Evergreens by Spuerkeess podcast artwork

PODCAST · business

Evergreens by Spuerkeess

Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

  1. 53

    L'immobilier luxembourgeois face à sa nouvelle réalité

    Depuis plusieurs années, le marché immobilier luxembourgeois traverse une période de transformation profonde. Entre hausse des taux d’intérêt, baisse du pouvoir d’achat immobilier et ralentissement de la construction, acquérir un bien est devenu plus complexe. Dans cet épisode, Bryan Ferrari échange avec Pierre Clément, Fondateur et CEO de Nexvia, Max Didier, CEO de la Compagnie de Construction Luxembourgeoise et Charles Pletsch, Responsable du Retail Banking chez Spuerkeess, pour décrypter les dynamiques actuelles du marché. Ensemble, ils analysent les différences entre l’existant et le neuf, l’impact des politiques publiques et des contraintes de financement, ainsi que le rôle clé de la confiance dans la relance du secteur.

  2. 52

    Essentials - De Lëtzebuerger Immobilier

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mam Immobilier. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "L'immobilier luxembourgeois face à sa nouvelle réalité" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 22. Mee.

  3. 51

    De Lëtzebuerger Entreprenariat méi fërderen

    Wéi geet et dem Entreprenariat zu Lëtzebuerg? An enger Zäit vu wirtschaftlechen Onsécherheeten, wuessend Regulatiounen an technologechem Wandel stinn d'Entreprisen viru villen Challengen – mee och virun neien Opportunitéiten. An dëser Episod schwätzt de Bryan Ferrari mam Gérard Thein, President vun der Fédération des Jeunes Dirigeants (FJD), dem Sven Baltes, CEO vu Jonk Entrepreneuren Luxembourg (JEL), an dem Jean-Luc Bermes, Deputy Head of Corporate Banking bei der Spuerkeess. Zesumme schwätze si doriwwer, wéi den Entreprenariat zu Lëtzebuerger gefërdert ka ginn. Am Fokus stinn dobäi d'Auswierkunge vun neien Technologien, wéi K.I., d'Roll vu Finanzéierung an d'Fro, wéi Lëtzebuerg säin Entrepreneur-Ekosystem an de kommende Jore stäerke kann.

  4. 50

    Essentials - Entreprenariat zu Lëtzebuerg

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mam Entreprenariat. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "De Lëtzebuerger Entreprenariat méi fërderen" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Méinden, 9. Januar.

  5. 49

    E Réckbléck op 2025

    DeepSeek, nei US-Tariffer, e méi schwaachen Dollar an eng ëmmer méi aktiv Roll vum Wäissen Haus: D'Finanzmarchéen hunn 2025 erëm bewisen, wéi séier sech Narrativer dréine kënnen. An dëser Episod zéien de Julien Ensch, Head of Client Relationship Management bei Spuerkeess, de Nick Huberty an de Julien Kohn, allebéid Portfolio Manager, och bei Spuerkeess, e Bilan vun engem Joer voller Volatiliéit. Zesumme mam Bryan Ferrari, analyséieren si, wat dës Entwécklunge fir europäesch Investisseure bedeiten a bedeit hunn. Am Fokus stinn net nëmmen Aktien a Wärungen, ma och d'Roll vun Zentralbanken, Gold, K.I. an Energie. A wéi ëmmer bleift d'Schlësselfro: Wou läit de Risiko – a wou nach d'Potenzial fir déi nächst Méint?

  6. 48

    Essentials - Een anert Joer geet zu Enn

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mam Joer 2025. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "E Réckbléck op 2025" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 2. Januar.

  7. 47

    Main dans la main pour une rénovation durable

    Depuis quelques années, la rénovation énergétique s’impose comme un levier essentiel de la transition climatique. Entre aides publiques, réglementations en évolution et exigences de performance, les particulier·ère·s cherchent des solutions concrètes pour adapter leurs logements sans se perdre dans la complexité administrative et technique. Dans cet épisode, Bryan Ferrari explore avec Alexandra Kugener (Spuerkeess), Arnaud Duban (Energieagence) et Michel Marx (Spuerkeess) la collaboration entre la banque et l’Energieagence, née pour mieux accompagner les client·e·s dans leurs projets de rénovation. Ensemble, ils·elles expliquent comment le rôle de conseiller·ère logement évolue vers celui d’Energy Coach, alliant expertise financière et compréhension technique. De la planification au financement, en passant par la valorisation du bien et la maîtrise des coûts, cet épisode met en lumière une ambition commune : rendre la transition énergétique accessible, concrète et durable pour tou·te·s. Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  8. 46

    Essentials - Energy Coachen

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mat den Energy Coachen. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Main dans la main vers une rénovation durable" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 14. November.

  9. 45

    Aktien, Zënsen a Geopolitik: Wou stinn d’Finanzmarchéën?

    US-Exceptionalism, d'Tariffer vum Donald Trump, d’Erausfuerderungen, déi déi nei chinesch KI-Entwécklunge mat sech bréngen a steigend Zënsen: D’Finanzmarchéën hunn am éischte Semester vum Joer 2025 staark Beweegunge matgemaach. An dësem Episod analyséieren den David Schmit, Private Banking Advisor bei der Spuerkeess, an de Julien Kohn an Nick Huberty, allebéid Portfolio Manager bei der Spuerkeess, zesumme mam Bryan Ferrari, wéi europäesch Investisseuren vun dëse Mouvementer betraff sinn. Natierlech beäntweren se och d’« Fro vun de Froen »: Wéi geet et am zweete Semester weider? Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  10. 44

    Essentials - Wat seet d'Bourse?

