PODCAST · comedy
Erklär&Laach
by Baschti, Philippe a Joe
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt.Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Episodes
-
Ep.142: Duck Féiss Revival mam Argent Difficile
De bis elo réischt 3. Gaascht an der joerdausenden aler Geschicht vun eisem Podcast ass e Mann wéi e Molotov-Cocktail - den Argent Difficile. Bekannt als Tiktok-Geess huet hie mat sengem Stream viru kuerzem ugefaang, Duck-Féiss-Watchparties ze feieren an sou dat aalt Comedy-Wëssen un déi kommend...
-
Ep.141: Methadon fir RTL-Kommentarer
Wien den däischtere Sumpf vun den RTL-Kommentarer vermësst, deen ass hei op der richteger Plaz: Mat populistesche Schenkelklopfer wéi "Souguer dat huelen se eis fort!", oder dee beim Kolleg Max Feller beléifte Sproch "Dat war bestëmmt e Franzous!" (Quell vun dëser Info: D'Zeitung "Land", mir...
-
Ep.140: Vum falsche Wee ofkomm
Et ass Erklär&Rentrée. Mir hunn eis am Fong bedeckt gehalen, fir net mat de PISA-Resultater a Verbindung bruecht ze ginn, mee lo si mir wéi e schwéire Fall vun Herpes awer nees ongewollt zréckkomm. Kommt mir maachen dat bescht draus...
-
Ep.139: End of Season Party
Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht. An no der Fold stierze mir eis direkt an de Summerschlof, dee mat Dom Pérignon a Wachteleeër standesgemäss erbäigefouert gëtt. Vill...
-
Ep.138: Schwaarzt Summerlach
Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen? Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee. Mat Themen vun A wéi Fifa-Skandal bis Z wéi Zäppchen ass nees fir vill onnëtzt Hallewwësse...
-
Ep.137: Noutfallbetrib wéinst Iwwerhëtzung
Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti ass weiderhinn keen nationale Fussballheld. Dozou geselle sech weider Themen, déi fir en...
-
Ep.136: Weltmeeschterschaft vun den Abseitsfalen
Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat de Lëtzebuerger Allstars ze blaméieren. De Pippo setzt sech vehement fir eng permanent...
-
Ep.135: Blanne Jang Grindset
Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine. De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals…
more -
Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop
Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht…
more -
Ep.133: Hamster am Goldfëschglas
An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung. De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet. Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik…
more -
Ep.132: Tankstellen-Talk op der Récksäit vum Mound
Léif Fësch, iech erwaart nees eng gutt gemengten, awer schlecht ëmgesate Mëschung aus lokale Kuriositéiten an internationale Geschichten: Wéi eng Uertschaft zu Lëtzebuerg bitt déi beschte Liewensqualitéit – a wéi eng kann een an d'Poubelle trëppelen? Dat suergt bei eis 3 Lokalmatadoren fir hëtzeg...
-
Ep.131: Domm gelaf
Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here). Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag,...
-
Ep.130: Aaschbomm mam Raphael Stacchiotti
An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een, dee mir säit eisen Ufäng (mir hunn eist Podcast-Séipäerdchen 2019 gemaach) schonn ëmmer...
-
Ep.129: Awer nees an d'Suckel kritt
Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi net vu gloräichen Zäite bezeien, mee eng Metapher sinn fir d'Vegänglechkeet vum Liewen....
-
Ep.128: Genuch an d'Suckel kritt
Zwou Wochen. Dat ass anscheinend genuch Zäit am Joer 2026 fir d'Welt komplett op d'Kopp ze stellen. Vu Venezuela iwwer Grönland bis an den Iran gouf am neie Joer direkt mat der geopolitescher Bazooka geschoss, wärend mir 3 nach am wuelege Wanterschlof waren. Mee de Podcast mat Primärschoulniveau...
-
Ep.127: Äddi 2025
- Guerilla sponsored by Luxlait (dat heescht si wëssen nach näischt vun hirem Gléck - Fir den Ofschloss vum Joer fir jiddereen e bëssi manner ronn ze maachen, melle mir eis nach eng leschte Kéier, direkt virun de Feierdeeg. Wann dir also an den nächsten Deeg bei äre "Léifsten" um Dësch sëtzt, dem...
-
Ep.126: TAUMEL Awards 2025
Et ass nees Zäit fir de grousse Joresréckbléck an d'Verdeelung vun de prestigeträchtegsten Awards an der Groussregioun. D'TAUMEL Gala bitt dëst Joer nees déi albekannt Kategorien wéi de Vull vum Joer, awer och Neies, wéi de beschte Fetish. Ditt äre feinsten Zwirn un a kuckt mat eis zréck op e méi...
