PODCAST · society
Generatioun A-Z
by Lëtzebuerger Journal
Konflikter tëscht Generatioune ginn et schonn esou laang, wéi et Mënsche ginn. Dobäi kënne si immens vill vunenee léieren. An dësem Podcast brénge mir jeeweils e jonken an en eelere Mënsch zesumme fir sech iwwer e bestëmmte Sujet auszetauschen.
-
15
15 Piloten
Den Daniel Colling ass zanter 35 Joer Pilot bei der Luxair an ass entretemps als Accountable Manager responsabel fir d'Gesamtoperatioun, mee flitt alt och nach als First Officer. Wéi hien deemools als Kopilot mat enger klenger Embraer 120 ugefaangen huet, misst hien nach mat Spréch wéi "Do, wou's du elo sëtz, louch meng Kap, wéi ech ugefaangen hunn" eens ginn. D'Jil Kalmes ass mat 23 säit ronn zwee bis dräi Joer Kopilotin a mécht do well méi positiv Erfarungen. Hautzedaags ginn Teamwork a Matbestëmmung an der Aviatioun nämlech vill méi grouss geschriwwen. Wéi sech d'Aarbecht am Cockpit mat der Digitaliséierung verännert huet, wéi stressresistent Pilot*inne dann elo wierklech sinn, a wéi dat ka sinn, dass nach ëmmer esou wéineg Fraen sech un de Beruff eruntrauen: Dat an nach vill méi zielen si an dëser Episod vu Generatioun A-Z.
-
14
14 Avocates
Pas besoin de présenter Me Lydie Lorang, ténor du Barreau et pénaliste de renom, qui, à 71 ans, reste toujours aussi passionnée par sa vocation. De son côté, Me Natalia Zuvak, 47 ans, est considérée comme une "jeune avocate" puisqu'elle a prêté serment il y a moins de 11 ans. Pour le Journal, les deux femmes ont pris le temps d'échanger sur l'évolution du Barreau et de la justice en général au Luxembourg, la situation des femmes dans le milieu judiciaire, l'adaptation nécessaire à un nouveau rythme imprimé par les échanges électroniques et maintenant l'IA… Reste un métier exigeant mais exaltant, et la certitude d'une mission unique et primordiale : défendre les client·e·s.
-
13
13 Concierges d'hôtel
mpeccables dans leurs costumes, Simon Delcomminette, 62 ans, et Thibaut Met, 30 ans, se connaissent bien puisqu’ils sont tous les deux membres des Clés d’Or Luxembourg, l’association qui regroupe en réseaux les concierges d’hôtel dans le monde. Avec ce podcast, les deux professionnels ont pu prendre le temps d’échanger sur la pratique d’un métier qui a beaucoup évolué ces dernières années. Les réseaux sociaux ont ainsi chamboulé les pratiques des concierges qui comptent malgré tout toujours sur un solide réseau et une connaissance sans failles de leur ville. La seule chose qui ne change pas à travers les années, c’est la discrétion envers des client·e·s particulièrement exigeant·e·s dans ces établissements de luxe.
-
12
12 Hiewanskonscht
D'Selina Birchem huet 26 Joer, ass Member vun der Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes, a schafft zanter véier Joer als Hiewan an der Maternité, wou hatt an der kënschtlecher Befruchtung an an der Consultatioun fir Ofdreiwunge schafft. D'Martine Welter huet vun 1984 bis 2022 als Hiewan als éischt néng Joer an der Maternité an duerno 29 Joer fräiberufflech geschafft. Laang Zäit war si déi eenzeg Hiewan zu Lëtzebuerg, déi Hausgebuerten duerchgefouert huet. Am Podcast schwätze si mam Melody Hansen iwwer hire Beruff, ee vun den eelste Beruffer op der Welt. Wou d'Martine Welter fréier nach Zäit hat, nieft der Fra ze strécken, wann d'Kand nach bësse gebraucht huet, fir op d'Welt ze kommen, ass dat haut ondenkbar. Och d'Technik huet de Beruff verännert, ma dem Selina Birchem ginn di ganz Opzeechnunge wärend enger Gebuert e Gefill vu Sécherheet. Weider Theme sinn d'Roll vun der Hiewan op di physesch a mental Gesondheet vu Fraen a Kanner, ma och d'mental Gesondheet vun den Hiewane selwer. Well och wa Gebuerten oft ganz schéin Erliefnisser sinn, geschéien och emol Saachen, déi net esou liicht ze verschaffe sinn.
