PODCAST · education
Drug Stories
by Centre National de Prévention des Addictions
Drug Stories ass déi néi Rubrique vum Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) an Zesummenaarbecht mat Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA All Woch schwätze Jessie an de Luc iwwert aner Themen: Medien, Sex, Kaffi, Alkohol, Cannabis, Kokain, GHB a villes méi...Hues du nach weider Froen, mell dech um Service Fro-No: Tel: 49 77 77 – 55 oder per Mail: [email protected] Weider Infoe fannt der och um Site cnapa.lu
Episodes
-
Folge 28 - Sex
An dëser Folleg geet et ëm Sex, seng Bedeitung a seng verschidde Funktiounen. Luc a Jessy schwätzen doriwwer, wat alles ënner Sex verstane ka ginn a wéi eng Roll sexuell Orientéierungen a Praktiken dobäi spillen. Dobäi steet eng Saach am Mëttelpunkt: wéi wichteg et ass, oppen a respektvoll iwwer...
-
Folge 27 - Iessen & Iessstéierung
An dëser Folleg geet et ëm Iessen, Ernärung a méiglech Iessstéierungen. Luc a Jessy schwätzen iwwer den Alldag mat Zocker, wat ee ka maache fir ausgeglach ze iessen, an erklären, wéi e "optimalen Teller" ausgesäit – mat villem Uebst a Geméis. Si kucken och, wéi Iessverhalen eis beaflosst a ginn...
-
Folge 26 - Gléckspill
An dëser Folleg geet et ëm d’Glécksspiller – vu Wierfelen an deenen alen Zäite bis zu Roulette, Blackjack an Online-Spiller haut. Luc a Jessy erkläre wat Glécksspill ausmécht, firwat si esou spannend sinn, a wéi se eis Gesondheet a Relatioune beaflosse kënnen. Mir kucken och, wéi een erkennt wann...
-
Folge 25 - Resilienz & Wuelbefannen
An dëser Folleg geet et ëm Wuelbefannen a Resilienz. De Luc erkläert, wat Resilienz ass a stellt déi 7 Saile vir: Akzeptanz, Optimismus, Selbstwierksamkeet, Eegeverantwortung, Netzwierkorientéiert, Léisungsorientéiert a Zilorientéiert. Zesumme mat Jessy gëtt erkläert, wéi dës Fäegkeeten eis...
-
Folge 24 - Entspaanungs Übung
An dëser Folg geet et mol eng Kéier net em eng Substanz oder e Verhale vun deem een ofhängeg kéint ginn. De Luc erkläert dofir awer, dass Suchtpreventioun ganz vill mat Wuelbefannen ze dinn huet. Dofir proposéiert hien eng kuerz Entspaanungsübung an invitéiert d’Jessy an d’Zuhörer op eng Rees an...
-
Folge 23 - Smartphone
Wosst dir dat den éischten Handy 1983 op de Marché komm ass a schonn 2007 den éischte Smartphone, de I-phone vun Apple. Wat eng rasant Entwécklung! De Smartphone huet souwuel positiv wéi och negativ Effekter, woubäi och d’Wuert „phubbing“ eng Roll spillt. Wëll dir wësse wat dee Begrëff bedeit a...
-
Folge 22 - Shopping Sucht
Op Online-Shopping mat engem Klick oder an de Geschäfter, déi d‘Leit mat engem gudden Doft lackelen, d’Manipulatioun huet vill Facetten. Haaptsaach kafen, och wann et oft Saache sinn, déi ee guer net brauch. Eis haiteg Konsumgesellschaft gëtt haaptsächlech iwwert Medien duerch gezielte Reklammen...
-
Folge 21 - Pornographie
Wat ass den Ënnerscheed tëscht Sex a Lego a kann ee vu Pornoe süchteg ginn? D’Jessy an de Luc geheien e Bléck zréck an d’Geschicht vun der Pornographie an erkläre wat fir positiv an negativ Wierkungen a Niewewierkungen d’Pornographie kann hunn. Ënner anerem geet et dodrëms, dass d’Bild vun de…
more -
Folge 20 - Bildschierm
D’Bildschiermer sinn net méi aus onsem Alldag ewechzedenken. Mee kéint een eigentlech och vu Bildschiermer ofhängeg ginn? Obwuel di meescht Verhaalenssüchten nach net medezinesch unerkannt sinn, biergt een ze grousse Bildschiermkonsum scho sou munch Risiken a kann och zur Ofhängegkeet féieren. An...