-
Ep.125: Synapsekierfecht
Pünktlech fir d'Adventszäit kënnt Neies vun den dräi Bouwen, deenen hir Schaukel als Kanner ze no un der Mauer stoung. Mir maachen de Rapport d'activité vum Joer 2025 a kucken an engems no vir: Wat gëtt et dëse Wanter zu Lëtzebuerg ze dinn, wéi kann een an der Belle Etoile vun deene beschte...
-
Ep.124: Wat ass déi beschte Stad am Land?
Häerzlech Wëllkomm zréck bei den Haupeschbléiser ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Mir hunn eng ganz speziell Folleg fir iech, frësch aus dem Schäffchen an nach gutt waarm: Tëscht Haftbefehl-Mania an neien New Yorker Buergermeeschteren hu mir och eng Prise vun deene wierklech wichtege Sujete mat…
more -
Ep.123: How do you do, fellow kids?
Iergendwéi si mir duerch eis altersbedéngt Ersatzgebësser net méi um Zannt vun der Zäit. Wat ass geschitt? Wéini hu mir opgehal, jonk an domm ze sinn, an ugefaang, al an domm ze sinn? Wéi bei enger zolitter Quarter Life Crisis loosse mir eis dat net soen a probéiere verbass, fir nees Uschloss un...
-
Ep.122: Ass de Guillaume de GOAT Lëtzebuerger?
Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass. Dofir schwätze mir an dësem Podcast nëmmen iwwer rechtlech konform Themen: Alles, wat d'Regierung richteg mécht, firwat...
-
Ep.121: Good Vibes Only
Mir probéiere vum Trounwiessel bis Tonga just positiv Neiegkeeten zouzeloossen, fir dem groen Alldag vun eiser Zäit ze entgoen. Wéi sou vill Projete vun eis, vun der Schoulkarriär, iwwer Duck Féiss, bis bei eis Liewensziler, geléngt dat awer net sou richteg... Mee ëmmerhin: Dës Folg ass vun eisem...
-
Ep.120: Erklär&Rentrée
De Cirque du soleil ass nees am Land, a mir hunn iech eppes aus der Vakanz matbruecht: ee Cancel-Culture-resistente Cocktail aus Réckbléck an Zukunftsmusek, mat vill Äis a wéineg Inhalt. Häerzlech Wëllkomm fir eng nei Staffel vun "Wéi laang kënnen se um Rand vum Vulkan danzen, bis se drafalen?"…
more -
Ep.119: Lescht Limoncello Lounge
Ee leschte groussen Hurrah virum Summer an eng lescht Dosis Anti-Histamin fir all eis Intelligenzallergiker. Mir gesinn eis eng final Kéier fir dës Saison, éier mir eis kreativ Batterien (di kleng ronn, di net laang halen) nees oplueden. Éier de Philippe also seng gefillt 10. Weltrees start, de…
more -
Ep.118: EU SPECIAL ⎸ 3 Idioten am EU-Parlament
Den Zirkus reest op Bréissel! De Büro vum Europa-Parlament zu Lëtzebuerg huet eis agelueden, fir an déi helleg Halen vun der Demokratie ze pilgeren, an eise Podcast am Häerz vun eiser Unioun opzehuelen. Do hu mer natierlech direkt zougesot, eis kontrovers Meenungen an eng Valiss gepaak a si mam...
-
Ep.117: Summer, Sonn & Shitstorm
Mir lauden offiziell de Lëtzebuerger Summer an - denkt u Stauséi, Terrassen & laang Nuechten mat den Homies an Queens ënner fräiem Himmel. Fir den Optakt vun den dräi eenzege Méint mat genuch Sonnenastrahlung fir Depressiounen ze vermeiden ze feieren, zerwéiere mir eng frësch Mëschung aus héchst...
-
Ep.116: Alternativen Zeenewiessel
Wanns de op der Sich no enger Podcast-Alternativ zum Zeenewiessel bass, an du fënns einfach näischt, wat dat Lach fëllt... Tronkil Bre, hei bass de richteg: Vum ING Night Marathon iwwer d'Gëlle Palm fir Lëtzebuerg bis bei dem Joe seng rezent Entdeckunge vum Massesport decke mir alles of, wat dës...
-
Ep.115: Vulnerabel am Baumaart
Chat GPT, wourëms geet et beim Podcast Erklär&Laach? Äntwert: De Podcast Erklär&Laach ass nach ëmmer aktiv a gëtt reegelméisseg aktualiséiert. Den Trio Baschti, Philippe a Joe, bekannt als déi "dräi Idioten vun Duck Féiss", liwwert zanter 2019 eng Mëschung aus Satir, Humor a lëtzebuergescher...
