Euranet Plus Podcast podcast artwork

PODCAST · news

Euranet Plus Podcast

Wat brauchs du an ech vun der Europäescher Unioun? Eis Journalisten an der EU sinn där Fro op de Fong gaangen.

Publisher-supplied feed metadata · PodParley refreshed Aug 21, 2026 · Source feed

  1. 44

    Europa Muer: Spiounen a Geheimdéngschter: Wiem kann een nach trauen?

    Dës Kéier geet et awer ëm e Beräich, wou ee wuel eppes driwwer weess an awer huet ee kaum en Duerchbléck. An zwar geet et ëm Geheimdéngschter oder Noriichtendéngschter. Wat sinn hir Missiounen? Wat sinn déi nei Erausfuerderungen, déi op d’Noriichtendéngschter duer kommen, a wéi preparéiere sech d’EU-Memberstaaten dorobber. Besonnesch well et net ganz kloer ass, wéi eng Roll d’USA an deem Ganze spillen, an a wéi wäit een nach op d’Ënnerstëtzung vun den USA ziele kann.  Wéi schaffen d’Geheimdéngschter da bannent der EU zesummen - besonnesch mat der Situatioun, datt an der EU Länner aus West- an Osteuropa elo Partner sinn, wat jo historesch net ëmmer esou war. De Jean Claude Majerus huet an dësem Podcast d’Meenung vu villen Experten zesumme gedroen, mee am Resumé kann ee scho festhalen, datt “Vertrauen” eng ganz wichteg Approche an der Aarbecht vun de Geheimdéngschter ass.

  2. 43

    Europa Muer: Si mir prett fir déi nächst Generatioun vu Kricher?

    An den nächsten dräi Episode vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” steet d'Defense a Sécherheet, Arméi an alles wat mat Militär ze dinn huet, am Mëttelpunkt. An dat schéngt jo u sech kloer mat der aktueller Krich-Situatioun an Europa, de Konflikter am Noen Osten an och mat der dach alles anescht wéi stabiller Realitéit am Wäissen Haus zu Washington, zënter deem den aktuellen US-President Donald Trump do nees d’Soen huet. An eise Podcaste goung scho méi dacks iwwer KI a soss neien technologeschen Entwécklunge rieds an déi hunn natierlech och an Afloss an de Beräicher Defense a Sécherheet. An dofir geet et haut an éischte vun dräi Podcasten zum Theema Defense a Sécherheet ëm d’Fro, ob d’EU an d’Welt iwwerhaapt prett ass fir déi nei Generatioune vu Kricher, déi op eis duerkommen, ma deels awer och scho reell sinn. De Jean Claude Majerus huet dofir vill Meenungen an Iwwerleeungen an dësem Podcast “Europa muer” zesummegedroen.

  3. 42

    Europa Muer: Ass d’Gras op anere Plazen an Europa méigréng?

    Am leschte vun dräi Podcasten iwwer déi aktuell Situatioun an Europa am Kader vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” geet et ëm Migratioun. Awer eng aner Migratioun wéi déi iwwert déi et meeschtens an der Aktualitéit geet. Nämlech eng gewësse Migratioun bannent Europa a méi genee beschriwwen, ëm Europäer, déi bannent den europäesche Grenzen hin an hier plënneren. Bleiwen ech oder ginn ech ass eng Fro, déi vill jonk Mënsche sech stellen. Eng éischte Kéier, wou déi Fro meeschtens opkënnt, ass no der Première fir studéieren ze goen, an dat ass fir vill jonk Mënschen déi éischt Occasioun fir eleng anzwousch an engem anere Land ze liewen. Heescht dat dann elo, ech ginn, a kommen ni méi zeréck? Oder ech ginn a komme spéider nees heem, mat Erfarungen, déi mengem Doheem vun Notze sinn. Oder wéi eng Iwwerleeunge spille mat: Sécherheetsfroen? Liewensconditiounen? Finanziell Méiglechkeeten? De Jean Claude Majerus huet dës Approchen am Euranet-Podcast resüméiert.

  4. 41

    Europa Muer: Si mir zum Mësstraue condamnéiert?

