Historiker, Buchauteur an Unisprofesser Den Dr Daniele Ganser ass e jonken Historiker aus der Schwäiz. Hien huet sech mat der Existenz vun Geheimarméien an hiren Aktivitéite queesch duerch Europa ausernanergesat. Säi Buch gouf an 10 Sproochen iwwersat.
-
Vergëft ... Agemauert ... Den Hummermann (2012)
Zwee ongeléisten an ee geléistene Fall an dëser Emissioun. Am Mäerz 1984 kritt e klenge Bouf an engem Appartement um Houwald nom Iessen Hieftabletten géint den Duerchfall. Kuerz drop mécht de Béifche Krämp. D'Eltere ruffen den 112 an d'Kand gëtt an Kannerklinik ageliwwert. Zwee Deeg drop ass de...
-
Mord an enger Studentewunneng (2012)
Den 12. November 1992 gëtt an enger Wunneng op engem Universitéitscampus zu Bréissel d'Läich vun enger Studentin fonnt. Et ass d'Christiane Heiser. Eng 21 Joer jonk Lëtzebuerger Fra vu Féiz. D'Christiane Heiser ass brutal ëmbruecht ginn. Hir Eltere waarden nach haut op Äntwerten, firwat hiert...
-
Ënnerwee mat der Police Judiciaire (2012)
Mir ginn hannert d'Kulisse vun der PJ kucken an dauchen an, an déi mysteriéis Welt vun der Forensik. Un Hand vun engem geléistem Fall, deen 2004 passéiert ass, erkläre mir Iech, wéi d'Police Judiciaire an Zesummenaarbecht mat der Police Technique, un esou e Fall erugeet.
-
Läich am Stauséi. Jonk Mamm ëmbruecht (2012)
Mordfall Nancy Wolff. Déi jonk Fra war 7 Méint no hirem Verschwannen am Stauséi fonnt ginn. Een Haaptverdächtegen huet d'Police selwer op Spuer bruet, wou d'Läich sech géif befannen. De Mordfall hat bis iwwert d'Grenzen eraus fir Wierbel gesuergt a war esouguer an der däitscher Emissioun...
-
Mat der Aaxt erschloen. Adoptivjong beschëllegt (2012)
Op Allerhellegen 2010 hunn zwee Bridder d'Läich vum Camille Kolber a sengem Haus zu Haassel fonnt. De 69 Joer ale Mann war brutal erschloe ginn. 3 Persoune sëtzen an Untersuchungshaft. Dorënner ass och dem Camille Kolber säin Adoptivjong. Déi 3 kréien dat anert Joer de Prozess gemaach. Eng 4....
-
Makaber Decouverte am Bësch (2012)
Ewéi de Jos Emmerich Enn November 2010 mat sengem Hond säin Tour duerch de Bësch zu Haler gemaach huet, huet hien eng fierchterlech Decouverte gemaach. Am Bësch loung d'Läich vun engem Awunner vun Haler. De Mann war d'Affer vun engem Verbrieche ginn. Op Uerder vun de Justizautoritéite si véier...
-
Spurlos verschwonn! Wou ass de Francois Thillman (2012)
2010 ass de Lëtzebuerger Student François Thillman fir lescht gesinn ginn. No enger Party zu Paräis ass hie verschwonnen. Ouni Pabeieren an ouni Suen. Bis haut ass de François Thillman net méi opgetaucht.
-
Mord op der A13 (2012)
De 15. Juli 2012 gëtt an enger Camionnette d'Läich vum Sahin Kemal fonnt. D'Camionnette stoung laanscht d'Autobunn op der Collectrice du Sud. 500 Meter hannert dem Éilerenger Tunnel. De Mann ass ëmbruecht ginn. Firwat a vu weem? Dat géif d'Police och gäre wëssen.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
Loading similar podcasts...