-
Folge 19 - Drug, set & setting
D’Wierkung vun all eenzel Drogen hänkt vu ganz villen Faktoren of. Dat wier mol als alleréischt natierlech d’Droge selwer. Awer och spillt, ënnert anerem, de Gemittszoustand vun der Persoun eng grouss Roll. A mam Setting ass d‘Ëmfeld gemengt. Mee wat huet d‘Ëmfeld mat der Wierkung ze dinn? Dat an...
-
Folge 18 - Bad Trip
An dësem Podcast geet et natierlech net ëm schlecht Rees Erfarungen, mee vill méi wat een op Droge mol kéint erliewen. An dat ass net flott. Mee wie kann een sech virdru schützen a virun allem, wat kann ee maache wann een op sou engem Bad Trip ass? De Luc an d‘Jessie ginn iech och hei erëm e puer...
-
Folge 17 - Wat maache bei engem Noutfall?
Bei all Drogekonsum, sief et vun Alkohol oder aneren Drogen, kann et mol zu enger Iwwerdoséierung kommen. An dësem Podcast erläuteren d’Jessie an de Luc wei et zu sou enger Iwwerdosis ka kommen a wourun een dat kann erkennen. Hei kritt een Tipps wat een onbedéngt an sou enger Situatioun soll...
-
Folge 16 - Crystal Meth / Speed
Zu Lëtzebuerg ass Crystal Meth nach net ganz wäit verbreet. D’Jessy an de Luc schwätzen dofir méi generell iwwer Amphetaminne, déi och bei eis um Schwaarzmaart als Speed verkaaft ginn. De Luc erkläert, firwat Amphetaminnen am 2. Weltkrich un Zaldote verdeelt goufen a firwat dës Substanzen awer...
-
Folge 15 - Poppers
Ënnert dem Numm Poppers versteet een eng Substanz déi schonn am 19. Joerhonnert hiergestallt an als Häerzmedikament agesat gouf. D’Jessy an de Luc diskutéieren, wéi Poppers wierken a firwat se an der Partyzeen an zur Loschterhéichung beim Sex beléift sinn. Et gëtt erkläert, dass dës Substanz...
-
Folge 14 - Heroin
Heroin gehéiert zu de sougenannten Opioiden an huet bei engem reegelméissege Konsum e ganzt héicht Suchtpotenzial. Mee gëtt ee wierklech direkt beim éischte Schoss schonn süchteg? D’Jessy an de Luc schwätzen iwwer déi verschidde Methoden, fir des Substanz ze konsuméieren (am beschte guer net!) an...
-
Folge 13 - Legal Highs (NPS)
Legal Highs ginn och nach NPS (nei psychoaktiv Substanzen) genannt. Dës chemesch hiergestallte Substanzen imitéieren d’Wierkung vun illegalen Drogen a sinn oft dee Moment wou se op de Maart kommen, nach net gesetzlech gereegelt. An dëser Folg erkläert de Luc firwat vill vun de sougenannte Legal...
-
Folge 12 - Lachgas
Dickstoffmonoxid (N2O), och bekannt enner dem Numm „Laachgas“, gëtt haut net wéi fréier beim Zänndokter als Betäubungsmëttel genotzt mais als Rauschmëttel am Partykontext konsuméiert. An Holland zum Beispill, sti dann owes virun de Bar’en an Disco’e Weenercher, déi Laachgas a Form vu Loftballon’e...
-
Folge 11 - GHB (Liquid Ecstasy, K.O.-Tropfen)
GHB ass eng vun de Substanzen, déi vu Kriminellen a Form vu K.O.-Drëpse benotzt ginn. GHB kann änlech wéi beim Alkohol zu Euphorie, Enthemmung, Schwindel oder Middegkeet féieren. GHB muss verdënnt ginn an ass immens schwéier ze doséieren. Eng Drëps ze vill ka schonn zu enger Iwwerdosis féieren....
-
Folge 10 - Ketamin
Wann an dëser Folg vun „Special K“ geschwat gëtt, ass domat net eng Schossel Cornflakes gemengt, mee d‘Substanz Ketamin, déi och haut nach heiansdo an der Noutfallmedezin a virun allem an der Déieremedezin als Narkosemëttel benotzt gëtt. D’Jessy an de Luc diskutéieren, wat Ketamin als Drog fir…
more -
Folge 09 - Syntheetesch Cannabinoiden
An dëser Folg schwätzen d’Jessy an de Luc iwwer d’syntheetesch Cannabinoiden, déi zu de sougenannten NPS (neie psychoaktive Substanzen) gezielt ginn. NPS ass e Sammelbegrëff fir chemesch hiergestallten Substanzen. Mëttlerweil gëtt et honnerte vu verschiddenen syntheetesche Cannabinoide bei deenen...