    D’Vertrauen ass eng grouss Erausfuerderung vun eiser aktueller Zäit. Datt een deem Anere vertraut hëlt méi a méi of, oder ass deels scho bal komplett verschwonnen. Dofir ass d’Iwwerleeung sécher net all ze vermessen, ob d’Generatioun vun haut dozou verdaamt ass, ze mësstrauen. Gëtt d'Skepsis zu Alles a Jidderengem lues awer e sécher e Standard an eiser Welt? Genee dorëms geet et an dësem Podcast am Kader vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus”. Ass d’Mësstrauen eng Suite vun de sëllege Krisen, déi mir erlieft hunn an nach erliewen: D’Wirtschaftskris, d’Pandemie, Kricher, Inflatioun, Chômage asw. An doduerch huet d’Vertraue vun der Biergerinnen a Bierger an déi demokratesch Institutiounen, grad ewéi an d'Politik och ofgeholl. De Mënsch verléiert an der Zäit vun der “Permakris” d’Capacitéit sech ze erhuelen. Fir de Radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podcast matgeschafft.

  5. 40

    Europa Muer: Muss Europa sech tëschent engem Sozialstaat an dem Krich decidéieren?

    An den nächsten dräi Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech déi Kéier mat der aktueller Situatioun an Europa, mat där, datt de Krich nees zeréck um Kontinent ass, a wéi et soll weider goen, och am Kontext mat der dach destabiliséierter Situatioun am Wäissen Haus zu Washington zënterdeem den aktuellen US-President Donald Trump säin zweet Mandat iwwerholl huet an hie quasi all Dag mat neie Menacen oder neien Iwwerleeungen op sech opmierksam mécht. An dat ass och e Grond dofir, datt Europa an déi Europäesch Unioun méi a méi konkret iwwer e Réarmement vun Europa nodenken, wat natierlech nees nei Froe lancéiert, ënner anerem: “Wéi wäit soll Europa goen?” oder och nach “Zu wéi engem Präis?”. De Jean Claude Majerus huet Meenunge vun Experten an dësem Podcast zesummegedroen, ob Europa wierklech muss de Choix maachen tëschent “Welfare” oder “Warfare”.

  6. 39

    Europa Muer: Wäerten an Zäite vun der KI Schoulen hiert Existenzrecht behalen?

    An der leschter Episod vun de Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” hate mir eis mat der KI an hirem Afloss an hirer Entwécklung an der Aarbechtswelt beschäftegt. Mir bleiwen och déi Kéier nach beim Theema KI, mee mir wiesselen de Beräich a ginn an d’Schoul. Well d’KI jo, gewollt oder ongewollt, och bei Enseignanten, bei Schülerinnen a Schüler an och bei Studenten eng ëmmer méi bedeitend Roll spillt, leie verschidde Froen op der Hand. Froen ewéi: Wéi en Afloss kann d’KI op déi intellektuell Entwécklung vun de nächste Generatiounen hunn? Oder wéi eng Roll sollen a mussen d’Enseignante bei där ganzer KI-Entwécklung spillen? Dat si just e puer Froen iwwer, déi an dësem Podcast geet, an de Jean Claude Majerus huet sech mat den Äntwerten aus ganz Europa ma awer mat der Lëtzebuerger Vue beschäftegt.

  7. 38

    Europa Muer: Wäerte mer iergend eng Kéier eis Aarbechtsplazen duerch d’KI verléieren?

    Viru 15 Joer konnt nach kee sech richteg virstelle wat Kënschtlech Intelligenz ass. An haut an der aktuelle Welt huet d’KI scho méi oder manner en zolitten Afloss a quasi all Beräicher vun eisem Liewe fonnt.  An de nächsten dräi Podcaste mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk “Euranet plus” stelle mir d’kënschtlech Intelligenz, d’KI, oder AI, wéi och gäre gesot, an de Mëttelpunkt. An dësem Podcast elo geet ëm d’KI an d’Aarbechtswelt. Well d’KI entwéckelt sech och an eis berufflechen Ëmfeld ëmmer weider a kritt ëmmer méi e groussen Impakt. An iwwer déi Entwécklung maache sech vill Mënsche Suergen.  A ganz Europa huet Euranet Plus sech fir dëse Podcast fir d’Fro intresséiert: Wat sinn d’Risiken awer och d’Chancen, déi dësen technologesche Progrès fir d’Aarbechtswelt huet? Fir de Radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podcast matgeschafft.

