PODCAST · arts
Ëmgefall an Ausgelaf
by Danièle a Joël
E Podcast vum Danièle a JoëlE Blogger an eng Journalistin, am Gespreich.Infoen: emgefallausgelaf.com
-
22
Nr. 20 - Frëndschaften
Frëndschaften ass e wichtegt Thema. Eng empiresch Studie seet, dass gutt Frënn musse minimum 200 Stonnen an dräi Méint matenee musse verbréngen. Dat ass vill! Brauch et esou vill Stonnen oder net? Wat ass eng gutt Frëndschaft? Wéi wichteg si gutt Frënn?
-
21
Nr.19 - Mir ginn an d'Pensioun (oder och net)
Nee, eise Podcast geet nach net an d'Pensioun. Haut hu mer en kleng Premiere, mir hunn vir d'éischte Kéier en Invité. D' Vibeke Walter vu Gero, déi gehollef huet Coachen ze forméieren, déi d'Leit begleeden, wann se an d'Pensioun ginn.E wichtegt Thema, well mat Reesen, Rauem a Raschte ass et an der Pensioun net gedoen.https://emgefallausgelaf.comLinks aus dem Podcast:https://www.gero.lu
-
20
Nr.18 - 1.Abrëll
Jo, haut ass den éischte Abrëll a well mer soubal net mei e Podcast genee op den Dag erausbréngen, si mer e bësse wulle gaang wou dat hier kennt. De Brauch ass mei al wéi e mengt. Alles Guddes fir den Dag a faalt op näischt a keen eran! emgefallausgelaf.com
-
19
Nr.17 - Faarwen
Haut schwätze mer iwwer Faarwen, net an der Molerei, wou se sécherlech hier Wichtegkeet hunn, ma iwwert d'Faarwen aus eisem Alldag a wéi mir drop reagéieren. Wat ass eis Liblingsfaarf a wat fir eng net, a wéi beaflossen eis Faarwen?emgefallausgelaf.comLinks:Interview a Bicher vum Michel Pastoureauhttps://www.editionspoints.com/auteur/michel-pastoureau/4851https://youtu.be/vDWYAKxVyuE?is=SiDHBtOW4iuPqU2lFaarwen Test:https://youtu.be/fYz05BZO63U?is=hmY6cTO96RmrUo_B
-
18
Nr.16 - Spréch an Zitater / Deel 2
Mir haten op eis Episod iwwer Spréch an Zitater eng Partie Réckmeldunge kritt. An der tëscht hu mir och eng rei Spréch an Zitater gesammelt. An do ginn et der eng Hellewull mat Déieren. Deene gi mer haut mol eng Grimmel méi op de Fong.
-
17
Nr.15 - Wat vun eis bleiwt
Des Kéier hu mer méi en eescht Thema. Mir hunn eis Gedanke gemaach, iwwert dat wat vun eis bleift, wa mer irgendwann net mei do sinn.
-
16
Nr.14 - Fuesend
Haut schwätze mer iwwert déi fënneft Joreszäit. Fuesent /Karneval / Fasching. Mir zwee waren nach ni begeeschtert Fuesboken. Awer och mir gesinn, dass sech munches an deene leschte Joerzéngten verännert huet. Wat genee, a wéi Fuesent anerwäerts gefeiert gëtt, dat ass haut eist Thema.
-
15
Nr.13 - Schéin an Ellen
Mir ginn et zou, et ass e subjektiivt Thema. An awer bestëmmt et ganz Villes an eisem alldeegleche Liewen. Wat fanne mer schéin a wat net? A firwat?Refashioned Hippie: https://youtube.com/shorts/oQXThSsZ7V0?si=tNIAB6m0v_nEGy6Q
-
14
Nr 12 - Musée Bonnat Helleu zu Bayonne
Mir waren am Musée Bonnat Helleu zu Bayonne, den Enn vum leschte Joer seng Dieren no 14 Joer erëm opgemaach huet. Firwat dat esou laang gedauert huet a wat et do alles ze gesi gëtt, doriwwer schätze mer live op der Plaz an dëser EpisodeFotoen:https://emgefallausgelaf.com/
-
13
Nr.11 - Kaddoen
Keng Angscht! Mir wëllen op Chrëschtdag kengem an d'Gewësse rieden dass dat villt Gekaddos net gutt ass. Awer Kaddoe maachen a kréien ass eppes wou mer vill Erwaardungen dra stiechen. Wat, wéini a wiem schenke mer eppes?emgefallausgelaf.comErinimmte Link aus den Joël sengem Blog:https://joel.lu/2022/10/25/das-parfum-2/
-
12
Nr.10 - Mir maache näischt
Haut maache mer näischt. Dat heescht, mir maache net näischt näischt, awer mir schwätzen doriwwer wéi et ass näischt ze maachen, an ob mer dat iwwerhaapt nach kennen an eiser Welt, déi ëmmer méi a manner Zäit vun eis verlaangt.emgefallausgelaf.com https://utopia.de/ratgeber/niksen-gluecklich-sein-im-nichtstun_419230/https://www.buddenbohm-und-soehne.de/2025/08/15/die-stunden-zwischen-hotel-und-bahnhof/https://www.bps.org.uk/psychologist/brain-doing-lot-something-when-we-appear-be-doing-nothing
-
11
Nr.9 - D‘ Ausstellung X-Ray an der Völklinger Hütte
Mir waren d‘ Austellung X-Ray an d'Gebléisshaal vun den Völklinger Hütte kucken. Mir erziehlen Iech wat während eisem Rondgsng gesi hunn. Fotoen ginn et op emgefallausgelaf.com ze gesinn. https://emgefallausgelaf.com/https://voelklinger-huette.org/de/ausstellungen/-/x-ray-die-macht-des-roentgenblicks/809
-
10
Nr.8 - Virwëtzeg sinn
Am Bild kann een et erkennen. Wa mer iwwert de gesonde Virwëtz schwätzen, iwwert den och Forschungsarbechte gëtt, da musse mer och sou al Spréch wéi ‚Curiosity kills the Cat ‚ausgruewen. Wou kennt de Sproch hier, a firwat ass de Virwetz heiansdo net gut?