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mat de Finanzmarchéen. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Aktien, Zënsen a Geopolitik: Wou stinn d’Finanzmarchéen?" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 12. September.

  11. 43

    Vers une IA souveraine et agentique

    Depuis l’irruption de ChatGPT en novembre 2022, l’intelligence artificielle a quitté les laboratoires pour s’imposer dans tous les secteurs de notre économie. Elle bouleverse les usages, redéfinit les stratégies et soulève de nouvelles questions de souveraineté, de performance et de sécurité. Dans cet épisode, Bryan Ferrari s’entoure de trois experts pour explorer une question centrale : comment concilier innovation technologique, autonomie stratégique et sécurité des systèmes dans un monde de plus en plus piloté par l’IA ? Nicolas Griedlich (Deloitte Luxembourg), Francesco Ferrero (LIST) et Rachid M'haouach (Spuerkeess) partagent leur vision, leurs expériences et les défis concrets auxquels font face les entreprises dans l’adoption de l’intelligence artificielle. Un échange riche et éclairant pour mieux comprendre les enjeux d’une IA souveraine, responsable et performante. Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  12. 42

    Essentials - Generative AI am Fokus

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mat der Generative AI. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Vers une IA souveraine et agentique" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 1 August.

  13. 41

    Objectif durabilité financière et économique

    La transition vers un modèle économique plus durable est en marche, et les entreprises doivent s'adapter aux nouvelles réglementations et attentes du marché. Dans cet épisode, Bryan Ferrari et ses invité·e·s explorent les implications de la directive CSRD et les impacts de la directive Omnibus ainsi que et les défis de la durabilité pour les PME. Comment la finance peut-elle être un moteur de la transition durable et quels outils sont à disposition des entreprises pour mieux anticiper ces enjeux ? Anne-Marie Loesch est Head of Sustainability & Business Development à la Chambre de Commerce. Michel Wursteisen est QSHE Security & Compliance Manager chez Wallenborn Transports SA. Romy Reding est cheffe de projet ESG chez Spuerkeess et co-responsable du programme Transition Enabler. Ensemble, ils·elles décryptent l'impact des normes ESG sur la compétitivité et le financement des entreprises. Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  14. 40

    Essentials - De Projet "Transition Enabler"

    Wëllkomm bei Evergreens Essentials. D’Spuerkeess hëlt dech mat a spannend Diskussioun iwwer d’Nohaltegkeet an d’Zukunft vum Banken- a Finanzwiesen. All zweete Mount setzt de Podcast Evergreens en neie Sujet an de Virdergrond. Fir deen nach besser verstoen, ginn hei et 5 kuerz Froen a knackeg Äntwerten dozou. Haut beschäftege mer eis mam Projet “Transition Enabler”. Du wëlls méi iwwert de Sujet wëssen? Da lauschter Evergreens by Spuerkeess – den Episod "Objectif durabilité financière et économique" – disponibel op journal.lu an iwwerall, wou et Podcaste ginn, de Freiden, 4 Abrëll.

  15. 39

    Les menaces de la cybersécurité (hors-série 3/3)

    Les cyberattaques évoluent, et avec elles, les défis auxquels font face les entreprises et institutions. Dans ce dernier chapitre de trois épisodes hors-série, Bryan Ferrari et ses invités explorent la frontière entre cybersécurité et fraude. Où s’arrêtent les menaces techniques et où commencent les stratégies criminelles sophistiquées ? Comment les entreprises peuvent-elles sécuriser leurs infrastructures tout en restant performantes ? Quelles sont les stratégies des cybercriminels et comment les anticiper ? Bertrand Lathoud est Chief Operating Officer à la House of Cybersecurity, Philippe Parage est IT Infrastructure Engineer au Cybersecurity Competence Center et Lars Weber est Chief Information Security Officer chez Spuerkeess. Ensemble, ils décryptent les cyberattaques les plus répandues, les failles exploitées par les hackers et les solutions concrètes pour se protéger. Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  16. 38

    Um Bols vun de Mäert

    Wat bedeit dat politescht Klima an den USA fir d'Finanzmarchéen, a wéi steet Europa am Verglach do? Wäert de Boom vu Crypto och 2025 weidergoen, wat fir e Stellewäert hunn ETFen, a wéi beaflossen déi aktuell Entwécklunge klassesch Investitiounsstrategien?⁣⁣ ⁣ De Bryan Ferrari mécht mat sengen dräi Invitéen um Enn vum Joer en detailléierte Réck- an Ausbléck a puncto Marchéen. Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess.⁣⁣ ⁣ Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

  17. 37

    Gouvernance an der Praxis (hors-série 2/3)

    Eng Organisatioun, eng Entreprise an och de Staat brauche Reegelen, déi festleeën, op wéi eng Manéier a firwat Decisioune getraff ginn. Mat der sougenannter Gouvernance soll de Kader dofir gesat ginn. Firwat ass si besonnesch hautdesdaags esou wichteg, a wéi eng Zorte gëtt et? Funktionéiert dëst an all Secteur anescht, a wou leien d'Geforen, wann d'Gouvernance net konsequent duerchgefouert gëtt?    De Bryan Ferrari pléckt de Sujet mat sengen dräi Invitéen auserneen. D'Stéphanie Damgé ass Directrice vum Beräich Entrepreneurship bei der Chambre de Commerce an Directrice vun der House of Entrepreneurship. Den Tom Wirion ass Generaldirekter vun der Chambre des Métiers. De Marco Rasqué Da Silva ass Generalsekretär vun der Spuerkeess.    Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