  8. 37

    Europa Muer: Kann d’Europa vu muer d’Sécherheet bei der Ernärung garantéieren?

    An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetzwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech déi Kéier mat der Liewensmëttelsécherheet. An virun allem ëm d’Fro op d’Sécherheet vun eiser Ernärung och an Zukunft ka garantéiert ginn, besonnesch wou et mat dem Klimachangement ëmmer méi dacks Problemer bei de Recolten ginn an och datt d’Valeur nutritive vun eise Liewensmëttel Gefor leeft ëmmer méi a méi a Fro gestallt ze ginn an op se en adäquaten Niveau kann halen. A ganz Europa waren d’Leit vun Euranet plus ënnerwee fir d’Äntwerten ze sichen an ze kucke wéi Situatioun aktuell ausgesäit an natierlech och mat engem Bléck no fir. De Jean Claude Majerus presentéiert iech d’Iwwerleeungen aus Europa ma awer och vu Lëtzebuerg.

  9. 36

    Europa Muer: Gëtt an Zukunft aus europäesche Stied eng Zort Häll op Äerden?

    Besonnesch duerch déi extrem Wiederphänomener, mat deenen ëmmer méi dacks Länner a Stied konfrontéiert ginn, muss ee léieren domadder ëmzegoen, a virun allem och no Initiativen ze sichen, wat een dergéint ka maachen. An do ass jidderee gefuerdert: Vum Urbanist, de Politiker bis bei d’Architekten. De Jean Claude Majerus huet dësen Euranet Podcast zesummegesat, a fir de Radio 100,7 och mat enger Architektin a Bauberoderin geschwat.

  10. 35

    Europa Muer: Wëlle se all an d’Arméi?

    De Rearmement ass sécher e Sujet an der EU, dee muss diskutéiert ginn, besonnesch mat der aktuell geopolitescher Situatioun, déi mir an Europa an och op der ganzer Welt hunn. Et si vill d’Froen, déi ronderëm d’Arméien am Raum stinn, virun allem natierlech, wéi d’Arméien - besonnesch duerch déi nei Technologien an d’KI, déi ëmmer méi eng dominant Roll am modernen oder hybride Krich spillen - sech op déi Situatioun preparéieren. Wéi eng Formatioun brauchen d'Zaldoten? Wéi vill Militär brauche mir? An huet Europa iwwerhaapt d’Capacitéiten, dat ouni Hëllef vun der USA als ee vun Haaptpartner an der NATO ze stäipen? An d’Visioun vun enger europäescher Arméi, ass dat eng Visioun, déi eng Kéier an Erfëllung geet? Vill Froen op déi de Jean Claude Majerus mat der Meenung vun involvéierte Persounen eng Äntwert wëll fannen, wat awer net evident ass.

  11. 34

    Europa Muer: Kënne mir d’Konsequenze vum Klimachangement op d’Gesondheet maîtriséieren?

    An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk Euranet plus gëtt d'Fro opgeworf, ob d’Mënschen iwwerhaapt à même si mam Impakt vum Klimachangement op eisen Alldag eens ze ginn, an ob si sech scho bewosst sinn, wat dat fir d’Gesondheet vun de Biergerinnen a Bierger an der europäescher Unioun heescht. An ee Beispill, wéi schro d’Konsequenze sinn, a och nach méi schlëmm wäerte ginn, weisen déi sëllege Canicullen, mat deene schonn eng ganz Partie europäesch Länner geplot sinn. Fir de Radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podcast matgeschafft.

  12. 33

    Europa Muer: Wäert eist kulturellt Ierwen an Zukunft verschwannen?

    An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrow's Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftegt de Jean Claude Majerus sech dës Kéier ëm déi kulturell Ierfschaft, déi jidderee vun eis eppes ugeet, a et och e wichtege Punkt ass an der Diskussioun iwwer Wäerter an eiser Gesellschaft. Et ass virun allem och d’UNESCO, déi probéiert, mat hirer Initiativ vum Weltkulturierwen, dës kulturell Vergaangenheet och fir déi zoukënfteg Generatiounen ze präservéieren. Mee ass dat dann iwwerhaapt méiglech? Oder ass eist kulturellt Ierwen am gaangen, ze verfalen? Froen, op déi mir an dësem Podcast probéieren, eng Äntwert sichen.