-
Ep.114: Mir si Poopst
Wäissen Damp um Podcasthimmel, well mir hunn e Géigepoopst fonnt. Mam Poopst Cholesterol II. bidde mir eng éierlech down-to-earth Alternativ zu der kathoulescher Kierch an hire Versäumnisser. Dir kënnt iech eisem Kult ab elo uschléissen, maacht eis einfach en Digi mat op mannst engem dräistellege...
-
Ep.113: Fro net sou domm!
Dir wënscht iech eng Ulafstell fir är Froen, eng Plaz, wou een endlech eppes iwwer de Sënn vum Liewe léiert, ee Safe Space fir all déi peinlech, intim, awer wichteg Sujeten ze beschwätzen, déi iech scho laang beschäftegen? Da sidd dir hei genau richteg. Mir këmmeren eis an dëser Folg ëm all déi...
-
Ep.112: WAS LOS AR$@#L0€%
Mir iwwerhuelen radikal vu riets (verkéierstechnesch, net politesch) mat engem Podcast, dee sech bëssi ufillt wéi di obligatoresch Fréijoersbotz: nerveg, laang, awer duerno fillt ee sech iergendwéi besser. D’Theme gi wéi gewinnt wäit auserneen: vum Joe senger Klepp bis bei d’Lëtzebuerger…
more -
Ep.111: Bom Dia Baaschterten
Mir releasen eisen éischten exklusiven Spotify Softporno, bei deem dir eis elo och stalker-mässeg nokucke kënnt fir äre Pläséier. Leider hiewt dat d'Qualitéit vun den Diskussiounen net: Bei Baschti-Bashing, Pippo-Philo a Joe-Jokes ass inhaltlech alles wéi gewinnt. Bonne dégustation.
-
Ep.110: Gëllene Schoss
Mir sinn zréck vun eisem Ausfluch bei d'Clickbait-Götter vun der gëllener Fro. Nom wierklech normalen a gesellege Gespréich mat eisen zwee Podcast-Kompatrioten ass et dofir Zäit, dass mir an eiser steinzeitlecher Höhl nees den IQ-Thermostat op 5 Grad ënner 0 stellen. Dir sidd zréck an ärer...
-
Ep.109: KI-Chaos nom Tatort
No eisem Ausfluch an den True-Crime-Genre kënnt elo den Origin-Album vun eiser drëttklasseger Boyband: eng chaotesch an oniwwersiichtlech Mëschung aus eisen dräi Stëmmen a Stëmmungen. Vun der Tatort-Aftermath iwwer d'weltpolitesch Lag bis bei d'Wanderausstellung vum ZLS decke mir alles oof, wat...
-
Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel VI)
40 Joer no den Evenementer rondrëm d'Waldbëlleger Band hëlt den Nico Reisdorff sech Zäit fir e Gespréich mat eis. Hien bléckt zréck an zielt eis seng Siicht op d'Evenementer vun deemools...
-
Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel V)
D'Situatioun spëtzt sech zou: Op enger enormer Verfollgungsjuegd mat der Police an der Gendarmerie ginn de Waldbëlleger soulues d'Léisungen aus... hunn si et lo engülteg ze wäit gedriwwen? Oder gëtt et nach en Auswee aus dëser Eskalatiounsspiral?
-
Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel IV)
Et gëtt eescht fir d'Waldbëlleger, déi et nach eng leschte Kéier ganz grouss packe wëllen. Mat engem Iwwerfall, deen et sou zu Lëtzebuerg virdrun nach ni gouf... an dat aus guddem Grond.
-
Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel III)
D'Faass leeft iwwer. D'Band besteet mëttlerweil aus ronn 16 Persounen, déi direkt oder indirekt un hiren Iwwerfäll bedeelegt sinn... si hunn awer keng Persoun, déi sech ëm d'Resources Humaines këmmert. Dofir mussen d'Käpp vun der Band dat selwer an de Grapp huelen...
-
Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel II)
No hirer Origin Story geet et lo am zweete Kapitel vun eiser Geschicht ëm di éischt Iwwerfäll an Schéissereie vun der Band. Och wann et uganks nach gutt leeft, a si d'Kriminalitéit zu Lëtzebuerg op en neie Level hiewen, wäerte sech scho séier di éischt Problemer weisen... Keen ass sécher, och net...