  18. 36

    Alles ronderëm de Bilan

    Och wann alles am Detail schwaarz op wäiss opgelëscht ass, kann et fir ontrainéiert Ae schwiereg sinn, de Bilan vun enger Entreprise ze dechiffréieren. De Bryan Ferrari pléckt mat sengen dräi Invitéen déi wichtegst Aspekter vun dësem Dokument auserneen. Et gëtt dobäi theoretesch a praktesch Ablécker dran, wat dës Informatiounen aussoen, wat Lëtzebuerg an Europa vum Rescht vun der Welt ënnerscheet, a wat alles mat afléisse muss, fir enger Entreprise de Bols kënnen ze fillen.⁣⁣ ⁣⁣ D'Maryam Khabirpour ass Associée am Audit bei Deloitte. De Laurent Nittler ass Associate Director am Corporate Banking bei der China Construction Bank. Den Yves Bodson ass Team-Manager vun der Aktivitéit Global Credit Investments & Financial Markets bei der Spuerkeess.⁣⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

  19. 35

    Typologie des fraudes (hors-série 1/3)

    Les cyberattaques et les fraudes financières évoluent rapidement. Dans ce premier chapitre d'une série de trois épisodes hors-série, nous mettons en lumière les défis spécifiques auxquels sont confrontées les institutions financières au Luxembourg et en Europe. Bryan Ferrari et ses trois invité discutent des méthodes de prévention et de détection, du rôle clé de l’ABBL, ainsi que des opportunités et risques liés à l’utilisation de l’IA pour renforcer la résilience face à ces menaces. Des exemples concrets viendront illustrer les impacts sur les victimes et les stratégies de protection mises en place.⁣ Camille Seillès est Secrétaire général de l'Association des Banques et Banquiers Luxembourg (ABBL). Il est membre du Conseil économique et social du Grand-Duché de Luxembourg et du Comité consultatif pour la réglementation prudentielle auprès de la Commission de Surveillance du Secteur Financier. Steve Muller est Spécialiste en cybersécurité au Ministère de l'Économie. Il occupe le poste de Conseiller technique et formateur chez Bee Secure, mettant l'accent sur la sensibilisation à la sécurité à travers diverses initiatives éducatives. Serge Wagener est Vice-President et Head of Business Unit Payments à la Spuerkeess. Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  20. 34

    Demystifying the Digital Euro

    What is the Digital Euro, and how might it reshape the European financial landscape? With the European Central Bank spearheading initiatives, questions arise about its goals, impact, and feasibility in a world of rapid technological transformation. Host Bryan Ferrari welcomes three experts to explore the vision for its implementation, from retail and wholesale applications to economic and regulatory implications.⁣⁣ ⁣⁣ Sven Conter is in charge of the customer desk at the Financial Markets department at Spuerkeess. Johannes Sedlmeir is a postdoctoral researcher at the Interdisciplinary Centre for Security, Reliability and Trust (SnT), focusing on blockchain technology and digital identity systems. Andrey Martovoy is a senior adviser on innovation, digitalisation, and fintech at the Luxembourg Bankers' Association (ABBL). Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J.

  21. 33

    Wat dreift d'Maartdynamik?

    Wéi beaflosse global politesch a wirtschaftlech Evenementer déi aktuell Finanzmäert? An dësem Episod kuckt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen op déi rezent Entwécklunge bei den US-Walen an hire potenziellen Impakt op d'Boursen, analyséiert d'Goldpräisser an d'Zënspolitik, geheit e Bléck op China an thematiséiert den Opstig vum indeschen Aktiemaart. Den Nick Huberty an de Julien Kohn sinn Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsabele vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess. Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren. Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

  22. 32

    De l'école au marché

    Le monde est en constante évolution et il en va de même pour les domaines de la finance et de l'économie. Mais comment font ceux·celles qui forment les demandeur·ses d'emploi de demain pour non seulement rendre le Luxembourg attirant, mais aussi pour rester dans l'air du temps et proposer une formation, qui prépare ses diplômé·es aux prochaines 20 années du marché ? Bryan Ferrari parle de tous les challenge auxquels font – et vont faire – face les écoles ainsi que les recruteur·ses à l'âge de l'intelligence artificielle avec ses trois invité·e·s. Marin Njavro est le co-fondateur et directeur de la Luxembourg School of Business. Stéphanie Heck est professeure de finance à l'ESSCA, une école de commerce française qui a récemment ouvert un campus au Luxembourg. Sandra Schengen est Head of HR and People Management à la Spuerkeess. Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  23. 31