  13. 32

    Europa Muer: Wäerte mir um Enn all déi selwecht Sprooch an Europa schwätzen?

    An dëser Episod vun de Podcasten mat der “Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radiosnetzwierk Euranet plus gëtt Fro op geworf, ob eng gemeinsam europäescher Sprooch eng Kéier Realitéit gëtt. Et geet awer och ëm den Impakt, deen d’Digitalislierng an d’Globaliséierzung op eis Sproochen kënnen hunn. Fir de radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Euranet Podcast matgeschafft.

  14. 31

    Europa Muer: Kann Europa seng Geschicht vergiessen, fir um Enn déi selwecht Feeler nach emol ze maachen?

    Grad elo an dëser Zäit wou d’Fiabilitéit vun der Geschicht a Fro gestallt gëtt oder esou guer a Gefor ass verdréint ze ginn. Et ass un der europäescher Unioun ëmmer nees an ëmmer nees un d’Wichtegkeet vun der, deels gemeinsamer Geschicht ze erënneren. De Jean Claude Majerus huet dëse historeschen Euranet Podcast zesummegesat.

  15. 30

    Europa Muer: Wat wär wann Europa an der neier Welt keng Stëmm méi hätt?

    An dëser Episod vun de Podcaste mat der Iwwerschrëft “Tomorrows Europe” oder “Europa muer” vum paneuropäesche Radionetztwierk “Euranet plus” beschäftege mer eis déi Kéier mat der Stëmm déi Europa an enger neier Weltuerdnung wäert oder kéint hunn, oder och net. De multilaterale Weltsystem fänkt un ze bréckelen, oder sti grouss weltwäit Organisatiounen virun Zesummebroch. A wéi eng Konsequenze kann dat da fir d’Europäesch Unioun hunn? Wou steet Europa eng Kéier an enger Welt déi net méi op Allianzen a Rechtsstaatlechkeet baséiert mä éischter op enger neier Verdeelung vun der Muecht. De Jean Claude Majerus huet Iwwerleeungen dozou aus ganz Europa an dësem Euranet Podcast zesumme gedroen.

  16. 29

    Europa Muer: A wéi engem Team wäert Europa an Zukunft matspillen?

    An dëser Episod vum Podcast "Tomorrows Europe" oder "Europa muer" vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet Plus beschäftege mir eis mat de Relatiounen oder méiglechen neie Relatioune vun der europäescher Unioun mat Partner op der ganzer Welt. Eng Fro déi am Raum steet ass: Wéi gesäit et aktuell mat den traditionelle Partnerschaften aus? Wéi zum Beispill der NATO, der UNO oder soss internationalen Organisatiounen. De Jean Claude Majerus huet dëse Podcast iwwert d’Iwwerliewe vun Allianzen oder iwwer nei Kreatioune vun Allianzen zesummegesat. 

  17. 28

    Europa Muer: Wat gëtt aus der EU an enger Welt vum Protektionismus?

    An dëser Episod vum Podcast "Tommorrows Europe" oder "Europa muer" vum paneuropäesche Radionetztwierk Euranet plus beschäftege mir eis mam Trend vum wirtschaftleche Protektionismus an den Auswierkungen op Europa. D’EU gouf op der Iddi vum Fräihandel a Liberalismus gegrënnt. Mee de Fräihandel huet u Popularitéit verluer, och bannent der EU. Dat gesäit een un der ëffentlecher Reaktioun op rezent Fräihandelsaccorden (CETA, EU-Mercosur-Accord) an och wärend an no der Covid-Pandemie. D’EU gesäit sech elo och mat enger ëmmer méiglecher staarken Hausse vun Douanestaxen aus den USA konfrontéiert, wat zu engem Handelskrich féiere kéint an domadder d’Inflatioun an eng Rezessioun an der EU ausléise kéint. De Jean Claude Majerus huet an dësem Podcast Meenungen aus ganz Europa resüméiert. 

