PODCAST · news
Grousse Kino
by radio 100,7
Déi Cinéphil um Radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.
-
50
Projektiounen
De Michel Delage an d'Vesna Andonovic beschwätzen: "Hokum" (Damien McCarthy), "Omaha" (Cole Webley) an "De la Comédie française" (Martin Darondeau & Bertrand Usclat).
-
49
Grousse Kino
De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen "The Odyssey" (Christopher Nolan), "Nuestra Tierra" (Lucrecia Martel) a "Moss & Freud" (James Lucas).
-
48
Keng Loscht
De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen: "Maspalomas" (Jose Mari Goenaga & Aitor Arregi), "Evil Dead Burn" (Sébastien Vaniček), "La Chaleur" (Stéphane Demoustier) a "Vaiana" (Thomas Kail).
-
47
Wellereider
De Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi beschwätzen: "In Waves" (Phuong May Nguyen), "La Bataille de Gaulle - J'écris ton nom" (Antonin Baudry), "Silent Friend" (Ildikó Enyedi) an "Tuner" (Daniel Roher).
-
46
D'Realitéit affrontéieren
Technophob Spillsaachen, ee #metoo-Fall, dee Schwësterléift op d’Kopp geheit an ee Miwwelsgeschäft mat engem Backroom, géint deen d’Backrooms an de Berliner Clubs op eemol ganz harmlos wierken – am Grousse Kino vun dëser Woch beschwätze mir "Toy Story 5", "Backrooms" a "Schwesterherz".
-
45
(Mindestens) dräi staark Fraen
"Trois femmes puissantes" heescht dee mam Prix Goncourt ausgezeechente Roman vun der Schrëftstellerin Marie NDiaye, déi nächst Woch zu Lëtzebuerg ass – an dräi staark an determinéiert Fraen, déi géint hiert Ëmfeld musse struewelen, stinn och am Zentrum vun eisen dräi Filmer vun der Woch. Am Grousse Kino rezenséieren d’Vesna Andonovic, d’Emma Hizette, d’Kerstin Thalau an de Jeff Schinker dem Steven Spielberg säi Blockbuster “Disclosure Day”, der Johanna Moder hire (vläicht) iwwernatierleche Thriller “Mother’s Baby” an der Leyla Bouzid hiren “A voix basse”.
-
44
Géint den Opportunismus
Zweete Weltkrich, Resistenz a Metoo: dat sinn déi dräi rout Fiedem, déi sech duerch eis Filmer vun der Woch zéien. Am Grousse Kino rezenséieren d'Vesna Andonovic, de Luca Di Santolo, de Jeff Schinker an dKerstin Thalau "L’objet du délit" vun der Agnès Jaoui, "Orphan" vum Laszlo Nemes, "A bras-le-corps" vun der Marie-Elsa Sgualdo an "La bataille De Gaulle: L’âge de fer" vum Antonin Baudry.
-
43
Ästheete vun der Gewalt
Mir feieren de grousse Retour vun zwee Ästheete vun der Gewalt - de Guy Ritchie ass zeréck mat "In the Grey" an de Quentin Tarantino bréngt mat "Kill Bill: The Whole Bloody Affair" endlech déi Versioun an de Kino, déi e vun Ufank un am Kapp hat. Nieft Actionkino gëtt et awer och en duebele Cannes-Volet: de Jeff Schinker an de Marc Trappendreher beschwätzen deen an der Quinzaine des cinéastes presentéierten a mat dem Prix du Public an der Caméra d’Or ausgezeechenten "The President’s Cake" an zéien de Bilan vum Palmarès vum 79. Festival de Cannes.
-
42
Nach eemol mat méi Appetit
Am Grousse Kino vun dëser Woch gëtt et eng uerdentlech Portioun spuenesche Metakino mat den neie Filmer vum Pedro Almodovar an dem Rodrigo Sorogoyen, eng Verfilmung vun de leschten Deeg vum Samuel Paty, dee viru senger Schoul gekäppt gouf, an ee Wrapup vum Festival de Cannes.
-
41
Wonschdenken
De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen: "La Vénus électrique" (Pierre Salvadori), "Histoires parallèles" (Asghar Farhadi), "Obsession" (Curry Barker) an "Europe, la bataille des sièges" (Donato Rotunno).
-
40
Vollgas!
De Michel Delage, d'Valerija Berdi an d'Vesna Andonovic beschwätzen: "A Sad And Beautiful World" (Cyril Aris), "Die, My Love" (Lynne Ramsay), "The Devil Wears Prada 2" (David Frankel) a "Walter Lapin" (Caroline Origer).
We're indexing this podcast's transcripts for the first time — this can take a minute or two. We'll show results as soon as they're ready.
No matches for "" in this podcast's transcripts.
TOPICS IN THIS SHOW
Loading reviews...
ABOUT THIS SHOW
Déi Cinéphil um Radio 100,7 zerplécken a kommentéieren déi nei Filmer.
HOSTED BY
radio 100,7
CATEGORIES
Loading similar podcasts...