    Energie am Wandel

    Lëtzebuerg an Europa hunn d'Weiche fir d'Energietransitioun scho laang gestallt. Mee wat genee soll mam Wiessel eriwwer op erneierbar Ressourcen erreecht ginn, a wéi eng Schrëtt si mëttel- a laangfristeg geplangt, fir d'Erausfuerderungen ze meeschteren an dat éiergäizegt Zil och wierklech ze erreechen?⁣ ⁣ Iwwer den "Big Picture" a konkret Mesuren diskutéiert de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Anne Calteux vertrëtt déi Europäesch Kommissioun zu Lëtzebuerg, fir Europa méi no un d'Bierger·innen an d'Autoritéiten ze bréngen. De Fenn Faber ass Direkter vun der Klima-Agence, déi national Struktur fir gesellschaftlech Acteur·ricen an der Energietransitioun ze begleeden. De Steve Heinen ass Direkter bei EY am Beräich Digital Grid, woubäi et drëms geet, déi nei Energië mat neien Technologien ze verbannen.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

  24. 30

    Chancen a Risike vum Investéieren

    Et soll ee keng Angscht virum Investéieren hunn, mee och net blann drop lass handelen. D'Bank ass e wichtege Beroder, wann een säi Geld op eng iwwerluechte Manéier an effikass wëll schaffe loossen. ⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen, déi Expert an der Matière sinn. Den Nick Huberty ass Deel vun der Ekipp, déi der Spuerkeess hiren Investmentportfolio geréiert. De Julien Ensch ass Responsbel vum Client Relationship Management beim Asset Management vun der Spuerkeess. An den Thierry Abdiu ass Conseiller am Private Banking fir d'Spuerkeess um Kierchbierg.⁣⁣ ⁣⁣ Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  25. 29

    Liewenszyklus vu Startups

    Och zu Lëtzebuerg gëtt et ëmmer méi Success Stories bei de Startups. Starten ass déi eng Saach, sech weiderentwéckelen eng aner. Wou fënnt een de Finanzement, fir kënnen ze wuessen? Ass de Lëtzebuerger Ekosystem op der Héicht, fir potenzielle Grënner e fruchtbare Buedem fir hir Entreprise ze proposéieren? Firwat zitt et vill Entrepreneuren an d'USA, a wéi eng Hürde gëtt et op europäeschem Plang? ⁣ ⁣ De Bryan Ferrari fillt sengen dräi Invitéen aus der Startup-Zeen op den Zant. De Christophe Folschette ass ee vun de Grënner vun Talkwalker an de Jacques Lorang ass Grënner an Direkter vu Luxcaddy. Béid si Conseilsmember bei startups.lu. De Philippe Linster ass Direkter vum House of Startups. Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣

  26. 28

    Luxembourg Stock Exchange

    D'Boursen als Handelsplaze gëtt et schonn zanter Joerhonnerten. D'Pabeiere ginn hautdesdaags awer net nëmmen anescht echangéiert, mee och d'Roll vun der klassescher Bourse huet evoluéiert. Wéi kann sech d'Lëtzebuerger Bourse am internationale Verglach nach demarkéieren, wéi eng Tendenze wäerten an Zukunft dominéieren a wéi wichteg sinn Daten dobäi?⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ De Bryan Ferrari schwätzt mat sengen dräi Invitéen am Detail driwwer. De Carlo Oly ass fir de Relationship Management beim Luxembourg Stock Exchange responsabel. De Raphael Duarte ass Portfolio Manager an Analyst bei CapitalAtWork vum Groupe Foyer. De Julien Kohn ass bei der Spuerkeess mat zoustänneg fir de Bond-Portefeuille vun der Bank. ⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  27. 27

    KYC, entre sécurité et menaces numériques

    Vous êtes-vous déjà demandé comment les banques et les institutions financières protègent vos informations, et pourquoi la réglementation en vigueur est stricte ? En effet, les exigences d'identification sont constamment adaptées pour faire face aux dangers en mutation de plus en plus rapide. ⁣ ⁣ Bryan Ferrari discute des développements en matière de collecte de données personnelles et de son usage avec trois invité·e·s. Ananda Kautz est membre de la direction de l'ABBL et est en charge des domaines paiement, digitalisation et durabilité. Pierre Grasset est membre de la direction de Luxtrust et a en charge le volet qui touche aux client·e·s. Joseph Delhaye est Head Legal chez Spuerkeess et a été responsable de l'onboarding de la clientèle pendant 30 ans.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  28. 26

    Un avenir fluide sans liquide

    Une société fonctionnant sans recours à des moyens de paiement physiques est tout à fait envisageable, et même réalisable aujourd'hui. Mais qu'en est-il de l'inclusion financière, de la protection des données, de la cybersécurité et de la dépendance technologique y liées ? Peut-on atténuer de manière efficace les risques potentiels pour les consommateur·rice·s et l'économie dans son ensemble ?⁣ ⁣ Bryan Ferrari en discute en profondeur avec trois invité·e·s. Natasha Deloge est Head of Innovation de la CSSF, entre autres en charge de l'Innovation Hub. Olivier Rozet est Chief Experience Officer d'Edonys, qui est la nouvelle marque de Vireo, une start-up 100% Made in Luxembourg. Serge Wagener est Vice-President et Head of Business Unit Payments à la Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  29. 25

    Laangfristeg investéiere mam ELTIF

    De European Long-Term Investment Fund gouf vun der Europäescher Unioun an d'Liewe geruff, fir laangfristeg Investitiounen an Europa ze fërderen. Wéi eng Diere ginn domat fir privat Investisseuren opgemaach? A wéi profitéiert d'Wirtschaft op där anerer Säit vun dëser neier Méiglechkeet, fir Kapital ze bannen?⁣ ⁣ De Bryan Ferrari diskutéiert mat sengen dräi Invitéen am Detail zu dëse Froen. De Marc Meyers ass Associé an der Étude Loyens & Loeff, ass Responsabel fir d'Fongendepartement a gouf vun der Luxembourg Private Equity and Venture Capital Association (LPEA) invitéiert. Den David Zackenfels ass zanter 10 Joer Jurist beim Lëtzebuerger Fongverband ALFI a betreit am alternative Beräich och de Volet ELTIF. De Claudio Pompei schafft bei der Spuerkeess am Departement vun der Clientèle institutionnelle mat Fokus op alternativ Fongen.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  30. 24

    Quo Vadis, Lëtzebuerger Wirtschaft?