  18. 27

    Europa Muer: Wat, wa mir selwer misste fir den Zougang zu rare Matière-premièrë misste suergen?

    Et ass en Term, dee kengem méi wäert friem sinn, well en an de leschte Méint méi a méi gebraucht gëtt an och dacks an der Aktualitéit steet: Da wa vu sougenannten “Terres Rares” riets geet. Iwwerhaapt ass d'Theema vu Matière-premièrë ganz aktuell, well besonnesch am Beräich vun den neien Technologië ginn där “Terres rares” a verschidden aner kriddeleg Matière-premièrë méi a méi gebraucht. E weltwäite Problem, mat deem awer och déi Europäesch Unioun geplot ass. An dësem Podcast vum paneuropäesche Radinetzwierk Euranet Plus an der Serie “Tomorrows Europe” oder “Europa Muer”, geet et ëm déi rare Materialien a Mineralien, an datt et eng Saach ass, wou ee politesch sécher net ouni eng helle Wull Kompromësser derduerch kënnt. De Jean Claude Majerus huet de Podcast iwwer dee Mineralkrich zesumme gestallt.

  19. 26

    Europa Muer: Wat, wa mir op eis selwer ugewise wieren, fir all eis Engergiebesoinen ze decken?

    Am zweete Podcast vun der neier Serie vum paneuropäesche Radionetzwierk Euranet plus “Tomorrows Europe” oder “Europa Muer” geet et ëm d’Energie. Besonnesch mat der aktuelle Situatioun, déi d’Europäesch Unioun erlieft, mam Krich an der Ukrain, an domadder verbonnen datt ee sech net méi wëllt op Energieressourcen aus Russland stäipen, muss een iwwerleeën, wéi een de Problem mat den Energiereserven an de Ressourcen an de Grëff kritt. D’Journaliste vum Euranet Plus waren a ganz Europa ënnerwee fir sech mat dem Energiezeenario ze beschäftegen. Fir de radio 100,7 huet de Jean Claude Majerus un dësem Podcast matgeschafft.

  20. 25

    Europa Muer: Wat, wann Europa an der Defense op sech selwer ugewise wier?

    Dat paneuropäescht Radionetzwierk Euranet Plus lancéiert eng nei Serie vu Podcaste mat der Iwwerschrëft "Tomorrows Europe" oder "Europa Muer".  D’Radiostatiounen aus dem Reseau Euranet Plus beschäftege sech mat enger Panoplie vun Theemen, déi déi Europäesch Unioun aktuell concernéieren. Am éischte Podcast vun der neier Serie geet et ëm Defense an d’Sécherheet an Europa, oder besser gesot ëm Zukunft dovunner an enger Welt déi am gaangen ass ze changéieren. A wou besonnesch de Krich an der Ukrain an de Wiessel am Wäissen Haus zu Washington der Europäescher Unioun vill Kappzerbrieches maachen. Podcasten, un deenen de Jean Claude Majerus fir de radio 100,7 am europäesche Radionetzwierk Euranet plus matschafft.

  21. 24

    Wéi een Afloss huet den technologeschen Ecart op d’Gesellschaft?

    Déi technologesch Changementer, déi mir aktuell erliewen, hunn d’Muecht, eis Gesellschaft nawell zolidd ze splécken. An dofir ass et wichteg, eng gewësse Kontroll am Beräich vun den neien Technologien ze halen. Et gi scho grouss Ënnerscheeder tëschent den EU-Länner, wat zu enger Diskriminéierung bannent der Populatioun ka féieren. Wat kann d’EU an dësem Fall maachen? Dat ass de Sujet vun dësem Euranet-Podcast presentéiert vum Jean Claude Majerus.

  22. 23

    Wéi kann d'EU d'Leit, déi schaffen, protegéieren?

    An dësem Euranet-Podcast geet et ëm d’Rechter vu manner qualifizéierte Mënschen a wéi si um Aarbechtsmaart kënnen iwwerliewen. Wéi eng Karriärsméiglechkeete kënne si hunn a wéi gesäit et mat de Paien aus? Well vill Mënschen, déi manner Qualifikatiounen hunn, lafe Gefor, duerch nei Technologien an och duerch KI ersat ze ginn. Presentéiert vum Jean Claude Majerus.