-
Folge 08 - LSD
Firwat nennt een den Dag vun der Entdeckung vun der Wierkung vum LSD op d’Bewosstsinn de Bicycle-Day? D’Jessy an de Luc schwätzen iwwer d’Urspréng vum Lysergsäurediethylamid oder ebe kuerz LSD. De Luc erkläert, dass ee vum LSD net kierperlech ofhängeg ka ginn. Wat d’Gefor vun enger psychescher...
-
Folge 07 - Psychedelesch Pilzen
Magic Mushrooms, Fungien, Psyllos, Mexikaner, Hawaianer. Si hu vill Nimm, déi psychedelesch Pilzen. Mee wat sinn déi Zauber-Champignonen dann eigentlech lo genau a wéi wierken se? D’Jessy an de Luc geheien e Bléck zréck an d’Geschicht, diskutéieren den Ënnerscheed tëscht de klassesche Magic...
-
Folge 06 - MDMA / Ecstasy
Als „Partydrog“ oder och als „Kuscheldrog“ ginn Ecstasy respektiv MDMA och bezeechent. Ecstasy ass dobäi e Sammelbegrëff fir verschidde Substanzen, déi eng änlech Wierkung hunn, an MDMA ass déi bekanntsten dovun. Wat gëtt et nach alles ze wëssen a sinn et wierklech just „harmlos faarweg Pëllen“...
-
Folge 05 - Kokain
Kokain gehéiert zu der Grupp vun Drogen, déi opputschend wierken. Mee, ass dat wouer, datt fréier am Coca Cola Kokain dra war? An ass an de Koka-Bliedern a Südamerika dat selwescht dra wéi an dem wäisse Pudder? D`Jessie an de Luc ginn der Saach op de Grond a klären nach vill méi aner Froen. Hues…
more -
Folge 04 - Cannabis
D’Bléie vum Cannabis ginn och nach Gras, Weed oder Marihuana genannt. Planz vun där Bléie kommen, heescht Hanfplanz. De gepressten Haarz vun der Planz och nach Haschisch oder Shit genannt. An wéi gesot, haut schwätze mer iwwer eng deemools illegal Drog, d.h zu Lëtzebuerg ass Cannabis nach ëmmer…
more -
Folge 03 - Koffein
Kaffi, Cola an Energy Drinks begleeden eis duerch de ganzen Dag? Vill Leit kënne bal net ouni. Kee Wonner, datt Koffein déi am meeschte konsuméiert Droge ass. Mee, firwat ass dat esou? Wat ass esou besonnesch um Koffein a gëtt et iwwerhaapt Nodeeler oder Risiken? All dat an nach vill méi...
-
Folge 02 - Alkohol
Alkohol ass e gudde Léisungsmëttel, et ka Famillen, Bezéiungen, Frëndschaften opléisen.., mee leider léist den Alkohol keng Problemer! Ma dat mécht Mëllech och net! Sou oder sou änlech Spréch iwwer den Alkohol fënnt een der honnert, mol méi witzeg mol manner… Mee wat ass dann den Alkohol – eis...
-
Folge 01 - Tubak
Historesch gëtt et vill do ze zielen, wéi den Tubak eriwwer an Europa komm ass oder, dass zum Beispill a Russland em déi eicht Hallschent vum 17. Jht den Tubakskonsum vum Klerus als Doudsënn ugesi war an ee bestrooft ginn ass wann ee beim Fëmmen erwëscht ginn ass, an zwar ass dann engem d`Nues...
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Drug Stories ass déi néi Rubrique vum Centre National de Prévention des Addictions (CNAPA) an Zesummenaarbecht mat Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA All Woch schwätze Jessie an de Luc iwwert aner Themen: Medien, Sex, Kaffi, Alkohol, Cannabis, Kokain, GHB a villes méi...Hues du nach weider Froen, mell dech um Service Fro-No: Tel: 49 77 77 – 55 oder per Mail: [email protected] Weider Infoe fannt der och um Site cnapa.lu
HOSTED BY
Centre National de Prévention des Addictions
Loading similar podcasts...