    Et war e mouvementéiert Joer, dat och d'Banken- a Finanzwelt net kal gelooss huet. Am leschten Episod 2023 steet bei Evergreens generell déi Lëtzebuerger Ekonomie am Fokus, déi nieft Maartturbulenzen och den Afloss vu Krich, héijen Zënsen an Inflatioun ze spiere krut. Wéi schwiereg ass et, dëst alles an engem europäesche Kontext ze navigéieren, a wéi problematesch ass d'Situatioun am Logement fir déi zukünfteg Entwécklung?⁣ ⁣ De Bryan Ferrari mécht mat sengen zwee Invitéen e Réck- an Ausbléck. De Serge Allegrezza ass Direkter vum Statec, dem Institut fir Statistik a Wirtschaftsstudien. De Jean-Paul Olinger ass Direkter vun der UEL, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Patronatsorganisatiounen.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣

  31. 23

    Lëtzebuerg a säin AAA-Status

    Am November koum d'Nouvelle, dass Lëtzebuerg seng Kreditbonitéit – de sougenannten Triple A – behält. Firwat ass dëse Label esou wichteg? Wien decidéiert doriwwer, a wéi en Afloss huet den "AAA" net nëmmen op de Finanzsecteur, mee och allgemeng op d'Wirtschaft am Grand-Duché?⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat zwee Invitéen. D'Françoise Thoma, Generaldirectrice vun der Spuerkeess, erlieft dëse Prozess vum Rating zwee mol d'Joer hautno mat. De Bob Kieffer, Direkter vum Trésor, erkläert d'Wichtegkeet vum Kreditrating aus der Siicht vum Staat.⁣⁣ ⁣⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣

  32. 22

    The Expanding World of Blockchain

    Verification and traceability are at the core of the blockchain technology. Is it still on its way to revolutionising the digital realm? What real-world problems is it poised to solve in the near future, for example in the financial sector?⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Ivie Satijn is the Marketing Manager at Tokeny, provider of tokenisation solutions. Gilbert Fridgen is Professor and PayPal-FNR PEARL Chair in Digital Financial Services at the University of Luxembourg. Christophe Medinger is Deputy Head of Business Unit "Digitalisation" at Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J.

  33. 21

    Construire son futur financier

    Manque de diversification ou ancienne sagesse ? Les Luxembourgeois·e·s ont tendance à graviter vers l'immobilier quand il s'agit d'édifier leur patrimoine financier, ou bien de laisser l'argent à l’abri dans le confort de leur compte bancaire. Y a-t-il des évolutions contemporaines, notamment chez les jeunes, ou d'autres types investissements qui pourraient changer fondamentalement cette manière d'agir ? Quels efforts restent à faire an matière d'éducation financière ? Bryan Ferrari en discute avec trois invité·e·s qui viennent de domaines très différents.⁣ ⁣ Claudia Halmes-Coumont est directrice de Lalux Assurances-Vie. Julien Pénasse est professeur à l'Université du Luxembourg au département des Finances. Claude Hirtzig est responsable du département Retail & Professional Banking auprès de la Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  34. 20

    Les Big Four

    Quel est le rôle des quatre plus grands groupes d'audit et de conseil dans l'économie du Luxembourg ? Quels sont les futurs développements prévus dans leurs activités ? Quatre représentant·e·s dévoilent l'empreinte indélébile de leurs sociétés sur le Grand-Duché en discussion avec Bryan Ferrari et dressent un tableau des défis et opportunités qui dessinent leur avenir.⁣ ⁣ Julie Batsch est associée chez PwC, responsable de l'industrie bancaire et auditrice. Stanislas Chambourdon est associé chez KPMG et en charge des activités banques et assurances. Pascal Martino est associé chez Deloitte, en charge de l'industrie bancaire. Dorian Rigaud est associé chez EY et responsable du secteur bancaire.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-production avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.

  35. 19

    Le monde des ETFs

    Les Exchange Traded Funds sont des fonds indiciels qui cherchent à suivre fidèlement l'évolution des indices boursiers. Quelles sont les différentes catégories d'ETFs et quelle est la différence par rapport aux instruments financiers traditionnels ? Quels sont les risques associés à leur utilisation et les bonnes pratiques à adopter avant d'investir ?⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ C'est ce dont discute Bryan Ferrari avec trois expert·e·s en la matière. Solène Garnavault de Fidelity International s'occupe du développement commercial des solutions ETF à Luxembourg. Antoine Perrier gère la distribution des ETFs sur le Luxembourg et la Belgique chez DWS, et Guillaume Dambrine de Franklin Templeton s'occupe de la distribution de leur gamme d'ETFs en France et au Luxembourg.⁣⁣⁣ ⁣⁣⁣ Evergreens by Spuerkeess est une co-productioun avec le Studio J du Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣⁣ Avertissement : Les invité·e·s parlent en leur nom propre et ce podcast ne constitue pas un conseil financier. Tout auditeur·rice est invité·e à se familiariser avec le sujet et à se renseigner.