-
Tatort: Lëtzebuerg - D'Waldbëlleger Band (Kapitel I)
Viru 40 Joer huet sech ee vun de gréisste Kriminalfäll an der Lëtzebuerger Geschicht zougedroen. Eng Rei jonk Männer hunn deemools mat Iwwerfäll, Schéisseren a Morden dee ganze Grand-Duché an Angscht a Chaos gestierzt. No laangen an ausféierleche Recherche si mir elo prett, fir d'Geschicht vun…
more -
Ep.108: Ee Leschte virum Tatort
Och am neie Joer kënnt dir vun eis nees ee Podcast-Schmaus op Stären-Niveau erwaarden. Haut zervéiere mir e Velouté aus feinstem Wuertwitz, Aktualitéit an literareschem Savoir-Vivre. Mee mir maachen och eppes neies: Mir wiesselen (temporär!) vun eisem gewinnte Podcast-Genre, an deem mir eis sou...
-
Ep. 107: 5/6 Pensioun fir de Jang Linster
Häerzlech Wëllkomm bei den Décke Fësch am Bambësch. Mir huelen dës Woch vum Jay-Z bis bei de Gast Gybérien d'Patriarchat ënner d'Lupp a wierzen dat natierlech wéi gewinnt mat Wuertwitzer an Hallewwëssen. Bonus Content op DVD 2 (Sorry kids, boomer joke): De Pippo huet 10 Fakten iwwert de Kambodsch…
more -
Ep.106: Kardinol Sënnen
Yo Talahons, sorry fir d'Interruption bei ärem Söder Kebap, mee wéi der wësst, ass lo nees cold & grey zu Lëtzebuerg. A grad an der Wanterzäit (fréier Adventszäit genannt) brauche mer nees méi Wäermt, méi Mateneen, méi Versteesdemech. Onoofhängeg dovunner hu mir eng nei Fold vun der E&L opgeholl....
-
Ep.105: Meuterei op der Bounty
Lëtzebuerg läit alt nees an der Mëtt vun der Welt: D'Piratepartei schéisst sech selwer Lächer an d'Schëff a bei der Caritas gëtt et e Robin Hood mat enger Uno-Reverse-Kaart (Hëlt vun deenen Aarmen a verdeelt d'Suen op verschiddenen Off-Shore-Konten). Mir beschwätzen dat zesumme mat weideren...
-
Ep.104: Tapis Plein um Grand-Duc senger Toilette
De beschten Investigativ-Podcast vu Lëtzebuerg (w.e.g. zu dëser Ausso keng Recherche maachen) mellt sech mat Updates zu deene wierklech wichtege Sujeten: Wéi gesäit et am privatsten Deel vum Schlass Bierg aus? Wat wëllen d'Leit vum Joe wierklech wëssen? A wien ass dee feméise Mënsch, deen e ganze...
-
Intermezzo VI - Rumeur oder Wourecht?
Mir mellen eis just kuerz aus eisem Erklär&Gaart fir mat iech eng Partie Gossip Gurlz ze spillen - an iech ze berouegen, dass déi nächst Folg E&L um Wee ass. Oder ass dat éischter beonrouegend?
-
Ep. 103: Zréck aus der Vacannes
Whazup Kweens, är Bitch Bois sinn nees um Stizzle! No enger laanger, laanger Paus widme mir eis nees de wierklech wichtege Froen: Firwat gëtt et eis nach ëmmer? ASS SOU EEN ONDIVERSEN, SEXISTESCHEN, RASSISTESCHEN, GLUTENINTOLERANTEN, ONWITZEGEN AN NET STRUKTURÉIERTE PODCAST NET KOMPLETT...
-
Ep.102: Léiert eppes - wat dir ni méi braucht
Exklusiv an dëser Folg: Dat neit Lidd 'Two Corns in a Field' vum Saylor Twift!!! Den Neijoersvirsaz ënnert de lëtzebuergesche Podcasts start mat Elan an den üblechen zwou bis dräi Geschlechtskrankheeten an dat neit Joer a versprécht wéi ëmmer wéineg Spaass, weder fir Grouss nach fir Kleng. Dofir...
-
Ep.101: De Grousse 'Féck Dech 2023' Joresréckbléck
Och wann et NACH NET eise versprachene Live ass: mir kënnen iech net einfach esou hänke loossen. Bei den 3. groussen TAUMEL Awards blécke mir am Smoking op dat lescht Joer zréck a verginn déi prestigiéis Präisser a beléifte Kategorien, wéi zum Beispill 'Vull vum Joer' oder 'Grond fir den 112...
-
Ep.99: Et ass ENDLECH riwwer
Enthält: Sträitgespréicher, domm Wuertwitzer, Falschinformatiounen. Grad wanns de mengs, dass de et gepackt hues fir wärend 6 Méint politescher Dauer-Kommunikatioun net verréckt ze ginn, komme mir 3 fréipensionnéiert Radiosgesiichter em den Eck a ginn dir de Gnodestouss. Spéitstens an dëser Folg...
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt.Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
HOSTED BY
Baschti, Philippe a Joe
CATEGORIES
Loading similar podcasts...