  23. 22

    Wat kann d’EU bei den transatlantesche Relatioune maachen?

    Et gouf vill doriwwer diskutéiert a spekuléiert, datt den Ausgang vun den amerikanesche Walen e sougenannten “Turning Point” bei den transatlantesche Relatioune kéint sinn. D’Resultat ass elo kloer: Donald Trump heescht vu Januar 2025 un deen neien oder ale President vun den USA. Wat bedeit eng Trump-Regierung 2.0, a wat hätt d’EU sech bei enger Victoire vun der Kamala Harris erwaart. Doriwwer geet et an dësem Euranet-Podcast, zesummegestallt vum Jean Claude Majerus.

  24. 21

    Wat mécht d'EU fir d'Liewensmëttelsécherheet?

    Wéi gesäit et mat de Produite mat duebeler Qualitéit aus? Ginn et d'Standarde fir Liewensmëttel an der Europäescher Unioun, fir eng adaptéiert Qualitéit ze garantéieren? Oder wéi een Afloss hunn Traditiounen oder Kultur op d'Liewensmëttel? Alles Approchen, déi an enger Fro kënne resuméiert ginn: mécht d'EU genuch fir d'Liewensmëttelsécherheet ze garantéieren? Dat ass de Sujet vum Euranet-Podcast vum Jean Claude Majerus.

  25. 20

    Wéi soll d'EU mat der neier Weltsituatioun ëmgoen?

    D'Welt gëtt mat der Globaliséierung méi a méi onsécher. Mir schwätzen ewell vu Permakris an och d'Relatioun vun der EU an den USA ka sech eventuell veränneren. Nei Muechtzentren entstinn. D’EU muss hir traditionell Partnerschaften an enger Welt, déi sech verännert, iwwerdenken a muss an enger Welt mat limitéierte Ressourcë mat Prioritéiten a Kompromësser jongléieren. Doriwwer geet et dës Kéier am Euranet-Podcast vum Jean Claude Majerus.

  26. 19

    Wat kann d’EU fir abordabele Wunnraum maachen?

    Den Zougang zu abordabelem Wunnraum ass ouni Zweiwel en Haapttheema an der Europäescher Unioun. Et ass och een Theema, dat nawell méi a méi vu rietsextreeme Parteien an d’Viséier geholl gëtt. Datt et e wichtege Sujet ass, gesäit een och dorunner, datt d’EU-Kommissioun elo een eegene Ressort fir de Logement installéiert huet, an de Logementskommissär huet och d’Missioun, een europäesche Plang fir abordabele Wunnraum auszeschaffen. Den Euranet-Podcast Logement gëtt vum Jean Claude Majerus presentéiert.

  27. 18

    Wat soll d’EU maache fir Fraerechter ze garantéieren?

    Och wann et vill Fortschrëtter gëtt, bleift déi geschlechtsspezifesch Gewalt e grousse Problem an der Europäescher Unioun. An och d’Recht op Ofdreiwungen ass a villen EU-Länner nees a Fro gestallt. Besonnesch EU-Memberstaate mat konservative Regierunge sinn an de Froe vun Avortement a Fraerechter nees amgaangen zeréckzegoen, amplaz progressiv no vir. Dat ass de Sujet an dësem Euranet-Podcast vum Jean Claude Majerus.

  28. 17

    Kann d'EU hir Defense garantéieren?

    Duerch de Krich an der Ukrain, déi prekär Situatioun am Noen Osten an och mat den Aussoe vum republikanesche Presidentschaftskandidat Donald Trump, dee méiglecherweis am November nees kéint amerikanesche President ginn, muss déi Europäesch Unioun sech méi a méi Gedanken iwwer hir Defense maachen. A virun allem och méi autonom ze ginn, besonnesch wann d’USA eventuell hir Obligatiounen am Kontext NATO net méi wëllt anhalen. An do stinn natierlech vill Froen am Raum: Wéi soll d’EU hir Defense stäerken? Wier en europäesche Verdeedegungskommissär sënnvoll? Oder wéi wäit soll eng europäesche Remilitariséierung goen? De Jean Claude Majerus huet Detailer am Euranet Podcast vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus.