  36. 18

    Kënschtlech Intelligenz verstoen

    K.I. oder A.I., op Englesch, huet en neit Zäitalter agelaut. Wat fréier Science Fiction war, kéint geschwë scho Realitéit sinn: Maschinnen iwwertreffen de Mënsch, deen se gebaut a programméiert huet. Wat kann déi Intelligenz, déi kënschtlech geschaf gouf, bis ewell? Wéi eng Méiglechkeeten erginn sech doduerch an der Gesellschaft, a méi spezifesch am Banken- a Finanzwiesen? An iwwerweit den Notzen, deen de Mënsch doraus zitt, déi potenziell Geforen?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Misch Strotz ass ee vun Fondateuren a CEO bei Neon Internet, enger Agence, déi sech fokusséiert op nei Trends an d'Medie vun der Zukunft. De Jacques Pütz kënnt aus dem Banken- a FinTech-Milieu, kennt sech aus a Saachen Digitalisatioun an Innovatioun, a schafft aktuell bei Proximus als Head of Product Management vun Digital Trust Produiten. De Christophe Atten schafft bei der Spuerkeess am Beräich Data, wou eent vun den Ziler ass ze kucken, wéi een A.I. notze kann, fir de Clienten nei Produiten ze proposéieren.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣

  37. 17

    The Age of Talent Magnetism

    Talent acquisition and retention have become more crucial than ever in today's competitive job market. With companies vying for the best candidates, it's essential to create the right workplace culture. In this episode in English language, we explore how companies can introduce and cultivate talent magnetism, and why it matters more than ever for business success.⁣ ⁣ Bryan Ferrari welcomes three guests who are experts in this field. Prof. Dr. Marion Festing is Professor of Human Resource Management and Intercultural Leadership at ESCP Business School's Berlin campus. Lieven Lambrecht is the Head of HR at PwC Luxembourg. Jennifer Kearny is the HR Director at Amazon Transportation Services in Luxembourg.⁣ ⁣ This episode was recorded on 28 February 2023.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess is a co-productioun with Lëtzebuerger Journal's Studio J.⁣⁣⁣⁣

  38. 16

    Volatilitéit op de Marchéen

    Vill Investisseuren hunn e relativ schlecht Joer hanneru sech. Wat huet 2022 esou aussergewéinlech gemaach, a wéi eng Entwécklungen hunn dofir gesuergt, dass et op de Marchéen zu engem sougenannten "perfect storm" koum?⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Aude Lemogne war Traderin zu New York a geréiert elo säin eegene Portefeuille. De Claude Arend schafft bei Intesa Sanpaolo Wealth Management a këmmert sech ëm privat Clienten. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Salle des marchés an der Equipe, déi den eegenen Investmentportefeuille vun der Bank geréiert.⁣ ⁣ Dësen Episod gouf de 14. Mäerz 2023 opgezeechent.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣⁣⁣ ⁣⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  39. 15

    Sinn eis Banke sécher?

    Silicon Valley Bank, Signature Bank, First Republic Bank. Déi rezent Failliten an den USA hunn op de Finanzmarchéë Schockwellen ausgeléist. Wéi stabil sinn d'Banken an Europa an zu Lëtzebuerg opgestalt? A goufen déi richteg Léieren aus fréiere Krise gezunn?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Claude Wampach ass Direkter op der CSSF, der Commission de Surveillance du Secteur Financier, an ass verantwortlech fir d'Bankesurveillance. De Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banken zu Lëtzebuerg, an de Claude Origer ass bei der Spuerkeess de Responsabele vun der Salle des marchés an och fir de métier Trésorerie.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  40. 14

    Zënsen an Immobilien

    De klasseschen Zënsmechanismus ass wichteg, fir d'Offer vu gespuerte Suen an Aklang ze brénge mat der Nofro no Investitiounen. Souwäit d'Theorie. Wat bedeit déi aktuell Hausse, nodeem d'Zënse jorelaang op engem historesch déiwen Niveau waren? A wéi en Afloss hu méi héich Zënsen op de Secteur vun den Immobilien zu Lëtzebuerg?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Paul Nathan vun der Bauentreprise Poeckes ass och Vizepresident vun der Chambre des Métiers a vertrëtt d'Handwierk. De Jean-Paul Scheuren ass aktiv am Immobiliesecteur a President vun der Chambre immobilière. De Charles Pletsch ass Responsabel fir de Reseau vun Agencë vun der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  41. 13

    Women in Finance

    Am éischten Episod vum neie Joer sinn d'Fraen am Mëttelpunkt. Wéi steet et an der Banken- a Finanzwelt ëm d'Gläichberechtegung? Ass et am Verglach zu fréier haut éischter eng Normalitéit, dass een onofhängeg vum Geschlecht säi Wee ka maachen? A wéi gëtt Diversitéit am professionellen Alldag gelieft?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Nathalie Deltgen ass en charge vum Secrétariat général vun engem Single Family Office zu Lëtzebuerg an huet laang Joren am Bankesecteur geschafft. D'Lynn Alzin ass Partnerin am Finanz- a Kapitalmaartrecht bei Arendt & Medernach. D'Doris Engel ass Chief Financial Officer an och Member vum Comité de direction bei der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.⁣