-
11
11 Pâtisserie
Gérard Cayotte, 64 ans, et Larissa Collienne, 21 ans, se sont rencontrés pour ce podcast à l'hôtel Royal, un établissement que les deux connaissent très bien puisque Larissa y est employée comme première cheffe de partie pâtisserie depuis deux ans et que Gérard Cayotte y a travaillé au début des années 90 avant de démarrer sa propre boutique à Esch/Alzette. Les deux professionnel·le·s se sont entretenus auprès d'Audrey Somnard et ont échangé sur les difficultés d'un métier qui a parfois une fausse image. La profession a beaucoup évolué entre les débuts de Gérard Cayotte, qui a pris sa retraite en 2022, et la génération de Larissa Collienne avec les concours télévisés et l'esthétique imposée par les réseaux sociaux. Mais la pâtisserie reste toujours une affaire de passionné·e·s du goût avant tout.
-
10
10 Wäibau
Et ass mol eng aner Konstellatioun wéi soss am Generatioun A-Z. Zwar representéieren de Benoît Kox (65 Joer) an de Claude Kox (35 Joer) wéi ëmmer an eisem Podcast zwou verschidde Generatiounen. An dësem Fall handelt et sech awer ëm d'Konstellatioun vu Papp a Bouf, déi de Privatwënzerbetrib Benoît & Claude Viticulteurs zu Réimech zesumme féieren – oder dach net? Grad doriwwer hu mir mat hinne geschwat, wat et bedeit, wann zwou Generatioune mat 30 Joer Ënnerscheed ënnert engem Daach zesummeschaffen. Weider Sujete ware bürokratesch Hürden an der Gestioun vum Betrib, de Marché an de Klimawandel.
-
9
9 Eurovision
Monique Melsen is 73 years old and an artist with a long career. She is best known for her participation in the Eurovision Song Contest in Dublin in 1971 with the song Pomme, pomme, pomme. She has been one of the few Luxembourgers to represent her country in the contest. It was an adventure that left a deep impression on her, as she had to pass a casting where votes were cast by postcard ! After Eurovision, she continued her career as a singer and was part of a cabaret group, Cabarenert. Tali is 24 years old and will be representing Luxembourg at this year's Eurovision in Malmö. Audrey Somnard talks to them about the evolution of the competition. Together, they compare the preparations for the world's biggest TV talent show. Sound spoiler : Monique Melsen and Tali have a lot to learn from each other.
-
8
8 Bibliothéikswiesen
D'Jackie Dupont huet 56 Joer a schafft zanter 1995 als Bibliothecairin. Dobäi huet hat schonn déi verschiddenste Bibliothéike kennegeléiert : Déi éischt dräi Joer huet hat beim Institut Supérieur d'Études et de Recherches Pédagogiques (ISERP) geschafft, den haut zur Universitéit Lëtzebuerg gehéiert. Duerno vun 1999 bis 2004 an der Bibliothéik vun der Europaschoul, vun 2005 bis 2011 an der Schoulbibliothéik vum Lycée Michel Rodange. Zanter 2011 ass hat an der Nationalbibliothéik Responsabel fir de Service vun der Betreiung- an der Schoulung fir d'Bibliothéiken aus dem Netzwierk bibnet.lu. D'Tamara Sondag huet 33 Joer an ass zanter 2015 Responsabel fir d'Escher Bibliothéik. D'Melody Hansen schwätzt mat hinnen iwwer den Alldag an enger Bibliothéik. Zesummen entstëbsen si Virurteeler géigeniwwer dem Beruff an debattéieren doriwwer, wéi dësen sech am Laf vun de Jore weiderentwéckelt huet. E klénge Spoiler : Bicher liesen, maachen déi zwee wann et gutt geet héchstens an hirer Fräizäit.
-
7
7 Rettungsdéngscht
De Jeannot Filbig huet 57 Joer an ass no enger laanger Karriär als Beruffspompjee, wou hien ënner anerem Ekippechef vum Cis Lëtzebuerg war, zanter gutt sechs Méint an der Pensioun. De Max Wagner ass dogéint réischt frësch dobäi – hien ass mat 23 Joer ee vun de jéngste Beruffspompjeeën op der Schicht. D'Melody Hansen schwätzt mat hinnen iwwer den Alldag am Rettungsdéngscht : Stëmmt et, dass een als Held gefeiert gëtt, Kaze vu Beem rett a Staangen erof rutscht? A wéi huet sech den Ëmgang mat der Mentaler Gesondheet innerhalb vun enger Ekipp, déi reegelméisseg mat belaaschtende Situatioune konfrontéiert ass, am Laf vun der Zäit verännert?