  29. 16

    Wat kann d'EU maachen, fir d'Ekonomie ze stäerken?

    D’Stäerkt vun der Europäescher Unioun ass d’Ekonomie, jo och de Grond, firwat d’EU iwwerhaapt gegrënnt gouf. Eng vun de wichtegste Prioritéite vun der Europäescher Unioun ass eng Ekonomie ze hunn, déi fir d’Mënsche schafft. Mee genee déi Prioritéit fillt sech dacks ganz wäit vun de Mënschen ewech un an dovunner profitéieren dann nationalistesch a rietsextreem Parteien. Wat kann d’EU elo maachen, fir de Mënschen ze weisen, datt d’Ekonomie fir d’Leit do ass. Eng Fro, mat där sech dat europäescht Radionetzwierk Euranet Plus beschäftegt huet.

  30. 15

    Wéi kann d'EU eng Unioun bleiwen?

    D’Europäesch Unioun ass eng Allianz vun haut 27 Länner, déi sech zesummegedoen hu fir d’Liewe vun de Mënsche besser, méi einfach a méi sécher ze maachen. Mee kann een aktuell nach wierklech vun enger Unioun schwätzen? Hält nach all Land sech un d’Grondwäerter vun der EU, oder stinn nees déi national Interessen am Mëttelpunkt. Et ass wichteg erauszefannen, wat d’EU ka maachen, fir nees méi Eenegkeet an Europa ze kréien, déi dem Term Europäesch Unioun an do besonnesch Unioun gerecht ginn. Zu deem Theema waren nees Journalistinnen a Journaliste vum Europäesche Radionetzwierk Euranet Plus a ganz Europa ënnerwee. De Jean Claude Majerus proposéiert d’Resultater vun hirer Recherche.

  31. 14

    Wat kann d'EU maachen, fir d'Migratioun besser ze steieren?

    D’Migratioun e ganz sensibele mee eminent wichtege Sujet. Besonnesch vill Mënsche flüchten aus hirer Heemecht, fir an Europa e bessert Liewen ze fannen. Wat erwaarden d’Bierger:innen an der Europäeschen Unioun am Kontext vun der Migratiounspolitik? Ass et eng adäquat Aarbecht, déi un de Lännergrenze grad wéi vun der europäescher Grenzagence Frontex geleescht gëtt? Wat sollen Europäer maachen, awer och d’Migranten, fir datt d’Integratioun besser gëtt? Op dës Froe probéiert de Jean Claude Majerus am Euranet Podcast vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus Äntwerten ze fannen.

  32. 13

    Wat hu mir aus der Covid-Pandemie geléiert?

    Esou Menacen, wéi eeben eng Pandemie, sinn eng Erausfuerderung fir déi ëffentlech Gesondheet a virun allem stoppe se net virun de Lännergrenzen. Huet d’EU richteg reagéiert a goufen an de Länner déi richteg Decisioune geholl? Wéi hunn d’Leit op d’EU-Politik wärend der Pandemie reagéiert? Am Fall wou Europa et nach emol mat enger weltwäiter Pandemie ze di kréisch, sinn d’Äntwerten op dës Froe wichteg.

  33. 12

    Wéi kann een Desinformatioun entschäerfen?

    Zanter dem fréieren amerikanesche President Donald Trump hu Fakenews an Desinformatiounen eng ganz nei Envergure a Qualitéit kritt. D’Journalistenekipp vum Europäesche Radionetzwierk Euranet plus war fir dëse Podcast an den EU-Memberstaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen mat de Fakenews an der Desinformatioun stinn. D’Fro ass dobäi: Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?

  34. 11

    Wat wëlle mir fir d'Ukrain?

    Et vergeet bal keen Dag, wou mir net iwwer de Krich an der Ukrain héieren, liesen, gesinn oder doriwwer schwätzen. An dee Krich mécht de Mënschen an der Europäescher Unioun nawell zolidd Suergen. D’EU-Bierger erwaarden och vun der Europäescher Unioun, datt se der Ukrain weider hëllefen a se ënnerstëtzen. Just wann et awer ëm Militärhëllef geet, da ginn d'Meenungen auserneen.