  42. 12

    Banken- a Finanzwelt vu muer

    Am éischte Joer vum Podcast Evergreens goufe ganz vill verschidde Sujeten opgegraff. Fir den 12ten a leschten Episod vum Joer 2022 gëtt nach emol e Bléck op déi wichtegst Theme geheit, mee et ass méi wéi just e Réckbléck. Wéi eng Entwécklunge sinn 2023 an doriwwer eraus z'erwaarden, a wéi gutt sinn d'Marchéen a besonnesch och d'Lëtzebuerger Finanzplaz dorobber preparéiert?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Françoise Thoma ass Generaldirectrice vun der Spuerkeess. De Philipp von Restorff ass den Deputy CEO vu Luxembourg For Finance, an de Jerry Grbic ass CEO vun der ABBL, der Associatioun vun de Banquieren zu Lëtzebuerg.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer : D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  43. 11

    Obligatiounen an hir Roll um Kapitalmaart

    No Aktien, Devisen a Private Equity geet et dës Kéier ëm eng vun de gréissten "classes d'actifs" fir z'investéieren. Wat sinn Obligatiounen eigentlech genee, wat sinn déi fundamental Ënnerscheeder par rapport zu aneren Aktiva a wie sinn déi grouss Acteuren?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Carlo Oly ass responsabel fir de Relationship Management bei der Lëtzebuerger Bourse a war fréier zoustänneg fir d’Kotatioun vun den Obligatioune bei der Bourse. De Marc Dax ass schonn 30 Joer laang an de Finanzmarchéen aktiv an ass Broker fir Obligatioune bei der Firma Tradition. Den Nick Huberty schafft beim Financial Markets Department bei der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  44. 10

    Prinzip a Potenzial vun Aktien

    Aktien hunn net grad dat bescht Joer hanneru sech. An awer kéint dës wichteg classe d'actifs an Zukunft erëm u Bedeitung gewannen. Wat fir e Prinzip stécht hannert den Aktien? A wéi gesäit den Ecosystem ronderëm aus?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D'Annick Maas ass schonn 10 Joer laang Aktienanalyst zu London mam Schwéierpunkt Medien. De Mike Reuter ass Aktienhändler bei Tradition zu London an huet mat institutionellen Investoren ze dinn. Den Nick Huberty schafft bei der Spuerkeess an der Equipe, déi d'Investment-Portefeuillë vun der Bank geréiert.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  45. 9

    Wärungen an Devisen, fréier an haut

    Wann ee vum Geldwiessel schwätzt, geet et ëm eppes, dat fir jidderee schéngt gräifbar ze sinn, an awer abstrakt bleift. Wat ass de Grondgedanken hannert dem Prinzip vum Tausche vu Suen? A wat ass de Rapport zu deem, wat aktuell an der Welt geschitt?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Marco Manieri war 32 Joer laang Devisenhändler a laangjärege Comitésmember vun der Luxembourg Financial Markets Association. De Jean-Jacques Rommes, fréieren Direkter vun der Bankenassociatioun ABBL an och vun der Patronatsorganisatioun UEL, ass aktuell Vizepresident vum Conseil économique et social. De Sven Conter schafft bei der Spuerkeess am Departement Financial Markets.⁣⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  46. 8

    Erausfuerderungen am Entreprenariat

    Kleng a mëttelstännesch Betriber sinn d'Réckgrat vun der Ekonomie, woubäi déi sougenannte Startups de Motor vun der Innovatioun sinn. Mee wien sech op eege Fauscht lancéiere wëll, geet zu Lëtzebuerg e Wee, deen nach ëmmer éischter d'Ausnam ass. Donieft huet een eng sëllegen Hürden ze huelen.⁣⁣ ⁣⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Patrick Kersten ass Grënner vun Doctena a vun Athome.lu, a begleet respektiv beréit ganz vill Startups. Den Tom Michels ass ee vu fënnef Grënner vu Salonkee, engem Service fir online ze buche bei Coiffeuren a Beauty-, Massage- a Wellnesssalonen. De Marc Wagener ass bei der Chambre de Commerce en charge fir den Entrepreneurship.⁣⁣ ⁣⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣

  47. 7

    Faarf bekenne bei der Nohaltegkeet

    Als Verbraucher ass ee frou, wann ee bei sengen Investitioune geschützt gëtt an alles transparent ofleeft. Dofir suergt d’Direktiv ronderëm d’Marchéë fir Finanzinstrumenter, kuerz MiFID II genannt. Ab August 2022 muss e Client vum Beroder oder Portfoliomanager och no senge Präferenzen a punkto ESG, also Nohaltegkeet, gefrot ginn, fir säi Profil ze completéieren. Wat bréngen déi zousätzlech Date konkret a wat huet de Verbraucher wierklech dovun?⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Emmanuelle Mousel ass Partner an der Affekotenétude Arendt & Medernach, këmmert sech ganz vill ëm regulatoresch Thematiken a befaasst sech och mat ESG. De Charles Muller huet säi ganzt Liewe laang an der Lëtzebuerger Finanzwelt geschafft, ass Avocat honoraire a President vun der ASBL „Finance and Human Rights“ déi versicht, de Finanzsecteur fir Mënscherechter z’interesséieren. D’Laura Schoumacher ass bei der Spuerkeess Responsabel fir d’Equipe Investment beim Product Management, an ë.a. zoustänneg fir de Produit MiFID II/ESG.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  48. 6