-
6
6 Kierch
De Vincent De Smet huet 34 Joer an ass de leschte Geeschtlechen, deen zu Lëtzebuerg geweit gouf. Hien ass elo knapp dräi Joer am Amt. De Claude Bache huet mat 58 Joer dogéint schonn 33 Joer Erfarung als Paschtouer. An dësem éierlechen Episod schwätzen si doriwwer, wéi den Alldag vun engem Paschtouer ausgesäit. Et geet och ëm d'Roll vun der Fra an der Kierch a si beäntweren d'Fro ob d'Zölibat hirer Meenung no nach zäitgeméiss ass, a wéi si domat ëmginn. An hëlleft de psychologeschen Aspekt vun der Ausbildung dobäi, selwer besser mam Dout, mat deem si reegelméisseg konfrontéiert sinn, ëmzegoen?
-
5
5 Kulturhaiser
De Jérôme Konen huet 34 Joer an ass säit 2015 Direkter vum Kinneksbond, dem Kulturzenter zu Mamer. An der Kulturzeen ass hie säit gutt 12 Joer aktiv. D’Karin Kremer gouf 1957 gebuer a war 15 Joer laang Directrice vum Mierscher Kulturhaus. Am Kulturberäich aktiv ass si zanter 1982 a bis haut. An dësem Episod schwätze si doriwwer, wat fir si e Kulturhaus ass a wéi een Optrag dës an eiser Gesellschaft erfëllen. Wéi eng Roll spillt Kultur fir eis mental Gesondheet a Krisenzäiten? Ass esou e Kulturhaus eigentlech eppes Elitäres? A wat hunn al wäiss Männer domat ze dinn?
-
4
4 Journalismus
D’Fanny Kinsch huet 29 Joer an ass zanter 5 Joer Journalistin bei RTL. De Robert Schneider huet 58 Joer, huet säin éischten Artikel fir d’Tageblatt mat 17 Joer geschriwwen, a bleift och haut – an der Pensioun – en treie Korrespondent fir d’Escher Zeitung. An dësem Episod schwätze si doriwwer, dass ee fréier als Journalist*in nach "quelqu’un" war a sech haut méi muss gefale loossen, dass de fréiere Lifestyle an deem Beruff seng Affer gefuerdert huet a wéi Schreiwen a Schwätze kann dobäi Hëllefen, de Misär vun der Welt ze verschaffen.
-
3
3 Architektur
D’Anna Valentiny huet 31 Joer an ass zanter 5 Joer Architektin am Büro Valentiny Hvp Architects. De Martin Lammar huet 67 Joer an huet viru senger Pensioun, am Joer 2020, 41 Joer als Architekt geschafft – dovun 38 Joer a sengem eegene Büro Decker, Lammar & Associés s.a. An dësem Episod schwätze si doriwwer, wéi sech d’Aarbecht vun Architekt*inne vis-à-vis vum Klimawandel an der Digitaliséierung verännert huet. Gëtt haut manner individuell gebaut? A wéi ass et, wann e*ng Client*e haut scho virum Bau mat Hëllef vun engem 3D-Brëll an der zukünfteger Stuff ka stoen?
-
2
2 Enseignement
De Joé Lahos huet 27 Joer an ass säit sechs Méint Geschichtsproff am Lycée du Nord. De Charel Meder huet 56 Joer an ënnerriicht säit iwwer 30 Joer Däitsch am Kolléisch. An dësem Episod schwätze si doriwwer, wéi sech d’Aarbecht mat de Schüler*innen an deene leschte Jore vum Overhead bis bei d‘Digital Blackboard verännert huet. Si Bestrofungen nach zäitgeméiss? A fäert een haut als Enseignant*e op enger Meme-Säit op de soziale Medien ze landen?
-
1
1 Politik
D’Jessie Thill ass mat 26 Joer di jéngsten Deputéiert an der Chamber. De Mars Di Bartolomeo mat 69 Joer ee vun deenen eelsten. An dësem Episod schwätze si iwwer d’Aarbecht als Politiker*innen, d’Wichtegkeet vun enger Work-Life-Balance, Diversitéit an der Chamber an doriwwer, wéi si vun anere wouergeholl ginn – och emol als léif Maischen oder als ale wäisse Mann.
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
No topics indexed yet for this podcast.
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Konflikter tëscht Generatioune ginn et schonn esou laang, wéi et Mënsche ginn. Dobäi kënne si immens vill vunenee léieren. An dësem Podcast brénge mir jeeweils e jonken an en eelere Mënsch zesumme fir sech iwwer e bestëmmte Sujet auszetauschen.
HOSTED BY
Lëtzebuerger Journal
Loading similar podcasts...