-
9
Nr.7 - Mir si beim Mier
Dëse Podcast hu mer opgeholl wéi mer beim Mier waren. D'Mier wat een am Hannergrond hiert ass original vun der Platz um Atlantik wou mir zwee waren. Wat mech d'Faszinatioun vum Mier aus, dass mir, wei vill aner Leit och, ëmmer erëm gäre bei d'Mier kommen? Wéi gutt kenne mer dat Element?Links:Ocean vum David Attenbourough https://www.imdb.com/title/tt33022710/Le Grand Bleu: https://fr.wikipedia.org/wiki/Le_Grand_BleuMystriöse Kreise bei Korsika : https://www.arte.tv/de/videos/104006-000-F/die-mysterioesen-ringe-vor-korsika/?utm_source=ios&utm_medium=share&utm_campaign=104006-000-FHomepage: emgefallausgelaf.comInstagram: @emgefallausgelaf
-
8
Nr.6 - Mir ginn an de Kino
Eng Passioun vun eis zwee, ass an de Kino goen. Firwat ass dat esou? Doriwwer schwätze driwwer, an och wat fir eng Filmer eis impressionéiert hunn an eis bis haut net aus dem Kapp ginn.
-
7
Nr.5 - Liesen
Eng Passioun vun eis zwee ass liesen. Awer et gëtt ëmmer manner gelies. Dat weisen och déi neiste Studien an Ëmfroen. Wei mer liesen a wat mer liesen, dorëms geet an dësem Podcast.Eis Homepage: https://www.tumblr.com/emgefall-an-ausgelafNew York Times: https://www.nytimes.com/2025/08/20/well/reading-pleasure-decline-study.htmlThe Guardian: https://www.theguardian.com/books/2025/aug/08/the-genius-of-trees-by-harriet-rix-review-how-trees-rule-the-worldBicher vum Danièle: https://juliaschoch.de/romane/https://en.wikipedia.org/wiki/Wolf_Hallhttps://en.wikipedia.org/wiki/Bring_Up_the_Bodieshttps://en.wikipedia.org/wiki/The_Mirror_%26_the_LightBuch vum Joël:https://www.ullstein.de/werke/leonardo-da-vinci/hardcover/9783549076439
-
6
Nr.4 - Souvenire sammelen
Mir sammelen alleguer Souveniren, sief et am Kapp oder a materieller Form. Ob kleng Figurinnen oder Gebees Lastiker am Wulltirang. Wat, a wéi mir sammelen ass haut eist Thema.https://www.tumblr.com/emgefall-an-ausgelafhttps://www.wickelfisch.ch
-
5
Nr.3 - Spréch an Zitater
Als Kanner krute mer se oft ze héieren, kleng Spréch an Zitater, Heiansdo hu mer se net verstan, oder mir si rose ginn. Fir des Episod hu mer der eng Rei erausgesicht, déi mir selwer ëmmer erëm ze héiere kruten. Wann dir der och kennt, schéckt eis se eran via Kommentar, oder op eiser Homepage tumblr.com/emgefall-an-ausgelaf. A vläicht gëtt et dann nach en zweeten Episod.
-
4
Nr. 2 - War fréier alles besser?
Wa mer an eisen eischten Podcast en Thema haaten, an dem mir eis auskannt hunn, ass et des Kéier méi en eescht Thema. War féier alles besser? Wéini fréier? Wirklech alles?
-
3
Nr.1 - Schwammen
Schwammen ass bei eis e grousst Thema. Wei hu mer schwamme geleiert? Firwat maache mer dat haut nach gär? Déi Froe a vill anerer beäntwerte mer an eisem éischte Podcast.
-
2
Nr.0 Pre Podcast
Mir stellen eis vir a wat mer wëlles sinn.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
E Podcast vum Danièle a JoëlE Blogger an eng Journalistin, am Gespreich.Infoen: emgefallausgelaf.com
HOSTED BY
Danièle a Joël
CATEGORIES
Loading similar podcasts...