    Mat Geld eppes Positives bewierken

    Den Impact Investing stellt nach eng relativ kleng Kategorie vum weltwäit investéierte Geld duer, mee am Zäitalter vun der Nohaltegkeet kritt si eng ëmmer méi grouss Bedeitung. D’Fro stellt sech allerdéngs, wéi een als klengen, privaten Investor Zougang dozou kritt a wou d’Risike par rapport zu aneren Investissementer leien.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. D’Annemarie Arens ass Directrice indépendante a Fongegesellschaften, vun deenen der vill am Impact Investing aktiv sinn. De Lennart Duschinger ass Conseiller am Finanzministère fir nohalteg Finanzen. De Georges Bock huet mat Investre eng ESG-fokusséiert Fintech Startup gegrënnt a wëll de Leit et erméiglechen, a Sustainable an Impact Fongen z’investéieren.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

  49. 5

    Ketten-Revolutioun mat der Blockchain

    Déi sougenannten Distributed-Ledger-Technologie gëtt vu ville Leit als revolutionäre Schrëtt an eng nei Ära gesinn. An am Hibléck op Web3 a Co. sinn d’Verwendungszwecker vun der Blockchain effektiv onendlech. Et gëtt ëmmer méi spannend Entwécklungen, déi de prakteschen Notze vun esou enger dezentraliséierter, fälschungssécherer Datebank ënner Beweis stellen.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Jean-Paul Scheuren ass schonn 20 Joer laang am Immobiliesecteur täteg an donieft Co-Fondateur vu BlocHome. Den Tom Kettels ass Project Leader vun der asbl Infrachain, déi den Developpement vun der Blockchain operationell soll virubréngen. Den Affekot Jeff Braun beréit am Beräich Crypto a Web3 Blockchain Projeten an ass Co-Fondateur vun der asbl LëtzBlock.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.

  50. 4

    Firwat ass Private Equity wichteg?

    Jidderee schwätzt vu Private Equity, mee déi mannst wëssen, wat dat ass. Dobäi geet et ëm en essentiellen Deel vun der Finanzwelt, a besonnesch fir kleng a mëttel Entreprisen ass PE wichteg, fir dat laangfristegt Iwwerliewen ze sécheren. Et geet ëm Know How, Nohaltegkeet an d'Aarbechtsplaze vu muer.⁣ ⁣ Doriwwer schwätzt de Bryan Ferrari mat sengen dräi Invitéen. De Stéphane Pesch representéiert als CEO vun der Luxembourg Private Equity & Venture Capital Association déi ganz Communautéit an Industrie. De Yannick Oswald ass Partner bei der Venture Capital Firma Mangrove Capital Partners zu Lëtzebuerg, déi jonk Tech-Entreprise sicht an ënnerstëtzt. Den Yves Bodson ass Team-Manager vun der Aktivitéit Global Credit Investments & Financial Markets vun der Spuerkeess.⁣ ⁣ Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Lëtzebuerger Journal.⁣⁣ ⁣ Disclaimer: D'Invitéë schwätzen an hirem eegenen Numm an dëse Podcast ass net als Finanzberodung geduecht. All Nolauschterer ass gebieden, sech selwer mam Thema auserneen ze setzen an sech z'informéieren.

Type above to search every episode's transcript for a word or phrase. Matches are scoped to this podcast.

Searching…

We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.

No matches for "" in this podcast's transcripts.

Showing of matches

No topics indexed yet for this podcast.

Loading reviews...

ABOUT THIS SHOW

Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e Potenzial stécht an der Blockchain? Ronderëm dës an aner Themen dréint den Talk mat Experten aus ganz ënnerschiddleche Beräicher.⁣⁣Evergreens by Spuerkeess ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal.

HOSTED BY

Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal)

CATEGORIES

Frequently Asked Questions

How many episodes does Evergreens by Spuerkeess have?

Evergreens by Spuerkeess currently has 50 episodes available on PodParley. New episodes are automatically indexed when they're published to the podcast feed.

What is Evergreens by Spuerkeess about?

Wëllkomm beim Podcast iwwer Nohaltegkeet, Technologie an d'Zukunft am Banken- a Finanzwiesen. De Bryan Ferrari schwätzt all leschte Freiden am Mount mat Invitéen iwwer d'Erausfuerderunge vun haut a muer.⁣⁣Mussen sech Banken online nei erfannen? Wéi kann ee mat Geld eppes Positives bewierken? Wéi e...

How often does Evergreens by Spuerkeess release new episodes?

Evergreens by Spuerkeess has 50 episodes. Check the episode list to see recent publication dates and frequency.

Where can I listen to Evergreens by Spuerkeess?

You can listen to Evergreens by Spuerkeess on PodParley by clicking any episode. We provide an embedded audio player for direct listening, and you can also subscribe via your preferred podcast app using the RSS feed.

Who hosts Evergreens by Spuerkeess?

Evergreens by Spuerkeess is created and hosted by Spuerkeess | Studio J (Lëtzebuerger Journal).
URL copied to clipboard!