  35. 10

    Wat wëllen déi europäesch Baueren?

    D’Ekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus war fir dëse Podcast an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee. D’Journalisten hunn d’Meenung bei nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen. D’Fro ass dobäi: Wat wëllen d’Baueren?

  36. 9

    Euranet Podcast: Fir wien oder firwat gouf bei den Europwale gewielt?

    An de Podcaste vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus, stellen d’Journalistinnen an d’Journalisten eng ganz Partie Froen, wat d’Biergerinnen an d’Bierger an Europa vun der Europäescher Unioun erwaarden a wat d’EU kann, soll a misst maachen. Hei stinn d’Europawalen am Mëttelpunkt. De Jean Claude Majerus resüméiert Äntwerten zu enger ganzer Partie Froen. Wéi eng Trende kann een aus de Resultater vun den Europawalen erausliesen? Gouf et Verännerungen an der Wielerdemografie oder och, wéi wäerten déi nei Europadeputéiert d’EU-Politik an Zukunft beaflossen?

  37. 8

    Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?

    Zanter dem amerikaneschee President Donald Trump hu Fakenews an Desinformatiounen eng ganz nei Envergure a Qualitéit kritt. D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war fir dëse Podcast an den EU-Memberstaaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen, mat de Fake News an der Desinformatioun stinn. D’Fro ass dobäi: Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen? A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit Presentéiert vum Jean Claude Majerus.

  38. 7

    Wat wëllen d'Baueren?

    D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee an hunn d’Meenung vun nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen. D’Fro ass: Wat wëllen d’Baueren? A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit Presentéiert vum Jean Claude Majerus.

  39. 6

    D’Stëmme vun den EU-Stroossen

    Déi Europäesch Unioun ass mat enger ganzer Partie Problemer konfrontéiert, wéi de Krich an der Ukrain, d’Protester vun den europäesche Baueren, déi ekonomesch Situatioun, d’Migratioun, de Klimachangement oder d’Verdeedegungspolitik, fir nëmmen déi ze nennen. Mee wat denken dann d’Bierger:innen an der Europäescher Unioun? Wéi gesi si d’EU? Wéi eng Doleancen hu si a wéi eng an Erwaardunge setze si an d’EU? Am Euranet-Podcast waren d’Mataarbechter vun Euranet plus op den europäesche Stroossen ënnerwee fir de Bols bei de Mënschen ze fillen. A Kooperatioun mat Euranet Plus - deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit Presentéiert vum Jean Claude Majerus.

  40. 5

    Kënnen nei Technologien d’Welt retten?

    KI, Satellitten, Wiedermanipulatiounen, wat kann dat bréngen? Wéi genee a wéi wäit kënnen nei Technologien de Klimachangement an de Grëff kréien? Kënne mer eis dorobber verloossen amplaz eis schlecht Gewunnechten, déi der Welt schueden, ze änneren? Et muss een iwwert Zukunft diskutéiere fir eraus ze fanne wéi eng Erwaardunge mer an Innovatioun an Technologie kënnen hunn. Op der COP 28 huet goufen techno-solutionistesch Léisunge vun e puer Säite propagéiert an d’Virdeeler vu Geo-Engineering-Techniken goufen an d’Fënster gestallt, datt awer als Nodeel vun anere konkrete Mesure fir den Energiebesoin ze reduzéieren. Wéi eng Roll sollen elo dës technologesch Léisungen an der internationaler Klimapolitik spillen, doriwwer geet et déi Kéier Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcats vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Wat brauchs du an ech vun der Europäescher Unioun? Eis Journalisten an der EU sinn där Fro op de Fong gaangen.

HOSTED BY

radio 100,7

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Euranet Plus Podcast have?

Euranet Plus Podcast currently has 40 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Euranet Plus Podcast about?

Wat brauchs du an ech vun der Europäescher Unioun? Eis Journalisten an der EU sinn där Fro op de Fong gaangen.

How often does Euranet Plus Podcast release new episodes?

Euranet Plus Podcast has 40 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Euranet Plus Podcast?

You can listen to Euranet Plus Podcast on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Euranet Plus Podcast?

Euranet Plus Podcast is created and hosted by radio 100,7.
URL copied to clipboard!